Jean-Claude Juncker à l'occasion de la commémoration du calvaire de la jeunesse sacrifiée luxembourgeoise

Altesse Royale,
Här Chamberpresident,
Dir Dammen an Dir Hären,
léif Frënn,

dat hei ass een Dag vun där eegenaarteger Zort, well an dësem Dag, dee schéin ass an, hoffen ech, schéi bleift, do leeft villes zesummen an do kënnt villes beieneen. Et ass een Dag vun Erënnerung, een Dag, wou dee Wéi, vun deem Dir gemengt hat, Dir hätt en op d’Säit kënne leeën, erëm do ass, een Dag vun Zréckdenken, een Dag och vun No-vir-kucken, een Dag vun Nodenke virun allem, vu konzentréierter Meditatioun vun deenen, déi erlieft hu wat se erlieft hunn, Nodenken awer och vun deenen, déi et net erlieft hunn, déi net dobäi waren an déi mengen, si hätten et esou schwéier an déi eigentlech näischt erlieft hunn, well se nieft klengen individuelle Prüfungen ni kollektiv gepréift gi sinn. Dir sidd dat ginn.

Den André Heiderscheid, vun deem mer jo lo éinescht héieren hunn, datt e wortgewalteg bliwwen ass, huet haut ee laangen Artikel am Lëtzebuerger Wort geschriwwen, deen, wann een e vu bausse kuckt, engem selbstverständlech ze laang virkënnt an deen, wann een e liest, een ass, an deem kee Wuert zevill war an an deem der nach vill feelen. Well et kann een net an eng Ried, an eng Priedegt, an een Artikel, an eng Zeremonie alles dat apaken, wat eigentlech misst ënnerdaach bruecht ginn. Well nieft deem, wat ee kann allgemeng soen, bleift jo, datt villes misst individuell gesot ginn. Et sinn der jo, vun deenen déi verschleeft gi sinn an déi an eng friem Uniform gezwong gi sinn, ganz vill net erëmkomm. Esouvill Biographien, déi zerrappt gi sinn, esouvill Dreem, déi net konnte virugedreemt ginn, déi ni konnte realiséiert ginn. Dem Land ass esouvill Talent ewechgeholl ginn, esouvill Energie gestuel ginn, esouvill Been ewechgeschnidde ginn an esouvill Hänn, déi hätte kënne mat upaken. Dir sidd déi, déi haut hei sinn an déi stellvertriedend sti fir déi, déi net erëmkomm sinn a fir déi, déi haut net hei sinn, aus ville Grënn, stellvertriedend fir eng Generatioun, déi méi wéi iergendeng lëtzebuergesch Generatioun virdru gepréift ginn ass. Déi, déi Ären Alter haten an déi agezu gi sinn, déi, déi net Ären Alter haten an an d’KZer verschleeft gi sinn, an de Prisonge souzen, och stellvertriedend fir déi vill gutt Lëtzebuerger leschten Enns, déi d’Réfractairë verstoppt hunn an op där hir Roll, wéi ech fannen, esou dacks net higewise gëtt, mä déi awer villes méiglech gemaach hunn an déi vill Courage hu musse weisen, och séier perséinleche Courage hu musse weisen.

Nun ass haut dëst an dat gesot ginn, mä et huet nach keen eppes kënne soen, deen däitlech nom Krich gebuer ginn ass, mä deem säi Papp awer agezu war, mat dräi vu senge Bridder. Ech denken u meng Grousselteren och an un d’Eltere vun all deenen, déi agezu gi sinn an déi ni erëmkomm sinn, a vun deenen och ni geschwat gëtt, déi, déi heiheem gelidden hunn, well anerer fort waren. Dir sidd erëmkomm mat engem aussergewéinleche Pak vun Erfahrungen, net Erfahrungen am gängege Sënn vum Wuert. Dat ware jo keng pubertär Spillereien, déi Iech zougemutt gi sinn an Dir hätt awer gär nach e bëssche mam Liewe gespillt, fir et ze testen, fir et ze schmaachen, fir lues a lues dem richtege Liewe méi nozekommen. Dat war Iech net vergonnt, well dat schlëmmste Verbriechen, wat d’Preise gemaach hunn, war eigentlech nieft deem Iech eegenen, datt se enger ganzer Generatioun vu Lëtzebuerger d’Jugend geklaut hunn an déi kritt een ni erëm. A wann een dann op eemol méi séier méi al gëtt, wéi een normalerweis géif al ginn an deem Alter, da bréngt ee wahrscheinlech déi Kraaft op, déi Dir hat, wou Dir erëmkomm sidd.

Mech huet ëmmer beandrockt, villes bei Iech, mä zwou Saachen am meeschten: dat wat Iech u Leed zougefügt ginn ass a wat Dir erdroen hutt, mat där Roserei, Dir wësst jo, wou déi stëcht. An da virun allem, datt déi, déi aus dem Krich zréckkomm sinn an déi all Ursaach gehat hätten elo ze soen, elo hu mer eist gemaach, datt déi nach eng Kéier ugepaakt hunn an an där Zäit, déi mer d’Reconstructioun nennen, mä och an deene Jorzéngten duerno, hiert Bescht nach eng Kéier ginn hunn, well si haten nach vill Guddes, nieft deem Gudden, wat schonn eng Kéier getest gi war, a Länner wäit ewech vun hei, a fir eng Generatioun déi jo nach net wéi meng gereest ass. Et war fir vill déi éischt Rees, déi se gemaach hunn. Mäi Papp, dee war vun Dohl, e war ni méi wäit gewiescht wéi zu Wolz an dunn huet e sech a Russland erëmfonnt an esou ass et senge Bridder gaang, an esou ass et ville vun Iech gaang. Datt een dann, no esouvill Leed an no esouvill Angscht an no esouvill Doud een d’Kraaft opbréngt, bal esou ze maache wéi wann een dat vergiess hätt an erëm d’Hänn aus der Täsch ze zéien an unzepaken an eist Land méi schéin opzebaue wéi et jee virdru war, dat bleift eng aussergewéinlech Liewensleeschtung vun Ärer Generatioun a besonnesch vun deenen, déi an enger verhaasster Uniform als, an allen Dimensioune vum Wuert, geaffert Generatioun dat ronn kritt hunn, wat mer haut ganz oft net méi ze schätze wëssen: Fräiheet, ee Stéck Gléck, Zefriddenheet, och mat einfache Saachen, déi engem esou laang gestuel gi waren an et dann och fäerdeg bruecht hunn, mat esou villen aneren aus anere Länner, aus deem éiwegen Nokrichssaz "ni méi Krich" net nëmmen ee Gebiet vum Moment ze maachen, mä esou ee Programm fir d’ganzt Liewen.

Et si jo net d’Staatsmänner, déi nom Zweete Weltkrich Europa opgebaut hunn, déi hätten dat jo net kënne maachen, wann dat net den déiwe Wëlle vun deene gewiescht wier, fir déi se stellvertriedened regéiert hunn, an dofir ass dëst fir Iech selwer een Dag vun Zréckdenken a fir äis een Dag vun der Unerkennung, a mir soen dat wahrscheinlech net oft genuch. Mir sinn esou flénk ginn an esou iwwerflächlech ginn a lafen esou séier a kucken ni méi wou mer hierkommen. Haut sinn déi, déi hei sinn, an ech hoffen och, déi, déi net hei sinn, regelrecht obligéiert, mä et ass keng Obligatioun, déi schwéierfällt, gi fir zréckzekucken. Mir hate vill Lëtzebuerger duerch d’Geschicht goe gesinn, ëmmer erëm, där déi Besonnesches geleescht hunn, mä op keng sinn déi, déi méi jonk si wéi Dir, esou houfreg wéi op Iech. Merci.

Dernière mise à jour