Déclaration de Jean Asselborn, Vice-Premier ministre, ministre des Affaires étrangères et de l'Immigration, sur le Kosovo à l'issue du Conseil "Affaires générales et Relations extérieures" du 10 décembre 2007

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, léif Kollegen,

Zanter dem 10. Dezember si mer jo an enger kruzialer Phase wat de Kosovo ugeet. Kosovo associéiert ee mat Krich um Balkan, mam Zesummebroch vun Ex-Jugoslawien, awer och mat Verdreiwung, mat ethnesche Säuberungen, virun allem och mat Flüchtlingen, wéi mer dat jo hei zu Lëtzebuerg wëssen. De Kosovo ass awer och net lasszetrennen vun Europa, vu Stabilitéit um Balkan a vun enger europäescher Perspektive fir de Balkan.

Ech wëllt vläicht an enger Minutt e puer Saache soen iwwert d’Geschicht vum Kosovo, ouni kënne selbstverständlech an d’Déift ze goen. Kosovo hat an Ex-Jugoslawien zanter 1974 eng ganz grouss Autonomie. De Milosevic huet dës Autonomie lues a lues, awer drastesch reduzéiert, a mir wëssen, datt 1999 ethnesch Säuberungen, Vergewaltegunge stattfonnt hunn, Verdreiwung. Eng Millioun Kosovaren hunn deemools d’Land verlooss. Et waren 10.000 Doudeger op der Säit vun den Kosovo-Albaner an och 3.000 Victimen op serbescher Säit, déi een net däerf vergiessen. Et sinn 200 Moscheeë futtigeschloe ginn, bis d’Nato dunn agegraff huet, a mengen Aen zurecht, op Basis vum Prinzip vum devoir d’ingérence, en devoir d’ingérence dee besteeht wann Acte gemaach gi géint déi elementar Menschewürd an déi och vun Terrorismus a vu Grausamkeete gezeechent waren. Du koum et den 10. Juni 99 zu där Resolutioun, eng vun deene bekannteste Resolutioune vun der UNO op der Welt, der 1244, déi décidéiert huet datt d’’Gewalt muss gestoppt ginn, datt am Kosovo muss desarméiert ginn an et ass och an där 1244 zréckbehale ginn, datt eng international Präsenz am Kosovo muss op d’Bee gestallt ginn. Dat ass eng duebel Präsenz, dat ass engersäits d’KFOR, 17.000 Zaldoten aus aller Welt sinn am Numm an och am Mandat vun der UNO agesat ginn, an anerersäits d’UNMIK, dat heescht de Kosovo ass ënnert d’Administratioun vun der UNO gesat ginn.

Nun, Här President, de Kosovo haut dat sinn 2,2 Millioune Leit, et ass een Territoire véiermol méi grouss wéi Lëtzebuerg. 40 Prozent vun der Populatioun hu manner wéi 20 Joer a 50 Prozent vun der Populatioun hu manner wéi 25 Joer. Et sinn 88 Prozent Albaner, 7 Prozent Serben, 5 Prozent Minoritéiten, Romaen, virun allem Bosniaken an Türken. Kosovo haut ass awer och ee Gebilde um ekonomesche Plang mat bis zu 60 Prozent Chômage an deene meeschte Regioune.

Wa fir d’Léisung vun der Kosovofro d’UNO-Resolutioun 1244 Basis ass, esou huet dach d’Europäesch Unioun eng ganz grouss Responsabilitéit, aus zwou Ursaachen. Éischtens well de Kosovo an Europa läit, geographesch gesinn, e läit 50 Kilometer vun der Grenze vun Europa ewech, an zweetens, well jo Europa, d’Europäesch Unioun ee Friddensprojet ass a well d’Europäesch Unioun als Friddensprojet am Joer 2003 zu Saloniki um Conseil deem ganze Balkan eng europäesch Perspektiv ginn huet. Doraus ergëtt sech, datt d’Europäesch Unioun eng ganz spezifesch, eng ganz speziell Positioun huet an der ganzer Debatt ëm de Kosovo. Wann, Här President, Dir Dammen an Dir Hären, de Status quo keng Léisung ass, dat soen net nemmen d’Europäer, dat seet och de Ban Ki-moon, de Generalsekretär vun der UNO, wann de Statut vum Kosovo net dee ka sinn, deen et virun 1999 war, dat sot d’EU schon ënnert der Lëtzebuerger Présidence, awer och am Accord mat den deemolegen a mat den heitegen Autoritéiten a Russland, virun allem awer nodeem d’Gespréicher vun der Troika, déi berühmten Troika déi Dir kennt, dat ass Russland, Amerika an Europa, wou fir Europa den Ambassadeur Ischinger verhandelt huet, wann also no deenen 120 Deeg déi mer vun der Europäescher Unioun jo erausgeschloen haten, fir déi zwou Säiten nach eng Kéier beienaner ze bréngen, Kosovo-Albaner a Serben, wann do kee Resultat ze verzeechnen ass, dann ass dat net eng Affaire, an den Ambassadeur Ischinger sot et nach de leschte Méinden, vun der Zäitschinn, mä ganz kloer de Wëllen, de politesche Wëllen, de Wëllen tout court huet gefeelt, fir zu engem Accord ze kommen, obschonn jo, datt de Martti Ahtisaari am Numm vun der UNO schonns virdrun während 18 Méint versicht hat eng Propositioun op den Dësch ze leeën an dat jo och gemaach huet.

Esou, wann also mer alleguerten déi Faiten do considéréieren, da komme mer zur Conclusioun, datt d’international Gemeinschaft leider, si muss hir Responsabilitéit iwwerhuelen a speziell d’EU muss hir Responsabilitéit iwwerhuelen, well et net zu engem Accord komm ass vun deenen zwou Säiten, Kosovaren a Serben, wat selbstverständlech der internationaler Communautéit d’Liewe vill méi einfach gemaach hätt.

Nun Här President, mir kennen d’Fro, mir kennen d’Positioun vu Russland, si ass bekannt. Russland seet, et muss weiderverhandelt ginn, och wann dat nach Joren, eng hallef Dose Joren oder 10 Joer dauert, bis op béide Säiten een Accord kéint sech erausschielen. Also Russland steet fir de Status quo, fir eng laang Zäit nach. Fir daat haut och festzehalen: dëss Positioun ass eng aner wéi déi déi Russland op d’Schinn gesat hat am Kader vum Kontaktgrupp, wou déi 6 Haaptlänner déi véier grouss europäesch Länner plus Russland, plus Amerika während Joren iwwert de Statut vum Kosovo och diskutéiert hunn.

Nun, de Conseil de Sécurité zu New York däerf selbstverständlech net gebeipasst ginn. Den 19.12 ass eng Diskussioun iwwert de Kosovo, iwwert de Statut vum Kosovo, am Conseil de Sécurité. D’Resultat kenne mer, mengen ech, haut scho bal zu 99 Prozent, Russland wäert seng Meenung do net änneren. D’Resultat wärt héchstwahrscheinlech dat sinn, datt et net zu enger Ofstëmmung kënnt, mä och net zu engem Accord.

Nun, wann ech soen, datt Europa eng politesch Verantwortung huet, da muss et se och kënnen iwwerhuelen an dat heescht, alles maachen, fir datt d’Regioun net destabiliséiert gëtt. Well de Status quo, Här President, Dir Dammen an Dir Hären, mat bal 100 prozenteger Sécherheet kann ee soen, datt deen eng unilateral Déclaration d’Indépendance vun de Kosovare wäert provozéieren, no enger ganz ganz kuerzer Zäit. Also de Status quo huet eng Dynamik a sech, déi net ze kontrolléieren ass. Duerfir wëll ech Iech vläicht soen an ech mengen dat ass den Intérêt vun der Chamber a mir si jo och do op enger gemeinsamer Linn no den Diskussiounen déi mer bis elo haten, datt Lëtzebuerg sech asetzt virun allem fir nach eng Kéier festzehalen, datt op Grond vun der 1244 de Kosovo 1999 ënnert eng international Administratioun gesat ginn ass, datt 1244 et virgeseit, ganz kloer virgeseit, de Statut ze definéieren an datt 1244 et och erlaabt eng Form vun Indépendance kënnen erauszeschielen. Dat ass wichteg, déi dräi Punkten an déi dräi Punkte bréngen eis, an do si mer am Camp vu praktesch alle Länner vun der Europäescher Unioun, bréngt eis dozou fir eng UDI, wéi dat op englesch heescht, eng unilateral declaration of independance ze verhënneren an ze schaffen, datt mer zu enger CDI kommen, dat heescht eng koordinéiert Déclaratioun iwwert d’Indépendance vum Kosovo. Also op Lëtzebuergesch heescht dat, datt mer ee Prozess zu Enn bréngen, wou mat deem neie kosovaresche Premierminister Thaçi, dee jo gewielt ginn ass an dee wäert viru Chrëschtdag och nach seng Fonctioun iwwerhuelen, datt an deenen nächste Méint mer zu enger Décisioun kommen iwwert de Statut vum Kosovo, dee koordinéiert ass nom Enn vun dësem Prozess. Déi Décisioun wäert och ganz kloer foussen op der Propositioun vum Matti Ahtisaari, deen dat gemaach huet am Numm vun der UNO, dat heescht, datt mer een demokratesche multiethnesche Kosovo an ee Kosovo wou d’Minoritéite protégéiert sinn, ee Kosovo wëllen, wou och dee kulturelle Patrimoine protégéiert ass an de Statut ass deen dee mer wëllen, deen de Martti Ahtisaari proposéiert huet, nämlech eng international iwwerwaachten Onofhängegkeet. Et ass keng plakeg Onofhängegkeet, wann ech esou däerf soen, et ass eng international iwwerwaachten Onofhängegkeet.

Duerfir, Här President, hu mer eng zivil Missioun, setze mer op d’Been. D’Chamber huet schonn hire Préaccord hei ginn an dofir soen ech och dem Här Fayot an alle Leit aus der Kommissioun ee grousse Merci, datt mer deen Accord kritt hunn. Dat si 1500 Leit déi an där ziviler Missioun sinn, dat si Riichter, Lëtzebuerg participéiert mat Polizisten, et si Leit déi eng international zivil Präsenz wäerten am Kosovo garantéieren. 1500 Leit also, déi gréissten zivil Missioun déi d’Europäesch Unioun je op d’Bee gesat huet an doniewent, Dir wësst, datt d’lescht Woch och d’Reunioun war vun den NATO-Ausseministeren, wou ganz kloer décidéiert ginn ass, datt d’KFOR, also d’NATO bleift an alle Leit am Kosovo Protectioun garantéiert, dat heescht net alleng de Kosovo-Albaner, dat heescht virun allem och de Serben an alle Minoritéiten déi am Kosovo sinn. Déi Missioun gëtt keng einfach, mä do ass awer d’NATO prett fir dat z’iwwerhuelen, esouguer déi russesch Säit seet, wann d’NATO do géif déi Truppen zréckzéien, datt et dann géif ganz ganz séier zu enger Destabilisatioun kommen.

Dat lescht wat ech wollt soen, Här President, mir musse wëssen a Lëtzebuerg ass op der Säit vun deenen a versicht och alleguerten déi aner Länner déi nach Douten hunn de Moment, dohinner ze bréngen, datt mer keng Stabiliséierung kréie vum Balkan, wa mer net d’Serbe mat am Boot hunn. D’Kosovofro ass net ze trenne vun der serbescher Fro. Mir mussen de Serben och ee ganz konkret Gelänner opriichten, eng Upak ginn, datt och si wëssen, datt hir Zukunft net am Kosovo läit, mä hir Zukunft läit an Europa a fir dat fäerdeg ze brénge musse mer déi Perspektive, déi 2003 entwéckelt ginn ass zu Saloniki, och hinnen ubidden. Do gëtt et Instrumenter déi mer hunn, zum Beispill um Niveau vun de Visaen, zum Beispill och um Niveau vum ASA. Mir wëssen, datt d’Serben musse weider kooperéiere mat ICTY, mam internationalen Tribunal. Mladic, Karadzic si Begrëffer déi Dir kennt, mä mir wëssen, datt et doudsécher net méiglech ass alleng sech ze bekëmmeren ëm de Kosovo, well a mengen Aen, och wann de Kosovo mar ee Statut huet, dann ass am Kosovo nach keng Fro geléist. Wann ee weess, datt wierklech duerch de Statut de Kosovo eréischt d’Méiglechkeet kritt fir Sue geléint ze kréie vun den internationale Gremien, der Weltbank an esou weider, datt dat eng Noutwennegkeet ass, datt dat Land ka besser fonctionnéieren um internationale Plang, dann ass de Statut eng Léisung fir Stabilitéit vum Balkan hirzestellen, wa mer och deene Leit am Kosovo, deene méi wéi 2 Milliounen, eng ekonomesch, eng sozial Perspektiv ginn an dat geet nëmmen an Zesummenaarbecht mat alle Länner aus dem Balkan a selbstverständlech mat där Perspektiv déi Europa ugebueden huet an déi et muss oprecht erhalen.

Ech soen Iech Merci.

Dernière mise à jour