Transcription du discours du ministre de la défense Luc Frieden au sujet de la réforme de l'armée luxembourgeoise lors de la cérémonie de la fête de la Saint-Martin au Herrenberg à Diekirch

Léif Éieregäscht, Här Chef d’Etat-major, Offizéier, Ënneroffizéier, Kapereel, Zaldoten an Zivilpersonal vun der Lëtzebuerger Arméi.

D’Sécherheet als Grondlag vu Fridden a Gerechtegkeet ass eng vun de Grondaufgabë vum Staat, an dofir och eng vun de Grondaufgaben, déi sech d’Regierung zum Zil an dëser Legislaturperiod gesat huet. Mä déi Sécherheet, déi ass haut anescht wéi fréier. Eis Sécherheet heiheem hänkt ëmmer méi vun der Sécherheet dobaussen of. Dofir hu mer Europa geschafen an dofir musse mer Europa weider ausbauen. Europa, wat eis Fridden duerch eng institu­tionell Integratioun am Zesummeleeën, am Pooling vun de Souverainitéiten, dee Fridden an déi Stabilitéit schaaft, déi mir brauche fir an enger fräier a friddlecher Gesellschaft kënnen ze liewen.

D’NATO, dat eenzegt strukturéiert Partenariat wat Europa mat Nordamerika huet a Sécherheetsfroen, grad esou wéi d’Europäesch Unioun hunn äis an deene leschte Joren déi Sécherheet an déi Stabilitéit bruecht. Mä si hunn et net fäerdeg bruecht, definitiv, trotzt allen Ännerungen, déi an der Welt geschitt sinn, d’Onstabilitéit ewech­zekréien. D’Joren 1990 bis 2000 waren an Europa gekennzeechent duerch déi successiv Kricher um Balkan. An d’Joren 2000 bis haut si sécherlech am Beräich vun der Sécherheet, oder muss ee soe vun der Onsécherheet, gekennzeechent duerch terroristesch Attentater, déi an eisem Kontinent an op anere Kontinenter stattfonnt hunn.

Déi Onstabilitéit ass eng aner wéi déi, déi mir fréier haten. Et ass eng Onstabilitéit an eng Onsécherheet, déi net gekennzeechent sinn duerch kloer Fronte mat Arméien, mä oft si mir konfrontéiert mat onstrukturéierte Gruppéierungen, déi selbst­ver­ständlech duerch déi Méiglechkeete vun der moderner Kommunikatioun matenee verbonne ginn, an domadder zu engem wann och onstrukturéierten, trotzdem glo­balen Netzwerk kënne ginn. D’international Gemeinschaft, an doran och Lëtze­buerg, muss selbstverständlech eng aktiv Äntwert op déi do Erausfuerderungen vun der Onsécherheet ginn, an dofir huet Europa méi wéi aner Kontinenter vläicht, eng enorm Panoplie vu Mëttelen zur Verfügung gestallt: déi traditionell wéi d’Diplomatie, d’Entwécklungshëllef, den Opbau vum Rechtsstat, eng méi enk Polizei- a Justiz­kooperatioun an Europa, mä och d’Arméien, a grad d’Arméien hunn an esou enger Welt eng ëmmer méi wichteg Roll ze spillen. Eng aner Roll wéi déi vum kale Krich, eng aner Roll wéi déi an deenen zwee Weltkricher, déi leider dat lescht Joerhonnert charakteriséiert hunn.

Haut geet et drëm déi Krisen, déi mir gesi kommen, déi mir besser gesi vläicht kommen, well mir besser informéiert sinn, ze vermeiden, ze geréiere wa se trotzdem stattfonnt hunn, ze stoppen, an duerno de Fridden z’erhalen. Dës Krise verlaange schnell a flexibel Asätz vun den Arméien, och vun der Lëtzebuerger Arméi. Mir kënnen a mir dierfen net nokucken, wann déi Krisen an der Welt entstinn, mir dierfen dat net wéinst deene Leit, déi direkt am Krisegebitt wunnen. Mir dierfen dat och net wéint eise Leit, fir déi mir Verantwortung hunn, well Sécherheet do a Sécherheet hei ass méi wéi jee enk matenee verbonnen. An dofir brauche mir eng europäesch Verdeedegungspolitik, dofir brauche mir eng Reform vun den Arméien an der NATO, an an der Europäescher Unioun.

Mä Lëtzebuerg ka mam aktuelle Fonctionnement am Statut vu senger Arméi net deenen internationale Verflichtunge vu muer nokommen. Lëtzebuerg muss aus eegenem Interêt seng Verantwortung an de Krisegebidder an der Welt iwwerhuelen. Eis Nopere verlaangen dat zu Recht vun äis. Mir huelen u ville Sëtzungen Deel, wou mir kritiséiert ginn, datt mer net eis Responsabilitéit iwwerhuelen. Mä mir sollen et net nëmme maachen, well déi aner dat vun äis verlaangen, mir maachen et och well mer aus engem Gefill vu Solidaritéit an aus engem eegenen Interêt fir eis Sécher­heet an eise Fridden heiheem z’assuréieren, déi Roll wëllen iwwerhuelen. Dofir wëlle mer an deenen nächste Méint eis Arméi esou reforméieren, datt se bei inter­nationalen Asätz vun der Europäescher Unioun a vun der NATO eng nëtzlech Roll ka spillen.

Déi Reform huet vill Aspekter. Ech géing der haut, um Patronatsfest vun der Arméi, nëmmen e puer, e puer Eckwäerter vun där Reform mentionnéieren. Als Éischt gëllt et, datt mer d’Aufgabë vun der Arméi an deem neien Ëmfeld nei definéieren, an och déi Spezialisatioun eraussichen, déi op d’Lëtzebuerger Arméi, op d’Lëtzebuerger Land passen. Dozou gehéiert, datt mer déi Aufgaben, déi mer bis elo besonnesch am Beräich vun der Reconnaissance gemaach hunn, weider féieren. Mä doniewent wäerte mir ënner anerem a Beräicher wéi dem Déminage, der Waasser­op­beree­dung a Krichsituatiounen, a Krisesituatiounen, oder awer och d’Kommunikatiouns­techno­logien als ee vun de Beräicher wou Lëtzebuerg e Bäitrag, deen iwwregens och nach kann am Interêt vun der Lëtzebuerger Economie sinn, ausbauen. Mir wëllen eng nëtzlech Roll spillen, eng nëtzlech Roll, wou mir anere kënnen duerch eise Bäitrag um mënschlechen an um technesche Plang hëllefen.

Zweetens musse mir déi Roll gesinn an deem Kontext vun deene vill méi ënner­schiddleche Missiounen, déi d’Europäesch Unioun an d’NATO an deenen nächste Jore wäerte maachen. Déi Missioune gi méi wäit wéi déi reng friddenserhalend Missiounen, déi an der Vergaangenheet gemaach gi sinn, déi no engem Konflikt geschitt sinn. D’Aufgab vun Europa muss et sinn, an alle Missiounen, éier eng Kris geschitt, während enger Kris an no enger Kris, z’intervenéieren an déi verschidden Aktivitéiten, déi haut oft ënner dem Terme „Krisegestioun“ gebraucht ginn, muss och Lëtzebuerg mat kënnen erfëllen.

Als drëtte Punkt gehéiert dozou, datt mir déi Aktivitéite wëllen an enker Koordinatioun mat eisen dräi Noperen, Belsch, Frankräich an Däitschland, jee no Missioun, wëllen zesummemaachen. Ech hunn doriwwer Gespréicher mat den Verdeedegungs­ministere vun deenen dräi Länner geféiert. Déi Gespréicher ware positiv, si wäerte weidergoen am Liicht vun deene Reformen, an deenen Aufgaben, déi mir der Lëtzebuerger Arméi wäerten an där Reform ginn.

Selbstverständlech gehéiert dozou, an dat ass e véierte Punkt, datt mir déi Arméi mussen esou equipéieren, datt se och kënnen déi Aufgaben iwwert d’Bühn goe loossen op eng Fassong, déi déi Leit, déi schwiereg Aufgabë musse maachen, och optimal protegéiert. Dofir wäerte mer déi Equipementer kafen, déi fir déi Missiounen noutwenneg sinn an déi och déi Sécherheet assuréieren. Ech denken do ënnert anerem un d’Acquisitioun vun zousätzleche blindéierte Gefierer.

Mä all déi Aufgaben do ginn net mat där aktueller Zuel vun Zaldoten iwwert d’Bühn. Dofir musse mir, fënneftens, en Ausbau maache vun der Zuel vun den Zaldoten an der Lëtzebuerger Arméi, fir jee no Missioun kënnen, wann d’Europäesch Unioun an d’NATO dat esou mat der Lëtzebuerger Stëmm decidéieren, och kënnen eise Bäitrag leeschten.

Deen aktuelle Statut vun den Zaldote muss iwwerduecht ginn, an dofir wäerte mir, sechstens, der Chamber proposéieren, datt zukünfteg Lëtzebuerger Zaldoten, déi fräiwëlleg an d’Lëtzebuerger Arméi antrieden, mussen, wann d’Regierung no Consul­tatioun vun der Chamber dat esou decidéiert, un internationalen Missiounen deel­huelen. Mir sinn dat eenzegt Land an der Europäescher Unioun, wou fräiwëlleg Zaldote selwer decidéieren, ob se un internationale Missiounen deelhuelen oder net. Dat huet zur Konsequenz, datt an der Zukunft, an deenen neie Missiounen, déi d’Europaësch Unioun an d’NATO mécht, d’Lëtzebuerger Regierung keng Engage­menter kann huelen, well se jo net weess, ob duerno an deene Missiounen och Lëtzebuerg kann deelhuelen. Dofir wäerte mer dat zweet Volontariat, also do, wou ee selwer decidéiert, ob een an eng Missioun geet, fir déi zukënfteg Zaldote vun der Lëtzebuerger Arméi ofschafen.

Siwentens, musse mer eisen internationale Verflichtungen an deem ganze Pro­gramm, de mer beschriwwen hunn, natierlech och an eise budgetären Iwwerleeunge Rechnung droen. Lëtzebuerg gëtt zousehends kritiséiert, well mer eisen interna­tionale Verflichtungen an der NATO an an der Europäescher Unioun am Beräich vun der Sécherheet net nokommen. Den Duerchschnëtt vun den Ausgabe par rapport zum Bruttoinlandprodukt fir d’Verdeedegung an der Europäescher Unioun läit bei 1,7% vum PIB. Lëtzebuerg gëtt d’nächst Joer am Budget 2006 0,5% par rapport zum PIB aus, fir Verdeedegungsausgaben. Eist Zil ass et net, e Budget ze kréien, deen all aner Prioritéiten am Land wéint der Verdeedegungspolitik géing op d’Säit drécken, mä et ass d’Zil vun der Regierung, esou wéi et an der Regierungserklärung vum leschte Joer steet, iwwer déi nächst Joren eise Bäitrag méi no bei d’Moyenne vun der Europäescher Unioun erunzebréngen, an dat wäert parallel geschéie mat deene Reformen déi mir maachen, mat deenen Equipementer déi mir brauchen, fir déi villsäiteg Missiounen, déi mir der Lëtzebuerger Arméi an engem europäesche Kontext wëllen a musse ginn, an deenen nächste Joren ze maachen.

Mir brauchen déi Reform net, well mir gären eng grouss Roll op der Welt spillen. Mir brauchen déi Reform, well d’Solidaritéit an d’gemeinsam Aufgab fir Sécherheet eng ass, aus där mir äis net kënnen aus der Verantwortung erausschläichen. Mir kënnen net deenen anere soen, dir kënnt déi Aufgab do fir äis matmaachen, well déi aner soen äis, dir musst se mat äis maachen. An dofir d’Gespréicher mat eisen Nopeschlänner, an dofir eisen Appel, datt och déi Reformen hei verstane ginn als e Bäitrag zur Stabilitéit an Europa, als e Bäitrag zur Liewensqualitéit an eisem Land.

Ech hunn an deene leschte Méint bei der Lëtzebuerger Arméi eng exzellent Equipe virfonnt, déi sech bewosst ass, vun deene groussen Ännerungen, déi an der Welt geschéien, an déi Erausfuerderung, déi dat fir d’Lëtzebuerger Arméi stellt. Mir sinn, an ech mengen, ech kann am Numm vu ville Lëtzebuerger schwätzen, houfreg op dat, wat Lëtzebuerger Zaldoten am Afghanistan an um Balkan als Bäitrag zum Fridden a Stabilitéit haut leeschten. Ech wäert zesumme mat der Arméi déi Reformen do am Detail an deenen nächste Wochen diskutéieren, a mir wäerten dann der Chamber do, wou dat noutwenneg ass, déi legislativ Propositioune maachen.

Mir liewen an enger Zäit vun enorme Méiglechkeeten, grousse Fräiheeten, mä och Risken, déi mir beschriwwen hunn, an déi äis bewosst sinn. Et gëllt déi Fräiheeten ze schützen géintiwwer deenen neie Risiken an do muss Lëtze­buerg seng Verantwortung iwwerhuelen. Lëtzebuerg kann dat maachen, Lëtzebuerg huet an der Vergaangenheet vun der Solidaritéit vun anere profitéiert, mir wäerten och an Zukunft d’Ënnerstëtzung vun deenen anere brauchen, mä mir mussen och eise Bäitrag leeschten. Mir kënne stolz sinn op dat, wat mer an deene leschte Jore mat der Lëtzebuerger Arméi gemaach hunn, mir wäerten och an Zukunft kënne stolz sinn op dat, wat d’Lëtzebuerger Arméi an engem verännerten Ëmfeld wäert als Bäitrag zu Fridden a Stabilitéit leeschten. Vive d’Arméi.

Dernière mise à jour