Luc Frieden, Transcription de la déclaration du ministre des Finances et du Budget à l'occasion de la conférence de presse au sujet de la banque Dexia, Luxembourg

Dir Dammen an Dir Hären, ee schéine gudde Mëtteg no enger Nuecht déi en Fait fir mech net bestanen huet, well mir zanter gëschter Owend ouni Paus a Reunioun zu Bréissel waren, hunn ech gemengt, datt et gutt wär wa mir géinge kuerz de Point maachen iwwert d’Situatioun an iwwert deen Accord dee mir de Moie 5 Minutte virun 8 no enger ganzer Nuet vun Négociatiounen tëschtent der lëtzebuerger, der franséischer an der belscher Regierung zu Bréissel am Kontext vun Dexia ofgemaach hunn.

Mir si gëschter am spéide Mëtte konfrontéiert gi mat enger Situatioun wou Dexia op Grond vun deene generellen Turbulenzen am Marché, op Grond vun deene Rumeuren, déi och zirkuléiert sinn, ee Problem kritt huet mat deenen noutwendege Kreditlinnen an huet e schnelle Besoin gehat fir zousätzlecht Kapital ze kréien. Dat Kapital war noutwendeg, fir och weiderhin d’Kreditlinnen zur Verfügung gestallt ze kréien. An esou enger Operatioun ass deen normalen éischte Schrëtt, datt eng Privatentreprise sech u seng Actionnäre wennt, wat am Fall vun Dexia zum Deel ëffentlech-rechtlech Institutiounen an der Belsch an am Frankräich sinn. Dee Besoin un neiem Kapital huet sech belaf op ronn 6,5 Milliarden Euro. Déi respektiv Actionnairen an der Belsch an a Frankräich ware bereet Dexia eng Kapitalsprëtz ze ginn, mä déi Kapitalsprëtz déi se konnten dee Moment zesummebréngen, déi war net an deem Montant deen noutwendeg war fir d’Dexia op engem stabille Fouss an dëser Situatioun ze halen. Et ass doropperhin wou éischt Kontakter tëschent deenen 3 Regierunge waren, d’Regierunge vun deene Länner wou Dexia eng staark Präsenz huet, fir ze kucken, op ee kënnt complémentaire zu deem wat déi Actionnairë ginn, eng staatlech Participatioun kënnt envisagéieren oder eng staatlech Aktioun, déi och géing hëllefen d’Dexia am Fong op deene 6,5 Milliarden ze kapitaliséieren.

Mir hunn op lëtzebuerger Säit dunn décidéiert, datt et, well d’Dexia hei zu Lëtzebuerg, esou wéi d’Fortis eng Privatbank ass, déi eng ganz grouss Roll vis-à-vis vun de Ménagen hei zu Lëtzebuerg spillt, well se eng grouss Roll an der Economie spillt, well et ee groussen Employeur ass, datt mir géingen un deene Verhandlungen deelhuelen an de Staatsminister huet doropperhin décidéiert, datt ech soll un deene Gespréicher déi vun 10 Auer u gëschter Owend am Sëtz vum belsche Premierminister zu Bréissel gelaf sinn deelhuelen, wat ech och du gemaach hunn. Un deene Gespréicher huet och eng Delegatioun aus Frankräich deelgeholl an d’Madame Christine Lagarde, franséischen Economiesminister, esou wéi de franséische Premierminister, den Här François Fillon ware regelméisseg iwwer Telefon an ähnlech Kommunikatiounsmëttel zougeschalt. Op belscher Säit huet och de Premierminister, den Här Yves Leterme déi Sitzung permanent zesumme mam Finanzminister Didier Reynders mat geféiert.

Déi Léisung déi mir hënnt fonnt hunn ass eng fir sécher ze stellen, datt dat noutwendegt Kapital do wär, dat géing sécherstellen, datt och d’Kreditlinne géingen erëm opgoen. Mir waren ënnert engem Zäitdrock, well mir wossten an deenen Zäite wou mir sinn, datt all Informatioun oder all Onsécherheet déi dohier komm wär, datt mir keen Accord virun 8 Auer de Moie fonnt hätten, hätt d’Marchéë weider duercherneegehäit an hätt d’Leit, déi hir Suen op de Banken hu weider veronséchert. Mir hunn dofir, no laange Gespréicher déi och zousätzlech komplizéiert waren, well verschidde Länner eng ganz Rei Décisiounsmechanisme mussen duerchgoen. Am Frankräich war dat de Wonsch fir de President vun der Republik anzeschalten, dee vu 5 Auer un eng Sitzung zu Paräis aberuff huet, an der Belsch war dat d’Noutwendegkeet mat de Regiounen ze schwätzen, déi hei och eng Roll ze spillen hunn, respektiv déi 3 Regierungen op een Nenner ze bréngen.

Mir hunn als Lëtzebuerg gesot, datt mir bereet wären eis un enger Operatioun ze bedeelegen, déi natierlech muss proportionell sinn zu deem wat de Roll vun der Dexia Lëtzebuerg an der ganzer Dexia ass, engersäits, mä anerersäits och der Situatioun Rechnung droen, datt mir net Actionnaire an där Bank sinn an datt déi éischt Pflicht an esou enger Recapitalisatioun muss bei den Actionnairen leien. Dorausser ass no laangen, schwieregen Négociatiounen, no villem Hin an Hier eng Solutioun entstanen, woubäi gesot ginn ass, d’Belsch ëffentlech Hand, dat heescht de Staat, mä och d’Regiounen an eng Rei ëffentlech Instituter aus der Belsch leeën 3 Milliarden Euro op den Dësch, fir déi Kapitalsprëtz ze ginn. Zweetens, déi franséisch ëffentlech Autoritéiten, zesumme mat där ëffentlecher Bank „Caisse des Dépôts et Consignations“ leeën och 3 Milliarden op den Dësch a Lëtzebuerg participéiert an Héicht vun 376 Milliounen Euro.

Aus lëtzebuerger Siicht war et eis Suerg, datt mir géingen eng Operatioun maachen, wat eng lëtzebuerger Léisung an engem europäesche Kontext wär. Lëtzebuerger Léisung, an deem Sënn, datt d’lëtzebuerger Regierung gären hätt, datt mir déi Participatioun géingen huelen op dem lëtzebuergeschen Deel vun der Dexia an dat ass d’Dexia-BIL S.A., déi hei zu Lëtzebuerg ass, bei där d’lëtzebuerger Ménagen hir Erspuernisser stoen hunn an déi och hei zu Lëtzebuerg ee vun de gréissten Arbeitgeber ass. Mir hunn dofir proposéiert eng ähnlech Struktur wéi déi déi mir e Sonndeg an deene laange Gespréicher ronderëm d’Fortis gemaach hunn, an deem Sënn, datt Lëtzebuerg 376 Milliounen Euro duerch Obligatiounen, déi ëmwandelbar sinn an Aktien an d’Dexia, erabréngt. Dat heescht, mir léinen Dexia déi Suen, mir kréien déi esou wéi bei Fortis rémunéréiert mat engem Zënsfouss vun 10%. Mir stellen also déi Suen do zur Verfügung wou mer Zënsen drop kréien. Déi Obligatioune kënne rembourséiert ginn, mir kënnen awer och se à tout moment ëmwandele loossen an Aktien. Wa mir se ëmwandelen an Aktien, da kréie mir eng Participatioun vu ronn 20% un der Dexia-BIL Lëtzebuerg. Mir hunn zousätzlech am Kader vun deenen Négociatiounen déi ech während der Nuet gefouert hunn, mat der Féierung vun Dexia, dofir gesuergt, datt mir grad wéi an der Transactioun mat Fortis géinge Bedeelegunge kréien, déi déi Bank hätt a lëtzebuerger Betriber, déi wichteg si fir d’lëtzebuerger Economie an an deem Kontext hu mir an deem Pak vun deenen 375 Milliounen d’Participatioun kritt, déi d’Dexia un der Luxair huet, wou se 13% hält, déi ginn also eriwwer an de staatleche Besëtz.

Dëst Zesummeleeë vun der lëtzebuerger Léisung an där europäescher mécht d’Dexia e méi zolitte Grupp. Eis Suerg war, datt d’Suen an d’lëtzebuerger Filiale vun der Dexia-BIL kéimen. Dat hätt awer kee Sënn gemaach, wann dat net agebett wär an eng europäesch Léisung. Dexia ass nun emol wéi Fortis een internationale Grupp. Fortis ass ee Grupp aus dem Benelux, Dexia ass ee Grupp dee virun allem 3 Been huet, Frankräich, Belsch a Lëtzebuerg. An dofir war eis Suerg an och eng vun de Konditioune während der ganzer Nuet, datt mir nëmme géinge matmaachen, wann och d’Regierunge vu Frankräich an der Belsch géinge matmaachen. Réischt wéi deen Accord stoung, am fréie Moien, dee vun der Belsch dee war méi séier, dee vu Frankräich deen huet méi laang gedauert, eréischt wéi mir déi zwee Accorden haten, hu mir och gesot, datt mir d’accord wären fir eis un esou enger Erstäerkung vun der Dexia ze bedeelegen.

Déi Gesamtzomme sinn also ronn 6,4 Milliarde, déi Dexia domatter zur Verfügung gestallt kritt, déi eng als Direktkapital an déi aner als ëmwandelbar Obligatiounen an Aktien, wat awer zum selwechten Effet kënnt, awer méi schnell an der Ofwécklung geet, wéi wann hei Kapitalaugmenatiounen hätt misse gemaach ginn.

Dës Operatioun déi mir mat Dexia gemaach hunn, esou wéi déi Operatioun déi mir mat Fortis gemaach hunn, huet keen Effet op d’Situatioun vum lëtzebuerger Staatsbudget. Dat ass keng Budgetsdépense, mä eng Opératioun aus der Trésorerie. Dat heescht, all Bugetsdépensen déi am Staatsbudget, deen ech mar de Moien am Numm vun der Regierung an der Chamber wäert déposéieren, kënne wéi geplangt getätegt ginn. Et ass och keng Budgetsdépense am Sënn vun den europäesche Regelen, mä et ass wéi gesot eng Operatioun vun der Trésorerie, wou mir Sue placéiere bei enger Bank déi eis déi och rémunéréiert a rembourséiert.

Mir finanzéieren dat aus der Trésorerie déi eng gutt Situatioun huet an zum Deel iwwert Suen déi mir léine ginn. Eis Staatsschold zu Lëtzebuerg ass déi nidderegsten an der Europäescher Unioun, déi gëtt duerch déi Operatioune Fortis an Dexia e bësse méi héich, déi wäert sech herno bei ronn 10% vum Bruttoinlandprodukt belafen. Dat ass also wäit ënnert deem wat an der Europäescher Unioun erlaabt ass, well do ass 60% vum PIB erlaabt. Mir respektéieren also domatter och weiderhin all d’Critèren a bleiwe bei enger niddereger Schold, well mir jo och wëssen, datt dat do eng Schold ass déi vun engem anere rembourséiert gëtt. Et ass also net ze vergläiche mat där Schold déi mir maachen wa mir eng Infrastruktur bauen.

Dee Placement dee mir och maachen, dee gëtt besser rémunéieréiert wéi déi Schold déi mir op där anerer Säit siche ginn, esou datt och do fir den Trésor, wann alles gutt geet, eng positiv Operatioun erauskënnt.

Mir haten an dëser Transaktioun net de Wëllen einfach esou an deen Deal mat eran ze goen, mä mir haten 3 ganz kloer Ziler an déi waren haarscharf déiselwecht wéi déi déi mir de Weekend hate bei der Operatioun Fortis. Déi 3 Ziler waren a sinn, datt mir der Meenung sinn, datt et noutwendeg war, fir sécher ze stellen, datt alles dat wat d’Leit gespuert hunn a bei enger Bank Dexia oder Fortis hannerluet hunn, datt dat och muss geschützt sinn, datt dat muss sécher sinn. Dat sinn 2 grouss Privatbanken, mat enger internationaler Dimensioun, déi am lëtzebuerger Guichetsgeschäft täteg sinn. Si sinn also anescht wéi vill aner Banken, déi op der lëtzebuerger Finanzplaz sinn, an et ass d’Pflicht, an eisen Aen, vun der lëtzebuerger Regierung, fir sécher ze stellen, datt déi Leit déi hir Sue gespuert hunn, fir déi se geschafft hunn, datt déi och déi Suen erëmkréien. Wa si dat nämlech net kréien, féiert dat zu enger dramatescher sozialer Situatioun an eisem Land.

Eis zweete Suerg an där Operatioun war, datt mir niewent deenen honnertdausende vu Spuerer och déi dausende vun Aarbechtsplaze géinge sécherstellen, déi zu Lëtzebuerg bei Dexia sinn. Fortis respektiv Dexia si mat déi gréissten Arbeitgeber an eisem Land. Eng negativ Situatioun vum Grupp a vun der lëtzebuerger Duechter hätt zu verheerende Konsequente kënne féiere bei den Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg.

An dat drëtt Zil, niewent dem Schütze vun de Spuerer an niewent der Sécherung vun den Aarbechtsplaze war d’Vertrauen an de Bankesystem weider ze stäerken. Dat Vertrauen, dat ass an deene leschte Wochen duerch vill zum Deel falsch Informatiounen, zum Deel Rumeuren, zum Deel Gefiller a Matleedenschaft gezu ginn an et war also eis Suerg d’Vertrauen an d’Banken ze stäerken, doduerch, datt de Staat weist: Mir sinn do, mir hu Vertrauen an déi Banken a mir géinge keng Sue léinen un eng Bank wou mir der Meenung wären, datt déi mar de Moien net méi do wär. Mir stäerken awer domatter och d’gesamt lëtzebuerger Finanzplaz. Well wann eng vun de Banke Schwieregkeete kritt, da kënnen och anerer Schwieregkeete kréien an en Fait duerch déi concertéiert Aktiounen déi mir de Weekend gemaach hu mat der belscher an der hollänescher Regierung, déi mir haut gemaach hunn mat der franséischer an der belscher Regierung, ass en fait eng Konsolidatiounsoperatioun vum gesamten europäesche Finanzsystem, dee ganz kloer wäert méi staark ginn, wann d’Regierungen eng raisonnabel Participatioun an deenen Entreprisen do huelen a sech och an deenen nächste Méint wäerten drëm bekëmmeren, datt déi Banken ee seriöst konservativt Bankegeschäft wäerte maachen.

Ech mengen op Grond vun deenen Operatiounen déi gemaach gi sinn, misst Rou kommen, missten d’Spuerer wëssen, datt hir Suen net a Gefor sinn an datt hir Suergen, déi legitim si wann et ëm hirt Erspuertent geet, seriö geholl ginn an datt sech ëm déi bekëmmert gëtt. Dat war eis Suerg an deene schrecklech laangen a schwierege Verhandlungen déi mir hënnt geféiert hunn. D’Resultat ass eent wat am Intérêt vum lëtzebuerger Land ass, well hätte mir dat doten net gemaach, da muss ee sech ëmmer Alternativ-Szenarioe virstellen an ech mengen, datt et dofir eng gutt Operatioun ass, fir och sécherzestellen, datt och an Zukunft hei zu Lëtzebuerg d’Vertrauen an déi Privatbanken, déi am Guichetgeschäft sinn, ka bestoen.

Voilà dat ass u sech an engem Résumé wat mir hënnt gemaach hunn. Ech mengen, datt déi Operatioune Fortis an Dexia ähnlech ze gesi sinn, quitte datt d’Ursaache bei deenen zwou Banken net genau déiselwecht sinn. Et gi sécherlech eng Rei Gemeinsamkeeten, déi bedéngt sin duerch d’internationaler Finanzsituatioun op de Finanzmäert, mä et ginn awer zwou Particularitéiten, déi ganz ënnerschiddlech sinn: bei Fortis war et d’Acquisitioun vun där grousser hollänescher Bank ABN-Amro, déi schwiereg an dësen Zäiten ze verdaue war a bei Dexia war d’Schwieregkeet eng Participatioun déi den Dexia-Grupp an Amerika huet an der sougenanntener, an der Gesellschaft déi FSE heescht an déi, wéi dat vum Summer hier bekannt war, gréisser Schwieregkeete kritt hat duerch d’Immobiliekris an Amerika. Et sinn also do ënnerschiddlech Situatiounen. Zwou Banken awer zu Lëtzebuerg: d’Fortis-Bank Lëtzebuerg an d’Dexia-Bil S.A. an där mir elo an der Zukunft eng Participatioun direkt oder indirekt hunn, si vun hire Fundamenter hier zolitt Banken. Et si Banken déi sämtlech Ratioe respektéieren, déi vun de Bankekontrollautoritéite virgeschriwwe ginn an ech mengen et kann een ouni ze zécke soen, datt d’Suen op deene Banken déi do sinn, och duerch déi Operatioun hei méi sécher gemaach ginn, wéi dat virdru schonn de Fall war.

Dernière mise à jour