Jean Asselborn, ministre des Affaires étrangères et de l'Immigration, au sujet de la Turquie (Chambre des députés)

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, mir schwätzen effektiv de Mëtteg jo iwwer ee vun deene wichtegste Sujeten, déi d’Zukunft vun der Europäescher Unioun uginn, nämlech d’Türkei. Ech wéilt vläicht am Numm vun der Regierung och hei ganz kuerz véier Aspekter uschneiden, déi d’Relatioun mat der Türkei versichen erëmzespigelen.

Fir d'éischt: Huet d’Türkei eng europäesch Vokatioun? Déi zweet Fro: Huet d’EU Interessen un enger Memberschaft vun der Türkei? An déi drëtt Fro: Ass d’Türkei prett? Wat sinn déi grouss Erausfuerderungen an dësem Prozess? An da véiertens: Wou sti mer, wat sinn d’Décisiounen, déi ze huele sinn?

Bei der Fro, ob d’Türkei eng europäesch Vokatioun huet, wëll ech awer vläicht virewech hei festhalen, dass d’Europäesch Unioun - an ech mengen do sidd Der alleguerte mat mer d’accord - eng Communautéit vun demokrateschen an humanistesche Wäerter ass, eng Communautéit, déi verbënnt an déi Gemeinsamkeeten erschléisst, net ausschléisst.

D’Türkei ass historesch gesinn ee vun de Foyere vun der europäescher Entwécklung. D’Stied Ephesus, Bodrum, Myra a Klengasien un der Ägäis weisen et. Dat si Stied, déi virun 2.000 Joer am beschte Sënn vum Wuert schonn europäesch waren. Konstantinopel, Istanbul huet laang als zweet Roum gegollen an der Zäit vun de byzantinesche Keeser. Eis europäesch Jurisprudenz geet op de Kodex vum Justinian am 5. Jorhonnert zréck, all seriöen Affekot weess dat. Op de Fundamenter da vun der Antik an dem byzantinesche Räich rout zum Deel déi ottomanesch Zivilisatioun, déi et notamment an der Architektur an am Art décoratif zu enger grousser Bléi bruecht huet.

Et kann ee soen, dass ausser Roum keng aner Stad esou vill an esou déif gräifend Wuerzelen an Europa huet. D’Geschicht ass en zolidd Fundament op dat mer eis gemeinsam Zukunft opbaue kënnen. D’Tierkei huet sécherlech eng ganz aner Kultur wéi mir hei zu Lëtzebuerg. Mä och d’Griichen hunn eng ganz aner Kultur wéi d’Iren, an d’Portugisen hunn eng ganz aner Kultur wéi d’Dänen. An dach sinn dës Länner ënner engem Daach, dee mer Europäesch Unioun nennen.

D’Tierkei ass - dat ass och schonn dacks hei gesot ginn de Mëtteg - ee musulmanesche Stat, dee laïque ass, an dat - dat muss een ënnersträichen - zënter 80 Joer. Eleng d’Erausfuerderung fir iwwert d’Reliounen ewech, iwwert d’Gebräicher ewech, iwwer d'Mentalitéitstabuen ewech der europäescher Wäertegemeinschaft eng Dimensioun vun engem neien Ausmooss ze ginn, engem Ausmooss vun Toleranz, vu Respekt a vu Versteesdemech, ass jo eng formidabel Aufgab fir béid Säiten.

Bei der Fro da vun den Interesse vun der Europäescher Unioun un engem Bäitrëtt vun der Tierkei ass un éischter Plaz eng Schinn ze fueren, déi a mengen Ae manner philosophesch wéi och strategesch natierlech ass. D’Bréck tëschent der westlech geprägter Kultur an dem Orient ass ouni d’Tierkei net esou ze intensivéieren. Mat der Tierkei kritt awer dës Konstruktioun eng ganz aner Bedeitung. De Fridden an der Europäescher Unioun, dat musse mer hei wëssen, d’Stabilitéit, den Impakt vun der Europäescher Unioun op der Weltbühn steet an dëser Fro mat um Agenda.

Also, eleng aus dëser Siicht gesinn huet net d’Tierkei eleng en Intérêt an d’Europäesch Unioun ze kommen, och d’EU huet Avantagen ze erwaarden, also ass dëser Optik och vill Gewiicht bäizemoossen.

De Rapprochement vun de Kulturen, strategesch wéi politesch Perspektive si vu groussem Wäert, mä och terre à terre, dat muss ee gesinn. Et däerf een deen ekonomesche Plang net ënnerschätzen. D’Tierkei ass e Maart mat Zukunft. En Abannen an d’Europäesch Unioun dréit dozou bäi dës Relatiounen ze stäerken. Den Intérêt fir d’Europäesch Unioun un enger Memberschaft vun der Tierkei ass also evident.

Wat sinn d’Erausfuerderungen? An der Tierkei liewen elo 65 Millioune Leit. Am Joer 2020 wäerten et 80 Millioune sinn, esou vill wéi der haut am gréisste Land vun der Europäescher Unioun liewen, an Däitschland.

Angscht an der EU mécht ee méiglechen Awanderungsdrock op eis Länner. Dëse Phenomeen stellt sech iwwregens bei all Erweiderung. Am Fall vun der Tierkei ass dëse Punkt, wéi mer wëssen, vu primärer Wichtegkeet. Dass also laang Periode vun Transitioun bei der Zirkulatiounsfräiheet agebaut musse ginn, ass onëmgänglech. Hei ass vun zéng a méi Joren als Iwwerganksperiod auszegoen.

Aus finanzieller Siicht gëtt, oder dat ass de Mëtteg versicht ginn ze maachen, eng méiglech Adhésioun vun der Tierkei als Gouffre financier duergestallt, mä loosse mer dat emol schéi realistesch a roueg maachen. Hei gëllt et virewech am Agrarsecteur selbstverständlech och eng Iwwerganksperiod anzebauen. Et kann een op der Basis vun där heiteger Politique Agricole Commune, der PAC, mat enger EU-Ausgab vun iwwer fënnef Milliarde pro Joer fir d’Tierkei rechnen. Loosse mer emol eng Relatioun hierstellen, dat wiere 50% vun deem, wat haut Frankräich kritt.

An der Strukturpolitik ginn d’Zouwendunge ganz kloer geschat vun der Kommissioun a vun aneren Organismen an der EU op zéng Milliarden Euro. Mat fënnef Milliarde Contributioun vun der Tierkei ass awer och am Géigesaz ze rechnen. Also ronn zéng Milliarden Euro géif dat den EU-Budget kaschten am Joer; graff betruecht. Wann een dat rechent op d’Awunnerzuel vun den Europäer: 20 Euro pro Joer. Also ass et kee Gouffre.

Déi gréissten Erausfuerderung, an do sinn ech mat all deene Leit d’accord, déi dat hei ugeschnidden hunn - déi véier lescht Riedner -, ass de Reformprozess a Saache Mënscherechter an Demokratie. Ech hunn och hei net d’Zäit am Detail op d’Evolutioun anzegoen. Festhale muss een awer, dass zënter dem Conseil européen vum Dezember 1997 zu Lëtzebuerg enorm Fortschrëtter gemaach gi sinn.

D’Doudesstrof ass stufeweis, elo 100% ofgeschaaft an deem Land. D’Expressiounsfräiheet, d’Manifestatiounsfräiheet, d’Rechter vun de Minoritéiten, d’kulturell Rechter, d’zivil Kontroll iwwert d’Arméi an a Saachen Tortur ass d’Nulltoleranz am Gesetz - ech soen: am Gesetz - verankert, an déi türkesch Autoritéiten hu selbstverständlech all Zewidderhandlungen opzedecken an ze sanktionéieren.

All dës positiv Développementer hunn d’EU-Kommissioun dozou gefouert ze schlussfolgeren, dass d’Kopenhagener Kritären zefriddestellend, ech betounen zefriddestellend, op franséisch suffisamment, erfëllt sinn. D’Mise en oeuvre vun all dëse Reforme muss selbstverständlech mat Determinatioun weidergefouert ginn.

Eleng um Gebitt - an dat muss ee mengen ech de Kolleege vum ADR soen - vun den individuelle Fräiheete sinn an de leschte Jore fir 65 Millioune Leit entscheedend Verbesserungen an der Tierkei Realitéit ginn, an dat duerch d’Tatsaach, dass de Wëlle besteet, eng EU-Memberschaft unzestriewen. Dës Dynamik däerf net gebrach ginn, un éischter Plaz am Intérêt, ech soen et nach eng Kéier, vun de Mënscherechter.

Leschte Punkt dann: Wou sti mer haut, wat sinn d’Décisiounen, déi ze huele sinn? Zënter dem Associatiounsaccord tëschent der CECA an der Tierkei 1964, sinn dräi Etappen ze ënnersträichen:

  • Dezember 1999 zu Helsinki: De Conseil européen seet, dass d’Tierkei Kandidat ass, wou sech déiselwecht Kritären ze applizéieren hu wéi fir déi aner Länner;
  • Dezember 2002 zu Kopenhagen: De Conseil européen hält fest, dass d’Kommissioun am Joer 2004 ee Rapport mécht - mir wëssen, dass dat jo geschitt ass am Oktober - mat enger Recommandatioun, an dass dann de Conseil européen décidéiert, ob d’Négociatiounen ouni Délai mat der Tierkei opgeholl ginn;
  • déi drëtt Etapp, de Rapport vun der Kommissioun gëtt Feu vert, e formuléiert awer engersäits wéi d’Verhandlunge solle gefouert ginn an anerersäits hält e fest, dass dëse Prozess en oppene Prozess bleiwe muss, dat heescht ënner anerem, dass d’Négociatiounen zu all Moment opgrond vun engem Kommissiounsrapport ënnerbrach kënne ginn.

D’Lëtzebuerger Regierung ass dofir, dass d’Décisioun vu Kopenhagen respektéiert gëtt. Dass folglech keng nei, zousätzlech Etappen elo definéiert ginn. Dofir ass d’Motioun, déi hei ënnerschriwwe ginn ass vu véier Parteien, an déi den Här Fayot abruecht huet, ganz am Sënn vun der Démarche vun der Regierung.

Ech wéilt hei ënnersträichen, dass d’Lëtzebuerger Regierung net mat enger Formel wéi se erfonnt ginn ass déi Säit der Musel, déi heescht „privilegierte Partnerschaft“, d’accord ass.

D’Tierkei ass elo schonn, Dir Dammen an Dir Hären, e privilegéierte Partner vun der Europäescher Unioun duerch d'Zollunioun, déi jo ënnerschriwwe ginn ass 1995, an och duerch „Berlin Plus�?. Aus menger Siicht, dat soen ech hei ganz kloer, huet d’EU all Interesse, et mat enger Tierkei ze dinn ze hunn, déi Member vun der Europäescher Unioun wëllt ginn, anstatt mat enger Tierkei, déi näischt vun der Europäescher Unioun wësse wëllt, dëst och am Interesse vun der Stabilitéit vun der Europäescher Unioun.

Nun, Här President, fir ofzeschléissen, ech sinn eigentlech ganz houfrech Politiker vun engem Land ze sinn, an deem déi véier gréisst Parteien aus dësem Land, vu fënnef vertruedenen hei am Parlament, d’accord sinn, fir der Tierkei hir Chance ze ginn, an also Verhandlungen opzehuelen.

Den ADR huet eigentlech hei a senger Interventioun d’Thees fir d’Antithees selwer geliwwert. Den ADR sot, et knuppen zwee Wäerter openeen hei, Europa mat senger Kultur, d’Tierkei mat der Kultur vum Mëttleren Osten. Esou Theese baséieren op - a mengen Aen - engem kloren Antagonismus-Fetischismus. Wa se wierklech géifen enges Dags openaner knuppen, da froen ech mech, wat d’Konsequenze wieren, och fir eis hei an Europa. D'EU-Politik huet d’Aufgab, dee Knuppert ze verhënneren. Dee Knuppert däerf net stattfannen. Den Antagonismus duerch Integratioun ofbauen ass eist Zil, net duerch Isolatioun opbauen.

Politik mécht een net mat Angschtgefiller, Politik mécht ee mat Courage, mat engem Friddensmessage an och mat engem Solidaritéitsugebuet. Sollt d’Tierkei enges Dags EU-Member ginn, wat ech hoffen - mir hunn d’Dier fir Verhandlungen opzemaachen de 17. Dezember -, dann hunn déi, déi dëse Wee wëlle goen an der Europäescher Unioun dee Courage gewisen, deen ee braucht fir Europa als wierkleche Player mat Gewiicht um Planéit méi staark a Positioun ze bréngen.

D’Chamber gëtt mat dëser Motioun, déi mat honnertprozenteger Sécherheet gestëmmt gëtt, der Regierung e kloert Mandat, fir de 17. Dezember der Tierkei eng Chance ze ginn um Conseil européen, an ech soen Iech alleguerten dofir Merci.

Dernière mise à jour