Transcription de l'intervention du ministre délégué aux Affaires étrangères, Nicolas Schmit, lors du second vote constitutionnel sur le projet de loi sur la Constitution pour l'Europe à la Chambre des députés

Här President, Dir Dammen Deputéierten, Dir Hären Deputéierten,

(…)

De Referendum huet Ulass gi fir e wichtegen a liewegen Debat hei zu Lëtzebuerg, iwwer eng Verfassung, iwwert d’Virdeeler vun där Verfassung fir Europa, fir Lëtzebuerg, mä en huet awer och Ulass ginn, fir datt ons Bierger hir Suergen, hir Froen, hir Veronsécherungen iwwer Europa konnten ubréngen. Ech mengen, dës Suergen, dës Veronsécherungen, déi sinn net op daf Ouere gefall, wéi ech dat elo virdrun héieren hunn, an ech ka garantéieren, datt mir déi 43,48%, déi sech géint deen Text ausgeschwat hunn, net einfach op d’Säit schiben an elo ignoréieren. Et muss ee sech also mat deem Resultat ausernaner setzen: et war fir d’Éischt emol e kloert an däitlecht Resultat, un deem net drun ze deiten ass. Et ass eng kloer Majoritéit vu Lëtzebuerger, vu Lëtzebuerger Wieler, déi sech fir d’Verfassung ausgeschwat hunn. A si hunn dat gemaach an engem schwierege Kontext, wou net nëmmen deen Debat hei zu Lëtzebuerg gefouert ginn ass, mä wou och u sech déi auslännesch Debaten, deen a Frankräich, deen an Holland, an anere Länner, jo och op Lëtzebuerg agewierkt hunn. A mir hunn och erlieft, datt eng Rei vu Protagoniste vum Nee ganz aktiv Campagne hei zu Lëtzebuerg gemaach hunn an d’Argumenter vum Nee hei verteidegt hunn.

Mä d’Lëtzebuerger hu sech net beiere gelooss. Si hu verstanen, datt si e staarkt Europa, mat staarken Institutioune brauchen, mat staarken demokrateschen Institutiounen. (…) E Land wéi Lëtzebuerg brauch en Europa wou et kloer ass, wou seng Plaz a seng demokratesch Texter leien, en Europa wat flou ass, wou d’Institutioune geschwächt sinn, wou et keng kloer Regele méi gëtt, wou eigentlech dat Ganzt nom Maartprinzip fonctionnéiert an domat däitlech genuch ass, ass net dat Europa, dat ons Intressie schützt. A besonnesch, an ech soen dat och, en erweidert Europa, wou effektiv mir ee vu 25, a muer ee vu 27 a méi nëmme sinn.

Si hu verstanen, datt dëse Verfassungsvertrag net zu engem europäesche Superstat féiert, datt an dësem Vertrag d’Kompetenze besser definéiert sinn. Datt mir awer och op enger ganzer Rei vu Froen, an enger ganzer Rei vun Domainë méi Europa brauchen, e bessert Europa, en Europa wat méi efficace decidéiert, wat méi efficace demokratesch kontrolléiert gëtt. Sécherheet, vu bannen no baussen, ass eng Fro, wou mir Lëtzebuerger e staarkt Europa brauchen, Immigratiounsproblematik ass eng Fro, wou mir Lëtzebuerger e staarkt an en efficact Europa brauchen. Vun der Aussepolitik wëll ech iwwerhaapt net schwätzen. Mir hunn also all Interêt fir datt dëse Verfassungsvertrag enges Daags a Kraaft trëtt, well deen u sech ons Interêten, ons Rechter besser verteidegt, besser séchert wéi déi aktuell Verträg.

Mä d’Bierger hu fir dëse Vertrag gestëmmt, well se och verstanen hunn, datt dëse Vertrag eigentlech hier eege Rechter, si als europäesch Bierger besser verteidegt a besser garantéiert. D’Charta vun de fundamentale Rechter géifen soss, an et géif mech wonneren, wann se hei an dësem Haus d’accord sinn, datt si einfach géif d’Baach eraginn, fir dat elo ganz einfach e bëssche brutal ze soen. D’Initiativrecht vun de Bierger, wee kann einfach consideréieren, datt dat eng Bagatelle ass, méi e wichtege Rôle fir d’Nationalparlament, ech mengen, dir sidd déi Lescht, déi dat géife kontestéieren. Méi Dialog mat der Zivilgesellschaft iwwer déi grouss Froen, déi d’Europäer uginn. A besonnesch, eng gefestegt Plaz fir de sozialen Dialog. Dialog tëschent de Sozialpartner, besonnesch an der Entwécklung vun engem méi sozialen Europa. An ech mengen, vill vun deenen Interventiounen, déi iwwer Europa traitéiert hunn, hunn iwwer déi sozial Dimensioun vun Europa traitéiert, de Sozialdialog, deen an där Verfassung eng nei Dimensioun soll kréien, dee muss an Europa gefestegt ginn.

Ech wëll besonnesch dodrop agoen, wat och d’Madame Spautz, mä awer och den Här Fayot gesot hunn, iwwer déi Messagen, déi mir krute vun deenen 43,48% vu Wieler, déi fonnt hunn, datt eigentlech deene Suergen, deene Veronsécherungen net genuch an dësem Text Rechnung gedroe ginn ass. Sécher ware si net géint Europa, si waren eigentlech fir méi Europa, ganz oft fir e bessert Europa, fir méi Sozialpolitik op europäeschem Plang. Si sinn awer och, an dat muss een och zougestoen, vläicht enger Rei vun Illusiounen op de Leim gaangen, well déi, déi hinne versprach haten, stëmmt Nee, an da geet alles besser, well mir hunn de Plang hei schonn an der Täsch, wéi mir an enger kierzester Zäit e bessere Verfassungsvertrag op den Dësch leeën, ech mengen, déi gesinn haut, datt dat alles net esou einfach ass.

Mir mussen awer déi Vertrauenskris, déi sech a Frankräich bemierkbar gemaach huet, och wann do de Vote multiple Explicatioune hat, esou wéi wahrscheinlech och hei zu Lëtzebuerg, mir mussen déi Vertrauenskris eescht huelen, mir dierfen dee Vote net ignoréieren, déi Messagë si kloer, d’Angscht ëm déi wirtschaftlech a sozial Zukunft, déi steet ouni Zweiwel am Mëttelpunkt vum Nee. De Ben Fayot huet déi Sondagen explizéiert, déi weise wat d’Haaptpunkten, d’Haaptmotivatioune waren, firwat d’Leit Nee gestëmmt hunn. Aarbechtslosegkeet, net genuch sozialt Europa, d’Fro vun der Tierkei, déi nëmme mat 17% als Motivatioun kënnt, fir wat d’Leit géint dee Verfassungsvertrag do gestëmmt huet. D’Angscht virum sozialen Dumping ass effektiv eng Suerg, eng Angscht, déi mir musse seriös huelen. Och wann d’Leit eigentlech dacks oft vun Europa méi erwaarde wéi Europa ka bidden, well d’Kompetenze vun Europa net illimitéiert sinn, a kee wëll jo, an ech mengen, den Här Fayot huet dat gesot, datt déi Kompetenzen och am soziale Beräich illimitéiert sinn. Datt een also kéint praktesch an Europa diktéiere wéi eng Sécurité sociale an engem Land muss ausgesinn.

Mir mussen also kucken, wéi mir där Proportioun vun engem Europa, wat net genuch op de Bierger zougeet, Rechnung droen, wéi mir och den Debat iwwer déi wirtschaftlech a sozial Froe besser duerstellen, wéi mir natierlech och a konkreter europäescher Politik duerch en Text wéi d’Bolkestein-Directive, duerch en Debat iwwer d’Aarbechtszäit an Europa e klore Message ginn, datt dat Europa effektiv net sech afschneid vun der Aarbechtswelt.

Europa ass eigentlech laang Zäit mat zwee wichtegen Aspekter identifizéiert ginn, de Fridden, an do wësse mir, datt mir alleguer vläicht en ze kuerzt Gedächtnis hunn, datt déi jonk Generatioun eigentlech de Fridden an d’Prosperitéit als eng Normalitéit ugesinn. An et ass well verschidde Leit vun där Prosperitéit ausgeschloss sinn, well de Chômage sech op 20 Millioune gehéicht huet an Europa, datt eben déi Reaktioune kommen. An ech wëll Iech, Madame Spautz, garantéieren, datt dee Vote an de Südgemenge muss och eng Reaktioun kréien, datt muss an deene Gemengen debattéiert ginn, datt am Kader vun engem europäesche Forum och an deene Gemengen, mä net natierlech alleng an deenen, mat de Leit muss iwwer déi Problemer diskutéiert ginn, déi si veranlasst huet, Nee ze stëmmen.

Ech muss dobäi nach ee Wuert soen, wat eigentlech kee gesot huet, wat mech mindestens esou beängschtegt wéi dee Risk, datt Europa sech vun der Aarbechtswelt vläicht e bësschen entkoppelt, dat ass e Risk, dee jo an anere Sondagen, déi an anere Länner gemaach gi sinn, bekräftegt gëtt, wou eng grouss Majoritéit vun Aarbechter a Beamte soen, datt si eigentlech net eppes vun Europa erwaarden, wat hier eege Prosperitéit, wat hier eege sozial Sécherung ugeet. Dat ass eng inquietant Evolutioun.

Et gëtt och nach eng aner inquietant Evolutioun, an dat ass de Vote vun deene jonke Leit, dee Vote vun deene jonke Leit. 62%. 62% vun deenen tëschent 18 a 24 hunn Nee gestëmmt. 50% vun deenen tëschent 25 an 39. Wann een da kuckt: wéi hunn déi Leit gewielt iwwer 55? Si hu mat 72% Jo gestëmmt. Mir gesinn also, d’Gediechtnes beim Krich ass nach ganz do, bei deenen, déi 55 Joer hunn. Bei deene Jonke sinn eigentlech déi Ängschten, déi Suerge vill méi präsent. An op déi Froe musse mir agoen. Mir mussen also e wierklechen Dialog och mat deene jonke Leit féieren, déi eigentlech sech net méi mat Europa esou staark identifizéieren. Obwuel jo Europa misst e Mobilisatiounsprojet si fir jonk Leit, fir un engem grousse Projet, op deen eigentlech d’ganz Welt kuckt, mä deen och e Rôle, e positive Rôle an der Welt kann hunn, eigentlech misst en eng ganz Rei jonk Leit mobiliséieren, a fir dee si sech missten engagéieren.

Ech mengen, dat ass en Debat wäert, an och d’Chamber muss sech där Missioun unhuelen, fir mat deene jonke Leit en Debat ze féieren, an ech kommen herno nach drop zréck, wa mir vläicht iwwer d’Organisatioun vun deem Debat schwätzen. Et ass eng Normalitéit, déi geféierlech ass, wann déi Jonk consideréieren, datt Europa si näischt méi ugeet. Datt si eigentlech mat Europa näischt méi um Hutt hunn, datt Europa hinnen näischt méi bréngt. Et ass ouni Zweiwel e groussen Iertum, well si reesen ouni Grenzen, si studéieren a verschiddene Länner, si kréien hir Diplomer unerkannt, si kënnen, wa se dat wëllen, a verschidde Länner schaffe goen. Dat sinn alles Acquisen, déi et ouni Europa net géif ginn. Mä déi schéngen esou selbstverständlech ze sinn, datt se eigentlech par rapport zu deene méi irrationalen, wéi den Här Goerens gesot huet, Argumenter net de Poids maachen.

Mir mussen also den Hiewel op der richteger Plaz usetzen, och hei zu Lëtzebuerg. An den Hiewel ass ouni Zweiwel bei deene sozialen an economesche Froen. Et ass net falsch e Conseil européen z’organiséieren, wou mir iwwer den europäesche Sozialmodell oder d’Variante vum europäesche Sozialmodell diskutéieren. Ech mengen, d’Europäer hunn einfach e gewëssent Sécherheetsbedierfnis, an dat mécht effektiv d’Spezifizitéit vun dësem Kontinent aus, par rapport zu aneren. Dat mécht awer och d’Liewensqualitéit vun de Mënschen op dësem Kontinent aus, par rapport zu anere Kontinenter. Nun ass awer eng Realitéit do, déi mir einfach net kënne verneinen, dat ass d’Globaliséierung. Vill Leit consideréieren, gesinn an Europa, eigentlech esou wéi de Gerhard Schroeder dat an engem rezenten Artikel geschriwwen huet, an Europa en trojanescht Päerd vun der Globaliséierung. Mir mussen also de Leit verständlech maachen, wat och scho Verschiddener hei gesot hunn, datt Europa net de Problem ass, mä Europa kann, an nëmmen Europa kann eng Léisung si fir déi Globaliséierung sozial an human ze gestalten.

Dofir ass natierlech och deen Debat, deen d’Chamber wäert féieren iwwer d’Lissabon-Strategie e wesentlechen Debat. D’Lissabon-Strategie soll net identifizéiert gi mat enger formidabler Entreprise, eigentlech de Sozialstat ze demanteléieren. Dat war net d’Intentioun vun deenen, déi d’Lissabon-Strategie konzipéiert hunn, an dat war doudsécher net d’Intentioun vun deenen, déi d’Lissabon-Strategie moderniséiert an adaptéiert hunn, an déi probéiert hunn, datt déi Lissabon-Strategie och en neien Ancrage, esouwuel an den europäeschen Demokratië wéi och an den Opinions publiques soll kréien.

Europa ass also kee Synonym fir sozial Rechter ofzebauen. Dat muss also och de Message si vun engem Conseil européen iwwer den europäesche Sozialmodell, et muss de Message sinn, datt Europa nei Chance bitt, nei Chancen, net fir eng Elite, fir eng kleng Zuel, mä fir eng grouss Majoritéit vun de Leit, vun de schaffende Leit.

Wa mir déi Chancen nëtzen duerch Recherche, duerch Formatioun, wa mir déi Potenzialitéiten, déi an Europa leien, gemeinsam virzegoen, och besser nëtzen. An dozou gehéiert ouni Zweiwel och d’Adoptioun, an zwar d’rapid Adoptioun vun de Finanzperspektiven, déi effektiv, wa se net adoptéiert ginn, Europa a Schwieregkeete plongéieren, an och de Solidaritéitsgedanken, deen och e ganz staarke Gedanken an Europa ass, kéinten e gewëssent Auserneendrifte vun onse Länner bewierken. Nëmmen duerch ee gemeinsamt Virgoen, duerch eng dynamesch Wirtschaftspolitik kënne mir ons europäesch Sozialsystemer adaptéieren, an zwar adaptéiere géint de Schock vun der Globaliséierung, mä awer och adaptéiere géint de Schock vun den demographeschen Entwécklungen, déi mir och net ganz einfach kënnen ignoréieren.

Europa muss kloer maachen, datt et net steet fir Sozialdumping, an ech soe kloer dobäi, ee Message deen och ëmmer méi gesot gëtt, net fir d’Fiskaldumping. Et kann net esou sinn, datt gewëssen Entreprisen, wéi mir dat elo an der Vergaangenheet gesinn hunn, hei eng Entreprise zoumaachen, iergendwou Aarbechtsplaze vun engem Land no engem anere verleeën, ganz einfach aus fiskalesche Grënn. Mir brauchen an Europa e gewëssenen Niveau vu fiskaler Harmoniséierung, besonnesch bei de Betriber. Dat entsprecht och engem Solidaritéitsgedanken, an dat entsprecht och engem Europa, wat sech politesch entwéckelt.

Nun, déi Verfassung, wa mir se net hunn, da steet zur Dispositioun, ob dat Europa haut hei sech zu enger politescher Unioun nach weider kann entwéckelen. Eng Unioun, déi och op Wäerter opgebaut ass, dat eigentlech manner kloer war an deenen Texter vu virdrun. An déi Reflectiounsperiod, déi elo ageleet ginn ass vum Conseil am Juni, déi soll eben déi Kloerstellunge bréngen, déi soll d’Leit eigentlech participéieren doen un engem Debat, wat si sech vun Europa erwaarden. Mir haten e Referendum. E gëtt eng ganz Rei Länner, déi nach kee Referendum haten. Mä och déi Leit sollen zur Sprooch kommen, net nëmmen déi, wou bereits e Referendum ofgehale ginn ass. 13 Länner, wann d’Chamber hei e positive Vote hëlt, hunn dann den Owend deen Text ratifizéiert. Et sinn nach zwee Länner, déi praktesch um Punkt si fir en ze ratifizéieren, d’Belsch hunn nach ee regionalt Parlament, et muss säin Accord ginn, an Estland. Dat ass also eng Tëschebilanz, eng Majoritéit vu Länner, 15, praktesch 15 vun 25 wou zwee der bis ewell Nee gesot hunn. Mir wëssen, et gëtt kee Plan B, mir hunn also keng Iddi an der Täsch, wéi ee kuerzfristeg deen Text kéint änneren oder verbesseren. Mir mussen also drop zielen, datt et iergendwann eng politesch Relance vum Prozess gëtt. Datt sech eng Rei Länner zesummendoen a kloer maachen, datt si hanner deem Projet do stinn, an deenen Anere kloer maachen, datt si musse soen, wat si dann elo vun deem Projet erwaarden. Datt net déi, déi ratifizéiert hunn, déi musse sech explizéieren, et mussen déi, déi Problemer hate fir deen Text ze ratifizéieren, déi musse soen, wat se gären hätten, fir eventuell iwwer déi Hürd do ze kommen. Do ass eng Tëschebilanz virgesinn, déi ass am Juni 2006. Mir sollen äis keng Illusioune maachen, dee Prozess wäert e bëssche méi laang dauere wéi et initialement ugeholl ginn ass. Déi national politesch Kalenneren, déi kann een net einfach tëschent Klammere setzen. Déi gëtt et, déi sinn do. An et muss een also och kucken, wéi een domat eens gëtt, fir eben, le moment venu, déi politesch Relance ze kréien, déi Dynamik an dee Prozess erëm dranzeleeën, deen Europa brauch an hanner deem mir Lëtzebuerger och mussen aktiv stoen.

E lescht Wuert iwwer den Debat hei zu Lëtzebuerg. Mir waren ons all eens, datt mir e gudden Debat haten, a mir wëllen eigentlech deen Debat weider féieren. Mir kënnen deen Debat net alleng féieren. Ech mengen, et ass ganz agreabel an intressant, deen hei zesummen ze féieren. Mä d’Wichtegkeet bleift, e mat deene Leit dobaussen ze féieren, deenen op hir Froen ze äntwerten, deenen eigentlech de Goût fir en Debat ze ginn, dat ass dat Schwieregst. Wéi huet de Staatsminister gesot? Si musse bereet sinn, matzespillen, si mussen och kommen, wann et kee Referendum hannendru gëtt. A si mussen och bereet sinn, hei hir Meenung ze soen, ze diskutéieren, hier Erwaardungen ze bréngen. Well et kann een nëmmen dann nolauschteren engem, wann deen och bereet ass, eppes ze soen. Mir erwaarden, datt d’Lëtzebuerger ons soen, wat si an deenen nächste Jore vun Europa weider erwaarden.

Ech mengen, ouni wëllen op d’souveränt Recht vun der Chamber z’enquêtéieren, ech géif mir dat Här President net erlaben, d’Chamber huet e fatale Rôle an deem Debat. Net nëmme fir eng besser Kontroll iwwer d’Europapolitik ze kréien, mä och fir an deem Debat mat de Bierger weiderzefueren, wéi Dir dat während der Campagne gemaach hutt. D’politesch Parteien dierfen Europa net nëmmen zu en passant entdecken, wann et drëm geet, Europawahlen, an ech hunn och do déi Messagen all héieren, ech mengen, do muss een eng Léisung fannen, eng pragmatesch Léisung.

(…)

Ech mengen, déi Tâche, ech maachen et kuerz, fir net zevill ze laang z’iwwerzéien, datt mir kënnen all heemgoen, ech mengen, déi Tâche ass enorm, mir brauchen en Engagement vu jiddwerengem. Well et geet net nëmmen hei iwwer ons eegen Zukunft, et geet iwwer d’Zukunft vun onse Kanner, et geet ëm d’Zukunft vun engem Kontinent, dee sech vill Froe stellt, an enger Welt, déi amgaangen ass sech ze veränneren. Mä ech sinn eigentlech extrem confiant, datt mir d’Vertraue vun de Bierger erëm kënnen zréckgewannen an Europa, an d’Politik, well d’Politikverdrossenheet an d’Europaverdrossenheet ginn och zesummen. An domat eigentlech där Verfassung d’Dier erëm opzemaachen. An ech garantéieren iech, si ass weder dout nach op der Intensivstatioun. Si ass elo e bësschen op Äis geluecht.

Dernière mise à jour