Jean Asselborn, Discours à la Chambre des députés lors du débat d'orientation en vue du Conseil européen sur le mandat d'une Conférence intergouvernementale relative au traité constitutionnel, Luxembourg

Här President, léif Kolleegen alleguerten, et ass fir d'Regierung doudsécher encourageant [...] wann een hei vun där grousser Majoritéit vun der Chamber wierklech gewise kritt, dass mer jo an eise Positioune praktesch op enger Linn leien. Et ass och encourageant, dass ech ka soen, dass dat, wat an där Motioun steet, déi déi véier Fraktioune virbereet hunn, wat se der Regierung mat op de Wee ginn, absolut deckungsgläich ass mat eise Virstellungen als Regierung.

Nun, Här President, vläicht ee Wuert zu deem, wat den Här Fayot gesot huet, dass mer mussen als Regierung eng gewësse Marge hunn, fir ze verhandelen. Dat stëmmt. Mä ech mengen net, dass mer hei nach vill matenaner brauchen ze telefonéieren, ier mer hei zouschloen. Mir wëssen, wat d'rout Linne sinn - wann ech esou däerf soen - vun der Chamber. Selbstverständlech wëlle mer déi och afléisse loossen an dat, wat mer als Regierung maachen.

Här President, ech wëll awer och vläicht e Wuert soen zum Premier. Normalerweis sténg hie jo hei op der Tribün de Mueren elo. Et geet him ganz gutt. Hie geet vläicht an deenen nächste Stonnen oder doudsécher an deenen nächsten Deeg heem. Ech mengen, dat wat een him ka wënschen, dat ass vill Energie, fir ze récupéréieren, well mer wëlle jo awer op seng Erfahrung, op seng Kompetenz déi nächst Woch zu Bréissel selbstverständlech net verzichten.

Ech wëll och vläicht vireran eng generell Feststellung maachen, wéi a mat wat fir enger Astellung dass mer als Lëtzebuerger Regierung an déi Verhandlunge ginn. Mir wëllen engersäits ee Kompromiss hëllefe sichen zu 27 - mir mussen zu 27 sinn -, ouni dobäi - an dat ass jo essenziell - dat Wesentlecht vum Traité constitutionnel ewechzegeheien. Wesentlech fir eis sinn all déi Punkten, déi der Europäescher Unioun déi Instrumenter ginn, fir hire Fonctionnement ze stäerken. Konkret heescht dat, dass mer hëllefen ee Mandat zustane kréien, auszehandelen, fir eng Conférence intergouvernementale op d'Been ze kréien.

Conférence intergouvernementale heescht, dass d'Memberstate sech ëm deen Dësch setzen an eppes aushandelen, wat mat engem Traité ze dinn huet selbstverständlech. Ee Mandat, wat kloer definéiert ass. An dat gëtt déi grouss Aarbecht: Wéi definéiere mer dat Mandat? Dat gëtt déi grouss Aarbecht vun der Présidence an och vun de Memberstaten, fir dann zäitlech onbegrenzt déi CIG ofzeschléissen um Enn vum Dezember vun dësem Joer.

Déi Iddi, déi den Här Goerens hei entwéckelt huet, wou hie seet, dass mer eis sollen asetzen, fir dass an enger geraffter Zäit soll kënnen an de Parlamenter oder vun de Länner, wéi et dann ass, ratifizéiert ginn, ass doudsécher eng Iddi, déi mer och an déi Réunioun vun der nächster Woch um Conseil européen kënnen erantransportéieren.

Dir wësst, dass et do Problemer gëtt. Zum Beispill, Irland muss fir all Traité e Referendum maachen. Mä dat wëllt awer net heeschen, dass een einfach kann oder soll dat Ganzt éparpilléieren op dat ganzt Joer, mä, ech mengen, déi gerafften Délaien, déi do kéinte gesat ginn, si schonn ee Wee, fir kënnen doranner besser virunzekommen.

Ech wëll hei an der Substanz net ze breet aushuelen a mech op e puer Punkte limitéieren, déi Dir och ugeschnidden hutt. Ech wëll awer virewech soen, an och e wéineg un dat uschléissen, wat den Här Goerens probéiert huet ze maachen, dass mer jo an enger globaler Welt global Äntwerte brauchen. Global Äntwerten heescht hei, keng partisan Äntwerten, keng fragmentéiert Äntwerten, keng national egoistesch Äntwerten an och keng kuerzsiichteg Äntwerte ginn.

Wann d'Europäesch Unioun um Globus eng Roll spille wëllt an Afloss huele wëllt mat den USA, mat China, mat Indien a mat Russland, da brauche mer jo eng Europäesch Unioun, déi no banne solidaresch ass an no baussen och eeneg ass.

Positiven Afloss huelen am 21. Jorhonnert op der Weltbühn heescht, hëllefe Konflikter ze verhënneren. Hëllefen der Diplomatie déi entscheedend Roll ze ginn, fir Konflikter ze léisen, heescht och, hëllefen ze deelen tëschent deenen Aarmen an deene Räichen.

Positiven Afloss huelen als Europa huet näischt ze di mat der Kolonialpolitik, déi vill europäesch Länner jo an hirer Geschicht bedriwwen hunn, mä virun allem domadder, Wäerter ze verdeedegen, déi d'Europäesch Unioun sech an de leschte 50 Joer zougeluecht huet. Wäerter, déi, trotz allen Defiziter - déi haut nach doudsécher kënne bestoen -, sech aus der Asiicht an de Léieren entwéckelt hunn, fir déi katastrophal Konsequenze vun der politescher Hegemonie-Philosophie net méi ze widderhuelen. Wäerter och fir dem Nationalismus mat Milliounen Doudegen aus dem 20. Jorhonnert keng Chance méi ze ginn.

D'EU, nach eng Kéier, als positive Muechtfaktor um Globus soll kënnen duerch déi méi integréiert a méi ofgestëmmte Politiken eng Referenz duerstellen, wou Mënscherechter, wou sozial Rechter, wou Friddenspolitik, wou ekonomesch Intérêtë selbstverständlech och Rieder sinn, déi eppes Ganzes a Bewegung halen. Duerfir brauche mer an der Europäescher Unioun Strukturen a mir brauchen och deklaréierte politesche Wëllen, fir dat Zil ze erreechen.

Et ass extrem schwiereg, d'Europäesch Unioun als Unioun vu Staten, wat also par définition als Gebilde net ee Stat ass, ze explizéieren; hir inhärent Contradictioun schonn, déi doranner läit, fir net ee Stat ze sinn, mä méiglechst wéi e Ganzt wëllen a mussen ze funktionéieren, fir effikass ze sinn.

Mir mussen an dëser Phas dat fäerdeg bréngen, wat déi, déi virun eis Politik gemaach hunn, fäerdeg bruecht hunn, wat nom Krich opgebaut ginn ass a speziell zënter 1957 opgebaut ginn ass. Déi Leit, wéi se Europa gebaut hunn, hate vill Steng am Wee leien an hunn dat fäerdeg bruecht mat vill Gedold, mä ëmmer mat der Wäitsiicht, de Pad vum Opbau net ze verléieren.

Sollte mer als Europäer keng Äntwert fannen oder d'nächst Woch e Feeler maachen a weisen, dass mer dozou net am Stand sinn, bedeit dat, dass d'Europäesch Unioun der Globaliséierung net gewuess ass an d'Globaliséierung erdroe muss ouni se kënnen ze steieren, mat allen negative Konsequenzen.

Nun, Här President, wou mer hierkommen, dat wësse mer all, vun engem Verfassungsvertrag, dee fir d'éischt d'Resultat vu laangen Diskussiounen am Konvent war - dat ass alles hei nach eng Kéier mat Recht widderholl ginn -, an an der irescher Présidence vun 2004 ass dunn ofgeschloss ginn - Frankräich, Holland, alles ass widderholl ginn.

Ënner lëtzebuergescher Presidentschaft 2005 - dat wëll ech nach eng Kéier soen - hate mer jo eng extrem schwiereg Décisioun ze huelen am Juni 2005, a mir sinn eis dunn eens ginn, déi ominéis Reflexiounsperiod anzeleeën, fir eis d'Méiglechkeet ze ginn an der Chamber hei, och an de Regierungen, fir Europa besser ze kommunizéieren.

Ech mengen, dunn huet Är Chamber hei eng ganz entscheedend a wichteg Roll gespillt. De Premier huet eng wichteg Roll gespillt do derbäi. Den Nicolas Schmit, deen an d'Schoule gaangen ass, huet eng wichteg Roll gespillt. Mir hu versicht, alles ze ginn, wat mer haten, och mat deene moderne Kommunikatiounstechnologien, fir besser un d'Leit erunzekommen.

Nun, an där neier Situatioun, déi mer deemools haten, hunn d'Länner eigentlech verschidde reagéiert:

Déi eng hunn niewent der Reflexiounsperiod, wéi mir et jo gemaach hunn, de Ratifizéierungsprozess weidergefouert, fir ze weisen, dass fir si de Verfassungsvertrag wichteg ass an dass dat d'Basis ass, fir selbstverständlech ze weisen, dass dee Geescht, dee mer entwéckelt hunn, soll virugedroe ginn.

Aner Länner hunn dat net gemaach, mä ëmmerhin no eis hunn nach Finnland, Estland an d'Belsch ratifizéiert, a mir sinn zu 18 haut, déi hir Aarbecht gemaach hunn. Mat Spuenien zesummen, dat wësse mer alles, hu mer e Referendum organiséiert. Déi zwee Länner, déi e Referendum organiséiert hunn, hu jo uganks dës Joers en Zeeche gesat, fir der däitscher Présidence och Réckendeckung ze ginn, fir déi schwéier Verhandlunge virzebereeden, déi elo voll amgaange sinn.

Aner Memberlänner hunn dat net gemaach a si hunn d'Ratifizéierungsprozedure gestoppt. Dat war net dat, wat eigentlech de Geescht war vun där Reflexiounsphas, wéi mir et interpretéiert hunn, fir einfach nëmmen ze stoppen an ze waarden. Mir hu politesch all deem Rechnung ze droen a mir mussen d'nächst Woch Weeër fannen. Mir mussen och deenen zwee Grënnungsmemberen, déi Nee gesot hunn, entgéintkommen. Awer och, wéi et hei gesot ginn ass vu ville Kolleegen, zu engem gewëssene Grad nëmmen entgéintkommen, well alles huet doranner, wat d'Substanz ugeet, selbstverständlech seng Limiten.

Här President, 18 Länner hunn de Verfassungsvertrag ratifizéiert; Spuenien, Lëtzebuerg - hunn ech gesot - mat Referendum. Fir déi 18 Länner a speziell fir eis sinn an der Substanz eigentlech keng Ofstrécher ze maachen. An ech ginn dem Här Braz do vollkomme Recht, an der Substanz ass et net zu dësem Moment fir Ofstrécher ze annoncéieren a fir och haart ze verhandelen, dass an deem Wesentleche keng Ofstrécher d'nächst Woch zustane kommen. Wat heescht dat?

Dat heescht fir eis als Regierung, dass mer den institutionelle Pak aus der éischter Partie vum Verfassungsvertrag wëllen als Ganzes behalen. Dat war eng extrem schwiereg Verhandlung. Den Här Fayot, deen am Konvent derbäi war, ka sech dorunner erënneren an e weess och, esou wéi mir alleguerten, wann een do opmécht, dann huet een erëm ganz séier en Déséquilibre provozéiert an da fänkt ee gären erëm vu vir un.

Wat d'Struktur vum Vertrag ubelaangt, sou si mer net bereet ze verzichten op déi eenzeg juristesch Personalitéit vun der Unioun als solches, un d'Zesummebrénge virun allem - dat ass vläicht manner elo de Mueren hei gesot ginn - vun de Pilieren, dat heescht besonnesch a Froe vu Justiz an Affaires intérieures, mä och aner politesch Froen, fir dass mer do och, wéi an aneren europäesche Politiken, kucke méi ze communautariséieren.

Mir sinn och net bereet, dass den europäeschen Ausseminister seng duebel Kompetenz, déi e jo huet, verléiert. Deen duebelen Hutt, dat heescht de politesche Wëllen, deen e jo expriméiert als President vum Conseil vun de Relations extérieures, an och d’Moyenen, déi bis elo jo zur Verfügung stounge vun der Kommissioun, fir dass een déi zwou Saache ka beienee bréngen.

Wat d'Symboler ugeet, kann ech och eigentlech nëmmen dat bestätegen - d'Positioun vun der Regierung -, wat Dir hei gesot hutt. D'Hymn, déi gëtt weider gespillt. Den europäesche Fändel gëtt vu kengem ewechgeholl, et gëtt héchstens ee Land, wou deen extrem spärlech ze gesinn ass, och an Zukunft, dat ass bei eise Frënn an England. Wéi d’Englänner d'Présidence haten, huet ee kaum en europäesche Fändel gesinn an England. Dat wäert och esou bleiwen. Duerfir wär et gutt gewiescht, wa mer en hätte kënnen an der Verfassung verankeren, mä do wäerte mer net drun hänke bleiwen, allerdéngs, d'Aschreiwe vum Euro am Vertrag wëlle mer net mëssen.

Wat elo déi weider Prezisiounen am Kompetenzkatalog ugeet, do wëll ech mech vläicht ganz kuerz explizéieren: An der Europäescher Unioun gëtt et jo Kompetenzen, déi exklusiv der Unioun gehéieren, wéi zum Beispill de Commerce extérieur, d’Politique monétaire, d'Union douanière. Et gëtt och da Kompetenzen, déi gedeelt sinn tëschent de Staten an der Europäescher Unioun - Environnement, Transport an Energie. An da gëtt et déi, wou d'Staten exklusiv kompetent sinn, mat engem Appui vun der Europäescher Unioun.

Wann et ëm d'Prezisioun an deem Kompetenzkatalog geet, da wäerte mer eis deem widdersetzen; widdersetze wat déi Passerellesklausel ugeet, wou dann iwwert déi Passerellesklausel kéint ee Retour zur exklusiver nationaler Kompetenz erlaabt ginn. Ech mengen, do muss een höllesch oppassen.

Mir kënnen d'accord sinn, wann doriwwer geschwat gëtt, iwwert d'Prezisioun vun de Kompetenzen, mä op kee Fall kënne mer d'accord sinn - dat ass déi berühmt 13. Fro vun der Présidence -, dass doduerjer kéinten erëm exklusiv national Kompetenze méi ervirbruecht ginn.

Et ass och kloer fir eis, dass d'Méiglechkeet vu Coopération renforcée vereinfacht gi muss.

Wann Der mech frot, et gëtt zurzäit eigentlech keng Compétence renforcée, wou ech kee Beispill elo ka ginn, mä dat ass awer en Instrument, wat extrem wichteg ass fir d'Zukunft.

Mir sollten do och ganz kloer eis Meenung verdeedegen, dass mer déi Coopération renforcée wëllen zu 27 maachen, dass se sollen agegliddert bleiwen an den europäesche Kaderen, an den europäeschen Institutiounen. Dat ass wichteg, net dass villes, wat interessant Politike wieren, géif aus den institutionelle Kompetenzen erauskommen.

Dann déi zweet Partie vum Verfassungsvertrag - d'Charta.

Och hei absolut deckungsgläich mat deem, wat Dir hei gesot hutt. Virun allem huet mer gefall, wat den Här Fayot gesot huet hei, an och den Här Braz. Den Här Fayot, dee gesot huet, mir hunn de Kolleegen an England do esou vill Konzessioune gemaach, si hunn zweemol du Jo gesot à la fin du compte, an et geet net fir elo erëm eng drëtte Kéier wëllen ze probéiere fir Neen ze soen. A wat den Här Braz gesot huet, läit op der Hand. Kee Mënsch, dee géint de Verfassungsvertrag iergendwéi an engem Land eng Positioun bezunn huet, huet gesot, et soll een higoen an d'Charta eraushuelen an domadder kéint dann de Vertrag verbessert ginn.

Neen. Mir mussen hei wëssen, dass déi Charte eng Partie ass vum Acquis communautaire zënter 2000; dass déi Charte och publizéiert ginn ass am Journal officiel vun de Communautéiten. Der Charte hir juristesch Validitéit kann net changéieren, och - soen ech hei kloer - vis-à-vis vun den Institutiounen an de Memberstaten.

Ech wëll vläicht, Här President, dem Här Braz äntwerten, dass mer op enger Linn sinn. Am beschte wier et jo, dass d'Charte géif integréiert bleiwen am Traité. Wann eng Referenz gemaach gëtt op een Artikel a si bleift "legally binding", hu mer och nach kee Problem domadder. Just an der Duerstellung verstinn ech, dass een dat net selbstverständlech elo direkt muss zouginn.

Wou et awer drëm geet, dat ass, dass jo elo bei der Charte scho Länner wëllen eng Differenz maachen tëschent deem, wat d'Institutiounen ze dinn hunn, an deem, wat d'Staten ze dinn hunn; do eng Differenz ze maachen. Oder dass ee Land kéint een "opt out" maachen, wou d'Charte sech dann net géif applizéieren.

Dat gëtt extrem komplex, mä ech kann Iech soen, zemools bei eisen englesche Frënn, dass dat heiten ee Punkt ass, wou mer hefteg a laang Diskussioune wäerten hunn. Mir kënnen net zréckkommen hei an d'Chamber a soen, mir hunn e Kompromiss fonnt fir eng CIG opzemaachen, wou mer géifen déi Verbindlechkeet vun den Dispositiounen, déi an der Charte stinn, opginn.

Ech mengen do si mer net eleng. Do gëtt et immens vill Länner, déi och op där Linn sinn. An do mussen och déi Länner, déi Nee gestëmmt hunn, virun allem eis Kolleegen aus dem Benelux, op deem Punkt hei jo agesinn, dass et wierklech Limitë gëtt.

Mir wëllen all Innovatiounen a Verdéiwungselementer an de Politiken, déi souwuel an der éischter wéi an der drëtter Partie sinn, och an der drëtter Partie vum Verfassungsvertrag, am neie Vertrag erëmfannen. Dat si wichteg Saachen, déi horizontal Klausele musse bleiwen; iwwert d'Energie, d'Protection civile, d'Solidaritéitsklausel an och d'Sécherheet an d'Verdeedegung.

Wat d'Justiz an d'Affaires intérieures ubelaangt, do mussen - wéi ech scho bei der Struktur gesot hunn - hei esou vill wéi méiglech Elementer vun der weiderer Communautariséierung vun dëser Politik behale ginn. Méi qualifizéiert Majoritéit, méi Codécisioun mam Europäesche Parlament, méi Kompetenz fir den Europäesche Geriichtshaff - eis gemeinsam Ambitioun an deem Beräich wëlle mer eis net duerch e globalen "opt out" vun engem Land verwässere loossen.

D'Rout Kaart - ech mengen do huet den Här Mosar dat richteg gesot: Rout Kaart fir d'Rout Kaart. Allerdéngs, ech soen dat hei op dëser Tribün an aller Öffentlechkeet: Mir däerfen net mengen, dass, wann d'Hollänner soen, d'Rout Kaart gëtt et net méi, et keng Diskussioun méi gëtt iwwer wéi d'Parlamenter kënnen da mat enger Gieler Kaart eventuell Prozedure stoppen. Dat ass eng Fro, déi ass jo tranchéiert ginn, wéi d'Parlamenter kënne mathëllefen, wat fir eng Influenz dass se kënnen hunn am Traité constitutionnel. Dat hu mer matgedroen. Dat muss selbstverständlech och bestoe bleiwen.

Mä alles, wat doriwwer erausgeet, dass een engem nationale Parlament, oder e puer, d'Méiglechkeet gëtt, fir carrément eng integréiert Politik an der Europäescher Unioun ze stoppen, do musse mer virsiichteg bleiwen a kucken, dass mer elo net do op eng Pist gefouert ginn; keng Rout Kaart méi, mä dann där Gieler Kaart esou vill Valeur ginn, dass deen nämlechten Effet géif dobäi erauskommen.

Déi däitsch Présidence wäert elo probéieren, all déi Positiounen, all déi Pisten do zesummenzebréngen. Dir wësst, dass déi bilateral Verhandlunge voll amgaange sinn; dës Woch an och uganks nächster Woch nach. Dir wësst och, dass d'Ausseministere sech e Sonndeg hei zu Lëtzebuerg gesinn. Do wäerte mer virun allem de Rapport virgeluecht kréie vun der däitscher Présidence. Mir wäerten dann och natierlech d'Meenung scho versichen e wéineg méi spatzzekréien. Allerdéngs, d'Décisioune gi selbstverständlech um Conseil européen geholl.

An da kënnt nach e wichtegen Dag virum Conseil, dat ass den 19. Juni. Do leet d'Présidence hir Schlussfolgerunge fir den Europäesche Rot vir. An dann och ee Projet fir de Mandat vun der CIG. An da fänkt d'Saach u konkret a spannend ze ginn.

Wéi gesäit dee Mandat fir d'CIG - wann et zu enger CIG selbstverständlech sollt kommen, wat mer hoffen - aus?

Nun, ech hunn et kuerz gesot, de Mandat muss kuerz sinn, prezis sinn. Am Contraire zu enger traditioneller CIG, ech mengen dat däerf ech hei soen, musse mer dës Kéier am Ufank vun der CIG eis eenegen op déi wichteg politesch Froen. Et ass net, dass mer an der CIG op eemol ufänken an diskutéieren, wat maache mer dann elo op a wat loosse mer zou. Hei muss et de Contraire sinn, a wat mer manner Felder opmaache fir d'CIG, wat et besser ass.

Ech kann Iech soen - ech war d'lescht Woch a Portugal -, dass d'Portugisen nëmmen d'accord sinn an hirer Présidence, si kréie jo d'Présidence vum leschte Semester, fir eng CIG opzemaachen, éischtens, wa se zäitlech limitéiert ass, an zweetens och, wann d'Definitioun vum Mandat kloer ass.

Mir wäerten also elo den 21. an den 22. musse prezis Texter maachen. Dir wësst, dass och schonn eng Verlängerung gefrot ginn ass vun der däitscher Présidence; dass d'Länner sech solle prett halen. Ech hoffen, dass et net ganz op d'Käschte geet vun eisem Nationalfeierdag. Mä et ass méiglech, dass et eppes gëtt wat e wéineg méi laang dauert. Mä wann dat Richtegt derbäi erauskënnt, ech mengen da soll een dat mat kënnen an de Kaf huelen.

Här President, ech war gëschter a Polen, an den Här Goerens huet iwwer Polen geschwat, wou mer d'Ambassade ageweit hunn. Ech hat dann och do d'Geleeënheet fir mat den Autoritéiten ze schwätzen, am Parlament an och an der Regierung. Polen, e Land vu 40 Millioune Leit. E Land, wat doudsécher de Lead wäert huelen - oder schonn huet - am Oste vun Europa. E Land, wat jo och eng Geschicht huet.

Kee besser wéi den Här Goerens kennt do och verschidden Effeten, Auschwitz, alles wat domadder ze dinn huet, de Ghetto vu Warschau, a gëschter haten d'Leit mech da gefouert op déi Plaz wou de Ghetto war, an et konnt ee sech dann do erënneren: 6 Milliounen Doudeger, 3 Millioune jiddesch Leit, déi gestuerwe sinn, an 3 Millioune Polen. 6 Millioune Pole si gestuerwen: Dat sinn 10% vun allen Affer vum Zweete Weltkrich!

Polen huet sech jo hei eng gewësse Roll selwer ginn. Gewollt oder ongewollt, weess ech net, mä Polen huet eng Roll ze spillen d'nächst Woch.

Déi Däitsch hunn d'Présidence. Ech maachen elo keng Lienen hei, déi een net soll maachen. Mä mir mussen awer politesch éierlech sinn, dass d'Relatiounen zurzäit tëschent Polen an Däitschland, loosse mer emol soen, net glat sinn. Wann een déi Biller selbstverständlech gesäit vum Ghetto vu Warschau, a wann een och weess, dass d'Polen eréischt 17 Joer jo elo a Fräiheet liewen, a wann ee mat de Leit do schwätzt, egal vu wat fir enger Partei, et ass egal a wat fir enger Fonctioun dass se sinn, da muss scho jiddferee sech do nach ëmmer iwwerwanne fir ze explizéieren, wéi dat méiglech war. Déi Wonne sinn net geheelt. Dat muss ee kloer gesinn.

Mir mussen de Polen hëllefen, op jidde Fall an der Verstännegung mat Däitschland, dass se do dee Schrëtt kënne maachen, deen néideg ass, fir hir Intérêtë fir d'Zukunft esou ze verdeedegen, dass se wëssen, dass nëmmen e staarkt Europa eigentlech verhënnere kann, dass nach eng Kéier esou dramatesch Mënscherechtsverletzungen, esou eng Barbarei ka geschéien.

Ech mengen, dass Polen an dësem Moment sech selwer eng Roll ginn huet, wou se wëlle wierklech vill fuerderen. Mä mäi Message war eigentlech duebel. Wann ee Lëtzebuerg kuckt, dann ass eis Stëmmzuel jo eigentlech net ze vergläiche mat där Influenz, déi mer eis an deene leschte fënnef Jorzéngten an der Europäescher Unioun ginn hunn. Mir hunn ni hei gekuckt, weder an der Chamber nach an enger Regierung, mengen ech, wéi vill Stëmme mer hunn an dem Europäesche Conseil. Ech hu probéiert ze soen, dass et sech och net lount ze stierwe fir d'Racine carrée vun deene Stëmmen a sech dofir opzehänken, mä d'Influenz vun engem Land an der Europäescher Unioun hänkt jo vu senger Argumentatioun of, hänkt och dovunner of, wéi ee matschafft, fir déi Unioun dann an eng positiv Richtung ze kréien.

Ech sinn iwwerzeegt a bleiwen do optimistesch, dass Polen déi nächst Woch, am allerleschte Moment zwar, mä awer den Dréi wäert fannen, a mengen, dass mer do och de Polen mussen hëllefen, fir do keng Feeler ze maachen.

Elo zu deem zweete Land, vun deem ech awer och hei eppes wëll soen - well mer si jo net hei, fir nëmme Verstoppjes ze spillen a Saachen ze widderhuelen. Ech wëll schwätze vun där grousser Verantwortung, déi England huet déi nächst Woch. Den Tony Blair an och säin Nofolger, de Gordon Brown, wëssen, dass a Saache Finanzperspektive se eigentlech d'Europäesch Unioun während sechs Méint muttwëlleg blockéiert hunn - muttwëlleg! -, well d'Resultat, wat erauskomm ass sechs Méint no dem Juni 2005, war praktesch dat nämlecht, mä d'Europäesch Unioun war sechs Méint blockéiert. Dëst sollt sech net nach eng Kéier widderhuelen.

Ech mengen, dass souwuel de jëtzege wéi den zukünftege Premier an England dach a leschter Instanz wëssen, wat fir eng Influenz dass se hunn.

D'Europäesch Unioun brauch onbedéngt England, brauch d'Vereenegt Kinnekräich. Mir brauchen dat Land um internationale Plang an déi grouss Influenz, déi Groussbritannien och am Oste vun Europa huet.

Mä England muss awer och wëssen a senger Strategie, dass mer net ëmmer nëmme kënnen op Erweiderung setzen ouni ze verdéiwen. Dat ass eng Taktik, déi duerchsiichteg ass. Déi ass erkannt, an ech hoffen, dass à la fin du compte déi nächst Woch England och do dee Schrëtt mécht, dee se musse maachen. England huet a mengen Aen déi nächst Woch déi lescht Tromp an der Hand an déi wichtegst Tromp an der Hand. Dat Gefill hunn ech. Ech wëll net soen, "to be or not to be in the Union" géif dann zur Fro stoen, mä ëmmerhin, et ass e Choix néideg vun de Briten, fir ze weisen, ob se dozougehéieren oder ob se wëlle Bande à part maachen a blockéieren.

Et ass eng ganz entscheedend Positioun, déi England hei huet. Mir wëssen, dass a Frankräich sech vill Méi gemaach gëtt, fir ze kucke mat England, mat Däitschland - déi dräi Grouss - op eng gemeinsam Positioun ze kommen. Dat wësse mer. Dat wär gutt, wann dat géif geschéien. Ech hoffen, dass doduerch och kéint alles dann entraînéiert ginn, fir zu engem Resultat ze kommen. E Resultat net, fir e Resultat ze kréien, mä ech soen et nach eng Kéier, wou dat Wesentlecht net verluer gëtt.

Nun, et gëtt also, Här President, eng interessant Woch. D'Regierung - dat soen ech nach eng Kéier - ass absolut op der Linn vun der Chamber. Mir bremsen déi, déi manner wëllen, a mir stinn op der Säit vun deenen, déi méi Europa wëllen d'nächst Woch.

An ech hoffen, dass mer kënnen an d'Chamber hei kommen no der nächster Woch an iwwert dat berichten, wat mer gemaach hunn, an och zesummen dann, wann déi CIG zustane kënnt, fir dat opzebauen, wat mer dann eis virgeholl hunn, fir Europa ze stäerken.

Ech soen Iech Merci.

Dernière mise à jour