Jean-Claude Juncker, Transcription de l'intervention à l'occasion de l'heure d'actualité au sujet du traité réformateur, Chambre des députés

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

vun un datt et d’Europäesch Unioun gëtt, obschonns, ier se esou geheescht huet, war hir Konstruktioun déi gelonge Vermëschung vun déiwen Iwwerzeegungen, vu periodeschen Zweiwelen déi beäntwert gi sinn, a vun der Kraaft vum Kompromëss deen déi zwee matenee versöhnt huet. Genau déi Intersektioun do, déi Schnittmenge wéi se déi aner Säit vun der Musel soen, war och d’virherrschend Atmosphär bei dem europäesche Conseil vu Lissabon déi lescht Woch an därselwechter Stad.

Wann een dee Wee kuckt, dee mer déi lescht 7 Joer laang gaange sinn, da war dat ee Wee deen holpreg war, dee sech heiansdo a sech selwer an op sengen Niewepistë verlaf huet, jiddwerfalls ee Wee deen net riicht war.

Mir hunn e Vertrag vun Nice am Dezember 2000 ofgeschloss, vun deem ech heibanne gesot hunn, géint liicht Opgebiere vun aneren déi dorunner bedeelegt waren, dee Vertrag wär gutt fir Lëtzebuerg awer e wier net gutt fir Europa. Dat huet sech och séier erausgestallt, well dunn hu mir eis op de Wee gemaach fir no engem Konvent, wat eng extraordinär Virbereedung war vun demokratescher Breet a vun Intensitéit an der Déift vun de Berotschloungen, zu engem europäesche Verfassungsvertrag. Dee war gutt, fir deen hu mir eis agesat, iwwert deen hu mir ee Referendum ofgehalen. Elo kréie mer ee Vertrag vu Lissabon, deen ass net esou gutt wéi den europäesche Verfassungsvertrag, en ass gutt genuch fir Europa, en ass ganz gutt fir Lëtzebuerg. E wier besser fir Lëtzebuerg, wann e ganz gutt fir Europa wier, mä en ass net schlecht fir Europa a fir Lëtzebuerg.

Ech fille mech obligéiert, sentimental an inhaltlech, hei nach eng Kéier deene Merci ze soen, déi dëst Haus an dem Konvent, deen zum europäesche Verfassungsvertrag, an indirekt och zu dem Vertrag vu Lissabon, gefouert huet. Stellvertriedend fir se all, wëll ech besonnesch d’Roll, d’Duerchsetzungsfähegkeet, d’Beharrlechkeet am Denke vun eisem Kolleg Ben Fayot hei belobegend erwähnen, deen eist Parlament, zesumme mat senge Kollegen, brilliant vertrueden huet, an dee virdru schonn, wéi och duerno, an Europa iwwert een exzellenten Numm verfügt, wéi ech dëser Deeg, erwähnen ech anekdotenhaft, an engem Gespréich mam italienesche Staatspresident Napolitano konnt feststellen. Et ass gutt, an him en treie Weebegleeder an europäesche Saachen ze wëssen an och heiansdo d’Gefill ze hunn net ganz alleng ze sinn, wann een d’Geschichte vu gëschter probéiert an Zesummenhang ze brénge mat der Geschicht vu mar.

Dee Vertrag dee mer zu Lissabon ausgehandelt hunn an un deem sengen Zustanekommen och eisen Ausseminister ee groussen Undeel huet, dee wëll ech hei net erklären am Detail, well d’Chamber, déi jo dëse Vertrag soll ratifizéieren, well d’Noutwennegkeet fir iwwert de Wee vun engem Referendum ze fueren entfällt, well iwwer 90% vun der Substanz vum Verfassungsvertrag och Agank fonnt hunn an deen neie Vertrag, well Dir nach d’Geleegenheet kritt, ech denken am Joer 2008, sech am Detail iwwert d’Dispositioune vun deem Vertrag auszeschwätzen. Ech wëll hei een europäescht Stëmmungsbild schilderen, wat gläichzäiteg national Atmosphär-Elementer reflétéiert.

Deen neie Vertrag dee mer kréien an deen den Numm vun der portugiesescher Haaptstad wäert droen, ass ee Vertrag, ech hunn et scho gesot, deen am wiesentlechen déi inhaltlech Elementer reflektéiert, déi och Agank fonnt haten an den europäesche Verfassungsvertrag, zu deem d’Lëtzebuerger den 10. Juli 2005 een däitleche Jo gesot haten. Et bleift virun allem dobäi, datt déi institutionell Neierungen, déi de Verfassungsvertrag ugeduecht hat, och ouni Ofstréch Agank fonnt hunn an deen neie Reformvertrag, dee kee Minivertrag ass, wéi anerer soen, well en huet jo grouss Substanzstrecke vun deem ale Verfassungsvertrag iwwerholl an deen och kee vereinfachte Vertrag ass. C’est un traité simplifié, très compliqué. An doduerch, datt mer de Choix getraff hunn, net ee ganz neie Vertrag ze schreiwen, mä déi al Verträg ofzeänneren, ze amendéieren, ass e vun enger totaler Illisibilitéit op den éischte Bléck a gëtt eréischt richteg verständlech am Nobléck an am Réckbléck op dee méi einfache Verfassungsvertrag, dee mir ugeholl hunn an deen anerer ofgelehnt hunn.

Bei den institutionellen Neierunge bleift et awer. Mir kréien eng onwahrscheinlech Ausbreedung vun deene Felder wou d’Europäesch Unioun, hire Ministerrot mat qualifizéierter Majoritéit décidéiert. Mir entkommen definitiv der Trappe vun der Unanimitéit, déi engem heiansdo hëlleft, wéi rezenterweis nach, wéi ech géint eng nei TVA-Directive alleng hu mussen ee Veto ofleeën, mä deen een am Reegelfall genéiert, well et ee Refuge ass fir reng national Iwwerleeungen an Europa zum Duerchbroch ze hëllefen. Iwwerall do wou de Ministerrot mat qualifizéierter Majoritéit ofstëmmt, bis op ganz ganz wéineg Ausnahmen, wäert och d’Europäescht Parlament iwwert Codécisiounsrechter verfügen, gëtt also gläichberechtegte Gesetzesgeber mam europäesche Ministerrot, gëtt en fait finale Gesetzesgeber, am Zweiwelsfall, an dat ass ee Fortschrëtt vun Demokratie op engem Kontinent op deem de Parlamentarismus et esou dacks schwéier hat an op deem et, wann no ville géif goen, et och soll schwéier behalen. Et ass déi definitiv kontinental Victoire vum demokratesch legitiméierte Parlamentarismus.

Mir kréien een héige Vertrieder fir Aussepolitik, dee mer wollten, déi déi Verstand hunn, europäeschen Ausseminister nennen. Déi déi nëmme Sënn hu fir Practicalities a fir Pragmatesches, déi nennen en elo, esou datt kee Mënsch méi weess ween dee Mann eigentlech ass, héije Vertrieder fir Aussen- a Sécherheetspolitik, Generalsekretär vum Conseil vun de Ministere vun der Europäescher Unioun Ech wëllt dat net op menger Visitekaart stoen hunn. Mä wichteg ass, datt d’diplomatesch Geschécker an enger Hand zesummegefouert ginn an datt d’Effizienz vun der Aussenduerstellung vun der Europäescher Unioun, duerch d’Schafe vun deem Posten onwahrscheinlech vill wäert gewannen.

Mir kréien eng permanent Presidentschaft vum Conseil vun der Europäescher Unioun an der Persoun an an der Funktioun vum President vum Conseil européen. Villäicht kënnen nach méi intensiv un de Saachen interesséiert Kollege sech drun erënneren, datt ech radikal géint d’Schafung vun deem Poste war. Fir d’lëtzebuerger Regierung ass d’Schafe vun deem Posten ee Kompromëss un d’Intergouvernementalitéit an et ass just ze hoffen, datt deen deen dat gëtt, dat net gëtt fir de President vun der europäescher Kommissioun an den Eck ze spillen, fir d’Motorfunktioun vun der europäescher Kommissioun auszehiewelen, mä datt dee seng Aarbecht an den Déngscht stellt vun den institutionellen Equilibren, déi de Succès vun der europäescher Method bis haut ausgemaach hunn.

Mir kréien een europäescht Parlament vu 751 Memberen, dat war jo nach ee grousst Gespréich, wat mer dëser Deeg zu Lissabon haten. Fir d’lëtzebuerger Regierung ass et evident, datt de President vun dem europäesche Parlament, dee 750 plus een Deputéierten, deen Italien zougesprach gëtt, selbstverständlech Stëmmrecht verfügt. Mir wëlle keng émasculéiert Présidence vum europäesche Parlament. Dat wäert och am Endtext vun deem Vertrag ganz kloer gemaach ginn. Lëtzebuerg behält an deem Vertrag 6 Deputéierten, Fortschrëtt par rapport zu dem Resultat vun dem Konvent, deen eigentlech mat 4 Deputéierte sech averstanen erkläert hat. Mir hunn déi fréier Regierung, d’Madame Polfer an ech, déi jetzeg Regierung, den Här Asselborn an ech, staark dofir plädéiert, datt Lëtzebuerg géif 6 Deputéierte behalen.

Mir hunn an deem neie Vertrag eng Formel agefouert, vun där kee méi wousst, datt et se géif ginn, obschonn et se zanter 1994 gëtt an déi nennt sech d’Formel vu Ioannina. Dat ass eng Stad a Griechenland. Esou griechesche Premieren huet ee mussen erkläre wat dat wier, déi Décisioun vu Ioannina. Dat ass kee Mechanismus deen d’Décisiounsfindung vun der Europäescher Unioun a vun hirem Ministerrot géif onméiglech maachen. Dat ass ee Mechanismus deen d’Décisioun ka retardéieren, mä dee se net kann évitéieren, well mer dee Mechanismus vu Ioannina net zum Primärrecht an der Europäescher Unioun gemaach hunn, mä en um Stadium vun enger Décisioun vum Conseil belooss hunn, mä an engem Protokoll däitlech gemaach hunn, deen ass rechtsverbindlech, datt deen nëmmen einvernehmlech, dat heescht mat de Stëmeme vu jiddwerengem kann ofgeännert ginn. Dat ännert näischt drun, datt de President vum Conseil op Grond vum interne Reglement vum Ministerrot kann all Moment zu engem Vote opruffen, soit well heen et selwer esou wëllt, soit well ee Member vum Conseil vun de Ministeren dat géif mat der Approbatioun vun der Majorité simple vun de Memberstaaten esou verlaangen. Et ass kee Blockademechanismus, dat wier e ginn, wann een en an d’Primärrecht agefouert hätt. Et ass een delating mechanism, wéi dat op lëtzebuergesch heescht, duerch d’Kombinatioun vun Deklaratioun a vu Protokoll. Dir entdeckt dat, wéi mir heiheem soen, in due time.

Et ass ee Vertrag, deen d’Méiglechkeeten, datt Staaten déi et wëllen, déi et kënnen, Staaten déi eng Ambitioun deelen, méi séier an ouni opgehal ze ginn duerch anerer, déi dat net wëllen, iwwert de Wee vun der verstäerkter Zesummenaarbecht europäesch Fortschrëtter kënnen an d’Wee leeden – dat ass wouer an alle Beräicher vun der Politik – an et ass ee Vertrag, deen Ofännerungsreegele vum Vertrag virgesäit, déi et net all Kéier noutwenneg maachen eng Regierungskonferenz an eng Ratifikatioun duerch d’national Parlamenter. Heiansdo kann de Conseil européen, d’Staats- an d’Regierungscheffe selwer décidéieren eppes ze änneren, à condition datt kee Parlament, keen Nationalparlament dogéint opponéiert. Heiansdo kënnen Ännerunge virgeholl ginn, awer nëmme wann déi 27 Parlamenter, no hiren nationale Ratifikatiounsprozeduren deenen Ofännerungen hir Zoustëmmung ginn. Dat versprécht, net datt d’Kompetenze vun der Europäescher Unioun ausgewäit ginn, dat ass ausdrécklech net virgesinn, mä datt d’Effizienzsteigerungsmechanisme kënnen importéiert ginn a Beräicher wou et déi haut nach net gëtt. Dat ass besonnesch wouer do, wou laut Vertrag muss Eestëmmegkeet herrsche wann ofgestëmmt gëtt a wou ee kann, duerch einfache Beschloss vum Conseil européen, d’Majorité qualifié erbäiféieren, mä dann ëmmer mat Approbatioun vun den eigentleche Vertragswäerter, an dat sinn déi national Parlamenter.

Et ass ee Vertrag dee méi Demokratie bréngt an dee méi Subsidiaritéit bréngt an dee méi Transparenz bréngt. E bréngt méi Demokratie, méi Rechtssécherheet doduerch datt en d’Charta vun de Fundamentalrechter an der Europäescher Unioun, rechtsverbindlech fir jiddwereen, mat Ausnam vu Groussbritannien, mécht.

Déi nei polnesch Regierung, mat där hirem designéierte Premier ech um halwer fënnef en Telefons-Rendez-Vous hunn an dofir um halwer fënnef och muss dat Haus hei verlooss hunn, envisagéiert och, duerch vill vun eis dozou opgefuerdert, déi Charta do integral ze ratifizéieren. Dat ass eng vun de positiven Erst-Konsequenze vun dem Sanéierungsvotum dat d’polnescht Vollek de leschte Sonndeg virgeholl huet.

Déi Tatsaach, datt an Europa jiddwereen iwwert déiselwecht Grondrechter verfügt, déi Tatsaach, datt jiddwereen, mat Ausnahm vum englesche Vollek, déi Rechter och kann, falls et sech ëm europäesch Legislatioun an hiren Transmissiounsmechanimus an nationale Recht handelt, akloen, ass een aussergewéinleche Fortschrëtt, dee just a Länner déi scho laang an der Sonn vun dem integrale Respekt vun de Mënscherechter liewen net ze appréciéiere wëssen. Et gëtt näischt an deem neie Vertrag, och wann déi Charta nëmmen duerch eng Proclammatioun kënnt, mä awer rechtsverbindlech via Vertrag erkläert gëtt, wat méi wegweisend ass fir den europäesche Gesellschaftsmodell, fir d’europäescht Mënschebild, fir d’Aart a Weis wéi Natiounen a wéi eenzenler matenee sollen zesumme liewen, wéi déi Charta do.

D’national Parlamenter kréie méi Rechter. Déi déi an den nationale Parlamenter sëtzen, wëssen net, datt dat eng ëmstridde Saach ass. Well déi déi am Europaparlament sëtze gesinn dat net esou ganz gär, datt d’national Parlamenter iwwert d’Hannerdier vun deem Vertrag Rechter kréien, déi se duerch d’europäesch Vertragsgebung, eigentlech indirekt verluer hätten. Doduerch datt d’national Parlamenter d’Kontrollere gi vun der richteger Applicatioun vum Subsidiaritéitsprinzip, gëtt deen noutwennege Lien tëscht demokratesch-parlamentarescher Legitimitéit an Europa an hirer Réckféierung op hir Ursprungsnationalbase hirgestalt.

Et kënnt zur Aféierung vun engem Biergerbegieren, der Demande déi 1 Millioun Bierger vun der Europäescher Unioun un d’Kommissioun kënne riichten, fir a bestëmmte Fäll gesetzesgeberesch Initiativen ze huelen. Mir hunn dat zu Lëtzebuerg nach net. Mir kréien et elo an Europa. Mir hunn awer ee Gesetzesprojet hei am Haus leien, nach vun der virrechter Regierung, niewebäi bemierkt, wou dat virgesinn ass. Ech géif et relativ gelunge fannen, wa mer een europäesche Vertrag géife stëmme wou dat geet an an der nationaler Legislatioun dee Mechanismus do net géifen zréckbehalen. Ech profitéiere vun dëser Geleegenheet fir nach eng Kéier d’Chamber opzeruffen dee Gesetzesprojet a sengen noblen Deeler, esou séier wéi méiglech ze stëmmen.

Et ass ee Vertrag deen d’Kompetenze wäert délimitéieren tëscht der Europäescher Unioun an den Nationalstaaten. Dem Programmrausch vun der Kommissioun gi Grenze gesat. Dem Iwwergräife vun der kompetenzbildender Allmacht vun der Kommissioun gi Grenze gezunn. D’Nationalstaate wëssen an Zukunft woufir si zoustänneg sinn, d’Europäesch Unioun muss sech mat dem begnüge wat d’Nationalstaaten net besser kënne maache wéi si selwer. Nach ni ass de Kompetenzkatalog, ech wëll soen d’Kompetenzuerdung, tëscht Europa, den Nationalstaaten, de Regiounen an de Gemengen esou kloer gezu ginn wéi dat an deem neie Vertrag wäert sinn.

Dee Vertrag deen hëft Pilieren op, déi mer an deenen ale Verträg haten a féiert all Politiken an ee gemeinsamt politescht Begrëndungs- an demokratescht Entscheedungsstringenz zesummen. Dat ass besonnesch wichteg an de Beräicher Justiz a bannenzecht Ugeleegenheeten, Kampf géint dat internationalt grenziwwerschreidend Verbriechen. D’Sozialkompetenz vun der Europäescher Unioun gëtt ausgebaut, well horizontal muss gekuckt ginn, bei all Propositioun déi gemaach gëtt, ob déi och sozialverträglech genuch ass, an den allgemenge Prinzipie vun der Politikleeung vun der Europäescher Unioun entsprécht.

Mir kréien eng nei Rechtsbasis fir d’Services d’économie générale ze maachen, wou et wichteg ass, datt déi erhal ginn a wou däitlech gemaach gëtt, datt europäescht Awierke begrenzt ass, datt et national Ausleeunge vum Prinzip, vum Service économique d’Intérêt général ass.

Den Euro gëtt verselbstständegt, doduerch datt den Eurogrupp eegen Entscheedungs- a Décisiounsmechanisme kritt, déi net méi ofhängeg kënne gemaach gi vun der Beschlussfassung vun deene Staate vun der Europäescher Unioun, déi net Eurostaate sinn. Den Eurogrupp kritt een diesbezüglech no uewe verréckelte Statut.

Mir kréien eng nei Basis fir Energiepolitik a mir kréien eng nei Basis fir Klimaschutzpolitik. Am Datenschutz, eng wichteg Fro, kënnt et zu der Aféierung vun der Codécisioun duerch d’Europäescht Parlament, dat heescht duerch eng Parlamentariséierung vu fundamentalen Aspekter vun dem Bewahre vun de biergerleche Rechter. Iwwerhaapt gehéiert nieft dem Europäesche Parlament den Europäesche Geriichtshaff hei zu Lëtzebuerg zu de grousse Gewënner vun deem Reformvertrag dee mer elo kënnen op de Wee schécken. A fir e konnten op de Wee ze schécken, hu mir selbstverständlech, och als lëtzebuergesch Regierung musse Konzessioune maachen, op Grond vun där aler Weisheet, datt Europa eng Cogebuert ass vu vernünftegem Abléck a bleiwende Convictiounen, a vum Erbäiverhandele vu vertrietbare Kompromisser.

Ech hu gesot, dee Vertrag wier net lisibel, e gëtt et eréischt wann ee koordinéierten Text iwwert deeselwechte virläit. Déi déi dem Verfassungstext virgeworf haten e wier net ze liesen, déi kann ech nëmmen dozou invitéieren déi 17 Verträg déi bleiwen, nach eng Kéier am Detail nozeliesen a sech iwwert all Artikel vun deene 17 Verträg seng Meenung ze maachen. Da vergläiche mer dat eng Kéier mam Verfassungsvertrag an dann diskutéiere mer deen nei, dee Verfassungsvertrag, deen an allen Hisichte besser war wéi dësen, well e méi Duerchbléck de Bierger erlaabt huet an déi eigentlech Saache vun der Europäescher Unioun.

Et ass ze bedaueren, datt d’Charta net an all Land applicabel ass, mä dat muss den Här Brown a säi Virgänger den Englänner erklären, datt déi manner Rechter hu wéi d’Kontinentaleuropäer. Wann dat den Englänner egal ass, dann ass et mir och egal, datt si déi Grondrechter net hunn. Wann et en net egal wier, hätt ech gär gehat, datt eng zukünfteg englesch Regierung, dat kann erkennbarerweis keng konservativ gefouert Regierung sinn, där Charta kënnt bätrieden, ouni datt mer elo erëm missten an all Land eng nei Vertragsrevisioun misste virhuelen. Dat ass eng Faiblesse vun deem Traité, grad wéi et eng Faiblesse vun deem Traité ass, datt mer zevill Opting-outen, Aussteigméiglechkeeten, aus dem Vertragswierk hunn, besonnesch genotzt vun der britescher Regierung a leider Gottes benotzt am Beräich dee wichteg ass fir d’Europa vun de Bierger, fir dat sech soss normalerweis ëmmer staark agesat gëtt, och op de briteschen Inselen, an de Beräicher Justiz, Verbriechen, Asyl, Polizei an ähnleches. Dat hu mir net gär gemaach, dat hu mir awer musse maachen fir d’Zoustëmmung vun eisen englesche Kollegen ze kréien. D’lëtzebuergesch Regierung huet, duerch eng Deklaratioun Nummer 39, däitlech gemaach, datt d’Konsequenze vun dem Ausklammen aus deene Mechanisme musse mat Bléck op de Bannemaart präzis beduecht ginn a sech Rekursméiglechkeeten verschafe fir den Europäesche Conseil mat där Fro ze befaassen, falls en Opting-out vun der britescher Regierung géif genotzt ginn.

Esou gëtt dat hei ee Vertrag, Här President, dee méi Demokratie bréngt, méi Transparenz bréngt, well d’Regierunge musse Faarw bekennen an hire Votum oppe leeën an ëffentlechen Ofstëmmungssitzungen an déi méi Effizienz bei der Décisiounserbäiféierung a bei der Décisiounsfindung mat sech bréngt.

Alles an allem ass dat doten ee Vertrag deen eng europäesch Kris op een Enn féiert. Et ass ee Vertrag deen dat wiesentlecht vum Verfassungsvertrag a sech selwer wäert iwwerhuelen. Et ass ee Vertrag deen et der Europäescher Unioun erlaabt Loft ze kréien a sech rëm op dat eigentlecht politescht Dagesgeschäft ze besënnen a sech domat ze beschäftegen.

Net wat an engem Vertrag steet ass wichteg. Wichteg ass eenzeg an alleng déi Politik déi Regierungen a gewielten Deputéierten an Europa maachen. Ech hoffen, datt se dat besser kënne maache wéi virdrun.

Ech verstoppen Iech net, datt ech mengen, datt déi déi mengen déi Ratifizéierung vun deem Vertrag wier ee Spazéiergang duerch 27 Parlamenter, datt déi sech fundamental ieren. Och dee Vertrag hei brauch staark Appuien, staark Affekoten, staark Plädoyeren, fir sech kënnen an deene 27 Länner duerchzesetzen. A falls e sech net duerchsetzt weess ech net wéi et virugeet. Falls e sech awer duerchsetzt, hoffen ech, datt e vun deenen, déi Politik net als Partisanen-Schaukampf betruechten, mä als d’Zesummebrénge vun deene Stécker vun Iwwerleeës déi et brauch fir d’Mënschen an Europa virunzebréngen, datt e genotzt gëtt fir aus Europa ee Kontinent ze maachen, op deem d’Mënsche sech méi wuel spieren, wéi se dat am 20. Jorhonnert esou oft an esou tragesch d’Geleeënheet haten net kënnten ze maachen.

Merci.

Dernière mise à jour