Jean-Louis Schiltz, Discours du ministre délégué aux Communications lors de la réception de Nouvel An pour la presse luxembourgeoise, Luxembourg

Här Staatsminister, Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Als delegéierte Kommunikatiounsminister hunn ech mir schonn oft d'Fro gestallt. Wat sees de dann, wann's de nom Premier schwätz? Eng Fro, déi ech mir nach net gestallt hunn, ass déi wat sees de wann's de virum Premier schwätz? Dofir maachen ech haut dann do een Essai.

Här President, ech wëll soen, datt ech frou war, fir dat fir ewech ze schécken, datt Dir Är Ried mat der internationaler Solidaritéit ugefaangen huet, wou ech net hei brauch ze soen, datt dat eppes ass, wat mir um Häerz leit, dat leit mir méi wéi um Häerz. Ech war demno frou, datt Dir déi Katastrof déi d'Joer 2005 markéiert huet um Ufank vum Joer erwähnt hutt, awer och déi erwähnt hutt déi manner oft erwähnt gëtt, déi de Schluss vum Joer markéiert huet.

Dir hutt iwwer eng ganz Rei vu Saache geschwat, déi de Beruf betreffen. Ech wëll villäicht soen, datt wat d'Pressegesetz ubelaangt, jo déi Rou, déi mir de Moment do hunn, an Dir hutt gesot, et wär nach kee Protest do gewiescht. Ech weess net, ob ech dat soll als Minister kommentéieren. Wann ech et a mengem fréiere Beruf kommentéiert hätt, hätt ech gesot et wier eng schlecht Saach. Mä ech mengen, de Fait, datt kee Prozess do ass, de Fait, datt Rou ass, ass eigentlech à l'opposé vun där Opreegung déi virdru war. An Dir hutt d'Commission des plaintes mentionéiert, déi wéi Dir eis haut sot, efficace schafft. Déi wéi ech feststellen an enger extrem grousser Diskretioun schafft. Ech weess net ob de President vun där Commission des plaintes gedenkt an Zukunft méi dat ze publizéieren. Op jidde Fall ass dat eng Fro déi sech a mengen Aen stellt.

Ech mengen och, datt an deene leschte Joren, och wa mir all nach léieren, mir gesinn, datt dee Wee op dee mir eigentlech konnte goen, wat de Wee ass vun der Auto-Regulatioun, datt dat ee Wee ass, deen ufänkt ze fonctionnéieren. Dir wësst, datt mir eis ënnert anerem an engem ganz spezifischen Domaine domat beschäftegt hunn, dat ass nämlech, datt de Presserot eis no laanger Zäit, Här President, mä mir léieren alleguer, een Avis ginn huet iwwert d'Gesetz iwwert den Abus du Marché wou och d'Journaliste betraff sinn. Zwar villäicht nëmmen indirekt, mä trotzdem, a mir och probéieren déi Punkten da mat weider ze droen, mat an de Prozess anzeglidderen, wéi d'Journalisten, wéi aner Berufer, déi dem Prinzip vun der Autoregulatioun ënnerleien, datt déi Punkten, datt deene Rechnung gedro gëtt am legislative Prozess.

Dann, Här President, hutt Dir geschwat vun de Journalisteverbänn. Ech hu mech bis elo net zu där Fro relancéiert. Meng Meenung dozou, wann ech dann eng Meenung hunn, ass déi, datt mir do mat deenen Interlocuteuren zesumme schaffen, déi sech bei eis presentéieren. Et kann een natierlech d'Fro stellen ob elo d'Efficacitéit mat 3, 4, 5 oder mat engem, 2 oder ech weess net wéivill besser gewährleescht ass, mä dat ass eng Fro déi essentiell d'Journaliste betrëfft, a wann ech also an deem Sënn och begréissen, datt nëmmen een hei geschwat huet, wat d'Regierung jo net fäerdeg bréngt, well mir zu zwee schwätzen an doduerch et méi kuerz gëtt, hätt ech nawell gär och d'Vuë gehéiert vun deene verschiddene Journalisteverbänn zu där Fro, well ech mengen déi Fro concernéiert méi si selwer wéi d'Editeuren, respektiv wéi d'Ministeren.

An dann Här President, kann ech mer et net verknäifen, - a fréieren Zäiten wou ech dat Evenement hei vu bausse suivéiert hunn, ass ëmmer d'Fro gestallt ginn, wéini kënnt dann d'Pressegesetz? - ech géif haut gären d'Fro stellen, déi ech och scho gestallt hunn, wéini kënnt dann de Code de Déontologie? Ech wär frou wann e séier kënnt, well mir nämlech am Pressegesetz virgesinn hunn, datt wann de Code de Déontologie bis do ass, wann d'Pressegesetz am Kader vun deem Bilan dee virgesinn ass no dräi Joer, dat heescht 2007, wa mir d'Pressegesetz op de Medien hunn an déi Saachen déi am Kader vun der Autoregulatioun regléiert sinn, dann aus dem Gesetz eraus huelen fir dat méi liicht ze maachen, fir nach méi op de Wee vun der Autoregulatioun… Ech sinn also frou, wär frou, wann dat séier kéim.

Op där aner Säit, muss ech Iech soen, wär ech och net onfrou, wann Dir Iech géift e bëssen Zäit loossen. Dat géif mir nämlech de Pleséier ginn, datt ech d'nächst Joer nach eng Kéier kéint déi nämlecht Fro stellen, d'iwwernächst Joer déi nämlecht Fro stellen. De Spiiss ass e bëssen emgedréint de Moment wéi soss. Ech mengen, datt dee Wee dee richtege Wee ass. Dir wësst, datt ech och aus enger Professioun kommen, déi scho laang der Autoregulatioun ënnerleit. Ech mengen dat ass och eppes Wichteges um Niveau vun de Journalisten. An ech sinn iwwerzeegt, datt mir do séier weider kommen, esou datt ech de Pleséier net méi laang wäert hunn, deen ech dann haut wäert hunn, fir ze froen wou dee Code dann drunn ass.

Zu gudder Lescht wëll ech jiddwerengem vun Iech mol eng Kéier net all Guddes wënschen, mä ech wëll Iech einfach dat wënschen wat Dir Iech selwer wënscht fir 2006 an nach villäicht e bësse méi dobäi.

Merci.

Dernière mise à jour