Luc Frieden, Discours à l'occasion du dépot du budget 2008, Luxembourg

Merci Här President,
Här Staatsminister,
Dir Dammen an Dir Hären,

Et ass an deem Kader deen de Staats- a Finanzminister elo grad exposéiert huet wou mir dëse Budget opgebaut hunn: Onsécherheete wat d'Recetten an d'Situation économique ubelaangt a Steierreduktioun, déi selbstverständlech op dëse Budget een Afloss hat. An deem Kader géing ech mengen, datt dëse Budget 4 Haaptcaractéristiquen opweist.

Et ass ee Budget deen sech duerch eng ganz zolitt Budgetsdisziplin caractériséiert. Dat heescht, eis Dépensë klamme manner schnell wéi d'Recetten a klamme manner schnell wéi d’mëttelfristegt Wirtschaftswuesstum.

Zweetens, dëse Budget caractériséiert sech doduerch, datt mir eist Zil erreecht hunn fir d'ëffentlech Finanzen am Equiliber ze hunn no den europäesche Berechnungen. Ëffentlech Finanzen am Equiliber mat enger niddreger Schold an erëm méi héigen Reserven déi mir an der Gesamtbetruechtung musse selbstverständlech matkucken.

Drëttens. Et ass ee Budget deen inhaltlech d'sozial Kohäsioun hei am Land stäerkt duerch déi Moossnahmen déi elo grad scho genannt gi sinn, plus anerer, an deen och d'Wirtschaftswuesstëm duerch eng Rei Moossnamen am Steier- an Investitiounsberäich dreift.

A véiertens ass et ee Budget deen sech caractériséiert duerch eng grouss Virsiicht, well et muss ee mat Staatsfinanze virsiichteg sinn, mä och ee gewëssene virsiichtegen Optimismus an deem Sënn, datt mir awer eng wirtschaftlech Croissance hunn déi elo grad beschriwwe ginn ass, déi vläicht méi lues ass wéi d'lescht Joer, mä iwwert där läit vun der Eurozon.

An et sinn am Fong ondrëm déi véier Caractéristiquen, Här President, wou ech wollt e puer Illustratioune mat Ziffere ginn, och drop hiweisend, datt mir Iech dëst Joer och eng ganz Rei Tableauen ausdeelen, déi Iech déi vill Ziffere méi einfach och an enger mehrjähreger Perspektiv ze analyséieren, ginn.

Ech hu gesot eis Staatsfinanze sinn am Equiliber. Den europäesche Sold, de Sold vun der Währungsunioun vun den ëffentleche Finanzen, dat heescht déi gesamt ëffentlech Finanzen esou wéi een se an Europa vergläicht schléissen of mat engem Iwwerschoss vun 0,8% vum Bruttoinlandprodukt. Mir haten eis zum Zil gesat dat 2009 ze erreechen. Mir hunn dat Zil elo schonn erreecht. Mir wäerten dofir suergen, datt mir mat enger virsiichteger Budgetspolitik och dat Zil weider bäibehale kënnen. Dat hängt natierlech ganz vill vum ekonomeschen Ëmfeld och an deenen nächste Méint an am nächste Joer of.

Dat Resultat, an dat gesitt dir op deem éischten Tableau dee mir Iech ausgedeelt hunn, weist eng kloer Tendenz déi mir eis ginn hate fir op engem Wee ze sinn vu Budgetskonsolidéierung. Mir haten 2004 dat schlechste Resultat, well mir do ee Budgetsdefizit hate vu minus 1,2% vun den ëffentleche Finanzen. Mir konnten dat verbesseren a mir hunn déi Trajectoire déi mir eis ginn hunn, zanterhier all Joers verbessert. D'Chiffere vum Joer 2007, déi Dir op deem Tabeleau fannt, sinn net déi Chiffren déi mir d'lescht Joer hei beim Budget deposéiert hunn. Well dee Moment huet een d'Chiffrë vum Budget voté, esou wéi en dee Moment virläit, deemools war dee Chiffer minus 0,7. Dat hei, dee Chiffer plus 1, ronn plus 1, dat ass dee wéi mir elo mengen, datt d'Joer 2007 géing ginn. Dat ass deen, dee mir elo den 1. Oktober an der Notifikatioun vun eiser Stabilitéitsprogrammsnotifikatioun op Bréissel gemaach hunn. Wa mir also mengen 2007 kéime mir op 1%, dat hängt e bëssen dovun of wéi d'Enn vum Joer ofschléisst, da gesitt Dir, datt mir 2008 an där Trajectoire bleiwen. Et ass liicht manner 2008 no eisen aktuelle Berechnungen an dat ass den Impakt vun deene Steierreduktiounen vun deenen de Staatsminister elo grad geschwat huet. Hätte mir deen Impakt net, hätte mir also weder déi Steierreduktioun gemaach nach kee Kannerbonus ageféiert, da wier de Chiffer vun der Administration publique, ëffentlech Finanzen 2008, eppes bei plus 1,8%. Et muss een also ëmmer an der Betruechtung den Impakt vun där Steierreduktioun an deem Kannerbonus och op deene Chiffre kucken. Mä och onofhängeg dovun, well dat war eis Zilsetzung, mir maachen näischt wat irresponsabel ass fir d'Staatsfinanzen. Mir géigefinanzéieren déi Moossnahmen duerch eng net total Upassung vum Steiertarif un d'Inflatioun, an dofir hu mir also eist Zil erreecht.

Mir gesinn och, datt mir een zweet Zil erreecht hunn. An dat ass dat, datt mir eis zum Zil gesat haten, d'Dépensë par rapport zum Bruttoinlandprodukt erofzekréien, d'Gesamtlaascht also déi um Staat läit par rapport zum Wirtschaftswuesstëm erofzekréien. An Dir gesitt um Tableau vun deenen Dépensë vun der Administration publique, dat ass dee mat de grénge Kolonnen, datt mir d’Dépensë par rapport zum PIB iwwert dës Legislaturperiod vun 42,5% op 37,5% erofkritthunn. An Dir gesitt bei de Recetten, dat heescht, datt d'Steierlaascht, dat wat de Staat ewech huelt aus dem Wirtschaftsschafung, datt mir och dat vun 41% op 38,5% erof kritt hunn. De Staat hëlt also haut manner ewech vun der Ekonomie, vun de Leit wéi dat 2004 de Fall war. Dat ass och eng Tendenz déi mir wëlle viruféieren, quitte datt een déi net éiwech ka viru féieren, mä déi Tendenz déi muss weider esou stëmmen.

Selbstverständlech muss een innheralb vun deenen ëffentleche Finanzen och ee Bléck werfen op d'Administration centrale. Dat heescht de Staat, dat sinn d'Etablissements publics, alles dat wat finanzéiert gëtt iwwert staatlech Institutiounen déi net direkt am Staatsbudget sinn, sief dat Bauten um Kierchbierg oder op de Frichen am Süden. Déi muss een an der Administration centrale och berücksichtegen, grad esou wéi d'Transferte vum Staat un d'Sozialversécherunge virun allem un d'Pensiounskeesen.

An do gesäit een op deem zweeten Tableau, datt d'Administration centrale bei minus 1,4% Defizit ofschléisst. Dora berücksichtege muss ee selbstverständlech d'Chiffrë vun der Sécurité sociale, well een Iwwerschoss an der Sécurité Sociale zu engem largen Deel natierlech aus dem Staatsbudget gespeist gëtt. D'nächst Joer bezilt de Staat 1 Milliard aus dem Staatsbudget an d'Pensiounskeesen. Dat heescht déi Chiffrë muss een zesumme liesen. An dofir gëtt jo och am Ausland just d'Administration publique gekuckt, well de Gesamtpak vun den ëffentleche Finanze muss gekuckt ginn. Och bi deene minus 1,4% muss een am Kapp sech deen 1% ofrechnen deen u Steierreduktioun de Kannerbonus kënnt, wann een deen ofrechent, da gesäit een, datt mir och do un enger wesentlecher Verbesserung vun eise Staatsfinanzen, och beim Staat selwer, sinn an och dee Wee ass op där Trajectoire, ass op deem Wee dee mir eis fir 2009 ginn hunn. D'Konsolidéierung vun de Staatsfinanze geet virun. Trotz, wéi gesot, héigen Investissiounsausgaben op déi ech nach kommen, trotz Steierreduktioun.

An déi minus 1,4% deen Dir do gesitt, do géing ech Iech och nach eng Kéier gären an Erënnerung ruffen wat mir do d'lescht Joer an de Previsiounen haten, minus 2,8%. Mir hunn eis also vun engem Joer op dat anert ëm d'Halschent verbessert. Ech mengen, dat ass dee richtege Wee, dat ass dee Wee dee mir eis virginn hunn an op deem mir wäerte weidergoen. Mä e beweist awer och, datt mir eng ganz Rei Problemer weider behalen un deene mir mussen all zesumme schaffen. Dat heescht och, datt mir keng irresponsabel Schrëtt dierfen och an deenen nächste Jore maachen. Et ass net alles méiglech wat ee gären hätt wann ee wëllt och an Zukunft ëffentlech Finanzen am Iwwerschoss hunn oder am Equiliber hunn. Dat Zil erreeche mir erëm zanter 2006. Mir géngen et och gär weider erreechen.

Doraus entsteet och, datt et zu eiser Opfaassung vun ëffentleche Finanze gehéiert, datt mir d'Reserven, déi Suen déi mir op d'Säit leeë fir laangfristeg Investitiounen ze tätegen, déi sech net an dem Maastricht-Chiffer reflètéieren, datt mir déi och weider musse gutt opstocken. Déi aner Länner hunn een Defizit a kënne net finanzéieren ouni Sue léinen ze goen. Mir hu bei der Administration centrale een Defizit, a mir hunn bei der Administration publique een Iwwerschoss, a mir kënnen dat finanzéieren duerch Reserven. Mir hunn et ëmmer als eis Flicht ugesinn, déi Reserven ze konstituéieren. All Kéiers, souwuel 1999 wéi 2004, ass gesot ginn, wann d'Wahlen eriwwer sinn, da wäert dir gesinn, d'Keese sinn eidel. Duerfir hunn ech Iech een Tableau ausdeele gelooss, wou Der d'Evolutioun vun de Reserven zanter 1999 gesitt. Mir hunn drop gehalen - an dat ass fir mech eng deeglech Aufgabe - fir ze kucken, datt wa mir Iwwerschëss hunn déi direkt an d'Reservë maachen -Dir gesitt, datt d'Reserven 2006, dat ass um 31. Dezember 2006, also um Ufank vun dësem Joer, méi héich sinn wéi se 1999 waren, an datt mir no enger Diminutioun vun de Reserven an deene Jore wou et méi schlecht gaang ass, dofir sinn d'Reservë jo och do, elo erëm d'Reservë gespeist hunn am leschte Joer a mir wëllen och domatter weider goen. Mir brauche Reservë fir déi grouss Investitiounen ze finanzéieren déi an deenen nächste Joren op eis zoukommen, déi ugefaangen hunn an déi mir weider musse finanzéieren.

An dofir huet d'Regierung och decidéiert, datt deen Iwwerschoss an de Staatskonte vum Joer 2006, deen ongeféier 240 Milliounen Euro betrëfft, deen ausschliesslech an d'Reserve vun den Investitiounsfongen ze ginn. Dat si keng Suen déi mir direkt ausginn. Dat si keng Suen déi héchstwahrscheinlech dës Regierung ausgëtt, mä déi sinn do fir Investitiounen ze tätegen. An dofir wollt ech Iech och, Här President, als Zeeche vun där politescher Ausso a vun där virsiichteger Budgetspolitik och de Projet de loi deposéieren deen d'Affectatioun vum Resultat vum Compte général 2006 virgesäit. Déi 240 Millioune ginn also an déi Fongen, déi de gréisste Finanzéierungsbedarf an de nächste Joren huet op Grond vun deenen Tableauen déi Dir kennt, déi Projeten déi d'Chamber gestëmmt huet. Domat preparéiere mir d'Zukunft, mir wëllen net mat eidele Keesen déi Zukunft preparéieren.

Dat selwecht gëllt niewent de Reservë fir d'Staatsschold. Ech war ëmmer allergesch op Staatsschold. A wann ech gesinn, wéi d'Ausland hir Defiziter finanzéieren, da mengen ech, datt dat an eisem Land net gutt wier an enger klenger Ekonomie - et ass och net gutt an enger grousser, mä besonnesch an enger klenger net - dat heescht éischtens héich Zënsen zeréck bezuelen, an zweetens, den nofolgende Generatioune Laaschten ophalsen. Mir hunn d'Staatsschold - dat ass iwwregens net nëmmen d'Staatsschold, dat ass och d'Schold vun der Administration publique au sens large, dat ass d'Loi de garantie, dat ass d'Schold déi d'Etablissements publiques gemaach hunn, d'ëffentlech Schold ass am Fong ee besseren Ausdrock - bleiwt konstant op eppes 6,9%, ënner 7%. A wann Dir kuckt op deem Tableau, da gesitt Dir, datt zanter 1999 eis Staatsschold par rapport zum PIB net geklommen ass.

Och am Budget fir d'nächst Joer froe mir just wéi déi Jore virdrun, een neien Emprunt vu jee 100 Milliounen Euro fir d'Ausgabe vum Fonds du rail, an 100 Milliounen Euro fir d'Ausgabe vum Fonds des routes. Dat si Projeten déi sech iwwer laang Jore strecken. Dat si Projeten vun deene Generatiounen an eisem Land wäerte beneficéieren. An dofir ass déi Zomm ze justifizéieren. Dat huet jo och d'Chamber an hire leschte Rapporten ëmmer esou gesinn, iwwregens iwwer 2 Legislaturperioden ewech. An domat wäerte mir weider fueren. Mä d'Schold klëmmt net fir aner Depensen ze tätegen.

Wann ech dann dee Gesamtblock do kucken: ëffentlech Finanzen am Equiliber, d’Tendenz fir den Defizit vun der Administration centrale ze reduzéieren, niddreg Staatsschold, da gesinn ech - a wann ech dat an europäesche Chiffrë vergläichen - datt mir wäitaus besser Finanzsitutioun hunn wéi eis 3 Noperen, déi et net fäerdeg bréngen hir ëffentlech Finanzen am Equiliber ze hunn, a mir sinn an den Top 5 vun der Eurozon. Et ginn nëmme 5 Länner, déi eng Staatsschold hunn déi manner wéi 60% vum Bruttoinlandprodukt ass an déi keen Defizit vun den ëffentleche Finanzen hunn. Mir sinn eent vun deene 5 Länner a mir hätte gären, datt dat géing esou an deenen nächste Jore bleiwen.

Ech hu gesot de Budget caractériséiert sech och duerch eng ganz zolitt Budgetsdisziplin. Bei Recetten, déi méi staark gi sinn, hu mir net dat gemaach wat een am Fong am léifste gemaach hätt, andeem een einfach gesot hätt, ma da loosse mir d'Depensen och ëm souvill klammen. Mir hätte méi Leit am Land zefridde gestallt, mir hätte manner Kritik kritt, mir hätten awer domat, mengen ech, net verantwortungsvoll fir d'Zukunft gehandelt a mir wären net op deem Consolidéierungskurs virugefuer. An duefir huet d'Regierung an deem Budget, dee mir Iech haut hei virstellen, drop gehalen, datt d'Depensen vum Staat nëmmen ëm 5,3% wuessen, wougéint d'Recetten am Staatsbudget vum nächste Joer ëm 7,6% wuessen. D'Depensë wuessen also ëm iwwer 2% manner wéi d'Recetten. D'Depensë wuessen och manner wéi d’mëttelfristegt Wirtschaftswuesstum.

Mir hätten no Regele wéi se mol fréier och a Budgetsdokumenter vun der Chamber a vun der Regierung gerechent gi sinn, hätte mir d'Depensen vläicht kënnen ëm 7% wuesse loossen. Mä net wa mir wëllen op deem Consolidéierungskurs viru kommen, net, well mir net wëllen och an deenen nächste Joren d'Steiere massiv héigen a well mir och net wëllen, datt mir mussen op eemol aner Moossnamen huelen déi eis et schwiereg géinge maache fir 2009 och equilibréiert ëffentlech Finanzen ze hunn. Duefir also d'Depensë wuessen nëmmen ëm 5,3%. Wann een do nach d'Inflatioun ewech rechent, well mir mussen déi jo och an deem dote Chiffer berücksichtegen, da gesitt Dir, datt et eng ganz kleng Croissance vun den Depensen nëmmen ass, ronn 3%, déi de Budget wiisst.

An deenen Depensë vun 2008 ass och eng Indextranche dra gerechent. Eng Indextranche déi mir agesaat hunn vum Mäerz 2008 un an déi mat ronn 120 Milliounen Euro am Budget hire Nidderschlag fënnt. Mir kënnen och déi Depensecroissance vu nëmme 5,3% erreechen duerch déi Brems, déi mir durch eng ganz Rei vu Moossnahmen déi an der Tripartite an duerno hei an der Chamber decidéiert gi sinn, erreecht hunn. Et wier ouni déi Moossnahmen déi an der Suite vun der Tripartite vun dëser Chamber decidéiert ginn, net méiglech gewiescht nëmmen eng Croissance vu 5,3% ze hunn. Et wier och net méiglech gewiescht wann d’Kollegen der Regierung net alleguerten och op eng Rei Depensen verzicht hätten. Mä mir maachen dat fir gesond Staatsfinanzen ze hunn.

Zu de Recetten, géing ech wëlle folgendes soen. Ech hunn elo grad gesot, datt se ëm 7,5% d'nächst Joer wuessen. Ech géing dozou just e puer Beispiller nennen. Dat ass ëmmer eng schwiereg Aschäzung vun de Recettë vun de Steieren, op Grond vun deem wat de Staats- a Finanzminister virdru gesot huet, besonnesch schwiereg, well et selbstverständlech an dësem Zäitpunkt, heiheem an an Europa, ganz schwiereg ass ze evaluéieren wat fir een Impakt déi amerikanesch Immobiliekriis op d'lëtzebuerger Finanzplaz wäert hunn, wat natierlech eng international Finanzplaz ass. Ech soen also, datt mir hei virsiichtegen Optimismus awer gëlle gelooss hunn, mir hu net direkt d'Chiffren alleguer substantiell erofgeholl, mä mir hu versicht op verschiddene Posten deem awer Rechnung ze droen. Esou zum Beispill bei der Taxe d'abonnement déi jo bezuelt gëtt vun den Investmentfongen zu Lëtzebuerg, déi Steier setze mir d'nächst Joer mat 700 Milliounen Euro an. Si wäert dëst Joer am Resultat méi héich leie wéi 700 Milliounen. 700 Milliounen ass awer nach ëmmer substantiell méi wéi dat wat mir d'lescht Joer am Budget gemellt haten, mä wéi gesot dat hängt vun den internationale Boursen of, eng Steier déi ganz schwiereg ass, millimetergenau ze evaluéieren.

D'Kierperschaftssteier, déi och zu engem ganz groussen Deel, zum allergréissten Deel vun der Finanzplaz an hiren Akteure bezuelt gëtt, fixéiere mir d'nächst Joer op 1,43 Milliarden Euro. Dat ass eng Croissance an eise Chiffrë par rapport zum Budget vum leschte Joer vun 10%. Dir gesitt also, datt mir do och deem Rechnung droen, där méi schnellwuessender Konjunktur, déi mir an de Chiffrë vun 2007 fir de Moment gesinn.

D’Steieren op de Gehälter, déi setze mir d'nächst Joer quasi d'nämlecht an wéi dëst Joer, well do fënnt den Impakt - dat wat de Staatsminister virdru gesot huet - vun der Adaptatioun vum Tarif un d'Inflatioun, gekoppelt selbstverständlech mat der Croissance économique. De Statec geet dovun aus, datt et d'nächst Joer eppes 3,8% méi Aarbechtsplaze wäerte ginn, d'Masse salariale geet all Joer och an hirem Block erop. Mä mir mussen natierlech dobäi ofrechnen déi 200 Milliounen, esouwuel bei der Gehältersteier iwwregens wéi bei der Assiettebesteierung. A wann een also déi zesumme kuckt, dann hu mir d'nächst Joer d'Gehältersteier an d'Steier, déi op der Assiette gerechent gëtt - dat sinn also virun allem Fräiberuffler - wäerte mir déi asetze mat 2,2 Milliarden Euro. Dat ass also d'nämlecht wéi dat Joer virdrun. Also do fannt Dir den Impakt ganz kloer vun der Steierreduktioun déi d'Regierung mécht an déi all deene profitéiert, déi Steiere bezuelen.

D'TVA, fir dat als lescht Beispill nach vun der Steierlandschaft ze zitéieren, do gesi mir, datt och am Joer 2007 d'TVA méi schnell klëmmt wéi mir dat erwaart haten. Mir setzen déi Steier d'next Joer op 2 Milliarde fest, dat ass d’brutto-TVA. Dat ass eng Croissance vu 16%. Mir ginn also dovun aus, datt op Grond vun de Chiffrë vun dësem Joer déi Recette kann op deem do héigen Niveau vun 2 Milliarde ronn fixéiert ginn.

Alles dat selbstverständlech muss een ëmmer mat där Nuance gesinn, datt et schwiereg ass an dësem Zäitpunkt, vläicht ass dat am Dezember wann de Budgetsrapport virgestallt gëtt scho méi kloer, well ee da gesäit wéi d'Banken dorop reagéieren obschonns, datt ech och mengen - dat muss d'Rapporterin awer bis dohinner gesinn - datt et am Januar, Februar eréischt ass wou ee Kloerheet huet well d'Provisiounen déi d'Banken le cas échéant constituéieren, déi gi meeschtens eréischt am Ufank vum Joer constitutéiert, well se hir Konte maachen an da gesäit een eréischt richteg wat fir een Impakt dat kann hunn. Bei der Bourse gesäit een et wéi gesot schonn éischter, mä et ass mat där Virsiicht awer wou mir dee Budget do op der Recettësäit opgestallt hunn.

Am Budget hu mir an engem Beräich eng ganz zolitt Stäip fir d'lëtzebuerger Wirtschaft, an domatter och fir déi Leit déi an der lëtzebuerger Wirtschaft schaffen gemaach andeem mir d'Investitiounsausgabe genausou getätegt hunn wéi ech dat zanter 3 Joer hei an de Budgetsriede soen, nämlech e ganz héigen Niveau vun Investitiounsausgaben, mä se net permanent par rapport zum PIB uwuesse loossen. Deen héigen Niveau vun den Investitiounsausgabe fannt Dir och am Joer 2008 erëm. D'Investitiounsausgabe belafen sech d'nächst Joer op 1,66 Milliarden Euro - D'lescht Joer waren et iwwregens 1,54 Milliarden Euro - mir ginn also méi Sue wéi d'lescht Joer an d'Ekonomie, a par rapport zum PIB sinn dat 4,1% vum Bruttoinlandprodukt. Och dat ass vill méi wéi dat wat eis Nopeschlänner maachen. Dat ass eng zolitt Stäip fir d'Lëtzebuerger Wirtschaft, fir de Bau, fir d'Handwierk, fir déi Leit déi doranner schaffen. A wann Dir dat vergläicht op deem Tableau deen ech Iech ausgedeelt hunn iwwert d'Dépenses d'investissements, da gesitt Dir, datt mir och do méi héich leien, wéi an de Joren 1999 bis 2001, och méi héich leie wéi 2006. Mir behalen héich Investissiounsausgaben. Dat erlabt eis och, eist Land ze moderniséieren, déi Infrastruktur ze bauen, déi et brauch fir Wirtschaft z’encouragéieren, fir d'Problemer vun der Natur a vun der Ëmwelt och mat ze begleeden, well eng ganz Reih Investissiounsausgabe si jo och am Beräich zum Beispill vum ëffentlechen Transport erëmzefannen.

Wann ech kucken, 2008, déi Investissiounsausgaben - an ech vergläichen déi nëmme mam Ufank vun dëser Legislaturperiod - da gesi mir, datt mir d'nächst Joer 450 Milliounen Euro méi ausginn fir Investissiounsausgabe wéi mir dat 2004 gemaach hunn. An op ee Joer gekuckt, 120 Millioune méi ausginn, do ass also villes fir d'Betriber zu Lëtzebuerg drann. Par rapport zum PIB awer, an dat war eist Zil hu mir déi Depensë plafonnéiert.

Wat gëtt mat deene Sue gemaach? Onméiglech selbstverständlech hei am Detail dorop anzegoen. Ech géing Iech awer gären 3 Bléck nennen vun deenen 1,6 Milliarden.

Dee gréisste Block geet an den ëffentlechen Transport, an d'Schinnennetz. 246 Millioune ginn an de Fonds du rail, ginn Ausgabe vum Fonds du rail. Am Héichbau hu mir 242 Milliounen, an am Stroossefong 113 Milliounen Depensen. Am Fonds du rail, dat sinn zolitt Depensen, dat si Projeten déi elo wirklech um Lafe sinn. Déi am Joer 2008 héich Depensë mat sech bréngen. Ech wëll der nëmmen 3 nennen: dat ass d'Zweegleisegkeet vun der Stréck Péiteng-Lëtzebuerg, dat ass d'Gare op Belval, op de Frichen, an dat ass d'Streck vun der Gare-Findel-Kirchbierg. 3 gréisser Projeten an dem Fonds du rail, déi ech hei wollt mentionnéieren. Am gesamten also 246 Milliounen.

Am Héichbau 242 Milliounen, wat schléit do esou zu Buch am nächste Joer, mä ech géing nëmmen e puer Projeten och do mentionnéieren. Mir hunn 2 Lycéeën, Lycée Jonglënster a Lycée Belval, déi d'nächst Joer am Bau sinn. Mir hunn d'Universitéit, déi d'nächst Joer och zu Buch schléit, a mir hu Projeten déi zum Beispill am Beräich vun der Sécherheet sinn, wéi d'Sécherheetsmoossnahmen am Prisong zu Schraasseg oder de Centre de rétention fir illegal Auslänner deen och am Joer 2008 an den Héichbauten säin Nidderschlag fënnt. Am Fonds des routes hu mir d'nächst Joer 113 Milliounen Depensen, dat sinn déi grouss Projeten déi weider ginn. Ech wëll nëmmen do erënneren un d'Nordstrooss, déi weider an den Ausgaben eng gréisser Depense ass, respektiv d'Liaison Micheville zu Belval, déi och am Joer 2008 eng gréisser Zomm Geld kascht, déi Tunnellen, déi mir am gaange sinn op der Nordstrooss ze bauen, sinn am gaangen an déi Depensë fannt Dir selbstverständlech och am Detail am Budget. Mä ech ginn elo net op all déi Chiffren an, well et soss zevill gëtt, mä mir kréie selbstverständlech d'Geleeënheet an der Finanzkommissioun dat ze maachen.

Ech wëll och der Chamber soen, datt de pluriannuellen Investitiounsprogramm esou wéi ech dat d'lescht Joer hei annoncéiert hat, och vun haut un disponibel ass. Mir hunn deen traditionell e puer Wochen duerno gemaach. Et ass dank enger ganz intensiver Aarbecht am Finanzministère, an der Finanzinspektioun, eis méiglech gewiescht, datt mir och haut den zweete Volume vum Budget kënnen deposéieren. Iwwregens sinn all déi Dokumenter, soen ech och hei, vun de Moien un um Internetsite vun der Regierung a vum Finanzministère disponibel. Déi, déi also wëllen dat am Detail och déi Projeten do kucken, kënnen dat vun 11 Auer un de Moien och maachen.

D'Depensë klammen d'nächst Joer nëmmen ëm 5,3%. Trotzdem ass ganz villes an deem Budget. Dat ass, bei aller Budgetsdisziplin, eng bewosste Politik fir sozial Kohäsioun a wirtschaftlech Entwécklung ze fuerderen. Wann ech duerch dee Budget bliederen, da gesinn ech ee ganz kloert a staarkt Akzent op do wou de Staat muss täteg sinn a wou e wëllt hëllefe Problemer ze léisen. An zwee Beräicher stiechen do ganz kloer an d'Aen: dat ass Wunnen, Kanner, Schoul. Wunnen, Kanner, Schoul - dat geet oft zesummen.

An duefir géing ech och hei wëllen ervirsträichen, datt dat wat de Staat am Wunnengsbau am nächste Joer hëlleft ëm 22% op 118 Milliounen klëmmt. Nëmmen 3 Chiffren oder 4 Chiffren doraus stellvertriedend genannt: 70 Millioune gi mir u Primen un d'Haushalter fir hinnen z’erlaben hir Zënsen ze bezuele wa se Prêtë gemaach hunn fir een Haus ze bauen. Mir ginn 10 Milliounen fir déi éischt Etapp vum Pakt Logement tëscht dem Staat an de Gemengen an dësem Budget. Mir ginn och 10 Milliounen der SNHPM déi domatter Terrainen ka kafe goen fir Haiser ze bauen, dat wäerte ronn eng dausend Haiser ginn wou mir den Terrain kafen an déi dat kënnen zu engem méi bëllege Präis verkaf ginn. A fir datt de Fond de logement säi Programm nach méi schnell duerchzéien, gi mir och eng extra Dotatioun vu 5 Milliounen un de Fonds du logement. 22% méi Sue vum Staat fir d'Entwécklung vum Wunnengsbau hei zu Lëtzebuerg.

Am Beräich vun de Kanner, och do sinn d'Depensë vill méi staark wéi déi vum normale Wuesstum vum Budget. 12% wiisst de Budget méi fir d'Ausgabe fir den Accueil vun de Kanner. Mir ginn do op 119 Milliounen Euro erop. Alleng an deenen 119 Millioune sinn 44 Milliounen fir d'Maisons relais - 22 Milliounen fir de Fonctionnement, 22 Milliounen fir d'Konstruktioun vun neie Maisons relais. Duefir alleng an deem Beräich schaaft de Lëtzebuerger Staat duerch seng Contributiounen d'nächst Joer 2500 zousäzlech Plazen an deene Maisons relais, an deene Betreiungsstrukture vun de Kanner ronderëm d'Schoul, fir déi Kanner déi am schoulflichtegen Alter sinn. Mir kréien also um Enn vum Joer 2008 mat deenen Hëllefen déi de Staat gëtt fir ronn 14000 Kanner Plaz an deene Strukturen.

Selbstverständlech geet och eise Programm weider fir Crèchen. Déi di also nach net an der Schoul sinn. Och do wäerten et d'nächst Joer ronn 100 Plaze méi ginn. Mir wäerten dann do op eng 1600 Plaze kommen. Och déi Sue sinn am Budget virgesinn, an deenen 119, 120 Milliounen déi ech Iech gesot hunn. Dat klëmmt also ëm 12 Milliounen.

D'Schoul behällt och eng grouss Prioritéit am Budget. De Buget vun der Schoul beleeft sech d'nächst Joer op bal eng Milliard: 970 Milliounen. Dat sinn zum gréissten Deel selbstverständlech d'Gehällter vun dem Léierpersonal, dat sinn awer ganz zolitt Montanten an déi wuessen och selbstverständlech deementspriechen, well och d'nächst Joer d'Zuel vun den Enseignanten ëm 50 zousäzlech Plazen am Budget 2008 erhéicht gëtt. Niewend deenen déi a Pensioun ginn, gesäit de Budget also 50 zousäzlech Professerplazen am Budget 2008 vir.

Zu de Kanner gehéiert selbstverständlech och hir Gesondheet. Et ass net nëmmen eng Prioritéit fir d'Kanner, mä ech géing an dësem Kontext och wëlle soen, datt mir eis och ëm d'Problemer déi sech bei de Kanner oder duerno bei de Leit stellen, bekëmmert hunn. An ech géing nëmme stellvertriedend do ee Kredit mentionnéieren. Mir gesinn zum Beispill am Budget vir, datt an Zukunft an d'nächst Joer fänke mir dat mat engem ganze Joergank un, och ee ganze Joergank vu jonke Fraen, vu Meedercher op Staatskäschte geimpft ginn géint de Gebärmutterhalskrebs. Duefir si 600000 Euro am Budget virgesinn. Och dat gehéiert zu enger uerdentlecher, staatlecher Betreiung a Virbeugung vu Problemer am Kontext vun de Kanner. An och esou eng Reih Krediter fannt Dir am Budget.

Well ech bei der Gesondheet sinn, erlabt mer och do ze soen, datt selbstverständlech d'Gesondheet net nëmmen ass bei deenen déi manner wéi 18 Joer hunn. Och wëlle mir duefir am Budget vun 2008 Krediter virgesinn fir eng national Réckeschoul op d'Been ze setzen, iwwregens zesumme mat den Aarbechtsmedeziner fir deene Problemer déi vill Leit hunn mam Réck op der Aarbecht, kënne méi aktiv entgéintzetrieden. An domatter och vill Suerge vun de Leit kënnen hëllefen e bësse manner grouss ze maachen.

De Budget wëllt och d'Zukunft preparéieren. Wa mir Suen ausgi fir d'Kanner, ass dat ëmmer Zukunftspreparatioun. Wa mir investéieren, ass dat Zukunftspreparatioun. Mä selbstverständlech déi laangfristeg Zukunft preparéiert een och andeem ee massiv an d'Fuerschung investéiert. Dat gesäit een net direkt wat dat bréngt. Dat bréngt awer eppes mëttelfristeg, ass och konform zur Lissabonstrategie, wat eng richteg Strategie ass fir eng modern kompetitiv Ekonomie ze schafen. An duefir wuessen d'Krediter fir d'Fuerschung d'nächst Joer ëm 21% a belafe sech op 170 Milliounen. Dat ass déi ëffentlech Fuerschung. Déi ëffentlech Fuerschung beleft sech domatter op 0,43% vum PIB. Do muss een dobäi rechnen ronn annerhalwe Prozent d'Fuerschung vum Privatsecteur, fir d'Gesamtfuerschung zu Lëtzebuerg ze gesinn.

D'Regierung ass der Meenung, datt mir d'Fuerschung nach méi mussen encouragéieren. An dofir wäert d'Regierung an deenen nächste Wochen och nei fiskal Dispositiounen nach presentéiere fir d'Investissioune vun de Betriber an der Fuerschung extra z’ënnerstëtzen. Mir mussen also beim Staat weider op där Schinn do fueren. Well och d'lescht Joer waren déi Krediter schonn ëm 20% geklommen bei der ëffentlecher Fuerschung, a mir wëllen domatter e staarke Push och nach ginn der Fuerschung déi am Privatsecteur gemaach gëtt.

Am Kontext vun der Fuerschung denkt een natierlech och un d'Universitéit. D'Universitéit déi all Joers zanter 2004 gréisser Augmentatiounen am Budget kritt huet. D'nächst Joer fuere mir mat deem Programm virun. D'Krediter vun der Uni wuessen ëm 10% op 58 Milliounen Euro am nächste Budget.

Mir wëllen ee Budget hunn, deen d'Zukunft preparéiert an d'Ekonomie ënnerstëtzt. A wa mir d'Ekonomie ënnerstëtzen a wa mir dee staarke Wirtschaftswuesstum hunn, da wëlle mir och, datt mir d'sozial Kohäsioun zu Lëtzebuerg behalen an duefir eng zolitt Sozialpolitik maachen. Déi Sozialpolitik ass scho beschriwwe ginn duerch déi Aspekter vum Kannerbonus wat en zolitte Bäitrag ass zur sozialer Kohäsioun hei zu Lëtzebuerg. Déi Sozialpolitik refletéiert sech natierlech och am Budget duerch déi grouss Transferten déi mir maachen un d'Sécurité sociale. Erënnert Iech u meng éischt Remarquen, et muss een d'Administration centrale an d'Sécurité sociale, well déi eng transferéiere Suen op déi aner an hëllefen de Mënschen hei am Land. Dat ass besonnesch wouer bei der Krankekeesefinanzéierung. De Staat gëtt d'nächst Joer 730 Milliounen an d'Krankekeese fir de Finanzéierungsbedarf vun de Krankekeesen, säin Drëttel dozou bäizedroen. Ech hu scho gesot wat mir an d'Pensiounskeese ginn, ronn 1 Milliard. Mir ginn och 140 Milliounen, esou wéi mir dat gesot haten an d'Flegeversécherung. Alles in allem sinn dat ronn 2 Milliarden déi mir an d'Krankekees, d'Pensiounskees an d'Flegeversécherung ginn. Dat ass eng Croissance vu 7,5% par rapport zum leschte Joer.

D'Regierung wëllt och weider den handicapéierte Beräich zolitt ënnerstëtzen. Dat si Mënschen déi sinn ugewisen op d'Solidaritéit vun der Gemeinschaft. Duefir ginn d'nächst Joer 52 Milliounen an de Beräich vun dem Handicap. D'Regierung engagéiert sech och d'nächst Joer erëm eng Kéier 50 zousätzlech Plaze beim Staat fir Handicapéierter z’offréieren. Do huet de Staat eng besonnesch Flicht fir deene Leit z’erlaben och enger Aktiviéit nozegoen an och dat ass am Budgetsgesetz fir d'nächst Joer virgesinn.

An deem Kontext vun der Sozialpolitik géing ech Iech och gäre matdeelen, datt d'Regierung decidéiert huet d'nächst Joer d'Heizungszoulag déi di Leit mat klengem Akommes kréien ëm 10% ze erhéigen. Déi Depense fir d'Heizungszoulag gëtt am Budget 2008 op eppes 8 Milliounen Euro geschat. Déi geet also d'nächst Joer ëm 10% erop fir op déi héich Uelechpräisser ze reagéieren an de Leit mat klengem Akommes bei där grousser Depense ze hëllefen.

Am Beräich vun der Sozialpolitik, am Beräich vun der Hëllef vum Staat an der efficacer Interventioun vum Staat, do wou dringende Misère ass, wëll ech och soen, datt de Budget 2008 eng substantiell Ännerung beim Equipement vun der Protection civile virgesäit. Mir hunn decidéiert, datt mir en bloque all Véhicule de sauvetage vun der Protection civile ersetzen. Well mir der Meenung sinn, datt et noutwenneg ass, datt ee ka schnell efficace kënnen intervenéieren. Mir hu fir 5,5 Milliounen virgesinn all déi Véhicules de sauvetage plus 4 héichmodern Ambulanzen ze kafen, fir datt esou schnell wéi méiglech an esou gutt wéi méiglech ka gehollef gi wann Akzidenter geschéihen.

Ech hu vill vu jonke Leit geschwat. Selbstverständlech fiert d'Regierung och viru mat hirem Programm fir déi eeler Leit. Am Budget vun 2008 sinn 63 Milliounen Euro virgesi fir den Accueil vun den eelere Leit adäquat ze begleeden, am ganze Beräich vun den Altersheimer vum Accueil gérontologique sinn déi Suen do virgesinn. Dir gesitt deen Detail och am Budget.

Fir eis ass wichteg Solidaritéit a Sozialpolitik no bannen, fir eis ass och wichteg Solidaritéit mat deenen déi vill, vill, vill manner hu wéi mir an der Welt. D'Entwécklungshëllef beleeft sech d'nächst Joer op 0,91% vum Bruttoinlandprodukt. Mir bleiwen also do bei deene 4, 5 Länner an der Welt déi par rapport zum Bruttoinlandprodukt den héchste Beitrag hunn. A Chiffren ausgedréckt sinn dat d'nächst Joer 296 Milliounen Euro déi mir also wëllen hëllefen de Misère an der Welt e bësse méi kleng ze maachen.

Ech géing gären nach e puer aner Beräicher och ervirhiewen. Den ëffentlechen Transport hunn ech Iech scho genannt. Dat ass eng Prioritéit vun der Regierung, ech hunn et genannt am Kontext vum Fonds du rail. Ech géing et och gäre mentionnéieren am Kontext vun dem Fonctionnement vum ëffentlechen Transport verbonne mat den Investissementer. Wann ech also de gesamtëffentlechen Transport kucken, da wiisst deen d'nächst Joer ëm 13% op ronn 660 Milliounen. Dat ass also méi wéi déi normal Progressioun vum Budget, well d'Regierung mengt, datt mir domatter kënnte bei enger erwuessener Awunnerzuel de Problemer vun der Mobilitéit an der Modernisatioun vun eisem Reseau vun de Bussen an den Zich verbesseren.

E wichtegen Akzent ass och an dësem Budget, sou wéi déi 4 Joer virdrun d'Ausgabe fir d'bannescht Sécherheet. Mir loossen déi Depensen op 263 Milliounen Euro wuessen. De Budget vum nächste Joer gesäit d’zousäzlech Astellung vun 30 Poliziste vir. D'Regierung hätt der och gären nach méi agestallt, mä et kommen der am nächste Joer net méi aus der Schoul, well och eng ganz Rei Departen an d'Pensioun sinn. Et kommen also 30 zousäzlech Polizisten dobäi. Et kommen och an dem Budget vun der Sécherheet ronn 10 zousäzlech Sécherheetsbeamten am Prisong dobäi.

Mä mir hunn am Budget 2008 och e besonneschen Akzent geluecht op de sozialen Encadrement vun de Gefaangenen esouwuel zu Schrasseg, wéi zu Givenich. Duefir gesäit dee Budget Krediter vir fir 12 zousäzlech Leit fir d'sozial psychiatresch a berufflech Betreiung vun der wuessender Zuel vu Gefaangenen an eisen zwee Prisongen. Sécherheet ass also fir eis e Begrëff dee souwuel um präventive wéi um repressive Beräich an dësem Budget zolitt bedéngt gëtt. Déi Depensë sinn zanter 2004 iwwregens am Sécherheetsberäich ëm 25% geklommen.

Mir ënnerstëtzen d'Wirtschaft duerch déi héich Investissiounsausgaben. Mir ënnerstëtzen awer och d'Wirtschaft duerch ganz héich Contributiounen, do wou de Staat begleet wann Investissiounen am Privatsecteur getätegt gëtt. Wann ech kucke wat mir d'nächst Joer am Beräich vun der Ennerstëtzung vun de Betriber maachen, esouwuel de grousse Betriber, wéi de mëttelstännege Betriber, wéi de Betriber am Agrarsecteur wat meeschtens mëttelstänneg Betriber sinn, da gesäit een, datt déi Gesamtkrediter ëm 15% op 127 Milliounen klammen. Dat ass eng zolitt Hëllef vum Staat un eng wirtschaftlech Entwécklung vum Land, d’Moderniséierung vun eise Betriber, eng Hëllef fir, datt eis Betriber och konkurrenzfäheg bleiwen.

Betriber a Mënsche mussen dozou bäidroen, datt hir Emwelt propper bleiwt, datt och d'Zesummeliewe méiglech bleiwt. Duefir läit selbstverständlech ee staarken Akzent d'nächst Joer op der Ëmweltpolitik. Ech géing do stellvertriedend niewent deenen héigen Ausgaben déi mir hunn am Beräich vun der Kläranlagefinanzéierung, wou eng Rei Kläranlagen amgaange si gebaut ze ginn, well ech och mentionnéieren, datt d'Depensë fir de Kyoto Fong d'nächst Joer ëm 34% klammen a belafen sech dann op 90 Milliounen. Wann een dat kuckt par rapport zu 2006, dann ass dat eng honnerprozenteg Augmentatioun well mir dunn eréischt ugefaangen hunn, dat heescht, dat sinn nei Politikfelder déi mir mussen a wëlle betätegen, well et gëtt näischt méi wichteges fir d'Zukunft wéi de Schutz vun eiser natierlecher Emwelt. An duefir muss een och souwuel dat wat mir maachen am ëffentlechen Transport wéi wat mir maachen am Beräich vum proppere Waasser a vun de Reduktioune vun CO2 am Fong alles addéiere fir déi Efforte vun der Regierung an deem dote Beräich ze gesinn.

Och aner Beräicher hunn hir Konsequenzen am Budget 2008. Mir haten 2007 extra Depensen am Beräich vun der Kultur. Ech wëll hei soen, datt d'Regierung wëllt, datt d'Kulturjoer och hir Spuren am Budget 2008 hannerléisst. Mir hunn also net einfach all déi extra Depensë vum leschte Joer zeréckgeféiert, mä mir hunn eng Rei Krediter agesat, fir datt dat Kulturjoer net ee one shot Event war. Mir hunn zum Beispill 1,1 Milliounen virgesi fir Projeten di sech dëster Joer am Kader vun der Rotonde ofgespillt hunn an déi sech besonnesch un ee jonke Public adresséiert hunn, fir déi och kënnen an Zukunft weiderzeféieren.

Grad esou wéi mir am Beräich vun dem Sport och eis Efforte wëlle weider verstäerken. Ech wëll Iech zum Beispill soen, datt d'Participatioun vum Staat un den Indemnitéiten un de Trainere vun de Federatioune sech d'nächst Joer substantiell erhéicht, ëm 20%. Datt mir och eng ganz Rei Krediter virgesi fir d'Promotioun vum Kompetitiounssport. Sou, datt d'Depensë vum Sportberäich d'nächst Joer ronn 1 Millioun op 4,4 Milliounen Euro klammen. Och dat mengen ech ass zum groussen Deel Jugendaarbecht. Déi muss een also och gesi mat deem wat mir bei de Kanner maachen oder wat mir bei der Gesondheet maachen, well de Sport huet jo och do eng sozial an eng gesondheetlech Finalitéit. Ech géing also gäre wann een eng Analys vun de Budgetsdepensë mécht e bëssen déi Depensen zesumme leeën, an de Budget muss een och an där Perspektiv a mengen Ae liesen.

De Budget fuerdert d’Wirtschaftswuesstum zolitt duerch déi Investitiounsausgaben, e kënnt e Betriber entgéint doduerch, datt mir entgéint deem wat d'Nopeschlänner gemaach hunn, a wat ëmmer eng Solutioun ass wann ee Sue brauch, dëse Budget erhéicht net d'TVA nodeem Däitschland an Holland se gehéicht hunn, si mir wäit ënnert deenen anere Länner. Mir maachen dat net, well mir weder de Leit nach de Betriber an dësem Moment wëllen domatter eng Brems an d'Wee leeën. Am Géigendeel gesäit de Budget niewent där zolitter Steierreduktioun fir d'Privatpersounen, déi de Staatsminister virdru beschriwwen huet, gesäit de Budget och eng nei wichteg Steiermoossnahm vir déi eng zolitt Stäip ass fir d'Weiderentwécklung vun de Betriber an deem mir den Droit d'apport, déi kapital Steier, déi nei Betriber op hirem Kapital bezuelen oder wann se d'Kapital erhéigen déi haut op 1% sech beleeft, datt déi vun 1% op 0,5% erof gesat gëtt an, datt déi spéidstens 2010 ofgeschaf gëtt. Domat ënnerstëtze mir d'Aktivitéite vun der Finanzplaz. Mir encouragéieren d'Betriber Kapital ze constituéieren. Mir verstäerken d'Kompetitivitéit vun der Lëtzebuerger Ekonomie.

An deem Kontext och wëll ech Iech soen, datt d'Regierung de leschte Freiden an där Entrevue déi de Staatsminister virdrun ugeschwat hat, déi d'Regierung hat mam Patronat, och ofgemaach huet, datt schonn am November e gemeinsamen Aarbechtsgrupp eng Kéier duerch de ganze Gaart vun der Besteierung vun de Betriber wëllt goe fir ze kucken wat een an der Perspektiv 2009-2010 do muss eventuell adaptéiere fir och do een attraktivt Steierëmfeld ze hunn, fir datt d'Betriber weider och kënnen zu Lëtzebuerg déi adäquat Aarbechtsplaz fannen fir Aarbechtsplazen ze schafen. Mä hei ass eng éischt wichteg Etapp, déi Dir am Budgetsgesetz fannt.

Här President, ech hu mengen ech scho méi Chiffre gesot wéi een der ka verhalen, mä et huet mir geschéngt, datt an engem Budgetsdokument wat esou vill 100 Säiten huet, villes dran ass. Ech wëll hei nach eng Kéier soen, datt de Budget deenen Ziler déi mir eis ginn hunn gerecht ginn ass. Éischt Zil war d'Budgetsdisziplin, plus 5,3% manner wéi d'Croissance vun de Recetten, manner wéi d’Croissance vun der Wirtschaft mëttelfristeg gekuckt. Zweetens hu mir ëffentlech Finanzen déi am Equiliber sinn. Mir si besser wéi eis 3 Nopeschlänner, mir hunn eng niddreg Staatsschold a mir hunn d'Reserven erëm opgestockt, mä mir musse virsiichteg bleiwen. Mir mussen eis bewosst sinn iwwert d'Fragilitéit vun eise Recetten. Et ass net de Moment - weder elo, nach 2009 - fir grouss Spréing ze maachen, wa mir gäre laangfristeg och eng Rei vun eise Politiken notamment am Investissiounsberäich mussen tätegen a well mir och laangfristeg ee Finanzéierungsproblem vun der Sécurité sociale behalen. Deen dierfe mir net aus den Ae verléieren, och net an de Budgetsdebatten déi an deenen nächste Méint stattfannen. Et ass ee Budget dee méi Sue virgesäit fir Famille mat Kanner. Ee Budget deen zolitt sech ëm Famille mat Kanner och op der Ausgabesäit beschäftegt. Et ass ee Budget dee manner Steiere fir jiddweree virgesäit. Et ass ee Budget, deen eng Reduktioun vun enger Steier déi belaaschtend op der Neigrënnung vun Entreprisë war, virgesäit. Et ass ee Budget dee modern Infrastrukturen zu Lëtzebuerg op eng an Europa eemoleg Aart a Weis ënnerstëtzt.

Duefir mengen ech, datt et ee Budget wier dee bei enger sachlecher, vu Parteipolitik lassgeléister Analys misst am Fong eng breet Ënnerstëtzung an dësem Haus fannen. Mä mir kréie jo d'Geleeënheet an deenen nächste Wochen an ech menge schonn e Freiden an der Finanzkommissioun am Detail duerch dat Staatsbudgetsdokument do ze goen a mir freeën eis op déi Debatt.

Merci.

Dernière mise à jour