Jean-Claude Juncker, Message à l'occasion de la Fête nationale 2007

Dir Dammen an Dir Hären,

Eisen Nationalfeierdag gläicht sech vun engem Joer zum aneren an en ass dach all Joer anescht.

Dëst Joer mëscht sech an d'Freed iwwer eis selwer eng gehéiereg Dosis Trauer. Trauer iwwer déi jonk Mënschen, déi bei deem schreckleche Busaccident tëschent Reims a Paräis hiert Liewe verluer hunn. Trauer mat hire Familljen a Frënn, Matfille mat deenen déi blesséiert goufen, Matdroe mat de Kanner déi am Bus waren.

Deen terriblen Accident huet eis erféiert. En huet eis erféiert, well en eis drun erënnert huet, wéi sech vun enger Sekonn zur anerer alles kann änneren, dramatesch änneren, wéi no datt Freed a Leed beienee kënne leien. D'ganzt Joer iwwer stierwe Leit onerwaart oder no laanger Krankheet, d'ganzt Joer iwwer gi Liewenspläng an Dreem duerch Verkéiers- an Aarbechtsaccidenter brutal gestoppt. Loosse mer dofir op dësem Nationalfeierdag, dee jo den Dag vun eis all ass, un déi denken, déi dëst Joer net méi matfeiere kënnen. Si gehéiere virun zu eis, och wa se net méi do sinn.

Ëmmer wann eppes Schlëmmes geschitt, mierke mer, wéi kleng dach déi grouss Problemer sinn, iwwer déi mer eis d'Käpp aschloen, a wéi iwwerflësseg dat Gestreits eigentlech ass, dat mer heiandsdo regelrecht organiséieren. Den Nationalfeierdag ass eng gutt Geleeënheet, fir dat, wat eis ausernee bréngt fir ee Moment ze vergiessen, a fir eis op dat ze besënnen, wat eis beieneen hällt.

Mir hunn ënnereneen e Grondaverständnis driwwer, datt mer wëllen an Harmonie zesummeliewen an eng maximal Solidaritéit wëllen ustriewen. Mir wëlle kee Vollkasko-Staat, mee eng solidaresch Gesellschaft, déi d'Aufgaben tëschent der individueller a kollektiver Responsabilitéit verdeelt.

Mir sinn eis eens driwwer datt mer mat eisen Noperen a Frëndschaft wëlle liewen, datt Grenzen onwichteg si wann et ëm dat Wichtegt geet. Dofir wollte mer d'Kulturjoer net jalous fir eis ganz eleng halen, mee mer hu Stécker dervun an d'Groussregioun verluecht.

Mir hätten och gäeren datt Europa nees Buedem kritt. Wann Europa nees Fouss faasst, da kommen och mir hei zu Lëtzebuerg op Dauer besser virun. Mir kommen de Moment gutt virun: eis Wirtschaft wiisst staark, eis Staatsfinanzen erhuele sech lues a lues. Mir schafen Dausenden nei Aarbechtsplazen, mir hunn d'Aussiicht, datt d'Aarbechtslosegkeet fällt.

Op deem Wee no vir ass de Grand-Duc eis ee Beispill. Seng Aktivitéite schreiwe sech an an déi grouss d'Zukunftslinnen, déi mer zesumme gezeechent hunn. Hien ass déi éischten Institutioun am Land. D'Regierung probéiert – dacks ouni Erfolleg – d'Regierung vun alle Lëtzebuerger ze sinn. De Grand-Duc ass de Grand-Duc vun alle Lëtzebuerger. Him, deem Säi Gebuertsdag mer op Nationalfeierdag offiziell feieren, wëlle mer haut eng glécklech Hand wënschen. Fir datt En, wéi bis elo, Land a Leit zesummenhällt.

À tous ceux qui m'écoutent et me regardent au-delà de nos frontières, à tous nos concitoyens d'expression non-luxembourgeoise, je veux dire l'amitié que nous ressentons pour eux et que je voudrais renouveler à l'occasion de notre Fête nationale.

Iech alleguer wënschen ech e schéinen Nationalfeierdag.

Vive de Grand-Duc Henri!
Vive d’Grande-Duchesse Maria Teresa!
Vive eis groussherzoglech Famill!
Vive eist Land!

Dernière mise à jour