Jean-Marie Halsdorf, Discours à l'occasion de la Journée des politiques urbaines, Université du Luxembourg

Dir Dammen an dir Hären,

Fir d’éischt, well ech der Uni Lëtzebuerg e grousse Merci soen fir d’ "Zur Verfügung stellen" vun hire Raimlechkeeten, an awer virun allem fir déi ganz aktiv a kreativ Ënnerstëtzung an der Virbereedong vun dësem Dag.

Ech freen mech Iech zu sou vill hei dierfen ze begréissen. Datt weist datt Diskussiounsbedarf besteet, an datt d’Themen déi haut ugeschwat ginn op Interessi treffen.

Dir sidd bestemmt mat verschiddenen an ënnerschiddlechen groussen Erwaardungen de mueren heihinner komm, an et ass mer wichteg opmierksam ze man op datt wat haut méiglech ass, an wat nët.

Wat méng Erwaardungen vun dësem Dag sinn.

Et ass sécher nët méiglech haut op all Froen an Erausfuerderungen déi sech am Beräich vun der Städtepolitik stellen, Äntwerten an Léisungen ze ginn.

Datt ass och nët d’Ziel vun dëser Veranstaltung!

Et geet vill méi drëm engersäits ze verstoen wat den Begrëff "Politique urbaine" iwwerhaapt ëmfasst. Wéi eng Themenfelder betraff sinn - wéi eng Akteuren ugesprach sinn.

Wéi wäit sinn d’Diskussiounen déi op EU Niveau zu dem Thema "Städtepolitik" gefouert ginn iwwerhaapt fir Lëtzeburg relevant? Wéi kënnen mer aus deenen iwwergeuerdneten europäeschen Diskussiounen Impulser fir konkret Aktiounen zu Lëtzebuerg gewannen? Wéi a mat wiem mussen oder sollen d’Diskussiounen zu dem Thema national gefouert ginn? Wéi kann eng Hëllefstellung vun staatlecher Säit ausgesin?

Et ass mäin Uleies, déi Zeit an déi Aarbescht, déi den Ministär an d’Bedeelegung vun dësen europäeschen Aktivitéiten stecht, esou emsetzungsorientéiert an zielgeriicht ewéi méiglech ze gestalten, fir datt e konkreten Notzen fir déi lokal Akteuren entsteet.

Et ass méng Usprooch datt ët nët nëmmen bei der staatlecher Bedeelegung un dësen EU-Diskussiounen an Aktivitéiten bleiwt, mä datt den Input deen do geleescht gët, och ob nationalem Niveau eppes bewierkt.

Dofir muss och eng Bereedschaft bei den lokalen Akteuren bestoen fir sech zesummen mat där Thematik ausenanerzesetzen. D’ Bereedschaft zum Diskussiounsaustausch ass do, wéi mer datt och haut ënnert anerem unhand vun den Participants vun der Table ronde gesinn.

Fir konkret Akzenter ze setzen, dierf et natierlech nët nëmmen beim Austausch vun Ideen a Konzepter stoen bleiwen. Do muss och den Wellen sinn, konkret an emsetzungsbewosst ze handelen, an datt bei all den Akteuren déi betraff sinn.

Mä an enger éischter Phase geet ët eemol drëm sech zesummen Gedanken iwwert déi richteg Frostellungen ze man.

An der Vergangenheet huet Lëtzebuerg sech nët aktiv un den EU-Diskussiounen zu dësem Thema bedeelegt. Datt war engersäits esou, well d’Städtepolitik och um EU Niveau nët déi Bedeitong hat déi ët elo huet, (an och nach ëmmer méi wärt kréien).

Mä awer och, well mer zu Lëtzebuerg nach keen nationalt Verständnis vun Städtepolitik haaten, an ech behaapten datt mer datt och elo nach nët hunn.

Dir frot Iech elo - wouhir kennt elo mein Interesse fir d’Thema Städtepolitik. Firwat ass datt Thema elo méi "aktuell"?

Am November 2004 huet die hollänesch Présidence dem Thema Städtepolitik eng frësch Dynamik ginn, andeems se en informellt Ministertreffen zu Rotterdam organiséiert huet.

Ech sinn also zu dem Zeitpunkt fir d’éischt mat deenen sougenanntenen "städteschen Themen" op EU Niveau a Kontakt komm.

An natierlech hunn ech mer d’Fro gestallt - Ass Lëtzebuerg iwwerhaapt betraff?

Kann een, am Vergläich mat aneren europäeschen Stied, iwwerhaapt vun Problemer zu Lëtzebuerg schwätzen?

Wann een dann awer di ganz Bandbreet vun Themen kuckt, déi sech ënnert dem Begrëff "Städtepolitik" befannen, muss een feststellen datt Lëtzebuerg duerchaus esou munch Problematiken mat aneren europäeschen Stied deelt. Natierlech sinn eis "Problemer" am EU-Vergläich éischter kleng Problemer, vläicht esouguer oft "Luxusproblemer"... datt heescht awer nët datt mer keng Léisungen mussen ubidden, an virun allem heescht datt nët datt ët ëmmer esou bleiwt.

Globaliséierung, Wuesstum, Klimawandel etc. sinn och fir Lëtzebuerg nët nëmmen Begrëffer, mä Realitéiten deenen et gëllt sech ze stellen.

An wann eng integréiert koordinéiert Approche hir "Plus Valuen" bei eisen europäeschen Noperen bewisen huet, da kënnen a sollten mer schnellstens vun dësen Experienze profitéieren, an se der nohalteger Entwécklung vun eisem Land ze gudd kommen loossen.

Do sinn mer dann och bei engem Ziel dem sech d’Hollänner während hirer Présidence speziell zougewannt hunn, nämlech dem vun engem koordinéierten, gezielten Erfahrungsaustausch am Bereich vun der Städtepolitk. Sie hunn den Pilotprojet EUKN ‚European Urban Knowledge Network’ an d’Liewen geruff, bei dem 15 Memberstaaten partizipéiert hunn.

Ennert deenen 15, huet sech och Lëtzeburg bis elo aktiv un der Realisatioun vun dësem europäeschen Wëssensnetzwierk bedeelegt.

Et gouf speziell en "EUKN - National Focal Point Luxemburg" ageriicht, deen am Moment nach vun engem däitschen Bureau betreit get. D’Ziel ass et awer dësen nationalen Bestanddeel vun dem iwwergeuerdneten europäeschen Netzwierk zukünfteg bei der Uni Lëtzeburg unzesidelen. Den Christian Schulz geet an senger Présentatioun méi detailléiert ob d’Ubannung vun dësem "National Focal Point-Luxemburg" an.

Den 24. Mai ass en informellt Ministertreffen zu Leipzig wou ech enger weiderer Bedeelegung un EUKN bis 2010 wärt zoustëmmen. Bis dohinn gëlt ët also och ob nationalem Niveau an Concertatioun mat den lokalen Akteuren festzestellen wéi eng konkret Notzen eis d’Bedeelegung un dem Projet bruecht huet, an op mer eis weider bedeelegen oder aner Pisten verfollegen.

Wichteg ass ët mer Iech matzedeelen datt déi betraffen Akteuren - datt sinn vun staatlecher Säit aus:

  • den Wirtschaftsministär, an senger Roll als Verwalter vun europäeschen Fördergelder,
  • den Wunnengsbauministär,
  • an den Innen- a Landesplanungsministär;

vun dem lokalen Niveau sinn datt an enger éischter Phase

  • d’Buergermeeschteren vun der Stad Lëtzeburg an Esch,
  • souwéi d’Représentatioun vum Comité politique aus der Nordstad,
  • an d’Uni Lëtzeburg;

sech an den leschte Méint zesummengesat hunn, an iwwerluecht hunn wéi eng Plattform kéint ausgesin déi engersäits, eng national Ulaafstell fir déi lokal Akteuren am Bereich vun der Städtepolitik soll sinn, also och den Austausch tëschent den nationalen Akteuren erméiglechen an awer och anerersäits d’Kontaktstell fir international Akteuren.

Dës Plattform hätt also eng duebel Funktioun,

  • d’Vernetzen vun den Themen an Akteuren national,
  • an Kontaktpunkt sinn fir iwwergeuerdnet europäesch Netzwierker.

Daat Ganzt an enker Vernetzung mat den liéierten laafenden Aktivitéiten vun der Uni an dem Beräich.

D’Preparatiounen fir d’Kreatioun vun esou enger "Cellule nationale pour la politique urbaine" laafen also, an ech hoffen dass mer eis geschwënn ob en Conventiounstext eenegen kennen, deen dann nach virum Summer vun den bedeelegten Partenairen ënnerschriwen gët.

An dem Kontext wollt ech och deenen betraffenee Partner Merci soen, fir hir konstruktiv Ennerstëtzung an den positiven Feedback ouni deen den Projet nët zustane komm wier.

Dësen Projet kënnt also virun allem dem Bestriewen entgéint den lokalen Akteuren Zougang zu internationalen Erfahrungen a Wëssen an deem Beräich ze erméiglechen.

Datt setzt awer viraus dass mer fir d’éischt identifizéieren wou zu Lëtzeburg Handlungsbedarf besteet, wat déi spézifesch Besoins um lokalen Niveau sinn, mat wéi engen Erausfuerderungen d’städtesch Räim zu Lëtzebuerg konfrontéiert sinn.

Et ass och héi wou ech méng Erwaardungen fir den héitegen Dag usetzen. Fir zefriddenstellend Äntwerten kënnen ze ginn, mussen fir d’éischt d’Froen kloer sinn, d’Ausgangssituation muss erfasst ginn.

Mir hunn héi zu Lëtzeburg z.B. nët de Problem vum Bevölkerungsrëckgang, Verfall, keen groussen Mangel un Aarbeschtsplaatzen oder niddreger Liewensqualitéit ... dofir sinn mer awer, fir nëmmen déi puer ze nennen, mat engem Mangel un Bauland, un erschwénglechem Wunnraum, a mat steigenden Verkéiersbelaaschtungen konfrontéiert.

Wéi kënnen eis städtesch Räim méi attraktiv ginn, an zum wirtschaftlechen Wuesstum am Sënn vun der Lissabonsstrategie beidroen, an zugläich eng sozial Ausgrenzung, eng Verschlechterung vun der Emweltqualitéit, an Zersidelung vermeiden?

Et geet also drëm zesummen, aus der Sicht vun verschiddenen Akteuren, dei besteend Situatioun ze analyséieren, den Handlungsbedarf ze identifizéieren, gemeinsam Zieler ze définéieren an Prioritéiten ze setzen.

Datt alles mecht een nët an engem Dag, mä ët ass schon gudd wann mer haut, unhand vun den Diskussiounen, an am Austausch mat eisen auslänneschen Gäscht, "Städtepolitik" och zu Lëtzebuerg zu engem Begrëff man.

Dës Veranstaltung soll also eng éischt Manifestatioun sinn, wou mer zesummen d’Themen an Projeen identifizéieren mat deenen sech zukünfteg Manifestatiounen méi gezielt sollen ausenaanersetzen, fir deem Usproch engem nationalen Verständnis vun Städtepolitik méi no ze kommen.

Ech sinn bereet mech aktiv fir eng nohalteg Städtepolitik zu Lëtzebuerg anzesetzen, eng Plattform fir Diskussiounen zur Verfügung ze stellen, an Zukunft d’Diskussionunen déi op EU Niveau gefouert ginn op den lokalen Niveau ze féieren, wann d’Demande do ass. Ech erwaarden mer awer och een Input vun den lokalen Akteuren fir dës Initiativen mat Liewen ze erfëllen.

Et wier z.B. flott, wann mer vun Iech en Feedback iwwert den Internet Site EUKN kréichen.

Bréngt dëst Instrument eisen lokalen Akteuren eppes? Wat misst anescht oder besser sinn?

Huet ët ee Sënn desen Projet ënnert där Form weiderzefinanzéieren?

Ech géng mech och besonneg freen wann ech schon aus der héiteger Manifestatioun Gedanken, konstruktiv Iwwerleeongen an Aktiounsvirschléi mat op d’Ministertreffen zu Leipzig kéint huelen.

D’Haaptdiskussiounsthemen sinn do den Erfahrungs- a Wëssensausstausch, an d’ "Integrativ Stadtentwécklung", an d’Rollen déi dës Themen an enger nohalteger Städtepolitik spillen.

An deem Sënn erwaarden ech mer haut lieweg an léisongsorientéiert Diskussiounen.

Merci!

Dernière mise à jour