Luc Frieden, Transcription du discours à l'occasion des débats parlementaires budgétaires

Här President, Dir Dammen an Dir Hären Deputéierten,

D’Zil vun der Politik, och a vläicht virun allem vun der Finanzpolitik, muss et sinn de Wuelstand an d’Liewensqualitéit vun de Leit hei ze verbesseren. Net nëmmen elo, mä och iwwert déi nächst Joren, an dofir ass de Budget vun engem Joer ëmmer och d’Grondlag vu ganz ville Politike vun deene Joren duerno. De Budget fir d’Joer 2009, ee Budget dee matsen an eng schwéier wirtschaftlech Zäit fält, huet d’Zukunftsgestaltung vun eisem Land, d’Erhalen an d’Verbessere vum Wuelstand vun de Mënschen zu Lëtzebuerg am Bléck. An ech mengen, datt et grad an der Kris gëlt net pessimistesch de Kapp no ënnen hänken ze loossen, mä ee Bléck an d’Zukunft ze werfen, ee klore Bléck och op déi Zäit no der Kris ze werfen. Et bréngt eis net wäit wa mir eis, wa mir d’Staatsfinanze kucken a kommentéieren, ausschliesslech mat der Kris beschäftegen. Well d’Staatsfinanze sinn ëmmer ee pluriannuellen Exercice. An dofir mengen ech och, datt et gutt wär, datt mir de Mëtte géingen zesummen, esou wéi d’Finanzkommissioun dat an deene leschte Méint gemaach huet, iwwert d’Gesamtausriichtung vum Budget goen, mä och iwwert d’Staatsfinanzen pluriannuell gekuckt an iwwert déi grouss Politikfelder déi mir wëllen duerch d’Finanzpolitik bedéngen.

Déi Aarbecht ass an der Kommissioun ënnert der Presidentschaft vum Laurent Mosar gemaach ginn. Ech wëll him a senge Kollege villmools Merci soen, a besonnesch natierlech och dem honorabelen Deputéierten Norbert Haupert, deen a viller Aarbecht an a ville Gespréicher och mat eis selwer versicht huet aus dem parlamentaresche Bléck op d’Staatsfinanzen ze kucken an och ni de Bléck op d’Zäit no der Kris verluer huet. Si ass wuel esou wichteg fir haut d’Zukunft ze préparéieren wéi nëmmen eis ëm haut ze bekëmmeren.

Mä natierlech musse mir eis och ëm haut bekëmmeren, also ëm dat Joer 2009. Dee Budget, deen d’Regierung der Chamber virgeluecht huet, ass ee Budget dee sech duerch eng extrem Budgetsdisziplin charakteriséiert. Ech wëll drop hiweisen, datt de Budget a sengen Dépensë fir d’Joer 2009 manner wéi 1% wiisst par rapport zum realiséierte Budget 2008. An den Nopeschlänner nämlech gëtt de Budget ëmmer présentéiert a senger Croissance par rapport zum realiséierte Budget an net zu deem Budget wéi e gestëmmt ginn ass. Eng Croissance vu manner wéi 1% ass ee ganz raisonnabele streng disziplinéierte Budget.

Och d’Dépenses de fonctionnement vum Staat wuessen am Budget vum nächste Joer, no der aktueller Aschätzung, ëm 3,8%, wat also manner ass wéi d’Gesamtwuesstum vum Budget an och dat beweist, datt mat de Budgetsausgaben net egal wat gemaach gëtt, mä datt gekuckt gëtt sech op déi Dépensen ze konzentréieren, déi eng méi strukturell an och laangfristeg Ausriichtung op de Staat hunn. Et kann effektiv sinn, an ech mengen dat ass och aus deenen Ausféierunge vu virdrun ervirgaangen, datt verschidden Dépensen d’nächst Joer anescht évoluéieren, och verschidde Recetten. Mä ass dat esou anescht wéi an deenen anere Joren?

Kee weess zu kengem Moment, wann een ee Budget opstellt, wéi staark dann d’Wirtschaftswuesstum ass oder wéivill nei Aarbechtsplazen dat Joer duerno geschafe ginn. Wa méi Aarbechtsplaze geschafe ginn, ginn zum Beispill d’Transferte vum Budget un d’Sécurité sociale erop. Wann d’nächst Joer manner Aarbechtsplaze bemol géinge geschafe ginn, géingen och eng Rei Dépensen, nämlech d’Transferten un d’Krankekees an un d’Pensiounskeesen erofgoen. Et ass also schwiereg mat allerleschter Präzisioun déi Dépensen anzeschätzen. Et kann also héchstens op der Dépensësäit zu verschiddenen Transferte vun Dépensë kommen, mä déi net grondsätzlech de Budget aus dem Equiliber rappen.

Ech mengen et ass wichteg, datt de Staat d’nächst Joer consomméiert, datt de Staat d’nächst Joer investéiert an datt en d’Prioritéiten esou setzt, datt mir déi Betriber geroden, déi am séierste kënnte Schwieregkeeten hunn an op déi mir direkt kënnten een Afloss hunn.

Och op der Recettësäit ginn et grouss Onsécherheeten, mä ech wëll awer och drop hiweisen, datt mir deenen Onsécherheete schonn zum Deel Rechnung gedroen hunn. Et ass nun emol e Fakt an deen huet wéineg Opmierksamkeet fonnt, datt d’Recetten am Budget 2009 op enger ganzer Rei vu Kategorië manner héich agesat gi si wéi dat am Budget 2008 de Fall war. Et ass also net esou, wéi wa mir d’Kris entdeckt hätten nom Dépôt vum Budget. Et ass jo och esou, datt mir den Dépôt vum Budget awer och matsen an där fir Lëtzebuerg eemoleger Bankekris gemaach hunn, a mir hunn d’Aschätzung zum Beispill vun der Kierperschaftssteier net wéi déi Jore vridrun no uewe gesat, mä mir hu se um nämlechten Niveau, voire liicht drënner gehalen. Datselwecht gëlt iwwregens fir aner Steieren, wéi zum Beispill d’Gehältersteier, och wéinst dem Effet vun der Steierreduktioun.

An der Kris ass et, mengen ech, méi wéi je wichteg, datt ee sech net op ee Joer Budget konzentréiert, mä datt een de Budget an enger pluriannueller Perspektive kuckt. Ech stelle fest, datt mir, iwwert déi lescht Jore gekuckt, eist Resultat vun den ëffentleche Finanzen all Joers verbessert hunn. Dat schlechste Joer an deene leschten 10 Joer an deem ech d’Verantwortung fir d’Budgetspolitik hunn, war d’Joer 2004, wat zur Halschent vun enger CSV-DP Regierung an zur Halschent vun enger CSV-LSAP Regierung geleet ginn ass. An deem Joer hate mir bei den ëffentleche Finanzen een Defizit vu minus 1,2%. Duerno, an duerch eng Rei Moossnamen déi mir geholl hunn an duerch eng besser Konjunktur, ass et zu enger positiver Evolutioun vun de Staatsfinanze komm. Mir haten 2005 nach een Defizit, hunn awer dunn an de Jore 6, 7 an 8 en Iwwerschoss kritt an dat ass eng Evolutioun déi een net soll verkennen. Déi gefält all deenen net déi gäre Pessimismus maachen, déi déi gären nëmmen d’Zukunft vum Land kucken duerch d’Kritik, esou wéi an deene leschte Wochen deen een oder deen anere gemaach huet. Ech hätt gären, datt een an deem Zukunftsbild de Fuedem net verléiert an de Fuedem fir d’Zukunft verléiert een net, wann een déi Politik déi mir déi lescht Jore gemaach hu konsequent viruféiert.

De Budget fir d’Joer 2008 hu mir der Chamber d’lescht Joer virgeluecht a mir hu gemengt, datt d’ëffentlech Finanze géinge mat engem Iwwerschoss vun 0,8% ofschléissen. Mir vergiesse ganz séier, well mir och an enger héich mediatiséierter Zäit liewen wou déi schlecht Nouvellen een iwwerrompelen. An d’Nouvellë si jo net schéin déi eis erreechen.

Datt mir déi éischt puer Méint vun dësem Joer een exzeptionellt gutt Joer haten, datt d’Steierrecetten am Ufank vum Joer 2008 gutt waren an datt no de Prévisiounen, esou wéi ech dat haut gesinn – well d’Joer ass jo nach net ganz eriwwwer, de Budget hält jo och net den 31. Dezember op mä eng ganz Rei Dépensë ginn nach gebucht, déi Uganks des Joers kommen – d’Resultat vum Joer 2008, den Iwwerschoss vun den ëffentleche Finanzen am Joer 2008, méi héich wäert si wéi deen dee mir der Chamber d’lescht Joer virgeluecht haten. Dat ass also eng gutt Nouvelle an ech hunn och déi ferme Intentioun, konform zu deem wat de Staatsminister elo grad am Numm vun der Regierung gesot huet, fir eng Rei vun Aarbechten déi mir virzéien, fir déi Iwwerschëss déi dëst Joer kommen, fir déi direkt, dat heescht nach dëst Joer, un déi eenzel Fongen ze transféréieren mat deenen déi Renovatiounsaarbechten finanzéiert ginn. Sief dat de Fong vun de Renovatioune beim Bauteminister, sief dat de Fong vun de Monuments historiques bei der Kulturministerin oder sief dat de Fonds du rail beim Transportminister fir Entretiensaarbechte vun enger Rei vu Garen. A well dat grad déi Betriber sinn, déi mir wëllen duerch virgezunnen Investitiounen fir d’Handwierk zu Lëtzebuerg ënnerstëtzen. Déi Suen also déi mir dëst Joer méi erakréie kann ech direkt a wëll ech direkt, dat heescht nach dëse Mount, un déi Fongen do transféréieren, esou datt déi Aarbechten och kënnen direkt finanzéiert ginn.

D’Joer 2008 wäert also besser gi wéi dat wat mir gemengt haten. Mä d’Joer 2009 gëtt héchstwahrscheinlech méi schlecht. Well et ass kloer, datt eng Rei vu Steiereinnamen, besonnesch an deenen éischte Méint vum Joer 2009, wäerte manner gutt sinn.

D’Aschätze vun de Steieren ass ëmmer eng schwiereg Saach. Ech si jo bekanntermoossen jorelaang fir de Budget zoustänneg an all Joers krut ech Kritik wéinst der Aschätzung vun de Recetten. Ech wëll Iech just soen, datt mir versichen d’Recetten esou gutt wéi méiglech anzeschätzen, mä et ass immens schwiereg bei zum Beispill enger Steier wéi d’Taxe d’abonnement, déi bezuelt gëtt vun den Investmentfongen, déi zesummenhänkt mat de Boursëgeschäfter, fir déi milimetergenau festzeleeën. Eng Rei vun Experte soen, am zweeten Hallefjoer 2009 wäert et erëm besser goen. Ech weess net ob dat de Fall ass. Ech hoffen, datt dat de Fall ass, mä da geet déi Steier och erëm erop. Et ass kloer, datt déi Steier an den éischte Méint vum Joer 2009 wäert ganz niddereg sinn.

Ech wëll dat just soen fir drop hinzeweise wéi schwiereg et ass nei Chifferen, och op der Recettësäit, ze setzen. Mir proposéieren ëffentlech Finanzen, well mir mengen, datt déi d’Joer 2009 1,1% am Plus ofschléissen. Dir wësst dat een am Stabilitéitspakt kann een Defizit vu minus 3% hun wat d’Administration publique ubelaangt. Tëschent plus 1,1% a minus 3% ass ee grousse wäite Wee. Mir wäerten deen net gebrauchen. Mä eng Verschlechterung vun de Recetten, déi een Impakt hätt op den Equiliber vum Budget, erlaabt eis nach ëmmer am Respekt vum Stabilitéitspakt ze sinn. An ech kann Iech soen, datt, egal wat fir eng Ännerung mir maachen, d’Regierung drop hale wäert, datt mir de Respekt vum Stabilitéitsprogramm an allen Hypothesë wäerten hunn, an dat ass d’Garantie fir gesond Staatsfinanzen och an der Zukunft ze halen.

Déi Chiffere vum Joer 2009 wären nach vill besser wa mir net d’Steierreduktioun gemaach hätten. Ech wëll Iech hei rappelléieren, datt d’Steierreduktioune fir d’Betriber an d’Privatleit een Impakt vun 1,2% um Bruttoinlandprodukt hunn. Et muss een also, wann een déi Steierreduktiounen net mécht, dann hätt een ee vill bessert Resultat. Mir mengen awer, aus deene Grënn déi och virdrun de Staatsminister rappelléiert huet an op déi ech net zréckkommen, datt mir dat an dësem Moment net solle maachen. Mir ginn also duerch Iwwerschëss vun dësem Joer méi Suen aus, déi mir an déi Fongen do setzen, fir kënnen déi Aarbechte virzezéien. Mir wëllen, datt mir net méi Suen ausginn, wéi déi déi mir vum Stabilitéitsprogramm hir och mam Spille vun de Stabilisateurs économiques kënnen ausginn. Mir maachen also eppes fir d’Economie, mä mir maachen näischt wat d’Staatsfinanzen aus dem Equiliber werft.

Natierlech wann d’Kris undauert, musse mir strukturell Ännerunge vun den Dépensë maachen, mä da musse mir déi a Rou diskutéieren. Déi mécht een net no 2 Wochen oder 2 Méint Kris. Déi mécht ee wann ee mierkt, datt d’Kris eng durabel laangfristeg Kris ass. Dat gesot, mengen ech ass et gutt, datt mir eis am Laf vum nächste Joer regelméisseg tëscht der Regierung an der Chamber gesinn, fir iwwert d’Exekutioun vum Budget ze schwätzen. Ech deelen déi Meenung déi de Staatsminister elo grad am Numm vun der Regierung gesot huet a wëll ausdrécklech ënnersträichen, datt et kee Sënn mécht am Ufank vum Joer een neie Budget ze schreiwen. Esouguer a gudde Joren kann ech Iech soen, datt déi 3, 4 éischt Méint vum Joer d’Recetten iwwerhaapt näischt Richteges aussoen, well d’Recettë réischt am Fong am Laf vum Joer kënne jugéiert ginn. Verschidde Recettë ginn och eréischt no enger gewëssener Zäit bezuelt. D’Taxe d’abonnement gëtt net all Dag bezuelt. Och aner Steiere gesäit ee réischt no enger gewëssener Zäit. Ech wëll mech also heizou engagéieren, datt mir am Laf vum nächste Joer regelméisseg all Mount, all zwee Mount an d’Finanzkommissioun vun der Chamber kommen an do dann och zesumme kucke wou mir mam Budget dru sinn. Mä am Ufank kann ee ganz schwiereg Conclusiounen zéien.

Par ailleurs ass et de Wëlle vun der Regierung fir am Januar eng Tripartite anzeberuffen, fir iwwert d’Konsequenze vun der Wirtschaftskris ze beroden. Ech mengen, datt dat een Zäitpunkt ass wou mir da schonn d’Kris eng Rei Méint hannert eis hunn a besser iwwert dat nächst Joer kënne kucken. Dofir wäert de Staatsminister fir de Mount Januar wéi gesot déi Tripartite aberuffen.

Wann een Investitioune mécht a mir wëllen Investitioune maachen, wann een och Investitioune virzitt, da kënne mir dat zu Lëtzebuerg maachen, contrairement zu deenen anere Länner. Well wat maachen déi aner Länner? Déi maache genau dat wat déi Politik ass géint déi ech mech zanter Jore wieren. Dat ass, datt een einfach Sue léine geet an da méi ausgëtt. Mir maachen dat net, well mir hu Reserven an deene leschte Jore constituéiert. Mir hu Reservë constituéiert, déi wéineg Opmierksamkeet dobausse fannen, mä déi eis awer hëllefen a schwéieren Zäiten déi Projeten déi mir geplangt hunn och duerchzezéien, och wann d’Recettë manner héich ginn.

Déi Chifferen, déi Dir an der Chamber fir de Rapport vum Budget hat, géing ech gären hei nach complétéieren. D’Reserven um 31. Dezember, d’Avoire vun de Spezialfongen um 31. Dezember 2007 hu sech op 1,7 Milliarden Euro belaf. Déi Reserven berücksichtegen nach net déi Mehreinnahme vum Exercice 2007 déi mir am Laf vum Joer 2008 festgestallt hunn. Mir hu beim Budget, wéi mir de Budget opgestallt hunn, décidéiert d’Mehreinnahme vum Joer 2007 an d’Avoire vun deene Fonge bäizesetzen. Dat huet zum Effet, datt mat deem Moment d’Avoire vun deene Fonge mat deene mir d’Investitioune bezuelen net bei 1,7 Milliarde leien hunn, mä bei 2,1 Milliarden Euro. An et ass also mat deene wou mir kënnen déi Investitiounen tätegen, plus déi Mehreinnahme vum Joer 2008 vun deene mir virdru geschwat hunn.

Wann een also d’Finanzpolitik kuckt, beuerteelt, da soll een och kucke wéi déi Avoiren an deene leschte Joren ausgesinn hunn. Wa mir elo ronn 2 Milliarden Avoiren hunn, da sinn dat der méi wéi ech der 1999 zum Ufank vun der Legislaturperiod 1999-2004 virfonnt hunn, an da sinn dat der och méi wéi um Ufank vun dëser Legislaturperiod. Dat beweist, datt dës Regierung d’Suen net einfach zur Fënster erausgehäit huet, mä datt si se op d’Säit gesat huet, an ausginn huet fir Investitiounen ze tätegen an domatter der lëtzebuerger Economie ze profitéieren an domatter d’Zukunft vun dësem Land op eng konsequent Aart a Weis virzebereeden. D’Zukunft vum Land fänkt net 2009 un, d’Zukunft vum Land huet virun e puer Joer ugefaangen, wann een eng konsequent, a mat engem kloren Zil virun An, Finanzpolitik mécht, déi gesond Staatsfinanzen, also och héich Reservë constituéiert.

Well ech soen, datt mir keng Schold maache fir dat ze finanzéieren – contrairement zu deem wat am Ausland gemaach gëtt – géing ech gär ee Wuert soen iwwert d’Evolutioun vun der Schold.

Déi Schold an den Tableauen reflétéiert net d’Reatlitéit vun der Schold an den Nopeschlänner. Mir hu virun de Rettungsoperatioune vun de Banken eng Staatsschold gehat, eng ëffentlech Schold gehat, vu ronn 7% vum Bruttoinlandprodukt. Ëffentlech Schold an där also och d’Schold vun de Gemenge mat dran ass. Mir kommen no deem Emprunt, dee mir lancéiert hu fir d’Recapitalisatioun vun 2 grousse Banken ze maachen, op eng Staatsschold vun 13,9% vum Bruttoinlandprodukt. Déi Schold ass awer nëmmen temproaire an ass net ze vergläiche mat där anerer Schold, well de Remboursement vun där Schold dee geschitt natierlech duerch d’Vente vun eise Participatiounen an deenen 2, respektiv 3 lëtzebuerger Banken. Dee Moment wou mir aus deene Banken erausklammen, dee Moment wou mir Dividenden a Mehrwert vun dem Verkaf encaisséieren, kënne mir, och ouni d’Staatsfinanzen ze belaaschten, deen Emprunt rembourséieren an da vun 13% op 7% oder do eppes ronderëm zréckkommen. Een direkten Impakt op de Staatsbudget huet natierlech d’Bezuele vun den Zënsen, déi mir mussen op deem Emprunt bezuelen. Och dat wäerte mir durech eng Direktdotatioun vun dem Exercice 2008 un de Fonds de la dette maachen, fir datt déi 70 Milliounen déi mir d’nächst Joer schonn hunn, an engem Moment wou mir vläicht nach net d’Dividende vun eise Participatiounen hunn, ouni de Budget direkt vum Joer 2009 ze belaaschten, och kënnen dee Remboursement vun där Zënslaascht maachen.

Ech wëll Iech just soen, de Fait, datt mir esouguer ee Fonds de la dette hunn ass relativ eenzegaarteg an Europa. Mir wëllen dee Fong do och weider dotéieren. Am Budget fir d’nächst Joer sinn 90 Millioune fir de spéidere Remboursement vun der Dette virgesinn. A wéi gesot ech wëll am Laf vum Joer nach eng ähnlech héich Somme direkt an dee Fonds de la dette ginn, fir de Remboursement vun der Zënslaascht, deen aus dem Emprunt public vun deene leschten Deeg an dee massiv vum lëtzebuerger Vollek souscrivéiert ginn ass, kënnen ze tätegen.

Wéi gesot, d’Budgetspolitik muss d’Instrument si fir d’Kris ze bremsen an d’Zukunft opzebauen. Ech mengen, datt d’Finanzpolitik deem gerecht gëtt. Ouni déi zolitt Finanzpolitik vun deene leschte Joren, ouni déi Korrekturen déi mir maache fir d’Entreprisen zu Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen, déi déi virun allem vum lëtzebuerger Maart ofhänken, wär dat Zil do net z’erreechen.

An deem Budget, an dat ass jo e bëssen dat Schwieregt an der Communicatioun iwwert de Budget, ginn am Fong déi sëllechen Dépensen déi doranner sinn verluer. Déi Dépensë mat deenen d’Zukunft vum Land préparéiert gëtt.

Wee weess dann, datt mir fir ronn 80 Milliounen a Schoulbauten am nächste Joer stiechen? Datt mir bal 400 Milliounen an d’Schinnennetz an an nei Garen investéieren an der Stad, Belval, d’Netz op de Kierchbierg an op Péiteng maachen? Datt mir an d’ëffentlech Fuerschung, déi Zukunftsinvestissementer déi een net direkt spiert, mä déi awer an e puer Joren d’Leit spieren, 200 Milliounen eraginn, dat sinn 19% méi wéi am Joer virdrun. Datt mir an d’Universitéit ronn 70 Milliounen investéieren, wou mir d’Leit forméieren, mä och eis zousätzlech nei Aktivitéite schafen? Datt mir an de Kulturberräich 115 Milliounen investéieren, dovunner ronn 100 Milliounen a lafend Ausgaben a 17 Milliounen a Kapitalausgaben, also Neibauten oder Aarbechten déi an d’Infrastrukture ginn? Datt mir eng 40 Milliounen an de Sport investéieren? Och do ronn d’Halschent a Kapitalausgaben, also Infrastrukturen, an d’Halschent a lafend Dépensen.

Alles dat geet natierlech an enger schneller Lecture vum Budget, och bedingt duerch d’Wirtschaftskris, verluer. Mä an deem Budget ass ganz villes wat och fir d’Mënschen a fir d’Zukunft vun eisem Land wichteg ass. A wee seet Sport denkt och un d’Gesondheet, well Sport ass Spaass, mä Sport ass och Gesondheet. Mir gesinn am Budget vum nächste Joer bal 20 Millioune méi vir fir de Fonds hospitalier, well eng Rei grouss Projeten, wéi de Centre hospitalier, d’Escher Spidol oder Colpech virgesi sinn. Dépensen déi direkt de Mënschen zegutt kommen, mä och all deene Betriber déi selbstverständlech déi Renovatiounsaarbechte maachen. Mir kënnen also een Zil erreechen an der Sozialpolitik an zugläich d’Wirtschaft, d’Betriber zu Lëtzebuerg an an der Emgéigend domatter staark ënnerstëtzen. Mir ginn 80 Milliounen, 15% méi, fir Kläranlagen am Budget vum nächste Joer aus. Mir ginn an de Kioto-Ausgaben, Ëmweltausgaben, 20% méi aus wéi am Joer 2008, nämlech 120 Milliounen. Mir ginn 110 Milliounen aus fir Kannerbetreiungsstrukturen, dat si 45% méi wéi dat Joer virdrun.

Elo kann een natierlech ëmmer fuerderen. Mä ech hätt mol gären, datt mir dat dote verschafft kréien, datt mir dat doten ëmgesat kréien. An domat huet d’Liewe vu ville Mënsche scho geännert an dofir, fir all déi déi méi fuerderen, wär ech frou, wa si och mol fir d’éischt géinge kucke wat 2007, 2008 an 2009 geschitt ass an am Budget fir d’nächst Joer virgesinn ass. An da réischt kënne mir d’Fro beäntwerte, wat fir ee Land mir wëllen, wat fir ee Land mir op Grond vum Budget dee mir hunn brauchen.

Et kann ee villes wënschen, och am Beräich vun de Recetten, et muss een nach ëmmer fir d’éischt mol kucke wou een iwwerhaapt déi Suen hierkréien kann. Well och wa mir eng staark Sozialpolitik an deenen nächste Jore wëllen hunn, Sozialpolitik am breede Sënn vum Wuert, da musse mir ee ganzt besonnescht Augenmal, mengen ech, an deenen nächste Wochen a Méint wéi an der Vergaangenheet op d’Recettësäit werfen.

Niewent deem wat de Staatsminister virdru gesot huet, wat d’Virzéie vu Projeten ass fir de Mëttelstand zu Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen, mengen ech musse mir eis konzentréiert op d’Weiderstäerkung vun deem wichtegste Pilier vun der lëtzebuerger Economie konzentréieren, an dat ass d’Finanzplaz. Jo, mir sinn eis alleguerten eens, datt mir eng Diversificatioun vun der Economie brauchen. Eng Diversificatioun heescht awer net een Ersatz zu deem wichtegste Pilier vun eiser Economie, dat ass ee Complément zu den Aktivitéite vun der Finanzplaz. An dofir muss een weider d’Finanzplaz stäerken, ausbauen, an et ass och an deem Sënn wou mir an deene leschte Joren täteg waren a wou mir och nach musse méi täteg sinn an der Zukunft. Dofir maache mir déi sëllege Promotiounsmissiounen am Ausland.

Jo, mir mussen eist Land ëmmer erëm erklären, wat mir sinn, wat mir unzebidden hunn, firwat mir mengen, datt mir verschidde Saachen unzebidden hunn, déi déi aner net hunn. Mir hunn eng gutt Renommée an déi solle mir och net all Kéiers nëmmen duerch de Bléck vun deem engen oder aneren Tëlevisiounsreportage gesinn. Ech kann Iech soen, datt bei rezente Reesen déi ech gemaach hunn fir d’Promotioun vun der Finanzplaz, sief dat an de Golfstaaten oder sief dat a China oder sief dat an Indien, datt do eise Ruff ganz gutt ass. Mir hu et schlussendlech fäerdeg bruecht an deene leschte Wochen a Méint fir kënnen a China d’lëtzebuerger Investitiounsfongen ze verkafen, well mir mat de Chineesen négociéiert hunn. Dat ware schwiereg Verhandlungen. Dee leschten Akt vun deene Verhandlungen ass eréischt viru 14 Deeg zu Peking gesat ginn.

Mir hunn an de Golfstaate Kontakter geschloss, well déi Leit sichen geographesch Diversificatioun an déi sinn interesséiert un Investissementer. Et ass un eis ze kucken, datt déi Investissementer net nëmmen zu Genêve an zu London landen, mä och bei eis an dofir sinn déi Efforte verstäerkt weiderzeféieren, grad esou wéi déi Efforten déi de Wirtschaftsminister mécht, wann hee Promotiounsmissioune mécht fir den Net-Finanzdeel vun der lëtzebuerger Economie. Dat eent an dat anert geet zesummen an deen een an deen anere Minister schaffen och an der Strategie fir d’Promotioun vun eiser Economie enk zesummen.

Et ass och aus deem Kontext wou et enorm wichteg war an ass, datt mir de Finanzsystem grad zu Letzebuerg ënnerstëtzt hunn. Et ass dofir wou mir déi Rettungsoperatioune vun zwee grousse Bankinstituter gemaach hunn. Jo, déi Rettungsoperatioune waren net evident, well et goufen der vill, och an eisem direkten Ëmfeld, déi gesot hunn, dat kënnt Dir net maachen, dat kënnt Dir elo net maachen, dat dierft Dir net fir esouvill Sue maachen. Ech mengen, datt et wichteg war, datt mir dat gemaach hunn. Sécherlech kann een ëmmer, esou wéi och dëser Deeg op enger Pressekonferenz vun der DP, a Fro stelle wat gemaach ginn ass oder soen do wären Onkloerheete gewiescht. Ech wëll Iech soen, datt d’lëtzebuerger Regierung net mat engem Angebot um éischte Weekend vun der Fortisoperatioun vun der PNB Paribas konfrontéiert war an net bis haut ze doe gehat huet mat enger Offer vun der Deutsche Bank. Ech wëll dat hei kloer an däitlech soen, well op Grond vun där Pressekonferenz hunn ech elo schonn X-mol déi Fro gestallt kritt.

Ech wëll hei rappelléieren, datt ech op der Tëlevisioun um éischte Weekend vun de Fortis-Operatioune gesot hunn, datt d’lëtzebuerger Regierung eng Privatléisung géing virzéien. Wann also eng Entreprise Schwieregkeeten huet an een internationale Finanzgrupp kënnt a wann deen dee Sonnde gesot hätt, mir kafen déi Bank ganz oder zum Deel, da wär d’lëtzebuerger Regierung nëmme méi wéi frou gewiescht, well dann hätt d’lëtzebuerger Regierung net bräichen an d’Kapital vun där Bank eranzegoen. Mir hunn also versicht dat Schlëmmst z’évitéieren – andeem mir Vertraue schafen wollten, andeem mir festgestallt hunn, datt kee privaten Acquéreur do war op deem éischte Weekend – duerch déi Recapitaliséierung d’Vertrauen ze halen. An dat Vertrauen hu mir och geschafe kritt, well no deenen Operatiounen d’Cliente bei deenen zwou grousse lëtzebuerger Privatbanken net méi fortgaange sinn. Dat war eist Zil, dat hu mir erreecht. Ech akzeptéiere ganz gären, datt een doriwwer eng aner Meenung huet. Ech akzeptéieren och gären, datt een dat am Réckbléck och kritesch kuckt an datt dat net nëmmen ass fir ze soen, dat ass gutt a richteg. Ech hätt just gären, datt mir iwwer Fakten diskutéieren an dofir muss och eng Kéier de Moment komme wou mir am Detail doriwwer schwätzen. Et ass de Mëtten net d’Plaz, well och déi Riede soss ze laang ginn, fir nach eng Kéier am Detail ze soe firwat mir dat do gemaach hunn. Dat waren historesch Operatiounen iwwert déi ech gären zu all Moment schrëftlech a mëndlech, och iwwert déi nächst Joren eraus, well et och een Deel vun der Wirtschaftsgeschicht vun eisem Land ass – dat war déi gréisste Bankekris déi Lëtzebuerg zanter 80 Joer hat – diskutéieren. Do hu mir intervenéiert, mir hunn et gemaach op eng Fassong wou ech och, wann ech haut zréckkucken, mengen, datt et dee richtege Wee war. Mä d’Geschicht wäert eis soen ob dat dee richtege Wee war. Jo, mir hu Risquë geholl, jo, mir hunn extrem Risquë geholl, mä et muss ee sech ëmmer d’Fro stelle wat geschitt wier wa mir déi Risquen net geholl hätten oder wa mir nach 2 Woche gewaart hätten.

Ech wëll awer grad esou däitlech nach eng Kéier soen, och well dat eppes mat der Finanzpolitik ze doen huet, datt déi Interventiounen déi mir gemaach hunn temporaire an exzeptionell musse sinn. De Staat kann net laangfristeg am Kapital vun 3 grousse lëtzebuerger Banke sinn. Mir bleiwen esou laang dodranner wéi dat noutwendeg ass fir déi Banken an iwwerhaapt d’Finanzen, de Finanzmaart, ze stabiliséieren, esou wéi dat déi aner Regierungen no eis gemaach hunn. Well eis Kris hat 2 Wochen éischter ugefaange wéi déi an den Nopeschlänner. Mir hunn et gemaach well et eis geschéngt huet noutwenneg ze sinn a mir hunn et schnell gemaach, well wa mir gewaart hätten, da wär d’Vertrauenskris enorm grouss ginn. A Krisen muss ee schnell handlen. Datt da vläicht deen een oder deen aneren d’Saach herno anescht gemaach hätt, dat schéngt mir richteg, dat kann een och kritesch begutachten, mä et muss een dann och soe wéi een et anescht gemaach hätt, ëmmer ënnert deene Circonstancen. Well et sinn d’Circonstancen déi exzeptionell waren an déi och zu exzeptionellen an net einfachen Décisioune geféiert hunn.

Mä generell bleift, datt mir fir d’Zäit no der Kris an och an der Kris eng wirtschaftsfrëndlech Politik zu Lëtzebuerg musse maachen. Dat maache mir duerch d’Steierpolitik, dat musse mir maachen, andeem mir d’Compétitivitéit vun eise Betriber op eng zolitt Aart a Weis ëmmer erëm ënnert d’Lupp huelen. Ech mengen och dozou kann d’Tripartite, déi am Januar stattfënnt, hëllefen. Ech mengen, datt et noutwenneg ass, datt mir d’ekonomesch Entwécklung ennerstëtzen. Nëmmen eng zolitt wirtschaftsfrëndlech Politik kann zu enger staarker Sozialpolitik féieren. Mir si fir eng wirtschaftsfrëndlech Politik, dofir d’Steierreduktioun. Mir si fir eng Politik vu Solidaritéit, dofir dee starken sozialen Aschlag an eisem Budget.

Mir kréien net all Aarbechtsplaz an eisem Land gemoolt. Mir mussen also och heiansdo bereet sinn Kompromisser ze maachen tëschent Politiken déi heiansdo kontradiktoresch sinn. Mir brauche schnell Décisiounen, mir brauchen een Ëmfeld wat kloer ass, wat sécher ass, Sécherheet an all sengen Dimensiounen, an da mengen ech komme mir virun.

A mir brauchen och eng europafrëndlech Attitude. Kee Land profitéiert méi vun Europa wéi mir, well mir, grad mir, déi oppe Mäert brauche fir eis Produkter, eis Déngschtleeschtungen, no baussen ze verkafen a fir kënne mat de Mënschen déi ronderëm eis Grenze wunnen dohinner Saachen ze verkafen. Dat ass eng Dimensioun déi oft vergiess gëtt, wa mir léiwer dat Nationalt kucken. Ech mengen, datt eng Wirtschftspolitik, mä och generell eng lëtzebuerger Politik nëmmen da kann Erfolleg hunn, och an der Finanzpolitik, wa mir eis abetten an eng europäesch Politik. Dofir d’Wichtegkeet och vum europäesche Stabilitéispakt. Et ass en fait de bon sens. Mir maachen déi gesond Staatsfinanzen, well mir dru gleewen. Mir maachen se och wéinst dem Stabilitéitsprogramm. Wann déi aner se awer net géinge maachen a mir géingen se alleng maachen, dann hätte mir ee Problem an der Eurozone, well mir hunn eng gemeinsam Währung mat deenen anere Länner an dofir muss een dat eent an dat anert zesumme gesinn.

Ech plädéieren also och an der Finanzpolitik fir eng staark europäesch Orientatioun. Europa nervt heiansdo op deem engen oder anere Punkt, mä wa mir alles op eng Wo leeën, hu mir grad och an der Finanzplaz eng Riesechance fir eis kënnen ze erweideren. Den europäesche Pass, deen d’Finanzdéngschtleeschtunge kritt hunn, ass d’Chance gewiescht fir d’Entwécklung vun der Finanzplaz. An dofir musse mir weider kämpfen, fir dat Europa, an dofir sinn ech och frou, datt déi rezente Propositioune vun der europäescher Kommissioun déi iwwert d’Zënsbesteierung ginn, eis net zevill Schwieregkeete maachen, mä datt mir déi kënnen op eng konstruktiv Aart a Weis am Conseil vun de Finanzministeren diskutéieren.

Ech hätt gär, datt zu Lëtzebuerg op der Finanzplaz och an Zukunft esouwuel d’Fongegeschäft wéi de Private Banking op eng staark Aart a Weis kënnen ausgebaut ginn an esou ausgebaut ginn, datt mir dat och kënnen am Ausland uerdentlech erklären. Dofir muss ee vläicht déi eng oder déi aner Ännerung maachen, mä d’Kursrichtung stëmmt an ech begréissen, datt d’europäesch Kommissioun net einfach mat engem Fiederstrëch dat wat mir zanter Joren opgebaut hunn am Beräich vun der Gestioun de Patrimoine gestrach huet. Och d’europäesch Kommissioun ass also sensibel fir eng Rei vun ekonomeschen Argumenter an ech mengen dat huet se och haut bewisen andeem si eng Rei vun deene Restrukturatiounsoperatiounen, déi ech virdrun ugeschwat hunn am Bankesecteur, och schéngt de Moien approuvéiert ze hunn. Wat also och een Zeechen ass, datt d’Kommissioun, en Applicatioun vun hirem Traité, awer och fir wirtschaftlech Iwwerleeungen oppasst déi mir versicht hunn, esou gutt wéi mir konnten an deene leschte Wochen, ze maachen.

Här President, et wär zum Budget villes ze soen. Den Här Staatsminister wollt 20 Minutte schwätzen an ech wollt mech un déi nämlecht Zäit halen. Weder heen, nach ech hunn eis un déi 20 Minutte gehalen. Ech mengen, datt et gutt wär, wann een iwwert de Budget méi géing diskutéieren. Dofir begréissen ech och ausdrécklech datt de Budgetsrapporter, den Här Haupert, och op ongewinnte Plazen, nämlech a verschidde Schoule gaangen ass, fir iwwert de Budget ze schwätzen. De Budget ass d’Grondlag vun esou munech Politik an ech mengen et wär gutt, wann d’Leit sech géinge mat de grousse Parameteren, mä och mam Detail vum Budget ausernee setzen.

Ech mengen, datt wann ee wëllt ee Land gutt féieren, dann dierf een net hektesch Kurskorrekture maachen, da muss een ëmmer Zukunftsobjektiver virun Aen halen. Ech mengen, datt de Budget 2009 engersäits een Antikrisebudget ass, mä anerersäits och d’Préparatioun vun der Zukunft mécht.

E mécht méi Investissementer, e gëtt méi Kafkraaft ouni awer d’Budgetsdisziplin an d’Zoliditéit vun eise Staatsfinanze mëttelfristeg opzeginn. Eist Land huet et, mengen ech, op eng beandrockend Aart a Weis an deene leschte Jorzéngte fäerdeg bruecht, a méi schwierege Momenter och sech weider ze entwéckelen. Dat hunn eis Eltere gemaach nom Krich, dat hu vill vun Iech gemaach an der Stolkris an dat wëlle mir och an der Finanz- an der Wirtschaftskris maachen. Dat ass eng global Kris. Mir kënnen net alles alleng maachen, wéi de Staatsminister dat och virdrun ënenrstrach huet, mä do wou mir zoustänneg sinn, do wëlle mir eist Bescht maachen, mä iwwert d’Kris eraus och an d’Zukunft kucken.

Wa mir also elo zesummenhalen, wa mir déi richteg Prioritéite setzen – an ech wäert ganz genee kucke wat an deenen nächste Wochen, besonnesch d’nächst Woch vun Alternativen op der Dépensen- an op der Recettësäit proposéiert gëtt – wa mir dat "nice to have" vum Noutwennegen trennen, mä virun allem och wa mir net panikéieren, mä d’Zukunft och duerch de Budget opbauen, wa mir also keng Abenteuer aginn an deenen nächste Méint a Joren, mä och bereet sinn op dat eent oder anert ze verzichten an eis Erfahrung vun deene leschte Joren, d’Resultat vun eiser Finanzpolitik vun deene leschte Jore kucken, dann erreeche mir dat Zil wat muss sinn ee modernt, attraktivt, familiefrëndlecht Land opzebauen.

Ech menge mir sollten op Grond vun de Resultater vun deene leschte Joren an der Finanzpolitik keng brutal Kurskorrekture virhuelen, keng Spréng maachen, déi mir géingen herno regrettéieren. Ech sinn dovun iwwerzeegt, datt och no der Kris eist Land eng gutt, eng grouss Zukunft huet an dozou dréit de Budget fir d’Joer 2009 bäi.

Ech soen Iech Merci.

Dernière mise à jour