Jean Asselborn, Vice-Premier ministre et ministre des Affaires étrangères et de l´Immigration, lors de la cérémonie commémorative de la Shoah à Cinqfontaines

Dir Dammen an Dir Hären,

Ech well fir d'alleréischt soen, datt ech ganz geéiert sinn fir däerfen am Numm vun der Regierung e puer Wuert de Moien hei zu Cinqfontaines un Iech ze riichten. Ech maachen dat mat ganz, ganz vill Respekt virun deem wat hei, zu Cinqfontaines, an iwwer Cinqfontaines eraus, wat d'jiddesch Kommunautéit alles huet missten erdroen virum zweete Weltkrich an am zweete Weltkrich.

Eng Fro stellt ee sech ëmmer erëm an deem Kontext, ouni allerdéngs jee eng Äntwert kënnen ze fannen. Wéi war et méiglech, datt ee Vollek wat de Kant, de Goethe, de Schiller, den Einstein produzéiert huet, zur Conclusioun komme konnt, duerch seng politesch Responsabel fir d'Judden op der Welt wëllen ze éliminéieren? An, dat ass jo dat schlëmmst dobäi, dës Conclusioun och mat enger Radikalitéit wéi een se bal ni an der Politik kennt, wann dat nach Politik ass, och konkretiséiert huet. Mir däerfen eis awer näischt virmaachen. Net alleng d'Nazien sinn um Ursprong dovunn. Wann ee kuckt, Enn vum 19. Joerhonnert, Ufank vum 20. Joerhonnert, d'Affaire Dreyfus a Frankräich, da gesäit ee wat fir ee geballten Haass sech an deem Fall do produzéiert huet, wéivill Ongerechtegkeet géint d'Juddentum eropkomm ass, an och wat dann d'Konsequenzen dovunn waren.

Haut de Moien si mir zu ganz, ganz vill Leit hei. An ech mengen och mir mussen haut de Moien versichen, an eisem Kapp, eis kloer ze ginn wéi mir dann hei, zu Lëtzebuerg, zu däer Fro stoungen. D'Populatioun vun de jiddesche Mattbierger hei am Land, vun 1910 bis 1939, huet ongeféier tëschent 0,5-0,7 an engem Prozent vun der Populatioun geschwankt. Et kann ee soen, datt mir Ufanks de 1940er Joeren ronn 4000 jüdesch Mattbierger an eisem Land wunnen haten.

Wann ech vum Geescht schwätzen, an dofir soen ech virun allem och dem Erzbëschof, Fernand Franck, merci, datt en haut heihinner komm ass. Et muss ee jo wëssen, datt mir och an den 1920er Joeren, an och zum Deel nach an den 1930er Joeren eis an der lëtzebuerger Presse, an och an däer gréisster Zeitung vu Lëtzebuerg virun allem, intensiv beschäftegt hunn, mat deem wat genannt ginn ass: "Die Judenfrage". Tëschent 1921 an 1926 si 7 Leitartikelen op der éischter Säit vun der gréisster lëtzebuerger Dageszeitung erschéngen, an ëmmer viru kierchleche Feierdeeg. An do ass folgendes, direkt an indirekt, gesot ginn. D'Géigner vum Katholizismus wieren d'Fräimaurer, mais d’Gefor kéim och vun engem jiddesche Komplott, dee sech géif ubanen. Et ass Angscht gemaach ginn virun enger jiddescher Weltherrschaft. Virun allem ass do d'Persoun vum Drumond, deen vun 1919 bis 1933 President vum Völkerbund war, als Beispill genannt ginn. Déi grouss Zeitungen, d'Literatur, alles wier a jiddescher Hand. A Russland an an Ungarn wieren et d'Judden, déi un der Spëtzt vum Land sténgen, jo un der Spëtzt vum Sozialismus sténgen. De Marx an de LaSalle sinn net politesch bekämpft ginn, mä si sinn als Judden ofgestempelt ginn.

Ee Wuert, wat deemools zirkuléiert ass, hei zu Lëtzebuerg, dat war dat Wuert vun den "entarteten Juden" am Contraire zu den "orthodoxen Juden". An déi "entartete Juden" sinn dohinner gestallt ginn als Schieber. Ee Chrëscht, a mir ware jo alleguerte Chrëschten déi Zäit hei zu Lëtzebuerg, huet net dierften d'Wuert Antisemitismus benotzen, oder als Antisemit optrieden am reliéise Sënn. Mais am politesch-wirtschaftleche Sënn war dat Wuert schonn erwënscht esouguer salonfäheg.

Nun, déi 4000 jiddesch Matbierger, déi 1940 hei bei eis gelieft hun, ware selbstverständlech net lauter Lëtzebuerger. Ongeféier dausend Leit ware vun eiser Nationalitéit, déi aner, ganz vill vun hinnen, sinn deemools aus Däitschland an Éisterräich komm an och aus dem Saarland. Mä ech wëll hei och ganz kloer, als Ausseminister, eppes soen, wat de Geescht déi Zäit war am Ausseministère. Mir haten e Botschafter an Holland, deen huet Auguste Collart geheescht. Do brauch een net wäit sichen ze goen, dat sinn déi Collarten déi d'Schmelzen opgeriicht hunn, déi et och souguer op Stengefort verschloen hat. Nun, deen Ambassadeur an Holland huet dem Ausseminister eng Propositioun gemaach, wéi vill jiddesch Leit zu Lëtzebuerg Zuflucht gesicht hunn : "la création d'un ou de plusieurs camps de concentration", schreift en un den Ausseminister "pour retirer les indésirables qu'on ne peut pas refouler de la circulation et enlever aux autres le goût d'y entrer". Dat vun engem lëtzebuerger Diplomat un de lëtzebuerger Ausseminister. Seng Propositioun gouf awer net akkzeptéiert Glécklecherweis, Gott sei Dank, huet an der zweeter Halschent vun den 1930er Joren d’lëtzeburgesch Press keng negativ Artikelen iwweert d’Judde bruecht. Mä, léif Leit, d'Juddeverfolgung an Daitschland hei zu Lëtzebuerg ass och an den 1930er Joeren extrem minimiséiert ginn. Hei, zu Lëtzebuerg, ass d'Angscht ëmgaangen an si ass geschürt ginn vu rietse Kreeser. Lëtzebuerg dierft net de "Mülleimer", den Dreckseemer vum Hitler ginn. An déi xenophob Connotatioun "Lëtzebuerg de Lëtzebuerger" hat déi Zäit Héichkonjunktur.

Versiche mir de Moien vläicht och de Lëtzebuerger ze soen, wat et geheescht huet Judd ze sinn nom 10. Mee hei zu Lëtzebuerg. Nach den 10. Mee selwer sinn eng 1500 jiddesch Mattbierger fortkomm. Ongeféier 2800 sinn der bliwwen. Am August vun deem Joer sinn der nach eng Kéier honnert iwwer d'Grenz komm. Mä Lëtzebuerg "judenfrei" maachen war dem Gauleiter Simon säin Dada. Schonn den 9. August 1940 ass dee Punkt agelaut ginn. D'Judden hunn net méi däerften Dokter sinn, Zänndokter, Affekot, iergendee politescht Mandat nach unhuelen oder executéieren. D'Patronen sinn ugestallt ginn, all jüddesch Matbierger, ouni Entschiedegung selbstverständlech, z’entloossen. De jiddesche Mattbierger hir Geschäfter si markéiert ginn. Den 12. September ass et esouwäit gaangen, 1940 si mir, datt de Judde gesot ginn ass, dir hutt 14 Deeg Zäit, da musst dir alleguerten hei verschwonne sinn. De Rabbiner huet sech agesat a konnt glécklecherwäis erreechen datt  aus deene 14 Deeg praktesch e puer Méint goufen. Bis de 15.10.1941 sinn esou nach 1350 Judden vu Lëtzebuerg fort komm. Den 23. Oktober 1941 gouf et verbueden als Judd nach d'Land ze verloossen.

1941 schonn am Juli ass d' "Verordnung des jüdischen Lebens" hei zu Lëtzebuerg vun deem Gauleiter Simon dekretéiert ginn. Vu 7 Auer owes bis 7 Auer moies huet kee Judd dierften op der Strooss gesi ginn. Akafe konnten déi Leit nach just moies tëschent 9 an 11 Auer a spezielle Geschäfter. Kee Judd huet méi dierften an een Theater, an ee Café, op eng öffentlech Veranstaltung, op eng Sportsveranstaltung oder Kulturveranstaltung goen. Schonn am Juli 1941 ass d'Aarembind agefouert ginn a kuerz drop am Oktober, de 14., de Juddestäer. Keen Tram hunn d'jiddesch Mattbierger méi däerfte benotzen. A si hun du missten akafe goen mëttes tëscht 2 an 4 Auer wa praktesch näischt méi an de Geschäfter kritt. All Zuwidderhandlung ass mat KZ bestrooft ginn. D'Männer vun der jiddescher Kommunautéit hu missten an d'Kaul schaffe goen, op Wittlech, op Nenneg. Am Oktober 1941 hunn déi Leit alles, wat se haten, beschlagnahmt kritt. Am August 1941 ass dann hei zu Fünfbrunnen dat geschitt, wat Dir kënnt op der Plaque liesen. D’Historiker si sech nët eens wat d’Ursaach war: war et eng Moossnam déi vun der Gestapo geholl ginn ass, fir Lëtzebuerg „judenfrei“ ze maachen an hei eng Aart Konzentratiounslager direkt anzeriichten, oder war et de Consistoire selwer, dee virgebeugt huet a gewosst huet wat op se zoukéim a versicht huet hei zu Fünfbrunnen, fir déi eeler jiddesch Matbierger an déi krank jiddesch Matbierger ënnerdaach ze kréien?

Tatsaach ass, ech widderhuelen net alles wat op där Plaque do steet, datt vun hei aus ganz, ganz vill Leit op Auschwitz an op Theresienstadt komm sinn. 683 Leit si vun hei aus fortgefouert ginn. 6,5 Prozent nëmmen hunn iwwerlieft. Et kann een allgemeng soen, vun deene 4000 Judden déi Ufanks vum Krich bei eis waren, sinn 1200 Leit ëmbruecht ginn.

Nun, Dir Dammen an Dir Hären, ech hat dëst Joer d'Chance an der Présidence zu Jerusalem ze sinn an zu Yad Vashem. Ech war zu New York wou u 60 Joer Shoah geduecht ginn ass. Emouvant. Ech hu perséinlech den Elie Wiesel kennegeléiert deem seng Foto wéi e 17 Joer aal war a Yad Vashem gesäit. Ech war och mam Grand-Duc a mat der Grande-Duchesse op Auschwitz. Ech kann nëmmen eis alleguerte selwer froen, wou all déi verdammten Energie, wou esouvill Haass, souvill Brutalitéit ze produzéieren an eis Mënsche stécht. A wéi ass se ze bremsen? Si ass net duerch Automatismen ze bremsen. Mir musse wierklech eis mat der Geschicht ausernaner setzen, mat deem, wat mir als Mënschen, och hei zu Lëtzebuerg, an däer Fro do alles falsch gemaach hunn.

Nun, léif Leit, 1937 hate mir zu Lëtzebuerg ee Referendum. An d'Leit si gefrot ginn ob se d'accord wieren, fir eppes ze verbidden. An d'Lëtzebuerger hu mat Recht "Nee" gesot. Den nächste Sonndeg gi mir hei och erëm wielen, am Kader vun engem Referendum. An dës Kéier ginn d'Lëtzebuerger gefrot fir "Jo" ze soen, net fir eppes ze verbidden, mä fir eppes z’erlaben. A fir eppes ze erlaben, wat a mengen Aen déi eenzeg Chance ass, datt an der Zivilisatioun, wann ech dat Wuert däerf soen, datt keng esou Auswéchs méi kënnen zu stan kommen. Datt mir hei an Europa et fäerdeg bréngen een Europa opzebauen, wat baséiert op Solidaritéit, um politesche Plang, um wirtschaftleche Plang, um soziale Plang awer och um Plang vun de Mënscherechter. Datt mir et fäerdeg bréngen, all zesummen, déi 450 Milliounen Europäer, bei eis Lëtzebuerger selbstverständlech ugefaangen, fir eis déi Moyenë ze ginn, déi Instrumenter ze ginn fir déi Geschicht déi nach net esou laang hier ass fir, datt déi sech net méi widderhuelt.

Ech soen Iech merci.

Dernière mise à jour