Jean-Claude Juncker, Transcription de l'intervention faite à l'occasion du dépôt du projet de budget 2007, Chambre des députés, Luxembourg

Här President,
léif Kollegen aus der Chamber an aus der Regierung,
Dir Damen an Dir Hären.

Ech géif mech haut de Moie gären expriméieren a menger duebeler Qualitéit als Staats- a Finanzminister.

Ech stelle fest mat enger gewëssener Trauregkeet, datt eenzel Commentateuren Schwieregkeeten hunn – jo, d’Welt ass ebe komplizéiert - tëscht Finanz- a Budgetsminister ze ënnerscheeden. Ech liese regelméisseg - hie begräift dann datt eng Promotioun, dat ass och richteg gesinn - datt den Här Budgetsminister Luc Frieden als Finanzminister an eenzelnen Zeitungen, déi méi iwwerflächlech d’Aktualitéit suivéieren, bezeechent gëtt.

De Jacques Santer hat dee selwechte Problem mat mir, wéi ech Budgetsminister war. Ech war ëmmer déck zefridden, hie war ëmmer rosen. Ech sinn haut zefridden, an ech sinn net rosen dodriwwer, well et ass eigentlech egal wiem vun eis zwee, souwuel bei de Recettë wéi bei den Dépensen déi féierend Roll zouerkannt gëtt.

Ee Budget schreift sech net an an een neutrale Kontext, weder an een onvolontaristeschen, automateschen, suivistesche Kontext op der lëtzebuerger Säit, nach an een net-observéiernden Gesamtkontext op der Säit vun deenen internationale Phänomener, an déi Agank fanne mussen an eng Gesamterörterung, déi de Positionnement vun de lëtzebuerger Staatsfinanzen direkt ugeet.

Dofir ass et noutwenneg - an dat ass ee groussen Deel eigentlech vun den Aarbechte vun der Regierung, déi souwuel vum Finanzminister wéi och, a virun allem, vum Wirtschaftsminister alimentéiert ginn. Dofir ass et normal, datt ee sech fir d’éischt emol beschäftegt mat deem Ëmfeld an dat esou ee Budgetsprojet fir d’Joer 2007 sech obligatorescherweis muss aschreiwen. Ëmfeld vun deem ech frou wier, datt et vläicht méi staark déi Considératioun géif fanne bei de lokale Budgetserörterungen, déi d’Spezialitéit vu Commentateuren a vun Acteuren a quasi Acteuren zu Lëtzebuerg ausmaachen.

Et muss ee fir d’éischt ee Bléck op déi global Économie werfen, ob dat, wat weltwäit an d’Haus steet am Joer 2007. An do muss ee feststellen, datt de Weltwirtschaftswuesstem, wéi de Welthandel allgemeng, dee jo globaliséiert ass, dofir heescht d’Weltwirtschaft jo entretemps och déi global Économie, no wéi vir robust ass. Méi robust wéi an der Vergaangenheet.

An et muss ee wëssen, datt dat robust Weltwirtschaftswuesstem haaptsächlech bedriwwe gëtt vu Forcen, déi, wéi ech mäin éischte Budget hei am Haus virgestallt hunn - dat war am August oder am September 1984 - nach iwwerhaapt keng Roll op der Weltwirtschaftsbühn gespillt hunn.

Dat robust Weltwirtschaftswuesstem gëtt haaptsächlech bedriwwe vu China, déi eng duebelstelleg Wuesstemszuel, och am Joer 2007, wäert erreechen, a vun Indien, wéi och vun aneren emergenten asiatesche Wirtschaftskräften, déi net grad an déi Kategorie vun de Wirtschaftsdemokratien passen, also evoluéieren an engem Kontext, wou den Zougrëff vun de respektive Regierunge wiesentlech méi grouss ass wéi an Europa - mat engem bémol natierlech wat Indien ubelaangt, dat déi gréisst Demokratie vun der Welt ass, wat och erkläert, datt mir eng Ambassade do virun e puer Joer gemaach hunn.

De Weltwirtschaftswuesstem wäert am Joer 2007, dat ass d’Konsensusprognos vun dem internationale Währungsfong a vun eiser eegener europäescher Zentralbank, déi lëtzebuergesch ass jo nëmmen eng Dependenz vun däerselwechter, em 4,3% wuessen. 4,3% Weltwirtschaftswuesstem ass vill.

An et muss ee wëssen, datt fir d’Joer 2007 eng allgemeng Konsensprognos och doranner besteet, datt dat Weltwirtschaftswuesstem sech wäert ofsenken, ouni awer déi enorm Progressiounstauxe kënnen ze briechen, déi et a China gëtt. Well no mengem leschte Gespréich mam chinesesche Finanzminister a menger Qualitéit als President vun der Eurogrupp, gëtt et mir ëmmer méi kloer, wat mir scho virdrun e bësse kloer war, datt déi Zuelen déi China matdeelt, guer net déi richteg Zuele sinn.

Net well si wéilte fuddelen, dat ass éischter en europäesche Phänomen, mä well se dat riise Räich och wirtschaftlech net aschätze kënnen. D’Provënze wuessen besonnesch am Westen, de Moment wiesentlech méi séier, a loosse sech och net méi esou richteg virschreiwe vun der Zentralregierung wéi si wuessen dierfen.

Wirtschaftswuesstem weltwäit 4,3% am Joer 2007, mat enger Tendenz fir sech no ënnen ze beweegen. Am Euroraum selwer, dat ass eisen natierleche Raum, vun deem et gutt wier, datt en och zu Lëtzebuerg géif méi staark zur Kenntnis geholl ginn - mir hunn eng europäesch Währung an eisem Wirtschafts- a Währungsraum - ass een europäeschen, dee sech aus, vum 1. Januar un, 13 Länner zesumme setzt, well Slowenien bei dee Grupp vun deenen 12 Startlänner dobäi kënnt. Slowenien stellt 0,3% vum europäesche Bruttoinlandprodukt duer. Dat ännert also net vill, mä mir si manner. Et wier gutt, wann een dat net ëmmer géif vergiessen. Mä mir ënnerleien de Regelen, den Aschätzungen, de volkswirtschaftlechen Aggregater vun deem gesamten Euroraum.

D’Eurowirtschaft wiisst am Joer 2006, och dat ass eng Konsensprognos, fir de Rescht vum Joer em 2,5%. Dat ass ee Wuesstem wat dem Wirtschaftswuesstems-potential vun der Eurozon entsprécht. Europa als Zon huet eigentlech net Kraaft genuch, fir am Prinzip méi wéi 2,5% ze wuessen. Wouraus een ofleede kann, datt wann et eis net geléngt, duerch Politik an Eurogrupp an Euroraum, eng Kombinatioun mat tugendhaften Elementer, an der Europäescher Zentralbank, déi et och do gëtt, dee Potential no uewen ze entwéckelen, datt sämtlech Alterssécherungssystemer an der Europäescher Unioun dramatesch zesummeklappen, well mat engem Wuesstemspotential vun 2,5% ass där demographescher Entwécklung an der Europäescher Unioun selbstverständlech net ze begéinen.

Vu datt mir een Deel vun deem Raum sinn, verstitt Dir wat ech am gaange sinn ze soen. Déi 2,5% ass eng gutt Zuel, eng onerwaart héich Zuel, d’Progressiounsmarge fir d’Joer 2006, well mir virun 1 ½ Joer nach dovun ausgaange sinn, datt d’europäesch Währungszon géif däitlech ënnert hirem Potential bleiwen, an nëmmen 1,2% géif am Joer 2006 wuessen. Fir d’Joer 2007 allerdéngs, no Konsensprognos, muss een dovun ausgoen, datt d’Wirtschaftswuesstem an der Eurozon awer liicht ënnert d’Wuesstemspotential vun därselwechter negativ corrigéiert, an eng Réckentwécklung vun 2,5 op 2,1% wäert kennen.

Trotzdem ass hei festzehalen, datt dat Wirtschaftswuesstem an der Eurozon ee breet gefächert ass, net nëmmen eenzel Secteure vun der Économie concernéiert, mä lues a lues all Kompartimenter vun der Wirtschaft erreecht huet, wat noutwenneg ass, fir datt et zu engem Relèvement an engem Redressement vun der Croissance kënnt. Den interne Konsum spréngt an allen Ënnerzone vun der Währungszon un, och a virun allem a grad an Däitschland, wou de Wirtschaftswuesstem extrem niddereg war, wou et sech elo erhëlt, an et erhëlt sech well et sech kann dégagéiere vun enger exklusiver Exportsäit-gedriwwener Ufachung vun den Aktivitéiten, mä den interne Verbrauch klëmmt och un. Doduerch datt d’europäesch Wirtschaft, a virun allem déi däitsch als déi leedend Wirtschaft vun der Eurozon, sech vun der exklusiver Export-bedriwwener Aktivitéitsentzündung verabschiedet huet a méi reposéiere kann op Investissementer an der Économie selwer, an op engem Usprange vun der banne- Konsumdemande, kann een dovun ausgoen, datt dat Wirtschaftswuesstem am Joer 2007, och wann et sech wäert ofschwächen, no wéi vor am historeschem Vergläich zu deene leschten 5 Joer gutt bleift.

Déi leschte Kéier wou mir eng gutt Wuesstemsperformance an der europäescher Eurozon haten, war am Joer 2000. Dat hei ass zënter dem Joer 2000, am Joer 2006 an och am Joer 2007 déi héchste Wuesstemsperformance déi fir d’Eurozon konnt realiséieren.

Trotzdem muss ee wëssen, datt mir mat enorm grousse Risikofacteure behafft sinn. Souwuel Upside-risiken, Saachen déi kënne besser ginn, wéi Downside-risiken, Saachen déi sech kënne negativ fir d’Zon an negativ, well och an der Impaktbildung, fir Lëtzebuerg auswierken.

Fir d’éischt muss ee wëssen, datt fir direkt an der Noperschaft ze bleiwen, déi TVA-Erhéijung vun 16 op 19% an der däitscher Bundesrepublik, sech kaum dierft positiv op de Wuesstem auswierken. Allgemeng gëtt dovunner ausgaangen - ech deelen déi Prognos net, well ech ausdrécklech consolidéierten däitsche Staatsfinanze méi eng héich Prioritéit araumen wéi der Inflatiounsbildung. Doduerch kann entstoen, dat distinguéiert mech e bëssen vun den Zentralbänker an Europa, allgemeng muss een dovunner ausgoen, datt eng 3%teg Erhéijung vun der TVA an der Bundesrepublik eng Inflatiounsduerchschnëttserhiewung an der Eurozon vun 0,3% zur Folleg huet, an eng Konsumdrosselung an Däitschland zur Folleg huet, déi op d’Wuesstem wierkt. An däitscht Wuesstem ass ee Stéck lëtzebuergescht Wuesstem, an doduerch kann et duerchaus eng negativ Co-Impaktbildung och zu Lëtzebuerg hunn.

Ech stellen déi Prognosen do virun ee grousst Fragezeichen, well déi hänke wiesentlech vun der Uelegpräisentwécklung of. An an deem Mooss wéi d’Uelegpräisentwécklung niddereg bleift - ech gleewen net datt se et bleift, mä et ass duerchaus méiglech - kann dat wat duerch d’Konsum-Méibelaaschtung steierlech awer an Däitschland op de Verbraucher zoukënnt, opgefaangen duerch eng Korrektioun no ënne vun den Uelegpräisser, an doduerch zu enger Neutraliséierung am Konsumverhalen an am Konsumbudget vum däitsche Verbraucher féieren.

Jee nodeem, wéi déi Däitsch sech leeë wäerten an hirem Konsumverhalen, wäerte mir méi oder manner grouss Répercussiounen dovun zu Lëtzebuerg hunn.

Méi ee grousse Risiko stellt d’Ofschwächung vum amerikanesche Wuesstem do. Dat war ganz héich an deene leschte Joeren, däitlech iwwer sengem eegene Potential, an däitlech souwuel iwwert der Wirtschaftsperformance wéi iwwer dem Wirtschaftswuesstempotential vun der Eurozone, dat schwächt sech of, an d’Géigend vun 2,6, 2,5%. Dat sinn d’Zuele vum leschten amerikaneschen Trimester, a wann déi amerikanesch Wirtschaft sech däitlech, notamment op Grond vun enger exzessiv auswiirkender Immobiliekris an de Vereenegte Staate vun Amerika, leider ofschwächt, huet dat evident Répercussiounen, souwuel wat d’Nofro no europäesche Produkter, wéi och wat d’Aktivitéiten vun de Boursen, vun den Aktiemäert an domat vun der Finanzplaz Lëtzebuerg zur Folleg huet. Also muss een dat am A behalen.

An dat gëtt net opgefaangen duerch eng no wéi vir médiocrer Wuesstemsperformance vu Japan, wat eng vun de führende Wirtschafte vun der globaler Économie ass, déi kaum dierft iwwer eng Wuesstemsgréisst vun 1% Plus am Joer 2007 par rapport zu 2006, trotz extrem nidderegen Zënsen vun 0,25%, kommen.

Et associéiere sech deem Kontext eng Rei vu geo-politesche Risiken, vu Problemverdichtungen, vun deene mir heiansdo mengen, si géifen eis just an den Owesnorichte concernéieren, mä si concernéieren eis natierlech och wat d’Fluxen ubelaangt, wou d’Weltwirtschaft an hirer Globaliséierung ënnert sech selwer organiséiert.

Mir hunn nach ëmmer dee Problem, et ass een doucen Ausdrock fir en Drama dee sech do ofspillt, vum Irak a vun Afghanistan. Mir hunn een, och wann dat sech e bësse calméiert huet, mä dat kënnt an deenen nächste Méint erëm héich, een net-geléisten Iranproblem. Et kënnt nei dobäi ee Problem an Nordkorea, deen zu geo-strategeschen [inaudible], net nëmmen an där Regioun, mä weltwäit féiert. Mir hunn no wéi vir en terribele Problem am Sudan, dee kaum Erwähnung hei heem fënnt, wou Leit krepéieren, ëmbruecht ginn, massakréiert ginn - 2,5 Millioune Leit bis elo. An déi, déi mengen, dat hätt athmosphäresch tëscht de Kontinenter keng Impaktbildung, déi iere sech natierlech relativ schlëmm.

Dat heescht, datt mir do eng Situatioun hunn, eng international Situatioun vun där mir net genau wëssen, wéi se sech op d’Weltwirtschaftswuesstem an op d’Wuesstem an der Eurozon letztendlech wäerten auswiirken, an domat och Effekter bei eis produzéieren.

D’Uelegpräisser sinn eng Sach fir sech. Déi sinn zënter der zweeter Halschent vum Joer 2003 op haut dat Duebelt gewuess. D’Uelegpräisser hu mat der 80 Dollar-Grenz am August vun dësem Joer däitlech geflirtet, dat war scho méi wéi Flirt, dat war schonn en Zongekuss mat dem Uelegpräis. Deen huet sech zeréckgebild op eng Gréisst vun ongeféier 60 Dollar am September, dat heescht ee Verloscht am Chef vun de Produzente vum Ueleg vun 20 Dollar innerhalb vun e puer Wochen. An et ass relativ riskéiert, hasardéiert fir eng Prognos - esouguer wann ech déi eelst strategesch Problemverdichtunge mat a Betracht zéien - iwwer d’Évolutioun vun den Uelegpräisser ze maachen. Mä et muss ee wësse, par rapport zu haut 60 Dollar ronn, datt eng Augmentatioun vum Uelegpräis par rapport zu haut vun 10 Dollar eng Verkierzung vum europäesche Wuesstem tëscht 0,25 an 0,50% an der Gesamtzon vun den 13 Länner zur Folleg huet. Fir da Wirtschafts- a Budgetspolitik ze maachen, well ee jo nawell net ongären op engem gesécherten Fouss steet, ass relativ komplizéiert.

Mir wëssen net genau wéi déi europäesch Zënspolitik sech wäert an deenen nächste Méint beweegen. D’Europäesch Zentralbank huet innerhalb vun 12 Méint d’europäesch Zënsniveauen em 5 Mol ugehuewen, mir sinn elo op 3,25% Zënsen. An et ass duerchaus méiglech, wann net sécher, datt am Dezember nach 25 Basispunkten dobäi kommen, esou datt den Zënssaz Enn vum Joer 3,50% dierft beweegen, wat fir d’lëtzebuerger Wirtschaft keen iwwerhéichten Zënssaz ass, well mir eng ganz héich Inflatioun hunn, déi héchste mat Griechenland a mat Spuenien zesummen. Wou et kee Grond gëtt, fir sech doriwwer ze félicitéieren.

Fir aner Länner ass dat een däitlech iwwerhéichten Zënssaz. Däitschland huet eng Inflatioun vun 1%, mir hunn eng déi wiesentlech méi héich ass. D’Zënse sinn also fir Däitschland real Zënsméisseg betruecht, wiesentlech ze héich. Dat ass net gutt, fir e Wirtschaftsraum deen eise Wirtschaftswuesstem mat voll déterminéiert.

Wéi d’Zënspolitik am Joer 2007 wäert virugoen, ass eng offe Fro. Wann ee mam Här Trichet ëffentlech doriwwer schwätzt, dann ass eng Sphinx géint den Här Trichet en offent Buch, well hie sech zu deene Froen net äussert. Wann ee méi intim Gespréicher mat him huet - d’Weltpress bericht jo regelméisseg, datt ech där vill mat him hunn - kann ee sech duerchaus virstellen, datt d’Zënspolitik vun der Europäescher Zentralbank nach net op engem Enn ukomm ass, well den Här Trichet och gëschter sech ëffentlech esou geäussert huet, datt wann d’Wirtschaftswuesstem géif esou robust an den Ennméint vun dësem Joer an Ufanksméint vum nächste Joer bleiwen, datt en sech duerchaus kéint virstellen, datt d’europäesch Zënspolitik manner accomodant géif ginn, wéi se dat de Moment ass. Well fir de Moment huet si hire Stadium vun der Neutralitéit nach net erreecht, an dee vun der Akkomodanz nach net verlooss.

Wann ech dann d’Saachen hei heem ukuckt, stellt ee fest, datt mir dee Wuesstemsdown dee mir am Joer 2001 erreecht haten, iwwerwonnen hunn. De Statec huet de Bruttoinlandproduktwuesstem revidéiert, recalculéiert, a kënnt zum Resultat, datt mer am Joer 2001 2,5% gewuess sinn. Dat soen ech just deenen, déi Cassandra-Zongeschléi am Joer 2001 ënnert eneen esou organiséiert haten, datt si vu lauter Begeeschterung fir Zuelen ze nennen, d’Sprooch zur Wuerecht net fonnt hunn. 2,5% am Joer 2001 ass eng Wuesstemsperformance, déi genau där duerchschnëttlecher vun der europëscher Eurozon haut entsprécht, dat heescht, datt d’Zeréckdréine vum Wuesstem zwar zum Joer 2000 relativ grouss war, mä insgesamt op der Performanceskala europawäit betruecht natierlech nach gutt war.

Mir sinn am Joer 2004 op 4,2% Wirtschaftswuesstem komm, an de revidéierten, reviséierten Tabelle vum Statec. Dat ass eng däitlech Erhuelung an engem relativ kuerzen Zäitraum. Am Joer 2005 wäerte mir, an dat muss nach genau gecheckt ginn, an enger Schéier tëscht 4 an 4,6% gewuess sinn. An am Joer 2006, an deem Joer wou mir elo sinn, wäerte mir prévisiblement em 5,5% wuessen, woubäi hei interessant ass unzemierken, datt mir am 1. Trimester vum Joer 2006 6,6% gewuess sinn, an net 7,3% wéi virun e puer Wochen nach vum Statec estiméiert, an datt mir am 2. Trimester, Estimatioune rezent vun 5,4% gewuess sinn, also schonn erëm ee liichte Réckgang ze verzeechnen hunn.

Souwisou gëlt et sech net op d’Trimesterzuele fir d’ausriichtend Politik ze verloossen, well am Joer 2004 ware mir am 1. Trimester 8% gewuess, an am Gesamtjoer 4,2%. Insofern gëlt et ëmmer den Trimesterzuelen eng gewëssen Nuance zouzebreeden, an jidderfalls net, wéi verschiddentlech elo scho geschitt, bei deenen interesséierten zu Lëtzebuerg aus den éischten Zuele vum 1. Trimester Conclusioune fir dat nächst Joer ze zéien. Ech soen dat virun allem fir déi, déi vu Gehälterfantasie staark beweegt sinn.

Am Joer 2007 gi mer dovun aus, datt mer ee Wirtschaftswuesstem vu 4% wäerten hunn, wat im übrigen jo och weist, datt et zu enger Zréckbildung, wéinstens Zréckbildung an Amerika an an Euroraum och vum Wirtschaftswuesstem zu Lëtzebuerg riskéiert ze kommen, mä dat hänkt wiesentlech of vun deene Facteuren, déi ech am Ufank genannt hunn an notamment vun dem Développement a vun der Évolutioun vun den Uelegpräisser. Et muss ee wëssen, datt de Wirtschaftswuesstem heiheem, souwuel 2006 wéi 2007 zu zwee Drëttel gedriwwen ass vun den Aktivitéite vum Finanzsecteur. Zwee Drëttel vum Wirtschaftswuesstem zu Lëtzebuerg, vum Plus vun de geschatene Mehrwerter vun deem wat mer am Joer méi räich ginn, ass op d’Aktivitéite vun der Finanzplaz zréckzeféieren. Dat ass net gutt. Dat weist, datt d’Wirtschaftsinfrastruktur, d’Performancenetz vun der Lëtzebuerger Wirtschaft muss verbreedert ginn, wourëms sech jo déi verschiddenste Wirtschaftsministeren inklusiv deen, dee mer elo mussen erleiden, sech konstant beméien, an dësen iwwregens grad esouvill wéi déi vu virdrun.

Wann ee sech de Finanzsecteur ukuckt a weess, datt zwee Drëttel vun de méigeschaffene Räichtumselementer do hir Originen hunn, gëtt dat däitlech un eenzelnen Zuelen. Den Nettobankeprodukt klëmmt ëm 23,7% op den 30. Juni vum Joer 2006, wat also weist, datt dee wierklech massiv élargéiert ginn ass. Et muss een awer wëssen, datt 39% vun de Revenuë vun der Finanzplaz op Kommissiouns-geschäfter zréckzeféiere sinn, déi hiren Origine net zu Lëzebuerg hunn, mä déi hiren Origine a weltwäiten Aktivitéiten hunn. Dat gëtt systematesch ënnerschlo, bei deenen déi d’Wirtschaftsentwécklung aus hire Grënn massiv positiv beuerteelen. Ech wëll warne virun enger iwwerpositiver Beuerteelung vun der Wirtschaftssituatioun, well si ass zu Lëtzebuerg manner breet gefächert, well zu zwee Drëttel op d’Finanzplaz zréckzeféieren, wéi an anere Wirtschaftsraim vun der Eurozon.

Kuckt mol déi Aktivitéite vun der Finanzplaz, déi eis och elo am Joer 2006 vill Steiere bréngen, ech schwätze vun der Taxe d’Abonnement, déi hu sech vum Joer 2001 op d’Joer 2002 ëm 9% zréckentwéckelt gehat an doduerch hu mer an de Joren 2001 an 2002, d’Kollegen aus der fréierer Regierung wësse sech dorunner z’erënneren, eng Rei vu Budgetsengpäss direkt gehat. Déi Aktivitéiten op deene Kommissiounsrevenuen op der Finanzplaz leien, hu sech vun 2001 bis 2004 ëm 11% zréckentwéckelt, wouduerch mer Problemer haten an de Joren 2002, 2003 a 2004 an eisem Budget. Dat associéiert, déi Fragilitéit do mat der Ofsenkung vum amerikanesche Wirtschaftswuesstum, deen net ouni Afloss bleift op d’Mäert weltwäit, kann een duerchaus sech virstellen, datt ee muss virsichteg si bei der Haushaltsplanung zu Lëtzebuerg. Geet et besser, realiséieren déi Risike sech net, tant mieux.

Eng Rei vu Risike fir d’Joer 2005 a 2006, bal apodiktesch exakt virausgesot, vun den och sougenannte Konsensprognostiker, hu sech net realiséiert. Dodurech hu sech d’Budgetszuelen an alle Länner vun der Eurozon an de Joren 2005 an 2006, besonnesch op Akommessäit, staark verbessert, wat gréisseren Applaus an 11 vun deene 12 Länner ausgeléisst huet, während dat zu Lëtzebuerg gebucht gëtt op Schwindel deen d’Finanz- a Budgetsminister maachen. Et ass esou schéin, wann een net brauch zur Kenntnis ze huele wat an der Welt geschitt a wann een a sengem Kanal sëtze bleift.

Et ass also duerchaus méiglech, datt déi Risike sech net realiséieren. Mä eng iwwerzouene Politik op der Ausgabesäit unzestriewen, well ee mengt, déi Risike géife sech net realiséieren, ass eng am héichste Mooss irresponsabel Politik. D’Industrie geet, esouwuel wat d’Aktivitéiten, wéi och wat d’Produktioun ubelaangt, däitlech besser am Joer 2006 wéi am Joer 2005, bedingt virun allem och duerch ee Redressement vun den Aktivitéiten, trotz enger Ofschwächung vum leschten Trimester am Stolberäich, an den Detailcommerce huet och vum Mee un eng däitlech Korrektur no uewe erfuer, während de Bau sech an engem zefriddestellenden, nach ëmmer a mengen An relativ ze stëlle Gewässer wäert bewegen.

D’Beschäftegung heiheem huet ëm 3,6% an der éischter Halschent vum Joer 2006 zougeholl. Dat ass besser wéi am Joer 2005, wou am éischten Semester just 3,2 Progressioun vum Emploi total festzestelle war. Dat ass awer ëmmer nach manner wéi de Schnëtt vun de Jore 95 bis 2000 wou mer 4,4% Aarbechtsmaartexpansioun haten, also eng Amelioratioun vun der Aarbechtsplazschafung par rapport zu deene rezente Joren, mä am historeschen Trend nach ëmmer eng Performance déi ënnert deem bleift, wat mer do als Resultater haten.

Wann ech Iech soen, datt d’Beschäftegung ëm 3,6% zougeholl huet an der éischter Halschent vum Joer 2006, muss ee wëssen, an dat rejoignéiert déi Remarque déi ech virdru gemaach hunn, datt d’Beschäftegung am Bankesecteur ëm 8,5% zougeluecht huet, wat also däitlech ass. Wou Wuesstum ass a wou kee Wuesstum ass, dat ass net ze vergiesse bei deem wat an den nächste Méint ze bespriechen ass.

Deen désaisonaliséierte Chômage geet an dësem Joer fir d’éischt zanter dem Joer 2001 zréck. Den Emploi résident, dat heescht den Emploi, d’Beschäftegung vun deene Leit déi hei am Land wunnen, ass méi staark ginn. 35% vun den neigeschaafenen Aarbechtsplaze gi vu Leit occupéiert, besat, déi hei am Land wunnen. Dat si 5 bis 6% méi national Beschäftegungszouwiiss wéi dat an de leschte Joren de Fall war. D’Salairë si bis elo an dësem Joer ëm 3,7% an d’Lut gaangen. Ech soen deenen dat, déi déi generell Veraarmungstheorie als déi eenzeg Liesaart vun der Lëtzebuerger sozialpolitescher Evolutioun am gaange sinn auszeginn. Déi Moossnamen déi geholl si ginn bei der automatescher Lounzouwuessexpansioun, spille selbstverständlech eng Roll, well se maache bis an d’Joer 2010 ronn 700 Milliounen Euro manner Peizouwuess aus. Mä doduerch, datt et awer zu enger Expansioun vun der Lounaugmentatioun vun 3,7% komm ass, gesäit een, datt d’Spill vun der fräier Lounbildung, déi net staatlech induzéiert ass, ëmmer nach virugeet, während de Staat-induzéiert Lounfortbildungs-mechanismen eng Ofbremsung ënner Form vun Indexmodulatioun kannt hunn.

D’Inflatioun bleift eist Suergekand. Si war am Juni an dësem Joer 3,2%, exzessiv iwwerhéicht par rapport zu den Iinflatiounszuele vun eisen direkten Noperen. Mir verléiere Joer fir Joer, Mount fir Mount, Dag fir Dag u Compétitivitéit par rapport zu eisen däitschen, franséischen, belschen, vergläichsweis och hollänesche Wirtschaftspartneren, doduerch datt mer eis Inflatioun manifestement net ënner Kontroll hunn. Si huet sech am September 2006 ofgesenkt op 2,4%, haaptsächlech ënnert de Réckbildung vun den Uelegpräisser, wou mer vum August op de September een dramatesche Präisverfall, Gott sei Dank, kannt hunn. Mir ginn dovun aus, de Statec och, datt d’Inflatioun um Enn vum Joer erëm unzitt, wéi och d’europäesch Zentralbank dovun ausgeet, datt et an der Eurozon net bei engem Inflatiounsaz vun 1,8% wäert bleiwen, wéi elo zulescht festgestalt an datt mer erëm iwwert déi 2% Inflatiounskorridor, dee vun der Zentralbank gezeechent ginn ass erauskommen, woumat d’Zentralbank mengt d’Inflatiounsgeforen nach ëmmer duerch weider Zënserhéigunge mussen ze bekämpfen. Dohir mäin Appell esouwuel u Regierung, wéi virun allem un d’Gemengen, déi keng Regele méi respektéieren, datt ee muss ophale mat deenen Erhéigunge vun deenen administréierte Präisser. Mir kënnen net einfach virufueren, lassgeléisst vu Béis a Gutt, déi administréiert Präisser an d’Lut ze setzen.

Dat ass eng Fro, déi natierlech d’Finanzfluxen tëscht Staat a Gemenge staark interpelléiert. Do besteet jo eng Evolutioun zum besseren am Joer 2007, mä déi Tatsaach, datt mer den Index moduléiert hunn duerch Gesetz, däerf net dozou féieren, datt mer d’Inflatioun, well se net méi an der Lounbildung maximal spillt, einfach doduerch dreiwen, datt mer aus net-Aspuerungswëllen, mä aus Recettëbequemlechkeet elo déi administréiert Präisser souwuel biem Staat wéi och bei de Gemengen ouni Rücksicht an d’Lut setzen. Dat ass dee Kontext an deem dee Budgetsprojet fir d’Joer 2007 sech muss aschreiwen an e kritt seng politesch Couleur duerch dat, wat an der Vergaangenhet heibannen an op anere Plaze gesot ginn ass.

Wéi ech am Numm vun der fréierer Regierung de Budgetsprojet fir d’Joer 2004 hei am Haus, zesumme mam Luc Frieden, abruecht hunn, hunn ech gesot, déi Joren no 2004, géife wiesentlech méi schwiereg um budgetäre Plang ginn. Däitlech, haart a virun de Walen. Dofir sinn déi, déi soen, ech hätt virun de Wale gelunn, gläich iwwervirsichteg bei der rhetorescher Ausleeung vun hire condamnéierten Aussoen. Dat ass heibanne gesot ginn. Dat ass och, zumindest an 12 Walversammlungen, déi meng Partei gefouert huet am Land, gesot ginn. Ech hätt gären, datt ee mer géif de Géigendeel beweisen. Dat ass dat éischt.

Dat zweet ass, ech hunn heibannen am Numm vun dëser Regierung eng Déclaratioun vun däerselwechter den 12. Oktober 2005 virgeluecht iwwert déi politesch, wirtschaftlech, sozial, finanziell Aktualitéit vun deenen nächste Méint, well ech ëmmer nach gelies hunn, ech wier ee besonnesch Cleveren - wat mech net stéiert wann een dat seet. Et soll een dat och net dauernd ënnerschätzen, ech hätt déi Erklärung bewosst 3 Deeg no de Gemengewale gemaach, wëll ech hei nach eng Kéier soen, wann een heibannen ass, deen eng aner Erënnerung huet, da soll en dat direkt soen, datt ech se wollt am Juli heibannen maachen, virdrun, fir genau dat selwecht 3 Méint virun de Gemengewalen ze soen, mä dat huet sech vum parlamentareschen Oflaf vun den Aarbechten net organiséiere gelooss. An där Ried vum 12. Oktober hunn ech däitlech gemaach oder probéiert däitlech ze maachen, datt mer nodeem mer, séier bewosst, och gestützt duerch einschlägeg Parlament- an Tripartitesbeschlëss, net an den Dépensen ageschnidden hunn, fir déi schwächelnd Konjunktur net ze déiwen, mä einfach eng normal Kreditexpansioun zouzeloossen, wat och dozou gefouert huet -wann iwwerhaapt de Budget Afloss huet op d’konjunkturellt Verhale vun eier Collectivitéit, well déi äusser Aflëss sinn eigentlech méi grouss wéi déi intern organiséiert - datt mer keng Wuesstemskris zu Lëtzebuerg kritt hunn, mä ee Wuesstemstassement, dee sech erëm erholl huet, fir am Joer 2004 mat 4,2% erëm duerchzestarten, wat eng relativ mëll Erhuelung war, mer elo an enger Situatioun ukomm wieren, wou een einfach dee Prozess, well et der Wirtschaft besser geet, datt d’Recettë manner séier klamme wéi d’Dépensen, mä datt d’Dépensen awer an hirer Expansioun virukéimen, och wa mer dee Phénomène net géife feststellen, datt dee Prozess muss op een Enn bruecht ginn, well mer eise Solde vun 1,9 op 5,9% fir 2000 an 2005 am gaang waren ze verschlechteren. An doriwwer géife mer gären, hate mer gesot den 12. Oktober 2005, hei am Haus, schwätzen, virun allem mat de Sozialpartner an der Tripartite, anstatt duerch Rambomethoden - ech zitéiere mech selwer, dat maachen ech jo ëmmer gär - anstatt duerch Rambomethoden hei d’Deseskalatioun bei der Dépensebildung am Staat anzeleeden. Déi Gespréicher hu mer gefouert, déi Resultater déi d’Gespréicher bruecht hunn, an déi Annoncen déi mer no deene Gespréicher den 2. Mee 2006 heibanne gemaach hunn, bei der Erklärung zur Lag, déi si bekannt.

Dat schreift sech alles an an einfach Regelen. Mir kënnen net op Dauer, wann et der Wirtschaft gutt geet, virufuere bei eisen Ausgabe méi séier ze wuesse wéi bei eise mëttelfristegen Einnahmen. Mir dierfen d’Méiglechkeeten, déi dee Wirtschaftswuesstem a senger Valeursdimensioun geholl, eis gëtt, net iwwerschreiden, mir däerfen se och net bis hannenhinner ausreizen. Mir mussen däitlech drënner bleiwen. Dat musse mer maachen, well mer erkennen, alleguer - ech mengen doriwwer gëtt et keng Kontrovers - datt een déi al Politike muss ofbremsen, fir datt ee Raum fënnt fir déi nei Politiken, déi zukunftsorientéiert Politiken am Beräich vun der Fuerschung, am Beräich vun der Schoul, am Beräich vum ëffentlechen Transport, am Beräich vun der Entwécklungshëllef, am Beräich vun der universitairer Bildung zu Lëtzebuerg, am Beräich vun der Kannerbetreiung an der Kannerversuergung kënne korrekt ze aménagéieren. Mir hunn d’weil: fuere mer virun d’Kannergeld z’indexéieren an an d’Lut ze setzen oder investéiere mer méi a kollektiv Infrastrukturen, déi och Familljepolitik sinn an eigentlech méi dem sélective Besoin vun de Leit entspriechen, wéi de globalen an de kollektive Besoin ugepasst sinn? Alles dat ass gemaach ginn an der Tripartite. Alles dat ass heibannen diskutéiert ginn an der Folleg vum 2. Mee an alles dat huet de Budgetsminister natierlech doctement, well en un der Ausaarbechtung vun där Politik jo och privilégéiert bedeelegt war, probéiert an de Budgetsprojet fir d’Joer 2007 afléissen ze loossen, deen natierlech allen Oplage vum reforméierten a revidéierten europäesche Stabilitéitspakt gerecht gëtt, dee jo seet, datt een, ass een an eiser Situatioun, vu Joer zu Joer eng 0,5% Strukturberengegung vun de Budgetsdefiziter muss maachen. Dat hu mer gemaach. Am Joer 2005 esouguer méi wéi mer geduecht hunn, well duerch europäesch Regele bedingt, eenzel Recetten, déi am Joer 2006 realiséiert gi sinn, hu missen op d’Joer 2005 gebucht ginn a sech do defizitmindernd ausgewierkt hunn.

Eise mëttelfristege Budgetsobjektiv, och vun der Europäescher Unioun, vun der Eurozon wëlle ech soen, als solchen unerkannt ass, fir am Joer 2009 op ee Budgetsdefizit vun 0,8% am Gesamtstaat, Administration publique - dat heescht Gemengen, Sécurité sociale, Staat, Investissementsfongen an Etablissements publics zesummegeholl - ze kommen. Mir wëllen, well dat d’Regel vum Stabilitéitspakt ass, et besser maache fir de Stabilitéitspakt fir d’Zukunft méi sécher ze gestalten a striewen dofir dat Ziel an enger accéléréierter Form un. Déi Moossnahmen, déi mer an der Tripartite décidéiert hunn an déi d’Parlament am groussen Deel schonn évacuéiert huet, hätten, hätte mer se net geholl, alleng d’Dépensë vun der Administration centrale, dat heescht dem Staat selwer, ëm 7,6% an d’Lut klamme geloosst. Dat wier eng Gréisst vu Wuesstem gewiescht, déi net compatibel gewiescht wier mat eisem Wirtschaftswuesstem, net compatibel gewiescht wier mat eiser Inflatioun an net compatibel gewiescht wier mat deem wat een zukunftsofséchernd fir déi nächst Jore muss maachen. Wéi mer dohinner komm sinn, wou mer ukomm sinn, dat seet den Här Luc Frieden Iech elo.

Dernière mise à jour