François Biltgen annonce son retrait de la vie politique

Merci Här President. Dir Dammen, Dir Hären, léif Kolleginnen a Kollegen.

Well ech ni en Cours de Route nogeréckelt sinn, konnt ech ni e Maiden Speech maachen, ech maachen also e Grandma Speech. Ech wëll d’Wuert an enger, menger eegener Saach huelen, well ech och all déi lescht Deeg a Woche refuséiert hunn doriwwer ze schwätzen. Ech hunn aus dräi Grënn dat refuséiert.

Éischtens aus Respekt virum Premier an dem état de la Nation. D’Lag vum Land ass méi wichteg wéi d’Lag vum Biltgen.

Zweetens aus Respekt virun der Prozedur, no där, nom Lissabonner Vertrag, e Riichter um europäesche Geriichtshaff soll genannt ginn.

Drëttens well ech mengen datt et haut an hei op dëser Plaz ubruecht ass, virun der Chamber an dem Land, mäin Abschied aus der aktiver Politik bekannt ze ginn.

Ech hunn iwweregens ëmmer drop gehalen, der Chamber, aus elementarem Respekt virun eisen Institutiounen, d’Préséance ze ginn, wann ech eppes annoncéiert hunn.

Ech hu gëschter am Regierungsrot menge Kollege matgedeelt, datt ech Enn der leschter Woch meng Kandidatur gestallt hu fir Kandidat ze ginn, de Rescht vum Mandat vum Jean-Jacques Kasel um europäesche Geriichtshaff fäerdeg ze maachen. Ech soe bewosst Kandidat fir Kandidat ze ginn. Well nom Lissabonner Vertrag ass et net méi esou wéi fréier, datt de Kandidat vun der Regierung och automatesch vum europäesche Ministeschrot ugeholl gëtt. Virdru muss een eng Zort Appréciatioun virun engem Spezialcomité ofleeën, dee préift ob een déi néideg Kapazitéiten huet dat Mandat ze iwwerhuelen. Och wann dësen Avis net bënnt, gëtt sech am Prinzip dru gehalen. Dee Comité brauch an der Regel zwee Méint fir seng Prozedur ofzeschléissen.

De Jean-Jacques Kasel, dee viru senger aktueller Aktivitéit e grousse Staatsdénger war, an deem säi Mandat am Oktober 2015 eréischt ofleeft, huet awer aus gesondheetleche Grënn seng Demissioun op den Oktober ginn. Dat ass wuel eréischt no e puer Méint. Mä op Grond vun der neier Prozedur ass et wichteg datt d’Regierung esou séier wéi méiglech hire Kandidat bestëmmt. Dat ass nach net geschitt.

Ech hunn allerdéngs mat menger Kandidatur selwer meng Demissioun un de Premier eragereecht. Un him an um Grand-Duc ass et ze décidéiere wéini se ugeholl gëtt. Minister kënnt aus dem Latäin, Minister, an heescht "Dénger". Et ass um Här an net um Dénger ze soe wéini den Dénger geet.

Dës Demissioun ass awer fir mech definitiv, an dat aus zwee Grënn. Éischtens aus deontologesche Grënn, an aus dem Respekt virun der Indépendance déi en zukënftegen europäesche Riichter brauch, wëll ech net Juge et Partie iwwer meng eege Kandidatur sinn.

Zweetens, sollt ech de Kandidat vun der Regierung sinn, wëll ech mech sérieux op déi Appréciatioun vun deem Comité virbereeden. Et ass jo d’Ironie vum Schicksal datt ee vun deenen, an ech gehéieren dozou, déi dofir gekämpft hunn, datt d’Staatsbeamte sech sollen enger Appréciatioun ënnerleeën, elo selwer wëllt sech enger Appréciatioun ënnerleeën. Dësen Test, dës Appréciatioun wëll ech packen, well wann net, hätt ech net nëmme mech mä och d’Land blaméiert. An dat wëll an dierf ech net! Dat hei ass dofir sécherlech meng leschte Ried op dëser Tribün.

Dir Dammen an Dir Hären, ech wëll Iech awer och soe wat d’Ursaache sinn, a wat net d’Ursaache si mam aktive politesche Liewen opzehalen. An dëst fir alle falsche Spekulatiounen entgéintzewierken.

Et gëtt nëmmen eng Ursaach datt ech ophalen. Ech hale mat der aktiver Politik op, well et mäi Liewensdram war, ass a bleift europäesche Riichter ze ginn. Ech hunn zënter Joer an Dag d’europäesch Recht studéiert, kommentéiert, diskutéiert, ëmgesat, ugewannt an ausgehandelt. Et elo interpretéieren ze kënnen, wier fir mech dee schéinsten Ofschloss vun där do Carrière. An ech traue mir zou och e gudde Riichter kënnen ze ginn.

Ech halen awer net mat der aktiver Politik op well ech, wéi ech oft liesen, amtsmidd wier, au contraire. Ech menge behaapten ze kënnen esou aktiv wéi jee ze sinn. An och wann ech alleng an der Justiz bal 50 Gesetzesprojeten déposéiert hunn, géifen d’Iddie mir awer net ausgoen. Et sinn nach aner Reformen déi mir brauchen an der Justiz. An ech si jo mat 54 an engem Alter wou een am Ausland emol eréischt drun denkt an der Politik eppes ze soen ze kréien.

Ech halen och net wéinst Gesondheetsproblemer op. Ech hunn ëmmer oppen iwwer meng Gesondheetsproblemer geschwat. Ech hat zwee schwéier Problemer, 2001 mam Kriibs, an 2010 mat der Schilddrüs. Déi hunn ech allen zwee gesondheetlech haut gemeeschtert.

Deemools, 2010, hunn ech bal e Joer gebraucht fir a mäi Rythmus zeréckzefannen, soss hätt ech nach e bësselche méi Saachen hei deponéiert. Ech hunn dee Rythmus och zeréckfonnt, well ech mäi Liewenswandel geännert hunn. Ech maache nach just begrenzt dat wat d’politescht Liewen zu Lëtzebuerg och verlaangt, niewent dem Asaz op den Dossieren, deen ech nach ëmmer gutt a gäre maachen, nämlech owens ënnert d’Leit ze goen. Ech hunn dat fréier och gäre gemaach. Ech hu Wahlcampagnen ëmmer genoss. Haut packen ech dee physeschen Asaz net méi. Dee Beruff deen ech awer ustriewe wäert, wäert bestëmmt net manner zäitlechen an intellektuellen Asaz verlaange vu mir wéi dee vun haut. Allerdéngs, an dat ass och fir mech wichteg, brauch ech do net méi perséinlech Kommunikatioun- an Duerstellungscampagnen ze maachen, mä ka mech voll op de Beruff selwer konzentréieren. Esou datt ech mengen, datt ech gesondheetlech fit si fir dësen neien Challenge, deen ech wëll ustriewen.

Ech ginn also net, léif Frëndinnen a Frënn, well ech d’Flemm mat der Politik hätt. Ech wollt ëmmer Politik maachen, well ech aus dem Escher Neidierfche sinn, an Aarbecht gericht, gehéiert a gesinn hunn an aus mengem chrëschtleche Mënschebild eraus. An ech hunn et gäre gemaach. Ech hunn dofir meng Décisioun mir net einfach gemaach, an si deet mir och wéi.

Dofir wëll ech Merci soe, fir d’éischt dem Premier. Ech hu meng ganz Carrière mat him an duerch hien gemaach. Ech gouf säin Nofolger als Fraktiounssekretär. Hien huet mech an d’Regierung geruff, a 7 Joer laang war ech esouguer säi Chef als Parteipresident. Ech weess zwar ni wien de Chef vum Chef war, mä et war awer schéin.

Premier, Du sos gëschter, datt s De gäre wëlls weider maache mat deene wou s de gären zesumme regéiers. Ech hu gäre mat Denger a mat eiser Équipe zesummegeschafft, a Frëndschaft a Versteesdemech.

An ech soen Iech Kollege Merci! Merci all deenen, déi mat mir hei zesummegeschafft hunn, déi mat mir an der Chamber zesummegeschafft hunn, déi an all menge Ministère mat mir zesummegeschafft hunn, déi an der Escher Gemeng mat mir zesummegeschafft hunn, a wou ëmmer. Merci un all Bierger déi mech hu missten erdroen. Merci un d’Press, mat där ech mech ëmmer gären auserneegesat hunn. Merci un Iech all heibannen, an all Är Virgänger.

Ech hunn ëmmer versicht mat Iech zesummen dat Bescht fir Land a Leit ze maachen. Ech hunn ëmmer probéiert méi breet Majoritéite wéi déi vun der Majoritéit ze fannen. Et ass mir oft gelongen, Dank och Iech an der Majoritéit, déi net arrogant waart, an an der Oppositioun déi net verbruet waart. Ech gleewen nämlech drun datt e klengt Land wéi eist Konsens amplaz Sträit brauch. Merci dofir!

Ech hunn déi puer elle Momenter, déi ech hei hat, schonns vergiess, a wäert nëmmen déi vill gutt behalen. Ech hoffen datt Dir déi puer gutt behalen, an déi vill elle mat mir vergiesse wäert. An ech muss Iech an engem Punkt enttäuschen. Bei mengem leschten Optrëtt an dësem Sall wäert ech net aus der Këscht sprangen. Merci fir all dat wat mir zesumme fir Land a Leit maache konnten. Merci an Äddi.

Dernière mise à jour