Jeannot Krecké, Discours d'ouverture de l'édition 2009 de la Foire de printemps

Altesses Royales,
Excellences,
Dir Dammen an Dir Hären,

Et ass Villes an de leschten 6 Méint geschitt an dëst ass net spurlos un eis laanscht gaang.

Lëtzebuerg steet ënnert dem Drock vun der Welt dobaussen. Eis Exportateuren leiden ënnert dem extremen Konjunkturabroch op den internationalen Märt. Eis Finanzplaatz gëtt mat falschen Uschëllegungen duerch den Dreck gezunn. Wier dat lo nëmmen aus ideologeschen Grënn, dann kéint ee jo verstänneg doriwwer schwätzen a Mëssverständnisser aus dem Wee raumen. Et ass awer wuel eischter esou, dass eis gréisste Kritiker och eis gréisste Konkurrenten sinn. D’Finanzplaatzen New York, London an och Paräis a Frankfurt hunn eis d’Finanzkriis bruecht, an elo weisen se mam Fanger op eis.

Dass et souwäit komm ass, huet zwou Ursaachen.

Déi eng, dat ass d’Zerbreckelen vum europäeschen Solidariteitsgedanken a d’Zergrimmelen vum gemeinsamen Bannemaart. Déi aner, dat ass d’Bild vun eisem Land, wéi et falsch dobaussen duergestallt gëtt. Bei mengen Reesen hunn ech misste feststellen, dass eist Land de Léit op villen Plazen guer keen Begrëff ass. A wann se dann eppes iwwer eis wëssen, da mengen se, mir wieren eng Stad an Däitschland, oder sie denken Lëtzebuerg, dat wier den Boulevard Royal an den Kierchbierg, zwou Stroossen, wou eng Bank nieft der anerer steet. Dës Regierung huet erkannt, wei wichteg d’ Promotioun vun eisem Land ass.

Zesummen mat mengem Kolleg Luc Frieden hu mer zwou verschidden, mais complémentaire Agencen gegrënnt. Luxembourg for Finance soll erklären, wat eis Finanzplaz ass, respektiv wat se net ass. Mir musse vermëttelen, dass, och wa mir elo no OECD Standarden den Informatiounsaustausch praktizéieren, mir awer wëllen d’Bankgeheimnis heiheem weider bestoe lossen. Dëst ass jo och net dat eenzegt Argument fir eis Finanzplaz, op déi Lëtzebuerg sech och weiderhinn kann stéipen.

Luxembourg for Business, déi aner Agence, hëlleft eis, méi efficace am Ausland ze erklären, dass Lëtzebuerg och en Industriestanduert ass, deen duerch déi immens héich Qualitéit vun sengen Produkter iwwerzeegt. Mir hunn extrem dynamesch an innovativ mëttelstännesch Betriber. Mir bidden Servicer un, déi queesch duerch d’ Welt gesicht an unerkannt sinn.

Luxembourg for Business funktionéiert lo séit engem Joer. Eisen Optrëtt dobaussen ass seitdem méi professionell ginn an mir vermëttelen esou och méi vun eiser Kompetenz.

Mir kennen eis keng grouss Campagnen op CNN leeschten. Mir hunn och keen direkten Zougreff op déi international Wirtschaftspress, fir eisen Standpunkt ze vertrieden. Mir mussen méi subtil schaffen an probéieren, déi Léit, déi d’Décisiounen huelen oder se beaflossen direkt, ze erreechen.

Mir hunn an deene leschte 5 Joer exzellent Kontakter opgebaut, um arabeschen Golf, a Russland, an Indien an a China. Den permanenten Kontakt a perséinlech Relatiounen sinn onverzichtbar. Dat fänkt lo un seng Friichten ze droe.

D’Auslandmissiounen musse weiderlaafen fir den Clienten ze soen, dass Lëtzebuerg esou staark an innovativ ass wéi je.

Och an Afrika gesi mir en immenst Potential. D’lëtzebuerger Betriber waren an der Vergaangenheet quasi inexistent op deenen Marchéen. Mir mussen dat änneren. Et gëtt Länner an Afrika, déi politesch stabil sinn an och lues awer sécher déi finanziell Moyenen kréien, fir hier Wirtschaft ze entwéckelen. Mir wellen do usetzen, wou eis Entwécklungshëllef ophällt, an deems mer eisen Savoir-faire exportéieren fir den Leit ze hëllefen, sech aus der renger Iwwerliewenswirtschaft raus ze entwéckelen.

Ech wollt awer och am Kontext vun den Promotiounsreesen eiser groussherzoglecher Famill besonnesch Merci soen fir déi immens wäertvoll Ënnerstëtzung, déi Sie ons a besonnesch eisen Betriber an dësem Domaine emmer erem gëtt.

Här Präsident,

All concernéiert Partien sinn sech elo endlech am kloren an eens, datt d’Foire hei um Kierchbierg soll bleiwen an dat si e neit Gebai muss kréien, well d’Gare périphérique Kierchbierg op engem Deel vum aktuellen Foire-Site gebaut gëtt.

Firun engem Joer hat ech Iech jo hei op dëser Tribune meng Bedenken matgedeelt, dat et op d’manst während der Bauzeit vun daer zukünftecher Gare fir d’Foire schwiereg dierft ginn, fir de Betrieb anstänneg viru lafen ze loossen. Och fir eng provisoresch Léisung op enger anerer Plaz war d’Regierung deemols wéi haut net favorable.

All eis Méi, en Alternativ-Site an der Stad ze fannen, deen allen Usprech gerecht get, huet näischt bruecht. Mir hunn deemno all zesummen décidéiert, d’Foire hei um Kierchbierg ze loossen.

Ech sinn grondsetzlech mat dëser Léisung zefridden well ech bleiwe bei menger Meenung, dat d’Proximitéit vun enger Zuch-, Tram- a Busgare fir d’Foire en absolute Gëwenn ass.

Am Joer 2016 soll déi nei Gare operationnel sinn. Bis 2013 bleiwen d’Sitzungen vun den EU-Ministeren hei hannenaus am Centre de conférences provisoire Kiem. Des 2 Premissen diktéiren den Tempo vum Chantier an sinn während der Iwwergangsphase d’Haaptcontrainten fir d’Foire. Dat heescht konkret, dat no der nächster Freijorsfoire am Joer 2010 de Chantier hei um Site ufänkt. Den Architekteconcours fir d’Foire an d’Gare gëtt den nächste Samschdeg ausgeschriwen.

Eraus kommen soll eng modern a fonktionnel Foiresinfrastruktur, ouni dat mer mussen mat Hannover an Düsseldorf concurréiren. Während dem Embau wäerten d’Halen 6 bis 9 provisoresch vergréissert ginn. Mir wëllen nämlech op kee Fall hunn, dat d’Haaptgeschäft vun der LUXEXPO, nämlech d’Fréijors- an d’Hieschtfoire, aus hierem Programm misst verschwannen. Duerno entsteet um nördlechen Deel vun desem Site déi nei Foire.

Dat ganzt ass, wéi Dir gesitt, en absoluten Challenge. Mee ech si frou, dat mir et schlussendlech färdeg bruecht hunn, eis eens ze ginn an um selwechte Strang ze zéien.

Mesdames, Messieurs,

Permettez-moi de citer brièvement 3 chiffres:

  • 54.000: c’est le nombre d’emplois créés entre le 1er juillet 2004 et le 1er janvier 2009 dans toutes les branches de l’économie;
  • 3%: c’est la contraction du PIB que la Commission européenne prévoit pour cette année;
  • 7%: c’est le taux de chômage prévu pour 2010. C’est le chiffre qui doit nous inquiéter le plus, car il représente 16.000 hommes et femmes à la recherche d’un emploi.

C’est pourquoi la politique économique tout entière doit être tournée vers la création de nouveaux emplois durables.

J’ai décidé d’aborder aujourd’hui 2 sujets seulement:

  • les moyens pour amortir les effets de la crise;
  • les moyens pour restructurer et réorienter notre économie au sortir de la crise.

Comment parer à cette situation difficile? Pour notre industrie exportatrice je vois 3 mesures concrètes.

D’abord, il faudra utiliser de façon judicieuse le dispositif légal en matière de chômage partiel, amendé dès janvier 2009 dans le sens d’une plus grande flexibilité, notamment en termes de périodes de référence et de couverture, pour mieux tenir compte des réalités sur le terrain.

Il s'agit pour les entreprises d'alléger le coût salarial, de leur permettre ainsi de pérenniser l'emploi et d'éviter les licenciements. Pour les salariés, il s'agit d'atténuer l'impact financier négatif des périodes d’inactivités partielles qui se traduisent par un manque-à-gagner non négligeable.

Le nouveau dispositif en matière de chômage partiel vise également à inciter les entreprises et les salariés à mettre à profit les mois de basse conjoncture et de chômage partiel par des mesures de formation. Une main-d'œuvre mieux formée et qualifiée sera un atout certain pour la période de l'après-crise et le redémarrage économique.

Au-delà des mesures en matière de chômage partiel, le Gouvernement a mis en place deux instruments de dernier rempart.

Le régime temporaire d'aide au redressement économique permet à l'Etat d'octroyer aux entreprises, jusqu'au 31 décembre 2010, une aide forfaitaire plafonnée à 500.000 EUR.

Le régime temporaire de garantie de l'Etat autorise le Gouvernement, jusqu'au 31 décembre 2010, à attacher une garantie partielle de l'Etat pour le remboursement de crédit. Outre le fait qu'ils sont limités dans le temps, les deux régimes ont en commun de s'adresser aux entreprises ayant un effet structurant ou moteur sur l'économie nationale ou régionale.

L'Etat qui, à l'instar des autres acteurs économiques, ne dispose point de ressources financières illimitées et qui est tenu de les gérer en bon père de famille, ne saurait donc être au chevet de chaque entreprise en difficultés.

Ceci pour l’industrie exportatrice.

Le soutien en faveur du commerce, de l’artisanat et de la construction, en fait notre marché domestique et celui de la Grande Région, se fait au travers du renforcement du pouvoir d’achat depuis le 1er janvier:

  • baisse d’impôt sur le revenu des particuliers de 9%;
  • augmentation du salaire minimum et des rentes et pensions;
  • introduction d’une allocation de vie chère;
  • tranche indiciaire;
  • introduction de crédits impôt;
  • subsides pour l’achat de voitures et de frigidaires plus respectueux de l’environnement;
  • subsides pour des rénovations de logement en vue d’une plus grande efficacité énergétique;
  • crédit moins cher;
  • baisse du prix des carburants;
  • chèques services et j’en passe….

Ce plan de crise est nécessaire mais non suffisant. Je pense déjà à l’après-crise et aux orientations qu’il faut dès à présent donner à la politique économique.

Nous devons évidemment continuer à diversifier notre économie avec un accent particulier sur les secteurs d'avenir que sont avec la logistique les technologies de la santé et les écotechnologies.

Le secteur de la logistique traverse une période difficile, mais nous continuons nos efforts, notamment dans la transformation du site de la WSA. Pour l’exploitation de ce site, nous venons de créer une joint-venture avec la société Sogaris dans laquelle l’Etat détient 45%.

Grâce à nos partenaires américains très renommés dans le domaine des technologies de la santé, le développement de ce secteur a fait un grand bond en avant. L’Integrated Biobank of Luxembourg est sur le point de démarrer ses activités.

Dans le domaine des écotechnologies, nous avons présenté un plan d'action de développement. Je soumettrai la semaine prochaine au Gouvernement un avant-projet de loi avec un ensemble d'incitants aux investissements dans la protection de l'environnement et dans l'utilisation rationnelle de l'énergie.

Malgré la crise économique, je me réjouis d’échos et de manifestations d’intérêts pour des projets d'investissements et d'implantations de nouvelles entreprises significatives.

Le plan sectoriel des zones d’activités économiques devra étendre à l’horizon 2020 les surfaces à hauteur de 330 ha. Cet instrument devra également faciliter et accélérer l’aménagement de nos zones d’activités, vu que les arbitrages avec d’autres plans sectoriels et notamment celui des paysages à protéger auront déjà été réalisés.

Afin d’augmenter l’attractivité et la compétitivité du site luxembourgeois, nous investissons dans nos infrastructures de fibres optiques et dans des infrastructures de stockage de données, notamment au niveau de la Poste et de Luxconnect.

Dans ce même contexte, je tiens à souligner que la plateforme de certification Luxtrust, qui est présente sur cette Foire de printemps sur le stand de la Poste, est une plus-value pour notre économie numérique et nous permet de faire des avancées considérables dans le domaine de la simplification administrative grâce à la signature électronique certifiée.

eTVA, Paperless Douanes et Accises, sont autant d’autres applications qui facilitent énormément le travail des entreprises. S’y ajoutent notamment l’informatisation du Registre de Commerce et des Sociétés et l’évolution de la plateforme interbancaire professionnelle vers la sécurité LuxTrust.

Tous les efforts de diversification, tous nos plans d’action risquent d’être vains si nous ne faisons pas évoluer l’esprit d’entreprise et la volonté d’innover.

L’expérience nous enseigne que les entreprises, qui ont développé de nouveaux produits et services innovants durant une crise, seront celles qui devanceront les autres au moment de la reprise. La qualité est la clé du succès.

L’an prochain, l’Union européenne dressera le bilan du processus de Lisbonne. Nous avons consenti d’énormes efforts pour instaurer un climat favorable pour l’économie de la connaissance. A la suite de Lisbonne, la promotion de l’innovation et de la recherche reste notre préoccupation majeure.

Une poignée de grandes entreprises continue à investir des sommes importantes dans la recherche industrielle. Il s’agira à présent de mobiliser les potentiels considérables au niveau des PME.

J’espère que la Chambre des députés votera la semaine prochaine le projet de loi que j’ai déposé il y a 2 mois et qui prévoit une refonte d’ensemble des régimes d’aide à la recherche-développement-innovation.

Ce dispositif offrira 9 régimes et aides supplémentaires et prévoit notamment le financement de jeunes entreprises innovantes. La recherche doit non seulement être financée, mais également être encadrée. Des régimes d’aides particuliers sont prévus pour le recours des PME aux services de conseil en innovation et au détachement temporaire de personnel hautement qualifié.

Cette loi permettra d’étendre sensiblement les missions de l’agence Luxinnovation. Pour son 25e anniversaire, nous saluons le travail accompli et sa présence à cette foire à l’occasion de la Semaine de l’innovation.

Enfin, la loi prévoit la création d’un "Fonds de l’innovation" qui financera en partie les différents régimes d’aide, les programmes de coopération internationale, les missions confiées à l’Luxinnovation et les centres d’accueil et d’innovation.

Un organisme, à créer, devra prendre en charge la gestion des incubateurs ou centres d’entreprises du "Technoport Schlassgoart", des "Ecostart" à Foetz et Belval ainsi que de l’infrastructure spécifique dédiée aux technologies de la santé. Il faut réorienter également l’encadrement et le financement par capital risque des start-ups.

Altesses Royales,
Mesdames, Messieurs,

Malgré la baisse actuelle, certes réjouissante, des prix des combustibles, l’utilisation rationnelle de nos ressources énergétiques restera une des préoccupations majeures de tout gouvernement.

Notre marge de manœuvre est étroite, mais elle doit être pleinement épuisée. J’en appelle à pousser le développement des technologies d’efficacité énergétique. En outre, il s’agira de faire le plein en énergies renouvelables. Pour tout cela, nous avons besoin de l’engagement renforcé des citoyens et des entreprises.

A côté des effets bénéfiques sur l’environnement, l’efficacité énergétique est un atout de compétitivité à long terme.

L’énergie la moins chère est toujours celle qui n’est pas consommée. Les efforts d’économie ne doivent pas se relâcher comme ce fut le cas à partir des années 70 où ils s’étaient endormis après quelques années de baisse des prix énergétiques.

Les nouvelles dispositions législatives concernant la réorganisation des marchés d’électricité et de gaz naturel ont engendré une nouvelle dynamique auprès des acteurs dans ce domaine. Par la création d’ENOVOS, important acteur régional, nous avons considérablement renforcé notre position concurrentielle. CREOS rassemblera les réseaux et constitue une plateforme adaptée pour la coopération avec d’autres gestionnaires de réseaux. Les nouvelles sociétés ont annoncé des investissements d’environ un milliard d’euros dans la production d’énergies renouvelables et dans les infrastructures de production, de transport et de distribution.

Je tiens également à saluer les efforts de la Société Electrique de l’Our (SEO) qui est actuellement en train de développer des projets pour implanter une trentaine d’éoliennes supplémentaires sur le territoire national.

Avec le Plan national d’efficacité énergétique, nous nous sommes dotés d’un précieux instrument dont il s’agit de mettre en œuvre les mesures au plus vite. A titre d’exemple, la nouvelle réglementation en matière de performance énergétique des bâtiments d’habitation et celle en voie d’instance pour les bâtiments fonctionnels créeront des activités supplémentaires au niveau des métiers de la construction assorties d’une forte création d’emploi.

Le livre blanc sur la stratégie énergétique présenté en mars donne un très bon aperçu sur la situation actuelle au Luxembourg et permettra d’initier, je l’espère, un débat public.

Altesses Royales,
Dir Dammen an Dir Hären,

Um Unfank vun der aktueller Kriis huet jidferee gemengt, jhust déi aner wären betraff.

D’Industrie huet gemengt, et wär e Problem vun de Banken; d’Europäer hu gemengt, et wier e Problem vun den Amerikaner, an déi Räich hunn geduecht, et géif jhust déi Aarm betreffen.

An och un Scholdzouweisungen huet et net gefeelt. Esou hunn d’Bierger insgesamt behaapt, et wier alles d’Schold vun egoisteschen Manager.

Ech hunn awer am meeschten Problèmer ze akzeptéieren, dass déi, déi emmer vum schlanken Staat geschwuat hunn, elo monneiren, dat déi aktuell Interventioune a Milliardenhéicht vum Staat net duer ginn. An déi selwescht, déi och fir eng komplett Dereguléierung a Liberaliséierung vum Maart agetratt sinn, bedaueren elo nodreichlech, dat an der Vergangheet net genuch Regelen opgestallt gi sinn.

De Lëtzebuerger Staat huet sech ni désengagéiert als wirtschaftlechen Akteur. De Staat war a bléift och weiderhin e wichtegen Akteur, sief dat am Transport-, Kommunikatiouns- oder Energie- oder Bankesecteur. Hei kënne mir och an Zukunft vill Positives bewierken, wat zu engem neie Wuesstum an dësem Land bäidréit. Well nëmmen duerch Wuesstum schaafe mer Aarbeschtsplazen, déi Steiergelder a Sozialbeiträg generéieren, mat deenen eisen héijen soziale Standard kann garantéiert ginn.

Dës Finanz- a Wirtschaftskriis dierf ënner kengen Ëmstänn zu enger Sozialkriis féiren. Et dierf net geschéien, dass eis Gesellschaft enger Spaltung entgéint geet

  • tëscht Aarm a Räich,
  • tëscht Léit, déi Aarbescht hunn a Léit, déi keng Aarbescht hunn,
  • tëscht Léit, déi eng sëcher Aarbeschtsplaz hunn an deenen, déi net wëssen, wéi et mat hierer Aarbeschtsplaz weider geet.

Et dierf schon guer net zu engem Konflikt tëscht Lëtzebuerger a Grenzgänger kommen, an et soll een net nach Ueleg an d’Féier schedden.

All zesummen musse mir dru schaffen, dësem Land eng gutt Zukunft ze ermeiglechen. Och wann et net einfach waert ginn: mir mussen onbedengt erëm Vertraue schaafen.

Loossen mer net zevill lamentéiren, a kommt mir kucken, wat a leschter Zäit héi geschitt ass.

D’SEO waert zousetzlech zu deene 150 Mio € an enger 11. Maschinn nach 90 Mio € an erneierbar Energien a 50 Mio € an d’Moderniséierung vum Wierk stiechen.

Déi nei Energiegesellschaft waert an den nächste 5 Joer ronn 200 Mio € an den Ausbau an d’Verbesserung vun den Netzer an der Technik investéieren.

Kronospan, Kühne Nagel, Tarkett an anerer welle méi Business op Lëtzebuerg brengen.

Real Networks, besser bekannt duerch de Real Player, zentraliséiert Aktiviteiten hei am Land, an Huawei waert nei Technologien am Bereich vun der Glasfaser a vun der Secherheet fir Datenzentren aféieren.

Investissementer bei

  • Delphi 123 Mio,
  • Procap 26 Mio,
  • Luxpet 29 Mio,
  • Panelux 10 Mio,
  • Tontarelli 10 Mio,
  • Raval 6 Mio,
  • TMS 6 Mio,

dat nëmmen als e puer Zuelen a Fakten aus deene leschte Méint.

Altesses Royales,
Dir Dammen an Dir Hären,

Ech hunn versicht Wéer opgezeechnen, wéi mer d’Auswierkungen vun dëser Kriis kennen offiederen, an wat mer mussen maachen, fir dat eis Wirtschaft no der Kriis méi performant an méi innovativ do steet.

Den Tempo mat deem mer déi Weer mussen goen muss méi héich ginn, mir mussen méi séier réagéiren; d’Zäiten vum 3. Gang sinn eriwwer, mir mussen an den 5. Gang schalten.

Ech soen Iech Merci.

Dernière mise à jour