Marie-Josée Jacobs, Discours d'ouverture lors de la table ronde "L'avenir appartient aux entreprenants" organisée dans le cadre des "Journées - création et reprise d'entreprise" à la Chambre des métiers

- Seul le discours prononcé fait foi -

Léif Präsidentin,
Dir Hären Direkteren vun de Chambrën,
Dir Dammen an dir Hären,

Ass d’Grënnung vun engem Betrieb anescht fir Frae wéi fir Männer?

Gin et vläicht vu vireran einfach manner Fraen déi dat interesséiert fir sech selbstständeg ze maachen ? Sin si einfach manner "risikofreedeg" wéi d’Männer?

Dat si Froën, Dir Dammen an dir Hären, déi sech opdrängen wann ee feststellt, datt vill manner Fraen e Betrieb grënnen.

Eng Etüde "Factors of Business Success" vum CRP Tudor a vum Statec huet ergin datt bei engem Echantillon vu Betrieber déi 2002 gegrënnt goufen nëmmen 18 % vu Fraen gregrënnt goufen.

D’Frae sin och hei ënnerrepräsentéiert - grad ewéi se dat um Niveau vun den Décisionnären an den Entreprise sin, an de Verwaltungsréit, an der Direktioun oder och bei de Gremien vun den Delegatiounen.

Nëmmen 3 % sin an de Verwaltungsréit vun deene 50 Top Entreprisen hei am Land.

Si stellen och e manner héichen Beschäftegungs-taux matt 50.6 (géintiwwer 73.3 bei de Männer fir 2004) duer.

Et as en erklärtent Ziel vum Ministère fir Chancegläichheet fir dësen Déséquiliber an de Grëff ze kréien. Dofir hu mir 2002 an 2004 e Forum "Femmes et Entreprises" zesumme matt der UEL organiséiert, fir méi Fraen op den Aarbechtsmuart ze kréien an d’Netzwierk vun Erfahrungen ënnert de Fraen ze stärken an auszewäiten.

Ass d’Grënnung vun engem Betrieb manner interessant fir Fraen wéi fir Männer? A wa jo, fir wat wier dat esou?

Un der Ausbildung kann et net leien. Etüde weisen, dattd’ Fraen am Laf vun de Joëren ëmmer besser qualifizéiert sinn. Den Unterrichtsministère hat 2005 bei der Analyse vun de Resultater vu Première festgestallt, datt d’Erfollegsquote bei de Meedercher méi héich long wéi bei de Jongen.

En Diplôme, e Schoulofschloss ass e Schlëssel zum Erfolleg – och bei der Grënnong vun engem Betrieb. Mee et brauch een och Qualifizéierung an Erfahrung an déi feelt de Fraen dacks, wa si eng Erzéiongspaus gemaat hun.

Och franséisch Studien beleeën datt d’Fraen an der Moyenne méi diploméiert sin wéi d’Männer, mee vill vun hinnen hu kéng Expérienz an hun och a ville Fäll net virdru méi geschafft (wéinst enger Familljepaus).

Den däitsche "Bundesministerium für Bildung und Forschung" stellt fest datt de Fraenundeel bei der Grënnung vun engem Betrieb däitlech ënnert deem vun de Männer läit: Wa sech 12 % vun alle Männer di schaffen selbstständeg maachen, sou läit den Taux bei de Fraen nëmmen hallef esou héich. A bei technologieorientéierte Betrieber ass en nach manner.

Op anere Plazen get awer festgestallt, datt den Intressen un der Selbstständegkeet bei de Fraen zouhëllt. An engem Rapport vun 2006 huet di däitsch Industrie an Handelskammer festgestallt datt et an Däitschland en Zouwues vu Fraen déi sech selbstänneg maache get: vun 33 % (2004) op 38 % (2005).

Datt méi Fraen och de Schrëtt an d’Selbständegkeet woën, ass een Ziel vum Lëtzebuerger Plan d’action national fir Gläichheet vu Mann a Frau deen ech am März virgestallt hun.

Gin et aner Barrièren déi et de Fraen erschwéiert sech selbstständeg ze maachen?

Secher sin d’Ursaachen villschichteg an et get net nemmen eng eenzeg Erklärung. Et get och bis elo kéng kohärent Ursaacheforschung, sou datt een nemmen Hypothesen ka formuléieren:

  • D’Fraen hun eng Tendenz fir sech ze ënnerschätzen. Si sin Spezialistinnen am "Tiefstapeln" wougéint d’Männer sech gären alt iwwerschätzen
  • D’Frae grënnen och léiwer kleng Firmen. Mee Banken si net besonnesch u klenge Krediter interesséiert wéinst dem Aarbeschtsopwand deen dat mattsechbréngt.

D’Tatsaach datt Fraen matt Virléift kleng Betrieber grënne misst dach eigentlech fir Lëtzebuerg eng gudd Saach sin, well di kleng a mëttelstänneg Betrieber de gréissten Deel vun de Betrieber ausmaachen matt 71 % vun alle Salarieeën zu Lëtzebuerg. (Am Vergläich: EU - Moyenne: 65 %!).

Berodung fir Fraen bei der Firmegrënnung muss méi op d’Biographie vun de Fraen agoën.

An deem Kontext hat de Chancegläichheetsministère um Forum 2004 déi schwedesch Organisatioun "NUTEK" virgestallt déi "conseillères d’entreprise" ausbild, déi d’Entrepreneusen um Niveau vun der Betriebsgestioun ennerstëzt.

Anescht wéi d’Männer mussen d’Fraen eng Famill geréieren an dat an hirer beruflecher Karrière berücksichtegen. Kannerbetreiung ass do e wichtege Faktor. Dat heescht awer net onbedengt, datt d’Kannerbetreiung an direktem Zesummenhang zur Motivatioun fir sech selbstständeg ze maachen stoë muss.

D’ Kannerbetreiung ass beispillsweis am Frankräich vill besser ausgebaut wéi an Däitschland. Trotzdem ass de prozentualen Undeel vun de Fraen un der Gesamtzuel vu Betriebsgrënnungen do net méi héich wéi an Däitschland.

Mee och d’Zuelen gin ëmmer nëmmen en Deel vun der Realitéit zréck an et muss een oppassen fir net ze vireilig Schlussfolgerungen ze zéien.

En Ziel vun eisem nationalen Aktiounsplang fir Gläichheet tëscht Fra a Mann as et de Beschäftegungstaux vu Fraën a Männer eropzesezen. An deem Kontext get d’Konzept vu Kannerbetreiung iwwerduecht a verbessert.

D’Zuel vun de Crèchen an de gelounte Crècheplazen, souwi och vun de Plazen an de Maisons relais soll em 66 % am Zäitraum vun 2005 bis 2007 ze erhéicht gin. Fir d’Maisons relais sollen och di administratif Procéduren vereinfacht gin fir dëst Ziel ze erreechen.

33 % vun de Kanner bis 3 Joer an 90 % vun de Kanner tëscht 3 a 6 Joer sollen, hei am Land, an enger ‚structure d’accueil’ eng Plaz kënne fannen.

De Fahrplang 2006-2010 vun der Europäischer Kommissioun fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer huet 6 prioritär Aktiounsberäicher festgeluet. Dorënner fällt och d’Fuerderung no derselwéchter ekonomescher Onofhängechkeet fir Fraen a Männer an d’Fuerderung vum "esprit d’entreprise".

D’franzéisch Ministesch fir Cohésion sociale a Paritéit, d’Madame Vautrin, huet am Februar, am "Salon des entrepreneurs" zu Paräis, e Plang annoncéiert fir d’Créatioun an d’Reprise vu Betrieber duerch Fraen ze favoriséieren.

Franséich Zuelen beleeën, datt d’Fraen an anere Konditiounen eng Firma grënne wéi d’Männer:

  • Fraen investéieren manner Suën an hire Projet, an dat egal a wat vir engem Sektor.
  • Iwwert 50, gin et méi Fraen wéi Männer déi e Betrieb grënnen am Frankreich: an zwar 14 % géintiwwer vun 10 % bei de Männer.

An deem Zesummenhang erënneren ech un eng Ëmfro op eisem éischte Forum 2002 (matt ronn 150 Participantes) wou 37% % vun de Fraen déi deelgeholl hun tescht 40 a 49 Joer an 10% iwwer 50 Joer.

Och dat as interessant, wann ee wees datt net nëmmen zu Lëtzebuerg, mä europawäit Effortë gemaach ginn, fir eeler Salarieeën um Aarbeschtsmaart ze halen.

D’Loscht um Entrepreneuriat muss vill méi stimuléiert gin an den Usaz dofir muss schon a jonke Joere geschéien.

Fir wat befaassen sech esou wéinig Meedercher a jonk Fraen matt der beruflecher Selbständegkeet? Well Famill a Beruf esou schwéier ze vereinbare sinn? Well d’Meedercher wéinig vum diversifiéierten Alldag vun enger Entrepreneuse kennen? Well et einfach ze wéineg Virbiller get?

D’Sensibiliséierung vu Schülerinnen ass wichteg, wa mir méi Entrepreneusen an der Zukunft wëllen an eisem Land hun.

Besonnesch vill Schülerinnen bedeelegen sech all Joer um Concours vun de "Mini-Entreprises" an de Lyceeën. Schued, datt si eis spéider an der Wirtschaft verluer ginn!

Eng Méiglechkeet wier et, e Girls’day bei Entrepreneusen zesummen matt de "Femmes cheffes d’entreprises" an dem "Cid femmes" ze organiséieren. An deem Kader kéinten di jonk Fraen e realistescht Bild vun enger Betriebsgrënnung an en Abléck an dat alldeeglecht Liewen vun enger Fra als Entrepreneuse kréien .

An deem Zesummenhang well ech ofschléissend ennersträichen, datt Fraen déi e Betrieb grënnen oder grënne wëllen nach méi Visibilitéit brauchen!

Ech kennt mir och virstellen datt d’Chambren en Online Kurs fir Existenzgrënnerinnen kéinten op hirem Site ubidden. An deem Kontext get et flott Beispiller am däitschsprochege Raum déi matt Sécherheet och kéinten un d’Besoins vun de Fraen hei am Land ugepasst ginn.

Wat de Chancegläichheetsministère scho seit 2002, zesumme matt der UEL gemaach huet, wor d’Fraen ze sensibiliséieren.

D’Sensibiliséierung setzt op d’Valorisatioun vun de Fraen, hire Kompetenzen an hiren Initiativen déi fir eis Ekonomie immens wertvoll sin. D’Visibilitéit as och wichteg fir den Ofbau vu Viruurteler géigeniwwer vu Fraen (an och vu Männer) déi de Courage hun a bereed sin de Risiko vun der Selbstständegkeet anzegoën.

Wann är Entreprise da steet, dann sollt dir, Dir Dammen an dir Hären Entrepreneuren an Entrepreneusen, och d’Gläichstellung vu Männer a Fraen direkt an d’Firmekultur abannen.

Fir Iech do ze ennerstëtzen stinn d’Agentinnen vum Chancegläichheetsministère zu ärer Verfügung fir iech am alldäglechen Betriebsliewen bäi der konkreter Emsätzung vun der Gläichstellung vu Fraen a Männer ze ennerstëtzen. Zéckt dofir net fir op si duerzegoen an iech iwwert de Programm vun de Positiven Aktiounen vum Chancegläichheetsministère ze informéieren.

Ech wënschen eis haut den Owend eng uregend an interessant Diskussioun déi och aner Fraen an d’Richtung vun der Création d’entreprise ka féieren.

Dernière mise à jour