Jean-Claude Juncker, Transcription de l'intervention faite au sujet de l'accord intervenu au Conseil "Affaires économiques et financières" sur le paquet TVA, Chambre des députés

Här President,
Dir Damen an dir Hären.

Mir haten, no e puer Virleef an deene leschte Méint, gëschter eng wichteg Sitzung vun den europäesche Finanzministeren iwwer d’Neifestleeung vun dem Besteierungsuert vu bestëmmte Leeschtungen a kommerziellen Échangen déi der TVA ënnerleien.

Déi Sitzung, déi well mir esou sinn wéi mir gëschter waren, a well mir esou bleiwe wéi mir wëlle sinn, e puermol huet mussen ënnerbrach ginn, huet mat sech bruecht, datt ech entgéint menger ursprünglecher Planung, un där ech awer schonn éischt Zweiwelen hat, wéi ech se festgeluecht hunn, net konnt gëschter Mëtteg hei an der Chamber sinn, wéi eis Kollegin Madame Lydia Mutsch hire Rapport zum Budget 2008 virgedroen huet.

Ech hat probéiert via eise Wirtschaftsminister hir dat ënner entschëllegender Form matzedeelen, ech wollt mech awer haut nach eng Kéier formell bei der Madame Mutsch entschëllegen, well ech fannen, datt dat dee wichtegste Rapport ass deen am Joer hei virgedroe gëtt.

Ansoufern wéi ech e konnt consultéieren, souwuel dee schrëftleche, wéi och liesen iwwer dee mëndlechen, op wéineg Nuancë près, op ganz wéineg Nuancë près, fillen ech mech an déiwer Harmonie domat. An ech wollt och der Madame Mutsch meng Unerkennung soe fir déi exzellent Aarbecht, déi si geleescht huet.

Éierlecherweis muss ech awer soen, datt ech gëschter ganz aner Suergen hat. An déi Suergen hu sech ronderëm d’TVA-Besteierungsregele gedréint.

Mir sinn zënter Joeren am gaangen, zënter laange Joere schonn, schonn am Ecofin zesumme mam Henri Grethen, dee Wirtschaftsminister war an där leschter Legislaturperiode, periodesch eis mussen duerch dee schwierege Bësch do bewegen.

Mir hunn an deene leschte Joere vill doriwwer geschwat a mir sinn eis iwwer alles eens ginn, sauf iwwert ee Punkt wou mir eis net eens gi sinn. An dat ass ee Punkt, dee Lëtzebuerg an engem ganz besonnesche Mooss betrëfft, an dat ass d’Festleeë vun dem Besteierungsuert vun den elektroneschen Déngschtleeschtungen, vun den Télévisiounsservicer a vun den Télécommunicatiounsservicer.

Wéi war d’Regel, wéi ass d’Regel, wéi bleift d’Regel an e puer Joer? D’Déngschtleeschtungen elektroneschen Zouschnëttes, an deem Beräich deen ech genannt hunn, déi ginn do besteiert, wou déi Plaz ass wou déi Déngschtleeschtunge fort ginn. Fir dat iwwersimplistesch ze soen, d’Gesellschaften déi hire Sëtz zu Lëtzebuerg hunn, an déi hir d’Déngschtleeschtungen an aner europäesch Länner schécken, déi ginn no de lëtzebuerger TVA-Regele besteiert, dat heescht do wou den Normalsaz vun der TVA-Besteierung, ufällt mat 15%.

Een, deen déi Déngschtleeschtungen no Schweden schéckt, oder no Dänemark, dee bezilt net, wéi dat an deene progressistesche, sozialistesch geprägte skandinavesche Nordlänner ass, mat 25% - dat bezuelen d’Dänen an d’Schweden um Botter, an op den elektroneschen Déngschtleeschtunge - déi bezuelen dat zu 15%.

An den Här Fayot mécht zu Recht drop opmierksam, datt déi biergerlech Regierungen déi déi sozialistesch oder sozial-demokratesch Regierungen ofgeléist hunn, natierlech bei deene Prinzipien bliwwe sinn. Wat och erkläert, firwat datt hei am Land, an hei am Haus, periodesch Leit optrieden, déi d’Vertuë vun de skandinavesche Modeller sangen. D’Leit bezuele fir de Modell, an de Modell ass och nach net besser wéi eisen, a bei eis bezuele si 10% manner.

Déi Regel, datt d’TVA-Besteierung am Pays d’origine, am Ursprongsland stattfënnt, war bis viru kuerzem intellektuelt Allgemeingut vun der europäescher Commissioun a vun de Memberstaaten.

Vu datt de gesonde Mënscheverstand sech selte laang hält, huet sech op emol ugefaangen eng Tendenz an déi ëmgedréinte Richtung ze maachen, nämlech déi Leeschtungen an deene Länner ze besteieren, wou déi Leeschtungen higinn. Dat ass nei gewiescht, dat war ni den intellektuellen Usaz, an entsprécht och kenger Bannemaartlogik.

Vu datt, ouni nach eng Kéier en exzessiven Ëmgank mam Possesivpronomen wëllen ze praktizéieren, meng lescht a meng jëtzeg Regierung sech awer am Zesummenhank mat der Directive Bolkestein géint de Pays d’origine ausgeschwat huet, mä fir de Pays de destination bei den Déngschtleeschtungen, hunn eis Raisonnementer ugefaangen net méi esou zolitt ze sinn wéi si fréier emol waren. Ech halen dat awer wat déi fréier an déi jëtzeg Regierung an deem Zësummenhank gemaach hunn ëmmer nach, sozialpolitesch betruecht, fir absolut richteg.

Et ass also eng Rechtsregel ginn an Europa, an déi wollt, geet d’Leeschtung vu Lëtzebuerg fort, gëtt se zu Lëtzebuerg TVA-méisseg steierlech beluecht. Doropshin, wéi déi Regel bis agefouert ginn ass, sinn Entreprisen no Lëtzebuerg komm.

Et muss ee vläicht zum bessere Verständnes vum Gesamtvirgang rappeléieren - d’Kollegen aus der fréierer Regierung wëssen dat nach - datt d’Iwwerleeung deemools war, datt een déi Betriber, déi an Europa era Leeschtunge ginn hunn, elektronescher Natur, an déi quasi keng TVA bezuelt hunn, well et jo extrem schwéier ze kontrolléieren war wann een aus der Türkei, aus der Schwäiz, oder vun engleschen Inselen déi jo fannen, si géifen net zur Europäescher Unioun gehéieren, an Europa era Leeschtunge ginn huet, fir déi dozou ze bréngen an Europa ze kommen, ass deemools gesot gi vum Ecofin, 2002, Här Grethen war dat, wéi mir dat zesummen, beschloss hunn, datt wann ee sech an engem Land vun der Europäescher Unioun umellt, datt een da vun deem Land aus an all Länner vun der Europäescher Unioun, mä zu de Besteierungsregele vun deem Land, wou een ugemellt ass, déi elektronesch Déngschtleeschtunge kann offréieren.

Heiansdo gëtt gesot, datt dee Steierregime dee mir hätten, eppes extraordinaires wier, Nischepolitik wéi am Elementarjournalismus zu Lëtzebuerg geschriwwe gëtt, géifen duerstellen. Dat ass et net. Et gëtt hei eng vun all Mënsch an Europa akzeptéiert Rechtsnorm applizéiert. An déi Rechtsnorm ass agefouert gi fir d’Interesse vum europäesche Steierzueler staatenbund ze schütze par rapport zu Drëttstaaten. Dorops hi si Betriber op Lëtzebuerg komm, well si gemierkt hunn, datt et avantagéis fir si wier sech zu Lëtzebuerg ze installéieren, well mir déi nidderegst TVA an der Europäescher Unioun hunn.

Déi niddereg TVA ass och keng Nisch déi mir géifen exploitéieren. Dat geet zeréck, déi 15% TVA, op deen europäesche Minimum dee mir am Joer 1991, de 24. Juli véirel vir 8 festgeluecht hunn. 15% minimum. Mir hunn de Minimum. Anerer waren och um Minimum, si sinn net méi um Minimum, mir sinn nach ëmmer um Minimum. Dat hu mir gemaach aus sozialschoulende Grënn.

Eisen Usaz bei der indirekter Besteierung, soufern wéi d’TVA an och d’Accise betraff sinn, hunn haaptsächlech sozialpolitesch Ambitiounen a sech gehat, wa mir dat esou gemaach hunn. Vu datt awer déi Déngschtleeschtungen do, elektroneschen Zouschnëtts haaptsächlech TVA belaascht sinn, an de Moment nach manner Akommessteier belaascht sinn, huet sech erginn, datt déi grouss Entreprisen, déi grouss Provideren, déi grouss Opérateuren op Lëtzebuerg komm sinn, dat een nidderegen TVA-Steiersaz hat aus soziale Grënn, mä dee kann elo utiliséiert gi fir basic kapitalistesch Geschäfter, am gudde Sënn vum Wuert ze bedreiwen.

Mir hunn also näischt gemaach wat net rechtens gewiescht wier, näischt gemaach wat net ënner moralesche Gesiichtspunkten akzeptabel gewiescht wier. Mir hunn eng Regel applizéiert, déi mir zu 15 à l’Epoque, zu 27 haut, agefouert hunn. AOL ass komm. Mir hunn hinnen och gutt zougeriet, datt si géife kommen, an anerer si komm, och aus steierlechen Iwwerleeungen eraus.

Ech muss nach eng Kéier u mäi Frënd Henri Grethen appeléieren, fir als Zeien duefir ze stoen, datt eis Absiicht net war steierlech Nischen, oder wéi ëmmer och geaartet Attraktiounspolitik ze maachen, mä fir Lëtzebuerg zu enger éischter Adress an deem Beräich ze maachen. An AOL, déi contrairement zu deem wat an den Zeitunge steet, natierlech ëmmer nach zu Lëtzebuerg ass, well dat englescht Geschäft vun AOL, no Groussbritannien nach ëmmer vu Lëtzebuerg aus gemaach gëtt, an och zu Lëtzebuerg besteiert gëtt, iwwregens an der Héicht vu 40 Milliounen Euro d’Joer. Dat war quasi d’Einstiegsdrog. An no deem AOL déi weltwäit féierend Gesellschaft zu Lëtzebuerg war, sinn anerer wakreg ginn, an déi successiv Wirtschaftsministeren Henri Grethen, Jeannot Krecké, de Kommunikatiounsminister Jean-Louis Schiltz hun sech jo op d’Rees gemaach, an doduerch sinn ëmmer méi där Betriber komm. Mä net méi all aus steierleche Grënn.

Anerer si komm, well Lëtzebuerg op emol an deem Rayon do e gudde Ruff hat. Well mir investéiert hunn, well mir eis Konnektivitéit, eis international Konnektivitéit verbessert hunn mat massiven Investissementer.

Amazon zum Beispill, vun där ech ëmmer liesen, där Gesellschaft, déi géif auf Gedeih und Verderb vun deene Regelungen hei ofhänken, fällt iwwerhaapt net ënnert déi méi niddereg lëtzebuergesch TVA. Wann Amazon zu Lëtzebuerg ee Buch a Schweden, op Malmö schéckt, da fällt déi schwedesch TVA un. Dat ass ee Geschäftsberäich dee fällt ënnert d’Vente à distance. Dat fält net ënner d’Regelunge vum Commerce éléctronique. Amazon ass zum Beispill net zu Lëtzebuerg dee gréisste weltwäite Buchverdreiwerbetrib aus steierleche Grënn, mä aus ganz anere Grënn, déi mam allgemengen Environnement zu Lëtzebuerg ze dinn hunn. Mä Amazon wier ni op Lëtzebuerg komm, wann AOL net aus steierleche Grënn fir d’éischt no Lëtzebuerg bruecht gi wier. Et sinn d’Rieden aus dem Joer 2003 hei am Haus zu deem Punkt nozeliesen a kritesch ze wäerten, niewebäi bemierkt.

Wat elo proposéiert ginn ass vun der däitscher Presidentschaft, déi amtéiert huet an der éischter Joereshalschent vum Joer 2007, war, datt de Prinzip géif geännert ginn, datt bei elektroneschen Déngschtleeschtungen, downloade vu Musek an Ähnleches, géif am Land besteiert ginn, wou de Produkt ukënnt, an net méi am Land géif besteiert gi wou de Produkt fortgeet, also net méi a Lëtzebuerg, mä d’TVA vun deene Länner wou d’Leeschtung higeet. An zwar vum 1. Januar 2010 un.

E brutale Wiessel vum Basisprinzip statt Ursprungsland, Bestëmmungsland. Dogéint hunn ech am Juni hei zu Lëtzebuerg mäi Veto ageluegt. Déi portugisesch Presidentschaft, déi elo am Jauwen ass, huet am November déi selwecht Propositioun nach eng Kéier gemaach, an ech hunn nach eng Kéier am Numm vun der Regierung vun eisem Land, als Eenzege mech där Léisung opposéiert. Firwat? Net well ech op emol meng europäesch Verhalensmuster drastesch iwwerpréift hätt, mä well ech fonnt hunn, datt dee steierleche Verloscht, deen dat fir Lëtzebuerg géif mat sech bréngen, esou abrupt net kënnt duerch aner Aktivitéiten, oder duerch eng Ëmgestaltung vun der Weiderféierung vun där selwechter Aktivitéit kënnt absorbéiert a resorbéiert ginn.

Well et muss ee wëssen, datt mir vum Joer 2003 bis an d’Joer 2007, aktuelle Stand, 900 Milliounen Euro Steieren ënner Form vun TVA aus deenen Aktivitéiten ofgezunn hunn. Dat sinn, fir datt mäi Papp mech och versteet - dee, falls e mir nokuckt, vu mir soll gegréisst ginn - 36,5 Milliarden al lëtzebuerger Frang. Déi gehat hunn, an déi hunn, an déi net méi hunn, dat mécht, denken ech, och jiddwereen heibannen, déi minimal Impressioun déi et brauch fir ze verstoe vu wat ech schwätzen, anerer an Europa beandrockt dat wiesentlech manner.

Mir kréie prévisiblement fir d’Joer 2007, dat ass am lafen, eng Budgetsrecette vun 270 Milliounen Euro alleng iwwer déi elektronesch Déngschtleeschtungsservicer. Dat ass bal 1% vun eisem Bruttoinlandprodukt. Jiddefalls an ale Frang, fir mäi Papp ausgedréckt, 11 Milliarden. Do kann een net einfach soen, dir huet Recht a mir hunn Onrecht, an elo maache mir dat. Da muss een a Gespréicher triede mat de Kollegen.

Vu datt et keng Nischepolitik ass, vu datt mir net eppes gemaach hu wat moralesch verwerflech wier, vu datt AOL den 1. Juni 2003 komm ass op Grond vun enger positiver Rechtsnorm, déi an Europa gesat gi war, vu datt et an Europa drëm gaangen ass eege Steierrecetten ze kasséieren, statt datt déi géifen an den Drëttlänner ronderëm Europa versickeren, hu mir fonnt, datt mir Recht hätten eis géint ee séiert Aféiere vun enger neier Regel, déi net-Regel war wéi de Bannemaart ugefaangen huet, ze wieren. A mir hunn, wéi ech dat scho gesot hunn, zweemol e Veto gemaach.

Mir hunn dorops hi mat eise portugisesche Frënn, dat si wierklech Frënn vun eisem Land, intensiv Gespréicher, Kontakter, Dialoger gefouert. De Staatsminister ass jo ëmmer am Ausland, ech kenne jo déi Kritik, dat huet heiansdo seng Grënn, firwat datt ech muss a Bewegung setzen, mir wëssen zwar, datt mir den Nuebel vun der Welt sinn, mä dat huet sech nach net weltwäit an der Erkenntnis duerchgesat, datt dat esou ze geschéien huet, an da muss een op deene Plaze mat de Leit schwätzen, wou een déi Leit ka gesinn, déi jo wa si an der Presidentschaft sinn, och vill beschäftegt sinn.

[...]

Ech kommen zeréck zu mengem Thema, mä dat do war mir eng wichteg Remarque, fir ze soen, datt mir mat eise portugisesche Frënn intensiv iwwer déi Matièren do geschwat hunn, an déi och vun der Deelrichtegkeet vun eisen Thesen esou iwwerzeegt kritt hunn, datt d’portugisesch Presidentschaft, woufir ech hir dankbar sinn, eis net an d’Situatioun versat huet gëschter, mussen ee Veto géint d’Propositioun vun der Presidentschaft anzeleeën, mä déi aner eigentlech obligéiert huet, well d’Presidentschaft ee groussen Deel vun eise Suggestioune iwwerholl huet, Veto oder Nee zu de Propositioune vun der Presidentschaft ze soen.

D’Presidentschaft hat proposéiert, datt déi nei Regel net 2010, mä 2015 géing a Kraaft trieden. Dat war eis Haaptexigenz, haten der Presidentschaft matgedeelt.

Zweetens huet si proposéiert, datt no 2015 20% vun den TVA-Steierrecette géifen an deem Land bleiwe wou de Betrib fixéiert ass, an déi aner géifen no de Regele vun deenen aneren Destinatiounslänner un déi verdeelt ginn.

An drëttens, datt ee Rapport géif kommen am Joer 2014 iwwer d’technesch Machbarkeet vun där neier Regelung.

Ech hunn am Ufank vun der Debatt däitlech gemaach, datt mir 2015 gefrot hunn, a vun der Presidentschaft kritt hunn, net fir do Stonne laang ze diskutéieren, wéi ee kënnt op 2012, 2013 ze kommen, wieren net a Kollektivvertragsverhandlungen, dat wier eng sérieux Affaire fir 2015, an eppes anescht géif net goen. Trotzdem ware 25 Länner géint den Datum 2015, just Malta a Lëtzebuerg war mat der Presidentschaft averstanen.

No laangen Diskussiounen, an nodeem virun allem England, Däitschland, Spuenien, anerer och där neier Länner, déi eigentlech der lëtzebuerger Diplomatie während de Bäitrëttsverhandlungen och a steierleche Saache relativ vill ze verdanken hunn, hu sech géint dee Prinzip 2015 Aféierung ausgeschwat, hu mir dat dann awer kritt während dem Mëttegiesse vun de Finanzministeren, wat ëmmer Aarbechtssitzunge sinn, a wou d’Ministeren alleng sinn, wou also een och ka lëtzebuergesch schwätzen, och wa keen et esou direkt versteet, mä an der Iwwersetzung op franséisch virgedroen, kléngt et och iwwerzeegend, jee nodem wat ee seet.

Dat féiert d’lëtzebuerger Press haut - du stauns wanns de esou aus enger laanger Sitzung vu 7 Stonnen Zodi do erëm kënns - zu séier ënnerschiddleche Kommentéierungen. Ech liesen am Lëtzebuerger Wort, dat ass jo déi Zeitung, vun där Dir ëmmer sot, déi géif mir no stoen, dat ass well Dir aus Ären traditionellen Denkschemen net richteg eraus kommt, do steet: „Luxemburg gibt nach“. Am Tageblatt vun Esch, vum Här Castegnaro presidéiert, also e Stéck méi no un der Wourecht, schreift: „Luxemburg setzt sich durch“. Et ka jo awer nëmmen eppes stëmmen. An ech wëll iech soen, näischt stëmmt, weder dat eent, nach dat anert.

Mir hunn et fäerdeg bruecht, datt déi Directive 2015 a Kraaft trëtt, an net 2010, wat eis budgetsméisseg betruecht relativ ze séier grouss Problemer geschaaft hätt, déi mir net hätte kënnen transitoresch esou begleeden, datt ee se hätt kënnen opfänken.

A mir kréien am Joer 2015, an am Joer 2016 30% vun där TVA-Recette déi ufält, statt wéi vun der Presidentschaft virgeschloen, 20%, a wéi vun eis virgeschloen, 25%. A mir kréien an de Joeren 2017 an 2018 15%, a mir kréien am Joer 2019 0%, well mir eis dovunner iwwerzeege gelooss hunn, datt et mat der TVA-Philosophie, mat der TVA-Technik kaum compatibel ass e Partage vun de Recetten, e Revenu-chair ze maachen.

Mir hunn zwou Positiounen an där Verhandlung gehat nieft där Déclaratioun déi ech hei net wëll erwähnen. 2015 den Datum, an d’Partagë vun de Recetten. Wichteg ass den Datum. Dat war mam Secteur ofgeschwat, dat gëtt eis 8 Joer Zäit fir ëmzedisponéieren, falls ëmdisponéiert muss ginn.

De Partage vun de Recetten am Fall wou mir, wouvun ech ausginn, nach méi Betriber bäikréien, an um Enn vun där Period och vill Betriber zu Lëtzebuerg hunn, déi dann net méi aus steierlechen, mä aus anere Grënn hei sinn, an déi Akommessteier bezuele bei hire Leit, a Betribssteier bei sech selwer, komme mir also iwwer déi ganz Phas bis 2019 budgetair, aarbechtsmaartpolitesch an och soss iwwer But.

Dat waren also net Verhandlungen, obschonn ech weess, datt d’Finanzministeren an d’Premieren a besonneschem Mooss dat nawell gäre maachen, wa si vu Bréissel erëm kommen, wa si net verluer hunn, hu si gewonnen. An da soe si voilà, mir hunn deenen aneren et gewisen, déi aner hunn noginn, mir hunn eis duerchgesat. Dat ass net meng Fassong fir Europa ze erklären. Europa, dat ass eng Saach, déi ass vill ze vill wichteg, fir där primitiver Gespréicher déi a ville Parlamenter net hei gefouert ginn, kënnen ze féieren.

Mir haten ee Problem, dee Problem ass am Ufank net vun deenen aneren unerkannt ginn. Mir hunn dee Problem op de Radarschiirm vun deenen anere bruecht, si hunn dee Problem unerkannt. Mir hunn den europäesche Problem, nämlech eng Neiregelung vun der TVA, an europäeschem Geescht geléist, a et gläichzäiteg fäerdeg bruecht, datt eis eegen Interessen op eng fir eis zefriddestellend Aart a Weis budgetspolitesch an och soss zur Kenntnis konnte ginn.

Duefir ass dat een typeschen europäesche Kompromëss. Ech ginn op déi zou, déi 26 Länner déi et anescht gesinn, an ech forcéieren déi 26 Länner zur Kenntnis ze huelen, wat eise Problem ass.

Anescht kann Europa ni eppes ginn, wann ee sech net esou beweegt. Deen, deen alleng ass, muss sech op déi aner zoubewegen, an déi, déi an enger ekrasanter Majoritéit sinn, am Fall wou Lëtzebuerg alleng ass, ass d’Majoritéit emsou méi ekrasant, well mir net zu deene gréisste Länner an der Europäescher Unioun zielen, musse sech och op deen zoubewegen, deen, och wann e kleng ass, ee grousse Problem huet.

Ech wëll dobäi soen, datt mir zwee mol Veto gemaach hunn, wat ech net gäre maachen, a wat ech och nach ni gemaach hunn a 25 Joer. Déi eenzeg Kéier wou d’Lëtzebuerger sech e Veto a Steierfroe gemaach huet, hunn ech mech duerch de Staatsminister Santer vertriede gelooss, well ech et virgezunn hat no engem Akzident déi Zäit am Koma ze verweilen, also ech hu mech net misse mat där Gretchefro do ze beschäftegen.

Mir hunn zwee mol Nee gesot, well mir wollten eise Problem op een Niveau hiewen, wou e vun deenen aneren vollempfänglech géif zur Kenntnis geholl ginn.

Ech sinn an deenen Debatten, déi schwiereg waren, vum Wirtschaftsminister Jeannot Krecké mustergülteg a voll solidaresch an technesch kompetent ënnerstëtzt ginn, esou wéi ech dat och mam fréiere Wirtschaftsminister Henri Grethen gemaach hu wann et em d’Fiscalité de l’épargne gaangen ass, eng e bësse méi schwiereg Verhandlung nach wéi déi hei. Näischt wier méiglech gewiescht ouni déi exzeptionell Qualitéit vun de lëtzebuerger Beamten, dem Direkter vun der Enregistrementsverwaltung, de Romain Heinen, an eiser Ambassadrice zu Bréissel, der Madame Schommer, ouni déi kënnt ech Iech net soen, datt et gutt ausgaangen ass.

Merci.

Dernière mise à jour