Déclaration du ministre de l'Intérieur, Jean-Marie Halsdorf, au sujet du Plan directeur sectoriel "décharges pour déchets inertes"

Firwat e Plan directeur sectoriel iwwert Bauschuttdeponien?

- De Problem vun der Entsuergung vum Bauschutt hei zu Lëtzbeuerg ass op mannst schon 20 Joër al. Fréier gouf de Bauschutt op de kommunalen Dreckstippen ofgelagert. Dëss Praxis gouf duurch d'Offallgesetz vun 1994 verbueden an deem Sënn, datt dat Gesetz d'Zoumaache vun dësen Tippe gefuedert huet. D'Aart a Weis ewéi dëss Tipp geréiert goufen, huet nët méi dem Stand vun der Technik entsprach.

- Dat selwecht Offallgesetz huet d'Gestioun vum Bauschutt iwwert regional Deponie gefuerdert. Wichteg Punkte waren op der enger Säit d'Schafe vu Siten, déi eng ekonomesch Gréisst duergestallt hu fir esou eng Decharge no alle Regele vun dem aktuellen, technesche Stand ze bedreifen, op der aner Säit sollten awer d'Distanzen esou kuerz ewéi méiglech gehale ginn fir de Bauschutt vun hirer Entstehungsplaz bis zur Decharge ze féieren.

- An der Vergaangeheet war et esou, datt d'Regionaliséierung vun de Bauschuttdeponien sech an der Praxis nët konsequent duurchsetze konnt. Dat heescht, datt nët zu all Moment e flächendeckend Netz vun Decharge operationnell war.

- D'Konsequenz dovu war, datt et ëmmer erëm eng Konzentratioun vun der Bauschuttentsuergung op e puer wéineg Plaatzen am Land gouf. Vun der Belaaschtungssäit war dëst problematesch, well de ganze Camionsverkéier sech op zwou, dräi Plaatzen am Land konzentréiert huet. Aus dem Bleckpunkt vun den Entsuergungskapazitéiten wor et schwiereg, well déi wéineg Kapazitéiten déi do waren, ëmmer méi séier erschöpft waren, ewéi dat ursprünglech geplangt war. Ekonomesch gesinn waren déi laang Waardezäiten fir iwwerhaapt duerfen ze tippen e Problem. Fir d'Entrepreneure war et bal onméiglech en Devis ze maachen, well d'Käschte vun der Entsuergung nët méi am Viraus ze berechne waren.

- Eng weider Konsequenz war,datt will Entrepreneuren sech illegal Weeër gesicht hu, fir hirem Bauschutt lass ze ginn, wat heescht dat si haaptsächlech matt hirem Buedem illegal an d'Ausland gefuer sinn, oder a sougenannte Remblaën dem Material lass gi sinn. Besonnesch déi lescht Method huet un der Emwelt e ganz grousse Schued ugeriicht, well entweder Landschaften nohalteg verännert goufen, Biotope futti gemaach goufen oder wertvoll Buedemstrukturen zerstéiert goufen.

Fir de Bausektor huet dëss Stuatioun dozou gefouert, datt nach just deen eng kompetitiv Offer konnt ofginn, deen eng bëlleg, wann och illegal Entsuergungsméiglechkeet fir säi Bauschutt hat. Méi wéi eng Kéier huet et wéinst dëser Situatioun am Bausektor gebrodelt.

Firwat koum et zu esou enger Stuatioun?

Tatsaach ass, datt et bis elo keng richteg Struktur (Methodik) gouf, no der Bauschuttdeponie gesicht an definéiert goufen. Zwar huet d'Emweltverwaltung dofir gesuergt, datt de regionale Reseau esou gudd ewéi méiglech konnt opgebaut ginn, mee den néideche legalen a reglementäre Background huet gefeelt. Och d'Eraussiche vun de Siten konnt nët ëmmer matt der néidecher Systematik gemaach ginn. Schlussendlech hu gewëss Nimby-Effekter et regelméisseg verhënnert, datt verschidde Projetë konnte realiséiert ginn.

- Wann e vu Bauschutt schwätzt, ass et villäicht wichteg, nach eng Kéier ze erënneren ëm wat et sech hei handelt:

De Begrëff Bauschutt gëtt am Offalgesetzt matt dechets inertes iwwersaat. Hei handelt et sech ëm mineralesch Offäll, déi aus deene verschiddene Bauaktivitéiten ufalen. An der Praxis ass dat Buedem a Steng aus Exkavatiounen, Zillen a Beton aus Ofbrochaarbechten a mineralescht Material aus Stroossenaarbechten.

Verschidde Schätzungen déi gemaach goufen hun erginn, datt all Joer méi ewéi 9 Milliounen Tonnen Bauschutt hei zu Lëtzeguerg ufällt. Dat sinn all Joer ronn 5 Millioune Meterkipp!

De gréissten Deel dovun, ronn 75% ass natiirleche Buedem dee vun den Exkavatiounsaarbechte kënnt.

Iwwer 40% vun dësem Bauschutt gëtt recykléiert. E Grond, fierwat dëss Recyklingquot nët méi héich ass läit dorann, datt déi meecht Bauaktivitéiten an dene Regioune sinn, wou Lehm ass, dee ganz schwéier bis guer nët sënnvoll ze recikléieren ass.

- Mir mussen eis also bewosst sonn, datt et sech hei em en Offal handelt, deen duurch seng Natur absolut kee Problem duerstellt - et handelt sech jo zum allergréissten Deel ëm en natiirlecht Material - et sin awer déi enorm Quantitéiten, déi dat ganzt zu engem Problem gi loossen.

- Fir definitiv dësem Problem Här a Meeschter ze ginn huet d'Regierung decidéiert gehaat, e Plan directeur sectoriel iwwert Bauschuttdeponien ze maachen. Dëst gouf vum Premier am Kader vu senger Ried zur Laach vun der Natioun, de 7. Mee 2002 hei op dëser Tribün, esou ewéi d'Gesetz ët virgesäit, ugekënnecht.

- Firwat ass graad d'Instrument vun engem Plan directeur sectoriel op Basis vum Gesetz iwwert den Aménagement du Territoire gewielt ginn?

Heizu muss Folgendes gesot ginn:

De Projet vum règlement grand - ducal esou wéi en ausgeschafft gin ass, a wéi en duurch déi verschidde Konsultatioune gaangen ass, huet eng duebel Base légale.

Déi éischt ass d'Gesetz vum 21. Mee 1999 iwwert den Aménagement du Territoire. D'Begrënnung läit doran, datt et sech hei tatsächlech ëm e Problem vun der Opdeelung vun eisem Territoire handelt. Aus den Ziiler, déi dëst Gesetz virschreiwt geet eraus, datt d'Landesplanung och dozou bäizedroen huet, datt de Buedem an de Raum rationnell genotzt ginn an d'Landschafte geschützt ginn. Doniewend huet d'Landesplanung och d'Aufgab, zu enger responsabeler Gestioun vun der Emwelt an den natiirleche Ressourcen bäizedroen. De Plan directeur sectoriel, deen duurch dëst Gesetz agefouert gouf, stellt en Instrument duer, dat ët erméiglecht grad en engem Beräich dee verantwortlech ass fir e grousse Landschaftsverbrauch, déi néidech Orientatiounen ze ginn an déi entspriechend Dezisiounen ze huelen, fir den Objektiver vun dësem Gesetz gerecht ze ginn. Doniewend erméiglecht de Plan directeur sectoriel eng obligatoresch Prozedur festzeleen wéi an Zukunft nei Siten ze siche sinn an esou op där enger Säit de ganzen Debat ze objektivéieren, op der aner Säit déi betraffe Gemenge méi an den Dezisiounsprozess matt anzebannen.

Déi zweet Base légale ass d'Offallgesetz, wat virschreiwt, datt en nationalen Offallplang ausgeschafft muss ginn, deen duurch sektoriell Pläng préziséiert ka ginn. Esou en nationale Plang gëtt ët zanter 2000. Hie beinhalt e Kapitel iwwert de Bauschutt an iwwert d'Regionaliséierung vun den Deponien. En Nodeel allerdengs vun deem Plang ass, datt en nët obligatoresch erklärt gouf, an esou och nët an der Praxis bindend ëmgesat ka ginn. Well et sech hei och ëm offallwirtschaftlech Moossnahmen handelt, ass et natiirlech wichteg, datt de Bezuch zum Offallgesetz vun 1994 och besteet.

Matt dem groussherzogleche Reglement, dat de Plan directeur sectoriel obligatoresch erklärt, gëtt also och de Beräich iwwert d'Entsuergung vum Bauschutt op Basis vum Offallgesetz obligatoresch erklärt.

Wéi ass de Plan directeur sectoriel iwwet Bauschuttdeponien opgestallt ginn a wat steet drann?

- Nodeems datt de Premier seng Annonce an der Chamber gemaach hat, gouf iwwert RGD en Aarbechtsgrupp opgestallt an deem den Inneministär, de Wirtschaftsministär, de Bauteministär, d'Forstverwaltung an d'Emweltverwaltung vertruede waren. Doniewend war och e Vertrieder vun dem Bausektor genannt gin, fir zu spezifesche Punkte gehéiert ze ginn.

- Dëss Aarbechtsgrupp huet fir d'éischt eng Analyse vun der Situatioun am Beräich Bauschutt gemaach, si huet gekuckt wat fir Objektiver ze erreeche sinn a wou wat fir en Handlungsbedarf besteet. Doniewend gouf e Listing gemaach vun all deenen Dechargen, déi zu dem Moment an der Exploitatioun waren, grad esou wéi och vun deene Projetën, déi dee Moment an der Maach waren.

- Eng weider Etapp war d'Definitioun vun de Regiounen, no deenen sech de Reseau vun de Bauschuttdeponien sollt orientéieren. Zwee Aspekter sinn hei prioritär betruecht ginn: d'Quantitéite vu Bauschutt déi ufalen an d'Weer, datt heescht de bestehende Stroossereseau, fir den Trafic esou kuerz ewéi méiglech ze halen. Heiraus hu sech 9 Regiounen erginn, woubäi d'Gemeng Lëtzebuerg op dräi Regiounen opgedeelt gouf.

- Et sief op dëser Plaaz direkt gesot, datt am Kader vun de Konsultatioun bei de Gemengen, deene verschiddene Gremien, déi matt dem Aménagement du Territoire befaasst sinn, an awer och de Staatsrot eou wéi d'Chambres professionnelles en ettlechmol d'Remarque gemaach gouf, datt dëss Opdeelung nët konform ass zur regionaler Opdeelung vum PDTA.

Dat stëmmt a mir sinn eis och däärs bewosst. Et muss een allerdengs bedenken, datt am Dokument iwwert de PDTA, esou wéi en de 27. März 2003 vun der Regierung ugeholl ginn ass, schon kloer gesot ginn ass, datt ee vun den Zieler vum Plan directeur sectoriel iwwert Bauschuttdeponien dat soll sinn, fir d'Nuisancen, déi duurch de Camionsverkéier entstinn, esou kleng ewéi méiglech ze halen. Dat selwecht Dokument seet, datt dowéinst eng koherent Verdeelung vun de Siten iwwert de ganzen nationalen Territoire gemaach soll ginn an datt de Maillage vum Reseau esou soll gewielt ginn, datt e Fonktioun ass vun de kiirzte Weer tëschend de Chantieren an den Deponien.

Et geet also drem d’Regiounen als Instrument vun der prospektiver Planung an der beschtmeiglecher reimlecher Oofdeckung waat d’Bauschuttdeponienkapaziteiten ugeet ze verstoen, daat gleichzeitech den onneidechen Bauschutttransport op e Minimum reduzeiren soll och wann daat local kann heeschen dass wengst dem iwergeuedneten Proximiteitsprinzip et wenschenswert ass an dei mei noo Deponie vun der Nopeschregioun ze fueren.

Dest ganz spezifescht a komplext Ziel konnt nët matt deene Regiounen erreecht ginn, déi de PDTA festleet. Dëss Regioune sinn no aneren, enner anerem no urbanisteschen Iwwerleeungen definéiert ginn a betruechten nët de Stroosereseau, esou wéi e fir den Zweck vun engem nationale Reseau vu Bauschuttdeponien berücksichtegt muss ginn. Et ass kloer, datt mir hei eng gewëss Diskrepanz hun, déi mir allerdengs proposéieren an dësem konkrete Fall esou am Raum stoen ze loossen. Et ass wichteg, datt mir hei e Plan directeur sectoriel kréien, deen esou séier ewéi méiglech wesentlech dozou bäidréit, de Problem vum Bauschutt ze léisen an d'Nuisancen, déi de Moment fir d'Emwelt a fir d'Leit entstinn, souwäit ewéi méiglech ze reduzéieren. Et ass ze préifen, wéi wäit déi regional Opdeelung, sou wéi se an dësem ganz spezifesche Fall virgesinn ass, och tatsächlech e Problem bei der Emsetzung vum PDTA ass. Sollt dat de Fall sinn, dann ass et kloer, datt den Plan directeur sectoriel iwwert Bauschuttdeponien op deem konkrete Punkt muss iwwerschaft gin, genau sou wei een och net an Zukunft kann aussschleissen eng Keier d’Planungsregiounen ze aenneren fir all wichtech fonktionnel Andeelungen vum Land mei ze harmoniseiren. Iweregens well ech hei och op de projet Star hiweisen wou jo proposeiert get enner aanerem Bauschuttdeponien lanscht verschiddenen Autobunns an Schinnensegmenter ze amenageiren, waat jo dann och e neit Gesamtbild mat sech brengt.

Wie ass iwerhaapt den heitegen Reseau vun den Deponien entstan?

- Hei gouf festgehaalen datt selbstverständlech déi regional Dechargen, déi schons an der Exploitatioun sinn och integrale Bestanddeel vum Plang sinn. Dat selwecht ass de Fall fir déi Projetën, déi am Gaang sinn geplangt ze ginn oder fir déi schons eng konkret Planung virläit. Zu deem Zweck gouf dann och gepréift, ob dëss Projeten akzeptabel sinn par rapport zu den Evaluatiounskriterien, esou wéi se vun dem Aarbechtsgrupp festgehale si ginn an an dem Reglement grand-ducal iwwerholl goufen.

- Hei as et aaneschters wéi bei Schoulen, ech bezeien mech hei op del PS Lycée, wou Schüler déi hiren Ofschloss hunn fortginn an deenen neien, déi ufänken, Plaaz maachen.

- eng Decharge, wann se bis voll ass bleiwt se och voll. Hei muss secher gestallt ginn, datt zum richtege Moment och an der Regioun, wou ët néideg ass, eng nei Decharge nees opgoe kann.

Fir nei Siten erauszesichen ass eng speziell Commissioun verantwortlech, déi iwwert de Plan directeur sectoriel geschafe gëtt. D'Methodologie, wéi dëss Siten erausgesicht ginn, ass detailléiert beschriwwen a baséiert sech op objective Kriterien. Doniewend ginn déi betraffe Gemenge an den Dezisiounsprozess matt agebonnen, esou datt niewend der Objektivitéit och d'Transparenz garantéiert gëtt.

- All dëss Punkte goufen an engem Document technique beschriwwen. Dest Dokument war och d’Basis vum Avant-projet vum groussherzogleche Reglement fir de Plan directeur sectoriel obligatoresch ze erklären.

Wéi ass d’Konsultatioun iwwert de Plan directeur sectoriel verlaf ?

- Entspriechend de Virgabe vum Gesetz iwwert den Aménagement du territoire ass de Projet am Februar 2004 un d’Gemenge fir Avis gescheckt ginn. Vun den deemools nach 118 Gemengen hun der 104 en Avis ofginn. Dobäi waren der 9, déi en negativen Avis ofginn hunn.

All déi aner waren matt dem Plang averstanen, selbstverständlech goufen vum Gros vun deene Gemengen Remarquen a Commentaire gemaach. Dei meescht Remarquen hun d’Vertriedung vun de Gemengen an der Commission de suivi betraff. Hei gouf kritiséiert, datt an der Commissioun nëmmen déi Gemenge sollte vertruede sinn, op denen hirem Terrain e potentielle Site fir eng Bauschuttdeponie läit.

Et ass secher nët méiglech all Gemeng un den allgemengen Aarbechte vun der Commissioun deelhuelen ze loossen. Well d’Bedenken vun de Gemenge awer berechtecht waren, ass elo virgesinn, datt an der Commissioun och e Vertrieder vum Syvicol ass.

Wat d’Prozedur ugeet, no där nei Site solle gesicht ginn, muss festgestallt ginn, datt se allgemeng gudd akzeptéiert ginn ass. Kritik gouf et haaptsächlech un der Taatsaach, datt d’Gemengen hei och nëmmen konsultativ vertruede sinn. Doniewend gëtt vun Eenzelne bemängelt, datt de Gemengen nëmmen 3 Méint fir en Avis zur Verfügung stoe sollen. Den definitiven Projet gesait d'Vertrieder vun de Gemengen als gläichberechtegt Partner ewéi all déi aner Memberen vun der Kommissioun un. Et ass allerdengs bäibehale ginn, datt den Avis vun der Gemeng innerhalb vun dräi Méint muss virleien. Dräi Méint sinn eng verstännech Zäit! Eng Verlängerung vun dem Délai géif déi ganz Prozedur onnéidech an d'Längt zéien.

E weidere Kritikpunkt, dee vu ville Gemengen opgeworf ginn ass, ass d'Tatsaach, datt op deene verschiddenen Déchargen verschidde Präisser gefrot ginn. Och gouf bemängelt, datt d'Gemenge selwer verschidden Taxen ophiewen.

Et duerf een nët vergiessen, datt sämtlech Bauschutttdeponien privat bedriwwe ginn, an datt dowéinst déi verschidden Exploitanten och verschidde Präisser froen. Déi Präisser si jo och ofhängeg vun der jeweileger Spezifizitéit vun deenen eenzelnen Siten.

D'Gemengentaxen falen ënnert de Beräich vun der Gemengenautonomie. All Gemeng ass fräi dat vun Taxen ze froen, wat si fir néideg oder fir richteg hält, och wann doduerch de Präiss vun der Entsuergung vum Bauschutt an d'Luucht gedriwwe gëtt an d'Bauen automatesch méi deier an déi öffentlech Finanzen méi staark bellaascht ginn.

Dëss Problemer sinn reell. Si kënnen awer nët am Kader vun engem Plan directeur sectoriel geléisst ginn deen dofir nët dat richtegt Instrument ass.

Schlussendlech ass ganz staark kritiséiert ginn, datt de Plang näischt iwwert d'Vermeidung an d’Verwertung ausseet. Dat ass richteg! Allerdengs duerf een nët vergiessen, datt dëse Plan sech matt den Deponie befaast. Eng vu senge legale Basen ass d'Gesetz iwwert den Aménagement du Territoire. Vermeidung a Verwertung vum Bauschutt hunn allerdengs näischt direkt matt dem Aménagement du Territoire ze dinn, sou datt dëss Aspekter do behandelt solle ginn, wou eis Gesetzgebung dat och virgesäit, an zwar an engem spezifesche Plan sectoriel deen sech op d'Offallgesetz baséiert.

- Wat Gemengen ugeet, déi sech géint de Plang ausgeschwaat hunn, ass festzestellen, datt et sech hei ausschliisslech ëm där handelt, déi direkt oder indirekt matt engem Projet vun enger Decharge befaast sinn a wou d'Argumentatioun sech och haaptsächlech op dëse Projet bezitt.

- Niewend de Gemengen, sin och esou wéi d’Gesetz dat virgesäit, den CSAT an de CIAT fir Avis gefrot ginn. Si hunn hir Stellungnahmen den 29. November 2004, respektiv den 29. Abrëll 2005 ofginn. An dësen Avisë goufe vill Remarquen déi vun de Gemenge scho gemaach goufen, nach eng Kéier opgegraff an ënnerstrach.

- Ech wëll op dëser Plaatz nach eng Kéier op dat Thema vun der regionaler Opdeelung agoen. Den CSAT huet a senger Stellungsnahm kritiséiert, datt de Plan directeur sectoriel vun de Bauschuttdeponien eng aner territorial Opdeelung virgesäit ewéi de Programme directeur. De CIAT allerdengs akzeptéiert a sengem Avis dëss Ennerschiddlechkeet. Senger Meenung no läit et an der Spezifizitéit vun dësem Plang an an der inherenter Dynamik vun den Déchargen, datt nei Siten nët no urbanen Unzéiungspunkten erausgesicht kënne ginn, mee mei matt de Kriterien vun dem Emweltzschutz, dem Schutz vun de Populatiounen an domatt verbonnen der Berücksichtegung vun dem Stroossereseau gesicht musse ginn. Den CIAT ass also der Meenung datt duurch e strikte Respekt vun der regionaler Opdeelung aus dem Programm directeur déi, duurch dëse Plan directeur sectoriel erwënschten Ziler nët erreecht kënne ginn. Hie proposéiert, datt dëss Problematik och dem Conseil de Coordination vum IVL ënnerbreet soll ginn.

- Aus all dëse Iwwerleeungen, ass den Text nach eng Kéier iwwerschaft ginn. Déi wesentlech Ännerungen sinn déi hei:

- de Plang kritt déi duebel legal Basis, an zwar d’Gesetz iwwert den Aménagement du Territoir an d’Offallgesetz;

- an der Commission de suivi sin d’Gemengen duurch de Syvicol vertrueden;

- bei den Aarbechten iwwert e bestëmmtene Site ass déi betraffe Gemeng un dësen Aarbechten als gläichberechtechte Partner bedeelegt, an nët méi nëmme matt enger Voix consultative;

- de Bauschutt soll nët méi obligatoresch op d’Decharge goe vun där Regioun an der och de Chantier läit, mee an déi Decharge, déi am nootste vum Chantier ass ; esou kann assuréiert ginn, datt den Transportwee ëmmer de kierzten ass, ganz noom iwergeuedneten Proximiteitsprinzip seou wei ech daat jo virdrun erklärt hun;

- d’Buergermeeschteren nennen an hire Baugenehmegung déi Décharge, déi am nootsten ass;

- Dëse modifizéierten Text gouf nach eng Kéier am Juni 2005 vun der Regierung approuvéiert an dem Staatsrot esou wéi de Chambre professionnelles fir Avis virgeluecht. Aus de Remarquen, déi do gemaach goufen sinn nach verschidden redaktionnell Adaptatioune gemaach ginn fir den Text ze kréien, deen Iech haut virläit.

Conclusioun

- De Plan directeur sectoriel iwwert Bauschuttdeponien ass en Instrument, dat ët eis ermöiglecht:

1. e bessere Suivi ze kréien, wéi d’Situatioun am Bauschutt ass, fir da matt dene richtegen Instrumenter zur richteger Zäit reagéieren ze kënnen;

2. eng kohärent Verdeelung vun de Bauschuttdeponien an engem Netz iwwert d’ganz Land secher ze stellen fir esou och onneidech laang Transportweer ze vermeiden;

3. eng objektiv an transparent Prozedur ëmzesetzen, fir nei Decharge ze fannen.

- Matt dësem Plang misst ët och méiglech sinn, fir definitiv de Problem vun den mangelnden Deponiekapazitéiten fir Bauschutt ze léisen.

Dernière mise à jour