Le Premier ministre Jean-Claude Juncker à l'occasion de la cérémonie commémorative à l'occasion du 60e anniversaire du retour d'exil de S.A.R. la Grande-Duchesse Charlotte

Altesses Royales, Dir Dammen an Dir Hären, léif alleguer.

D’Geschicht, déi fënnt all Dag statt, déi leeft ëmmer virun, esou wéi ee grousse Floss a si ass net opzehalen, mä heiansdo huet se selwer d’Gefill, si misst sech fir ee kuerze Moment opstaue loossen. Dat mécht se de Moment, well d’Geschicht, fir datt se sech selwer versteet, déi muss heiansdo fir e puer Minutte Paus maachen, fir datt ee ronderëm sech ka kucken, fir datt een no hanne ka blécken, fir datt ee méi eng richteg Vue op déi Zäit kritt, déi kënnt. Wann d’Waasser da méi roueg gëtt, well et gestaut gëtt, da gesäit ee besser, wou et hierkënnt an et kann ee sech och, well et roueg ass, iergendwéi virstellen, wou et hileeft. Haut ass esou een Dag, wou d’Waasser ee Moment stoe bleift, well mer un deen Dag denken, eigentlech ass et eréischt mar, wou d’Grande-Duchesse Charlotte aus dem Exil erëmkomm ass.

Ech weess net, wéi dat deemols war, de 14. Abrëll 1945, ech war nach wäit dovun eweg do ze sinn. Mä wann ee mat deene Leit schwätzt, déi dobei waren, déi dat erlieft hunn, nodeems se dat duerchlieft haten, wat hirt Erliewe war vun deene 5 Joer virdrun, da versteet ee besser, wat deemols an de Käpp an och an den Häerzer vun de Lëtzebuerger virgaangen ass. D’Grande-Duchesse war den 10. Mee 1940 mat hirer Regierung fortgaangen. Well d’historesch Distanz een ëmmer zu gnädegem Uerteel aléit, maache mer haut esou, wéi wa jiddwereen dat deemols verstan hätt. Dat war awer net esou. Heiansdo ass dat esou, datt een eppes muss maachen, wat méi spéit eréischt richteg ka verstane ginn, well de Kontext, deen ee sech erduecht huet fir déi Zäit déi kënnt, dann op eemol d’Realitéit ginn ass.  

Während där Occupatiounszäit war alles, wat Lëtzebuergesch war, verbueden. An eréischt wéi d’Grande-Duchesse erëm war, konnt alles dat, wat Lëtzebuergesch war, offiziell an och bei jiddwerengem selwer erëm esou richteg opliewen, sech erëm weisen, sech och héieren dinn, well 5 Joer laang hate mer kee Wilhelmus héieren, hate mer keng Heemecht héieren. Eréischt wéi d’Grande-Duchesse erëm do war, hu mer äis och an deem erëm kënne fräi erëmerkennen, wat äis alleguer zesummen esou dacks an der Geschicht schonn een Zesummenhalt ginn huet.

Ech froe mech als een, deen nun däitlech nom 2. Weltkrich gebuer ginn ass, wat déi Faszinatioun vun där Fra eigentlech war, well schonn als klenge Bouf huet een eppes vun där Faszinatioun matkritt, mat der Mammemëllech bal matkritt, well dat huet zu Lëtzebuerg gehéiert wéi d’Landschaften a wéi d’Gebäier an der Stad an iwwer Land. Dat hat sécherlech mat hirer natierlecher Noblesse vill ze dinn, déi Noblesse, déi an hirem Gesiicht stoung, déi een an hirer Hand gesäit an déi déi ass vun Ärer Famill, bis haut. Mä, ech mengen, et hat virun allem mat hirer Stëmm ze dinn an all Dimensioun vum Wuert. Si hat eng aussergewéinlech schéi Stëmm, eng hell an eng kloer Stëmm an d’Lëtzebuerger hu se gären um Radio gelauschtert, am Krich. 12 Mol war se vu London aus ze héieren an 12 Mol war et verbueden, fir där Stëmm nozelauschteren. Mä et war eng Stëmm, net well se schéi war, mä well et hir war, déi net nëmmen hir Stëmm war, mä och eis Stëmm ginn ass am Krich, well op déi Stëmm ass gelauschtert ginn an Europa. An England fir d’Éischt, wou d’Grande-Duchesse den 29. August 1940 ukomm ass an direkt vum englesche Kinnik a vun der englescher Regierung empfaang ginn ass an no Explicatioun verstanen ginn ass. Esou war et a Kanada, esou war et an Amerika. Si huet et fäerdeg bruecht, well si et war, fir dem deemolegen amerikanesche President Roosevelt gutt z’erklären, wat dat wier, déi lëtzebuergesch Saach, an deen huet och gesot, e géif alles maache fir se erëm zréck op Lëtzebuerg ze bréngen. „Don’t worry my child; I’ll bring you back to your country�?, huet hien hir gesot, déi éischte Kéier wéi se sech gesinn hunn. En ass iwwregens haut viru 60 Joer gestuerwen, de President Roosevelt, een Dag ier se erëmkomm ass an d’Lëtzebuerger hu vill Ursaach, deem amerikanesche President, deem aus der Krichsszäit, an deem, aus der Friddenszäit, well en dat verstanen hat wat mer wieren, dankbar ze sinn, fir déi Zäit, déi war, a fir déi Zäit, déi kënnt.

D’Grande-Duchesse huet et fäerdeg bruecht duerch hir Aart a Weis, och duerch déi extraordinaire Dignitéit, déi se hat, eist Land an engem Moment, wou probéiert ginn ass et vun der Weltkaart erofzehuelen, definitiv an de Cortège vun den Natiounen anzereien, well se et verstanen huet mat de Chefe vun de groussen Demokratien op der Héicht vun hiren Aen ze diskutéieren an ze werben, net Reklamm ze maachen, Verständnis ze werben, ze provozéieren, fir dat klengt Land, wat se am Exil vertrueden huet.

An dofir war et, Monseigneur, ee schéine Geste, datt Dir haut zu London wart, fir un déi Stad an un dat Land ze denken, wou de Kapp vun eisem Land war, während där Zäit, wéi eist Land heiheem gekäppt war. Dir waart do mat de Veteranen, déi ech extra wëll hei begréissen, déi mat waren. Mä Dir waart net do mat Ärem Papp, dee gären haut bestëmmt zu London gewiescht wier, well heen huet eppes mat där Geschicht vu senger Mamm a mat där Geschicht, déi op där Geschicht Fouss faasst, ze dinn, un déi mer haut denken a, Monseigneur, mir si frou, datt Dir hei sidd, ganz frou datt Dir haut hei sëtzt.

60 Joer, dat ass ee laangen Dag a wann elo d’Schleisen erëm opginn an de Floss vun der Geschicht viruleeft, da kommen erëm eng Kéier 60 Joer an iergendwéi an op iergendeng Fassong, wäerte mer och an deene 60 Joer déi kommen, probéieren dat ze bleiwen, wat mer sinn. Datt mer déi 60 lescht Joer konnte probéieren ze bleiwe wat mer sinn, dat hu mer an engem grousse Mooss der Grande-Duchesse Charlotte ze verdanken, an iwwregens dem Prënz Felix och, deen dobäi war an deen och op ville Plaze fir äis a fir eis Leit gestridden huet.

Nom Krich, wéi d’Grande-Duchesse bis erëm war a wéi d’Leit gesinn hunn, gespuert hunn, datt se erëm fräi wieren, datt alles erëm méiglech géif ginn, hu mer äis gutt dru ginn. Et leie 60 gutt Joer hannert äis. An deene 60 Joer si mer ëmmer eis mir selwer bliwwen, mä mir hunn eis wichteg Saachen zesumme mat anere probéiert ze maachen, well déi, déi am Krich waren, gutt verstanen haten, datt et zu deem, wat si erlieft haten, ni méi dierft kommen. Dofir si mer déi kleng Ierwe vun där grousser Geschicht, déi vun anere geschriwwe ginn ass an et wier mäi Wonsch, datt d’Europäer an d’Lëtzebuerger dat net vergiessen, wa se opgefuerdert sinn déi Geschicht virunzeschreiwen. Et ass eng schéi Geschicht, déi mer haten, an et ass eng gutt Geschicht, déi mer virun äis hunn, wa mer op äis oppassen a wa mer op déi wichteg Saachen, déi mer zesummen deelen, oppasse wëllen. Vive eis Dynastie, vive eist Land a vive dat neit Europa.

Dernière mise à jour