Jean-Claude Juncker, Transcription du discours tenu lors de la Réception de Nouvel An pour la presse luxembourgeoise, Luxembourg

Här President, Ministeren, Dir Dammen an Dir Hären, léif Kolleginnen a Kollegen. Dat Verhältnis tëschent der Press an der Politik, tëschent deenen zwou grousse "P" vun der organiséierter Demokratie, dat bleift ee schwieregt, an ass awer ee ganzt einfacht. Well ee versteet jo, zwar net d’Problemer vun deem aneren, mä weess ganz genau wéi se ze léise wieren.

D’Politiker hunn ëmmer nach fonnt, si wieren déi, déi eigentlech déi optimal Zeitung kéinte maachen, deen optimale Fernsehreportage, deen et souwisou net gëtt, zustane kéinte bréngen, a sech radiophon esou an d’Aktualitéit kéinten hänken, datt och ganz, wat net méiglech ass, géing Agank fannen an dee Mikro, deen och lauschtere muss, anstatt nëmmen ze schwätzen.

An d’Journalisten hunn ëmmer schonn d’Meenung gehat, si wéisste ganz genau, wéi e Land ze regéiere wier, wéi eng Oppositioun ze féiere wier, wéi gesellschaftlech Debatten z'organiséiere wieren, an dofir ergëtt sech och tëscht der Press an der Politik eng distant Proximitéit.

Heiansdo gëtt driwwer geklot, dat héieren ech jo, datt d’Proximitéit an eisem Land tëscht der Press an der Politik zevill grouss wier. Wéi wann iergendwou hei am Land et der zwee géife ginn, déi sech individuell oder kooperativ mat grousser Distanz géife begéinen. Dat hei ass d’Land vun de klengen Distanzen a vun der grousser Proximitéit, an et ass normal, datt der dann am Verhältnis tëscht der Press an den Institutiounen, der Press an der Politik säin Nidderschlag fënnt.

Dat huet Desavantagen, evidenterweis, well et d’Vue vun deem engen op deen anere verspäert duerch déi Persounen, déi sech dauernd begéinen, an déi sech gären hunn, oder sech net gären hunn, esou wéi dat dann ënnert de Leit eben ass. Dat huet och den Desavantage, datt heiansdo Saachen an der Zeitung stinn, déi iergendwou gesot ginn, ënner véier Aen, oder déi ee matkritt, well en iergendwou donieft steet, mä mat där Form vu Mediocritéit muss da jiddereen eens ginn. Dee Code vun Deontologie schreift sech besonnesch liicht, wann d’Deontologie virum Code do ass. A Code schreift sech mat "de".

Dat huet awer och enorm Avantagen. Well d’Direktheet vun der Informatioun, d’Onverfälschtheet vun der Informatioun, d’Iwwerpréifbarkeet vun der Informatioun, déi nogepréiften Transparenz vun deem wat matgedeelt ginn ass, ass zu Lëtzebuerg an engem völlege Mooss liicht ginn, a soll och liicht bleiwen. An zu eiser lëtzebuergescher Fassong Demokratie ze liewen, an Demokratie ze gestalten gehéiert dann och dat do, datt ee sech esou behëlt, wéi wa mir ënner eis wieren, well mir si jo och ënner eis.

(…)

Déi Proximitéit tëschent Press a Politik, ënnert där ech net leiden, mä déi ech mënschlech gären hunn, well se beräichernd ass virun allem fir deen, dee Politik mécht, féiert dann awer heiansdo dozou, datt een déi Proximitéit ënnerbrécht, an dat féiert dann zu deene gräisslechsten Interpretatioune firwat datt esou eppes geschitt. Ech hu mat engem un Enthousiasmus grenzenden Amusement zur Kenntnis geholl, déi exzessiv Entwöhnungserscheinungen, déi den Ensembel vun der lëtzebuerger Press ergraff huet, wéi d’Regierung decidéiert huet, d’Press net méi zu enger Zeremoniefolleg z'invitéieren, iwwer där hiren desorganiséierten an desordonnéierte Charakter all Joer em dës Zäit an alle lëtzebuergeschen Zeitungen Negatives ze liese war. Ech wëll elo net soen, datt Dir déi Tatsaach, datt d’Press net méi bei de Neijoschempfänk an de Ministèren dobäi ass, als e besonnesche charitablen Akt vun der Regierung sollt gesinn, fir Iech dat net méi zouzemudden, mä et huet eppes mat der Zeitungslecture vun de leschte Joren ze dinn, wou sech doriwwer vill beklot ginn ass, Selbstdarstellunge vun de Ministeren, déi Reecriture vu längst Feststoendem an dat repetitivt Verfalen a Selbstbetrachtungen kritiséiert ginn ass, an dat ass jo wierklech op d’Dauer awer kengem zouzemudden. An dofir huet d’Regierung décidéiert op déi al Formen zréckzekommen, déi et iwwerall gëtt, an all Betrib, wou een emol am Joer gären an ongezwongener Atmosphere, si war iwwregens och ni gezwongen, wann d’Press dobäi war, och net opgezwongen, wann een dat net wollt hunn, iwwer d’Problemer vum Haus a vun de Verwaltungen ze schwätzen. Et kritt een déi Leit eigentlech nëmmen eemol d’Joer esou decontractéiet zesummen, wou et da gutt ass, wann een eng Rei Saache ka soen, déi intern Aarbechtsofleef betreffen, an dofir géif ech Iech bieden, hannert där Aarbechtserliichterung déi mir Iech do verschafen, keng diabolesch Pläng z'entdecken.

Souwisou hunn ech erausfonnt, wann zu Lëtzebuerg zwee Leit matenee schwätzen, an d’Press géif et gär gewuer ginn, datt et duer geet, datt se op d’mannst ee vun deenen zwee froe fir et erauszefannen. Insofern wann et wierklech een interesséiert wéi de Courrier am Ministère d’État d’nächst Joer soll ëmorganiséiert ginn - dir fannt mat Sécherheet een, a wann ech et selwer sinn - fir Iech z'erklären, wat den déiwere Fong vun deem Message war, deen ech do wollt lass ginn.

Dat Joer wat mir hanner eis hunn, war een intensivt Joer fir déi, déi an der Verantwortung stinn, mä awer och fir déi, déi se beim Exercice vun hirer Verantwortung begleet hunn. Ech hat haaptsächlech während där Referendumscampagne, déi mir zu Lëtzebuerg haten, a wat eng gutt Campagne wier, obschonn se mat ville Ligen duerchsat war, öfters Geleeënheet drop opmierksam ze maachen, datt et nu vun allen europäesche Länner mat Sécherheet déi lëtzebuergesch Press ass, déi konstant an iwwer laange Joren an all Dag am meeschten europäesch Aktualitéit hire Lieser an Nolauschterer, an Nokuckerten, encore que, ubitt. Keng aner national Press huet esou vill europäesch Informatiounsdichten all Dag opzeweisen, wéi déi lëtzebuergesch Press.

Gläichzäiteg huet déi Campagne e bësse gewisen, datt trotz der Déckt vun der Informatioun, d’Informatioun ganz oft net ukënnt, well villes wat behandelt ginn ass, an eisen Zeitungen haaptsächlech, déi extrem gutt sinn, an dem Verschaffe vun europäeschem Material, sinn esou onendlech vill Froen opgetaucht, während där Referendumscampagne, déi ee sech hätt selwer kënnen doduerch beäntweren, datt ee regelméisseg Zeitung géif liesen. An doriwwer musse mir eng Kéier nodenken, souwuel d’Politik wéi d’Press, wéi et dann eigentlech méiglech ass, ouni orientéiert Informatioun ze ginn, objektiv Informatioun an deen Hafen ze bréngen, fir dee se eigentlech geduecht ass.

Ech stelle mir ee Liewe laang schonn d’Fro, wéi ee gutt communiquéiert. Ech mengen, datt d’Press sech déi Fro och muss stellen, op deem Thema do, dat ee besonnescht komplizéiert, well villfältegt ass, a schwiereg duerzestellen ass. A mir schwätze jo ëmmer driwwer an et geschitt jo och, datt déi Europadebatt muss virugoen, mir mussen och ënnerteneen a méi engem klenge Krees, oder an engem méi groussen, emol eng Kéier driwwer schwätzen, wat dat europäescht vun der Aktualitéit an och vun eisem eegene Statswiesen ubelaangt, wéi een dat kann ouni wierklech do orientéiert strapazéiert sinn, dat ass elo net den Zweck vun der Übung, kann anescht opbereet ginn, vun der Politik aus fir d’éischt, a vun der journalistescher mat an niewent an Nobehandlung fir d’zweet.

Et war en interessant Joer mat der Press, dat europäescht Semester wat mir do haten, esouwuel mat der internationaler Press, wéi mat der lëtzebuergescher Press, woubäi déi erstaunlechste Saache leschten Enns geschéien, zum Beispill, datt zu Sachthemen am Regelfall, d’Informatiounsqualitéit vun de lëtzebuerger Medien zumindestens gläich hält mat der Informatiounsqualitéit vun deene Medien, déi mat soss näischt zu Bréissel funktionéieren, wéi mat Korrespondenten, déi soss näischt maachen, wéi europäesch Aktualitéit.

An dat zweet wat mir opgefall ass, dat ass, datt mir et fäerdeg bruecht hunn, an do hat d’lëtzebuerger Press och een Undeel drun, datt Lëtzebuerg awer während enger gewëssener Zäit vum Joer nu wierklech mat am Mëttelpunkt stoung vun deene wichtege Saachen, déi an Europa virgaange sinn, an och ëmmer als Land eng Beuechtung fonnt huet. An déi, déi iwwer d’Land geschriwwen hunn, well se vu baussen erakomm sinn, déi hu sech am Regelfall un der lëtzebuerger Press inspiréiert, an hunn och ganz vill Gespréicher, wéi ech weess, mat lëtzebuerger Kollege gefouert, soudatt et verschidde Fassonge leschten Enns ginn sinn, déi d'Présidence och an hiren Ausseneffekter esou ze verstäerken, datt dovun Nohalteges, wéi et mir schéngt, iwwereg bleift.

Dann huet déi Bréisseler Press eppes u sech, dat hutt Dir net, dann hunn ech heiansdo Pressekonferenz gehat, dann hu se herno applaudéiert, dat hu se zu Lëtzebuerg nach net hikritt. A wann ech dann esou driwwer nodenken, datt d’Proximitéit esou dacks kritiséiert gëtt, tëscht der lëtzebuerger Press an der lëtzebuerger Politik, da fannen ech awer déi Fassongen, déi mir hu fir d’Proximitéit ze manifestéieren, eigentlech besser, wéi déi, déi zu Bréissel heiansdo vergiess gëtt, wann et em d’ëffentlech Kund geet.

Dat Joer 2005 war wéi gesot en intensivt Joer, an d’Joer 2006 gëtt et net manner, mä et gëtt anescht. Et gëtt ee Joer, wou dat europäescht zwar net verschwënnt aus Gedanken a Virgäng, mä wou awer dat, wat eegen ass fir dëst Land, vläicht méi staark erëm an de Mëttelpunkt vum och ëffentlechen Interesse stéisst, woubäi dobäi net ze vergiessen ass, datt dat wat hei am Land ze maachen ass, ëmmer och eng europäesch Komponent huet, déi ee muss mat betruechten, déi ee muss mat um Radar behalen, fir erklären ze kënnen, wat dann am eegene Land eigentlech un Noutwennegkeet ufält.

Ech sinn iwwerzeegt, datt dat Joer 2006 bei aller Méi déi et wäert kaschten (…) e gutt Joer wäert ginn, well ee Joer dierf ee jo net nëmmen op sech selwer kucken. Et muss ee kucken, wat een an engem Joer fir déi Joren, déi duerno kommen, fäerdeg bruecht huet, respektiv wat ee verpasst huet fir déi Joren, déi duerno kommen, ze maachen. An dofir gëtt dat ee spannend Joer, ee mat räichen Debatten an u Kontroversen, béides hoffentlech vun héijem Niveau wäert sinn. An ech mengen net, datt der lëtzebuerger Press am Joer 2006 de Stoff wäert ausgoen, op dee se sech ka bécken.

Bei all där Noutwennegkeet déi mir hunn, virun eis selwer ze bécken, (…) dierfe mir net vergiessen, datt op d’Press ausserhalb vu Lëtzebuerg grouss Gefore laueren. Et ass mir, wéi wann nach a kengem Joer vun deene leschte Joren, esouvill Journaliste bei hirer Aarbecht weltwäit ëmkomm wieren, wéi dat dëst Joer de Fall war. Et ass mir wéi wann nach a kengem Joer virdru d'Pressefräiheet an esou ville Länner op widderhuelter Fassongen an op verschidden Aart a Weisen esou a Bedrängnis komm wier, wéi dat am Joer 2005 de Fall war. Och an alen Demokratien ass festzestellen, ee relativ labberen Ëmgank heiansdo mat der Pressefräiheet, dorëms ass sech mengen ech och, international ze bekëmmeren. Ech si chargéiert ginn um Sommet vum Europarot, ee Rapport ze schreiwen, datt d’Relatiounen tëscht dem Europarot an der Europäescher Unioun, an dat Thema Pressefräiheet, vu datt den Europarot sech haaptsächlech em Kulturelles och ze bekëmmeren huet, wäert selbstverständlech dobäi och eng Roll spillen.

Heiheem sinn esou vill Leit gestuerwen, vun deenen et besser wier, si géifen nach liewen, där Bekannter, däer Grousser, där déi grouss gi wieren, wann d’Liewen hinne viru geschenkt bliwwe wier, där déi kee kennt, oder déi mir séier vergiessen. Et huet mech gewonnert, bei allem wat um Enn vum Joer gesot a geschriwwe ginn ass, datt zum Beispill net méi Opmierksamkeet fonnt huet, déi Tatsaach, datt zu Esch ee Pompjee säi Liewe verluer huet, wéi en am Kader vum Exercice vum Bénévolat probéiert huet, anere Leit ze hëllefen. Déi kleng Saachen, op déi mir net opmierksam genuch sinn, an déi awer schrecklech grouss sinn, wann een iwwer se nodenkt. Et sinn der vläicht, fir déi mir eise Bléck solle schäerfen.

Wat déi organiséiert Zesummenaarbecht tëscht der Regierung an der Press, an der Press an der Regierung ubelaangt, wier ech och dankbar wann am Laf vum Joer 2006, op deene Plazen, wou déi Gespréicher sech féiere loossen, dat unzebréngen, wat engem net un der Aart a Weis gefält, wéi d’Regierung informéiert, dat der Regierung jo net automatesch d’Recht gëtt, sech driwwer ze bekloen, datt hier d’Aart a Weis, wéi iwwer si informéiert gëtt, heiansdo och net gefält - mä dat ass Deel vun deem, wat an der Eegenaschätzung vu Pressefräiheet méiglech ass - mä dat wat mir do kënne verbesseren, musse mir verbesseren. Mir schaffen zum Beispill am Ministère d’État - dat gëtt da vun der Regierung guttgeheescht - emol ee System aus, wéi dat dann an Zukunft soll goe mat offizielle Reese vu Regierungsmemberen an d’Ausland, do schéngt mir eng gewëssen Anarchie Plaz ergraff ze hunn. Do brauch ee kloer Regelen, fir datt jidderee weess wou en drun ass, a wéi et geet. Dat dauert elo e bëssen, bis mir dat hin hunn, an esou laang ginn déi Saachen emol e bësse méi déif gehaangen, wéi et a leschter Zäit goung.

Iwwer déi Problemer an iwwer aner Problemer hu mir an deenen nächste Wochen a Méint vill Geleeënheet ze schwätzen.

Ech wënsche jidderengem vun Iech, datt e Freed erëmfënnt oder behält, an där Aarbecht déi e mécht, vun där ech esou dacks schonn d’Geleeënheet hat ze soen, datt et eng besonnesch wäertvoll wier, fir eng lieweg Demokratie. Déi lieft vun der Kontrovers, déi lieft vum gesonde Sträit, déi lieft vum sech Reiwen vun de Standpunkter, a jidderengem a sengem perséinleche Liewen, an do ass d’Ried vun den Éditeuren a vun de Journalisten, a vun de Ministere jo net different, dat Mooss u selbst gezammerte Gléck, dat ee fäerdeg bréngt, dat richtegt Gléck ass net an der Aarbecht, a scho guer net an der Politik. Déi sinn zoustänneg - d’Aarbecht an d’Politik - fir Zefriddenheet a fir professionellen Äifer, a fir Qualitéit, déi ee selwer ka moossen. Dat eigentlecht vum Liewen, dat ass eng Musek, déi an engem anere Sall gebuede gëtt. Allerdéngs héiert ee se besonnesch gutt, wann een op der Aarbecht andeem wat ee mécht, d’Gefill huet, dat gutt ze maachen, a wann een do d’Gefill huet deenen anere Leit d’Liewen net méi schwéier ze maache wéi et muss sinn, esou all Dag 2-3 mol eppes net gesot, wat ee Loscht hätt ze soen, an 2-3 mol den Dag eppes ze soen, wat eigentlech net dacks genuch gesot gëtt, dann entsteet eng Zomm, rechent emol alleng d’Ministèren an d’Redaktiounstuffen zesummen, vu frouem Mateneen, well et da Wärt mécht, datt ee sech op dat neit Joer freet.

Merci an all Guddes.

Dernière mise à jour