Luc Frieden, Transcription du discours à l'occasion du vote à la Chambre des députés sur le projet de révision de l'article 34 de la Constitution

Wann een d’Kompetenze vum Staatschef betruecht, a wann een dorunner Ännerunge mécht, dann huet dat ëmmer eppes Historesches u sech.

Et ass Usus, datt bei Verfassungsännerungen d’Chamber d’Initiativ hëlt. Well et sech awer hei ëm de Staatschef gehandelt huet, a well mir als Éischt mat enger Problematik confrontéiert gi sinn, huet d’Regierung hei exceptionell, no Gespréicher mat der Chamber, d’Initiativ geholl, fir eng Revisioun vum Artikel 34, deen de Mëtteg hei diskutéiert ginn ass, ze diskutéieren.

Fir d’Regierung ass déi Propositioun déi mir gemaach hunn, an déi Debatt déi an deene leschten Deeg gefouert ginn ass, keng fir oder géint de Grand-Duc. An et dierf och keng Debatt sinn, an eisen Aen, fir oder géint de Grand-Duc. Et ass och keng Debatt, an den Ae vun der Regierung, fir oder géint d’Euthanasie an déi domat zesummenhänkend Froen.

D’Regierung ass a bleift kloer fir d’konstitutionell Monarchie, d’Regierung steet loyal zum Grand-Duc Henri, an d’Regierung respektéiert d’Meenung déi de Staatschef an enger präziser Fro, esou wéi an alle Froen huet, well se mengt, datt jiddwerengem seng Meenung am Land, besonnesch wann et ëm ganz fundamental ethesch Froe geet, soll respektéiert ginn, an datt een an engem Geescht vu Respekt an Toleranz all déi Froen do soll klären.

Déi Ännerung, déi d’Regierung proposéiert huet, an déi och de Mëtteg hei breet Zoustëmmung am Parlament fonnt huet, ass jo eng wou mir eis eens sinn, datt mir en Text an der Verfassung klarifiéieren, an domat der Verfassungspraxis vun eisem Land, Rechnung droen.

Ech wëll hei ënnersträichen, datt déi Verfassungspraxis duerch déi Debatten an der leschter Woch net a Fro gestallt ginn ass, an deem Sënn, datt jo och drop higewise ginn ass, datt déi Proposition de loi iwwer d’Euthanasie jo nach net zur Ofstëmmung komm ass.

Et war also d’Suerg vun der Regierung, enger Rei vu Bedenken am Virfeld Rechnung ze droen, fir ebe just eng institutionell Kris ze verhënneren, an déi mir eventuell hätten a verschiddene Szenarioë kënne kommen. Déi sinn net agetrueden, well déi Fro, déi sech stellt, ob dat Gesetz gestëmmt gëtt, a wat duerno geschitt, jo nëmmen eng ass déi an der Theorie vun dem Staatschef, vun der Regierung a vum Parlament, evoquéiert ginn ass.

Eng Rei Wierker hunn de Mëtteg hei op e ganz wichtegen Artikel vun eiser Verfassung higewisen. Den Artikel 33, deen ech virun 10 Joer als Deputéierten an als President vun der Verfassungskommissioun d’Éier hat, hei an der Chamber ze redigéieren a virzedroen. Den Artikel 33 seet, datt de Grand-Duc de Staatschef ass, e Symbol vun der Eenheet vum Staat. Dat ass fir eis, dat ass fir d’Regierung och haut e wichtege Prinzip fir datt, mengen ech, déi Verfassungsrevisioun hei gestäerkt gëtt.

Politesch verantwortlech si fir d’Texter net de Grand-Duc – deen d’Symbol vun der Eenheet vum Staat ass a muss sinn, deen iwwer de Parteie steet – mä d’Chamber an déi, déi mam Grand-Duc d’Gesetzer ënnerschreiwen, nämlech d’Regierung. De Grand-Duc huet eng Roll am Exekutiv, en huet eng Roll och am Legislativ. Dat ass eng ganz schwiereg Situatioun, well et en am Fong kéint an d’Situatioun bréngen, wou e misst seng Meenung zu enger Fro soen.

Elo si mir der Meenung, zesumme mam Grand-Duc iwweregens, datt dat hien an eng onméiglech Situatioun setzt. E muss säin Accord zum Contenu vun Texter ginn, ouni awer kënnen d’Ausdrocksfräiheet ze hunn, déi an dësem Land jiddwereen huet, mä déi hien net kann hunn, well en iwwer de Parteie muss stoen, a well déi Meenung, déi de Grand-Duc ausdréckt, ëmmer ausgedréckt gëtt duerch de Mond vun der Regierung. Déi Pouvoiren déi hien huet, och am Exekutiv, kënne sech nëmmen esou ausdrécken, a ginn nëmmen da rechtskräfteg, wa se mat vun engem Minister ënnerschriwwe ginn, deen alleng verantwortlech ass virum Parlament.

Déi Verfassungsännerung déi mir proposéieren ass also eng, déi zum Zil huet, eppes Onméigleches méiglech ze maachen. Nämlech, datt de Grand-Duc als Staatschef, deen iwwer de Parteie steet, ka seng Meenung hunn, an datt hien net brauch contraire zu där Meenung Akten ze setzen, fir déi hie sech net kann äusseren, respektiv fir déi d’Ministere mussen d’Responsabilitéit iwwerhuelen.

D’Fro déi mir eis also hu misse stellen an deene leschten Deeg war déi, wéi gi mir eens mat där Situatioun, well d’Regierung am Numm vum Staatschef schwätzt a confrontéiert mat engem Gesetz, wat d’Parlament stëmmt – zu dësem oder zu engem anere Sujet.

D’Gespréicher déi d’Regierung mam Grand-Duc féiert sinn, an dat wëll d’Verfassungspraxis esou, net ëffentlech. Dat wat de Grand-Duc senge Ministere seet, mussen déi fir sech behalen, well de Grand-Duc duerch de Mond vu senge Ministere schwätzt. Dee Prinzip ass richteg, an dee wëlle mir bäibehalen. Et ginn awer Situatiounen, an deenen ee vun deem Prinzip muss ofwäiche fir z’erkläre firwat een eng Ännerung vun der Verfassung virhëlt, wéi dat hei de Fall ass.

D’Regierung war an ass der Meenung, datt wann eng Chamber an enger parlamentarescher Demokratie e Gesetz stëmmt, datt et da weder fir d’Regierung, nach fir de Staatschef d’Méiglechkeet gëtt, esou e Gesetz net a Kraaft ze setzen. Mat anere Wierder, wann d’Chamber e Gesetz stëmmt, da muss d’Regierung dem Grand-Duc dat Gesetz zur Ënnerschrëft virleeën, si huet kee Choix. D’Regierung ass och der Meenung, datt si och kee Choix huet, wat d’Ënnerschrëft ënner dat Gesetz ubelaangt, et sief dann d’Regierung géing zrécktrieden, an da muss de Grand-Duc eng nei Regierung nennen, respektiv et kommen Neiwahlen. Mä d’Gesetz selwer bleift weider bestoen, gëtt also dann och vun enger neier Regierung dem Staatschef virgeluegt, wann et virdrun am Parlament eng Majoritéit kritt huet.

An dofir huet d’Regierung hei misse matdeelen, datt si der Meenung ass, datt wann esou e Gesetz gestëmmt gëtt, datt d’Regierung et muss ënnerschreiwen aus Respekt virun den demokratesche Regelen. Si huet versicht, zesumme mam Grand-Duc, eng Léisung ze fannen, fir datt déi Ausdrocksfräiheet, déi de Staatschef net huet, ka compatibel gemaach gi mat senger Missioun als Responsabele vum Exekutiv, zesumme mat senge Ministeren.

D’Regierung ass also der Meenung, a wëll dat och hei nach eng Kéier ausdrécklech soen, datt et kee Vetorecht ka ginn, weder fir d’Regierung nach fir de Grand-Duc, wann e Gesetz majoritär an der Chamber ofgestëmmt ginn ass.

De Grand-Duc kritt duerch dës Verfassungsännerung kee Pouvoir ewech geholl. De Grand-Duc gëtt an d’Lag gesat, fir datt hien net brauch an Zukunft seng Meenung zu engem Gesetz duerch d’Sanctioun ze soen. De Grand-Duc, zesumme mat de Ministeren an net alleng, muss och an Zukunft d’Gesetzer promulgéieren, well och an anere Länner gëtt et d’Promulgatioun. Et kann ee sech d’Fro stellen, ob déi alleng ka vun der Regierung als Responsabel vum Exekutiv gemaach ginn, oder zesumme mam Staatschef? Doriwwer kann ee sécherlech diskutéiere mä d’Promulgatioun selwer, also d’Publikatioun vum Gesetz, ass e Pouvoir dee beim Exekutiv muss ugesiddelt bleiwen.

Dës Ännerung stäerkt also de Grand-Duc als Symbol vun der Eenheet vun eisem Land, et stäerkt dat vum Vollek gewielte Parlament, et setzt kloer Regele wéi muss verfuer ginn, innerhalb vu wat fir engen Délaien, bis d’Gesetz bekannt gemaach gëtt, a vun der Regierung a vum Grand-Duc ënnerschriwwe gëtt.

Et gëtt keen Désaccord tëscht der Regierung an dem Grand-Duc iwwer déi Verfassungsännerung hei. Déi Verfassungsännerung gëtt zesumme mam Accord vum Staatschef gemaach, a gëtt vun der ganzer Regierung gedroen.

Ech wëll hei och soen, datt d’Regierung déi Aarbechte voll a ganz ënnerstëtzt, déi ënner der Leedung vum honorabelen Här Paul-Henri Meyers hei an der Chamber gemaach ginn, fir d’Verfassung un eng gewësse Verfassungspraxis unzepassen. Woubäi ech hei wëll rappeléieren, datt déi gréisste Reform an dee Punkt deen international gesinn am meeschte contestéiert gi war grad dee war, datt de Grand-Duc an der Vergaangenheet alleng de Pouvoir exécutif géing exercéieren. Mir hunn deen 1998 geännert, andeem mir gesot hunn, datt de Grand-Duc de Pouvoir exécutéiert, conform zu der Verfassung a vun de Gesetzer vum Land.

Ech wëll och hei soen, am Numm vum Grand-Duc an am Numm vun der Regierung, datt mir eis eens sinn, datt eng Rei vun Dispositiounen an der Verfassung, grad och déi iwwer d’Prérogativë vum Grand-Duc, esou sollen ugepasst ginn, datt se der Verfassungspraxis, respektiv der praktescher Applicatioun vun deenen Texter, méi conform gemaach ginn. Doriwwer gëtt et och keen Désaccord mam Grand-Duc, deen och der Meenung ass, datt eng Rei vu Bestëmmungen him am Fong eng reng formal Prérogativ ginn, déi en an der Praxis esou net kann ausüben.

D’Regierung wëll och rappeléieren, datt se schonn am Jor 2004 eng Proposition de révision vun den Artikele 76 an déi duerno kommen, iwwer d’Kompetenze vun der Regierung, proposéiert huet. D’Regierung mengt, datt et extrem wichteg wier, datt och do géing gekuckt ginn, datt notamment wat d’Kompositioun vun der Regierung, d’Formatioun vun der Regierung, d’Kompetenze vum Premierminister a vun de Membere vun der Regierung ugeet, d’Responsabilitéit vun deene selwechte géing examinéiert ginn. D’Regierung wäert sech an deenen Debatten, déi am Parlament stattfannen an deenen nächste Méint, zu deenen do Froen nach eng Kéier ganz kloer äusseren, bied also d’Chamber och nach eng Kéier zu deenen Artikelen déi d’Regierung 2004 proposéiert huet, Stellung ze huelen.

All Verfassungsännerung ass eng wichteg Verfassungsännerung. Ech mengen, datt mir haut net eist Land an eise Staatschef schwächen, datt mir d’Demokratie an de Grand-Duc als Symbol vun der Eenheet vun eisem Land stäerken. Datt mir dat an Eestëmmegkeet kënne maachen, Eestëmmegkeet tëscht dem Grand-Duc, der Regierung an allen am Parlament vertruedene Parteien, beweist vun engem gewësse Staatssënn, et beweist och vun enger gewësser Eenheet, wann et ëm wesentlech Froe geet – an déi vun der Verfassung si wesentlech Froen. Et beweist och, vun alle Parteien, en demokratescht Bekenntnis zu de Grondwäerter an zu den Institutiounen, allen Institutiounen déi mir am Land hunn.

Et gëtt eis eng Stäerkung fir déi aner Problemer, déi mir unzegoen hunn, besser kënnen ze begéinen. An deem Sënn ass d’Regierung dankbar fir déi breet Ënnerstëtzung, déi schnell Concertatioun déi mir an deene leschten Deeg konnten hunn. Mir sinn net an enger institutioneller Kris, mir hunn zesumme Problemer evitéiert, déi hätte kënnen zu enger institutioneller Kris féieren. Merci.

Dernière mise à jour