Déclaration du gouvernement sur la situation économique, sociale et financière du pays 2011 (version originale luxembourgeoise)

Le 6 avril 2011, le Premier ministre Jean-Claude Juncker a présenté à la Chambre des députés la déclaration du gouvernement sur la politique économique, sociale et financière 2011 (discours sur l'état de la nation).

- Seul le discours prononcé fait foi -

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Fir d'Welt richteg ze verstoe muss ee se richteg kucken. A fir se richteg ze gesi muss ee se laang kucken. Et däerf een net bei den éischten Impressioune stoe bleiwen, well déi sinn dacks falsch, op d'mannst awer onkomplett, virleefeg, provisoresch, net ganz fäerdeg. Dat ass wouer fir déi grouss Welt dobaussen, dat ass och wouer fir eis kleng lëtzebuerger Welt.

Wann een eis kleng lëtzebuerger Welt vu bausse kuckt, besonnesch wann ee se mat den Ae vun deenen anere kuckt, da schéngt bal alles an der Rei ze sinn. Mee wa mer eis selwer méi no op de Pelz réckelen, wa mer hannert déi schéi Fassad kucken déi mer no bausse weisen, da gesi mer datt hannert eisen Aussemaueren esou muenches net an der Rei ass. Da gesi mer datt mer net perfekt sinn. Da gesi mer datt mer Problemer hunn iwwer déi mer wuel heiandsdo schwätzen, déi mer awer net – jiddefalls mir net alleguer – mat deem néidegen Nodrock an där gebuedener Ausdauer thematiséieren.

Sujets sociaux

Ech nennen Iech emol – ouni se ze hierachiséieren – e puer vun esou Problemer déi eis missten ënner de Fangerneel brennen.

  • Deene meeschte Kanner zu Lëtzebuerg geet et gutt. Hir Elteren, hir Famill, hiren Entourage bekëmmere sech ëm si, si maachen dat mat vill Léift a mat vill Engagement. Mee dat ass net déi ganz Realitéit. Et gëtt och Kanner déi Defizienzen, Schwieregkeeten an Désavantage presentéieren déi net vun de Famillen – déi dacks dekomposéiert sinn – an déi net vun eisem Schoulsystem kënnen opgefaang an ausgeglach ginn. Dës objektiv benodeelegt Kanner scheiteren an der Schoul déi se ouni Qualifikatioun verloossen an hiren Décrochage an der Schoul féiert um direkte Wee an de Verloscht vu Liewenschancen. Dës Kanner, dës ofgehaange Kanner, kréien de Peloton vun hirer respektiver Generatioun ni méi erëm, net wa se kleng sinn, och net wa se grouss sinn. Et geet net duer dës Kanner eréischt vum Moment vun hirem offensichtlechen Décrochage un ze begleeden, dann ass et schon dacks ze spéit. D'Problemer vun dëse Kanner musse fréi, bei Schoulantrëtt a scho virdrun, erkannt gi fir datt se deen néidegen Appui an deen néidege Suivi kënne kréien. Well d'Fréierkennung vu strukturelle Schwächten esou wichteg ass musse mer verstäerkt a si investéieren. Dofir musse mer déi multiprofessionnel Equippen déi an den Arrondissementer vun der Grondschoul aktiv si renforcéieren. Fir déi zwanzeg Schoularrondissementer brauche mer – Besoinë weisen dat aus – 140 Spezialisten, Enseignanten, Psychologen, Logopäden, Orthophonisten, Psychomotoriker an anerer. Mir bräichten der 140, mir hunn der awer aktuell nëmme 46.
  • Et gëtt Kanner fir déi och déi multiprofessionnel Equippen déi mer um Terrain hunn – a mer hätten der jo gär méi – keng Äntwert parat hu well si aussergewéinlech schlëmm Verhalensstéierungen opweisen, Verhalensstéierungen déi international an d'Kategorie vu sougenannten "B-Schwieregkeeten" erafalen. Dës Kanner sinn aggressiv, dacks gewalttäteg, übe Gewalt géint anerer, géint sech selwer a géint Saachen aus, sou datt si net an den normale Schoulbetrib kënnen integréiert ginn. Mir hunn zu Lëtzebuerg keng Spezialschoul fir si a musse se dowéinst auslännesche Strukturen uvertrauen. Do bleiwe se tëschent zwee Méint an dräi Joer an hunn dann esou vill Retarden op hir Kolleegen heiheem – besonnesch a punkto Sproochen – opgebaut, datt hir Reintegratioun an eis Schoul extem schwéier wann net esouguer onméiglech gëtt. All Joer kommen zirka 25 esou Kanner bäi, mir schätzen hir Zuel de Moment op 350 Kanner tëschent 4 a 16 Joer. Mir brauchen eng adäquat Spezialschoul zu Lëtzebuerg déi mer grosso modo nom Virbild vun de rheinland-pfälzesche Sonderschulen ausriichte wëllen. Mir mussen allerdéngs wëssen datt esou eng Spezialschoul ee professionnelle Begleeder op zwee Kanner verlaangt. Mee mir kënnen a mir däerfen net virufueren dës Kanner an d'Ausland ze schécke well dat ass fir si keng schlësseg Léisung.
  • Mir wëssen datt d'Zuel vun deenen Elteren zouhëllt déi erkennbar net à même sinn hir Kanner ze erzéien a si op d'Liewe virzebereeden. Iergendwéi hunn dës Kanner – och wann dat wahrscheinlech ze brutal formuléiert ass – keng richteg Elteren. Si pendele vun enger Institutioun an déi aner, si gi vum Geriicht placéiert, si ginn op iergendeng Fassong objektiv negligéiert a sech dacks selwer iwwerlooss, trotz dem groussen Asaz vun deenen déi se begleeden. Och hei gëllt et vum fréistméiglechen Alter un Hëllefstellungen unzebidden, edukativ Assistenz fir d'Elteren sécher ze stellen, och ënner ambulatoirer Form. Edukativ Assistenz heescht datt d'Kanner an der Famill bleiwe kënnen. Mee d'Famill gëtt net mat de Kanner eleng an d'Kanner och net mat der Famill eleng gelooss.
  • Jonker lafe vun doheem fort, Jonker gi forcéiert hir Famill ze verloossen a mir wëssen net ëmmer wouhinner datt se lafen. Si geroden dacks op d'falsch Bunn, liewen an oder direkt niewt der Delinquenz, kommen eleng net méi op d'Been. Fir si musse mer Strukturen opriichte wou se kuerzfristeg a fir kuerz Zäit kënnen ënnerkommen. Fir si brauche mer Strukturen a mir brauche Leit – stationär Street-Workeren zum Beispill, déi fir si do sinn. Mir däerfe si sech net selwer iwwerloosse well si ginn net eleng mat sech eens. Wuel ass d'Zuel vun deene Jonken déi all Joer d'Schoul ouni Ofschloss verloosse bekannt – 2009 waren et der 481, Gott sei Dank manner wéi an de Jore virdrun – mee mir kennen net déi absolut Zuel vun Décrocheuren, mir kennen net de kumuléierte Stock vu jonke Leit déi keen Ofschloss hunn, net op der ADEM ageschriwwe sinn a keng Aarbecht hunn. Mir wësse just datt et se gëtt, mir wëssen net wéivill datt et der sinn a mer wëssen net wou se sinn. Mir wéissten et awer gär, soss gi mer et enges Dags gewuer. Fir et ze wëssen, fir méi genau ze wësse wou déi sinn déi néierens sinn a sech iergendwéi duerchschloen, a fir eng richteg Politik vum soziale Rattrapage ze entwerfe brauche mer dringend méi Personal.
  • D'lescht Joer si 36 Leit déi keen Daach iwwer dem Kapp haten an der Strooss, niewent der Strooss dobaussen an eleng gestuerwen. 36 Leit! Mir brauchen eng national Strategie géint d'Obdachslosegkeet, variéiert Wunnofferen déi typgerecht sinn.

D'Sans-abrisen, d'Leit vun der Strooss fannen aus diverse Grënn och keng Plaz an de gängegen Alters- a Fleegestrukturen. Mir mussen esou eng Plaz fir si schafen. Och Mënschen déi anescht si wéi déi meescht hu Rechter, Mënscherechter.

Här President

Ech hunn Iech elo e puer Problemflächen opgezeechent déi no méi Initiativen, neien Aktiounen oder dem konsequenten Ausbau vum Bestehende ruffen. Ech kënnt dës Opzielung weiderféieren, vun der Selbstmord-Preventioun schwätze well d'Zuel vun deenen déi hirem Liewen en Enn setzen ass zu Lëtzebuerg ganz héich, ech kënnt Iech schwätze vum Kampf géint de Jugendalkoholismus deen besuergniserregend zouhëllt well vill jonk Leit amgaang si sech selwer ze zerstéieren. Ech kënnt Iech vun der Verstäerkung vum Asaz géint d'Mësshandlung vu Pupelcher a vu Kanner schwätzen, vum Ëmgank respektiv vum Netëmgank mat seltene Krankheeten. Mee ech wëll hei ophale just fir Iech ze soen datt mer fir déi puer Aufgaben déi ech uviséiert hu ronn 350 Leit supplementart Personal mussen astellen. Ech hu mer d'Besoinen am Detail ugekuckt. Mir brauchen 350 supplementar Mataarbechter fir eng kleng Chance ze hunn déi genannte Problemer an de Grëff ze kréien. Mee domat ass et net genuch.

Ech kënnt meng Opzielung – an engem total anere Kontext – viruféieren andeem ech Iech géng soen datt mer an alle Lycéeë d'Ganzdagsschoul op den ënneschte Klasse mussen aféieren an datt mer fir dat kënnen ze maache ronn 200 Educateurs gradués an Educateure mussen astellen. Vill Grënn plädéieren derfir datt mer dat och maachen. Ech kënnt virufueren andeem ech Iech géng soen datt mer honnerten Aarbechtsplazen an de Behënnertenatelierë brauchen an deementspriechend och méi Personal mussen astellen. Mee Personal brauche mer och fir d'Auslännerintegratioun, Auslännerintegratioun déi nach ëmmer villzevill ze wënschen iwwreg léisst.

Bref: d'Behiewen oder d'Erliichtere vun all deene genannte Problemer kascht Geld, vill Geld. Mir mussen dat Geld an d'Hand huele fir deene Mënschen eng Chance ze ginn déi duerch staatlecht Net-maachen oder Net-genuch-maachen Gefor lafe vum Liewen iwwerrannt ze ginn. Ech soen haut an hei: kommt mer léisen déi Problemer elo, elo an an den nächste Joren, kommt mer léise se zesummen, kommt mer maachen d'Eliminatioun vun dëse Schwaachstellen zu eiser Saach, zur politescher Prioritéit déi méi wichteg ass wéi dat verléifte Stuerken op eis Droits acquis, méi wichteg ass wéi déi pausenlos Bedingung vun Erwaardungen déi iwwerzu sinn. A wa mer d'politesch Prioritéiten no dësen Noutwendegkeeten ausriichten a wa mer déi Mëttelen déi mer brauchen dofir bereetstellen, musse mer op anere Plaze spuere fir datt eis Sozialrechnung opgeet. Wa mer näischt maache versalze mer eis eis Sozialrechnung.

Demandeurs d'asile

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Mir hunn, wéi gesot, heiheem grav Problemer déi wéineg Leit touchéieren an déi mer awer musse léise well hir Netbehandlung schlëmm Konsequenze fir déi Betraffen a fir d'Gesellschaft insgesamt hätt.

Mee mir hunn eis och Erausfuerderungen ze stellen déi vu baussen op eis zoukommen. Ech schwätze vun de Flüchtlingen deenen hir Zuel am leschte Joer a besonnesch an deene leschte Méint bestänneg zougeholl huet. 2007 hu 426 Leit internationale Schutz zu Lëtzebuerg gesicht, 2008 waren et der 463, 2009 waren et der 505. Hir Zuel ass 2010 op 786 ugewues an huet sech an de leschten dräi Méint vun dësem Joer op 487 belaf, op méi also wéi am ganze Joer 2008. Et kann net ausgeschloss ginn datt an den nächste Méint 50-60 nei Asylanträg d'Woch gestallt ginn.

Vun deene 487 Leit déi bis Enn Mäerz komm sinn, stamen der 313 aus Serbien. Si verloosse Serbien well d'wirtschaftlech Situatioun do desastréis an d'Aarmut héich ass. Si kënne Serbien méi liicht verloossen zanter datt et keng Visaflicht méi tëschent Serbien an der europäescher Unioun gëtt. Den Undeel vu Romaugehéieregen un de serbesche Flüchtlinge bedréit 75 Prozent.

Mir sinn der Meenung datt Serbien e séchert Land ass. Et ass e Land dat mëttel- a laangfristeg eng europäesch Perspektiv huet. Den aktuelle Flüchtlingsstroum aus Serbien no Westeuropa an domat och no Lëtzebuerg – et deet mer leed datt ech dat an esou schaarf Wierder muss paken – dee muss un d'Stoe kommen. Fir d'Regierung gëllen no wéi vir dräi Prinzipien: fir e Mënsch deen a sengem Land verfollegt gëtt ass zu Lëtzebuerg ëmmer eng Plaz, fir Mënschen déi aus anere Grënn op Lëtzebuerg kommen ass heiandsdo je no den Ëmstänn eng Plaz a fir Mënschen aus engem séchere Land ass a priori keng Plaz. Sou huet logescherweis an de leschte Méint kee serbesche Staatsbierger Asyl kritt an et ass dervun auszegoen datt och an den nächste Méint keen es kritt. Et ass an de serbesche Mënschen hirem Interêt eist Land innerhalb vun dräi Méint no hirer Arees nees ze verloossen. Si kréien 250 Euro pro Erwuessenen an 100 Euro pro Kand mat op d'Rees zréck déi se mat Gratisbusse kënnen untrieden. Déi Leit déi hiren Asylantrag no méi wéi dräi Méint, um Enn vun der Asylprozedur, ofgelehnt kréie mussen d'Land ouni Hëllefstellung verloossen.

Séier Décisiounen iwwer Asylanträg sinn essentiel. Dofir mussen déi sougenannten akzeleréiert Asylprozedure méi séier ginn, besonnesch wann den Antragsteller aus engem séchere Land kënnt. D'Applikatioun vun der akzeleréierter Asylprozedur, esou wéi d'Gesetz vum 5. Mee 2006 se a sengem Artikel 20 virgesäit, läit wéinst jurisprudentiellen Intermezzoen zanter Februar 2010 op Äis. D'Regierung huet de leschte Freideg e Gesetzprojet op den Instanzewee geschéckt deen d'Redemarréiere vun der akzeleréierter Prozedur sécherstellt. Ech bieden ëm séier Zoustëmmung zu dësem Projet.

Bleift datt d'Ënnerbrénge vun de Flüchtlingen eng komplizéiert Affär ass déi à la fois Ëmsiicht, Fangerspëtzegefill mee awer och Resolutheet verlaangt.

Dat ass fir d'éischt emol wouer beim Accueil vun de Flüchtlingen. D'Empfanksservicer an d'Logementsservicer plus d'Servicer déi d'Asyldemanden instruéiere musse kuerzfristeg personalméisseg verstäerkt ginn. Deen Effort ass amgaang gemaach ze ginn.

Dat gëllt zweetens fir den eigentlechen Hébergement. Mir brauchen dringend nei Ënnerkonftsméiglechkeeten déi a fairer Laaschtenopdeelung iwwer d'ganzt Land verdeelt musse ginn. Keng Gemeng däerf op Dauer iwwerfuerdert ginn, keng Gemeng däerf sech där gebuedener interkommunaler an nationaler Solidaritéit entzéien. Doriwwer gëtt nach dës Woch mam Syvicol geschwat. Mëttelfristeg musse mer op e puer Plazen am Land nei grouss modulabel Halen- a Containerinfrastrukture schafe fir genuch Flüchtlingen ënner Daach kënnen ze huele fir de Fall datt mer – wéi dat dës Méint schon heiandsdo de Fall war – mat regelrechte Flüchtlingswelle konfrontéiert ginn. Dës Infrastrukture mussen natierlech esou konzipéiert sinn datt se fir aner Zwecker kënne genotzt gi wann den Flüchtlingsundrang net esou grouss ass.

Dat gesot muss een nach eppes soen. De Romaen a Serbien an op anere Plazen an Europa geet et net gutt. Dat ofzestreide mécht kee Sënn. Dofir hätt ech gär datt déi Romaen déi zu Lëtzebuerg si mat Respekt a mat Gefill behandelt ginn. Et sinn onglécklech Mënschen. Mee Lëtzebuerg ass net déi Plaz op der Welt wou all hir Problemer kënne geléist ginn. Dofir fueren d'Familljeministesch an den Immigratiounsminister a Serbien fir op der Plaz, a Serbien selwer, d'Méiglechkeete ze préiwe wéi mer der Roma-Communautéit kënnen zu engem bessere Liewe bei hinnen doheem verhëllefen. D'Politik ass kloer: mir bidden de Romaen Hëllef a Serbien un, mir maachen dat an Zesummenaarbecht mat de lëtzebuerger ONG'en. D'Schicksal vun de Romaen ass eis net egal. Statt op Hëllef hei setze mer op Hëllef do.

Politique énergétique et climatique

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Mir hu Problemer heiheem déi mer no an no léise mussen, mir hunn Erausfuederungen déi vu baussen op eis zoukommen an déi heiheem Konsequenze produzéieren déi mer mussen an de Grëff kréien. Mir hunn awer och Problemer déi sech weltwäit an domat och heiheem stellen, op där hir global Bewältegung mer awer nëmmen e marginalen nationalen Afloss hunn. Ouni Zweifel ass d'Atomenergie esou ee Problem.

Den Zwëschefall zu Fukushima – esou gëtt dës Katastroph jo verharmlosend genannt – huet der Debatt ronderëm d'Nuklearenergie neien Opdriff ginn. Mir wossten ëmmer schon datt d'Nuklearenergie net risikofräi wier. Elo kann een am Hightech-Land Japan dee sougenannte Reschtrisiko moossen, moossen am richtege Sënn vum Wuert. De Reschtrisiko ass ee Risiko zevill. Dofir musse mer aus der Atomenergie erausklammen. Eng aner Optioun gëtt et net. Jo, d'Atomenergie ass eng Bréckentechnologie. Et gëtt keen hauruckartegt Erausklammen aus dem Nuklear. Mee déi Bréck an d'nuklearfräi Zukunft dierf net ze laang sinn, soss brécht se. Esoulaang wéi d'Mënschen op där Bréck ënnerwee sinn hu si en existentielt Recht drop datt d'Atomanlagen ee Sécherheetsdeckel verpasst kréien deen den Endrisiko no bei Null bréngt. All europäesch Atomkraaftwierker ginn elo engem Stresstest ënnerworf, engem Stresstest deen nëmmen da konkluant ass wann en no Modalitéiten a Regele stattfënnt déi iwwerall déiselwecht sinn a wann en zu verbindlechen europawäit gültege Sécherheetsstandarden féiert. Am Energieberäich gëtt et net Europa genuch, et gëtt net Europa genuch well d'EU-Verträg ausdrécklech virgesinn datt den nationalen Energiemix an déi exklusiv Zoustännegkeete vun de Mëmberstaate fällt. D'Energiesouveränisten hu sech mat Erfolleg dem Versuch an de Wee gestallt dës Matière ze communautariséieren. Op dësem Punkt gesäit ee gutt datt déi absolut Unhänger vun der nationaler Souverainitéit sech liicht zu hirem eegenen Nodeel vergaloppéiere kënnen. Dat ass wouer beim Stroum, dat ass och an anere Beräicher de Fall. Mee den Energiemix-Monopol deen d'Staaten hu verflicht se dozou hiren net-nuklearen Noperen nozelauschtere wann déi hir Suerge formuléieren. Sou hu mir zum Beispill e Recht drop bewisen ze kréien datt ee vollgetankte Jumbo deen op d'Atomzentral vu Cattenom fällt keng radioaktiv Katastroph ausléise kann. Gëtt dëse Beweis net geliwwert, da muss Cattenom ofgeschallt ginn. Mir si souwisou der Meenung datt et zu kenger Verlängerung vun de Lafzäite vu Cattenom däerf kommen a mir maachen der franséischer Regierung dat och däitlech.

Mir hu keen Afloss op den Energiemix vun eisen dräi Noperen mat deenen hiren Energieréseauë mir Interkonnexioune brauche fir eis Versuergungssécherheet ze garantéieren. Mee wa mer eis, zesumme mat anere Länner, fir den Atomstopp asetzen, a wa mer der Meenung sinn eng Zukunft ouni Atom wier richteg a méiglech, da musse mer zu Bréissel mat derfir suergen datt europäesch Fuerschungsgelder a Richtung alternativ Energien ëmorientéiert ginn. Da musse mer den ITER-Projet a Fro stellen. An da musse mer hei zu Lëtzebuerg de Maximum a Saachen erneierbar Energien an Energieeffizienz maachen. Eraus aus dem Atom, eraus aus der Ofhängegkeet vun de fossilen Energieträger, eran an déi nei Energien: dat mussen d'Eckwäerter vun zukünfteger europäescher respektiv lëtzebuerger Energierpolitik sinn.

Energiepolitik a Klimapolitik ginn zesummen.

Vun allen Industrielänner huet Lëtzebuerg dat ambitiéist Reduktiounszil a Saachen Dreiwhausgasemissiounen. Am Verglach mam Joer 1990 musse mir d'Emissioune bis zum Joer 2012 ëm 28 Prozent ofsenken, EU-wäit gëllt just e Reduktiounszil vun nëmmen 8 Prozent. Mir erreechen dat Zil net duerch exklusiv national Efforten. Mir géife gär, mee mir kënnen net well eis Populatioun zanter 1990 ëm 30 Prozent gewues ass, well d'Zuel vun de Frontalierë sech zanterhir vervéierfacht huet, well den nationalen an internationale Bensins- an Dieselkonsum een onerwaarte Sprong gemaach huet, well d'Gas-Dampf-Turbin vun der Twinerg eise Kyoto-Bilan belaascht. Trotz alldeem ass et gelongen d'CO2-Emissiounen op een Niveau ze reduzéieren deen 9 Prozent ënner deem vun 1990 läit. Dat ass via national Moosnahmen a Programmer geschitt. Mee mir hunn och – fir eisen Objektiv kënnen ze erreechen – op de Kaf vun Emissiounsrechter missen zréckgräifen. Aner Länner – d'Belsch, Ėisterräich, Irland, Spuenien, Portugal – hunn dat nämlecht gemaach. Mir ënnerlafen also net d'europäesch Klimaschutzpolitik mee mir notzen déiselwecht Instrumenter wéi aner Länner och.

Mir hunn eis 2010 am nationalen Aktiounsplang fir erneierbar Energië virgeholl den erneierbaren Undeel un eisem Energiemix bis 2020 op 11 Prozent ze bréngen. Dat kléngt no net vill, mee dat ass net einfach. Mir stoussen eis un der Exiguitéit vun eisem Territoire, un der partieller Net-Kompatibilitéit vun Naturschutz an erneierbaren Energieinfrastrukturen, un der Antipathie och déi dës Infrastrukture bei ville Bierger provozéieren. Esou komme mer a Saache Wandmillen net vun der Plaz. Vun deene 70 Emplacementer déi d'SEO op Wonsch vun der Regierung ausgewisen huet ginn der vill kontestéiert. Mir mussen eis entscheeden: entweder mir ginn den erneierbaren Energien eng Chance oder mir gi kleng bäi. D'Regierung wëllt net kleng bäi ginn a plädéiert dofir fir ee méi resolut Virgoe wann et drëm geet d'erneierbar Energien un d'Funktionnéieren ze kréien.

A Saachen "grénge Stroum" ass scho vill geschitt, entgéint deem wat heiandsdo behaapt gëtt. Hei ass de Staat mam gudde Beispill virgaang an e wëllt dat weider maachen. Sämtlech ëffentlech Gebaier fir déi d'Administration des Bâtiments publics zoustänneg ass bezéien zanter 2008 grénge Stroum. Déi ëffentlech Gebaier déi net vun de Bâtiments publics geréiert gi kréien eng Opfuerderung vum Nohaltegkeetsminister fir op grénge Stroum ëmzeklammen. D'Beliichtung vun den Autobunnen an Tunnelen ass zu 100 Prozent gréng, d'Gemenge ginn opgefuerdert dat och ze maachen. D'Eisebunn fiert zënter Jore mat gréngem Stroum.

D'Privatleit sinn um grénge Stroum interesséiert, mee si wéisste gär besser doriwwer Bescheed. D'Regierung wäert eng Informatiounscampagne iwwer de grénge Stroum lancéieren. D'Leit sinn um grénge Stroum interesséiert, mir wëlle se dofir begeeschteren.

Ech hu gesot datt de Staat mam gudde Beispill misst virgoen. Dat trëfft och zou wann et ëm d'Steigerung vun der Energieeffizienz geet. Well d'Energieeffizienz an d'Energieaspuere sinn eis Haaptenergiequellen.

Ergo musse mer d'Gestioun vum staatlechen Informatikpark a Richtung manner Energieverbrauch empolen. Déi ëffentlech Ausschreiwunge fir d'informatesch Equipementer wäerten ekologesch an energieeffizienzsteigernd Critèren enthalen. Déi staatlech Datenzentre musse mat manner Energie auskommen, d'Klimatisatioun vun de Computerräim muss eko-responsabel ginn.

De Staat muss d'Elektro-Mobilitéit förderen. An der Nordstad starte mer e Pilotprojet deen Elektroautoen, Elektroveloen an Elektro-Opluedstatiounen zesummebréngt. Iwwerhaapt wëlle mer bei kollektive Logementer d'Installatioun vun 330-Volt-Prisen obligatoresch maachen.

D'Albausanéierung beim Staat geet virun. Si geet viru well mer net bei Null ufänken. Mer hunn an deene leschten dräi Joer 210 Milliounen Euro an d'Renovéierung vun ale staatleche Gebaier investéiert. Ronn 38 Milliounen Euro sinn der energetescher Sanéierung zougefloss. Fir déi nächst Joren hu mer en Albausanéierungsbudget vu 550 Milliounen Euro virgesinn, 150 Milliounen Euro dervun entfalen op Kyoto-relevant Energieeffizienzmoossnahmen.

Neibaute beim Staat ginn no engem spezifeschen Energiespuerkonzept geplangt. Thermesch Isolatioun gëtt grouss geschriwwen. Allen Neibauprojetë läit eng Etude iwwer de Gebrauch vun erneierbaren Energië bäi. Dëst huet elo schon derzou gefouert datt mer Holzhackschnitzanlagen bei der zweeter Europaschoul a beim Lycée zu Jonglënster kréien, datt am Altersheim zu Diddeleng an am Uelzechtlycée zu Dummeldeng Photovoltaik zum Asaz kënnt, datt d'Lycéeen zu Raemerich an zu Péiteng Sonnekollektere wäerten hunn an d'Geothermie beim neie Laboratoire zu Diddeleng genotzt gëtt.

Logement

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Wann een iwwer Albausanéierung an energieeffizienten Neibau schwätzt, dann ass ee beim Wunnengsbau ukomm. Grad am Beräich vum Wunnengsbau gëllt et d'Intersektioun tëschent Energieeffizienz, Energieaspuerung, Ëmweltkonformitéit an Nohaltegkeet ze organiséieren.

D'Albausanéierung an den Neibau ginn an Zukunft méi staark ökologiséiert. De Staat huet an deene leschte Joren 62 Milliounen Euro Aiden ausbezuelt fir Energieeffizienz an erneierbar Energien am Wunnengsbau. An Zukunft wäerten d'Wunnengsbauhëllefe prinzipiell vun enger nohalteger Zertifizéierung ofhänken déi net nëmmen den Energiebedarf mee zum Beispill och ëmweltverträglech Baustoffer an e gesonde Raumklima a Betracht zéie wäert.

Eng nei Wärmeschutzverordnung gëtt erlooss déi fir all Neibau Niddregenergieniveauë virschreiwe wäert. Vun 2018 u gi quasi Null-Energiehaiser de virgeschriwwene Standard fir Neibauten zu Lëtzebuerg.

De Staat muss d'Prescriptioun vun neien ekologeschen an energiesteigernden Normen ënnerstëtzend begleeden.

Dofir gëtt d'Zënsbonifikatioun fir Famille mat Kanner an eng Eko-Bonifikatioun ëmgewandelt dat heescht datt hire Montant an Zukunft wäert no ecologesche Critère wäert gestaffelt ginn.

Dofir gëtt d'Zënssubventioun fir akommesschwaach Famille mat Kanner ausgebaut. Si kréien an Zukunft e Gratisprêt – also e Prêt à taux zéro – fir energetescht Renovéieren.

Dofir bleift de bëllegen Akt bestoen. Mee e gëtt ekologesch ëmgebaut. E gëtt an zwee gedeelt: e spillt bei all Wunnengs- an Terrainskaf bis zu 10.000 Euro, e spillt bis zu 20.000 Euro beim Kaf oder Bau vun enger Wunneng vun der Niddregenergieklass B oder am Fall vun nach besseren Energieklassen. Déiselwecht Regel applizéiert sech evidenterweis beim Kaf vun enger Wunneng déi bannen engem gewëssen Délai energetesch sanéiert gëtt.

Dofir setze mer den TVA-Saz vu 15 op 3 Prozent erof fir d'energetesch Sanéierung vu Logementer déi manner wéi 20 Joer al sinn.

Dofir suerge mer duerfir datt d'Immobiliepropriétairen an de Genoss vun engem akzeleréierte steierlechen Amortissement kënnen triede wa se energetesch Albausanéierung an hire verlounte Wunnengen realiséieren.

De Wunnengsbauminister, dee sech an der Regierung jo ëm d'Ëmweltpolitik bekëmmert, beléisst et net bei der Ökologiséierung vum Bauen a Renovéieren. E wäert doriwwer eraus – well de Logement ass a bleift de Problem Nummer eent zu Lëtzebuerg – ee komplette Wunnengspak virschloen deen déi Moossnahmen enthale wäert déi ech elo ugekënnegt hunn an deen doriwwer eraus aner Mesure virgesi wäert.

De Pacte Logement, mat bis haut 103 Gemengepartner, gesäit de Bau vun 48.000 neie Wunnenge vir. Dat geet als Wunnengsoffer net duer. Nëmmen eng weider Augmentatioun vun der Offer brécht de Präis. Dofir wëllt d'Regierung am Plan sectoriel Logement nei bis elo onverplangte Wunnflächen ausweisen déi de Bau vun 12.000 Wunnenge fir 28.000 Leit erlabe wäerten. Dofir ruffe mer eng national Wunnengsbauentwécklungsgesellschaft an d'Liewen déi de Bau vu gréissere Siedlungsprojeten an d'Sanéierung vu Frichen an ale Quartieren an d'Hand wäert huelen. Dofir schafe mer e Guichet unique fir Urbanismus. Dofir hätte mer gär wa mer nach virum Summer dat neit Gesetz iwwer den Aménagement communal génge kréien. Esou ee Gesetz – dat fir den 1. August 2011 a Kraaft misst trieden – géng d'Prozeduren vereinfachen a verkierzen a méi Bauen zu Lëtzebuerg erlaben.

Mä et geet net duer Wunnengen ze bauen. Et muss een deene jonke Leit och hëllefen zu engem Eegenheem ze kommen. Zwee nei Instrumenter ginn hei opgestallt.

  • Vill jonk Leit verfügen net iwwer dat néidegt Startkapital fir kënne Propriétaire ze ginn. "D'Location-Vente" wäert hinnen et erlabe mei séier an zu bessere Konditioune Propriétaire ze ginn. Een Deel vum monatleche Loyer gëtt op engem Spuerkonto kapitaliséiert, esou datt mat der Zäit genuch Eegekapital entsteet fir e Prêt fir e Wunnengskaf opzehuelen.
  • Ausserdeem riichte mer de System vum "Portage foncier" an. Dëse System erlaabt an enger éischter Phas en Haus ze kafen an ofzebezuelen. Ass d'Haus bis bezuelt gëtt an enger zweeter Phas den Terrain kaaft dee bis dohinner vun engem Drëtte gehal ginn ass.

Am Résumé: zu Lëtzebuerg gëtt an Zukunft d'Sanéierung an d'Neibaue méi ekologesch a méi energieeffizient. De Staat geet mam gudde Beispill vir a mir hëllefen de Leit fir kënne matzemaachen.

Finances publiques

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Et dierft wuel Averständnis doriwwer bestoen datt mer déi Problemer déi ech bis elo ugetippt hunn enger Léisung mussen zouféieren. D'Léisung vun deene Problemer – Energiepolitik, Wunnengsbau, sozial Reschtsuergen – ass essentiell fir eise Wee an d'Zukunft ze fannen. Mee de Stoff aus deem d'Zukunft besteet, deen huet méi Komponente wéi esou. Ween d'Land wëllt op d'Joren no 2020 virbereeden dee muss méi Aspekter, jiddferfalls déi Wichtegst vun hinnen, permanent am Bléck hunn. An e muss wëssen datt en op enger laanger Streck ënnerwee ass op där Haut a Mar sech d'Hand ginn. Dat wat mer haut falsch maachen, dat musse mer mar reparéieren. An dat wat mer haut richteg maachen, dat brauche mer mar am Noutfall nëmmen ze ajustéieren.

Et ass um Plang vun de Staatsfinanze wou Géigewaart an Zukunft sech begéinen, et ass hei wou se sech beréieren. Et ass hei wou mer mussen oppassen datt aus de Mouvementer vun haut net Reiwungsverloschter vu mar erwuessen. Dofir ass d'Finanzpolitik, déi jo d'Zomm vun all Politik ass, esou wichteg fir déi laang gezunne Linne ze mole laanscht déi d'Land sech bewegt. An dofir gëtt iwwer si och esouvill gestridden.

Ech hunn Iech an deene leschte fofzéng Joer all Joer an dëser Erklärung op d'mannst eng hallef Stonn iwwer d'Staatsfinanze geschwat, Zuelen iwwer hir Entwécklung matgedeelt, Zuelen déi bis zu där Ried net bekannt waren an déi dofir hu musse bekannt gemaach ginn. Dëst Joer ass dat anescht well de Finanzminister mer déi Aarbecht virun zwou Wochen ofgeholl huet andeem en Ärer Chamber an domat dem Land d'Chiffre matgedeelt huet a se publik gemaach huet. Ech wëll haut just politesch Konsequenzen déi sech fir dat kuerz- a mëttelfristegt Regierungshandelen aus deenen Zuelen erginn duerstellen. Dat ass jo de Sënn vun deem sougenannten "Europäisches Semester": am Fréijoer iwwer déi prinzipiell Ausriichtung vun de Budgetë vun den nächste Joren ze schwätzen, prinzipiell Ausriichtung déi muss Agank fannen an de Stabilitéitsprogramm deen d'Regierung bis Enn Abrëll der Europäescher Kommissioun an dem Euro-Grupp muss zouleeden.

Wéi steet et ëm eis ëffentlech Finanzen?

Graff gesot esou: et geet de gesamte Staatsfinanze besser wéi erwaard, mee et geet hinnen net gutt.

D'gesamt ëffentlech Finanzen hunn am Joer 2008 een Iwwerschoss vun 3 Prozent vum PIB opgewisen. Aus dësem Iwwerschoss vun 3 Prozent ass ee Minus vun 0,9 Prozent am Joer 2009 an ee Minus vun 1,7 Prozent am Joer 2010 ginn. D'Zentralverwaltung, d'Administration centrale, den eigentleche Staatsbudget also, dee Budget fir dee Parlament a Regierung zoustänneg sinn, huet 2008 een Defizit vun 0,2 Prozent gehat, 2009 ee vun 2,7 Prozent an 2010 ee vun 3,2 Prozent, dat heescht vun 1,3 Milliarden Euro. Dat Resultat vum Joer 2010 ass domat besser wéi dat Resultat dat mer bei der Opstellung vum Budget fir d'Joer 2010 estiméiert haten. Et ass en fait 900 Milliounen Euro besser. Datt et besser ginn ass, dat huet Ursaachen: déi budgetär Ausgabe vum Staat si just 0,5 Prozent méi geklomm wéi den Ausgaberythmus deen de Budget fir d'Joer 2010 virgesinn hat. Et sinn 990 Milliounen oder awer 9,9 Prozent méi Recetten erakomm wéi geplangt. Dat ass op ee méi séiert Andreiwe vu Steierréckstänn, op d'Usprange vun der Konjunktur, haaptsächlech där däitscher, op d'Dividenden déi mer vu Fortis-BGL kréien an op déi positiv Auswierkunge vun de Konjunkturprogrammer aus de Joren 2009 an 2010 zréckzeféieren. Et bleift datt mer am Joer 2010 um Niveau vum Zentralstaat 1300 Milliounen Euro méi ausginn hu wéi mer Recetten erakritt hunn. Dat ass net Näischt.

Mee kucke mer emol ee Moment no vir. Wann alles gutt geet, an der gënschtegster Hypothes also, wäerte mer am Joer 2014 um Niveau vun der Administration publique een Defizit vun 200 Milliounen Euro oder awer 0,4 Prozent vum PIB kréien. Wann alles gutt geet, an der gënschtegster Hypothes also, wäerte mer am Joer 2014 um Niveau vun der Administration centrale, vum eigentleche Staat also, een Defizit vu 700 Milliounen Euro hunn. Fir op dat Resultat ze komme muss d'Wirtschaftswuestum an der Period vun 2012 op 2014 3,5 Prozent d'Joer bedroen. Dat wier zwar manner wéi d'Laangzäitwirtschaftswuestum zu Lëtzebuerg war mee et wier awer méi een héicht Wuestum wéi dat duerchschnëttlecht Wuestum an der Eurozon wäert sinn. Fir op dat Resultat am Joer 2014 ze komme misst déi intern Beschäftegung pro Joer 2 Prozent wuessen a misst de Chômage staark falen. Fir op dat Resultat ze kommen dierf d'Inflatioun vun 2012 bis 2014 net iwwer 2 Prozent d'Joer an der Moyenne leien. Fir op dat Resultat ze kommen dierft de Petrolspräis an der Moyenne vun de Joren 2012, 2013 an 2014 net iwwer 102,6 US-Dollar leien. All dës Hypothese sinn optimistesch Aarbechtshypothesen. Mee ech baséiere mech op déi optimistesch Aarbechtshypothese well hei am Land d'Zuel vun deenen déi sech mat pessimisteschen Hypothese wëlle beschäftegen äusserst gering ass.

Wann also alles gutt geet wäerte mer am Joer 2014 eng ëffentlech Schold vun 19,9 Prozent par rapport zum PIB hunn. Dat wier däitlech manner wéi d'Befiirchtungen et um Ufank vun dëser Legislaturperiod unhuele gelooss hunn. Mee mir wäerten um Enn vun der Mandatsdauer vun dëser Chamber méi ëffentlech Schold hu wéi am Joer 2009. An anere Wierder: wann alles gutt geet musse mer an dëser Legislaturperiod nach tëschent 2,5 an 3 Milliarden Euro Schold ophuelen. An nach anere Wierder: d'Situatioun vun den ëffentleche Staatsfinanzen ass net esou gutt wéi eenzel Stëmmen eis dat wëlle gleewen dinn. A well mer – och am gënschtegste Fall – op d'mannst 2,5 Milliarden Euro Schold mussen ophuelen, a well mer an alle Fäll am Joer 2014 nach Defiziter am Zentralstaat produzéiere kënnt et och net a Fro datt d'Spuer- a Konsolidéierungsbeméiungen déi mer amgaang sinn ze maachen elo abrupt gestoppt ginn. Dat wier irresponsabel. An dofir sinn an deenen nächste Joren och keng dramatesch Ännerungen um Spuer- a Konsolidéierungsprogramm deen d'Regierung virgeluecht huet ze erwaarden. Mir mussen am Hierscht gesinn ob et liicht Ajustementer ka ginn. Mee et muss jiddferengem kloer sinn: et muss viru gespuert a konsolidéiert ginn. Anstatt datt Eenzelner sech op d'staatlech Méieinnahmen aus dem Joer 2010 konzentréiere wier et dringend gebueden datt mer eis alleguer op déi verbleiwend Defiziter fokusséieren.

D'Regierung hällt onverännert um Zil fest fir am Joer 2014 ausgeglache gesamtstaatlech Finanzen ze hunn. Dorunner féiert kee Wee laanscht. D'Politik muss sech dëser raisonnabler Zilsetzung upassen. Ech widderhuele mech: och wa mer de gesamtstaatlechen Defizit am Joer 2014 op Null féieren, behale mer nach ëmmer een Defizit um Niveau vum Zentralstaat dee mer mat supplementaren Empruntë musse finanzéieren. Ech sinn net derfir datt mer eis futti spueren. Mee ech sinn derfir datt mer genuch spueren a konsolidéiere fir datt déi déi no eis kommen eens ginn. Ech halen et mam ale Goethe: "Wer sich nicht der Decke nach streckt dem bleiben die Füße unbedeckt". An ech wëll net datt déi nächst Generatioune kal Féiss kréie well mir et wollte schuckeleg hunn.

Compétitivité

Et kritt een d'ëffentlech Finanzen net an Uerdnung wann een d'Kompetitivitéit vum Land – vum Land, net nëmme vun der Economie – verkomme léisst. D'Kompetitivitéit vum Land, dat heescht deem seng Zukunftsfähegkeet, d'Kompetitivitéit vun der Economie, dat heescht där hir Effizienz vun där de Wuelstand ofhänkt, dat ass keen obszönt Wuert. D'Erhalen an d'Verbessere vun eiser nationaler an eiser economescher Kompetitivitéit sinn d'Viraussetzunge fir sozial Gerechtegkeet a fir d'Finanzéiere vun der nationaler Solidaritéit. Wann de Wirtschaftsminister ëmmer erëm op d'Erhale vun eiser economescher Kompetitivitéit insistéiert, da geet en net engem perséinlechen Hobby no. Da mécht e seng Aufgab an iwwerhëllt seng Flicht. Wann een heibannen der Meenung ass, d'Suerg ëm eis Wettbewerbsfähegkeet bräicht eis net ëmzedreiwen an et kënnt eis egal sinn ob mer kompetitiv virukommen oder kompetitiv par rapport zu eisen Nopeschlänner offalen, da soll en dat soen an e soll et begrënnen. Woubäi ech weess datt d'Kompetitivitéit vun engem Land sech net nëmmen aus economescher Effizienz a Produktivitéitsiwwerleungen zesummesetzt, mee aus villen anere Saachen och. Doriwwer brauch ee mech net ze beléieren. Och ëffentlech Investissementer si wichteg an dofir bleiwe se zu Lëtzebuerg op héijem Niveau. Och Infrastrukture ginn der Kompetitivitéit ee Schubs an dofir plange mer konsequent virun un der Verbesserung vun eisen Infrastrukturen. Mee déi reng economesch Kompetitivitéit huet hir Bedeitung. An un där hirer Verbesserung schaffe mer. Mir mussen am kompetitive Gläichtakt mat eisen Nopere marschéieren. Mir däerfen net zréckfalen. Mir musse besser ginn. Mee mir sinn awer an deene leschte Jore relativ betruecht zréckgefall. Un deem Constat féiert kee Wee laanscht. Dofir hu mer am Bipartite-Accord mat de Patronatsorganisatiounen dofir gesuergt datt am Joer 2011 keng weider Kompetitivitéitsverschlechterung géif entstoen. D'Käschtenerhéijungen déi duerch politesch Decisiounen am Joer 2011 op d'Betriber zoukomm si ginn ausgeglach. Mir sti mat där Politik net eleng an Europa. Och an der Belsch ass d'Mindestlounerhéijung neutraliséiert ginn. Déi déi dat kritiséiere kritiséieren net d'Regierung. Si kritiséieren d'Patronë vun deene klenge Betriber déi mat de Konsequenze vun eise politeschen Decisioune mussen eens ginn. Déi politesch Decisioune waren noutwendeg well ënner anerem d'Mindestlounerhéijung op den 1. Januar 2011 sech am materiellen Interessi vun den Arbeitnehmer regelrecht opgedrängt huet. Mir wëssen datt eise Mindestloun international betruecht héich ass. Mir wëssen awer och datt en niddreg ass wann ee weess wéi héich datt d'Liewenskäschten zu Lëtzebuerg, besonnesch am Beräich vum Wunnen, effektiv sinn. Et gouf keng Alternativ zur Mindestlounerhéijung. Et ass och keng Alternativ zur Neutraliséierung vun hirem Käschtepunkt fir déi kleng a mëttelstännesch Betriber ginn. Dofir geet den Accord bipatrite mat de Patronatsorganisatiounen an d'Rei. Wier en am Kader vun engem gemengen Tripartite-Accord zustan komm géif en och vu kengem kritiséiert ginn.

Et gëtt vill Leit, zevill Leit déi de Kapp rësele wann de Wirtschaftsminister zu Recht iwwer d'Erhalen an d'Verbessere vun eiser Wettbewerbsfähegkeet schwätzt. Ech mengersäits rëselen de Kapp iwwer muenech Patronatsrieden déi drop erauslafen eis an eis Kompetitivitéit méi schlecht ze maache wéi mir sinn a wéi si ass.

Ech ginn zou datt mer an deene leschte Jore par rapport zu eisen Noperen u Kompetitivitéit verluer hunn. Mee ech wiere mech dergéint wann esou gemaach gëtt wéi wa mer manner kompetitiv wéi eis Nopere wieren.

Eist Land huet eng positiv Zahlungsbilanz. 5,1 Prozent vun eisem PIB mécht se aus.

Wuel ass d'Joresakommes vun engem lëtzebuergesche Salarié dat Héchst an Europa. Mee eis Lounkäschten op d'Stonn gekuckt leien ënner deene belschen an deene franséischen, an och ënner den däitsche Stonneléin am Bausecteur, an der Industrie an am Handel.

D'Joresaarbechtszäit zu Lëtzebuerg – a kee kann ofstreiden datt d'Joresaarbechtszäit en determinante Facteur vun der Wettbewerbsfähegkeet ass – ass méi héich wéi an eisen dräi Nopeschlänner.

Eis Lounniewekäschten, dat heescht den indirekte Käschtepunkt vun der Aarbecht, leie mat 14 Prozent däitlech ënner eisen Nopeschlänner. An Däitschland belafe se sech op 22 Prozent, am Frankräich op 33 Prozent. D'Lounniewekäschte sinn eng essentiell Komponent vun der Kompetitivitéit. Déi niddreg lëtzebuerger Lounniewekäschten, déi niddreg Kotisatioun déi mer hunn, assuréieren eis een enorme Kompetitivitéitsvirspronk op eis Nopeschlänner. Deen däerfe mer net an d'Schanz schéissen. Dës Regierung huet am Accord bipartite mat de Patronatsorganisatiounen ofgemaach datt et zu kenger weiderer Cotisatiounserhéijung bis un d'Enn vun der Legislaturperiod kënnt. Ech perséinlech mengen et géif der Previsibilitéit vun eisem economeschen a politeschen Handele gutt di wa mer géifen ee Cotisatiounsstillstand fir déi nächst zéng Joer dekretéieren. Domat géife mer d'Kompetitivitéitserwaardungen op déi richteg Orbit schéissen.

D'Kompetitivitéitsgesäusel wat eis no bausse méi schlecht mécht wéi mer no banne sinn ass inakzeptabel. D'Suerg ëm eis economesch Wettbewerbsfähegkeet ass awer berechtegt. Dofir beméie mer eis ëm eng previsibel Architektur vun eiser Steierlandschaft déi keng abrupt Mouvementer verdréit. Dofir probéiere mer eis Inflatioun, déi par rapport zu den Nopeschlänner ze héich ass, no ënnen ze korrigéieren an notamment déi administréiert Präiser am Grëff ze behalen, wat viraussetzt datt mer eis mat de Gemengen a mat aneren iwwer den ordonnéierten Ausstieg aus dem Stopp vun den administréierte Präiser verstännege kënnen. Dofir setze mer eis am Kader vun der administrativer Vereinfachung fir weider Erliichterungen a Fristeverkierzugen an. Dofir wäerte mer am iwwernächste Regierungsrot via groussherzoglecht Reglement eng Reform vun der Nomenklatur am Beräich vun der Commodo-Incommodo-Prozedur virhuelen a fir vill wirtschaftlech Aktivitéite vum Prinzip vun der prealabler Autorisatioun zu deem vun der einfacher Notifikatioun iwwerwiesselen. Virun allem déi handwierklech Aktivitéiten a speziell fir d'Handwierk ageriichten Aktivitéitszone gi vun de langwierege Commodo-Prozedure befreit a mussen an Zukunft keng integral Enquête publique méi duerchlafe mee si brauchen nach just eng Autorisatioun vum zoustännege Minister, juristesch ausgedréckt si wiessele vun der Klass 1 an d'Klass 3. Och fir méi kleng Geschäfter déi ënner 4000 Quadratmeter, och fir méi kleng Bürosflächen, déi ënner 4000 m2, déi Geschäfter a Bürosflächen also déi keng Belästegungskonsequenze fir d'Noperen no sech zéien, wäerten deemnächst vun den Oplage vun der Enquête publique befreit ginn a kënne mat enger Autorisatioun vum zoustännege Minister funktionnéieren.

Wie vun der noutwendeger Kompetitivitéit vu Land a vun Economie schwätzt, dee kënnt net laanscht d'Problematik vun der Lounpolitik an och net laanscht déi vun der Lounindexéierung.

Mir waren eis d'lescht Joer bis op eng individuell Ausnahm heibannen eens datt et wéinst ugestrengter Finanzsituatioun beim Staat an den nächste Joren zu kenger Punktwäerterhéijung an der ëffentlecher Funktion kënnt kommen. Ech ginn dervun aus datt de Konsens nach ëmmer besteet a stoe wäert.

Wat d'Indexéierung vun de Léin ubelaangt esou si mer eis den 29. September d'lescht Joer, am Kader vun der Bipartite tëschent Regierung a Gewerkschaften, eens ginn datt déi nächst Indextranche eréischt den 1. Oktober vun dësem Joer erfällt. Dir hutt gëschter dat deementspriechend Gesetz validéiert. Mir sinn eis dorops eens gi well d'Gewerkschafte responsabel op d'Perspektiv vun engem méigleche Kopplabunzschloe vun de Petrolspräisser wollte pre-reagéieren hëllefen. Déi Patronatsvertrieder déi deen Accord mat de Gewerkschafte lächerlech gemaach hu well en näischt un der Realitéit géif ännere gesinn haut zimlech belämmert aus, well se entretemps och vläicht zur Kenntnis geholl hunn datt ouni dësen Accord se vum nächsten 1. Mee un d'Peie missten 2,5 Prozent erhéijen. Mir hunn eis mat de Gewerkschaften och driwwer verstännegt datt am Fall wou tëschent dem 1. Oktober 2011 an dem 1. Oktober 2012 eng weider Indextranche géif riskéiere fälleg ze gi mer eis zesummesetze fir d'Situatioun ze evaluéieren an déi noutwendeg Konklusiounen ze zéien. Dat musse mer am September maache well dWahrscheinlechkeet ass grouss datt am Joer 2012 eng Indextranche virum 1. Oktober vun deem Joer erfale wäert. Esou musse mer eis also an der Tripartite zesummesetze fir eis mat där Situatioun déi ech beschriwwen hunn auserneenzesetzen. Kënnt et zu enger weiderer Modulatioun vun der Indexéierung musse mer, d'Staatsfinanze fest am Bléck, iwwer temporair materiell Kompensatioune fir d'Bezéier vun niddrege Peien diskutéieren. D'Regierung wëllt den Index net ofschafen. Mee d'Regierung wëllt en no Modalitéiten déi mer musse fanne moduléiere wann d'Netmodulatioun negativ Konsequenzen op d'Kompetitivitéit vun der lëtzebuerger Wirtschaft hätt. Ech sinn iwwerzeegt dervun datt mer am Kader vun der reaniméierter Tripartite Eenegungen iwwer dës an iwwer aner Froe wäerte fannen.

Géife mer se net fannen, da musse Regierung a Parlament hir Verantwortung iwwerhuelen.

Structures d'accueil pour enfants

  • D'Zukunftsfähegkeet vum Land däerf een net op strikt economesch Froe verengen. Esou ass ee Land wat zum Beispill d'Matenee vu Familljeliewen, Beruffsliewen, Educatioun an Accueil vu klengen a klengste Kanner net an een uerdnende Grëff kritt net zukunftsfäheg well et, géif et déi Problemer ignoréieren, laanscht d'Liewe vun de Leit géng plangen. A punkto Versuergungs- an Educatiounsinfrastrukture fir Kanner tëschent 0 an 12 Joer ass an de leschte Jore vill geschitt. Mer hunn hinne 7.712 Plazen am Joer 2004 offréiert, am Joer 2010 konnte mer 32.342 Plazen ubidden, eng Vervéierfachung vun der Offer. Eleng vum Joer 2009 op 2010 huet d'Offer ëm 30 Prozent zougeholl. Dësen Effort muss selbstverständlech virugefouert ginn. Eis Leit mussen am Liewen, am Beruff an op der Aarbechtsplaz eens ginn. Fir datt se eens gi mussen déi verschidde Liewensgestaltungssituatiounen anenee gräifen. Dofir schafe mer d'nächst Joer 8.000 Versuergungs- a Betreiungsplaze fir Kanner tëschent 0 an 12 Joer méi. Mir brauche méi Plazen an de Maisons relais a mir brauche méi Plazen an de Crèchen. Eis Economie bleift nëmmen da kompetitiv an eist Land nëmmen dann zukunftsfäheg wann déi Leit déi schaffe ginn d'Harmonie tëschent Beruff a Famill hirgestallt kréien. Dat ass eng grouss gesellschaftspolitesch Aufgab. Mer hunn eis hir an de leschte Jore gestallt. Mir stellen eis hir och an deenen nächste Joren.

Enseignement

  • Wie Kanner seet dee seet Schoul. D'lëtzebuerger Schoul steet virun extremen Erausfuerderungen. Viru 15 Joer hu 67,8 Prozent vun de Kanner déi an d'éischt Spillschouljoer komm si Lëtzebuergesch geschwat. Haut schwätzen 61,8 Prozent vun de Kanner déi an d'éischt Spillschouljoer komme kee Lëtzebuergesch méi. Nach just 38,2 Prozent vun de Kanner kennen a beherrschen eis Sprooch. Domat ass bal alles gesot. Mir mussen eise Grondschoulsystem där Situatioun upassen. Déi déi dat net wëllen, déi déi d'Grondschoul esou si loosse wëlle wéi se ass, déi hale Schoul an engem Land wat net hiert Land ass. Mer musse Schoul hale fir d'Kanner an dësem Land. Dat kascht Ustrengung, Ustrengung vu jiddferengem. An deen Effort dee mer musse maachen dee beschränkt sech net op d'Grondschoul. Dee muss noutwendegerweis op de Secondaire ausgedehnt ginn. Mir mussen déi gréissten Ustrengunge maache fir datt esouvill Kanner wéi méiglech mat enger Ofschlossqualifikatioun de Secondaire kënne verloossen. A mir mussen dat maachen ouni den Niveau vun der Schoul ofzesenken. All Schüler muss wéinstens eng Sprooch gutt schwätzen a schreiwe kënnen. An déi zwou aner méi wéi nëmme verstoen. Eis gutt Schüler awer musse mindestens dräi Sprooche gutt schreiwen a schwätze kënnen. Den Niveau vun eiser Schoul däerf also net erofgoen, e geet och net erof, e muss no uewe goen. D'Regierung huet an der leschter Legislaturperiod nei Reformgesetzer proposéiert déi d'Chamber votéiert huet. Dat iwwer d'Beruffsausbildung geet an déi richteg Richtung. Dat iwwer d'Grondschoul developpéiert sech zil- an zukunftsgerecht. Mir stinn zu dëse Reformen a mir fuerderen all Partner vun der Schoul op dës Reforme matzedreon. Wann d'Welt sech ännert, wann d'Situatioun dréit, wa Villes anescht gëtt da kann d'Schoul net bleiwe wéi se ass. Ech fuerderen d'Partner vun der Schoul, a besonnesch d'Enseignantsgewerkschaften, op sech net op Niewekrichsschauplazen ze verausgaben déi just si selwer betreffen, mee sech am Mëttelfeld vun den Erausfuerderungen opzehalen. Eng Schoulreform ouni d'Matmaache vun den Enseignantë gëtt et net. Ech weess – och aus perséinleche Gespréicher – datt vill Enseignanten de Marsch an d'Zukunft wëlle matmaachen. Ech wier frou wa se all géife matmaachen. An ech wëll hei widderhuele wat ech bal all Joer hei op dëser Plaz bei dëser Geleeënheet gesot hunn: de Beruff vum Enseignant ass ee vun de Schwieregsten déi et gëtt. Et ass och ee vun de Wichtegsten. An ech fannen et ongerecht an net zoulässeg datt hire Beruff vu ville Leit déi net wësse wouriwwer se schwätze wa se iwwer d'Schoul schwätzen denigréiert gëtt an datt déi déi an deem Beruff mat ganz dacks bewonnerswäertem Asaz schaffen systematesch erofgemaach ginn. Eng gutt Schoul, eng Schoul vun der Réussite, eng Schoul déi et bréngt brauch eng Gesellschaft déi d'Aarbecht vun deenen déi an der Schoul a fir d'Schoul, fir d'Kanner a fir d'Zukunft schaffe méi respektéiert wéi se dat mécht.

Réforme du système de pensions

  • Ech war elo bei de Kanner, bei deene Jonken, bei deenen déi eruwuessen, bei deenen déi d'Lëtzebuerg vu mar wäerten ausmaachen. Dat bréngt mech dozou iwwer d'Renten an d'Pensiounen ze schwätzen. D'Zukunft vun eisem Renten- a Pensiounswiese betrëfft déi méi Eeler mee awer och déi méi Jonk. Déi méi Jonk vun haut sinn déi Eeler vu mar. Dofir ass et eng Fro déi eis alleguer betrëfft.

All zéng Joer klëmmt d'Liewenserwaardung ëm 1 Joer. Mir gi méi al an dat ass gutt esou. Mee mir gi méi laang méi al an dat ass den Ënnerscheed tëschent eiser Generatioun an de Virgängergeneratiounen. Dee längsten Deel vum Liewe verbrénge mer ausserhalb vun der Aarbecht, ee groussen Deel vun eisem Liewe verbrénge mer an der Pensioun. D'Ausriichtung vun eisem Renten- a Pensiounswiese muss dorop Rücksicht huelen. E muss déi méi laang Liewens- a Pensiounsdauer systematesch berücksichtegen. Wa mer méi laang méi al gi wat d'Rentemauer méi no réckelt, jiddferfalls da wa mer un eisem Renten- a Pensiounssystem näischt änneren. Ech kennen deen deen als éischten hei am Land vun der Rentemauer geschwat huet ganz gutt. Wéi en dat an d'ëffentlech Diskussioun bruecht huet ass e vu Villen heibannen an dobausse verdäiwelt ginn. Haut stellt bal kee méi, mat Ausnahm vun deenen déi méi frou si mat deem wat gëschter war wéi datt se sech fir dat interesséiere wat mar wäert sinn, dëse Begrëff, deen eng Realitéit beschreiwt, a Fro. Ech kennen och dee gutt deen als Éischten vum 700.000 Awunner-Staat geschwat huet. Wéi en dat gesot huet ass e beschëllegt ginn de Leit virun der Zukunft Angscht ze maachen. Haut stellt kee méi déi perspektivesch Realitéit a Fro. Dës duebel Wierklechkeet, d'Rentemauer an de 700.000 Awunner-Staat, berouht awer net op enger Erkenntnis vun haut. Si ass zanter dem Ufank vun den 90er Jore bekannt. Déi déi se zwanzeg Joer laang an Ofried gestallt hu solle sech froe wéi genau se dem Ëmgank mat Fakten an zueleméisseg beluechten Tatsaachen an der Vergaangenheet geholl hunn. D'Regierung hëllt déi Fakten déi d'demographesch a perspektivesch um Dësch leie ganz eescht. Dofir proposéiert se eng Pensiouns- a Rentereform. Dës Reform dréit ëm zwee Elementer: deen deen de Choix mécht méi fréi an d'Pensioun ze goen an also seng Rent méi laang ze bezéien dee muss a Kaf huelen datt seng Pensioun deementspriechend méi niddreg ass. Deen dee bereet ass déi méi laang Liewenserwaardung duerch eng méi laang Beruffscarrière auszegläiche kritt eng Pensioun déi méi héich ass an déi grosso modo de Leeschtunge vun haut entsprécht. Zu dëser prinzipieller Pensiounsreformausriichtung gëtt et keng Alternativ. D'Saache si wéi se sinn. Mir mussen hinne Rechnung droen. Iwwer Detailer vun där Pensiounsreform kann diskutéiert ginn. Iwwer si wäert och an den nächste Méint diskutéiert ginn. Mee iwwer eppes kënne mer net diskutéieren, nämlech iwwer d'Noutwendegkeet vun der Reform. Keen anert Land an Europa gesäit esou grouss Pensiounslaaschten op et zoukomme wéi Lëtzebuerg. Op déi Situatioun musse mer reagéieren, à moins datt mer déi kommend Generatioune forcéieren de Virgängergeneratiounen eng Pensiounsprestatioun ze garantéieren déi hir eege Leeschtungskraaft däitlech iwwerschreit. D'Virschléi vun der Regierung hu vill Reaktiounen a Propositiounen ausgeléisst. Mir studéieren d'Propositioune vun de politesche Parteien an d'Reflexioune vun de Sozialpartner. Bis an de Summer diskutéiere mer, duerno leeë mer e Projet vir, duerno muss d'Chamber decidéieren. Eis Generatioun muss handele fir datt déi nächst Generatioun finanziell net mësshandelt gëtt. Ech spillen hei net d'Generatioune géinteneen aus. Ech plädéiere fir Harmonie tëschent de Generatiounen. An d'Harmonie tëschent de Generatioune wëllt datt mer dat intergenerationellt Ëmlageverfahren, ergänzt duerch Privatversécherungen do wou et muss sinn, bäibehalen. Mee de Generatiounsvertrag muss esou ausgestallt ginn datt e finanzéierbar bleift. Finanzéierbar fir de Staat. Finanzéierbar fir déi Jonk. Akzeptabel fir déi déi méi al sinn.

Ech si keen absolute Fan vun der Erhéijung vum Rentenantrëttsalter. Mee ech hätt gär datt d'Leit esoulaang kënne schaffe goe wéi se kënnen a wéi se wëllen. Den Drang vun de Leit esou fréi wéi méiglech an d'Préretraite ze goen ass ongesond. An de Reflex vu ville Betriber d'Leit esou fréi wéi méiglech an d'Prépensioun ze schécken ass kontraproduktiv fir d'Leit a fir eise Pensiounssystem. Prinzipiell muss gëllen: jiddferee geet esoulaang schaffe wéi e kann a wéi e wëllt, an d'Préretraite sollen nëmmen déi goen déi ënner besonnesch peniblen Aarbechtskonditioune geschafft hunn. Fir ze hëllefen datt Leit tëschent 55 a 65 Joer net aus dem Aarbechtsprozess erausgeworf gi wëlle mer déi staatlech Hëllefen déi mer de Betriber fir liewenslänglech Ausbildung ginn erhéijen. Mir hunn am Kader vun der Bipartite mat de Patronatsvertrieder ausgemaach datt mer déi staatlech Partizipatioun un de Weiderbildungsmoossnahme vu 14,5 op 25 Prozent eropsetzen. Mir hätte gär datt déi Weiderbildungsmoossnahmen déi mer hëllefe staatlech méi ze cofinanzéiere prioritär dozou genotzt gi fir datt d'Leit fit a flott bleiwe fir méi laang am produktive Prozess ze bleiwen. Déi méi héich staatlech Partizipatioun un de Weiderbildungsmoossnahme vun de Betriber ass geduecht fir d'Betriber finanziell ze entlaaschten, jo. Mee si ass awer och geduecht fir de Beschäftegten d'Méiglechkeet ze gi méi laang am Erwerbsprozess ze bleiwen. Et geet net fir ee méi héijen Rentenantrëttsalter ze fuerderen a gläichzäiteg d'Leit, ier se de Rentenalter erreecht hunn, an den Abseits ze stellen. Mir kënnen de Beschäftegungstaux nëmmen dann am Joer 2015 op 71,5 an am Joer 2020 op 73 Prozent erhéije wa mer d'Leit méi laang schaffe loossen. Dat mussen d'Patronë wëssen. Mir hëllefen hinnen duerch déi méi héich finanziell Bedeelegung un der Weiderbildung dëst Zil ze erreechen. Haut kascht d'Weiderbildung de Staat 200 Milliounen Euro, dat heescht en halwe Prozent vum Bruttoinlandprodukt. Mir si bereet méi ze maachen. Dat setzt d'Bereetschaft vun de Betriber viraus d'Leit méi laang a Beschäftegung ze halen. Mir bezuele gär wann et eppes bréngt. Mir bezuelen näischt wa mer den Androck sollte kréien eist Méibezuelen hätt just zum Zweck d'Betribskäschten erofzesetzen. A bon entendeur salut!

Chômage

  • Iert d'Leit pensionnéiert gi gi se schaffen. Vill Leit fannen awer keng Schaff. Fir hinne méi séier zu enger adäquater Aarbecht ze verhëllefe gëtt d'ADEM reforméiert. Fir deene Jonken – d'Jugendaarbechtslosegkeet ass zu Lëtzebuerg ze héich – ze hëllefen Zougank zum Aarbechtsmaart ze fannen a se besser ze orientéiere schaffe mer eng "Maison de l'orientation" wou all Orientéierungsservicer déi mer hu verstäerkt zesumme schaffen. Mir féiere sämtlech Experiencen déi deene Jonken déi keen direkten Zougank zum Aarbechtsmaart fannen eng praktesch Experience solle vermëttele virun. All praktesch Beschäftegungsmoossnahme fir déi Jonk hunn eis eleng am Joer 2010 10,2 Millioune kascht. Déi Moossnahme ginn um Enn vum Joer evaluéiert an dann decidéiere mer ob se an där aktueller Form virulafen oder ob se ajustéiert ginn. De Suivi vun deene Leit déi eng reduzéiert Aarbechtskapazitéit hunn a sech dofir am externe Reclassement befanne gëtt verstäerkt. Falls et sech sollt erausstellen datt eng nei Aarbechtszäitorganisatioun d'Beschäftegung vu méi Leit géng erlaben huele mer se vir. D'Modalitéiten dovu gi selbstverständlech mat de Sozialpartner diskutéiert.

Fonction publique

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Fir datt d'Land zukunftsfäheg bleift muss sech och de Staat seng Zukunftskapacitéit erhalen. E muss sech permanent sengem Ëmfeld upassen, en däerf sech net mat ale Gewunnechten offannen, muss säi Fonctionnement verbesseren, muss up to date sinn, bref: e muss sech moderniséieren. Dat mécht en op ville Pläng. Dat muss en och am Beräich vun der ëffentlecher Funktioun maachen déi mer kurioserweis op lëtzebuergesch d' "Fonction publique" nennen.

Déi Reformen déi sech an der Fonction publique opdränge wëllt d'Regierung net géint hir Beamte mee fir hir Beamte maachen.

D'Regierung plangt keen Attentat, keng Generaloffensiv op d'Staatsbeamten an hire Statut, dee bäibehale gëtt. Mir hunn een ëffentlechen Déngscht op dee mer kënnen houfreg sinn. En ass besser wéi soss doruechter. An dofir weisen ech déi dacks stupid Attacken op eis Beamtenschaft zréck déi sech regelméisseg a Kommentaren an a Lieserbréiwer ausdrécken. Ee Patron deen eppes op sech hällt, dee stellt sech viru seng Mataarbechter wann déi zu Onrecht kritiséiert ginn. D'Regierung ass och e Patron, ee Patron deen zu senge Leit steet, net ee komesche Patréiner dee seng Leit am Ree stoe léisst.

Ceci dit musse mer d'Fonction publique moderniséieren, esouwäit wéi et geet mat hirem Averständnis, an alle Fäll awer am Dialog.

De Staat a seng Servicer sinn do fir déi Aufgaben ze erfëllen déi d'Bierger zu Recht vun hinne verlaangen. Dofir muss all staatleche Service all dräi Joer seng Objektiver benennen a preziséiere fir déi en an no deenen e wëllt schaffen. Eng regelméisseg Iwwerpréifung vu sech selwer, vu sengen Aarbechtsmethoden, vu sengen Ziler mécht déi staatlech Leeschtung méi leeschtungsstaark an de Staat insgesamt méi performant. Jährlech Mataarbechtergespréicher, déi dokumentéiert musse ginn, hëllefen eis bei der Beschreiwung vun den Objektiver vun deene verschiddene Servicer, Objektiver déi a leschter Instanz vum zoustännege Minister op Virschlag vun deene respektive Verwaltungschefe festgeluecht musse ginn.

Fir Staatsbeamten ze gi muss een eppes wëssen an dofir muss een en Examë maachen deen an Zukunft zweegliddreg ass, een allgemengen Examë fir beim Staat kënnen ze schaffen, ee spezifischen Examen deen d'Wësse préift dat ee fir d'Aarbecht an enger bestëmmter Verwaltung brauch.

Fir Staatsbeamten ze si geet et net duer eppes ze wëssen, et muss een och eppes kënnen. Dofir gëtt de Stage vun haut zwee op mar dräi Joer verlängert. E kann – wann Diplomer an Experienz dat erlaben – op zwee Joer verkierzt ginn.

Wann een am Stage ass, dann ass een um Wee zum Staatsbeamtë mee 't ass een awer nach keen. Logescherweis brauch deen deen eppes wëllt ginn net d'selwecht bezuelt ze gi wéi een dee schon eppes ass. Et schéngt eis adäquat datt ee Stagiaire 80 Prozent vun deem verdéngt wat ee vereedegte Staatsbeamten als Gehalt bezitt. 80 Prozent, mee ni an a kenger Carrière manner wéi de qualifiziéierte Mindestloun. Gëtt de Stagiaire definitiv agestallt a vereedegt fänkt en am Prinzip am Besoldungséchelon 3 un. Virdrun hat en ee Stagepatron zur Säit deen en op seng zukünfteg Aufgab virbreet huet. D'Programmer vum INAP ginn an der Dauer an an hirer Ausriichtung ugepasst.

Wann ee bis Staatsbeamten ass dann huet ee bewisen datt een eppes weess an eppes kann. Mä éierlech: et weess een awer nach net alles an et kann een awer nach net alles. Dofir ass et falsch datt d'Avancementer beim Staat, den Déroulement vum Staatsbeamtë senger Carrière, sech exklusiv no zwee Critère maachen: dem Ufanksdiplom an der Anciennetéit. Si bleiwen och an Zukunft wichteg mee si mussen duerch aner Elementer ergänzt ginn, duerch Appreciatiounselementer eben. Um Enn vum Stage a bei all wichtege Carrièrespronk, dat heescht am Moment vum Zougank zum neigeschafenen ieweschten Niveau oder zu Responsabilitéitsposten – fënnt eng transparent an novollzéibar Evaluatioun statt déi d'Qualitéit vun der Aarbecht, d'Assiduitéit, d'relationell Eegenschaften an d'Erfëlle vun eventuelle festgeluechtene perséinlechen Objektiver aschätzt. Intern an extern Recoursë géint den Evaluatiounsconstat gi selbstverständlech virgesinn. De Beamtë gëtt also net permanent kontrolléiert an observéiert, e gëtt scho guer net kujenéiert. D'Evaluatioun ass eng Motivatioun, si ass keng Sanctioun. Dofir mécht se sech och an Etappen: Autoaschätzung, jährlech Mataarbechtergespréicher am Kader vun den allgemengen Objektiver vum Service, Evaluatiounsvirschléi vum Chef de service a Validatioun duerch de Verwaltungschef, Recoursméiglechkeeten am Fall vun Désaccord. Dat ass fir de Prinzip. Iwwer deem seng Detaildeclinaisoun musse getrennte Verhandlungen am Beräich vun der Educatioun nationale, vun der Police a vun anere Verwaltunge stattfannen.

Mir féieren eng "procédure d'insuffisance professionnelle" a fir ënner Ëmstänn ee Beamtë vu sengem Déngschtverhältnis entbannen ze kënnen deen et – fir et op lëtzebuergesch ze soen – einfach net bréngt ouni e Feeler gemaach ze hunn. Ier et dozou kënnt gëtt probéiert datt dee betraffene Beamtë mat senger a mat senge Kollegen hirer Hëllef sech bessert a sech verbessert.

D'Regierung wäert eng Rei vu Carrièrë beim Staat nei aklasséieren. Mir féieren eng Bachelor-Carrière an. Mir wëllen d'Avancementer harmoniséieren. Am Niveau général an am Niveau supérieur – déi Andeelung ass eng Innovatioun – kann ee prinzipiell all dräi Joer avancéieren, mee an den Niveau général kënnt een net virun enger Déngschtzäit vun 12 Joer an et kënnt een och net virun enger Déngschtzäit vun 20 Joer an den Endgrad. D'Annalë ginn a Biennalë retransforméiert. Dës Mesuren – zesumme mat der Ofsenkung vun den Ufanksgehälter um Niveau vum Stage – sollen d'Käschtenneutralitéit vun der ugestriewter Gehälterrevisioun erliichteren.

D'Regierung wäert zu alldeem – och zur Aféierung vu gewielten Delegatioune beim Staat déi niewent de klasseschen Associatioune bestoe wäerten – een Avant-projet de loi virleeën dee vun Ouschteren un an der Ëffentlechkeet an och heibanne kann diskutéiert ginn.

Mir wëllen diskutéieren, net imposéieren. Mee mir loossen eis eist Virgoen och net vun aneren diktéieren. Mir wëllen d'Staatsbeamten net kujenéieren an ech weisen all Ënnerstellungen an deem Sënn energesch zréck. Mir wëlle reforméieren, performéieren a motivéieren. Fir eng besser Verwaltung déi haut scho gutt ass. Fir e bessere Staat, fir e besseren Déngscht um Bierger.

D'Reforme vun der Fonction publique, wéi all aner Reformen och, wëllt d'Regierung am Dialog mat deene Concernéierten duerchféieren. Mir musse wësse wat dat Wuert "Dialog" heescht. Dialog an der Tripartite an an aneren Enceinten heescht openeen zougoen. Dialog heescht net datt ee seng Ideeën eesäiteg duerchsetzt. Demokratie lieft vum gudde Kompromiss. Ouni Kompromissbereetschaft vun hiren Acteurë gëtt se méi schwaach. D'politesch Debattekultur leid drënner datt déi déi wëlle reforméieren dauernd aner Absichten ënnerstallt kréie wéi déi déi se hunn. Mir reforméieren d'Schoul net géint d'Enseignanten, mir reforméieren d'Pensiounen net géint d'Salariéën, mir reforméieren d'Verwaltung net géint d'Staatsbeamten. Mir reforméieren am Intérêt vun eiser kollektiver Saach. Politik mécht sech am Ganzen a fir dat Ganzt. Politik däerf een net nëmme fir d'Rubrik maachen. Mir mussen dat Ganzt gesinn an dowéinst op de Rubrikenegoismus verzichten deen d'Leit géinteneen opbréngt anstatt d'Mënschen, d'Absichten an d'Projetë beieneen ze bréngen. Eng Natioun déi eng Chance an der Zukunft wëllt behalen verdréit déi radikal Gruppenegoismen net. Et gëtt zu Lëtzebuerg zevill Gruppenegoismus an ze wéineg Sënn fir dat Allgemengt, dat heescht dat nationalt Wuel. Dat muss sech ännere soss komme mer net vun der Plaz.

Zone euro

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Bei allem wat mer maache musse mer wëssen datt mer net eleng do stinn. Mir gehéieren zur Eurozon, den Euro ass eis einheitlech europäesch Währung, an ass domat och eis Nationalwährung. Alles wat den Euro an alles wat d'Eurozon betrëfft betrëfft och eis. Also musse mer eis ëm d'Problemer an der Eurozon mat bekëmmeren.

Als Land sti mer wat eis Positioun an der Eurozon ubelaangt gutt do. D'lescht Joer am Mee hu mer nach gefaart d'Europäesch Kommissioun géng eng Prozedur fir exzessiven Defizit géint eist Land lancéieren. Dat ass net geschitt well Lëtzebuerg ass dat eenzegt Land an der Eurozon wat voll a ganz de Maastrichter Critèren entsprécht.

Mee d'Eurozon steet am Epizentrum vun där weltwäiter Wirtschafts- a Finanzkris déi wäit dervun ewech ass definitiv eriwwer ze sinn. Eppes muss ee wëssen: net den Euro ass an der Kris mee mir hunn et mat enger Scholdekris vun eenzelne periphären Euro-Länner ze dinn. Den Euro ass net an der Kris, dat weise seng intern a seng extern Stabilitéit. Den Euro ass – entgéint ville Viraussoë vun de Finanzguruen – net zesummegebrach. Am Géigendeel: et kann een den Androck hu säin Aussewäert wier liicht iwwerschat.

Am Mee d'lescht Joer, während den Debatten zur Lag vun der Natioun, hu mer an Europa dramatesch Verhandlunge ronderëm den Euro an d'Scholdeproblematik vun eenzelne vu senge Mëmberstaate vun der Eurozon erliewft. Dofir hat d'Erklärung vum leschte Joer ëm een Dag verréckelt musse ginn. Mir hunn eis Sonndes den 2. Mee 2010 am Eurogrupp getraff, mir hunn een Europäesche Rot Freides de 7. Mee, no Ofschloss vun den Debatten zur Lag vun der Natioun, zur Europroblematik gehat a Sonndes duerno den 10. Mee eng dezisiv Sitzung vun den Euro-Finanzministeren.

Et gëtt oft gesot d'Eurozon hätt mat Verspéidung op d'Scholdekris vun eenzelne vu senge Mëmberstaate reagéiert. Dat ass falsch. Mir hunn an engem Rekordtempo an de leschten 12 Méint wichtegst Decisioune getraff. Wann een esoulaang an Europa ënnerwee ass wéi ech kann ee sech iwwer d'Rapiditéit vun eisen Decisiounen nëmme wonneren. Mee ech ginn zou: eenzelner hätte nach méi séier misse getraff gi wéi se getraff gi sinn. Mee esou ass d'Liewen an Europa an an der Eurozon. Déi eng versti méi spéit wéi déi aner.

Mat der Verschëldungskris vun eenzelnen Euro-Mëmberstaaten konfrontéiert, war d'Positioun vun der lëtzebuerger Regierung ëmmer kloer. Wann een Euro-Land a Schwieregkeeten geréit da riskéiert déi ganz Eurozon affektéiert ze ginn. Dofir muss an der Eurozon déi zwëschestaatlech kommunautär organiséiert Solidaritéit funktionnéieren. Mee et kann een d'Solidaritéit vun deene Staaten déi finanzpolitesch eenegermoosse korrekt gefouert sinn net akloe wann een net bereet ass am Géigenzuch zur gefrotener Solidaritéit maximal Soliditéit walten ze loossen. Dofir huet d'lëtzebuerger Regierung mat Nodrock a konsequent drop gedrängt datt d'Euro-Staaten déi europäesch Hëllef gefrot hu fir d'éischt all Effortë misste maache fir hiert eegent Haus an Uerdnung ze bréngen. Dat ass a Griechenland geschitt, dat ass an Irland geschitt. Dat ass amgaang – trotz grousse Schwieregkeeten – a Portugal ze geschéien.

Ech kënnt iwwer d'Problemer an der Eurozon stonnelaang schwätzen, Material dofir hätt ech genuch. Ech wëll dat haut net maachen. Ech wëll just d'Repercussioune vun der Scholdekris vun eenzelne Mëmberstaate vun der Eurozon op Lëtzebuerg kuerz behandelen.

Mer hunn eis als Lëtzebuerg engagéiert Griechenland bilateral Prêten an der Héicht vun 206 Milliounen Euro ze accordéieren. Bis haut hu mer 53 Prozent dat heescht 110 Milliounen Euro, zur Verfügung gestallt. Et si keng Soue vu Lëtzebuerg a Griechenland gefloss, mir hu Prêtë fir Griechenland mobiliséiert. Dës Prêtë gi remuneréiert an dat ass normal. Bis zum 29. Mäerz vun dësem Joer huet Lëtzebuerg 2,2 Milliounen Euro Zënse vu Griechenland kasséiert.

Duerch d'Gesetz vum 9. Juli 2010 hutt Der d'lëtzebuerger Regierung autoriséiert der europäescher Finanzstabilitéitsfacilitéit eng Garantie vun 1,10 Milliarden Euro ze accordéieren. Fir deen Emprunt deen de 25. Januar 2011 a Saachen Irland vun der Finanzfacilitéit opgeholl ginn ass huet Lëtzebuerg ee Betrag vun 18,1 Milliounen Euro garantéiert. Eis Staatsschold erhéicht sech ëm dëse Betrag, mee si erhéicht sech mat 0,1 Prozent vum PIB nëmme marginal.

D'Staate vun der Eurozon hunn een definitiven europäesche Stabilitéitsmechanismus decidéiert. E verfügt iwwer eng Empruntskapacitéit vu 700 Milliarden Euro. Déi 700 Milliarden Euro deele sech op an 80 Milliarde Kapital dat muss abezuelt ginn an a 620 Milliarden ofruffbaart Kapital. Lëtzebuerg bedeelegt sech un deem Kapital wat muss abezuelt gi mat 200 Milliounen Euro, dat heescht mat 0,25 Prozent vum globale Volume. Mir mussen déi 200 Milliounen a gläiche jährlechen Zahlunge vun 2013 u während 5 Joer bezuelen. Eisen Undeel um ofruffbare Kapital beleeft sech op 1,55 Milliarden Euro. Eisen totalen Engagement bedréit also 1,75 Milliarden Euro. Ech gesi keng Gefor datt mer déi Beträg missten integral zur Verfügung stellen. Den europäesche Rettungsschirm ass esou opgestallt datt iwwerdriwwe Spekulatioune géint den Euro wäerten ënnerbleiwen.

D'Regierung wäert Iech an nächster Zäit mat zwee Gesetzprojeten am Zesummenhank mat der Eurokris befaassen. Deen Éischte wäert eng Ännerung zum Artikel 136 vum EU-Vertrag beinhalten, Ännerung déi eis et als Staat soll erlabe beim Opstelle vum permanenten Eurostabilitéitsmechanismus matzemaachen. Den Zweete gesäit d'Opstocke vum éischten Eurorettungsschirm op 440 Milliarden Euro effektiv Empruntskapacitéit an d'Bereetstellung vun de Finanzmëttele fir den zweete 700-Milliarde schwéiere Rettungsschirm vir. Mir wiere frou wann déi zwee Gesetzprojetë gläichzäiteg an esou séier wéi méiglech vum Parlament kënnten approuvéiert ginn.

Voilà, Här President, déi puer Elementer déi ech zur Beschreiwung vun der Lag vun der Natioun wollt bäisteieren. Ech weess: dat wat ech gesot hu beschreiwt net déi ganz Lag vun der Natioun. An dat wat ech gesot hu beschreiwt och d'Ëmfeld an deem d'Lag vun der Natioun sech ofspillt bei wäitem net ganz. Ech hunn iwwer d'Evenementer an Nordafrika net geschwat. Ech hunn dat net gemaach well mer eigentlech dozou nëmmen eppes afällt: d'Europäer hu sech an där Géigend vun der Welt net mat Ruhm bekleckert. Mir hunn trotz besserem Wëssen 20, 30 Joer op déi falsch Käpp gesat. An déi Länner déi haut Libyen bombardéiere misste sech froen ob et moralesch vertrietbar war deene Regimer déi mer haut bekämpfen déi Waffen ze liwweren déi dësen erlaabt huet sech esou laang um Pouvoir ze halen.

D'Situatiounen an Nordafrika an an aneren arabesche Staate weisen datt mer an extrem onsécheren Zäite liewen. Mir hunn op d'Verhältnisser an deem Deel vun der Welt nëmmen ee ganz klengen Afloss. Mee den Afloss dee mer heiheem op eis eege Saachen hunn deen ass méi grouss. Déi kleng an déi grouss Problemer déi mer heiheem hunn déi kënne mer, fir déi meescht vun hinnen, selwer an de Grëff kréien. D'Regierung an déi Parteien déi se droe wäerten dat maachen.

Dernière mise à jour