Exposé du ministre du Trésor et du Budget Luc Frieden sur le projet de loi concernant le budget des recettes et des dépenses de l'État pour 2006 (Chambre des députés)

Här President, Dir Dammen an Dir Hären Deputéierten, d’Finanz- a Budgetspolitik ass d’Grondlag vu bal alle Politikberäicher, besonnesch awer vun der Wirtschafts- a Sozialpolitik. Gesond Statsfinanze sinn d’Fundament vun engem Land, wou et attraktiv ass fir Betriber Aarbechtsplazen ze schafen a fir d’Leit ze wunnen an ze liewen. Duerfir hu mir och eng grouss Responsabilitéit fir d’Gesondheet vun deene Statsfinanzen ze erhalen. Dat ass eng Responsabilitéit fir d’Regierung a fir de Budgetsminister. Dat ass och eng Responsabilitéit fir d’Chamber. Mä et ass och eng Responsabilitéit fir d’Leit alleguerten, well de Budget an d’Statsfinanze sinn net de Besëtz vun engem Minister oder vun enger Regierung; si ginn eis alleguerten eppes un.

De Budget 2006 ass e responsabele Budget, deen éischtens d’Ekonomie ënnerstëtzt andeem en héich Investitiounsausgabe virgesäit. Et ass zweetens e Budget, deen d’Sozialpolitik staark weiderféiert. Et ass e Budget, deen drëttens nei Politikfelder an d’Grondaufgabe vum Stat begleet, an et ass och e Budget, deen d’europäesch Stabilitéitskritäre voll a ganz respektéiert.

Dat sinn am Fong schonn déi véier Haaptgrënn, fir dësem Budget seng Zoustëmmung ze ginn. Ech si frou ze gesinn, datt d’Finanz- a Budgetskommissioun vun dëser Chamber déi Analys an déi dote Grënn, fir hir Zoustëmmung zum Budget ze ginn, deelt.

Duerfir géing ech och gären ausdrécklech dem Rapporteur vun der Finanz- a Budgetskommissioun, dem honorabelen Här Roger Negri, zu dësem Projet de loi villmools Merci soe fir déi Konklusiounen, déi en duerch déi Analys vum Statsbudget gëschter an där Ried hei, gradesou wéi a sengem schrëftleche Rapport, gezunn huet.

Ech deele vill vun de Suggestiounen, déi d’Finanz- a Budgetskommissioun an den honorabelen Här Negri gemaach hunn. Reflexiounen och iwwert d’Budgetsprozedur, déi ee selbstverständlech an deenen nächste Méint muss verdéiwen, och wann ech der Meenung sinn, datt ee muss op d’Erfahrungen notamment vu Frankräich waarden, éier ee kann definitiv Konklusiounen iwwer eng nei Budgetsprozedur zéien.

Ech sot, et ass e responsabele Budget. Zugläich weist dëse Budget awer an enger pluriannueller an europäescher Analys Limiten op. Mir hunn e strukturellen Defizit um Niveau vum Stat, deen eis mëttelfristeg grouss Schwieregkeete mécht, wann eis Reserven - Reserven, dat ass dat aus deene gudde Joren ugespuertent, op d’Säit geluechtent Geld - eis et net méi erlaben deen Defizit, wéi an deene leschte Joren, ofzedecken. Or, et gehéiert zu eisem Verständnis vun der Finanzpolitik, fir dës esou ze gestalten, fir datt mer haut och d’Grondlag schafe fir muer en agréabelt, geregelt Zesummeliewen an enger fräier a sécherer Gesellschaft ze assuréieren, wou wirtschaftleche Wuelstand geschafe gëtt an eng gewësse sozial Gerechtegkeet garantéiert gëtt.

Dëst Zil hu mer erreecht opgrond vun der Finanzpolitik vun de leschte Joren an och duerch de Budget fir d’Joer 2006. Mä eng responsabel Politik verlaangt an eisen Aen, datt een dauerhaft, a sécher iwwert déi nächst 15 Joer, versicht dës Ziler ze erreechen. An dozou ass d’Gesondheet vun de Statsfinanzen e Schlësselelement, esou wéi och de Budget, dee fir d’Joer 2006, de Motor ass, deen eis zu den Ziler vun där virgenanntener Politik féiert.

Eis Statsfinanze sinn haut nach gesond wéinst de Reserven an der Statsschold. Si si muer a virun allem iwwermuer krank, wa mer haut keng preventiv Moossnamen an d’Weeër leeden, déi déi strukturell Problemer aus dem Wee schafen.

Wou sti mer dann? Ech géing gären haut d’Analys virun allem op zwee Punkte konzentréieren. Éischtens, d’Statsfinanzen an der Perspektiv 2006, souwuel national wéi europäesch, mä och mat hiren Elementer Statsschold a Reserve beliichten. Zweetens, eng Rei Remarquë maachen iwwert d’Erausfuerderungen, déi mer hunn, fir déi nächst Joren am Kontext vum europäesche Stabilitéitsprogramm an och vun de Reformpisten, déi mer opgezeechent hunn an nach wëlle verdéiwen.

De Budget 2006 - an de Rapporteur vun dësem Haus huet et gëschter gesot - baséiert op engem staarke Wirtschaftswuesstum am europäesche Verglach. Mä mir hunn och an deem Budget mat enger héijer Inflatioun ze kämpfen. No der OCDE an och de Previsioune vun der Europäescher Kommissioun, kënne mer anscheinend d’nächst Joer vun engem Wirtschaftswuesstum vu 4,4% ausgoen. 4,4%, dat ass méi wéi d’Duebelt vun der Moyenne vun der Eurozon, wou 1,9% virgesi gëtt. Et ass méi wéi Frankräich, wou d’Europäesch Kommissioun mengt de Wuesstum géing bei 1,8% leien, an et ass méi wéi Däitschland: 1,2%.

Ech wëll iwwregens soen, datt mir de Budget vum Joer 2006 net op där optimisteschster Prognos opgebaut hunn, mä datt eis Wirtschaftsperspektiv fir d’nächst Joer déi vum Statec war, vun 3,8%, déi mer am Oktober beim Budgetsdépôt kannt hunn. Mä och dat ass e staarke Wirtschaftswuesstum.

Mir hunn awer zugläich och fir d’nächst Joer eng ganz héich Inflatioun. D’Inflatioun fir d’nächst Joer, esou gëtt eis virausgesot, géing tëschent 4 a 4,5% leien. Erëm eng Kéier als Rappel, d’Moyenne an der Eurozon ass d’Halschent: 2,2%. Mir hunn also e seriöe Problem, wou mer eng méi déif gräifend Ursaachenanalys musse maachen. Mir musse Léisungen, ech menge virun allem och an der Tripartite mat alle Sozialpartner, fir dës Fro fannen.

Wann ech eisen nominale PIB duerfir kucken - den nominale Wuesstum vun der Ekonomie, PIB réel an d’Inflatioun -, da komme mer d’nächst Joer no der OCDE an der Europäescher Kommissioun op 6,9%. Wann ech dat mëttelfristeg kucken, iwwer fënnef Joer, esou wéi mer de mëttelfristege Wuesstum vun eiser Wirtschaft rechnen, dann hu mer an der Zäitspan 2004/2008 e mëttelfristege Wirtschaftswuesstum vu méi oder wéineger 7%. Dat ass staark. Et ass un deem, wou mer eis sollen orientéieren, wa mer d’Finanz- a Budgetspolitik maachen.

Wa mer dëse Budget 2006 an enger nationaler Presentatioun kucken - also no eisem nationale Kontabilitéitsgesetz -, wou mer d’Dépense vun den Investitiounsfongen net mat arechnen, well se zum Deel vu Reserve finanzéiert ginn, wou mer awer d’Dotatioune matrechnen, déi mer aus dem jährleche Budget un déi Fonge maachen, da komme mer op e Gesamt-Dépensë-Budget vu 7,62 Milliarden, géigeniwwer engem Gesamt-Recettë-Budget vu 7,32 Milliarden. Dat mécht ënnert dem Stréch en Defizit vun 300 Milliounen - Defizit, no eiser nationaler Presentatioun -, deen et ze finanzéiere gëtt via d’Budgetsreserv an en Emprunt.

Déi Chiffere muss een natierlech hannerfroen. Wann ech d’Recetten an deem Budget vun 2006 kucken, da gesäit een, datt déi relativ staark ëm 6,2% wuessen. All grouss Steierkategorië si stabel oder weisen eng liicht Croissance op am Budget 2006 par rapport zum Budget, deen Dir fir d’Joer 2005 gestëmmt hutt. Datselwecht gëllt, wann ech haut, uganks Dezember, déi estiméiert Steierrecettë fir 2005 kucken. Och da stellen ech fest, mat enger Ausnahm, datt mer bei alle Steierkategorië Stabilitéit, voire eng liicht Croissance ze verzeechnen hunn.

Déi eenzeg Ausnahm betrëfft d’TVA, wou mer fir d’nächst Joer am Budget 1,35 Milliarden agesat hu par rapport zum Budget vum leschte Joer, wou mer 1,58 Milliarden agesat haten. Mir mengen, datt op Grond vun de Chifferen, wéi mer se haut kennen, eng 400 bis 500 Milliounen TVA dëst Joer manner erakommen, wéi mer dat am Budget voté d’lescht Joer gemellt hunn.

Duerfir gëtt et eng Rei Ursaachen. Sécherlech ass déi Lëscht net exhaustiv. Et gëtt jo am Joer 2005 en exceptionnel héije Remboursement, dee gemaach ginn ass, dee mir an der Opstellung vum Budget 2005 net berücksichtegt haten.

Zweetens muss ech hei soen, datt ech mech an der Aschätzung vun der TVA fir d’Joer 2005 no uewe verschat hat. Et ass mer oft an deene leschte Jore reprochéiert ginn, datt ech d’Recettë géing ze niddreg asetzen. D'TVA vum Joer 2005 hat ech, op Grond vun der Evolutioun vun der TVA aus deene puer Joer virdrun, ze héich agesat.

An da gëtt et sécherlech och dodranner Elementer vun internationalem TVA-Bedruch, déi et selbstverständlech ze bekämpfe gëllt, dat, wat heiansdo ënnert deem Term "fraude carrousel" behandelt gëtt.

Zu dësem leschte Punkt géing ech gären e puer Observatioune maachen. D’Bekämpfung vun dësem internationalen TVA-Bedruch ass enorm schwiereg, well e ganz vill international Ramificatiounen huet. Mir studéieren duerfir och zesumme mat eisen Noperen am Ausland eng Verbesserung vum System, zum Beispill dee sou genannten "reverse charge model", deen am Ausland fir de Moment och gepréift gëtt.

Mir mengen, datt mer hei eng méi enk Kooperatioun tëschent Justiz, Verwaltung a Polizei mussen erbäischafen, fir ze kucken, wéi mer dësem internationalen TVA-Bedruch besser kënnen hannendrukommen. Dat geet, wéi gesot, nëmmen an internationaler Kooperatioun.

An et ass och ganz kloer, datt déi nei Equipen, déi am Laf vum Joer 2006 d’Leedung vun den zwou Steierverwaltungen iwwerhuelen, der Regierung mussen en iwwerschafften Aktiounsplang virleeën, fir dëser Problematik kënne besser entgéintzetrieden, op Grond vun de Viraarbechten, déi geleescht gi sinn, an och op Grond vun den Erfahrunge vun de respektive Services antifraude vun de Verwaltungen. Hei muss och gekuckt ginn, wéi dëst duerch eventuell Ëmstrukturéierung beim bestehende Personal kann erreecht ginn.

Ech wëll hei zur Informatioun soen, datt selbstverständlech fir dës Aktivitéiten zousätzlecht Personal kann noutwendeg sinn, mä datt een zugläich muss wëssen, datt déi dräi Steierverwaltungen, dat heescht déi direkt Steierverwaltung, den Enregistrement an d’Douane, am Joer 2006 1.320 Mataarbechter hunn. An der Zäitspan 1999 bis 2006 huet de Finanzminister sech duerfir agesat, datt déi dräi Finanzverwaltungen zesummen 166 Leit bäikritt hunn, fir där wuessender Aarbecht an och där Problematik do besser bäizekommen. Och ass duerfir d’Prime fiscale agefouert ginn, fir d’Importenz vun där Aarbecht ervirzehiewen an och d’Fidélisatioun vun deene Statsbeamte bei där do Verwaltung ze erreechen.

Schliesslech géing ech gären zu dëser Problematik soen, datt et falsch ass, wann ee mengt mam Problem vun der Bekämpfung vum TVA-Bedruch - esou noutwendeg se och ass - och domadder eise Budgetsproblem geléist ze hunn. En ass een Element vu villen an onofhängeg vun der Budgetssituatioun muss dës Problematik verstäerkt ugepaakt ginn. Eise Problem ass den Déséquiliber tëschent Dépensen a Recettë pro Joer - ech kommen dorop zréck.

Déi generell Fro, wann een d’Recettë kuckt, ass natierlech och déi, ob eis Steierlandschaft déi richteg ass, ob een net soll, wéi an Däitschland, d’TVA erhéijen, ob een net soll d’Kierperschaftssteier, déi d’Betriber bezuelen, eropsetzen, ob een d’Gehältersteier um aktuellen Niveau soll loossen, béid lescht Kategorien, déi mer viru Joren erofgesat hunn.

D’Regierung beäntwert dës Froe mat engem kloren Neen. Mir sinn der Meenung, datt dat schlecht wier fir de Konsum. Et wier schlecht fir d’Investitiounen, an et wier schlecht fir d’Kompetitivitéit vun de Betriber.

Trotzdeem sief zur TVA, wou mer déi niddregst an Europa hunn, d’Remarque erlaabt, datt, wann et stëmmt, wat de Statec seet, nämlech datt sech en Deel vum Konsum verlagert an d’Nopeschregiounen an d’Ausland, ee sech dann d’Fro muss stellen, firwat dat esou ass, well do d'TVA bekanntermoosse vill méi héich wéi zu Lëtzebuerg ass.

Mir brauchen also duerfir eng Diskussioun an der Tripartite iwwert d’Inflatioun. Ech mengen, datt mer e Pakt brauche mat de Betriber iwwert d’Präisentwécklung zu Lëtzebuerg, well et ass d’Präisentwécklung, déi zum Deel dëst ënnerschiddlecht Konsumverhale par rapport zu de leschte Jore mat sech zitt.

D’Steierpolitik ännert sech 2006 an de Kategorië Gehältersteier, TVA a Kierperschaftssteier, déi groussen Einnahme vum Stat, net, well mer wëllen de Konsum an d’Investitiounen net bremsen, mä encouragéieren.

Wat d’Dépensen ubelaangt, esou klammen déi staark am Budget 2006, ëm 8,8%. Am nationale Budget klamme se ëm 8,8%, dat heescht ouni d’Dépensë vun de Fongen, mä mat den Dotatiounen un d’Fongen. Déi 8,8%, déi an der Diskussioun sinn, hunn eng ganz kloer Ursaach. Fir d’éischt emol ass d’Dotatioun vum Stat un d’Sécurité sociale, dat heescht d’Krankekeesen, d’Pensiounskeesen, d’Fleegeversécherung, vun engem Joer op dat anert ëm 11,5% geklommen. Mir bezuelen an déi Keesen: Krankekeesen, Pensiounskeesen a Fleegeversécherung am nächste Joer 1,73 Milliarden Euro.

Mir hunn d’Dotatioun un de Beschäftegungsfong ëm 10% gehéicht, well e méi Ausgaben huet wéi an der Vergaangenheet. Mir hunn och d’Dotatiounen un d’Investitiounsfongen, déi Investitiounsfongen, mat deenen eis Bauprojete getätegt ginn, ëm 20% gehéicht, well mer wëllen, datt an deenen nächste Joren déi Investitioune kënne finanzéiert ginn.

Dat zesumme bréngt et mat sech, datt mer eng héich Augmentatioun vun den Dépensë vum nationale Budget hunn. A mer hunn zugläich, an ech wëll dat extra ënnersträichen, déi normal Fonctionnementskäschte vum Stat ëm 6,7% gekierzt. De Stat gëtt fir seng courant Ausgaben d’nächst Joer manner aus wéi am Laf vum Joer 2005.

Déi staark Croissance vun den Dépensen huet also virun allem dräi Grënn: déi exceptionnel héich Fiscalisatioun vun eiser Sécurité sociale, e wuessende Chômage - eleng d’Indemnisatioun u voll indemniséiert Chômeure kascht de Fonds pour l’Emploi d’nächst Joer 140 Milliounen Euro - an de Wëllen d’Investitiounsausgaben héich ze halen an och finanzéierbar fir déi nächst Joren.

Déi Dépensen, déi mer mat deem Budget d’nächst Joer privilegéiert hunn, hunn eng kloer Prioritéitestellung. Véier Prioritéite kann een dorauser liesen. Éischtens hu mer déi Dépensen privilegéiert, déi d’Zukunft vum Land preparéieren; zweetens déi Dépensen, déi d’Liewensqualitéit vun de Familljen hei am Land verbesseren; drëttens déi Dépensen, déi d’Grondaufgabe vum Stat erfëllen, a véiertens och déi Dépensen, déi eis Betriber ënnerstëtzen.

Erlaabt mer hei e puer Beispiller ze ginn, fir dat ze illustréieren. D’Dépensen un d’öffentlech Fuerschung, eng Zukunftspolitik, klammen ëm 21% d’nächst Joer. D’Dépensë fir d’Wunnengsbaupolitik klammen d’nächst Joer ëm 15%. D’Fonctionnementskäschte vum öffentlechen Transport klammen ëm 30%. Mir ginn 58 Milliounen Euro aus fir Kannerbetreiungsstrukturen. Mir gi 26% méi aus, fir alles dat, wat mer ënnert dem Begrëff eLëtzebuerg verstinn, ze finanzéieren. A mir ginn 88 Milliounen aus fir direkt an indirekt Hëllefen un d’Betriber.

Dat ass alles Zukunftspolitik. Domadder gestalte mer eist Land esou, wéi mer et gären an deem nächste Joer an doriwwer eraus hätten. An d’Betriber, an domadder och d’Aarbechtsplaze ginn natierlech och ënnerstëtzt duerch déi extrem héich Investitiounspolitik, déi mer 2006 wëlle viruféieren. Dat ass wichteg fir d’Betriber an dat ass och wichteg fir d’Liewensqualitéit hei am Land, doduerch datt nei Infrastrukturen entstinn.

Am Joer 2006 gëtt de Lëtzebuerger Stat 770 Milliounen Euro aus fir Investitiounen ze tätegen, souwuel iwwert de Budget wéi duerch d’Fongen. Dat ass eng Croissance vu 27% an dat stellt 2,7% vum Bruttoinlandsprodukt duer. Déi Investitiounspolitik ass eng Politik, déi d’Zukunft vun eisem Land preparéiert.

Wann ech Iech soen, datt mer 100 Milliounen ausginn, fir Schoulen ze bauen, datt mer 126 Milliounen ausgi fir den neie Flughafen, 243 Millioune fir eist Schinnennetz, 120 Millioune fir eis Spideeler, 115 Millioune fir eis Altersheimer - an ech kënnt déi Lëscht weiderféieren -, da gesäit een, datt am Joer 2006 déi Dépensen - well dat si just déi vum Joer 2006 - extrem noutwendeg sinn a gewollt si vun der Politik, fir eng Rei fundamental Besoinen, esou wéi mir se gesinn, an eiser Gesellschaft ze bedéngen.

An trotzdeem hu mer gespuert! Et gëtt nach vill méi Besoinen, mä mir wollten net all déi Investitiounsausgaben tätegen, déi mer herno net finanzéiert kritt hätten. Duerfir hu mer am Investitiounsberäich direkt oder indirekt Investitiounen zréckgesat. Net een, net zwee, mä ganz vill Projeten a ville Beräicher. Duerch dat Zrécksetze vun enger ganzer Rei vu Bauprojeten an deenen nächsten zwee Joer gi mer eleng 55 Milliounen Euro manner aus, an iwwer dräi Joer gekuckt gi mer duerfir un Investitiounsdépensen 150 Milliounen Euro manner aus, duerch dat Reportéiere vun enger Rei Projeten am direkten an indirekten Investitiounsberäich.

Et ass falsch ze soen: Mir stoppen d’Investitioun. Mir hale se op engem héijen Niveau, deen Niveau geet souguer nach erop d’nächst Joer, mä mir maachen net alles, mir kënnen net alles maachen. Dat wat mer awer maachen, dat kënne mer zum groussen Deel iwwert déi Reserve finanzéieren, déi mer an de leschte fënnef, sechs, siwe Joer op d’Säit geluecht hunn, mä dës Investitiounsausgabe fannen, ouni Berécksichtegung vun de Reserven, en direkten Nidderschlag an der Berechnung vun eisem Budget no europäesche Kritären.

Duerfir muss ee selbstverständlech, haut méi wéi jee, eise Budget, fir e genee ze kucken, net nëmmen no där nationaler Presentatioun kucken, wéi ech dat elo grad gemaach hunn, mä verstäerkt och no deenen europäesche Berechnungsmodussen, de sou genanntene Maastricht-Kritären oder de Stabilitéitspakt-Kritären. Wa mer nämlech do fir d’nächst Joer eis Recettë par rapport zu den Dépensë kucken, da gesi mer, datt de Stat 2006 en Defizit - an och dat ass gëschter hei mentionnéiert ginn - vun 1,2 Milliarden Euro huet.

Am europäesche Verglach muss ee selbstverständlech d’ganz öffentlech Hand kucken, net nëmmen de Stat, wou d’Chamber an d’Regierung direkt zoustänneg sinn, mä d’gesamt öffentlech Hand, dat wat europäesch d’Administration générale genannt gëtt, wou och d’Gemengen an d’Sozialversécherung dra berücksichtegt ginn. Dann hu mer d’nächst Joer en Defizit vu 530 Milliounen Euro oder minus 1,8% vun eisem Bruttoinlandsprodukt. Mir hunn also och en Defizit d’nächst Joer, a méi e staarken, nom europäesche Berechnungsmodus.

Mat anere Wierder: Wann an zwee, dräi Joer eis Reserven opgebraucht sinn, mat deene mer haut, wéi gesot, en Deel vun deem Defizit kënne finanzéieren, da feelen eis jährlech, no onverännerter Politik, 1,2 Milliarden, an doriwwer musse mer schwätzen.

D’Sécurité sociale huet en Iwwerschoss vun 2% vum PIB, mä et dierf een net hei aus den Ae verléieren, datt deen Iwwerschoss largement duerch den Transfert kënnt, dee mer aus dem nationale Budget un d’Sozialversécherunge maachen, a wann ech virdrun erkläert hunn, datt eisen nationale Budget ëm 8,8% klëmmt, datt doranner d'Dépensen an d’Dotatiounen un d’Sozialversécherungen ëm 11,5% geklomme sinn, dann erkläert dat och deen Iwwerschoss vun de Sozialversécherungen.

Mä europäesch gekuckt musse mer dat selbstverständlech alles zesumme kucken.

Mir hunn en Defizit um Niveau vum Stat zënter 2002. A mir hunn och d’lescht an d’virlescht Joer bei de Budgetsdebatten iwwert deen Defizit um Niveau vum Stat geschwat. Am Stabilitéitspakt, am Stabilitéitsprogramm, dee mer regelméisseg aktualiséieren, an deen och ëmmer erëm an d’Chamber geschéckt gëtt an op Internet publizéiert gëtt, hu mer deen Defizit fir déi Jore virausgesot a berechent, a mir hunn drop higewisen, datt mer mëttelfristeg strukturell Problemer hunn.

Duerfir stellt sech d’Fro: Wéi kann een aspueren? Aspueren 2006 oder aspueren duerno? Zum Budget 2006 géing ech Iech wëlle rappeléieren - an d’Kolleegen an der Regierung wëssen dat -, datt mer dee Budget extrem strikt opgestallt hunn, a mir wäerten dee Budget och mat gréisster Rigueur ausféieren. Mir hunn e strikt opgestallt. D’Propositiounen, déi d’Regierung virgeluecht kritt huet, déi de Budgetsminister an éischter Phas virgeluecht kritt huet, déi waren iwwer 18%, a villes vun deem, wat gefrot ginn ass vun de Kolleegen an der Regierung, war néideg an noutwendeg. Mir hunn awer als Regierung gemeinsam eis herno op 8,8% fixéiert.

Mir hunn e strikt opgestallt, mä mir wollten eng Dotatioun un d’Fonge maachen, déi substanziell wier. Ech rappeléiere wat ech virun zwou Minutte gesot hunn, datt d’Dotatioun un d’Fongen ëm 20% am Budget 2006 klëmmt. Déi klëmmt ëm méi wéi 70 Milliounen Euro, wat 1% Croissance vum Budget ass. Hätte mer also, wat mer hätte kënne maachen wéint eise Reserven, d’Dotatiounen un d’Fonge manner héich gemaach, da wier och eise Budget vill manner héich geklommen.

Mir wollten dat net maachen. Mir wollten dat net maachen, well dat wier schlecht fir d’mëttelfristeg Finanzéierung vun den Investitiounsausgaben, et wier schlecht fir d’Lëtzebuerger Betriber, déi net sécher wieren, datt déi Investitiounsausgabe géinge bezuelt ginn. A mir wollten näischt maachen, wat d’Lëtzebuerger Wirtschaft an dësem Moment géing zousätzlech bremsen.

Zweetens si mer selbstverständlech gebonnen u Gesetzer, wa mer de Budget opstellen, an drëttens wollte mer en ausgeglachene Pak vu Moossname proposéieren, dee vill noutwendeg Politikberäicher ofdeckt.

Mir wëllen och net, net haut, net muer an net iwwermuer, an der Hektik an ouni all d’Konsequenzen ze iwwerleeën, hei oder do Spuermoossname proposéieren, mä déi mussen ëmmer an engem Pak iwwerluecht ginn, gekuckt ginn, wat d’Konsequenzen op d’Wirtschaft sinn, wat d’Konsequenzen op de sozialen Equiliber sinn.

Ech rappeléieren awer, datt mer trotz all deem och bei den Investitiounen am nächsten an iwwernächste Joer scho massiv agespuert hu bei héijen Investitiounsausgaben.

Wa mer e strikt opgestallt hunn, da bleift et, datt mer selbstverständlech awer och an der Exekutioun wäerten extrem strikt sinn. Do si mer op enger Linn mat der Finanz- a Budgetskommissioun vun dësem Haus. Ech wëll hei d’Chamber driwwer informéieren, datt déi strikt Exekutioun och eis Ligne de conduite an deene leschte Jore war.

2003 si mer dovun ausgaangen, wéi mer de Budget presentéiert hunn, datt mer um Niveau vum Stat en Defizit géinge kréie vu minus 2% vum PIB. Dovunner si mer ausgaangen. Dat hu mer der Chamber matgedeelt. Resultat war, datt mer no europäeschem Berechnungsmodus en Defizit herno hate vu minus 1,7%.

Datselwecht ass 2004 geschitt. Mir hunn der Chamber matgedeelt, datt mer géingen ausgoe vun engem Budgetsdefizit um Niveau vum Stat vu minus 3% vum PIB. Duerch eng strikt Exekutioun hu mer nëmme minus 2,7% Defizit gehat. Dat ass vill, mä mir hu manner Defizit gemaach wéi dat wat mer gesot hunn, duerch eng strikt Exekutioun.

2005 hoffen ech, datt eis datselwecht geléngt. Mir hu virun enger Zäit op Bréissel fir dëst Joer no den deemolege Berechnungen en Defizit vu minus 2,3% vum PIB gemellt. Ech hoffen, datt et manner gëtt duerch konsequent Aspueren, a mir wäerten alles maachen - all d’Ministeren -, fir ënner 2% Defizit am lafende Joer ze bleiwen.

Deene Leit, deenen d’Aspuerungen elo 2006 net wäit genuch ginn, soen ech: D’Engagement vun der Regierung ass ganz kloer, mir wäerten eng rigouréis Exekutioun vum Budget maachen, esou wéi déi Jore virdrun, wa méiglech nach méi streng. Mir fillen eis ënnerstëtzt duerch de Rapport vun der Finanz- a Budgetskommissioun, an hoffen och opgrond vun deem staarke Message vun der Finanz- a Budgetskommissioun, datt do wou Aspuerunge Gesetzesännerunge mat sech zéien, wou déi noutwendeg sinn, datt d’Chamber deenen och schonn 2006 gréng Luucht gëtt, fir datt se och 2006 budgetswierksam Reduktioune kënne mat sech zéien.

Gradesou kloer soen ech deenen, déi d’Fro stellen, wat da vum Budget vun 2006 exekutéiert gëtt, datt aus evidenten Zäitgrënn - ech erënneren un eis Gesetzesprozedur, un eis Dialogbereetschaft a well mer d’Ekonomie net wëllen irresponsabel bremsen - am Joer 2006 keng fundamental Ännerungen an der Exekutioun vum Budget 2006, par rapport zu deem, wat d’Chamber d’nächst Woch zur Ofstëmmung huet, virkommen.

De Budget 2006 ass e responsabele Budget. Et ass e Budget, deen d’Grondaufgabe vum Stat an eis politesch Prioritéiten ofdeckt. Et ass e Budget, deen d’Ekonomie, eis Betriber, eis Aarbechtsplaze bewosst staark ënnerstëtzt. An et ass e Budget - an dat ass net onwichteg -, dee voll a ganz de Stabilitéitspakt respektéiert. Duerfir froe mer ëm d’Zoustëmmung zu dësem Budget vum Parlament.

Mä zu der Gesondheet vun de Statsfinanze kann ee selbstverständlech net nëmmen de Budget 2006 kucken. Et muss een och déi aner Elementer vun de Statsfinanze kucken, notamment d’Statsschold an d’Reserven.

Eis Nettostatsschold beleeft sech Enn dëst Joer - dëse Mount - op 180 Milliounen Euro. Dat sinn nëmmen 0,7% vum PIB. Dat ass, Här President, historesch an europawäit eemoleg niddereg. Vun 1998 u bis haut, hunn ech als Tresorminister net een eenzegen Emprunt gemaach, well ech wollt eng Marge hale fir d’Zukunft. Eng Marge, déi eis elo zegutt kënnt, fir elo kënne léinen ze goen, fir Investitiounsausgaben ze finanzéieren. Mir hu keng Empruntë gemaach, trotz Autorisatioune vun der Chamber. Dat zum Beweis vun der Rigueur an der Ausféierung vun deem, wat d’Chamber eis erlaabt.

Vun 1998 bis 2005 ass keen Emprunt opgeholl ginn. Wann ech d’Kritäre vu Maastricht kucken an d’Berechnung vun der Schold, da kann een net nëmmen de Stat selwer kucken, mä et muss ee selbstverständlech och d’Gemengen an déi indirekt Finanzéierungen, wéi de Fong Belval, de Flughafen, d’Loi de garantie an anerer, mat arechnen. Wann ech dat alles zesumme kucken, da kënnt eis öffentlech Schold op plus ou moins 6% vum PIB. Och dat ass wäit ënnert deene 60% vum Bruttoinlandsprodukt, déi no europäesche Regelen erlaabt sinn.

Fir d’nächst Joer freet d’Regierung d’Chamber d’Autorisatioun, fir, wann noutwendeg, 500 Milliounen Euro léinen ze goen. Da kéime mer op eng Gesamtverscholdung vun der öffentlecher Hand vun 9,6% vum PIB. Ech wëll zu deene 500 Millioune soen, datt dat manner ass, wéi eis gesamt Investitiounsausgabe vum nächste Joer. Wann ech an d’Nopeschlänner kucken, finanzéieren déi sämtlech Investitiounsausgaben iwwer Emprunt. Mir maachen deen Emprunt héchstwahrscheinlech, obschonn datt d’Reserven eis géingen erlaben - och elo nach - eis Investitiounsausgaben iwwer si ze tätegen. Ech hätt just gären, datt wann een d’Finanzsituatioun vun 2006 kuckt, datt een d’Gesamtbild kuckt.

Mir hunn also kee Problem, fir Schold ze maachen. Zugläich soen ech awer, datt dat net dierf eng Solution de facilité sinn, well mer wëllen net an eng Verscholdungsspiral kommen, wou mer all Joer misste massiv Schold ophuele goen. Dat wier geféierlech, besonnesch dann, wann eis Reserven emol net méi do wieren.

Eis Reserve leien Enn 2005 - also elo - bei ronn 1,5 Milliarden Euro. Dat ass am Verglach mat 1999 méi. 1999 hate mer 1,3 Milliarde Reserven. Mir hunn haut 1,5 Milliarde Reserven, woubäi dat net heescht, datt dat fräi verfügbar Sue sinn. Dat sinn déi Suen, déi mer och op d’Säit geluecht hunn, d’Avoire vun de Fongen, fir déi Investitiounsausgaben ze tätegen, déi mer heibannen décidéiert hunn, oder déi mer an der Planung hunn. Déi 1,5 Milliarden Avoire vun de Fonge ginn duer, fir zweemol eis Joresinvestitiounsausgaben ze tätegen. Ech rappeléieren, wat ech virdru schonn zweemol gesot hunn, datt déi d’nächst Joer bei 750 Millioune leien.

Mir hunn also eng Finanzpolitik gemaach, déi d’Zukunft preparéiert. Mir hunn net direkt d'Suen ausginn, wa se erakomm sinn. Mir hunn dat gemaach, wat ee soll maachen, wann ee verantwortungsvoll mat de Statssue wëllt ëmgoen. Mä déi Reserve ginn net am Calcul vum Defizit no Maastricht berücksichtegt. Duerfir muss een déi ëmmer an enger Catégorie à part a sengem Kapp féieren.

An et ass duerch d’Reserven an duerch déi niddereg Statsschold zesumme mat eisem Budget vun 2006, wou ee ka soen, datt mer als Resultat vun eiser Finanzpolitik haut nach gesond Statsfinanzen hunn. Mä mir hunn e strukturelle Problem, well mer pro Joer méi ausgi wéi mer erakréien, gerechent no den europäesche Kritären; akzeptabel an de leschte Joren, well mer et konnte mat Reserve finanzéieren; inakzeptabel fir d’Zukunft, wa mer näischt ënnerhuelen.

An dat bréngt mech zu de groussen Erausfuerderunge fir déi nächst Joren. Erausfuerderungen, déi zum Zil hunn, gesond Statsfinanzen ze erhalen. Wat sinn dann do eis Problemer mëttelfristeg an der Finanz- a Budgetspolitik? Problemer, déi iwwregens, wann ech verschidde Saache liesen an héieren, net jiddferee wëllt gesinn.

Ech gesinn der virun allem véier Stéck. Éischtens, eis Dépensë si méi héich wéi eis Recetten an de mëttelfristege Wuesstum vun eiser Wirtschaft. Zweetens, de Wuesstum vun den Dépensë gëtt ze vill gesteiert vun Automatismen. Drëttens, mir mussen an deenen nächste Joren eng Rei nei Dépensen tätegen, déi fir d’Zukunft vun eisem Land wichteg sinn. A véiertens, mir hunn eis europäesch, an der Eurozon, zu engem Stabilitéitspakt verflicht, deen et ze respektéiere gëtt, an dat verlaangt, vu eisen aktuellen Defizit, Aspuerungen.

Dës véier Punkte muss ee selbstverständlech an enger Kombinatioun gesinn. Et kann ee sech net een erauspicken. Et ass d’Zesummespill vun deene véier Problemer, déi mer mussen ugoen, an déi sinn enorm komplizéiert. Mä déi véier Punkte muss ee sech awer virun Aen halen. Duerfir verstinn ech net, datt Eenzelner soen: Et ass jo kee Problem do. D’Regierung, de Statsminister, de Budgetsminister, déi schafe just hei e Problem, aus welleche Grënn och ëmmer. Mir hunn déi do véier Problemer an der Erausfuerderung vun der Zukunft unzegoen.

An erlaabt mer duerfir dës Défien ze beschreiwen, datt och jiddferee versteet, wourëms et dann do geet. Nach eng Kéier:

Éischtens, de Rappel vun 2006. De Stat gëtt 2006 1,2 Milliarde méi aus wéi en an deemselwechte Joer erakritt: 530 Milliounen, wa mer d’gesamt öffentlech Hand kucken, also och d’Gemengen an d’Sécurité sociale.

Zweetens, wat seet dann dee Stabilitéitspakt an dee Stabilitéitsprogramm, wat net iergendeen theoretescht Dokument ass, mä wat soll zum Zil hunn, datt mer eng gemeinsam Budgetspolitik an där Zon hunn, wou mer déi gemeinsam Währung hunn - wat e wesentlecht Element vu Stabilitéit ass.

Dee Programm gesäit vir, datt mir all Joer eisen Defizit ëm 0,5% vum PIB kierze mussen. D’Differenz tëschent de Recetten an den Dépensë muss ëm en hallwe Prozent vum PIB, dat si fir de Moment 150 Milliounen Euro, oder 6 Milliarde Lëtzebuerger Frang, méi kleng gemaach ginn, fir 2008 dann - bis dohinner leeft eise Stabilitéitsprogramm - op minus 0,2% vum PIB ze kommen. Da si mer plus ou moins erëm gläich, Recetten an Dépensen.

Drëtt Observatioun zu deenen Défien. Ech sot, eis Dépensë wuesse méi schnell wéi d’Recetten, a wuessen duerch Automatismen. Wat heescht dat? Wéi mer de Budget 2006 ugefaangen hunn ze maachen, hate mer direkt duerch Automatismen eng Croissance vun den Ausgabe vu 5,1%. 5,1%! Dovunner war d'Inflatioun plus 2,3%, d’Cotisatiounen un d’Kranken- an d’Pensiounskeese plus 2%, an d’Gehältermass beim Stat plus 0,8%, dat mécht zesumme 5,1%. Zack! Ouni datt mer iergendwéi an der Politik agegraff hätten, mä als Konsequenz vun Automatismen, déi d’Chamber a Gesetzer agefouert huet.

Deen Automatismus ass um Niveau vum Stat besonnesch staark och duerch d’Indexéierung vu ganz villen Ausgaben. An dat sinn net nëmmen d’Gehälter beim Stat, mä och ganz vill Kontrakter. Am Statsbudget si 65% vun alle Budgetsausgaben indexéiert. An eng Indextranche kascht am Statsbudget 125 Milliounen Euro. Wann also d’nächst Joer eng Indextranche erfält, duerch déi staark Ukoppelung vun eise Budgetsausgaben - och a ganz ville Verträg - un den Index, kascht dat de Stat 125 Milliounen Euro méi.

Véierten Défi, niewent deenen Automatismen, niewent dem Stabilitéitsprogramm, niewent eisem strukturelle jährlechen Defizit musse mer an deenen nächste Joren nei Politikfelder ugoen oder zousätzlech Dépensë kréien, déi mer eis entweder duerch national politesch Ziler gesat hunn oder déi aus internationalen Engagementer entstinn. Mir brauchen also en Ëmschichtungseffort op verschiddenen Dépensen, fir domadder kënnen aner Dépensen och, oder méi staark wéi an der Vergaangenheet, ze tätegen.

Déi Lëscht ass och net exhaustiv, mä erlaabt mer e puer Dépensen erauszehuelen. Heiheem hu mer zwou Kategorië vun Dépensen, déi an deenen nächste Jore wäerte ganz sécher klammen. Éischtens eng Gesellschaft, wou mer wëllen d’Kombinatioun vu Famill, Schoul, Beruff mateneen méiglech maachen, verlaangt bei de Kannerbetreiungsstrukturen nei an zousätzlech Dépensen. Heiheem hu mer och eng Gesellschaft, wou d’Leit méi al ginn, do brauche mer méi Dépensen, souwuel vum Stat wéi vum Eenzelnen, am Beräich vun der Gesondheet an der Fleeg.

Dat eleng sinn zwee Beräicher an der Politik heiheem, déi an deenen nächste Jore méi deier ginn, duerch déi mer also spuere mussen op anere Plazen, fir bei dem Zesummespill vun deenen Erausfuerderungen, déi ech genannt hunn, kënnen en ausgeglachene Budget 2008 fäerdeg ze bréngen.

Da gëtt et nei Dépensen a Beräicher, an deene mer international Engagementer agaange sinn. Ech gesinn der virun allem véier, wou et international an europäesch Kritäre gëtt, déi mer mussen an och wëlle respektéieren: d’Fuerschung, d’Entwécklungshëllef, d’international Sécherheet an d’Ëmweltpolitik.

Bei der Fuerschung gëtt et en Zil, wat heescht, datt d’öffentlech Fuerschung soll op 1% vum PIB wuessen. Mir hunn haut am Budget 2006, an deem mer dat staark an d’Luucht gesat hunn, eppes liicht iwwer 0,3% vum PIB. D’öffentlech Fuerschung, gradesou wéi iwwregens déi privat Fuerschung, ass e Schlësselelement fir kompetitiv ze bleiwen, fir besser ze si wéi déi aner, fir weiderzekommen. Duerfir spillt och an deem Beräich a bei deenen Ausgaben d’Universitéit Lëtzebuerg eng ganz wichteg Roll.

Zweetens hu mer de Beräich vun der Entwécklungshëllef. Et ass eng moralesch Flicht vun engem Land wéi eisem, och wann et e bësse manner gutt geet, fir net aus den Aen ze verléieren, datt et deene meeschte Leit op der Welt, a besonnesch op anere Kontinenter, nach vill, vill méi schlecht wéi eis geet. Virun der Aarmut an der Welt an de Katastrophen an der Welt dierf een d’Aen net zoumaachen. An et ass schlussendlech och an eegenem Intérêt, well déi Problemer vun der Emigratioun aus Afrika an Immigratioun bei eis sinn och domat ze behiewen, andeem mer eng aktiv Kooperatiounspolitik maachen. Och do hu mer e politescht Zil fixéiert, wat op 1% vum Revenu national brut soll hiféieren.

Drëttens d’international Sécherheetspolitik. Gradesou wéi bei der Entwécklungspolitik geet et och hei ëm international Solidaritéit. Wësst Der, mer kënnen net vun der Sécherheet a vun der internationaler Sécherheet profitéieren a bei de Krisemanagement-Missioune vun der Europäescher Unioun soen, do maache mir net mat; dat kënnen déi aner maachen, déi aner kënnen dat finanzéieren. Et wäerten an der Zukunft souwuel bei der Europäescher Unioun wéi bei der NATO méi a méi komplizéiert Asätz ginn, bedéngt och duerch internationalen Terrorismus an international organiséiert Kriminalitéit.

Et wier falsch ze soen an ze menge mam Hiweis op eis Entwécklungshëllef, datt mer aus deenen internationalen Engagementer kënnten aus dem Solidaritéitsbäitrag, dee mer leeschte mussen, erauskommen. D’europäesch Sécherheets- a Verdeedegungspolitik léisst dat net zou.

Mir hunn haut e ganz klenge Volet vun Arméiausgaben: 0,5% vum Bruttoinlandsprodukt. D’Moyenne an der Europäescher Unioun, dat, wat déi aner eis virhalen, läit bei 1,7% vum Bruttoinlandsprodukt. Déi Zweetlescht an der Rei, déi, déi am zweetmannsten ausginn, sinn d’Belsch mat 1,2% vum Bruttoinlandsprodukt. D’NATO huet vun deenen neie Memberen, déi bäigetruede sinn, 2% vum Bruttoinlandsprodukt verlaangt. Duerfir hu mer eng Arméireform annoncéiert, net fir opzerëschten, net fir eng grouss Arméi ze kréien, mä fir e bësse méi eiser internationaler Solidaritéitspflicht bäizekommen.

Wat och an eisem eegenen Intérêt ass, well näischt kann doriwwer ewechtäuschen, datt Sécherheet dobaussen a Sécherheet heibannen enk mateneen zesummenhänken. De Bäitrag vun de Lëtzebuerger Zaldoten a Polizisten um Balkan oder an Afghanistan ass och e Bäitrag zur Sécherheet heiheem, well organiséiert Kriminalitéit, Terrorismus an Drogen entstinn net hei, mä entstinn am Ausland.

Mir musse kucken, d'Regierung zesumme mat der Chamber, a wéi engem Rhythmus mer méi no bei déi europäesch Verflichtunge kommen. Doriwwer hätt d’Regierung gären eng Debatt mat den Deputéierten. Et ass hei eng Fro vun der Crédibilitéit vun der Lëtzebuerger Aussepolitik; et ass eng Fro vun dem Solidaritéitsengagement vun eisem Land an Europa.

Eng aner international Dépensëkategorie, déi eis och direkt betrëfft, ass selbstverständlech d’Ëmweltpolitik. Den Här Rapporteur huet gëschter heiriwwer méi laang geschwat: Kyoto - och hei gëllen international Regelen.

Mir sinn amgaang, national Moossnamen an d’Weeër ze leeden, an do, wou dat net duergeet, musse mer international Mechanisme spille loossen, fir dës Ziler ze erreechen. Dat huet e ganz héije Käschtepunkt iwwert déi nächst Joren. Dat wäert och zousätzlech Dépensen, besonnesch no 2008 an 2009, mat sech zéien.

Mä bei deene véier Beräicher, déi ech elo grad ernimmt hunn, geet et am Fong véiermol ëm datselwecht, souwuel an der Innenpolitik wéi an der domat verbonnener Aussepolitik: Et geet ëm d’Zukunft vun eisem Land, an et geet ëm d’Zukunft vun eise Kanner. Mir hätte gären e fortschrëttlecht, séchert, gerecht an ëmweltfrëndlecht Land, an dat verlaangt eng ganz Rei nei Dépensen.

Dat ass eng enorm Erausfuerderung, dees si mer eis bewosst, well mer eis Grondaufgabe vum Stat wëlle mam Budget bezuelen an zugläich nei Politikfelder ugoen, an da musse mer nach eng Reduktioun vum Budgetsdefizit maachen. Dir gesitt, et ass net liicht.

Wéi kréie mer dat hin?, sot Dir. Ech menge mir kréien et hin an der Kombinatioun vun enger ganzer Rei Politiken, déi mer mussen iwwerdenken, a mat eisem politesche Wëllen; politesche Wëllen, deen och muss als Zilsetzung hunn, datt mer eise Sozialstat net wëllen ofschafen an datt mer eise Wirtschaftsstanduert wëllen attraktiv halen.

Mir kréien et awer nëmmen hin, wa mer akzeptéieren, datt mer eng Rei Transformatioune maache mussen. Dësen Discours hu mer iwwregens schonn d’lescht Joer hei gefouert, just et wollt net jiddfereen deen Discours héieren! Ech hunn zum Beispill d’lescht Joer a menger Budgetsried geschwat vum Plafonnéiere vun dem Sozialbudget a vun dem Investitiounsbudget. Dat ass op verschiddene Plazen interpretéiert ginn als d’Ofschafe vum Sozialstat. Dat hat deemools wéi haut zum Zil, dat iwwerméisseg automatescht Uwuesse vun eisen Ausgaben ze bremsen.

Mir hätte gären - dat ass d’Zilsetzung vun all eisen Transformatiounsdiskussiounen, déi mer an deenen nächste Wochen a Méint féieren - e sozial gerechten, effikassen, finanzéierbare Sozialbudget. Dorëms geet et. Mir maachen en Appel fir d’Automatisme beim Uwuesse vun de Budgetsdépensen ze stoppen.

Den Här Statsminister huet den 12. Oktober hei bei senger Erklärung eng Rei Reflexiounspistë vun der Regierung mat deem doten Zil virgeluecht. En Zil, wat war, ech soen et nach eng Kéier, d’Bremse vum automateschen Uwuesse vun de Statsdépensen, an Aspuerungen.

An deem Kontext gëtt ëmmer gefrot, iwwer wat mer da géinge schwätzen. Mä liest déi Deklaratioun no! Mir mussen ënner anerem iwwert d’Finanzéierung an d'Aspuerungspotenzial bei Sozialleeschtungen aller Aart diskutéieren, mam Zil - ech soen et nach eng Kéier -, d’sozial Gerechtegkeet dobäi ze erhalen.

Mir mussen d’Indexéierung vu 65% vun de Budgetsausgaben an enger Debatt zum Thema maachen. Mir musse kucken, ob et noutwendeg ass, all déi Budgetsausgaben do weiderhi voll a ganz un den Index gebonnen ze halen. D’Uwuesse vun der Gehältermass beim Stat an am konventionéierte Secteur muss iwwerpréift ginn, gradesou wéi mer mussen eng Diskussioun féieren iwwert d’staatlech Subventiounen un d’Gemengen an un d’Betriber.

Mir wëllen, wat d’Investitiounen ubelaangt, den Investitiounsvolumen op engem héijen Niveau halen, mä mir kënnen net an deenen nächste Joren alles zur gläicher Zäit maachen. Wa mer wëllen den Defizit kierzen - an dat musse mer, ech mengen ech hunn dat de Mëtten oft genuch bewisen -, da musse mer och d'Investitiounsausgabe plafonnéieren. A plafonnéieren, dat heescht, mat deem Chiffer wéi deen, dee mer haut hunn, op engem héijen Niveau halen.

Ech rappeléieren nach eng Kéier, datt déi Investitiounsausgaben d’nächst Joer ëm 20% wuessen, duerch ugefaange Bauprojeten. Si wuessen och, well mer de Lëtzebuerger Betriber net wollte schueden, well mer wëssen, wéi vill Potenzial mer domadder an d’Lëtzebuerger Wirtschaft eraginn.

Mä souwuel am direkte wéi indirekte Beräich - indirekte Beräich, dat ass wa privat Träger oder Gemenge bauen - kann de Stat net alles zugläich a mat héije Subside méi ënnerstëtzen. Mir halen eis selbstverständlech un ofgeschlosse Konventiounen, mä iwwert d’Zukunft musse mer iwwer eis Subsidepolitik, och an deem dote Beräich, diskutéieren an net alles zugläich maachen.

An deem Kontext si selbstverständlech déi Initiativen, fir méi verstäerkt op de Wee vun enger öffentlech-privater Partnerschaft am Beräich vum Bauen ze goen, interessant. Mir wëlle verstäerkt op déi Partnerschafte setzen, déi heiansdo "public private partnership" heeschen, déi an England "private finance initiative" heeschen, déi scho laang a Frankräich am Fong Concessiounen heeschen, an déi déi Däitsch Forfaitierung nennen. Mir studéiere fir de Moment verschidde vun deene Pisten a mir versichen déi bescht fir Lëtzebuerg erauszefannen.

De PPP ass am Fong näischt aneschters wéi d’Liwwerung vum Privatsecteur vun enger Déngschtleeschtung un de Stat. Meeschtens ass dat de Bau an d’Exploitatioun vun engem Gebai, géint d’Bezuele vun engem Loyer. De Risiko dréit dobäi deen, deen am beschten duerfir équipéiert ass. De Privatsecteur: d’Conceptioun, d’Konstruktioun, d’Exploitatioun an d’Finanzéierung. De Stat huet d’Konzept vun deem wat hie gären hätt an ass de Bénéficiaire vum Produkt.

Déi englesch Cour des Comptes, den National Audit Office, huet an engem kierzleche Rapport ausgerechent, datt déi dote Projeten an England 10 bis 15% vum Käschtepunkt vun de Projeten agespuert hunn an datt et vill manner Retarde bei der Exekutioun vun de Projete gouf. Ofgemaach goufen do meeschtens Fixpräisser a Penalitéiten. Et ass och verhandelt gi mat deenen, déi ugebueden hunn, duerch de sou genannten Dialogue compétitif, dee mer zu Lëtzebuerg an eiser Gesetzgebung iwwert d’öffentlech Ausschreiwungen allerdéngs nach net ëmgesat hunn. Mir wäerten d’nächst Joer probéieren, souwäit eis Gesetzgebung dat zouléisst, fir esou e Projet ze probéieren an dorauser d’Schlussfolgerungen ze zéien.

Mir hunn zum Zil fir méi käschteneffikass, méi schnell a méi budgetsschounend mat PPP-Projeten, mat öffentlech-private Partnerschaften, ze bauen. Mir wëllen öffentlech Infrastrukture bauen a mir wäerten och d’Intérête vum Lëtzebuerger Handwierk a vum Bausecteur am A behalen, déi selbstverständlech dobäi musse berücksichtegt ginn, an enger klenger, oppener Ekonomie wéi där Lëtzebuerger.

Här President, eist politescht Zil ass kloer: Mir wëlle gesond Statsfinanzen erhalen als Grondlag vun eiser Politik. Et ass eng Fro vun der Zukunftsfäegkeet vun eisem Land. Eis Statsfinanzen, dank enger virsiichteger Finanzpolitik an deene leschte Joren, sinn zolidd. D’Situatioun vun de Lëtzebuerger Statsfinanzen ass besser, iwwert déi lescht Jore gekuckt, wéi déi vun eisen Nopeschlänner, op Grond vun eiser Politik vun de leschte Joren.

Et huet keen esou eng niddreg Schold a keen esou héich Finanzreserven, wéi mir. Duerfir konnte mer an deene leschte Joren an duerfir kënne mer am nächsten an am iwwernächste Joer den Defizit finanzéieren. Mir hunn och gewollt an deene leschte Joren déi sou genannt automatesch Stabilisateure spille gelooss, déi Croissance geschafen hunn. De Stat huet eng Motorfunktioun an der Lëtzebuerger Ekonomie a besonnesch bei de ville Kleng- a Mëttelbetriber an deene leschte Jore gespillt, an dat wollte mer och 2006 am Budget net änneren.

Mä dëst positiivt Resultat vun eise Statsfinanzen iwwer eng Rei Jore gekuckt dierf op kee Fall iwwert de risege Problem ewechtäuschen, dee risege Problem verdecken, dee mer mëttelfristeg hunn. Mir hu mëttelfristeg, wa mer keng Reserve méi hunn, en net ze finanzéierende strukturellen Defizit an en ze schnellt Wuesse vun eisen Dépensë par rapport zu den Einnahmen. Mir wëllen de Sozialstat net ofschafen, mä mir wëllen e finanzéierbar halen. Mir wëllen d’Investitiounen net stoppen, mä mir wëllen net an eng Scholdefal kommen.

Duerfir, Här President, Dir Dammen an Dir Hären Deputéierten, hu mer de Choix. Entweder mir maachen näischt: Da verléiere mer u Wuelstand, eis Betriber gi manner konkurrenzfäeg, mir kréien eise Sozialstat net méi finanzéiert, d’Steiere ginn erop, well mer eis Schold mussen zréckbezuelen.

Oder mir si bereet, als Eenzelnen op kuerzfristeg Avantagen ze verzichten, fir mëttel- a laangfristeg Aarbechtsplazen an domat Wuelstand souwéi e finanzéierbare Sozialstat ze erhalen.

Kommt mer hun de Courage zu Transformatiounen, déi am allgemengen Intérêt sinn. Mir liewe jo net eleng, mä zesummen an enger Gesellschaft. Déi, déi haut Ännerunge refuséieren, si muer responsabel fir Steiererhéijungen a Wuelstandsverloscht. Et ass méi einfach, géint Reformen ze sinn, wéi fir Reformen ze sinn. Trotzdeem, loosse mer mat Verantwortungsgefill en ausgeglachenen, pragmatesche Pak vu Moossnamen diskutéieren, an net nëmmen diskutéieren, och décidéieren, deen eist Land als e modernt, zukunftsorientéiert, responsabelt a sozialgerecht Land erhält!

Duerfir musse mer net alles halen, wat mer haut hunn. Heiansdo muss een Neies amplaz vun Alem setzen. Mä mir mussen eis erëm druginn, fir besser ze sinn. Mir musse fir eis Ekonomie an eis Finanzplaz nei Mäert siche goen. An dat maache mer. D’Regierung ass gewëllt, dës Transformatioune bis de Mee 2006 ze décidéieren.

Mir zielen dobäi op de Bon sens vun de Lëtzebuerger an d’Ënnerstëtzung vun enger breeder Majoritéit an dësem Parlament. D’Statsfinanze sinn a bleiwen d’Grondlag vu bal all Politik. Mir wëlle keng Experimenter a keng Abenteuer, mä mir hätte gären an deenen nächste Joren ausgeglachen öffentlech Budgeten, déi d’Zukunft preparéieren. Zesummen hu mer duerfir eng grouss Aufgab virun eis fir eist Land.

Merci.

Dernière mise à jour