Le Premier ministre Jean-Claude Juncker à l'occasion de la séance solennelle de commémoration à la Chambre des députés

Här President,
Här Hofmarschall,
Dir Dammen an dir Hären,

E puer Woche virun Hirer gëllener Hochzäit - d'Virbereedunge ware praktesch ofgeschloss - si mer gewuer ginn datt d'Grande-Duchesse Josephine Charlotte krank, schwéier krank wier. Ëmmer erëm ass ee gefrot ginn - et war dat een éierlecht Intressi - "wéi geet et der Grande-Duchesse?"

Wéi et Hir gaangen ass, an deene leschten zwee Joer wou Se krank war, dat si mer ni richteg gewuer ginn. Well Si huet Hir Krankheet ni themaséiere wëllen. Ech weess awer dat Se ganz vill Courage hat - physesche Courage a moralesche Courage. Si huet den Doud ganz laang net u Sech erugelooss, och dann net wa S'nen z'erbléckse kritt huet. Si hat een diskreten Ëmgang mat Hirer Krankheet a mat Hirem Leiden. Et war Hir Krankheet, et war Hiert Leiden, et war Hir Ausenanersetzung mam Doud, Hir lescht Gedanken. Sou wollt Si et an esou huet Si et bis zum Enn gehalen.

Déi Diskretioun déi Si an der leschter Explikatioun gewisen huet zitt sech wéi e Fuedem, bal wéi e Seel, duerch Hiert ganzt Liewen. Déi Mëschung aus Diskretioun, Noblesse an Dignitéit huet aus däer jonker Prinzessin eng grouss Dame, aus der belscher Kinneksduechter eng gutt Grande-Duchesse gemaach.

Hir Diskretioun huet heiandsdo Ofstand geschaaf, mee ni Distanz. Tëschent Hir an de Lëtzebuerger louche keng laang Strecken, mee ëmmer nëmme kuerz Weeër.

Hir Noblesse war net geléint, net ugedoen, net iwwergesträift. Si war natiirlech gewues. Wann ee mat Hir geschwat huet, dann huet ee gespuert - an och gesinn - datt ee mat enger nobler Fra am Gespréich wier.

Hir Dignitéit war net unerzunn, si war unerliewt. D'Geschicht vun den Natiounen ass ëmmer tragesch. Mee d'Natioune kënnen dat Tragescht an hirer Geschicht kollektiv verschaffen. Wann awer d'Tragedie vun der Geschicht zur eegener Tragedie gëtt, wann ee grousst Stéck Geschicht zu engem décke Pak Geschicht am eegene Liewe gëtt an ëmmer erëm erliewt an duerchliewt muss ginn, dann ass ee mat däer Tragedie eleng. Dat wat déi jonk Prinzessin Josephine Charlotte an der Nokrichsgeschicht ronderëm d'Belsch Kinneksfamill erliewt huet, dat huet och d'Grande-Duchesse Josephine Charlotte ni ganz verlooss. Muenechen traurege Bléck erklärt sech esou.

Mee zu deem Bild wat ech vun Hir behale wëllt gehéiert och Hiert Laachen am méi klenge Kreess. Dat Laache war häerzlech a schéin, gedroe vun enger feiner Ironie déi ni blesséiert huet, gestäipt op Feststellungen an Erkenntnisser déi sech no an no zu engem Cortège vu Liewensweisheeten opgebaut hunn déi et a sech haten.

Zu deem Bild dat ee behällt gehéiert och Hir spatz Intelligenz an Hiert breed Wëssen a ville Beräicher déi Hir e grousst Verständnis fir d'Problemer vun der Welt opgemaach hunn. Si huet Staatsmänner a Staatsfrae vun no a wäit mat Hirem komplizéierte Wëssen impressionnéiert.

D'Komplexitéit vum Liewen heiheem war Hir net friem. Hir Aarbecht an hiert Engagement fir d'roud Kräiz hunn Hir Abléck an dat verschaaft wat geet a wat net geet. Mueneches wat kromm a schief war ass no Hirem Passage riicht ginn.

Hire Goût fir dat Harmonescht an Hir Loscht fir dat Widderspréchlecht z'ergrënnen ass däitlech ginn an Hirer Begeeschterung fir d'Konscht. D'Promenade duerch Hir Konschtsammlung ass wéi e Spazéiergank duerch d'Liewen a seng Froen, Froen déi Se gutt buchstawéiere konnt.

Elo ass Si net méi do, vläicht unzwuech anescht. Hiren Doud hu mer empfond wéi de Verloscht vun engem dee mer dacks gesinn a gutt kannt hunn, wéi e Verloscht an der eegener Famill.

Eist Matgefill gëllt virun allem dem Grand-Duc Jean deen d'Prinzessin vu sengem Liewen, de Kompliz vun all Dag an d'Stäip an deene méi schwéiere Stonne verluer huet. Hie war frou mat Hir, Hire Verloscht deet Him wéi an eis och méi wéi nëmmen e bëssen.

De Grand-Duc Henri verléiert net nëmme wéi mir d'Grande-Duchesse. Hie verléiert seng Mamm. Dat ass eppes ganz Aneschtes. Mir fille mat Him - souwäit wéi mer dat kënnen. Dem Grand-Duc, deenen anere Kanner vun der Grande-Duchesse, déi all béi Hir ware wéi se gestuerwen ass, der Grande-Duchesse an deenen anere Membre vun der goussherzoglecher Famill soe mer haut eist besonnesch Sympathie.

Der Grande-Duchesse Josephine Charlotte soe me iwwer d'Graw eraus: Respekt Madame. Respekt virun deem wat Der waard. Respekt virun deem wéi Der waard. Merci fir dat wat Der fir eis waard. Dat wat Der fir eis waard dat bleiwt. Iech wäerte mer vermëssen.

Dernière mise à jour