Luc Frieden, Discours à l'occasion des débats parlementaires sur le budget 2012

Här President erlaabt mir fir d’éischt am Numm vun der Regierung, a mengem perséinlechen Numm, dem Budgetsrapporter vun dësem Joer, dem Här Gilles Roth, Merci ze soe fir eng remarquabel Aarbecht.

Eng Aarbecht déi net nëmmen an der Form an an der Intensitéit interessant war, mä wou en och gëschter hei a senger mëndlecher Ried eng ganz Rei interessant Message matginn huet, wou ech kann direkt soen, datt se deckungsgläich si mat enger ganzer Rei vun Iwwerleeungen, déi ech als Finanzminister maachen. An ech géing mir fir hien, a fir eis all wënschen, datt eng Rei vun deenen Iddiën, déi gëschter hei gemaach gi sinn, soit am Numm vun der Finanzkommissioun, soit a sengem perséinlechen Numm, datt déi net nëmme bei de Budgetsdebatten vun dësen Deeg, mä och an deenen nächste Méint géingen eng Grondlag si fir interessant Debattë rondërem d’ëffentlech Finanzen.

An dee Merci géing ech och gären all Kollege vun der Finanz- a Budgetskommissioun, ënnert hirem President Michel Wolter aschléissen, déi an deene leschte Woche vill Stonne mam Staatsbudget, deen d’Regierung abruecht huet, verbruech huet. An ech muss soen, et ware fir d’Regierung interessant Gespréicher an der Finanzkommissioun.

Dës Budgetsdebatten, Här President, Dir Dammen an Dir Hären Deputéierten, féiere mir an enger Zäit, wou grouss Fragezeiche stinn hannert der ekonomescher Zukunft vun eisem Land, Europa an der Welt.

Et ginn op d’mannst 5 wirtschaftlech Fakten, déi hei beienee kommen.

  • D’Weltwirtschaft dréint méi lues.
  • Mir hunn et ze di mat enger aussergewéinlecher Beonrouegung vun den internationale Finanzmäert.
  • Mir hunn eng enorm Vertrauens- a Scholdekris an Europa.
  • Mir stelle fest eng Verlagerung vun dem ekonomesche Wuesstem an der Muecht ewech vun Europa.
  • A mir gesinn eng nei Interdependenz tëscht de Länner an Europa, an tëscht de Kontinenter.

Kee kann dës Fragezeichen, dës Problemer, dës Erausfuerderungen einfach ewechblosen. Kee weess all d’Äntwerten op dës Froen. Mä sécher ass, mir liewen an turbulenten Zäiten, wou grouss Changementer kommen, déi en Impakt op eist Land, op eis Économie, an op eis Staatsfinanze wäerten hunn.

Même wann déi Défië kommen, gëlt et net de Kapp hänken ze loossen, de Kapp an de Sand ze stiechen, mä da muss ee gemeinsam mat all deem wat mir schonn erreecht hunn, mat all deem wat mir sinn, musse mir eis opmaachen an eise Beitrag ze leeschten, fir déi Changementer erbäizebréngen.

Ech mengen, datt mir net nëmmen an Europa eis fundamental Froe musse stellen, mä och hei zu Lëtzebuerg. Mir brauchen en fait en anert, en neit Lëtzebuerg, an engem Europa wat sech nei definéiert, an enger globaler Économie, déi nei Akteuren novir bréngt.

D’lëtzebuerger Sozial-, Wirtschafts- a Finanzpolitik muss hei mat Äntwerte bäidroen. Mir hunn net alleguer d’Äntwerten, mä mir hunn e Stéck vun deem grousse Kuch, dee mir musse bäidroen. An duefir sollen och dës Budgetsdebatten, hoffen ech, dozou e Beitrag liwweren.

Europa, hunn ech gesot, steet an enger ganz déiwer Vertrauens- a Stabilitéitskris. D’Staatsobligatiounen, dat wat d’Leit kaaft hunn, wa se wollten, niewent dem Spuerbuch, e séchert Investissement hunn, wäerft haut aner Froen ob, wéi virun e puer Joer.

Verschidde Länner kréien net méi Sue geléint. An d’Stabilitéit vun de Banken a Fongen, déi de Staate Sue geléint hunn, gëtt erëm op verschiddene Plazen ugezweifelt.

D’Interdependenz, d’Interrelatioun tëscht privat an ëffentleche Finanzen, tëscht Finanzindustrie a Staat, war nach ni esou grouss wéi elo.

An en fait, mengen ech, hu mir mat enger Banken- an enger Staatskris ze doen. Mir haten dat 2008, mir hunn dat och erëm op d’mannst an embryonaler Form 2011.

Fir mech ass et awer kloer, datt Lëtzebuerg Europa brauch. Mir brauchen et politesch, mir brauchen et ekonomesch. Sécherheet, Stabilitéit a Wuelstand sinn onzertrennbar fir Lëtzebuerg mat Europa verbonnen.

Ekonomesch brauche mir de Bannemaart. An engem Land, wou bal all Gidder a Servicer, déi mir produzéieren, exportéiert ginn, ass et evident, datt mir en Intérêt drun hunn, e grousse Bannemaart ze hunn, an deem mir kënnen operéieren.

An dat selwecht gëlt natierlech fir den Import, wann ee weess, datt bal alles wat mir heibanne gebrauchen, konsomméieren, aus dem Ausland, aus der Eurozon, aus Europa kënnt.

An duefir ass och fir eis den Euro, trotz alle Suergen, déi ee kann hunn, e wichtegt Instrument fir d’lëtzebuerger Land. Et huet eis erlaabt iwwer déi lescht 10 Joer, 12 Joer, keng Wiesselcoursschwankungen ze hunn, keng Dévaluatiounë musse matzemaachen, déi eiser Économie extrem geschuet hätten. Den Euro huet eis erlaabt d’Präisstabilitéit ze hunn, manner wéi 2% iwwer déi éischt 10 Joer vun dem Liewe vun eiser gemeinsamer Währung.

Mä et kann ee keng gemeinsam Währung hunn, et kann ee keng gemeinsam Währung wëllen, an alles an den Hänn vun den nationale Staate loossen. Dat eent an dat anert geet ze summen. An duefir brauche mir Responsabilitéit vu jiddwerengem, a Solidaritéit. Wat deen ee mécht, huet ganz einfach en Effet op déi aner.

An duefir mengen ech, musse mir eng Rei vu Moossnamen huelen, kuerzfristeg, mëttel- a laangfristeg.

Mir brauche kuerzfristeg eng Solidaritéit an Europa, déi sécherstellt, datt déi Länner, déi déi gréisste Schwieregkeeten hunn, Griechenland, Portugal, Irland, datt déi Hëllefe kréien, mä Hëllefen déi gebonne sinn u ganz strikt Konditiounen, fir datt séchergestallt gëtt, datt déi Hëllefen och en Zil hunn, nämlech datt déi Länner duerno erëm kënnen autonom fonctionnéieren, an deem se och vun de Finanzmäert erëm Sue geléint kréien.

Déi Hëllefen, déi mir deene Länner ginn, sinn och Hëllefen, déi an eisem Intérêt sinn, well et geet drëm d’Stabilitéit vun der gesamter Eurozon ofzesécheren. Mir brauchen natierlech och crédibel Instrumenter fir déi Hëllefe kënnen ze assuréieren.

Duefir brauche mir en zoliten an efficacen ESFS, an ESM, dat sinn déi europäesch Rettungsschirmer. Deen dee mir elo hunn, an dee mir am gaange sinn opzebauen. A mir brauchen eventuell och d’Hëllef vun dem Internationale Wärhungsfong, woubäi Europa jo souwisou zesummegeholl dee gréissten Aktionnär vum IWF ass.

De Renforcement vun dësen Hëllefsinstrumenter, där europäescher an där internationaler, kann och eventuell matsechzéien, datt mir mussen an deenen nächste Méint hei zousäzlech finanziell Mëttelen zur Verfügung stellen.

Mëttel- a laangfristeg gëtt et awer nëmmen ee Rezept, dat ass, mir brauche gesond Staatsfinanzen. Ouni gesond Staatsfinanzen fënnt Europa kee Vertrauen, a keng Stabilitéit zeréck.

Mir brauchen eng méi efficace, eng europäesch Manéier fir eis Budgets- a Wirtschaftspolitik ze gestallten. Mir mussen zu 27 eis Politikgestaltung méi openeen ofstëmmen. Dat verlaangt déi Interdependenz, vun där ech virdru geschwat hunn, et kann net jiddweree maache wat hie wëllt. Dat verlaangt och vläicht op engem gewëssene Moment institutionell Ännerungen.

Mä virun allem kënnt et eis drop un, datt mir elo emol dat ëmsetzen, wat mir schonn décidéiert hunn. Mir hunn an deene leschte Wochen, esouwuel am europäesche Ministerrot, wéi am Europaparlament eng ganz Rei vu Gesetzgebungen ugeholl, déi sollen eng besser Koordinatioun, virun allem vun der Wirtschaftspolitik, zum Deel och vun der, virun allem vun der Budgetspolitik, zum Deel och vun der Wirtschaftspolitik erbäibréngen.

Lëtzebuerg war a bleift fir e Maximum vu Kontroll- a Sanktiounsmechanismen vis-à-vis vun deene Länner, déi a Problemer sinn, a riskéieren déi aner Länner mat a Problemer ze zéien.

Am Euroland liewen, verlaangt ganz einfach, datt ee Souveränitéit gemeinsam ausübt. An dat ass dat, wat mir gewollt hunn. Dat ass dat, wat mir ëmgesat hunn, dat musse mir och nach verstäerkt an deenen nächste Méint ëmsetzen, well déi Décisiounen déi geholl gi sinn, mussen elo emol an deenen nächste Méint an all de Länner, och hei zu Lëtzebuerg, hiren Nidderschlag fannen.

De Retour un national Währungen ass fir Lëtzebuerg ekonomesch a politesch net denkbar, och net wënschenswäert.

Mä dee groussen Test fir d’Eurozon dee kënnt am nächste Joer, wa ganz vill Länner, déi déi méi gesond sinn, déi déi manner gesond sinn, op d’Finanzmäert wäerte Milliarde musse léine goen, an da kënnt den Test, ob dat, wat mir bis elo gemaach hunn, crédibel war oder net.

Loosse mir awer alles maachen, och als Lëtzebuerger, fir eise Beitrag ze leeschten, datt Europa, d’Eurozon de Garant vu Stabilitéit bleift, esou wéi dat an deene leschten 10 Joer eisem Land ganz vill bruecht huet

Mä dëst ass e Prozess, Dir Dammen an Dir Hären, mat ganz villen Étappen. Net ee Sommet, och net dee vum 8. an 9. Dezember, kann duerch eng Décisioun all Problemer ewechblosen. Et ass e Prozess mat villen Étappen. An ech hunn Iech se gesot, déi kuerz-, mëttel- a laangfristeg déi mir elo mussen ëmsetzen. A wa mir dat alles zesumme maachen, och hei zu Lëtzebuerg, an och eise Beitrag leeschten, dann hu mir eng Chance fir erëm a méi stabel Environnementer ze kommen.

Dës Interdependenz, Här President, dës Schicksalsgemeinschaft, an där mir an Europa sinn, gëlt net nëmme fir den europäesche Kontinent, e gëlt och generell fir d’Welt, a fir d’Relatiounen tëscht Europa an dem Rescht vun der Welt.

Mir gesinn et um wirtschaftleche Plang, et entstinn nei Akteuren, Wirtschaftswuesstem entsteet op anere Plaze vun der Welt, an d’Roll vun Europa gëtt méi kleng.

Politesch, well mir ze oft net gëeent optrieden, ekonomesch, well aner Akteure méi schnell wuessen, an hir Plaz an der Weltéconomie méi breet maachen.

Fir Lëtzebuerg heescht dat, datt mir eis mussen opmaachen op déi nei Realitéit. Mir musse kucken eng Bréck mat deenen neien Économien opzebauen, versichen eis un deem Wuesstem ze bedeelegen, akzeptéieren, datt d’Éonomie vum 21. Joerhonnert net déi selwecht ass, wéi déi vum 19. an 20. Joerhonnert.

Ech weess, datt dat fir vill, och hei am Land, eng grouss Ëmstellung matsechbréngt. Dat ass en Opmaachen op aner Länner, op aner Kulturen, op aner Mënschen.

Wa Russen, Inder, Chinesen, Araber zu Lëtzebuerg investéieren, an a veschiddene Secteure vun der Économie, da kënnt ëmmer erëm d’Fro op, och heibannen heiansdo, gëtt et dann do keng lëtzebuerger Léisung, ass dat dann do net den Ausverkaf vu Lëtzebuerg?

Neen, et gëtt seelen eng lëtzebuerger Léisung, well zu Lëtzebuerg net genuch Privatkapital, Privatsue sinn, fir ganz grouss Zommen ze investéieren. Et ass och keng durabel Léisung, a finanziell net denkbar, datt de Staat alles keeft a géréiert.

Lëtzebuerg huet am Fong ëmmer vum auslännesche Kapital gelieft, a profitéiert. Däitsch, belsch, franséisch Investisseuren hunn eis Stolindustrie, an eis Finanzplaz grouss gemaach, an d’Amerikaner hu Groussindustriebetriber an den 1960er an 1970er Joeren op Lëtzebuerg bruecht.

Loosse mir duefir déi nei Investisseuren aus de sougenannten Emerging markets wëllkomm heeschen. Si sinn iwweregens guer net esou anescht wéi mir heiansdo mengen. Mir brauche si, a mir profitéieren dovun, och op hire Mäert. An duefir brauche mir och weider eng aktiv Promotiounspolitik a Länner déi méi wäit ewech vun eis sinn, niewent der weiderer Kommunikatioun an eis Nopeschlänner.

Latäinamerika, Asien, China, Russland, Tierkei, d’Golfstaaten si Plaze wou et wichteg ass, datt d’Regierung, a virun allem de Wirtschaftsminister an ech selwer, ëmmer erëm de Fändel vun eisem Land opriichten, an erklären, wat fir eng Méiglechkeete mir hei ze bidden hunn, respektiv wat eis Entreprisen op deene Mäert kënnen entdecken.

Duefir ass et och wichteg, an de Budget 2012 leet duefir d’Grondlag, datt mir nei Ambassaden, och aus ekonomesche Grënn, zu Abu Dhabi an zu Ankara opgemaach hunn.

Datt déi gréisste chinesesch Bank hiren europäeschen Hub, hiren europäeschen Zentrum hei zu Lëtzbuerg opgemaach huet, an datt lëtzebuerger Fongen, déi meescht verkaafte Fongen, op enger Plaz wéi Hongkong sinn, beweist datt dës Relatiounen mat neie Mäert, mat neie staarken Économien an der Welt, datt dat Marchéë sinn, déi an deenen zwou Richtungen am Intérêt vun der Weiderentwécklung vun der lëtzebuerger Économie sinn. Déi Aarbecht muss virugoen.

Et ass an deem do Kontext, wou ech och hei gäre géing e Wuert soen iwwer d’Bil, déi eelste lëtzebuerger Privatbank. Déi hei e gutt Beispill vun dësem Changement ass, an iwwer déi an dësem Budgetsgesetz, iwwer dat dir muer ofstëmmt, jo och Garantiebestëmmungen drastinn.

Wéi de Groupe Dexia Enn September grouss an urgent Schwieregkeeten hat, hu sech fir mech follgend zwou Froe gestallt. Soll de Staat sech iwwerhaapt dorëms bekëmmeren? An zweetens, wa jo, soll de Staat déi Bank kafen?

Wann eng Bank esou vill Clienten huet, déi hei am Land wunnen, a wann e Finanzinstitut, wéi déi do Bank, e systemesche Charakter huet, dann ass et am ekonomeschen an am sozialen Intérêt, am Intérêt général, géing ech soen, fir datt de Staat eng aktiv Roll bei der Léisung vum Problem spillt, fir doduerch grousse Schued vum Land ewechzehalen. Dat hu mir 2008 bei der BGL gemaach, dat hu mir 2011 elo bei der Bil gemaach.

Mir mengen net, datt et à moyen et à long terme déi beschte Léisung ass, datt de Staat all Guichetsbanken zu Lëtzebuerg keeft, a sengem Besëtz zum Deel, oder ganz huet.

D’Acquisitioun duerch de Staat kann ëmmer nëmmen eng Noutléisung sinn. Si bleift eng Noutléisung. Mir brauchen och bei de Guichetsbanken, mir brauchen och am Retailgeschäft zu Lëtzebuerg eng Konkurrenz tëscht privaten Entreprisen.

Doduerch datt mir konnten e finanzkräftegen Investisseur fannen, fir der Bil eng stabel Zukunft ze ginn, huet de lëtzebuerger Staat net missen op déi Noutléisung, also den Opkaf zu 100%, zeréckgräifen. D’Verhandlungen tëscht dem kataresche Keefer an dem Groupe Dexia komme gutt virun, a si sinn no beim Ofschloss.

De lëtzebuerger Staat huet d’Intentioun eng Participatioun vu ronn 10% fir e Präis vun em déi 100 Milliounen Euro, an där Bank ze kafen. Déi genee Modalitéite bleiwen ze definéieren.

Dës Participatiounen hänken och of vun de Gespréicher déi mir am gaange sinn ze féiere mat der europäescher Kommissioun, déi hei muss hiren Accord ginn wéinst de Konkurrenzrechtregelen, an de Staatsbäihëllefregelen, déi an Europa festgeluegt sinn.

Als Konditioun fir d’Rettungsaktioun vun der Bil huet missen eng Décisioun fir d’éischt geholl ginn iwwer d’Opléisung vun dem Groupe Dexia. A fir déi Opléisung kënnen ze maachen, huet missen eng Léisung fonnt ginn, fir de Refinanzement vun der Dexia, dat heescht, vun deem wat bleift an der Mammegesellschaft.

D’Fro un d’lëtzebuerger Regierung, och vun de Kollegen am Frankräich an an der Belsch, wëssend datt Frankräich an d’Belsch eng direkt, respektiv indirekt Participatioun un där Gesellschaft hunn, wat net de Fall ass fir Lëtzebuerg, d’Fro u Lëtzebuerg war also, wëllt dir d’Bil aus dem Groupe erauskréien, da musst dir matmaache bei de Garantien, vu maximal 90 Milliarden, déi dann tëscht deenen dräi Länner géingen opgedeelt ginn.

A vu datt den Intérêt national ekonomesch a sozial ass hei zu Lëtzebuerg d’Bil ze retten, ware mir d’accord fir bei dëse Garantieë matzemaachen, net well mir dorunner Pleséier fonnt hunn, mä well dat deen eenzege Wee war fir zu deem Zil ze kommen, der Bil zu Lëtzebuerg eng stabil, autonom, onofhängeg Zukunft ze ginn, am Intérêt vun deene ville Clienten, an am Intérêt vun der Finanzsituatioun, vun der Finanzplaz en général.

Ech rappeléieren och, datt mir 2008 e Schlëssel ofgemaach haten tëschent deenen dräi Länner, jee no Importenz vun deene Banken an deene Länner, an dee Schlëssel gesäit vir, datt bei deene Garantien, deemools wéi haut, d’Belsch 60,5% dréit, Frankräich 36,5%, a Lëtzebuerg 3%.

Déi Garantien déi mir 2008 ginn hunn, grad esou wéi déi Garantien déi mir elo ginn, déi gi rémunéréiert, de lëtzebuerger Staat huet vun deene Garantien bis haut 30 Milliounen Zënse kritt. Déi Garantieë vun 2011 musse selbstverständlech och rémunéréiert ginn, nom nämlechte Schlëssel, an zu Tariffer déi am gaange si mat der europäescher Kommissioun och do diskutéiert ze ginn. Duefir hu mir och déi Garantien nach net ënnerschriwwen, well si ginn eréischt dann ënnerschriwwen, wann d’europäesch Kommissioun hire Feu vert ginn huet.

Ech zielen op den Accord vun der Chamber zu dëse Garantien, fir domat der Bil hir eng Zukunft ginn. Den Enjeu fir vill Mënschen hei am Land, déi do hir Erspuernisser hunn, fir vill Mënschen déi do schaffen, ass enorm grouss. An ech wäert och, wéi bis elo, ech mengen, ech war schonn zwee Mol an der Finanzkommissioun mat deem Dossier, ech wäert och an der Zukunft d’Chamber- a Finanzkommissioun enk informéiert halen iwwer d’Évolutiounen an dësem Dossier.

2012, Här President, gëtt keen einfacht Joer fir d’Banken, fir Europa. An d’Linn de conduite am Fall Bil ass och, wéi 2008, der Regierung hir Linn heiheem, an an Europa, wa weider Bankerettungsoperatiounen noutwenneg wieren.

Wa sech e Problem stellt, si mir der Meenung, datt folgend Étappe musse spillen. Éischtens muss ëmmer fir d’éischt eng Léisung mat Privatkapital gesicht ginn. Wann déi net méiglech ass, kënnt zweetens eng Solutioun déi nationalstaatlech Interventiounë virgesäit. Dat wëlle mir zu Lëtzebuerg maache fir systemesch Banken, a wéi 2008 fir all Guichetsbanken, mat deenen d’Résidentë vu Lëtzebuerg hir déiglech Bankoperatioune maachen.

Mir hätte gären drëttens, datt eng europäesch Koordinatioun, wat d’Konditioune vun esou Interventiounen ubelaangt, stattfënnt. Mir hunn déi Positioun och am Finanzministerrot an Europa vertrueden, datt mir méi Koordinatioun, notamment iwwer déi Konditioune brauche wéi 2008.

Fir datt och an dëser schwiereger Zäit d’Lëtzebuerger Zentralbank hir aktuell an zukünfteg Aufgaben am Intérêt vun der Stabilitéit vun der Finanzplaz, vun Europa, an hir zousäzlech Roll an de Relatioune mam Internationale Währungsfong ka spillen, ass d’Regierung der Meenung, datt mir d’Kapital vun der Lëtzebuerger Zentralbank an deenen nächste Méint mussen erhéijen.

D’Schwieregkeete vun der Finanzwelt, d’Staatsscholdekris, déi Turbulenzen op de Finanzmäert hu selbstverständlech Effeten op d’lëtzebuerger Économie, a si wäerten d’Staatsfinanzen 2012, 2013, 2014 selbstverständlech affektéieren.

An dee Budget 2012 muss een ëmmer duefir an enger méi laangfristeger Perspektiv gesinn. E kënnt op engem Moment, deen, wéi gesot, mat ville Fragezeichen behaft ass, mä duefir versicht dëse Budget 2012 Stabilitéit, Wuesstem a Kafkraaft ze erreechen.

An ech géing soen, en huet virun allem 4 Charakteristiken.

  • Éischtens versicht dëse Budget héich Investitiounsausgaben als Stäip fir d’Économie ze halen.
  • Zweetens huet en eng breet Sozial- a Solidaritéitspolitik. Kanner, Studente, Kranker, Pensionéierter, Chômeuren bénéficiéiere vun dëser Politik.
  • Drëttens versicht dëse Budget eng besser Zukunft virzebereeden duerch zum Beispill méi Dépense fir Fuerschung, fir Energiedéfien, fir ëffentlechen Transport.
  • A véiertens stäerkt dëse Budget och d’Kafkraaft vun de Leit, ënnert anerem doduerch, datt d’Ofschafung an dësem Budget vun der Krisesteier virgesinn ass.

An dat Ganzt, wann ech dat alles zesummenhuelen, ouni eng abenteuerlech Finanzpolitik ze maachen, mä ech soe jo, mä mir hunn en Defizit.

Mir behalen en Defizit no europäesche Critèrë vun ongeféier 0,7%, vläicht méi, wann d’Recette manner schnell erakommen, vun 1% bis 1,5%, wat eng 300 bis 500 Milliounen bei de gesamt ëffentleche Finanzen ass. Dat ass wäitaus besser wéi déi meescht Länner an der Eurozon, mä et ass en Defizit un dee mir historesch zu Lëtzbuerg net gewinnt sinn.

A méi schlëmm, mir hunn en Defizit vu ronn 1,1 Milliarden beim Zentralstaat, dat si ronn 2,5% vum Bruttoinlandprodukt.

Dësen Defizit muss ee selbstverständlech och kucke par rapport zu deem, wat mir notamment am Investitiounsberäich maachen, fir déi Chiffere kënnen am Detail ze analyséieren.

Mir hunn d’nächst Joer Investitioune vun, an de Budgetsrapporter huet dat gëschter rappeléiert, vun 1,8 Milliarden Euro. Mir froen an dësem Budget, fir och deen Defizit kënnen ofzedecken, eng Autorisatioun fir eventuell kënne 500 Milliounen léinen ze goen, bei enger Staatsschold déi fir de Moment bei 7,5 Milliarden Euro läit.

Wann ech also déi Chifferen do all zesummenhuelen, da gesäit een, datt mir net méi léinen, wéi dat wat mir fir Investitiounen ausginn, datt mir en fait nëmme léinen, fir Investitiounen ze tätegen. Dat si mengen ech, Elementer, déi een och muss hei mat berücksiichtegen, wann een dëse Budget vun 2012 kuckt.

An dann ass do selbstverständlech déi berechtegt Fro, déi an deene leschte Wochen an deenen Debatte vill gestallt ginn ass, ass dëse Budget ze optimistesch? Ech kann déi Fro net präzis beäntwerten, well dat hänkt dovun of, wéi d’ekonomesch Évolutioun d’nächst Joer ass.

De Budget ass ze optimistesch, wann d’Eurozon weider a Schwieregkeete bleift, a wann d’Weltwirtschaft weider no ënnen tendéiert.

En ass realistesch, wa mir et fäerdegbréngen, déi Kris kuerzfristeg an de Grëff ze kréien.

Mir hu méi wéi jee virdrun mat enorme Schwankungen ze dinn, wat d’Prévisiounen ubelaangt. Ech wëll dat hei nach eng Kéier rappeléieren, an och nach eng Kéier drop hiweisen, datt en fait kee weess, wéi d’Joer 2012 millimetergenee ekonomesch ausgesäit.

Wéi ech am Juli ugefaangen hunn, mat menge Beamten de Budget ze preparéieren, si mir dovun ausgaangen, datt mir d’nächst Joer zu Lëtzebuerg eng Croissance vun 3% hätten, Chifferen déi mir geliwwert kritt hu vun eisem statisteschen Amt. Schonn am Oktober wéi mir de Budget op politeschem Niveau zesummen diskutéiert hunn, ware mir bei 2%, an elo am November ginn d’Prévisiounen nach eng Kéier zeréck geholl, a leien elo, jee no statisteschem Amt, heiheem oder an Europa, tëscht 0,5% an 1,5%. Iwwer, wéi gesot, eng Zäitspann vu 6 Méint sinn déi Prévisioune permanent no ënne revidéiert ginn.

Duefir, wann Dir mech haut frot, haut um Dag genee, an ech misst d’Fro beäntwerten ob de Budget ze optimistesch opgestallt ass, kann ech soen, jo, mä ech stellen awer och d’Fro, soll een de Budget dann änneren, a wéi ännert een en?

Ech soen, Neen, et soll een elo net änneren, well et kann een natierlech um Dag vun haut soen, da setze mir 200 Millioune manner Recetten an. Ass dat onbedéngt richteg, net onbedéngt, well d’Recetten, an notamment de Gros vun de Recette gëtt mat engem Retard jo akasséiert, dat heescht, mir kasséieren net dat an, elo am Januar, wat am Dezember erwirtschaft ginn ass, mä d’Steiere gi mat engem gewëssenen Décalage akasséiert. Duefir huet déi wirtschaftlech schwiereg Situatioun, menger Meenung no, virun allem eng Inzidenz op d’Recette vun 2013, 2014.

Zweetens, ännert een d’Dépensen? Mir mengen, datt an dësem Moment vu wirtschaftlecher Onsécherheet et wichteg wier, datt mir d’Économie notamment duerch héich Investitioune géingen ënnerstëtzen.

Mir mengen och, datt et net gutt wier en Zick-Zackkurs ze fueren. All Mount en anere Budget, all Mount deen een oder anere Kredit ze änneren.

An da stellt sech natierlech d’Fro, ass dee Budget do an dësen Zäiten, wat d’Dépensen ubelaangt, wat d’Recetten ubelaangt, dann onofhängeg vun där Volatilitéit, een deen ee kann an dëser Situatioun verstoen an ënnerstëtzen?

Wann ech kucke wat mir gemaach hu bei de Recetten, rappeléieren ech Iech, datt mir d’Recetten em 5% méi héich agesat hunn, wéi dat wat mir fir 2011 erwaarden. Mir hunn awer och do scho verschidde Steierkategorien manner héich agesat, wéi am Budget vum Joer virdrun, notamment bei der Kierperschaftssteier, déi em ronn 100 Millioune manner héich agesat ginn ass. Dat heescht, mir hu schonn eng Brems ageluegt, och bei der Aschätzung vun de Recetten.

A bei den Dépensen, déi em ronn 6% wuessen, kann ee sech natierlech d’Fro stellen, wéi ass dat dann, datt déi Dépensen zu Lëtzebuerg am Staatsbudget esou schnell wuessen? An duefir géing ech einfach emol hei gären e puer Beispiller gi vu staarke Croissancen am Budget vum nächste Joer, fir ze erklären, firwat Joer fir Joer zu Lëtzebuerg mat enger realtiv staarker, duerch Automatismen oder wirtschaftlech Entwécklung geprägter Rapiditéit an d’Luucht wuessen. 7 Beispiller.

  • De Finanzement vum Staat an d’Pensiounskeese klëmmt em 87 Milliounen.
  • D’Participatioun vum Staat an der Fleegeversécherung klëmmt em 35 Milliounen.
  • Dem Staat seng Bedeelegung un de Kannerbetreiunsstrukturen klëmmt em 60 Milliounen.
  • D’Participatioun vum Staat un de Krankekeese klëmmt em 40 Milliounen.
  • Eis Bedeelegung un der ëffentlecher Fuerschung klëmmt em 30 Milliounen.
  • Eis Bedeelegung an der Entwécklung vun der Formation professionnelle, der Beruffsausbildung klëmmt em 36 Milliounen.
  • D’Gehälter duerch Automatismen vun de Leit déi beim Staat schaffen, klammen em 150 Milliounen.

Dat sinn, mat Ausnam vun der Kannerbetreiung, der Formation professionnelle, an der Recherche, Saachen déi duerch Automatismen entstinn.

An déi dräi déi ech elo zum Schluss nach eng Kéier genannt hunn, entstinn aus politeschen Engagementer, déi mir geholl hunn, fir der wirtschaftlecher Entwécklung, der Beruffsausbildung, der Zukunftspolitik vun eisem Land gerecht ze ginn.

De klasseschen Train de vie vum Staat iwweregens, de klassesche Fonctionnement vum Staat wiist manner wéi d’Gesamtaugmentatioun vun den Dépensen. Ech hunn Iech gesot, d’Gesamtaugmentatioun läit bei 6%, den Train de vie vum Staat klëmmt em 4,5%.

D’Investissementer, rappeléieren ech nach eng Kéier, klammen op 1,8 Milliarden. Ech deelen d’Iwwerleeung, déi de Bugetsrapporter hei gëschter gemaach huet, à moyen terme, kuerzfristeg sinn déi domat 400 Millioune méi héich wéi 2009, respektiv och wéi 2008, 2009, do ware se ëmmer op ongeféier 1,4 Milliarden. Dat heescht, mir hunn iwwer eng Period vu 4 Joer, eng Augmentatioun vun 30%. Dat ass kuerzfristeg gutt a richteg fir d’Économie ze ënnerstëtzen, laangfristeg wäerft dat natierlech eng Rei Froen op, op déi ech herno zeréckkommen.

Mä mat deene Suen, duerch de Budget vun 2012, maache mir wiesentlech Strukturreformen am, Infrastrukturreformen hei am Land, wéi zum Beispill, datt mir fir ronn 90 Milliarde Schoule bauen, datt mir fir ronn 60 Milliarde Spidäler bauen, fir ronn 180 Milliarden, Milliounen, Pardon, Pardon, 80 Millioune Schoulbauten, 60 Millioune Spidäler, 180 Milliounen d’Schinnenetz hei zu Lëtzebuerg ausbauen, oder moderniséieren.

Dat heescht, do aus deene Suen, an aus deenen zousäzlechen Ausgaben entsti Projeten, déi net nëmmen am Joer 2012 hiren Effet hunn, mä dem Land zegutt kommen och an deene Joeren duerno.

Ech weisen och drop hin, datt an deem Budget 2012 mir weder Steiere fir d’Betriber, nach fir d’Privatleit erop gesat hunn. Am Géigendeel, d’Privatleit hir Steierlaascht geet duerch d’Ofschafe vun der Krisesteier 2012 erof.

Generell sinn ech der Meenung, datt mir an der Steierpolitik och bei enger Defizitsituatioun ëmmer mussen d’Aen ophalen, fir eng attraktiv, dat heescht eng konkurrenzfäeg Steiergesetzgebung ze behalen.

Mir liewen an enger oppener Économie, dat gëlt virun allem fir d’Betriber.Also kann een net d’Steieren reng theoretesch fixéieren, mä et muss een ëmmer kucken, wéi ass d’Steierbelaaschtung fir déi Entreprisen, déi international operéieren, zu Lëtzbuerg?

Ech deelen duefir d’Opfaassung vum Bugetsrapporter, déi hie gëschter hei gemaach huet, datt mir mussen nach eng Kéier driwwer diskutéieren, ob ee fir d’Kierperschaftssteier eng méi breet Assiette mécht, mat engem méi nidderen Taux, oder awer op een deen aktuelle System bäibehält. Dëst huet natierlech ënnerschiddlech Effeter op d’Betriber.

Déi Betriber déi schonn hei sinn, si gewinnt un dëse System, nei Betriber déi op Lëtzebuerg kommen, kritt een natierlech éischter mat engem méi nidderegen Taux, well déi nach net un eng gewëssen Assiette sech adaptéiert hunn.

Et géing eis awer erlaben, méi no bei der OECD-Moyenne vun den Tauxë bei der Kierperschaftsbesteierung och an Zukunft ze bleiwen.

D’Besteierung natierlech muss an engem internationale Kontext och der technologescher Évolutioun Rechnung droen, mat hir otmen.

D’Fro stellt sech zu Lëtzebuerg zum Beispill bei der TVA-Behandlung vun de Bicher. D’Regierung deelt d’Opfaassung vun der europäescher Kommissioun, déi gëschter an hirer TVA-Kommunikatioun der Meenung war, datt déi selwecht Gidder deem selwechten TVA-Taux sollen ënnerworf ginn, egal wat fir enger Technologie se ënnerworf sinn.

Dat ass iwweregens och d’Meenung vu Frankräich, wat en neit Gesetz den 1. Januar a Kraaft setzt, dat Pabeier an elektronesch Bicher matenee gläichstellt.

Well mir zu Lëtzebuerg e wichtege Secteur vum elektroneschen Handel hunn, well mir wëllen, datt Lëtzebuerg konkurrenzfäeg am europäesche Bannemaart bleift, a well e Buch e Buch ass, wëllt d’Regierung dee selwechten Taux vun 3% vum 1. Januar un op alle Forme vu Bicher applizéieren, an domat en fait déi Kommunikatioun vun der europäescher Kommissioun direkt uwennen.

Ech mengen, Här President, datt de Budget vun 2012 e Budget ass, dee Budgetsdisziplin, sozial Responsabilitéit, an ekonomesch Entwécklung matenee verbënnt.

E probéiert iergendwéi en Équiliber ze fannen tëschent der Begrenzung vun der Steigerung vun den Dépensen, an ech kann Iech soen, villes vun deem, wat d’Kollegen an der Regierung wollten, villes vun deem och wat eng Rei Kollegen hei an der Chamber wollten, ass net méiglech gewiescht, hu mir missen an de Budgetsdebatte refuséieren.

Mä mir hunn awer och e Kompromiss gesicht, deen an dëser Situatioun eng zolit Ënnerstëtzung vun enger Rei vu Projeten, déi ugefaange sinn, weiderhin erlaabt.

Duefir mécht dëse Budget vill fir d’Familljen. E mécht vill fir d’Grondausgabe, d’Grondaufgabe vum Staat, Beispill Sécherheet. E mécht vill fir d’Betriber, Subsiden, Investissementer, ech hunn dovu geschwat. E mécht vill fir déi Schwaach an der Gesellschaft heiheem, an an der Welt.

Mä esou relativ gesinn, positiv wéi eis Staatsfinanzen am internationale Verglach do stinn, esou enorm ass a bleift awer den Défi fir d’Staatsfinanzen, ech géing soen, fir eist Land, fir dëst Joer, fir déi Joeren déi elo kommen, besonnesch an engem Moment, an dat ass jo och d’Schwieregkeet, déi ech virdru beschriwwen hunn, fir de Budget 2012, ganz genee an deem onséchere Environnement, millimetergenee notamment op der Recettesäit ze fixéieren.

Mir mussen also eis virun allem vun den Défië vun der Zukunft, och beim Budget 2012, bewosst sinn.

Den Defizit dee mir hunn bei de gesamt ëffentleche Finanzen, also Staat, Sécurité sociale, Gemengen ass op d’Dauer en Defizit, dee mir net kënne bäibehalen.

No den europäesche Regelen, déi mir mat akzeptéiert hunn, an ech muss Iech och soen, Regelen déi mir voll a ganz Sënn maachen, mir hu se net akzeptéiert, well Europa se gären esou hätt, mir mengen, datt dat Regele vu bons sens wieren, muss ee sech e mëttelfristegt Budgetszil ginn. An dat mëttelfristegt Budgetszil, de medium term objectif, huet am Fong dräi Elementer, déi ee muss berücksiichtegen. Wuesstemsperspektiven, d’Staatsschold, an de Käschtepunkt vun de Pensiounen déi spéider musse bezuelt ginn.

An dëse medium term objectif, dëst mëttelfristegt Budgetszil fir Lëtzebuerg verlaangt am Fong, well mir en Iwwerschoss bei de gesamt ëffentleche Finanzen hunn, wéinst eiser verstopptener Schold, wéinst eisen implicit liabilities, dat heescht, déi Dépensen déi mat der zounehmender Veralterung vun der Populatioun hei zu Lëtzebuerg zesummenhänken.

An duefir wëll ech hei ganz kloer am Numm vun der Regierung soen, wat fir d’Regierung d’Zil bleift 2014, d’gesamt ëffentlech Finanzen am Équiliber ze hunn.

Ech fügen awer dobäi als Finanzminister, datt et absolut noutwenneg ass, datt mir schnellstens, a spéitstens 2015, oder 2016 op eisem mëttelfristege Budgetszil, also engem liichten Iwwerschoss bei de gesamt ëffentleche Finanze musse sinn.

An ech géing soen, datt mir en drëtt Zil mussen hunn, nämlech datt mir den Defizit bei dem Zentralstaat iwwer déi nächst 5, 6 Joer mussen op e Minimum reduzéieren.

Dësen Defizit nämlech vum Zentralstaat, vu ronn enger Milliard, ass net e Problem fir ee Joer, ass net e Problem fir zwee Joer, et ass e Problem, wann en iwwer eng Dauer vun e puer Joer bleift, besonnesch wann d’wirtschaftlech Entwécklung wéi elo ganz lues ass, ganz schwiereg ass, wëssend datt mir gewinnt waren hei zu Lëtzebuerg e Wirtschaftswuesstem vu ronn 4%, an elo confrontéiert si mat ronn 1% Wirtschaftswuesstem.

Firwat ass dat esou wichteg deen Defizit ze reduzéieren? Wa mir nämlech méi e klengen Defizit hunn bei de gesamt ëffentleche Finanzen, wéi bei dem Zentralstaat, dann huet dat jo ganz alleng domat ze doen, datt mir duerch e staarkt Wirtschaftswuesstem en Iwwerschoss bei der Sécurité sociale realiséiert hunn. Or deen Iwwerschoss, déi Suen déi am Dëppe vun der Sécurité sociale sinn, déi kann een natierlech net gebrauche fir de Fonctionnement an d’Investitiounsausgabe vum Staat. Also muss de Staat mat dem Rescht vun den Einnamen och seng normal Dépensen, déi vum Zentralstaat, tätegen.

An duefir musse mir eng fundamental Discussioun féieren, wéi mir deen Defizit iwwer déi nächst Joeren op eng ekonomesch sënnvoll a sozialgerecht Aart a Weis kënne realiséieren.

Eise Budget huet e puer grouss Bléck. An et ass an all deene Bléck, wou mir dës Discussioun muss féieren. Mir hu 35% ronn Sozialausgaben, d’Krankekees, d’Pensiounen, Kannergeld, Chômage. Mir hunn 20% Peien, mir hu 14% Investitiounen, a ronn 7% Konsumausgabe vum Staat, fir nëmmen déi grouss Bléck ze nennen.

Eng zilführend Discussioun brauch menger Meenung no e puer Elementer. An ech wier frou heiansdo, wa mir och vläicht géinge bei dëse Budgetsdebatten déi eenzel Fraktiounen dozou héieren.

  • Hu mir e breeden Accord iwwer d’Noutwennegkeet dësen Defizit ze reduzéieren? A wa jo, iwwer wat fir eng Zäitspan?
  • Akzeptéiere mir, datt net alles ka bleiwen ewéi et ass?
  • Si mir oppe fir eng Rei Changementer? Droe mir mat, datt jiddwereen, mat Ausnam vun deenen, déi ganz wéineg hunn, eng Responsabilitéit huet, datt net alles ka bleiwen ewéi et ass, an datt jiddweree säi Bäitrag muss leeschten, wann et drëm geet ze spueren, an net nëmme Potenzial bei deem anere gesinn?
  • Kucke mir zesummen, wéi mir kënnen eng Rei Automatismen, déi d’Dépensen all Joer, all Joer an d’Luucht dreiwen, ob mir déi ofgebremst kréien, oder net? Domat huele mir jo kengem eppes ewech, mä mir evitéieren, datt all kéiers eppes bäikënnt, wat natierlech flott ze hunn ass, mä net onbedéngt an all Situatioun noutwenneg ass.

Ech wënsche mir doniewent am Fong eng Zort Moossnamekatalog, wéi mir zu Lëtzebuerg an enger oppener Économie méi Aarbechtsplaze kënne schafen. Datt d’Betriber kënnen och schnell sech ausbauen, ausbreeden, wa se dat wëllen a kënnen.

An duefir musse mir och vläicht iwwer verschidde Regelen a Prozeduren, déi mir gemeinsam heibanne beschloss hunn, oder iwwer ënnerschiddlech, kontradiktoresch Ziler vläicht en neien Équiliber heiansdo sichen. Ech weess, datt dat net einfach ass. Ech weess, datt et net do eng Léisung gëtt, mä den Débat ass noutwenneg an engem Moment, wou eis Économie schwaach ass, a wou mir mussen alles maachen, fir zousäzlech Aktivitéiten op Lëtzebuerg ze kréien.

Well nëmme wann d’Betriber profitabel sinn, nëmme wann d’Betriber e Sënn gesinn, fir zu Lëtzebuerg weider ze investéieren, da schafe se Aarbechtsplazen, an da bezuele si, an dat ass net onwiesentlech, Steieren.

An duefir brauche mir eng aktiv Finanz-, Wirtschafts- an Aarbechtsmaartpolitik, déi muss deenen neie Gegebenheeten, de Gegebenheete vum 21. Joerhonnert vun engem Land, wat sech breet gemaach huet a verschiddene Secteuren, nei iwwerdenken.

Dës Discussioun, mengen ech awer och, verlaangt, datt mir aus de Clicheen, aus den Ideologien, aus de Partisanekëschten, aus de virgefaasstene Meenunge vun deenen engen an deenen aneren, erauskommen. Dat gëlt fir d’Sozialpartner, dat gëlt fir eis an der Politik. Ech mengen, dat gëlt fir all d’Bierger hei am Land.

Mir mussen d’Gesamtproblematik, an net nëmmen d’Deelaspekter kucken. Mir mussen den Intérêt général, an net den Intérêt vun deem engen oder anere Grupp hunn, fir wa mir wëllen hei virukommen.

An duefir mengen ech, datt mir brauchen heibannen, mä och am nächste Joer, e groussen nationalen Dialog iwwer déi enorm Défië vun eisem Land. Ech hänken dat u bei de Staatsfinanzen, mä et beschränkt sech net nëmmen dorop, mä d’Staatsfinanze sinn d’Grondlag vu ganz ville Politikberäicher.

Ech sichen duefir 2012 informell Gespréicher mat alle Fraktiounen am Parlament, mat de Sozialpartner, mat aneren organiséierte Gruppen, virun allem och mat de Jugendmouvementer hei am Land, fir iwwer d’Zukunft, virun allem déi finanzpolitesch, déi a mäi Beräich fält, ze diskutéieren. Well et geet hei net em de Budget vun engem Joer. Jo, et geet och dodrëm, mä et geet em d’finanziell Spillraim, et geet em d’Gestaltung vun eisem Land iwwer déi nächst 5 bis 10 Joer. Gutt éischt Schrëtt si geholl ginn.

Déi Debattë vun 2009 hunn eng Rei Elementer bruecht, mä an enger Welt déi sech ännert, kann een, muss een, eng nei Stroossekaart zesummen definéieren, mam Zil e Lëtzebuerg, wat eng sécher Plaz huet, eng ausbaufäeg Plaz huet mat Aarbechtsplazen, déi och deenen, déi aus der Schoul kommen, eng Chance ginn, an op deem neie Lëtzebuerg gehéieren natierlech gesond Staatsfinanzen dozou.

Gesond Staatsfinanzen en fait sinn d’Grondlag vun der Stabilitéit, an der wirtschaftlecher Entwécklung hei am Land. Et ass déi Grondlag, an ouni gesond Staatsfinanzen huet dat Land hei keng Chance an der Zukunft.

Duefir brauch et, an ech hunn dat virdru ungeschnidden, eng raisonnabel, dat heescht, fir d’Leit akzeptabel Besteierung.

Den Defizit ass net ewechzeblose mat engem ganz héije Steiersaz, mä et brauch een eng Besteierung, déi Solidaritéit a Responsabilitéit matenee verbënnt, mä déi och de Leit hir Kafkraaft erhält.

Mir brauche bei de Betriber en internationalen konkurrenzfäege Steiersaz.

A mir brauchen natierlech och eng Sozialpolitik, déi zwee Critère gerecht gëtt. Si muss finanzéierbar sinn, a si muss sech konzentréieren op déi, déi et am meeschte brauchen. Net jiddweree muss dat selwecht hunn. Ech deelen do d’Aschätzung, déi gëschter de Budgetsrapporter hei gemaach huet.

Duefir kënne mir och an deenen nächste Joeren net alles bauen, wat wënschenswäert ass. Mä mir mussen, nach eng Kéier, d’Prioritéiten definéieren, Prioritéiten, déi der wirtschaftlecher an der sozialer Entwécklung musse gerecht ginn.

Duefir brauche mir och, Här President, eng nei Budgetsprozedur, a Budgetsregelen, déi zum Zil hunn, Budgetsdisziplin, Efficacitéit an eng besser Évaluatioun vun den Dépensë kann erreechen.

Dës Budgetsnorm, dës Budgetsdisziplin erreeche mir am Kader vun enger grousser Budgetsreform, déi ech ugefaangen hunn. An dës Budgetsnorm, déi mir fréier schonn zu Lëtzebuerg, an engem net-europäesche Kontext haten, där hu mir och zougestëmmt virun e puer Wochen am Kader vun deenen neien europäesche Reglementer iwwer ekonomesch Gouvernance an Europa.

Ech wäert am Laf vun 2012 intensiv mat der Chamber zesummeschaffen, fir dës Budgetsprozedur, eng nei Budgetsprozedur, eng besser Budgetsprozedur, déi zur Transparenz, a besserer Qualitéit vun de Budgetsdépensë féiert, mat Iech doriwwer diskutéieren, a Propositiounë maachen.

Här President, eisem Land geet et, am internationale Verglach, gutt, gären géing een och alles halen, wat een huet, oder géing ee méi maachen. An ech soen nach eng Kéier, vill vun Iech hu vill Iddien, déi ee gäre géing ëmsetzen. Mä dat ass net méiglech.

Schwaarz Wolleken hänken um Himmel vun eisem Land, schwaarz Wolleken hänken um Himmel iwwer Europa, a mir mussen déi Défien, déi sech eis stellen, elo op enger, am Liicht vun där neier Évolutioun, ugoen.

Ech hunn haut wéineg Zifferen, wéineg Zuelen an dëser Ried genannt. Bewosst, well ech mengen, datt d’Défien, déi sech de Staatsfinanzen an dem Land stellen, net nëmmen op Chiffere sech beschränken.

Et geet em d’Économie am Allgemengen, et geet em den Aarbechtsmaart, an domat zesummenhänkend em d’lëtzebuerger Staatsfinanzen.

Nëmme wa mir zesummeschaffen, a wa mir oppe si fir Changementer, bleift Lëtzebuerg eng Plaz, wou Sécherheet a Wuelstand, wou Zesummeliewen, Vertrauen a Solidaritéit och an der Zukunft wichteg Wäerter wäerte bleiwen.

Net Popularitéit, mä Responsabilitéit an Zukunftsbléck mussen eis Guidelines an der Finanzpolitik sinn. Merci!

Dernière mise à jour