Jean-Claude Juncker, Transcription du discours à l'occasion des débats parlemetaires budgétaires

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

D’Liewen ass wéi et ass, an dat woumat ee sech ze beschäftegen hätt, ass net ëmmer dat, woumat ee sech beschäftege kann, an dat huet zur Konsequenz, datt déi Ried, op déi ech mech wollt seriéis virbereeden, enger seriéiser Virbereedung ënnerworf ginn ass, mä kenger präziser Redaktioun konnt ënnerworf ginn, well aner Evenementer een dovun ofgehalen hunn.

Ech wëll zwou oder dräi Virbemierkunge maachen, vun deenen eng ze kuerz ausfält, zwou anerer vläicht ze vill breet geroden.

Déi éischt, déi ze kuerz ausfält, ass dee Respekt, deen ech dem Rapporter vum Budget fir d’Joer 2009, dem Kolleg Norbert Haupert, wëll soen, deem senger Ried ech net mat vornehmer Distanz, mä mat intensivem Interesse nogelauschtert hunn, obschonn ech paralell mat aneren Affairen, déi ee kann als Staatsaffairë bezeechnen, occupéiert war.

Ech wollt him just soen, a mengem perséinlechen Numm, am Numm och vun der ganzer Regierung, datt mir fannen, datt en eng extraordinaire wäertvoll Aarbecht hei am Parlament virgeluegt huet. Wat mech, well ech hie scho méi laang kennen, net gewonnert a verwonnert huet, mä wat awer déi analytesch Admiratioun vun deenen, déi fir d’Staatsfinanzen a fir d’Regierungeschäfter zoustänneg sinn, no sech zitt.

Dat war eng extrem gutt Aarbecht, där ech mäi Respekt wëll zollen. Wéi ech iwwerhaapt fannen, datt een dem Parlament soll Respekt zollen, do wou et em seng essentiell Attributioune gëtt.

Dat zweet ass, datt ech leider Gottes an der Situatioun sinn, datt ech um halwer véier den iresche Premier muss emfänken, well e just mam engleschen, mam däitschen, a mat de franséische Spëtzepolitiker dës Woch zesummen trëfft. An ech fannen, datt et gutt ass, wa mir, als ee vun deene klengste Länner vun der Europäescher Unioun, och mam iresche Premier schwätzen.

Dat ass organisationell net anescht méiglech gewiescht. Mä Dir verstitt ganz gutt, datt ech mech duefir muss méi kuerz faassen, wéi ech dat eigentlech wollt, mä dat soll an Ärem Interesse sinn.

Déi drëtt Remarque ass, datt mir iwwer alles dat, wat eist Land de Moment beweegt, an dat wat d’Institutiounen duerchleeft, eis sollen op eis immediat Aufgabë konzentréieren, déi net aus den Ae verléieren.

D’Geschicht gëtt enges Daags geschriwwen. Ech menge virauszegesinn wéi se géif geschriwwe ginn, mä d’Immediatitéit vun den Evenementer verlaangt Äntwerten am Présent, an déi musse mir probéieren, no Méiglechkeet zesummen, an dësen Deeg ze ginn.

Mir sinn an enger aussergewéinlecher wirtschaftlecher a finanzieller, an doraus resoltéierender sozialer Situatioun. Mir hunn nach ni – ech weie meng Wierder – zanter dem Ufank vun den 30er Joeren esou eng aussergewéinlech wirtschaftlech Situatioun duerchschreide mussen wéi déi, déi mir de Moment duerchschreide. Dat bënnt déi wäertvollst Energië vun der Regierung, och déi talentéierst Energië vun dësem Haus, an dorop hu mir eis de Moment ze konzentréieren.

D’Geschicht kann een ëmmer an d’Zukunft eraschreiwen, mä d’Realitéit vum Moment verlaangt een Handelen am Moment, dorop solle mir eis haut, an an deenen nächsten Deeg, konzentréieren.

Ech sinn, wéi anerer, der Meenung, datt een och 7, 8, 9 Méint virun de Wahlen – ech zielen dat net an Deeg, an och net a Méint – muss, geet et em d’Wirtschaft, geet et em d’Finanzen, dem lëtzebuerger Land, an de Lëtzebuerger, an och deenen aneren déi bei eis wunnen, d’Wourecht soen, déi ganz Wourecht.

Et huet kee Sënn – obschonn ech Verständnes duefir hunn – lignifiant, berouegend Commentairen ofzeginn an engem Moment wou een – dat muss ech zouginn – net a vollem Ëmfang weess, wéi ee sech richteg soll, de Moment, an an den nächste Méint, behuelen.

Ech hu geléiert, obschonn ech ni Coursen doriwwer geholl hunn, datt et net gutt ass fir een, vun deem déi aner soen e wier de Chef vun der Regierung – ech wëllt dat wier integral esou – datt dee soll berouegend wierken.

Ech sinn och der Meenung, datt een net dierf hektesch sinn an enger Situatioun wéi déi an där mir sinn.

Mä ech hu keng Loscht – obschonn ech weess, datt et psychologesch ëmmer méi interessant ass, d’Leit ze berouegen – d’Leit un der Nues erëmzeféieren. Dat mécht kee Sënn. D’demokratesch Responsabilitéit verlaangt, datt ee seet wat ee mengt ze wëssen.

Ech hunn och um Enn vun der leschter Legislaturperiode, bei der Presentatioun vum Budget 2004, heibanne gesot, am Numm vun enger anerer Koalitioun – ech muss jo dauernd fir aner Gruppéierunge schwätzen – d’Joeren 2005 an 2006 géife schwéier ginn. Deemools ass mir vun der deemooleger Oppositioun entgéint gehale ginn, et soll een d’Leit net nervös maachen.

Haut, ënnert ëmgedréintene Vir- an Nozeechen, gëtt mir vun der heiteger parlamentarescher Oppositioun ofverlaangt, déi ganz Wourecht ze soen. Ech halen dat fir eng gutt Démarche.

D’Wourecht ass, datt mir an der déifster Wirtschaftskris stiechen zënter den 30er Joeren. D’Wourecht ass, datt déi Wirtschaftskris, well se op eng Finanzkris zeréck geet, haaptsächlech de Finanzsecteur zu Lëtzebuerg touchéiert. An d’Wourecht ass, datt et kaum ee Land op der Welt gëtt, wat esou staark ofhängeg ass vun de Finanzdéngschtleeschtunge wéi Lëtzebuerg. D’Wourecht ass ergo, datt et kaum ee Land an Europa gëtt, obschonn d’Chifferen de Moment de Géigendeel weisen, wat esou staark wäert impaktéiert gi vun de bleiwende Schläifspueren vun där Finanz- a Wirtschaftskris.

Ech soe Schläifspueren, well d’Schläifspueren entstinn eréischt nom Bremsmanoeuver, respektiv no Opprallereien am Stroosseverkéier. Schläifspuere sinn d’Resultat vun engem Akzident dee verhënnert ginn ass, oder vun engem Akzident dee stattfonnt huet. Duefir wonneren ech mech iwwer déi semantesch Ridiculiséierung vun där Expressioun Schläifspueren, déi ech viru Méint gebraucht hunn. Schläifspuere sinn ee Resultat, si sinn net den Ufank vun engem Prozess.

Mir sinn an enger Kris, mir sinn an enger Kris déi sech global nennt. Mir sinn an enger Kris déi sech europäesch beschreiwe léisst. A mir sinn an enger Kris, déi Resultater zu Lëtzebuerg produzéiert, déi net positiver Natur sinn.

Ech sinn der Meenung, an déi Zuele vu prognostizéiertem Wirtschaftswuesstem an der Eurozon an zu Lëtzebuerg weisen dat, datt Lëtzebuerg, ee Land wat nach net an der Rezessioun ass, ee Land riskéiert ze ginn, wat geschwënn an der Rezessioun wäert sinn.

Loosse mer hei keng semantesch Debatten iwwer d’Bedeitung an d’Signifikatioun vu Wierder féieren.

Mir wuessen däitlech méi lues am Joer 2009, wéi mir am Duerchschnëtt vun deene leschten 20 Joer gewuess sinn. Mir kréien däitlech manner Aarbechtsplazen bäi an dem nächste Joer, an am iwwernächste Joer, wéi dat wat mir an der Vergaangenheet gewinnt waren. Mir kréien ee Chômage, deen am Joer 2009, an 2010 däitlech méi héich wäert sinn, wéi deen, dee mir an de leschte Joeren gewinnt waren.

Fir dat ze verstoppen, mécht kee Sënn. Fir sech domat ofzefannen, mécht och kee Sënn. Fir dorop ze reagéieren, mécht all Sënn.

Mir wäerten am Joer 2009 – an dorop kommen ech nach am Detail zeréck, well dat eng seriéis parlamentaresch Erausfuerderungsfro ass – méi Defizit maachen, wéi deen Excédent dee mir am Budgetsprojet fir d’Joer 2009 virgesinn hunn. Wéivill, weess ech net. Wéi een e ka contenéieren, maîtriséieren, doriwwer hu mir bestëmmte Virstellungen.

Mir wäerte manner Wuesstem hunn am Joer 2009, wéi deen, dee mir ugeholl hu wéi mir am September, Oktober vun dësem Joer de Budget opgestallt hunn. Mir wäerten däitlech manner héich Uelegpräisser hunn, wéi déi déi mir ugeholl hunn, wéi mir de Budget opgestallt hunn. Mir wäerten däitlech manner Inflatioun hunn, wéi déi déi mir ugeholl hunn, wéi mir de Budget opgestallt hunn. Mir wäerten däitlech manner héich Zënsen an der Eurozon hunn, an domat och zu Lëtzebuerg, wéi deen Zënssaz dee mir ugeholl hunn, wéi mir de Budget ugeholl hunn.

Dee Budget, dee mir adoptéiert hunn, an hei introduzéiert hunn den 1. Oktober 2008, ass ee Budget, deen a senge Fundamentalausriichtungen no wéi vir Wourecht bleift, mä vun deem ee muss wëssen, datt seng Exekutioun am Detail staarken Imponderabilien ënnerworf ass.

Dat ass wouer fir eise Budget fir d’Joer 2009. Dat ass wouer fir all aner Budgeten, déi an der Europäescher Unioun, a virun allem an der Eurozon virgestallt gi sinn.

Et gëtt mir gesot – ech liesen dat mat engem gewëssenem Mooss vun Erstaunen, ech héieren dat och an den Aussoe vun eenzelne Politiker, net nëmmen aus dem Oppositiounslager – d’Regierung géif hei d’Wourecht net soen. Ech fannen dat eng – d’Wourecht mengen ech iwwer d’wirtschaftlech an d’finanziell Situatioun – Ënnerstellung déi bis un de Rand vun der Beleidegung geet.

Dierf ech wann ech gelift rappeléieren, datt mir, wéi mir hei, den Här Minister Frieden, deen eng exzeptionell gutt Aarbecht an deene leschte Méint geleescht huet, an ech, de Rettungsplang fir d’Banke virgestallt hunn, gesot hunn, ech géif mengen, déi Kris an där mir wieren, déi wier méi schlëmm wéi d’Stolkris, déi mir an den 80er Joeren haten.

Dierf ech wann ech gelift rappeléieren, datt mir, wéi mir hei, den Här Minister Frieden, deen eng exzeptionell gutt Aarbecht an deene leschte Méint geleescht huet, an ech, de Rettungsplang fir d’Banke virgestallt hunn, gesot hunn, ech géif mengen, déi Kris an där mir wieren, déi wier méi schlëmm wéi d’Stolkris, déi mir an den 80er Joeren haten.

Dierf ech Iech drëm bieden, frëndlechst, nozekucke wat fir Reaktiounen datt déi Ausso provozéiert huet? Panikmache, systematesch Krisestëmmungsschürung, Krisestëmmeschürung gedriwwen duerch de Wonsch sozialen Ofbau zu Lëtzebuerg ze maachen. Dat war esou d’Generalitéit vun de Kommentaren, déi déi Ausso provozéiert huet.

Ass haut een heibannen, dee seet, datt déi Kris an där mir wieren, manner schlëmm wier, wéi déi Kris an där mir waren am Gesamtzesummenhang vun der Stolrestrukturéierung? Wann een esou heibanne wier, géif ech en em eng direkt Wuertmeldung bieden.

[...]

Onofhängeg vun deem, wat eis amüséierend ka streckeweis auserneen dreiwen, musse mir wëssen, datt mir an enger exzeptionell graver Wirtschaftssituatioun ukomm sinn.

Ech wëll hei net, well dat géif de Kader vun dëser Debatt, a vu menger Riedenszäit sprengen, d’Analys maachen, wéisou a fir wat datt dat geschitt ass.

Déi Kris, déi Finanzkris ass an Amerika fort gaangen, an deem Beräich, deen een haut, well all Mënsch weess wourëms et sech do handelt - heiansdo froen ech mech zwar, ob dat wouer ass - de Subprime Beräich nennt. Mir hu laang gemengt an Europa, ech och, déi Subprime Kris, déi Verschëldungskris vun den amerikaneschen Haushalter géif aner Deeler vun der amerikanescher Wirtschaft net erreechen. Mir hu laang gemengt, nodeem déi Kris d’Realéconomie an Amerika erreecht hat, si géif Europa net erreechen. Si huet Europa erreecht.

Mir waren eigentlech voll geblosen mat enger gewëssener Kondeszendenz, déi doranner bestanen huet, fir ze mengen, den europäesche Wirtschaftszyklus wier definitiv déconnectéiert vum amerikanesche Wirtschaftszyklus. En ass et erkennbar net.

Wéisou et zu där Subprime Krisis komm ass, doriwwer sinn dausend Artikele geschriwwe ginn, virun allem vun deenen, déi déi Kris net virausgesinn hunn, an elo beweisen datt dat huet missen esou kommen.

Kloer ass, datt eng Finanz-, Wirtschaftslogik, déi drop opbaut, datt ee ka Sue verdéngen ouni ze schaffen, an datt ee ka seng Sue schaffe loossen, anstatt ze schaffe fir méi räich ze ginn, definitiv gescheitert ass.

Ech liesen heiansdo, och d’lëtzebuerger Politik hätt am Reguléierungswiesen hir Aufgab net erfëllt. Dierf ech drun erënneren, datt mir an Europa ëmmer zu deenen zeréckhalende Kräfte gezielt hunn, ënnert där fréierer Regierung, an ënnert dëser Regierung, wann et drëm gaangen ass deem blannen Dereguléierungswahn eng fräi Bunn ze briechen.

Dierf ech un déi vill Rieden erënneren, déi ech mat ongläichméisseg verdeelter Zoustëmmung an dësem Haus gehalen hunn, iwwer déi frenetesch Dereguléierungspolitik, déi an Europa entstanen ass, an déi mir zu Lëtzebuerg ni esou matgemaach hunn.

Dierf ech drun erënneren, datt déi Dereguléierungsphas an enger Periode an Europa entstanen ass, déi manifestement eng Regierungsmajoritéit de gauche hat, déi ganz oft deene puer, déi de droite waren, net nogelauschtert huet.

Dierf ech doraus d’Conclusioun zéien, datt ee keng primitiv parteipolitesch Schlussfolgerungen aus deem soll zéien, wat hei geschitt, ansonsten een emol historesch Rappeller kënnt an d’Gesiicht geschleidert kréien, mat deenen et schwiereg wier sech auserneen ze setzen. D’Gauche ass net manner responsabel fir déi Kris, wéi déi, déi normalerweis als Kräfte vum Zentrum, vun der Droite beschriwwe ginn. Ech soen dat net, ech kann dat duerch Praxis, an duerch Erfahrung beweisen, datt dat esou war.

Et gëtt gesot, d’Regierung géif sech der Wourecht net stellen. D’Regierung mécht dat, well mir soen, datt mir am Joer 2009 ee Wirtschaftswuesstem wäerte kréien, dee sech, de Statec wäert dat an den nächsten Deeg publizéieren, tëscht -0,5% a +0,5% zu Lëtzebuerg wäert bewegen.

D’Regierung seet d’Wourecht, well ech Iech haut scho soen, datt mam Datum vum 19. Februar d’europäesch Kommissioun nei Wirtschaftszuelen iwwer d’europäescht, an d’lëtzebuergescht Wuesstem wäert publizéieren, déi däitlech méi niddereg sinn, wéi déi Zuelen, déi mir bis haut kennen.

Ech ginn also dovun aus, obschonn ech dat Wuert net extrem gären hunn, an obscho mir am Joer 2008 manifestement net an esou enger Situatioun waren, datt mir am Joer 2009 entweder an d’Rezessioun kommen, oder an d’Lach vun der Rezessioun kucken. Doraus musse mir d’Schlussfolgerungen zéien.

Mir hunn hei, de Minister Frieden an ech selwer, de Budget fir d’Joer 2009 am Parlament abruecht, den 1. Oktober 2008. Et gehéiert zu deenen net klenge Mérite vun eisem Budgetsrapporter, dem Kolleg a Frënd Norbert Haupert, datt en un den Ufank vu sengem schrëftleche Bericht gestallt huet, eng Zitatesammlung, déi sech zesummesetzt aus Deeler vu menger Interventioun hei den 1. Oktober 2008.

Dir huet déi alleguer nogelies, an Dir huet festgestallt, datt d’Regierung zu kengem Moment Zweiwel opkomme gelooss huet iwwer d’Gravitéit vun der Situatioun, an iwwer d’Mutmassung, datt d’Situatioun sech kënnt wiesentlech verschlechteren par rapport zu deenen Donnéen, déi mir haten, wéi mir de Budget am September 2008 opgestallt hunn.

All Prognosen d’Wuesstem betreffend, sinn zënterhier drastesch no ënne revidéiert ginn. Dat ass wouer fir d’europäesch Kommissioun, dat ass wouer fir den internationale Währungsfong, dat ass wouer fir d’OECD, an dat ass wouer fir vill aner Expertisen.

Ech hunn d’Erfahrung gemaach an engem schon, wéi et jo ville virkënnt, ze laangem politesche Liewen, datt ee kee blannt Vertrauen an d’Experten dierf hunn, well déi Konsensexpertise vun de leschte Joeren d’Weltkommunautéit eigentlech a Richtungen ofgedriwwen huet, virun deenen ech heiansdo timiderweis heibanne gewarnt hunn, déi net gutt ware fir d’Mënschen.

Experten hin oder hier, ech brauch keng Experte fir festzestellen, datt mir an der Kris sinn. Ech brauch keng Expertise, déi mech driwwer beléiert, datt d’lëtzebuerger Économie an der Kris ass. Et sinn iwwer 50 Betriber a Kuerzaarbecht, et sinn iwwer 4000 Leit, déi all Mount 20% manner verdéngen, wéi dee Mount virdrun.

Wat virun allem déi sech emol solidaresch sollen iwwerleeën, déi eng geséchert Aarbechtsplaz hunn, wou Lounofbau emol net eng Anomalie ass, emol net eng Exzeptioun ass, mä eng Exclusioun ass. Déi wëssen net, wéi et Leit ass, déi mat Moschwieren op d’Aarbecht ginn, well se fäerten hir Aarbecht ze verléieren, well se fäerte kuerzschaffen ze mussen, well se net wëssen, ob hire Betrib déi Kris hei iwwerlieft.

Ech bieden emol drëm, datt een e bësse Léift huet fir déi, déi net duerch Gesetz, an duerch Statut protegéiert sinn. Anerer leide méi ënnert där Kris, wéi déi eng, an ech hätt gären, datt déi eng Solidaritéitsgedanke genuch opbréngen, fir déi aner, fir datt mir gemeinsam aus där Situatioun hei kënnen erauskommen.

Ech hunn den 1. Oktober heibanne gesot, de Rapporter huet dat nëtzlecherweis rappeléiert, datt d’Regierung net géif eng Politik maachen, déi géif waarden, datt eppes géif geschéien, mä datt d’Regierung déi Politik géif maachen, fir datt eppes geschitt.

Elo ass d’Fro - d’Regierung huet de Budget virgeluegt den 1. Oktober 2008, zënterhier hunn sech all Prognosen, wat d’Wirtschaftswuesstem ubelaangt, verschlechtert - ob d’Regierung déi falsch Äntwerten an hirem Budget fir d’Joer 2009 ginn huet.

Huele mir emol eng Sekonn un, eng Zéngtelsekonn, mir wiere bei der Praxis vun de leschte Joeren bliwwen, déi huet doranner bestanen, datt mir de Budget fir d’Joer duerno am Juli abruecht hunn, dat heescht am Mäerz, Abrëll, Mee virbereet hunn.

Huele mir emol eng Sekonn un, mir hätten dee Budget einfach esou abruecht, ouni d’Investissementer staark an d’Luucht ze setzen, ouni d’Steiere staark erofzesetzen, ouni d’Solidaritéitsinstrumenter iwwer de Wee vun de Steierkreditter no uewen ze pushen, da géif ech verstoen, wann een no der Eintrübung vum Weltkonjunkturklima, vum Eurokonjunkturklima, a vum lëtzebuerger Konjunkturklima am September, hätte mir en dann abruecht, nodeem mir en am Juli virgestallt hätten, verlaangt hätt, dir musst dee Budget do upassen.

Hätte mir d’Investissementer net an d’Luucht gesat, hätte mir d’Steieren an där Situatioun gelooss wou se sinn, da géifen d’Gesamtstaatsfinanzen am Joer 2009 mat engem Iwwerschoss vun 3,8% vum Bruttoinlandprodukt ofschléissen.

Déi Propositiounen déi mir gemaach hunn, schléissen am Gesamtresultat, mat engem Iwwerschoss vun 1,1% aus. D’europäesch Kommissioun mengt esouguer an hirem leschte Statement iwwer d’lëtzebuerger d’Staatsfinanzen, et géifen 1,3% ginn. Ech sin der Meenung, datt et ee Minus gëtt am Joer 2009. Ech sin der Meenung, datt mir en Defizit am Joer 2009 kréien. Ech wëll kengem Mënsch an der Chamber, oder am Land, dat verstoppen.

Mä huele mir emol un, mir hätten dat deemools esou gemaach. Wat wieren dann d’Fuerderungen haut? Da wieren d’Fuerderungen, setzt d’Steieren erof, setzt d’Investissementer an d’Luucht, hëlleft deene Leit, déi sozial schwaach sinn, baut d’Familljebetreiungsstrukturen aus, maacht eppes a Richtung vu Betriber, maacht eppes a Richtung vun Attraktivitéit, a vun Attraktioun vun auslänneschen Aktivitéiten zu Lëtzebuerg, setzt d’Besteierung vun den Dividenden erof, setzt d’Quellebesteierung vun de Bausparverträg erof, maacht eppes fir de Logement.

Nu wëllt den Zoufall, mä war et een Zoufall, datt d’Regierung dat alles schonn an hirem Budget gemaach huet, dee se hei am Oktober abruecht huet. Fir wat huet d’Regierung dat gemaach?

Liest no, wann Dir mir déi Frëndlechkeet wëllt erweisen, wat ech gesot hunn, wéi mir de Budget hei abruecht hunn. Dunn hu mir gesot, mir ginn op eng Wirtschaftskris zou. A mir mussen elo, anstatt d’Hänn an de Schouss ze leeën, an anstaat ofzewaarde wat geschitt, aktiv eppes maachen, fir dat Schlëmmst ze verhënneren.

Wann een also elo behaapt, d’Regierung hätt am Oktober déi falsch Äntwert ginn, obscho mir gesot hunn, firwat datt mir déi Äntwert géife ginn, an déi war inflatiounsbedéngt, wat d’Steierpolitik ubelaangt, wéinst der héijer Inflatiounsentwécklung am Joer 2008, an déi war krisebedéngt wéinst dem sech ofzeechnenden Zesummefall vun der europäescher Konjunktur. Wann een also sech domat ausernee géif setzen, ouni datt d’Regierung dat gemaach hätt, géif ech d’Reaktioun verstoen, déi een haut huet. Mir well d’Regierung awer eng adequat Äntwert formuléiert huet, kann ech net erkenne firwat datt d’Regierung hir Äntwert elo soll emformuléieren.

Wann ee freet fir am, spéistens Mäerz, ee Budget rectifié, oder rectificatif, ee Nobesserungsbudget ze maachen, hunn ech duefir, wéi soll ech soen, ee gewëssent wëssenschaftlecht Verständnes. Ech halen dat fir keng exorbitant an total doniefte Fuerderung. Ech weess och, wéi se entstanen ass, déi Fuerderung.

Wann de President vun der LSAP seet, de Budgetsminister géif dem Land d’Wourecht net soen, kann een net verlaangen, datt d’Oppositiounsparteie soen, dat do ass alles wéi et soll sinn. Déi zwee iere sech fundamental, mä dat ass eng aner Saach. Ech hu mech an déi intern Reiwereien do net anzemëschen, interesséiere mech och emol net marginal.

Mä wa mir elo géifen eis op de Wee maachen, fir ee rektifizéierte Budget fir d’Joer 2009 virzeleeën am Mäerz, da géif dat jo heeschen, datt mir dee Budget spéitstens Enn Januar missten an d’Prozedur ginn, well mir hätte jo gären, datt d’Beruffschamberen, datt de Conseil d’État, an alleguer déi aner sech dozou kënnen äusseren.

Ass een heibannen, wann en hei ass, soll e sech direkt erhiewen, ech sinn zu all Match bereet, dee wierklech mengt, e géif den 18, 19, 20. Januar endgülteg alles wëssen, wat en haut nach net weess. Ech soen, bescheide wéi ech sinn - Dir kennt meng Modestie déi spréchwiertlech ass - ech weess et net. Wann ee manner modest heibannen ass, wann ee schonn alles weess vum Joer 2009, qu’il se lève, et qu’il nous dise, wéi een da soll d’Zuelen ännere fir d’Joer 2009. Ech wéisst net, hätt ech se haut ze änneren, wéi ee se ännere misst.

Ech ginn zou, datt ech dovu manner verstinn, wéi anerer, mä wann déi, déi méi verstinn dovun, wéi deen, deen hei schwätzt, méi wëssen, wier et gutt wéinst der Évolutioun vun der kuerzfristeger Geschicht vum Land, wann en elo hei géif opstoen a soen, d’Wirtschaftswuesstem ass -0,28%, d’Inflatioun ass 2,21%, den Dollar steet 1,28, 1,29, de Pëtrolspräis ass 52,48.

Wann een dat weess, an een deen dee Budget rectifié am Mäerz wëllt hunn, muss dat wëssen, da solle e mir déi Donnéen haut ginn, fir datt mir eis dat kënnen iwwerleeën, a fir datt mir dat kënnen eis an eis Iwwerleeunge konstitutiv fir d’Weiderféierung vun der Politik abauen.

Wa keen dat weess, ech géif mengen, kee wéisst dat, well ech kennen an Europa, ech kenne der jo awer vill an Europa als Obermufti vun der Eurogrupp, ech kenne keen, deen déi Fro weess.

Firwat gëtt eigentlech vun der lëtzebuerger Regierung, a vu mir verlaangt, op Froen eng Äntwert ze hunn, op déi keen eng Äntwert huet? Firwat? Huet dat net vläicht domat ze dinn, datt mir, am Géigesaatz zu aneren, ee Rendez-vous mat dem Vollek hunn am Juni, an datt een elo wëllt de Previsiounsheld spillen, ouni Previsiounsméiglechkeete voll ausscheffen ze kënnen, well keen dat de Moment kann?

Ech stelle just déi Fro, ech beäntwerte se net, mä andeem ech se stellen, wollt ech se eigentlech gläichzäiteg beäntwerten. Ech muss soen, 8 oder 9 Méint virun de Wahlen, ech weess net wéi d’Joer 2009 sech am Detail ofspille wäert. Ech weess just eppes. Mir kënnen…

[...]

Dat kann ech och esouguer ganz gutt verstoen, mä wa jiddwereen nëmmen dat mécht, wat hie selwer fir richteg fënnt, da fënnt d’Politik an dësem Land net méi statt. D’Demokratie ass de Wëllen, de Wëlle vun der Majoritéit ze respektéieren, an un der Wëllensbildung vun der Majoritéit Deel ze huelen. Dat ass méi ustrengend wéi fir sech alleng, a sengem Eck de Ball ze spillen.

Jo, wësst Dir ech hu vill Sënn fir meng eegen Onofhängegkeet, a wann hei am Land alles géif esou goen, wéi ech gären hätt, da géif villes anescht goen, mä da géif awer näischt méi goen. Da géif näischt méi goen. Et muss ee bereet sinn als Demokrat, und der Wëllensbildung vun der Majoritéit Deel ze huelen, dat bedéngt ee grousse Verzicht op egozentresch Iwweleeungskreesser, mä dat ass wat d’Force vun der Demokratie mécht. Sans compromis il n’y a pas de démocratie.

Onofhängeg vun all deem, sinn ech der Meenung, datt d’Regierung an hirem Budgetsentworf fir d’Joer 2009 déi richteg Äntwerte formuléiert huet.

Wat maache mir an deem Budget 2009? Och scho mat Bléck op d’Kris, an obscho mir net déi total Déift vun där Kris virausgesinn hunn, wéi keen aneren an der Welt, a wéi keen aneren an Europa, mir soen, mir probéieren eng lëtzebuergesch Äntwert op d’Kris. Ech wëll zu där lëtzebuergescher Äntwert op d’Kris eppes soen.

Keen heibanne soll mengen, mir kënnten eng hausgemaachte Wuesstëmspolitik, an ee Wuesstëmsresultat zu Lëtzebuerg produzéieren, wann de Rescht vun der Euro- a vun der Weltéconomie sech réckleefeg entwéckelt. Een dee mengt, mir kënnten zu Lëtzebuerg hausgemaachte Wuesstëm produzéieren, während ronderëm eis alles zesummebrécht, deen iwwerschätzt d’Méiglechkeeten, an d’Potentialitéiten, an d’Virtualitéiten, an d’Energiebëndelunge vun dësem Land. Dat kënne mir net. Ayons la modestie de l’avouer.

Mir kënne keng Wuesstemspolitik alleng zu Lëtzebuerg entfachen, wann de Rescht vun der Welt de Kriibsgang, wirtschaftspolitesch betruecht, geet. Mir kënnen zwou Saache maachen.

Mir hunn, wat d’europäesch Makro-Économie ubelaangt, Influenz an den europäesche Gremien, besonnesch an deenen, déi d’Eurozon betreffen, dat heescht den Eurogrupp. Fir wat mengt Dir, datt ech mech mat Energie duefir verwenden, datt mir eng europäesch Äntwert op d’Automobilkris mussen entwäerfen?

Éischtens well ech fannen, an dat ass meng Aufgab do, datt dat am Intérêt vun der europäescher Économie ass.

Zweetens, well ech fannen, datt dat am Intérêt vun der lëtzebuerger Économie ass. Mir hunn e puer Doze Betriber, déi der europäescher Automobilindustrie zouschaffen.

Déi, déi schreiwen a soen, wa mir d’Vollindexéierung géifen aféieren, da géifen d’Betriber zwar e bëssen am Ufank misse bezuelen, mä herno géifen d’Leit jo, déi méi Kafkraaft hätten, bei hier akafen, si jo vun enger Naivitéit beschloen, déi kee Wuert vun deem, wat bis haut Agank an d’Ëmgankssprooch fonnt huet, genügend méi ka beschreiwen.

Keeft ee lëtzebuerger Blech, keeft ee lëtzebuerger Ersatzartikelen an Detailartikele fir d’Autoen? D’europäesch Automobilbranche keeft dat. Wat fir ee Lëtzebuerger huet fir d’lescht bei Husky akaaft? Wat soll dee Blödsinn esou ze maachen, wéi wa mir total lassgeléisst wiere vun all deem, wat europäesch a weltwirtschaftsméisseg betruecht d’Realitéitslinne vun haut ausmaachen. Mir kënnen also keen eegent Wuesstem produzéieren.

Mir kënnen eng Politik maachen, déi aus zwee Deeler besteet, oder dräi. Mir kënnen eng Politik maachen, déi well se gescheit ass, well se zukunftperspektivesch orientéiert ass, d’Startchancë vun der lëtzebuerger Wirtschaft, Wuesstempotenzialchancë vun der lëtzebuerger Wirtschaft no uewen corrigéiert wann déi Wirtschaftskris hei, ech mengen datt se laang dauert, enges Daags eriwwer ass, an a bessere Startpositioune kënne fort lafen, wéi déi meescht vun deenen aneren, vläicht och wéi all déi aner.

Duefir huet d’Regierung décidéiert, wat ech och schonn an der Finanzkommissioun explizéiert hat, wat erëm explizéiert fir wat datt eenzel politesch Parteien dat elo als Fuerderung presentéieren, wat ech deemools als Propositiounen an der Chamberskommissioun avancéiert hat, fir ee ganze Koup vun ëffentlechen Investissementer no vir ze zéien.

Mir steigeren d’ëffentlech Investissementer par rapport zum leschte Joer. Mir steigere se em 30% par rapport zum Joer 2007. Mir si bereet, an deem mir an de Reserve scheffen, déi mir ugeluegt hunn duerch eng kontestéiert, mä virsiichteg Politik vun de leschte Joeren, Investissementer virzéien. Ech wëll Iech soe firwat, net am Detail.

Mir zéie vir am Joer 2009 alles wat mir fir déi nächst dräi Joer virgesinn haten, am Beräich vun der Renovatioun, am Beräich vun der Reparatioun, am Beräich vum Entretien. Firwat? Dir kritt wéi ech vill Bréiwer, vläicht manner, mä awer och, vu mëttelstännege Betriber, déi, deenen hire Carnet lues a lues eidel gëtt, déi riskéieren am Joer 2009 Faillite ze maachen, déi riskéieren am Joer 2009, oder am Joer 2010 zouzemaachen.

Wann ee klenge Betrib, ee klenge Schlässereibetrib, ee klengen Usträicherbetrib, e klenge Schräinereibetrib am Joer 2009 muss zoumaachen, well e keng Opträg méi huet, dann ass deen definitiv fort. Keen Usträicher, kee Schräiner, kee Schlesser, keen Installateur, keen aus dem Beräich vum Sanitaire hält am Joer 2009 op, a fänkt am Joer 2011 erëm un, wann d’Wirtschaft erëm duerchstart. Neen, déi Betriber déi fort sinn, déi sinn endgülteg fort, a si ginn ersat duerch Betriber déi aus dem Ausland kommen.

Dat seet engem, net d’Ordnungspolitik hëlleft wann et seriéis gëtt. Net d’Iwwerzeegungen, déi hëllefen engem nëmmen e wéineg wann et seriéis gëtt. Wat seet engem de gesonde Mënscheverstand? Mir mussen duefir suergen, datt déi kleng Betriber zu Lëtzebuerg erhale bleiwen, fir iwwer déi Duuschtstreck ewech ze kommen, déi duerch d’Wirtschaftskris an Europa, an an der Welt entsteet.

Duefir zéie mir all déi Aarbechte vir an d’Joer 2009, déi vu klenge Betriber kënne gemaach ginn, vu klenge Betriber heiheem, vu klenge Betriber aus der Groussregioun, mä virun allem vu klenge Betriber heiheem, fir datt se hir Aarbechtsplaze kënnen halen.

Mir wëlle verhënneren duerch eng aktiv cibléiert Wirtschaftspolitik, duerch eng aktiv cibléiert Baurenovéierungspolitik, duerch eng aktiv cibléiert Energieersatzofferte par rapport zu deem wat mir haut hunn, duerch eng cibléiert Reparatur- a Renovatiounspolitik, mir wëlle verhënneren, datt Aarbechtsplazvernichtung stattfënnt, datt Betribsvernichtung stattfënnt zu Lëtzebuerg. Dat ass dat wat mir kënne maachen.

Eise Betriber ze hëllefen, datt dat wat normal ass an Zäite vu wirtschaftlechem Réckgang, nämlech hir Disparitioun net stattfënnt, well mir net akzeptéieren, politesch net akzeptéieren, wirtschaftlech net akzeptéieren, akommespolitesch net akzeptéieren, soziologesch net akzeptéieren, datt elo déi kleng Betriber déi éischt sinn, déi an dëser Periode vu Wirtschaftsréckgang verschwannen. Well mir och wëssen, datt de Mëttelstand besonnesch wirtschaftsdynamesch ass, besonnesch aarbechtsplazschafend ass, a well mir och wëssen, datt déi kleng Patronen am Géigesaz zu deene groussen, wéi mir dës Deeg kënne liesen, net als éischte Reflex hunn d’Leit eraus ze geheien, mä als éischte Reflex huet d’Leit dobannen ze behalen an hire Betriber.

An duefir wëlle mir deene klenge Betriber zu Lëtzebuerg, déi tëscht 5, an 10, an 20, a 50 Leit hunn, d’Méiglechkeet ginn iwwer d’Virzéie vun ëffentlechen Aarbechten a verschiddenste Beräicher Aarbechten ze hunn, déi hinnen et erlaben normal kënnen ze schaffen, an déi hinnen et erlaben hir Leit a Beschäftegung kënnen ze halen.

Dat zweet wat mir maachen, ass, datt mir d’Hëllef, déi d’Betriber kréie wa se Leit astellen, déi aarbechtslos sinn, ganz staark an d’Luucht setzen. Haut kann een, stellt een e Mënsch an, dee keng Aarbecht huet, als Betrib 10% vum Bruttoloun als staatlech Subventioun kréien. Keen anert Land iwweregens huet esou ee System. Dat setze mir op 15% erop. Firwat maache mir dat?

Mä an der Erwaardung, datt déi Leit, déi entlooss ginn, well d’Wirtschaftskris déi ass, déi se ass, well d’Sozialkris déi ass, déi se ass, séier an anere Betriber eng Aarbecht fannen. An datt mir deene Patronen, déi se astellen, well mir hinnen hir Aktivitéit jo erhalen duerch staatlech Interventioun begleeden mat enger staarker finanzieller Hëllef duerch d’ëffentlech Hand.

Ass dat eng lëtzebuergesch Äntwert op d’Kris? Datt elo all Betriber, déi well se fäerten si hätten net méi genuch Aarbecht, entloossen, datt ëmmer méi Leit an de Chômage kommen, datt ëmmer méi Leit an de Chômage partiel kommen, datt ëmmer méi Leit manner verdéngen, datt mir mengen ëmmer méi Leit, déi manner verdéngen, géife grad esou vill consomméieren, wéi wa se nach méi géife verdéngen? Oder ass d’lëtzebuergesch Äntwert déi Offerte vun der Regierung: Mir hëllefen dem Mëttelstand, mir hëllefen dem Handwierk, mir hëllefen dem Commerce, datt se hir Aktivitéiten op deem selwechten Niveau op d’mannst kënnen halen. Mir hätte gären, datt se Leit net géifen entloossen, a wann et net anescht geet, hätte mir gären, datt anerer déi virukommen, well de Staat hëlleft, déi Leit déi keng Aarbecht hunn, astellt, andeem se 15% Bruttolounbedeelegung vum Staat kréien.

Ass dat net eng Offerte fir d’national Communautéit, fir hei net anzebriechen? Ass et net noutwenneg a Momenter wou et méi schwiereg ass, ze soen, déi eng mussen e bësse verzichten, fir datt mir alleguer eng Aarbecht hunn, an déi, déi eng Aarbecht wëllen, mussen, well mir de Betriber Sue bäiginn, gehollef kréien eng Aarbecht ze kréien?

Oder soe mir, ech sinn ee fir mech, mech interesséiert net dat wat ronderëm mech geschitt, mir ass alles egal wat mam Land geschitt, mir ass et egal, ob aner Leit eng Aarbecht hunn?

Oder ass net de Moment komm, well mir jo vu Solidaritéit ëmmer gäre schwätzen Nationalfeierdag an op aneren Deeg, ass et net vläicht de Moment komm fir praktizéiert, a praktizéierend d’Solidaritéit vun deenen enge par rapport zu deenen aneren, ze üben? Ech mege schonn, datt dee Moment komm wier.

Mir setzen d’Steieren erof. Do kann ee laang driwwer streiden, ob dat eng Steierentlaaschtung ass, oder eng Steierupassung ass.

Wësst Dir, wann déi Däitsch - ech weess net inwéifern datt dir dat parteipolitescht Liewen do verfollegt an den Nopeschlänner, ech menge schonn e bësse wann ech eenzel Bicher liesen, schénge mir jo do Influenzen an der Terminologie ze sinn - wann déi Däitsch géifen haut, wat se net maachen, d’Steieren tëscht 9% an 11,5% erof setzen, da géif jo ee germaneschen Uff duerch Europa goen, a soen, enfin huet eng Regierung bekäppt wourëms et geet.

Wann aner Regierungen dat an Europa géife maachen, da géif dee germaneschen zu engem kontinentalen Uff ginn.

Ech presidéieren den Eurogrupp ëmmer manner gären, mä et muss ee villes presidéiere wat ee fréier léiwer hat wéi haut. All Regierunge sinn eigentlech dogéint Steiererliichterungen ze maachen. Mir haten eng grouss Péng, den Här Krecké an ech am Eurogrupp de leschte Méindeg den Owend, well mir Steiererliichterungen zu Lëtzebuerg maachen. Déi soen, fir wat, anstatt Steiererliichterungen ze maachen, fir wat verzicht dir net do drop, an dir maacht esou vill Investissementsausgabe méi, wat jo méi streckenführend ass an Zukunft. Dunn hu mir gesot, mir wieren der Meenung, datt ee d’Kafkraaft misst stäerken.

Mir haten am Mee heibannen ugekënnegt, dat wier 6%. Mir hunn elo 9% Tarifadaptatioun ugekënnegt, an 11,5% Gesamtsteierofsenkung. Dat ass ee beträchtleche Montant dee mir Steierofsenkung maachen, ob dat elo Steiererliichterung heescht, oder Steierupassung, dat ass mir relativ egal, an de Leit iwwergens och. Dat sinn där Millioune vill. Dat sinn e puer honnert Millioune méi Kafkraaft fir d’Leit déi hei zu Lëtzebuerg wunnen, a fir d’Leit déi hei zu Lëtzebuerg schaffen. Mir hu se cibléiert gemaach.

Et gëtt ëmmer vun der Politik verlaangt, besonnesch wann et em d’Sozialpolitik geet, méi selektiv ze sinn, ech fannen, datt, wann et em d’Steierpolitik geet, wat fir mech ee sozialen Ëmverdeelungsprozess ass, dat ass den Objet vun der Steierpolitik, dee muss och selektiv gemaach ginn.

Mir verwandelen Arbeitnehmerfreibetrag an ee Nettosteierkreditt, 300 Euro d’Joer fir jiddwereen, déi komme bei déi 922,5 Euro, déi elo monatlech ausbezuelt ginn, wat och wichteg ass, vum Kannerbonus, dobäi. Dat mécht iwwer 1.200 Euro fir e Mindestlounbezéier deen ee Kand huet.

Wa mir nëmme Steierpolitik maachen, wa mir der Steierpolitik kee sozialen Akzent ginn, hunn déi Leit dovun, vun alle Steiererliichterungen, guer näischt. Mat der Politik vun dëser Regierung, a vun dëser Koalitioun kritt ee Mindestlounbezéier am Joer 2009, 1.200 Euro méi duerch sozial- a steierpolitesch Interventiounen. Dobäi kënnt nach, datt de Mindestloun am Joer 2009 erhéicht gëtt, wat och ee ganz beträchtleche Montant a sengem Gesamtimpakt wäert ausmaachen, grad wéi d’Aféierung vun engem Rentnersteierkredit, dee 35 Millioune kascht, dee vun de Mindestlounbezéier kascht 55 Milliounen Euro.

All Mindestlounbezéier, all kleng Rentner kréien duerch d’Kombinatioun vun der Mindestlounerhéijung 2%, a vun dem Ajustement vun de Renten a Pensiounen 2% plus dobäi duerch d’Steier- a Sozialpolitik, a mir stäerken domat d’Kafkraaft vun deenen Deeler vun eiser Bevëlkerung, déi méi een ausgeprägtene Konsumhang hunn, wéi déi , deenen et besser geet, wéi deenen déi näischt hunn, quitte datt se sech onendlech méi bekloen, wéi déi déi näischt hunn, a leider Gottes heiansdo vill ze vill Gehéier fannen.

Wa mir also selwer keen hausgemaachte Wuesstem kënne produzéieren, wat ass dann d’Aufgab vum Budget an vun der staatlecher Politik? Ma déi besteet doranner fir an eisem internationale Kontakt, den Eurogrupp ass do vu grousser Hëllef, fir eng europäesch Relance ze suergen, déi zum Gudden ass vun eisem Land.

Mir exportéieren 179% vun eisem Bruttoinlandprodukt, mir importéieren 140% vun eisem Bruttoinlandprodukt, mir exportéieren vun all deem wat mir produzéieren 86% an d’Eurozone. Et muss also d’Aufgab si vu lëtzebuerger Politik Euroinfluenz ze hunn, fir datt do d’Saachen erëm an d’Gäng, an an d’Spuer kommen. Dat maache mir.

An heiheem kann eis Aufgab nëmmen doranner bestoen, fir Investissementer ze maachen op engem staarken Niveau, déi eis et erlaben, besser duerchstarten ze kënnen, wann d’Kris eriwwer ass.

Duefir och nei Investissementer am Breetbandberäich, an am IT an am E Beräich, fir déi de Minister Schiltz zoustänneg ass.

Duefir nei Investissementer am Beräich vun der Ëmwelt, fir déi de Kolleg Lux zoustänneg ass. Ëmwelt déi an der Rei ass, ass ee Standuertvirdeel vun deenen nächsten 20 Joer. Eng Ëmwelt déi net an der Rei ass, ass e Standuertnodeel an deenen nächsten 20 Joer.

Dohier eist Beméie fir d’Recherche-Krediter, zoustänneg den Här Biltgen, an d’Madame Modert, massiv an d’Luucht ze setzen.

Dohier eist Beméie fir d’Krediter fir d’Universitéit massiv an d’Luucht ze setzen.

Dohier eis Beméiung, d’Madame Jacobs ass en charge dovunner, fir d’Kannerbetreiung staark auszebauen, dat ass jo an dëser Legislaturperiod am duebele Rhythmus geschitt, wéi an der leschter Legislaturperiode an déi Kannerbetreiung méi bëlleg fir jiddwereen ze maachen.

Alles dat zesumme weist, datt mir zukunftsorientéiert Wuesstemspolitik maachen. Woubäi ee sech zu Lëtzebuerg, ech widderhuele mech, d’Illusioun net dierf maachen, mir kënnten hei eegestänneg, hausgemaachte Wuesstemspolitik maachen.

Mir kënnen de Leit hëllefen, datt déi Wirtschaftskris an där mir sinn, hir individuell Liewensverhältnisser net op d’Kopp gehäit, mir kënnen duefir suergen, datt hir Kafkraaft erhale bleift. Wann d’Leit gutt inspiréiert wieren, géife si och duefir suergen, datt hir Kafkraaft zu Lëtzebuerg sech ënner Form vun Ausgabe weist, an net ënner Form vun Ausgaben op anere Plazen an der Groussregioun, an Europa.

Mir hunn dee Budget realistescherweis esou gemaach, datt mir d’Akommessteier, d’Taxe d’abonnement, an d’Lounsteier no ënne revidéiert hunn, par rapport zu de Recettestänn vum Joer 2008.

Mir hätte gären, datt déi staatlech Investissementspolitik, déi mir no uewe revidéieren, och vun de Gemenge matgemaach gëtt. D’Gemenge solle wëssen, datt d’Joer 2009 ee Joer ass, wou se méi Defizit kënne maachen, wéi se dat normalerweis gewinnt sinn, ënner Berücksichtigung vun all deene Defizitausweisrechnungen déi d’Gemengen ëmmer musse maachen.

D’Investissementspolitik déi muss ugekuerbelt ginn, wéinst der Augmentatioun vun den Zukunftschancen, ass net nëmmen eng staatlech Aufgab, et ass och eng kommunal Aufgab. De Minister wäert dat an den nächsten Deeg duerch eng diesbezüglech Circulaire ganz däitlech maachen. Ech resuméieren dat.

Mir kënnen d’Weltwirtschaftskris net annuléieren. Mir kënnen d’Eurowirtschaftskris net an hiert Géigendeel verkéieren. Mir kënnen duefir suergen, mir mussen duefir suergen, mir hunn duefir ze suergen, datt d’Répercussiounë vun der Wirtschaftskris op déi individuell Liewensverhältnisser vun de Lëtzebuerger keng negativ Konsequenze produzéieren, nämlech doduerch, datt mir hir Kafkraaft erhalen, nämlech doduerch, datt mir d’Solidaritéitsinstrumenter verbreeden a verstäerken, nämlech doduerch, datt mir deene klenge Betriber zu Lëtzebuerg supplementar Opträg doduerch verschafen, datt d’staatlech Investissements- an Interventiounspolitik méi däitlech cibléiert gëtt op déi kleng Betriber.

Mä net nëmmen op déi, well mir och am Beräich vum Déifbau a vum héijen, vum extrem héijen Héichbau och wëllen alleguer déi Projeten déi mir fir déi nächst Joere programméiert hunn, op d’Joeren 2009 an 2010 virzéien, souzwar, datt d’Investissementer déi mir am Joer 2009 maachen, wahrscheinlech tëscht 50 an 100 Milliounen Euro méi héich leien, wéi déi Investissementer déi mir am Budget vun der Administration publique ausweisen.

De Budget vun der Administration centrale verännert sech doduerch net, well mir brauche keng Dotatiounen an d’Luucht ze setzen. Mä vue datt laut Maastricht Theorie, déi effektiv getätegt Dépense gekuckt ginn, vergréissere mir eisen Defizit selbstverständlech em deementspriechend Montanten. Dat muss ee kënnen akzeptéieren.

Fir wat hu mir dee Budget fir d’Joer 2009, dee Projet de budget net geännert? Well ech spiere jo déi Kritik a ville Milieuen. Fir d’éischt seet jiddwereen, très bien, Investissementer ganz gutt, Steiererliichterunge ganz gutt, Ausbau vun de Solidaritéitsinstrumenter ganz gutt, Ofsécherung vun den Aktivitéiten an der Économie, an dann no dräi Woche seet jiddwereen ass dee Budget do nach richteg.

Ech soen Iech hei, dee Budget ass net méi ganz richteg, well d’Prévisioune fir d’Wirtschaftswuesstem zënter dem September 2008, dat war gëschter Owend, 9 mol geännert huet. Well d’europäesch Kommissioun den 19. Januar nei Prévisiounen, Wuesstemsprevisioune fir d’Eurozon a fir Lëtzebuerg wäert maachen, déi net esou sinn, datt Lëtzebuerg 1,2% wäert wuessen, mä déi éischter bei deene Previsioune vun der OECD tëschent 0,5% an, -0,5% a + 0,5% wäert leien.

Wat ass dann d’Äntwert vun der Politik do drop? Mir mussen dat jo seriéis diskutéieren heibannen. Solle mir d’Steieren net erofsetzen? Qu’on me le dise! Ech géif et entretemps falsch fannen, fir se net erofzesetzen, mä ech stelle just fest, keen anert Land setzt se erof.

Solle mir d’Investissementer kierzen? Solle mir dee Supplément vun Investissementer déi mir virzéien, net virzéien, mä einfach an de Joeren 2011, 2012 loossen, oder ass et net méi gescheit se virzezéien, se elo ze maachen, well eis Betriber keng Aarbecht hunn, a se dann an de Joeren 2012 am 2013 net méi an deem Emfang ze hunn, an domat also am Budget ze wannen, obschonn dann eis wäert gesot ginn, datt mir elo d’Investissementer, falls mir nach dobäi wieren, dat ass jo och nach net ganz sécher, erëm géifen erof setzen?

Solle mir elo higoen, an de Mindestloun net erhéijen? Well dat huet och Répercussiounen op de Budget. Vill Budgetsartikelen hänken um Mindestloun.

Solle mir de Renten- an de Pensiounsajustement net maachen? Villes am Budget hänkt do drun.

Solle mir keen Accord salarial, mir hunn een ofgeschloss, an der Fonction publique +1,5% duerchzéien?

Solle mir de Schoulmeeschteren, déi méi musse schaffen, hire Complément ënnert Form vu Pei net ginn?

Solle mir, an dat ass een essentielle Punkt, déi automatesch Stabilisateuren net spille loossen. Mir sinn eis an der Eurozon eens, all Staaten, déi Haushaltsmargen hunn, a Lëtzebuerg huet der, op Grond vun den Tripartitedécisioune vun de Gesetzer déi deelweis esouguer eestëmmeg heibanne gestëmmt gi sinn, op Grond vun der virsiichteger Budgets- a Finanzpolitik. Solle mir déi elo net ausnotzen?

Solle mir spueren an d’Kris eran, oder solle mir an d’Kris eran investéieren, fir eis Startméiglechkeeten ze verbesseren, fir deen Dag, wou d’Kris eriwwer ass?

Solle mir d’Solidaritéitswierk an d’Solidaritéitsinstrumenter um Knéi zerbriechen, anstatt se viru wierken ze loossen? Mir sinn eis eens, datt d’automatesch Stabilisateure spillen. Kee Mënsch zu Lëtzebuerg weess, mengen ech, wat automatesch Stabilisateure sinn. Wat ass dat?

Dat ass akzeptéieren - an dat kann ee wann een Haushaltsmargen huet, net am Staatshaushalt, mä an de Gesamtfinanzen déi mir zu Lëtzebuerg hun - dass, wann d’Steieren zeréckgi wéinst der Konjunktur, d’Ausgaben normal lafen ze loossen, anstatt d’Ausgaben ze kierzen, an domat weider konjunkturabriechend Effekter an der Gesamtpolitik ze provozéieren. Ech ginn Iech e Beispill.

Mir hu jo enorm vill Leit elo am Chômage partiel. Ech fannen, datt dat iwweregens wéineg Opreegung zu Lëtzebuerg provozéiert, datt mir elo 4000 Leit hunn, déi all Mount 20% manner verdéngen. Déi meescht schaffen hei, a wunnen net hei, duefir ass dat e bësse méi mitigéiert. Déi kleng Fortis-Aktionäre suerge fir méi Opreegung, wéi déi 4000 Aarbechter déi 20% manner Pei hunn.

De Chômage partiel gëtt bezuelt vum Fonds pour l’emploi. De Fonds pour l’emploi gëtt dotéiert mat dem Impôt de solidarité, mat dem Produkt vum Impôt de solidarité. Esou kloer wéi d’Amen am Gebied, wa mir manner Aarbechtsplaze schafen d’nächst Joer wéi dëst Joer, kënnt manner Impôt de solidarité eran. An d’Ausgaben vum Fonds de l’emploi, notamment wat de Chômage partiel ubelaangt, ginn exponentiel an d’Luucht, vun enger op 50 Milliounen Euro, wahrscheinlech.

Automatesch Stabilisateuren: Ech akzeptéieren datt d’Steieren zeréck ginn, ech akzeptéieren datt d’Dépensen an d’Luucht ginn, an ech kierzen d’Dépensen net, well ech soss grousse Schued am Wirtschafts- an am Sozialgefüge erbäiféieren, a domat eigentlech wuesstemsbriechend sinn.

Wann een dat akzeptéiert, wann een akzeptéiert, datt déi sozial Solidaritéitsinstrumenter méi deier ginn, well d’wirtschaftspolitesch Effizienz ofhëlt, muss een akzeptéieren, datt ee kann am Joer 2009 en Defizit kréien, obscho mir elo mengen, laut den Donnéeë vun der Kommissioun, an eisen eegenen, datt mir géifen en Excédant realiséieren, wat ech entretemps selbstverständlech net méi gleewen, well ech mengen, datt mir am Joer 2009 een Defizit hunn.

Wa mir déi automatesch Stabilisateuren awer net spille loossen, kierze mir d’Entschiedegung vum Chômage partiel, kierze mir d’Indemniséierung vun der Aarbechtslosegkeet, kierze mir eng Rei vu sozialen Transferten, kierze mir domat also och d’Kafkraaft vu Leit, déi souwisou schonn ofgeholl huet, doduerch datt se net méi hir voll Pei hunn, well se net méi kënne voll schaffen, ergo geet alles a leschter Instanz ëmmer erëm em déi essentiell Motioun vun der sozialer Solidaritéit an enger Gesellschaft. D’Regierung steet dozou.

Méi Investissementer, méi Investissementer fir besser duerchstarten ze kënnen, wa mir erëm an d’Fassong kommen, Steiererliichterungen fir d’Kafkraaft op d’mannst ze stabiliséieren, wann net esouguer ze vergréisseren, si ass an deene leschte puer Joer geklommen, entgéint deem wat anerer soen.

Duefir suergen, datt déi Steierzueler, déi keng Steierzueler si well se net genuch verdéngen, gläichzäiteg déi selwecht Steieravantagen an Nettoform kréie wéi déi, déi méi verdéngen.

Nu gëtt gesot, Budget rectifié. Ech mengen net, datt dat eng gutt Iddi wier. Ech mengen, datt d’Parlament awer ee Recht drop huet am Laf vum Joer 2009 Zuelen ze kréien, déi verifiabel sinn, soufern se kënne verifiabel si bis zu deem Moment.

An duefir meng Propositioun: Mir musse bis un d’Enn vum Joer, Mëtt Januar, een Addendum zum Stabilitéitsprogramm virleeën, dat ass nei, dat hu mir dës Woch an der Eurogrupp décidéiert. D’Kommissioun begutacht deen, mécht den 19. Januar nei Previsiounen iwwer d’Wirtschaftswuesstem zu Lëtzebuerg, a mécht am Mäerz Recommandatioune fir Lëtzebuerg, wat déi zukënfteg Féierung vun de Staatsfinanzen ubelaangt.

Ass et net méi sënnvoll, anstatt ee legislative Prozess a Gang ze setzen, dee kee Resultat ka produzéiere - well mir mussen en Enn Januar a Gang setzen - iwwer d’Zuelen ze diskutéieren, an iwwer d’Reaktioun vun der Kommissioun, a vun den europäesche Finanzminsteren, op déi Zuelen hei am Mäerz, Abrëll ze diskutéieren, well ech der Debatt net wëll aus de Féiss goen. De Budget gëtt mat Sécherheet net esou ofgeschloss wéi en elo gestëmmt gëtt, well mir d’automatesch Stabilisateure spille loossen, a well mir d’Investissementer no vir zéien, datt mir dat dann diskutéieren hei am Mäerz, Abrëll. Dat musse mir dann zesumme kucken.

Ech sinn insgesamt der Meenung, datt d’Regierung, wann d’Parlament deem zoustëmmt, hei e groussen, honnerte Millioune Programm zur Verfügung stellt, fir méi Investissementer, fir Steiererliichterungen, déi d’Kafkraaft stabiliséieren, respektiv stäerken, fir déi absolut Stäerkung vun der Kafkraaft vun deenen akommesschwaache Kategorië vun der Bevëlkerung, fir eng Verbëllegung vum Logement, well mir do op 20 Millioune Steiereinnahme verzichten, fir eng Verbesserung vun der Kompetitivitéit vun eise Betriber, well mir d’Kierperschaftssteier erof setzen, well mir d’Dividendebesteierung erof setzen, well mir duerch d’Erhéijung vum Mindestloun, déi mécht 38 Milliounen Euro aus, an d’Erhéijung vun de Renten a Pensiounen, dat mécht 51,7 Milliounen Euro aus, ee Gesamtpak, deen ech hei net wëll chiffréieren, well ech Zuele wéineg Charme kann ofgewannen, op den Dësch leeën, deen eng Interventioun staatlecher Natur, an d’Wirtschafts- an d’Sozialgeschéie produzéiert am Endresultat, déi däitlech iwwer 2% vum Bruttoinlandprodukt läit, déi sozialen Zouschnëtt huet, déi responsabelen Zouschnëtt huet, well se wirtschaftspolitesche Considératiounen ënnerworf ass, déi eigentlech der sozialer Marktwirtschaft erëm hiert Recht erëm gëtt, an dem politesch, normative Prozess d’Prioritéit erëm gëtt, während d’Nout vun der Zäit jo war, fir der Politik d’Recht ofzespriechen, nach an der Wirtschaft, an am Sozialgefüge kënnen ze intervenéieren.

Ech sinn, Här President, Dir Dammen an Dir Hären, fundamental dovun iwwerzeegt,

  1. datt mir d’Wirtschaftskris an der Welt, an an Europa net kënne behiewen,
  2. datt mir eis Influenz an Europa musse geltend maachen, fir dozou bäizedroen, datt d’Wirtschaftsgefüge erëm zolit gëtt, an datt d’Wirtschaftsdynamik erëm zouhëlt.
  3. fir duefir ze suergen, datt d’Konsequenze vun der Wirtschaftskris an Europa, vun der Rezessioun déi op Lëtzebuerg zoukënnt d’individuell Liewensverhältnisser vun de Lëtzebuerger net negativ beaflossen, a fir
  4. derfir ze suergen, datt dës Kris, och heiheem, als eng Chance begraff gëtt, fir eis Startméiglechkeeten den Dag vun der Reprise wiesentlech ze verbesseren, fir eist Wuesstemspotenzial ze augmentéieren, fir d’Chance vun eisem Land méi grouss ze maachen.

Dës Kris, Här President, déi wäerft eis zeréck. Et ass d’Aufgab vun der Regierung, och vum Parlament, a vun all deenen aneren, déi hei am Land wëlle matschwätzen, duefir ze suergen, datt och wann déi Kris eis zeréckwäerft, datt déi Kris eis net ëmwäerft.

Ech soen Iech Merci.

Dernière mise à jour