Jean-Claude Juncker au sujet du rapport de la commission d'enquête parlementaire concernant le Service de renseignement de l'État luxembourgeois

Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,

Wann ech ufänken ze schweessen, dann ass dat net well ech Angscht hätt, mä well et periodesch schrecklech waarm heibanne gëtt.

Ech géif gäre Stellung huelen, Här President, zu dem Rapport vun der parlamentarescher Enquêtekommissioun iwwer de Geheimdéngscht. Ech hu mir dofir keng 4 Stonne gefrot, wéi ech dat heiansdo konnt liesen. Dofir ass et richteg datt Dir richtegstellt, datt d’Chamber mech och net op zwou Stonnen huet brauchen zeréck ze stutzen, méi wéi zwou Stonnen hat ech net vir.

D’Geheimdéngschter si weltwäit am Gespréich, wann ech d’Zeitungen den Ament richteg liesen. Dat ass de Fall an den USA, dat ass de Fall an England, dat ass de Fall a Frankräich, dat ass de Fall an Däitschland, Däitschland wou de Geheimdéngschter éischter virgeworf gëtt net alles verhënnert ze hu wat mat doudege Mënschen geendegt huet, d’Inaktioun vun de Geheimdéngschter do.

Ech sinn 1995 Staatsminister ginn, net wéi den Här Bausch sot, um Enn vum Joer, mä am Ufank vum Joer. Ech sinn et also scho méi laang wéi Dir gemengt hutt, Här Bausch. A wéi ech Staatsminister gi sinn, hunn ech d’Geheimdéngschtwelt entdeckt. Ech hu se virdrun net kannt. Dat ass eng geheimnisvoll Welt, dat ass eng Welt déi sech duerch hir Opacitéit auszeechent. Ech hu mech mat neie Begrëffer misste familiariséieren, Sourcen, Informanten, Agenten, Operatiounen. Ech si Realitéite begéint, vun deenen ech mir a mengem Liewe virdrun net virstelle konnt, datt een e géif begéinen. Ech hunn dichteg Agente kennegeléiert, ech hu Paranoiker kennegeléiert, ech hu Mythomane kennegeléiert. An et ass net ëmmer ganz liicht dat alles auserneen ze halen, well een deen dichteg ass, ass net ëmmer dichteg, an een dee Mythoman ass, ass net ëmmer Mythoman, an een dee Paranoiker ass, deen ass net permanent vu Paranoia besiess. Do brauch een eng gewëssen Zäit iert ee sech doranner erëmfënnt.

Deen Abléck deen ech hat, deen huet mech virsiichteg gi gelooss am Ëmgank mat Informatiounen, déi engem vun deem beschriwwene Persounekrees do zoubruecht ginn. Och sinn ech virsiichteg gi wat Informatiounen ubelaangt, déi engem aus dem Ausland via Geheimdéngscht zougängeg gemaach ginn.

Ech hat natierlech iert ech Staatsminister gi sinn, scho vum Spëtzeldéngscht - esou hu mir dee jo fréier genannt - héieren. Déi eng wollten en ofschafen, déi aner wollten e bäibehalen, ech wollt e reforméieren. Dat hunn ech 1995 direkt hei am Parlament ugekënnegt, an du hu mir en éischte Projet de loi gemaach, an dee mir 1998, 1999 an där deemoleger CSV/LSAP-Koalitioun op den Orde du jour vum Conseil geholl hunn. Deen ass um Widderstand vu sozialistesche Ministere gescheitert. Wéi ech soe muss, zu Recht gescheitert, well déi Argumenter, déi notamment vum Här Bodry - dee war deemools

Minister vun der Arméi - virbruecht gi waren, Hand a Fouss haten. Esou datt ech dat net als Kritik soen, mä als ee prozeduralen, zäitlechen Oflaf.

Du si mir an där Regierung duerno, CSV/DP, déi eng Reform vum Geheimdéngscht an hire Koalitiounsprogramm opgeholl huet, viru gefuer un där Reform ze schaffen, bis zum 11. September 2001, Dag deen ech net vergiessen. Do hate mir Sitzungen den Dag selwer mat der Madame Polfer, mat dem Här Frieden, mat aneren, an och an deene Wochen duerno. An deemools huet d’Welt vun de Geheimdéngschter sech radikal geännert, radikal geännert. An du hu mir décidéiert - dat ass vun der deemoleger Oppositioun och kritiséiert ginn - déi Aarbechten op Äis ze leeën, well et net gutt war, hu mir fonnt, fir am Äifer vum Gefecht an an dem Androck vun där Ëmartikuléierung vun de geheimdéngschtlechen Aktivitéiten europa- a weltwäit ze séier ze schéissen.

Wéi d’Situatioun sech erëm e bësse berouegt hat, net d’Situatioun um Terrain, mä déi politesch Diskussioune weltwäit, hu mir dann déi Reform am Joer 2004 gemaach, där hire wiesentlechen Aspekt an der Aféierung vun engem parlamentaresche Kontrollgremium fir de Geheimdéngscht besteet.

Ech hu gesot, an dat ass richteg, firwat soll ech dat haut net nach eng Kéier widderhuelen, datt de Geheimdéngscht net meng éischt politesch Prioritéit war. Ech wënschen dem Land iwweregens net ee Staatsminister deem seng éischt Prioritéit de Geheimdéngscht ass. Ech wënschen dat wierklech net. Well ech hat an där Zäit, an och elo nach, och vill aner Saachen ze dinn, wéi mech mat der Surveillance quotidienne vum Geheimdéngscht selwer ze beschäftegen. Mir hunn aner Problemer hei am Land, déi mussen och traitéiert ginn, déi hunn déi Zäit mussen traitéiert ginn, déi mussen och elo traitéiert ginn.

Déi Tatsaach datt ech gesot hunn, wat och aner Staatsministeren an hiren Auditioune gesot hunn, an all meng Virgänger, déi ech periodesch an deenen Affäre consultéiert hunn, mir och ëmmer erëm bestätegt hunn, déi Tatsaach datt dat net déi éischt politesch Prioritéit war, huet mech awer net dovun ofgehale vun 2004 un Stéck fir Stéck, a lues fir lues Reformen am Geheimdéngscht erbäizeféieren, mat deenen zoustännegen Direkteren, och mam Här Mille, a virun allem mam Här Heck.

De Rapport vun Ärer Enquêtekommissioun lëscht - ech maachen dat graff - 25 Ëmännerungen op, déi an deene Joere virgeholl gi sinn. Den Här Bausch war esou gentil och korrekterweis e ganze Koup - ouni an den Detail ze goen, well soss schwätze mir iwwer soss näischt wéi doriwwer - hei opzezielen, an 13 där Ëmstellunge sinn nach amgaangen.

Obschonn dat net meng éischt politesch Prioritéit war, hunn ech mech awer em de Geheimdéngscht bekëmmert.

Den Här Fayot, deen huet bei där leschter Auditioun vum aktuellen Direkter vum Geheimdéngscht emol nogefrot ob dann déi Ëmännerungen eenzeg an alleng am Gaart vum Geheimdéngscht gewuess wieren, oder ob et do och ee politeschen Input vum zoustännege Minister gi wier? A korrekterweis huet den Här Heck gesot, natierlech wier et do e politeschen Input ginn. An déi Inputten do, déi koumen an deene ville Sitzungen, déi de politesche Chef, Staatsminister, vum Geheimdéngscht mat den Direktere vum Geheimdéngscht hat. Et war net meng éischt politesch Prioritéit, mä an der Moyenne hat ech 10 bis 12 Sitzungen mam Direkter vum Geheimdéngscht pro Joer.

Ech war scho Chef vu ville Verwaltungen, mä Dir fannt keen aneren Direkter vun iergendenger anerer Verwaltung mat där ech eppes ze dinn hat, sauf wa mir eng Steierreform preparéiert hunn, wou ech mech esou oft mat den Direktere vun deene Verwaltunge getraff hätt, fir dann iwwer alleguer déi Punkten, déi de Kolleg Bausch hei virgedroen huet, ze diskutéieren, an déi lues a lues an engem pluriannuelle Programm ëmzesetzen.

Den deemolegen Direkter vum Geheimdéngscht, de Marco Mille, huet 2004, esoubal wéi d’Gesetz gestëmmt war, mech mat engem pluriannuelle Programm beschäftegt, deen an dräi Etappen iwwer e puer Joer sollt ëmgesat ginn, notamment wat den interne Fonctionnement vum Geheimdéngscht ubelaangt. An déi Aarbechte sinn och gemaach ginn, an déi Aarbechten déi gi virun.

D’Kommissioun stellt och fest, ech hätt mir Méi ginn de Fonctionnement vum Geheimdéngscht ze verbesseren. Dat ass eng kleng Beschreiwung fir vill Sitzungen déi stattfonnt hunn, mä ëmmerhin d’Unerkennung dovun datt sech beméit ginn ass fir den interne Fonctionnement vum Geheimdéngscht ze verbesseren.

Ech hunn déi Commission de contrôle parlementaire - déi parlamentaresch Kontrollkommissioun - ëmmer eescht geholl, ech muss nach eng Kéier do drop zeréckkommen, ënnert anerem och doduerch datt ech se am Joer 2008, op Grond vun den einschlägege Gesetzesbestëmmungen, gefrot hu fir dräi präzis Rapporten ze maachen, dovun een iwwer den interne Fonctionnement vum Geheimdéngscht. An dat setzt sech an an e Procédé dee sech iwwer eng laang Zäit erstreckt huet.

2004 ass een Audit duerch eng schwedesch Firma vum Geheimdéngscht gemaach ginn. Dorops hin hu mir mam Direkter vum Geheimdéngscht ee pluriannuelle Programm, deen an dräi Etappe sech sollt ofwéckelen, opgestallt. An dee Rapport iwwer de Fonctionnement, den internen, vum Geheimdéngscht, deen ech gefrot hunn, bei deenen déi och eppes vu Geheimdéngschtaffäre kennen, nämlech bei der parlamentarescher Kontrollkommissioun, war u sech duerch d’Absicht begrënnt, sech iwwer deen interne Reformprozess eraus weider iwwer den interne Fonctionnement vum Geheimdéngscht Gedanken ze maachen. Also eng Associatioun vum Parlament un dem interne Fonctionnement vum Geheimdéngscht, wat soss net geschitt. Mä de Staatsminister ass och deen Eenzegen, deen eng permanent Kontrollkommissioun op enger vu senge Kompetenzen schaffen deet. An dofir war et och normal fir dat esou ze maachen.

Elo huet den Här Bausch, wéi d’Kommissioun och, sech mat engem ganze Problempak vu punktuelle Virgäng an Net-Virgäng, auserneegesat, zu deenen ech, an dat dauert leider e bësse laang, muss Stellung bezéien.

Dat éischt wat d’Enquêtekommissioun bemängelt ass, datt deen interministerielle Comité, deen am Artikel 3 vum Gesetz vun 2004 virgesinn ass fir d’Aarbechte vum Geheimdéngscht a vun de Polizeiservicer ze koordinéieren, datt deen ni zesummegeruff gi wier.

Ech hunn eng Rei Saache geännert, wéi ech an de ministère d’État komm sinn, geännert op wiesentleche Punkten, nämlech hunn ech, anescht wéi dat virdru geschitt ass, all zoustänneg Ministeren, all Ministeren zoustänneg fir sécherheetsrelevant Froen hei am Land, enkstens un den Aarbechte vum Geheimdéngscht associéiert. Den Ausseminister, de Justizminister, Finanzminister, Inneminister, Wirtschaftsminister an Transportminister ënnert aneren. Vun deem Dag u wou ech an deem Geheimdéngscht sinn, kréien déi Ministeren all relevant Noten, déi hir Departementer direkt oder indirekt betreffen, zougestallt.

An deem leschte Joer si 500 Rapporte vum Geheimdéngscht gemaach ginn, déi eng large Diffusioun ënnert de Membere vun der Regierung fonnt hunn. An deene Joere virdru sinn der vläicht dräi, véier d’Joer gemaach ginn.

Ech hunn, wann eng nei Regierung komm ass, zum Beispill 1999 wéi d’Kollege vun der DP an d’Regierung komm sinn, dem Direkter vum Geheimdéngscht geschriwwen, e soll sech direkt Rendezvousen froe bei all Ministeren, fir se ze informéieren iwwer dat wat de Geheimdéngscht wier, a wat de Geheimdéngscht géif maachen, mat besonneschem Insistéieren op Ausseminister, Arméiminister a Wirtschaftsminister. Et war also ni meng Absiicht de Geheimdéngscht ze gebrauchen zu eegenen Zwecker, wéi dat a villen Zeitunge geschriwwe gëtt, mä de Geheimdéngscht als eppes erschéngen ze loossen, wat der ganzer Regierung, soufern vun deene Froe betraff, zur Verfügung géif stoen.

Ech hu festgestallt mat der Zäit datt d’Zesummenaarbecht tëscht dem Geheimdéngscht an de Justiz- an de Polizeiautoritéiten net gutt wier. Dat hu mir och zesummen an där Regierung, déi 1995 bis 1999 amtéiert huet, festgestallt, notamment den Här Bodry - nach eng Kéier hien - huet sech doriwwer dauernd beklot, a méi spéit den Här Wolter och. Vum Joer 2000 un hunn ech de Generalsekretär vun der Regierung domat chargéiert gehat dofir ze suergen, datt déi Koordinatioun besser géif fonctionnéieren. Et gëtt haut och iwweregens keng Kloe méi vun der Police, oder vun der Justiz, dat heescht, an hirem Deel Parquet, datt déi Zesummenaarbecht net gutt wier.

An Ären Auditiounen huet de Procureur général haut, Procureur d’État à l’époque, ausgesot, d’Kooperatioun tëscht dem Parquet an dem Service de renseignements hätt sech fundamental doropshin geännert, an hien hätt an der Moyenne eng Réunioun pro Mount mam Direkter vum Geheimdéngscht gehat. Réuniounen op déi ech gehalen hunn, well den Direkter vum Geheimdéngscht notamment zoustänneg war fir allen aneren Autoritéiten, judiciaires ou de police, relevant Informatiounen zoukommen ze loossen, déi de Geheimdéngscht am Kader vu sengen Aarbechten, an déi awer interessant wiere fir déi aner, Police a Justiz, fir deenen dat zoukommen ze loossen. D’Regel war, an d’Regel ass, datt den Direkter vum Geheimdéngscht d’Justiz an d’Polizei iwwer Erkenntnisser an Informatiounen an d’Bild setzt, déi de Geheimdéngscht beim Ofschaffen vu sengen Dossier sech konnt zoueegenen.

Mir hu regelméisseg - dofir hunn ech jo genuch Zeien hei am Land, hei am Sall, Pardon - iwwer Geheimdéngschtaspekter am Conseil de gouvernement geschwat. Esou datt et mir geschéngt huet, datt dat wat dee Comité interministériel hätt kënne maachen, de toute façon an nach wiesentlech besser gemaach géif ginn duerch déi Method, déi ech do gewielt hat, wéi dat einfacht Verweise vun deenen Aspekter vun der Zesummenaarbecht an dee Comité interministériel. De Comité interministériel huet net getagt, well dee Comité interministériel huet et de facto permanent ginn.

D’Enquêtekommissioun beschäftegt sech zu Recht laang mat der Wirtschaftsspionage. Ech wëll soen, och wann ech gesot hunn, de Geheimdéngscht wier net meng éischt politesch Prioritéit gewiescht, datt ech awer a Saache Geheimdéngscht e puer Prioritéiten hat. Ech hu mech bekëmmert em de Kampf géint den Terrorismus, a géint d’Menacen déi et am terroristeschen Ëmfeld zu Lëtzebuerg gëtt. Dorëms hunn ech mech intensiivst bekëmmert. Ech hu mech bekëmmert em d’Prolifératioun, dat heescht d’Weiderverbreedung vu Massevernichtungswaffen, soufern wéi déi Weiderverbreedung iwwer Lëtzebuerg géif lafen. An ech hu mech ganz staark interesséiert fir d’Ofwier vun der Wirtschaftsspionage, déi zu Lëtzebuerg grasséiert.

D’Kommissioun, d’Commission d’enquête seet, de Service de renseignements deen hätt e bëssen eng extensiv Konzeptioun gehat vun der Definitioun vum Espionnage économique, ënnert anerem well e sech och quasi agemëscht hätt an d’Prospection économique.

Dann zitéiert d’Kommissioun wirtschaftlech Prospektioun déi am Irak gemaach ginn ass, a Libyen an a Kuba gemaach ginn ass. An och an deem Zesummenhank referéiert Är Commission d’enquête sech op ee Rapport vun engem héije Beamten aus dem Wirtschaftsministère, Herr Knebeler mat Numm, un d’Regierung am Zesummenhank mat dem Espionnage économique. Dee Rapport hunn ech ni gesinn, ech hunn deen ni kritt. Ech hunn erkläert an dem Här Bodry senger Enquêtekommissioun, datt de Geheimdéngscht periodesch associéiert ginn ass un der Preparatioun vu Wirtschaftsmissiounen, vun dem Wirtschaftsministère associéiert ginn ass un der Preparatioun vu Wirtschaftsmissiounen. An ech hunn och de Wirtschaftsminister gebieden d’parlamentaresch Kontrollkommissioun doriwwer ze informéieren, wat och geschitt ass. Esou ass zum Beispill, si circonstanciéiert - ech denken - circonstanciéiert Rapporte gemaach ginn iwwer Wirtschaftsmissiounen am Irak, a Libyen, an a Kuba, wourunner Dir gesitt, datt de Geheimdéngscht haaptsächlech do u Wirtschaftsmissiounen associéiert ass, wou d’demokratesch Qualitéit vun de Länner engem net direkt an d’Ae spréngt, a wou et wichteg war, datt de Wirtschaftsminister, wann en Interlocuteuren begéint huet, aner Ministeren, Betriber, wirtschaftlech Acteuren, ganz genee wosst mat wiem hien do géif schwätzen.

Et ass ganz vill geschriwwe ginn, a geschwat ginn iwwer eng Wirtschaftsmissioun déi am Nordirak stattfonnt huet. Ganz vill ass doriwwer geschwat ginn, an et sinn och Fotoen op där Rees gemaach ginn, déi ech extrem bedaueren, niewebäi bemierkt. Wéisou ass, wéi ass et zu där Operatioun komm, zu där Visite? Ganz einfach: well de Geheimdéngscht op enger Anti-Terrormissioun am Irak war. Dat muss sinn. Well et komme jo och Iraker periodesch op Lëtzebuerg. An dunn huet den Direkter vum Geheimdéngscht dem Wirtschaftsminister matgedeelt, op der Plaz wier festgestallt ginn, och an de Gespréicher mat deenen Nordirakien, datt do awer vill wirtschaftlecht Potential kënnt leie fir Lëtzebuerg. An den Direkter vum Geheimdéngscht war u sech och gehalen dem Wirtschaftsminister déi Informatioun op Grond vum Artikel 3 vum Gesetz vun 2004 iwwer d’Coordination interministérielle matzedeelen. Dorops hin huet den Här Krecké décidéiert - ech war domat d’accord, well mir hunn doriwwer geschwat - eng Prospektioun an den Nordirak ze maachen, an huet de Concours bei der Virbereedung vun där Visite vun dem Service de renseignements gefrot. Dat ass alles aktekundeg. Et steet awer net am Rapport vun der Commission d’enquête aus Grënn, déi ech net kennen. Et ass och vläicht net noutwenneg gewiescht, mä et ass ee Beispill wat weist, wéi déi Saache gaange sinn. Et hätt ee jo de fréiere Wirtschaftsminister, den Här Krecké, kënnen an d’Commission d’enquête ruffe fir sech méi am Detail iwwer esou Operatiounen informéieren ze loossen.

Dann hu mir e ganzt Gespréich iwwer d’Zesummenaarbecht tëscht der parlamentarescher Kontrollkommissioun an de Regierungsinstanzen, an haaptsächlech de Staatsminister. Et gëtt gesot, den Här Bausch huet dat och hei virgedroen, de Staatsminister deen hätt d’Kommissioun net iwwer Dysfonctionnementer, déi am Geheimdéngscht waren, informéiert, an zwar net zu deem Moment wou se sech opgespillt hätten.

Ech wëll nach eng Kéier drun erënneren, datt ech eppes agefouert hunn - mä dat hunn ech an Auditioune mam Här Bodry gesot - wat et virdrun net ginn ass, nämlech ee semestrielle Bericht iwwer d’Gesamtmenace, déi et zu Lëtzebuerg gëtt - dee kréien d’Membere vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun zougeleet - an och ee semestrielle Bericht iwwer déi Operatiounen déi um Terrain lafen.

Ech hunn och viru Méint décidéiert, datt ech misst, ech hunn am Joer 2009 décidéiert, datt ech gären ee monatleche Bericht hätt, fir mech, iwwer d’Aarbechte vum Geheimdéngscht um Terrain. An ech hu viru Méint décidéiert, datt dat och der parlamentarescher Kontrollkommissioun misst zougängeg gemaach ginn. Den Direkter vum Geheimdéngscht huet Iech hei gesot, bei senger leschter Auditioun, dat géif och elo geschéien. Et ass net datt et net scho längst hätt solle geschéien.

Ech wëll hei feststellen, ouni datt ech doraus iergendee Virworf konstruéieren, well ech hu keng Loscht mech hei hannert aneren ze verstoppen, obscho vill aner sech hannert mir sech verstoppen an dëser Affär. Ech wëll hei drop opmierksam maachen, datt d’parlamentaresch Kontrollkommissioun d’Fakultéit, d’Méiglechkeet vum Artikel 15 vum Gesetz iwwer de Geheimdéngscht, net genotzt huet fir spezifesch Kontrollen zu spezifeschen Dossieren ze maachen, obschonn d’Gesetz virgesäit, datt all Agent vum Geheimdéngscht vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun ka geruff ginn, an datt mat deem kann iwwer d’Operatiounen diskutéiert ginn.

D’Aféierung vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun, wat eigentlech ee breede Konsens hei am Haus ëmmer fonnt huet, an och nach fënnt, an d’parlamentaresch Kontrollkommissioun soll jo méi Moyenë kréien, woumat ech ausdrécklech averstane sinn, déi Aféierung dat war keen neutralen Akt, dat war net eng Kommissioun wéi et och aner Kommissioune gëtt, dat war schonn ee qualitative Quantesprong, wéi och aus dem Exposé des motifs vum Gesetz vun 2004 ervirgeet, wou gesot ginn ass, am Regierungsexposé des motifs, datt d’Regierung der Chamber géif ee System proposéieren, deen hir et géif erlaben, ouni Intermédiairen, deen neie Service kënnen ze kontrolléieren, dee mir duerch d’Gesetz vun 2004 jo e bësse liicht anescht ausgeriicht hunn. An datt déi Kontroll, déi déi parlamentaresch Kontrollkommissioun maache kann, och mécht, net een ordinäre Kontroll wier, geet och aus de Rieden ervir déi gehale gi si bei der Aféierung vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun. Notamment huet Äre Rapporter deemools gesot, déi Kontrollkommissioun - ech zitéieren en - huet ganz vill, wann ech mech dierf esou ausdrécken, Pouvoiren, esou datt mir gesinn, datt et hei net esou eng Kontroll fir de Schäin ass, mä datt et eng effektiv, an eng reell Kontroll ass, wann dann d’Kommissioun déi Kontroll, esou wéi se hei virgesinn ass, och definitiv wëllt exercéieren. Dat steet am Rapport, an den Ausféierunge vum Rapporter zum Gesetz vun 2004.

Et gëtt mir virgeworf, datt ech den Direkter vum Geheimdéngscht mat der Obligatioun chargéiert hätt, d’parlamentaresch Kontrollkommissioun ze informéieren. Dat gëtt mir bal esou ausgeluegt, wéi wann ech selwer keng Loscht gehat hätt fir dat ze maachen, well ech dat jo net ënner menge politesche Prioritéite gesinn hunn. Ech hunn deem Direkter vum Geheimdéngscht, dem Här Mille, gesot, e misst alles, alles wat hie mir géif soen, och an der parlamentarescher Kontrollkommissioun virdroen, alles. Ech hunn Zeien dofir. Den Här Mille streit dat iwweregens net of an Ären Auditiounen. Dat hätt ee kënnen widderhuelen, datt hien dat net ofgestridden huet.

Den Henri Grethen, fréiere liberale Wirtschaftsminister, a liberale Fraktiounschef - ee gudde Mann fir de Rescht, ansonsten d’Regierung en net nach verlängert hätt, an typescher CSV-Staat Manéier, fir Member vun der Cour des comptes ze ginn, wat eng Aarbecht ass, déi hien exzellent, exzellent mécht - deen huet mech autoriséiert a sengem Numm Iech haut ze soen, datt ech hien, wéi hien deen éischte President ginn ass vun der Kontrollkommissioun, der parlamentarescher Kontrollkommissioun, an den Direkter Mille a mäi Büro bestallt hunn, an en présence vum Här Mille a vum Här Grethen gesot hunn, alles wat mir gesot gëtt, dat muss och an der parlamentarescher Kontrollkommissioun ausgesot ginn. Den Här Grethen hätt dat och ganz gären an der Commission d’enquête parlementaire gesot. Alles!

Et gëtt gesot, ech hätt jo deemools schonn un der Integritéit vum Direkter vum Service de renseignements Zweiwele kënnten hunn. Ech hat awer keng Zweiwelen un deem senger Integritéit. Am Géigendeel, ech hunn him vertraut wéi d’ailleurs mir alleguer mussen zouginn, och d’Membere vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun, deenen doraus nu wierklech kee Stréck draus ze dréinen ass, datt se dat gemaach hunn.

De Procureur d’État Biever huet gesot hei an der Commission d’enquête, en hätt ëmmer integraalt Vertrauen an den Här Mille gehat. Et ass eréischt wéi ech gewuer gi sinn - mä dat sinn ech awer eréischt méi spéit gewuer ginn - datt en ee Gespréich mat mir enregistréiert huet, wou ech net nëmmen ugefaangen hunn ze zweiwelen, op eist Vertrauensverhältnis nach géif bestoen, mä wou et wierklech ganz staarke Schued geholl huet.

Mä virum Dezember 2008 hat ech kee Grond un der Loyautéit, déi iwweregens a villen aneren Affäre ganz grouss war, vum Här Marco Mille ze zweiwelen.

Bei mir ass et souwisou esou datt ech am Ëmgang mat héije Staatsbeamten net vu Mësstrauen ëmgedriwwe ginn. Ech kann iwwerhaapt net schaffen an engem Klima vu Mësstrauen. Ech muss deene Leit, op Grond vum Prinzip bona fidei, mat deenen ech ze dinn hunn, traue kënnen. A wann ech mech all Kéier muss froen, wann en héije Staatsbeamte bei mech kënnt, kanns de deem trauen, a kucke loossen ob een deem traue kann, jo dann hale mir op de Staat nach normal ze féieren. An ech ännere mech och diesbezüglech net, egal wat ech och a mengem spéidere Liewe maachen. Ech trieden anere Mënschen net mat Mësstrauen entgéint. Maachen ech net. Ech wëll mech net ëmbaue mussen, just well ech eng Kéier bäigelaf sinn. Dat wäert ech net maachen.

Den Här Bausch beklot sech - do muss ech och soen, datt ech e schlecht Gewëssen hunn - driwwer datt ech op seng Offerte net agaange si fir iwwer dee Rapport vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun iwwer den interne Fonctionnement vum Déngscht ze schwätzen. Ech hunn zwar ni schrëftlech Aluedunge kritt zu esou Sitzungen, mä dat war och néideg, den Här Bausch hat mir dat gesot. Mä mir hunn awer op Grond vun de Propositioune vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun zur Verbesserung vum interne Fonctionnement vun Geheimdéngscht geschafft am Ministère an am Déngscht, esou datt ech awer fannen - well dat eng exzellent gutt Aarbecht war déi do gemaach ginn ass, dräi Joer huet se gedauert - fonnt hunn, datt mir awer do net dat negligéiert hätten, wat d’parlamentaresch Kontrollkommissioun an hirem Rapport opgeschriwwen huet. D’parlamentaresch Kontrollkommissioun an där ech keen Dauergaascht war. Zënter 2005 hunn ech exakt 5 Mol un enger Sitzung vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun deelgeholl, 5 Mol. An déi Sitzunge vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun, déi ginn terminesch festgesat a Gespréicher tëscht dem President vun der Kontrollkommissioun an dem Direkter vum Geheimdéngscht, a da gi se mir matgedeelt. Esou war d’Regel, déi Regel kann een änneren. Ech wëll just soen, et ass net esou datt ech permanent an där parlamentarescher Kontrollkommissioun assistéiert hätt.

Da gëtt gesot am Rapport vun Ärer Enquêtekommissioun, ech wier driwwer informéiert ginn, datt den Direkter vum Geheimdéngscht d’parlamentaresch Kontrollkommissioun op eng onkomplett Aart a Weis informéiert hätt.

Ech widderhuelen hei nach eng Kéier, op Grond vun der Doktrin Grethen/Juncker, datt ofgemaach war, datt alles géif gesot ginn. Ech konnt dat awer net iwwerpréiwen ob alles géif gesot ginn, well ech war jo nëmme 5 Mol do.

Da gëtt op zwou Plaze vum Rapport vun der Enquêtekommissioun geschriwwen, esou wier dat jo net, ech géif jo awer Procès verbaux kréie vun der Sitzung vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun. Zweemol steet dat dran. Et ass zweemol falsch, well ech kréie se nämlech net. Ech kréien nëmmen déi Procès verbaux vun deene Sitzungen un deenen ech selwer deelhuelen. An an de ministère d’État kommen nëmmen d’Procès verbaux vu Sitzungen un deenen héich Beamte vum ministère d’État deelhuelen. Mä ech kréien net all Procès verbal vun där Kommissioun. Et steet awer zweemol am Rapport datt ech se alleguer géif kréien.

Ee fréiere Member vum Geheimdéngscht, den Här Kemmer - hei gi jo dauernd Zeien zitéiert - den Här Kemmer dee seet an engem Rapport, “den Här Mille Marco, Direkter, hätt d’parlamentaresch Kontrollkommissioun net komplett informéiert�?. Et ass ee Rapport deen datéiert vum Oktober 2009, wou den Här Kemmer den Déngscht verlooss hat, a wou den Här Mille um Punkt war den Déngscht ze verloossen. De Problem ass, ech hunn dee Rapport ni kritt. Mä ganz Stécker vun der Beweisführung fundéiere sech op dee Rapport aus dem Joer 2009, Enn 2009, Oktober 2009. Ee Rapport dee sech bezitt op Evenementer aus de Joeren 2006 an 2007 vun deenen ech näischt wosst. An dee Rapport selwer deen zitéiert gëtt, deen hunn ech ni kritt.

Da verstinn ech net firwat datt een deem Rapport eng Bedeitung zoumiesst, deen e fréieren Agent, deen de Geheimdéngscht verlooss huet, geschriwwen huet zwee Joer nodeem en, oder ee Joer, ech weess et net genee, op jiddwerfalls eng laang Zäit nodeem e fort war.

An deem Rapport steet effektiv dran, ech hunn en awer ni kritt, mä d’Commission d’enquête parlementaire schreift driwwer, datt den Här Mille net richteg informéiert hätt. Ech hunn Iech gesot, datt dat spéit war dee Rapport, datt ech en net kritt hunn, an datt ech och kee Moyen hat, well ech d’Procès verbaux net kréien, fir dat ze iwwerpréiwen.

Da gëtt sech zu Recht am Här Bausch sengem Exposé, an och am Rapport vun Ärer Enquêtekommissioun, driwwer beklot, esou dierft dat jo net sinn, datt den Direkter vum Geheimdéngscht géif, den Här Mille, erklären, laut Gesetz bräicht hien nëmmen iwwer d’activités générales, iwwer déi generell Tätegkeet vum Geheimdéngscht ze berichten.

Ech hunn Iech virdrun erkläert mat wiem a wéini ech verfügt hunn, datt iwwer dat Mandat vum Gesetz eraus, den Direkter vum Geheimdéngscht alles an der Kommissioun ze rapportéieren hätt. Dat schéngt ongenügend geschitt ze sinn.

Mä fir esou ze maache wéi wann dat iwwerhaapt net geschitt wier, wéi wann do net iwwer ganz konkret Operatioune geschwat gi wier, dat ass awer, bei allem Respekt, eng Duerstellung déi net stëmmt. Wéi d’Commission d’enquête sech constituéiert huet, do huet dann och de Staatsminister all Procès verbaux kritt vun der Commission d’enquête, vun der Commission parlementaire, Pardon. An do stellen ech fest, datt regelméisseg iwwer ganz präzis Operatiounen, déi de Geheimdéngscht um Terrain gefouert huet, an der parlamentarescher Kontrollkommissioun rapportéiert, diskutéiert a geschwat ginn ass. Iwwerschléieg - ech hat keng Zäit dat minutiös ze maachen - kommen ech op iwwer 50, 60 ganz präzis geheimdéngschtlech Operatiounen déi um Terrain gemaach gi sinn, a wouriwwer dann an der parlamentarescher Kontrollkommissioun bericht ginn ass. Haaptsächlech - an do fannt Dir meng Prioritéiten erëm - wann et ëm Terrorismus geet, wann et ëm Proliferatioun geet, wann et ëm extrem Mouvementer déi kënne Memberen hunn déi gewalttäteg kënne ginn geet, wann et ëm d’Finanzement vum Terrorismus geet, wann et ëm d’Manipulatioun vum Service de renseignements duerch auslännesch Geheimdéngschter geet, well dat hunn ech bei menge Prioritéite vergiess Iech ze soen. Wouropper ech ëmmer een Augenmerk hat, war, wat maachen déi auslännesch Geheimdéngschter zu Lëtzebuerg? Souwuel déi befrënnt, wéi déi net befrënnt. A well déi befrënnt eis jo besser kennen, wéi déi net befrënnt, begéint een se oft. Doriwwer hunn ech mech intensiv informéiere gelooss, well do geet et ëm relevant Sécherheetsfroen notamment am Beräich vun der Wirtschaftsspionage hei zu Lëtzebuerg.

Ech stellen och fest, datt de Geheimdéngscht och driwwer berichtet huet, den Direkter, wat fir Schwieregkeeten se mat eenzelne Sourcen haten. Där hunn se haut net méi vill, net, där Schwieregkeeten, well et gëtt net méi vill Sourcen, well déi hu sech nämlech lues a lues ofgeklemmt, well nämlech d’Sourcen - dat ass eng geféierlech Aarbecht a bestëmmten Beräicher - fäerten datt hiren Numm deen aneren Dag an der Zeitung steet, duerfir sëtze mer zimlech um Dréchenen de Moment. Sollt ech net soen. Mä déi concernéiert Leit déi iwwerwaacht ginn, déi wësse jo entretemps alleguer wéi se iwwerwaacht ginn an duerfir ass dat och keng Informatioun.

Iwwert d’Cargolux ass berichtet ginn. Iwwert d’taiwanesesch Fregatten ass berichtet ginn. Ech kann net wëssen wéi am Detail, datt doriwwer virgedro ginn ass. Mä et ass awer iwwert déi Operatiounen an der Geheimdéngschtkommissioun gefrot ginn an do kann een och nofroen wa bestëmmten Operatioune behandelt ginn.

Ech géif Iech eigentlech gären d’Nimm vun deenen Operatiounen virliesen, fir datt Dir mol gesidd, déi déi dat net wëssen, wat fir eng Welt, datt dat ass. Pina Coloda, Lillipopp an sou virun a sou fort heeschen déi Operatiounen. Ech hunn eng komplett Lëscht hei vun deenen Operatiounen iwwert déi an der Geheimdéngschtkommissioun geschwat ginn ass.

Et gëtt mir reprochéiert d’parlamentaresch Kontrollkommissioun net iwwert d’Dysfonctionnementer an d’Bild gesat ze hunn. Iwwert déi Operatioun SAM vun där den Här Bausch bei der Presentatioun vum Rapport geschwat huet, ass den 18. Mee 2007 an der Kommissioun geschwat ginn. Iwwert d’Affär Cargolux, déi och hei erwänt ginn ass, ëmschreiwend, vum Här Bausch, ass geschwat ginn den 19. Mäerz, den 8. Abrëll an de 7. Oktober 2008. Iwwert déi Tatsaach, datt den Här Marco Mille e Gespréich mat mir opgeholl huet ass 3 Mol an der parlamentarescher Kontrollkommissioun am Laf vum Joer 2009 geschwat ginn. All Dokumenter déi et am Geheimdéngscht gëtt am Zesummenhang mat Stay behind, all Dokumenter sinn, well ech mir och erlaabt hat och een Avis vun der Kommissioun, der parlamentarescher Kontrollkommissioun iwwert méiglech Interconnectiounen tëscht Stay behind an dem Geheimdéngscht an aneren Dossieren sech ze bécken, ass a 14 Sëtzungen vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun geschwat ginn, mat all deenen Dossieren déi de Geheimdéngscht hat an déi de Stay behind betreffen.

Virun e puer Méint oder virun e puer Wochen, wien ka sech nach erëm fannen an all deem, ass dann op emol gesot ginn, hei sinn nei Dokumenter an der Affär Stay behind. Zum Beispill eng Aart Manöver déi an England stattfonnt huet a wou 2 Beamten vum SREL, déi zoustänneg ware fir de Stay behind, Deel geholl hunn. Dat ass een Dokument, dat huet d’parlamentaresch Kontrollkommissioun schonn am Joer 2008 kritt wéi dee Rapport iwwer Stay behind gemaach ginn ass. Et ass op emol de Verdacht opkomm, ech mengen och, datt een sech als richteg eraus stellt, mä dat ass eng Instruction judiciaire déi amgaang ass, datt illegal Écouten gemaach si ginn am Zesummenhang mat eenzelnen Affären.

Ech hunn, wéi dee Verdacht opkomm ass, den Direkter vum Geheimdéngscht ugewisen alles ze duerchkämmen wat et un Écoutë ginn ass an deene leschte Joren fir eraus ze fannen ob do illegal Écouten dobäi wieren. Et sinn der 5 fonnt ginn a 5 dénoncéiert ginn déi zanter dem Joer 2000 stattfonnt hunn. D’ Déplacementer vum Direkter vum Geheimdéngscht an den Irak, a Libyen an a Kuba déi sinn an de Reunioune vum 14. Dezember 2009 a vum 23. Februar 2010 an der Geheimdéngschtkommissioun diskutéiert ginn. Alleguer déi Problemer an déi si seriös, déi mir haten wat d’Réglements grand-ducaux ubelaangt fir dem Dateschutz op d’Spréng ze hëllefen am Zesummenhang mat de Banques de données vum Geheimdéngscht, iwwert déi Schwieregkeeten déi mir elo amgaang sinn péniblement ze léisen, ass den 18. Abrëll 2005 fir d’éischt an der parlamentarescher Kontrollkommissioun geschwat ginn an duerno nach eng Kéier de 14. Februar 2011 an de 24. Juni 2011 wou mir ganz am Detail, wéi ech och an Auditioune vun dem Här Bodry senger Enquêtekommissioun ausgesot hunn, iwwert d’Schwieregkeeten eis ënnerhal hunn déi mir op deem Wee fonnt hunn.

Et gëtt vun enger Operatioun geschwat, Katana heescht se, wou gesot gëtt, de Procureur d’État Robert Biever wär observéiert ginn wéinst Verdacht op Pädophilie. Dat seet den Här Kemmer. Deen hätt déi Operatioun, et gëtt gesot den Här Kemmer hätt déi Operatioun geleet. Ech wëll hei nach eng Kéier soen, ech hunn et awer scho gesot, vun där Operatioun Katana wosst ech absolut näischt. Näischt! Wéi ech an engem Gespréich mam Direkter vum Geheimdéngscht gesot kritt hunn, eng Source vum Geheimdéngscht hätt gesot, et géif de Verdacht bestoen, datt de Procureur d’État an engem pädophile Milieu géif verkéieren, hunn ech de Procureur d’État doriwwer informéiert, an där Aart a Weis déi Dir wësst, well de Procureur d’État dee kann sech ganz genau un de Wording erënneren, déi een virun 7, 8, 9 oder 10 Joer gebraucht huet. Mee, ech schléissen net aus, well dat passt, sou domm ze schwätzen, et passt eigentlech zou mir. Mä ech hu keng Observatioun um Procureur d’État ordonnéiert, ech wosst näischt vun enger Operatioun um Procureur d’État an duerfir loossen ech mech net virféieren wéi een deen do Hosenschlitzschnüffelei bei anere maache geet. C’est pas mon genre. An ech fannen et schlëmm, wann et dann sou war. Obschonn den Här Kemmer jo ofstreit, datt et esou eng Observatioun um Här Biever ginn ass. An obschonn d’Équipe vun de Filaturen am Geheimdéngscht näischt vun sou enger Observatioun wosst. Wann dat awer stëmmt, ass dat natierlech grave, well sexuell Orientatioun vu Mënschen kann net gebraucht ginn fir e generelle Verdacht a Richtung vu strofrechtlechem Vergehen ze entretenéieren.

Da musse mir iwwert een Enregistrement schwätzen. Juncker/Mille oder soll ech soen Mille/Juncker. Ech wëll Iech fir d’éischt drop opmierksam maachen, datt wann een an engem Gespréich ass, een net noutwennegerweis all Nuancen, falls et der ginn, direkt captéiert. Dat wat een an 13, 14 Sekonne gesot kritt, dorop muss een net sou reagéieren, wéi wann een et 10 mol gelauschtert a 50 mol geliest huet. An et muss ee wëssen, mä dat weess jo d’ganzt Land, den Här Mille wosst, datt e mech géif ophuelen. Ech wosst net, datt ech géif opgeholl ginn. Do géif ech Iech also mol bieden den Duktus an d’Gesprächsführung am Liicht vun der Erkenntnis ze iwwerkucken, datt do een e Gespréich ophëlt vun deem e weess, datt et opgeholl gëtt, wahrscheinlech net fir deem deen opgeholl gëtt domat eng Freed spéiderhin ze maachen.

An deem Gespréich gëtt och gesot, an d’Kommissioun beschäftegt sech domat, ech verstinn dat, do wär eng illegal Écoute op den Här M. gemaach ginn. Woubäi ech mech wonneren, datt mir et alleguer ëmmer nach fäerdeg bréngen den Numm net auszeschwätzen. Den Här Mille huet mir net gesot, obschonn en, wéi ech nogelies hunn, dat Wuert Écoute gebraucht huet, datt dat eng klassesch Écoute war. En huet mech am Glaf gelooss - an duerfir huet en dat jo och gesot, an sou war et och wahrscheinlech - datt de Geheimdéngscht op hirem eegenen Handy ee Gespréich mat dem Här M. opgeholl huet, wat ech net spontan - Dir kënnt soen, ech wier nëmmen hallef gebak - begraff hunn, als eng Écoute am Sënn vun den Artikelen 88 an sou weider vum Code pénal. E kënnt 2 mol op déi Affär zeréck, ouni se am Gesamtzesummenhang duerzestellen a seet dann, ech hunn och de Riichteren näischt dovu gesot, well ech wëll net, datt déi wëssen wat hei sou lass ass. Wat hei sou lass ass, dorënner hunn ech verstan, datt en domat géif ofstellen op déi Tatsaach, datt behaapt ginn ass, datt et eng kryptéiert CD vun engem Gespréich tëscht dem Grand-Duc a mir géif ginn. Ech hunn dat net anescht verstan, wéi datt en d’Riichteren net wollt, datt en net wollt hunn, datt d’Riichteren dat sollte wëssen. Et ass se jo en fait och näischt ugaang, well déi sinn zoustänneg fir d’Écoutes téléphoniques. Déi Écoute ass ënnert der Procédure d’urgence gelaf, falls et dann eng war. Och ënnert der Procédure d’urgence, Dir verstitt, datt et heiansdo eng Procédure d’urgence muss ginn, well een net ëmmer kann déi 3 Riichteren zesumme ruffen. An der Procédure d’urgence kann de Staatsminister en Telefon oflauschtere loossen ouni den Avis vun deenen 3 Magistraten ze hunn, ënnert der Bedéngung, datt dann déi 3 Magistraten sou séier wéi méiglech doriwwer informéiert ginn. Mä och an der Procédure d’urgence brauch een eng schrëftlech Autorisatioun vum Staatsminister. Déi schrëftlech Autorisatioun gëtt et net, well ech hunn déi schrëftlech Autorisatioun ni ginn, ergo loossen ech mir hei och net eng Écoute, falls et dann eng war, an d’Schung schëdden, mat där ech virdrun an duerno näischt ze dinn hat.

An deem Zesummenhang vun deem Gespréich wat tëscht dem Grand-Duc a mir soll opgeholl gi sinn, wollt ech Iech nach eng Kéier soen, wat ech Iech schonn gesot hunn, datt ech dat net gegleeft hunn, datt et sou ee Gespréich tëscht dem Grand-Duc a mir gëtt wat opgeholl gi wier, well deen dee behaapt huet, en hätt sou eng Kassett, gesot huet, dat wier e Gespréich wat de Staat a senge Grondfeste géif erschütteren wann dat géif eraus kommen. E Gespréich iwwert de Bommeleeër wat de Staat géif vacilléieren dinn. Ech sinn an der parlamentarescher Kontrollkommissioun gefrot ginn ob et sou ee Gespréich ginn ass, dunn hunn ech gesot nee, et ass ni e Gespréich ginn tëscht dem Grand-Duc a mir wat de Staat a senge Grondfesten hätt kënnen erschütteren, well sou ee Gespréich hunn ech mam Grand-Duc iwwert de Bommeleeër net gefouert.

Bei enger anerer Geleeënheet soen ech dann, ech hu mam Grand-Duc iwwert de Bommeleeër geschwat, well ech bei de Grand-Duc gaange sinn, nodeem een Zeie mir gesot hat, en hätt de Prënz Jean entdeckt op enger Plaz wou Attentater stattfonnt hunn. Dunn hunn ech iwwert deen Aspekt, de Bommeleeër betreffend, déi Zeienausso betreffend mam Grand-Duc geschwat, well ech et awer nach relativ normal fannen, muss ech éierlech soen, datt wann ech gesot kréien vun engem Zeien, et war de Brudder vum Grand-Duc dee war do wou et kuerz drop geknuppt huet, datt ech dem Grand-Duc dat awer soe ginn, ir ech dat um Parquet dénoncéieren, wat ech och an den nächste Stonne gemaach hunn. De Procureur d’État ugeruff hunn a gesot, hei ass een Zeien, dee behaapt dat an dat an ech hätt gär, datt Dir dat géift kucken, wat jo och dann intensivst gekuckt ginn ass.

Mä fir elo am Rapport e Widdersproch ze konstruéieren, tëscht där Ausso an der parlamentarescher Kontrollkommissioun, ech hu mam Grand-Duc kee Gespréich iwwert de Bommeleeër gefouert, sous-entendu, well dat steet virdrun, wat de Staat géif a senge Grondfesten erschütteren an der Tatsaach, datt ech méi spéit mam Grand-Duc iwwert dee Virgang Zeienausso Prënz Jean betreffend geschwat hu, fir do e Widdersproch hirzestellen, fir ze soen, de Staatsminister huet fir d’éischt gesot en hätt net mam Grand-Duc geschwat an da gëtt en awer zou en hätt mam Grand-Duc geschwat, fannen ech, muss ech éierlech soen, e relativ staarken Tubak.

Onofhängeg dovun, hunn ech direkt gefrot, datt, obschonn ech et net gegleeft hunn, datt et déi Zäit ee géif ginn, an duerfir meng Iwwerleeung ass, verstoppt sech do net iergend ee Chantage hannendrun, deen ech net duerchkuckt hunn, mä deen ech mir sou explizéiert hunn, hunn ech direkt gefrot, datt déi CD géif dekryptéiert ginn.

Elo gëtt d’Fro gestallt - an déi ass iwweregens nach ëmmer net dekryptéiert, obschonn 2 anerer Geheimdéngschter drop schaffen - elo gëtt gesot, sou Juncker, dat ass jo alles schéin a gutt, mä Dir hätt missten eng Affaire disciplinaire géint den Här Marco Mille maachen, well deen dat Gespréich mat Iech opgeholl huet. Ech hunn dat am Detail erkläert an der parlamentarescher Kontrollkommissioun an och hei an der Enquêtekommissioun, am Detail erkläert firwat ech dat net gemaach hunn. Fir d’éischt emol hunn ech keng Plainte gemaach opgrond vum Gesetz iwwert d’Atteinte de la vie privée. Also datt ech do keng penal Konsequenzen zéie gelooss hunn, ass liicht ze erklären, well ech hunn, ech muss dat éierlech soen - ech sinn zwar keen sou gudde Jurist wéi vill aner heibannen - iwwerhaapt net d’Gefill gehat mäi Privatliewe wier belästegt duerch déi Tatsaach, datt den Direkter e Gespréich mat mir opgeholl huet. Ech war rosen dodriwwer, ech hunn dat onerhéiert fonnt. Mä ech hu mech awer net a mengem perséinleche Liewe getraff gespuert. Déi Opnam, déi war jo net fir Drëtter geduecht. Datt herno d’ganzt Land se konnt lauschteren um Radio, wosst ech jo net an deem Moment wou ech gewuer gi sinn, datt et déi Opnam ginn ass. A wann ech a mengem Büro mat dem Chef vum Geheimdéngscht sëtzen an e Gespréich féieren an dat gëtt opgeholl, da geschitt dat am Exercice vu mengem ëffentleche Mandat. Ech sëtzen net an der kuerzer Box do an hien net an der Schwammbox. Mir souzen wéi normal Leit déi iwwert Affären matenee schwätzen iwwert déi se mateneen ze schwätzen hunn.

Souwisou, mä heibannen gëtt et Juristen déi dat besser wëssen, ass et nach ëmmer sou, datt deen, dee sech a sengem Privatliewe betraff spiert, nach selwer driwwer Meeschter ass, ob en doriwwer Plainte mécht oder net. Ansonsten et jo net kënnt sinn, datt déi Saachen do mir öfters virkommen. Mech hält eng Fra, owes um halwer 11, wéi ech vum Büro komm sinn, op der Cap un, eng Asylantin, eng Fra déi schlecht dru war, déi drop an dru war ausgewisen ze ginn. An déi schwätzt mat mir. An ech schwätze mat hir. An ech schreiwe mir d’Telefonsnummer op an ech soen, ech kucken déi Affär Madame. Hei wéi iwwerrascht sinn ech, wéi ech 1 Woch duerno an enger Zeitung Wuert fir Wuert den Transcriptum fannen vun deem Gespréich mat där Fra. Firwat? Jo well déi Zeitung dem Handy nogelauschtert huet vun där Madame mat där ech geschwat hunn. Wann dat strofbar ass, ech fanne jiddwerfalls, datt et wäit geet, dann hätt jo iergendee missten eng Aktioun lass trëppelen, deen zoustänneg ass fir d’Action publique, huet awer kee gemaach.

Mir gëtt zum Virworf gemaach, ech hätt keng Plainte géint ee gefouert, vun deem ech iwwerhaapt net den Androck hat, datt en amgaang wier mäi Privatliewen ze belästegen a gläichzäiteg e puer Méint duerno geschitt dat selwecht au vu et au su de tout le monde déi di Zeitung liesen, scheinbar gëtt se net vill geliest, mä jiddweree liest se, an do geschitt näischt. Duerfir musst Dir verstoen, datt een heiansdo ufänkt un der Richtegkeet vun eenzelnen Aussoen ze zweiwelen.

Et gëtt gesot, ech hätt missten eng Affaire disciplinaire maachen, dat war mäi Punkt, géint den Här Mille. Den Här Bettel, an der parlamentarescher Kontrollkommissioun, net des membres, un membre, den Här Bettel, gelift....

Wat sot Dir?

Interventioun vum François Bausch: Et ass kee Verbatim an der parlamentarescher Kontrollkommissioun et ass just fir ......

Jean-Claude Juncker: Irgendwéi musst Dir un deene Procès verbaux mol schaffen. Mä jiddwerfalls kann ech mech drun erënneren, sou steet et am Procès verbal, datt den Här Bettel gesot huet, dee Mann verdéngt een Blâme. An dunn hunn ech dem Här Bettel erkläert, wat ech heibannen och schonn erkläert hunn, datt ech keng Affaire disciplinaire géint den Här Mille wollt maachen, well wann ech eng gemaach hätt, dann hätt ech e misse suspendéieren. Wann ech eng Affaire disciplinaire gemaach hätt, dann hätt ech en suspendéiert an dann hätt ech en net kënnen ersetzen. Da wier den Déngscht laang Zäit ouni Direkter gewiescht.

Ech hunn am Zesummenhang mat där Autosgeschicht déi och den Här Bausch hei opgeworf huet, wou scheinbar net ganz koscher Saache geschitt sinn, jo eng Affaire disciplinaire veranlasst, sou datt ech et och ka maachen wann et muss sinn. An aus där Affaire disciplinaire ass entretemps eng Affaire pénale ginn, well den Disziplinskommissär dat esou zu Recht ëmgedeit huet. Ech hu gefaart, wann ech dat maachen, dann dréiste dee ganzen Service op d’Kopp. Et gëtt gesot, ech hätt och missten eng Affaire disciplinaire géint den Här Schneider maachen. Dann hätt ech also keen Direkter gehat an ech hätt kee Chef vun den Operatioune gehat, während laanger Zäit. De Chef vun den Operatiounen mengen ech, hätt ech kënnen ersetzen duerch een aneren, ech si mir do net ganz sécher. A meng Angscht war - an dat war eng richteg Angscht - datt wann dat sech géif erëm schwätzen a wann een dem Direkter vum Geheimdéngscht eng Affaire disciplinaire mécht, obschonn dann den Conseil de discipline muss a geheimer Sitzung tagen, gleeft mir es, dat dauert 3 Deeg. Dann ass dat bekannt. Meng Angscht war, datt déi auslännesch Déngschter dann net méi géife mat eis zesumme schaffen. An sou ass et och de Moment. Datt mir wesentlech manner Informatiounen, a wann Informatiounen, dann där vun enger mannerwäerteger Qualitéit vun den auslänneschen Déngschter kréien wat ganz grave Konsequenze kann hunn, well doduerch ass d’Sécherheetslag vu Lëtzebuerg net sou gutt ze iwwerblécken, well do kréie mir vill Informatiounen eben vun auslänneschen Déngschter wéi dat normalerweis de Fall war.

Ech hunn dem Kolleg Bettel erkläert, ech kënnt dem Här Mille kee Blâme ginn, well fir him e Blâme ze ginn muss ech fir d’éischt eng Enquête disciplinaire maachen an ech hunn erkläert firwat datt ech keng Enquête disciplinaire kënnt maachen a wollt maachen. Elo kann ee soen, bravo. Et ass jo awer alles dat agetrueden. Jo. Alles dat ass agetrueden, mä et ass awer och agetrueden an et wier och agetrueden, wann ech déi Affaire disciplinaire do gemaach hätt an déi wollt ech eben aus deene Grënn déi mat der Sécherheetslag ze dinn haten, net maachen.

Et gëtt och gesot, ech hätt d’parlamentaresch Enquêtekommissioun net richteg informéiert am Zesummenhang vun deem Enregistrement Mille/Juncker. Ech hunn den Här Goerens Charles, dee President war vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun komme gelooss an him dat matgedeelt. A mir hunn ofgemaach, hien huet dat och gelauschtert. Ech muss awer dobäi soen, en huet dat net ganz gelauschtert. Ech hat et och ni ganz gelauschtert, bis ech et an der Zeitung geliest hunn, niewebäi bemierkt. Well ech jo och déi CD do vertässelt hunn oder vertässelt kritt hunn. Den Här Goerens an ech, mir hunn ofgemaach hie géif elo all individuelle Member vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun déi Informatioun viru ginn. Dat huet den Här Goerens och gemaach. A tel point, datt de Procureur d’État jo souguer gesot hat, net nëmmen de Staatsminister hätt sollen eng Plainte maachen, wéinst Atteinte à la vie privée, mä jiddwereen deen informéiert gi war, dat heescht all d’Membere vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun hätt dat missten maachen. Ech gesinn dat net esou en droit wéi de Procureur d’État. Mä jiddwerfalls behandelt en d’Membere vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun d’selwecht wéi d’parlamentaresch Kontrollkommissioun mengt, datt de Staatsminister sech hätt misse behandele loossen a verhalen. Dunn hunn ech d’Kommissioun doriwwer informéiert, 5. Juni an dunn nach den 3. an de 14. Dezember 2009, ouni op den Inhalt vun deem Gespréich anzegoen. Wat ech éierlech gesot net gelauschter hunn. Ech war sou entsat, datt et dat géif ginn, datt ech dat Gespréich net gelauschtert hunn. Den Här Goerens jo och net. Du gëss sou rosen wann s de dat mierks, datt deng éischt Suerg net ass fir mol ze lauschteren wat dann do geschwat ginn ass, dat war fir mech total irrelevant. Irrelevant.

Dat Gespréich ass réischt interessant ginn wéi et publizéiert ginn ass. An do kann een op eenzel Aspekter vun deem Gespréich jo nach gären zréck kommen. Mä och den Här Goerens war entsat dodriwwer. An d’Membere vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun waren entsat dodriwwer. Iwwert d’Tatsaach u sech, net iwwert den Inhalt vun deem Gespréich wéi dat elo heiansdo gäre gemaach gëtt. D’Tatsaach un sech, d’Gravitéit war esou, datt souguer de Kolleg Bettel direkt gesot huet, dee Mann hätt missen e Blâme kréien, wat also weist, datt mir alleguerten der Meenung sinn, datt dat e gravë Virgang war. D’Tatsaach, net den Inhalt.

Et gëtt gesot, firwat gëtt dat eigentlech gesot, ech hätt den Här Mille wéi en dann den Geheimdéngscht verlooss huet, nodeem ech him gesot hat, et wär gutt, wann e sech professionnell géif ëmorientéieren, wat e jo dann och gemaach huet a wat e virdru schonn eng Kéier wollt maachen, wou e wollt Terrorbeoptragten vun der Europäescher Unioun ginn, wou eng Zeitung geschriwwen hat, ech hätt dat verhënnert, well ech gär President vum Conseil européen gi wier, wou ech awer mam Här Solana geschwat hunn, datt den Här Mille soll déi Plaz kréien, en huet se awer net kritt. Dunn hunn ech him gesot, no där Affär Enregistrement, e soll sech professionell ëmorientéieren, wat en och gemaach huet.

An dunn hunn ech d’parlamentaresch Kontrollkommissioun doriwwer informéiert. An am Procès verbal vun där selwechter parlamentarescher Kontrollkommissioun steet do: “selon les procédés usuels�? géif hien de Staatsdéngscht verloossen. Wat sinn dann d’Procédés usuels? Dat ass, datt een e Congé sans solde ka beantragen. A wann een engem e Congé sans solde net gëtt, da muss een dat motivéieren. A fir dat kënnen ze motivéieren, an deem Fall do, hätt ee missten eng Action disciplinaire maachen, déi ech aus deene Grënn déi ech erkläert hunn net gemaach hunn.

Da gëtt geschriwwen, den Här Mille wier zum Premier Conseiller de gouvernement befördert ginn. Quod non? Hien hat de Grad 17 an en huet de Grad 17 behalen. Dee Congé sans solde huet hie kritt op Grond vun engem Arrêté grand-ducal, louch also de Membere vun der Regierung vir, a seng Ernennung zum Premier Conseiller ass am Memorial vum lëtzebuerger Staat publizéiert ginn.

Mir haten eng Diskussioun viru Méint, oder virun 2 Joer, ech weess dat net méi genee, obschonn ech mech jo soss un alles muss genee erënneren, Dir kënnt mir do op d’Spréng hëllefen, doriwwer datt d’Regierung sech erdreistet hat, virzegesinn datt d’Chefe vun der Police, vun der Gendarmerie a vum Geheimdéngscht sans autre forme de procédure kéinte vun hiren Aarbechten entbonne ginn. Dogéint ass protestéiert ginn, dat géif net goen.

D’Iddi fir dat kënnen ze maachen ass mir komm no all deem wat ech hei erlieft hat. An ech soen Iech, suergt dofir datt dat an dat Gesetz stoe kënnt, well dat kënnt Dir à tout moment brauchen, an all geuerdnet Demokratie ronderëm eis huet genee déi Dispositioune fir d’Chefe vun der Police, vun der Arméi a vum Geheimdénscht stoen.

Leider Gottes ass et am Zesummenhang vun deem Enregistrement Mille/Juncker och zu enger wochelaang unhalender, ëffentlecher Ausernanersetzung iwwer d’Fro komm, ob de Grand-Duc dann net en Agent vum englesche Geheimdéngscht wier. Wochelaang! D’Commission d’enquête huet festgestallt, nodeems se den Här Mille dozou befrot huet, datt deem net esou ass, well den Här Mille dat zréckgezunn huet.

Den Här Bodry hat den Anstand – en huet e souwisou – fir och der Press dat matzedeelen. Hu vill Lëtzebuerger déi Matdeelung geliest? Dofir wëll ech hei nach eng Kéier soen, d’Aaarbechte vun der Enquêtekommissioun hu ganz kloer an däitlech zu Tage gefördert, datt un deem Gerücht, un där Ënnerstellung, un deem quasi-Virworf vun haute trahision géint de Staatschef näischt drun ass. Et hätt een et kënnen an de Rapport schreiwen.

Et ass iwwer d’Operatioun SAM geschwat gi vum Kolleg Bausch. An am Zesummenhang vun der Operatioun SAM vun engem Depassement vun dem legale Kader, deen d’Aktivitéite vum Geheimdéngscht encadréiert. Et gëtt am Zesummenhang vun där Affär gesot, hei wier et zu enger Vermëschung tëscht ëffentlechem Interessi a privatem Interesie komm.

Wéi ech vun där Operatioun gewuer gi sinn, a wéi ech bis gesinn hunn, datt déi Operatioun sech lues a lues a Richtung Strofrecht a Polizeiermëttlunge géif bewegen, hunn ech dofir gesuergt, datt déi Operatioun gestoppt ginn ass, wéi ech ëmmer all Operatioun stoppe gelooss hunn, wann ech eppes dovu gewuer gi sinn, wann ech gesinn hunn, datt déi sech géifen ausserhalb vum Mandat, dem eigentleche Mandat vum Geheimdéngscht bewegen.

Déi Operatioun SAM hat mat Terrorismus ze dinn. Ech ginn hei net an den Detail vun där Saach an, mä do waren auslännesch Geheimdéngschter dra verwéckelt. Do si Leit zu Lëtzebuerg opgetrueden, déi an héijem Mooss terrorverdächteg waren.

Dofir war et richteg, datt de Geheimdéngscht déi Operatioun ugefaangen huet. Well wéi Äre Rapporter vum Gesetz vun 1960, den Toni Biever, hei banne gesot huet, de Geheimdéngscht schafft am Beräich vun der Probabilitéit, an e muss sech mat alle Rumeuren, a mat allen Informatiounen déi him zougedroe gi beschäftegen. D’Virtualitéit an d’Probabilitéit sinn déi eigentlech Geschäftsfelder vum Geheimdéngscht, deene Saachen huet en nozegoen. Et huet sech erausgestallt herno, datt et keng geheimdéngschtlech Affär wier, obscho se am Ufank esou ausgesinn hat.

Ech kann net eng Action disciplinaire un d’Beamte vum Geheimdéngscht lasstrieden, d’une façon générale soen ech dat, d’une façon particulière herno, well de Geheimdéngscht eppes ufänkt wat e Recht hat unzefänken, wou sech herno erausstellt, datt et keng Geheimdéngschtaffär war. Da kann ech net déi Beamten déi dat gemaach hu sanktionéieren, datt se, wéi hutt Dir dat an engem aneren Zesummehang genannt, “une erreur d’appréciation�? gemaach hunn iwwer eng bestëmmten Affär.

Am Zesummenhang vun där Affär gëtt gesot, do géif de Verdacht bestoen, datt do Kommissioune gefloss wieren, oder hätte solle fléissen. Den Här Bausch huet och de Montant, mengen ech, hei banne genannt.

Ech war, wéi och hei bannen ausgesot ginn ass, net an den Detail vun där Operatioun ageweit. Ech hu se gestoppt wéi se an eng falsch Richtung gaangen ass. Vu Kommissiounen, déi hätte solle bezuelt ginn, oder déi Agente vum Geheimdéngscht probéiert hätten am Zesummenhang mat där Affär an hir Täsche fléissen ze loossen, sinn ech eréischt gewuer gi wéi mir dat alleguer gewuer gi sinn. An ech stelle fest, datt dat och kontestéiert gëtt.

Den Här Kemmer seet heibannen, den Här Schneider hätt wëlle Kommissioune kréien. Den Här Schneider seet heibannen, den Här Kemmer géif d’Wouerecht net soen, dat wier net esou. An déi si befrot ginn, wann ech mech richteg erënneren, vum Här Mille, wéi dat da wier. An dem Här Mille ass gesot ginn, un där Saach wier näischt drun.

Et gëtt keng Preuve dofir, et gëtt kee Schrëftstéck dodriwwer, et gëtt widderspréchlech Aussoen. Wat fir eng Affaire pénale soll ech, wann ech gelift, als een deen dat emol net wosst, an esou enger Affär lasstrieden, wann ech iwwerhaapt keng Fakten hunn, an iwwerhaapt emol net den Ufank vun engem halwe Beweis hu fir esou Behaaptungen?

An engem Rapport vum Här Kemmer geet och doriwwer Rieds. Dee Rapport aus dem Oktober 2009 hunn ech schonn zitéiert. An ech wëll nach eng Kéier widderhuelen, datt dee verspéite Rapport mir ni zoukomme gelooss ginn ass.

Dofir kann ech och an deem Zesummenhang keng Procédure disciplinaire maachen. Ech hu keng Inhaltspunkter dofir, datt do Kommissioune gefloss sinn. Ech kann dann net einfach auf Zuruf vun iergend engem, deen en anere belaascht, esou eng Affaire disciplinaire oder eng Affaire pénale lasstrieden, à moins datt ech mech wierklech ëmmer wëll op deem totaalste sécherstem Buedem deen et gëtt bewegen, an all Kéier wann och nëmmen de klenge Anschein kéint bestoen, obschonn ech et net beweise kann, obschonn ech et net beleeë kann, de Parquet ëmmer saiséiere mat deenen Affäre, fir datt nëmme kee mech herno domat rose maache kënnt; ëmmer op Nummer sécher goen, ëmmer dat Schlecht fir d’éischt emol gleewen, an dann de Parquet saiséieren. Esou fonctionnéieren ech net, esou wëll ech och net fonctionnéieren. An dofir wollt ech Iech dat hei soen.

Ob déi Affär SAM komplett genuch behandelt ginn ass an der parlamentarescher Kontrollkommissioun, kann ech Iech net soen, well dee Procès verbal iwwer déi Sitzung, wou déi Affär behandelt ginn ass, deen ass mir net zougestallt ginn.

Iwwer déi net-autoriséiert Telefonsécouten, ech mengen am Zesummenhang mat der Affär Cargolux presentéiert dat sech haaptsächlech, hunn ech Iech scho geschwat, an dofir géif ech aus Zäitgrënn dat net méi am Detail wëllen ausféieren.

Logement vum Här Reuter. D’Enquêtekommissioun stellt fest, datt déi Häre Schneider a Kemmer d’Initiativ geholl hate fir den Här Reuter an engem Appartement vum SREL ze logéieren. An den Här Schneider schéngt ze déclaréieren, ech hätt dat gewosst. Ech wosst et awer net.

Ech mengen, datt den Här Schneider mengt, den Här Mille hätt mir dat gesot. Dat stëmmt. A wéi den Här Mille mir dat gesot huet, datt se den Här Reuter géifen hébergéieren, hunn ech gesot, dat misst direkt agestallt ginn.

Är Aarbechten hunn d’Motivatioun vun deenen zwee Geheimdéngschtagenten erausgeschafft, nämlech hunn déi geduecht, well den Här Reuter an der Kommissioun vun den Écoutes téléphoniques war, als deemolege President vun der Chambre des comptes, dee war an deem Gremium deemools dran, a well e vum franséische Geheimdéngscht kontaktéiert ginn ass, wier et eigentlech gutt wann de Geheimdéngscht sech géif ëm den Här Reuter bekëmmeren, fir deen, ech mengen deen Ausdrock ass gefall, ze stabiliséieren.

Wéi mir déi Affär Reuter – enfin, “Affär�? Reuter – dee Virgang de Gérard Reuter betreffend virgedroe ginn ass, hunn ech gesot, Schluss domat, well déi Motivatiounen déi mir virgedroe gi si mir net ageliicht hunn, an déi hei war emol net dobäi. A wéi ech déi méi spéit gewuer gi sinn, huet dat mech confirméiert a menger Opfaassung, datt déi Operatioun Reuter – wann ech se dierf esou nennen ouni dem Här Reuter do ze no ze trieden – datt déi misst agestallt ginn.

Den Här Reuter huet d’ailleurs selwer an engem Interview bei RTL de 17. Mee 2013 gesot, de Logement wier him vum SREL zur Verfügung gestallt ginn, an dat wier keng Initiativ vum Staatsminister gewiescht.

Elo gëtt gesot, Affaire pénale, do geet et ëm d’Verontreiung vun ëffentleche Gelder. An dat gëtt jo gekuckt, mengen ech, wann ech dem Här Bausch seng Opzielung vun den Instructions judiciaires en cours richteg am Kapp hunn.

Ech wëll Iech awer soen, de Geheimdéngscht huet, dat weess jo elo jiddwereen, dat hu mir jo hei ans Tageslicht befördert, datt de Geheimdéngscht e puer Wunnengen am Land ënnerhält wou en heiansdo Leit muss ënnerbréngen, well déi a Gefor sinn, oder well e se wëll, ouni datt dat opfält, befroen. An esou enger Wunneng war den Här Reuter. Dat ass eng Wunneng fir déi de SREL souwisou Loyer bezuelt huet, déi ass net gelount ginn, fir datt den Här Reuter géif do ënnerdaach kommen.

Verontreiung vun ëffentleche Gelder ass e bëssen eppes anescht, mengen ech, mä dat ass eng Affär déi jo d’Geriichter kucken, mir halen eis also wäit dovun ewech. Mä déi Wunneng huet bestanen, an den Här Reuter ass do hébergéiert ginn.

Affaire pénale? Affaire disciplinaire? Well 2 Beamte vum Geheimdéngscht, a mengen Aen zu Onrecht, an ech wosst och näischt dovun, wéi ech iwwerhaapt net weess wien an deene Wunnengen do wunnt, an iwwerhaapt net eng Source vum Geheimdéngscht mam Numm kennen, well och de Geheimdéngscht seet mir net, wat fir Sourcen datt se hunn – Affaire disciplinaire, well 2 Beamte vum Geheimdéngscht gesinn hunn, datt den Här Reuter géif vum engem franséische Geheimdéngscht kontaktéiert ginn, an ee grousst Wëssen iwwer de Geheimdéngscht selwer huet, well hien an der Commission d’écoutes war, déi de Staatsminister deemools beroden huet fir d’Écouten?

Affaire disciplinaire, well se eppes gemaach hunn, wat vun hirem Standpunkt aus, ech deelen en net, net onplausibel war, datt, wann e frieme Geheimdéngscht sech op eemol fir e Mann interesséiert, deen eppes iwwer de lëtzebuerger Geheimdéngscht weess?

Affaire disciplinaire? Firwat? Ech gesinn net wéi ech dat hätt kënne motivéieren.

De Fait, datt Geheimdéngschtagenten eng Situatioun falsch aschätzen, sech ieren an dann eppes ënnerhuelen an dann herno mussen domat ophale well se gesot kréien, haalt domat op, oder well se selwer zur Conclusioun kommen, dat do ass keng Affär; fir all Kéier dann eng Affaire disciplinaire ze maache wann se enger falscher Spur nogaange sinn, mat Methoden déi wahrscheinlech geheimdéngschtlech Methode sinn, vun deenen ech net weess ob mir se alleguer kennen, déi Methoden déi et gëtt. Neen, neen.

De Chauffer vum Staatsminister – dat ass eng Saach déi mir schwéier um Häerz läit. Ech fannen, datt se och wäit geet a wäit gedriwwe gëtt.

Ech hat e Chauffer, Roger Mandé, elo landbekannt. Et ass ëmmer gutt, datt nëmmen d’Nimm vun deenen Agente bekannt ginn, déi net méi Agente sinn. Well Dir hutt festgestallt, datt weder den Här Mille nach den Här Schneider, nach den Här Kemmer am Geheimdéngscht viru beschäftegt gi sinn. Déi sinn net méi am Geheimdéngscht. Zoufall.

Den Här Mandé war mäi Chauffer vum Dezember 1982 u bis no der Presidence 2005. Ech si Pätter vu sengem Jong. Ech si gutt mat him gefuer, c’est le cas de le dire, well mir si jo vill matenee gefuer.

Deen huet mech gefrot, während der Présidence 2005, en hätt es elo genuch fir mat mir ze fueren – verstinn ech awer och, no iwwer 20 Joer mat engem fueren, an och nach grad mat mir – an e géif gär an de Geheimdéngscht goen. En ass jo Polizist. E wollt awer net an e Kommissariat goen, aus deene Grënn déi seng ebe sinn. E sot, e géif nawell gären an de Geheimdéngscht goen.

Ech hunn dem Här Mille gesot, dat do ass e Kandidat fir an de Geheimdéngscht, huel deen. Den Här Mille seet elo, en hätt sech dogéint gewiert an ech hätt do insistéiert. Wann e sech dogéint gewiert huet, dann hunn ech wahrscheinlech dann och insistéiert. Well ech hunn net vill Leit recommandéiert fir an de Geheimdéngscht schaffen ze goen. An dee wär gär dohinner gaangen, an dunn hunn ech him gehollef, datt en dohinner komm ass.

Maacht Dir ni eppes fir een, wou Dir Pätter iwwer d’Kand sidd, mat deem Dir 20 Joer zesummen ze dinn hat? Maacht Dir do ni eppes? Dréint Dir do kee Fanger, fir datt esou een op eng aner Plaz kënnt, wann e gär op eng aner Plaz kënnt.

Den Henri Grethen huet mech autoriséiert Iech ze soen, datt hien dat ganz gutt versteet – dat ass net dat wat e mech autoriséiert huet Iech ze soen – mä en huet gesot, et wier awer esou, datt hien, wéi hien aus der Regierung ausgescheet ass 2004, sech och dofir agesat huet, datt säi Chauffeur, deen e bis dohinner hat, an den Office des prix géif kommen, wou en och komm ass.

Dee selwechten Henri Grethen huet mech autoriséiert, wat ech Iech ugedeit hunn an den Auditiounen, et huet awer ni een nogefrot wat ech dann do géif mengen; en huet mech autoriséiert heibannen ze confirméieren, datt hien als Chef vun der Liberaler Fraktioun mir e Bréif geschriwwen hat, wou e mir recommandéiert huet de Fils vum fréiere Staatssekretär Schaack beim Geheimdéngscht ze beschäftegen.

En éclatant Beispill, niewebäi bemierkt, huelt mir dat net iwwel, datt ech dat hei aflechten vum CSV-Staat, den Henri Grethen, Member vun der Cours des comptes, freet mech fir engem fréiere liberale Staatssekretär, deen ech héich estiméieren, säi Jong, deen ass jo Douanesdirekter ginn no de Wahlen 2004, beim Geheimdéngscht ënnerzebréngen. Dat hunn ech gär gemaach. Ech hunn dee Jong net kannt, den Här Philipp Schaack net kannt, deen huet an der Ekonomie geschafft wéi ech entretemps weess. Ma ech hunn deem säi Papp kannt, ech kennen den Här Grethen, ergo hunn ech dat recommandéiert.

Elo gëtt gesot, ech hätt den Här Mandé, mäi fréiere Chauffer, als Unterseeboot an de Geheimdéngscht ageschleist. Franchement, datt et Leit am Geheimdéngscht ginn ass, erënnert Iech emol un d’Beschreiwung déi ech ginn hunn, déi ech am Ufank vu menger Ried ginn hunn, Paranoia an dëst an dat; datt et do Leit gi sinn déi sech dat esou geduecht hunn; datt hie selwer op eemol geduecht huet, ma wa se souwisou scho soen, du wiers hei de Spioun, da wierts de dech net dogéint, dat hätt en net solle maachen, falls en et gemaach huet. Mä falsch ass et, fir ze behaapten deen hätt mir iwwer innombrabel Dysfonctionnementer am Geheimdéngscht bericht. E seet selwer aus, hei, an der Auditioun, en hätt mech iwwert 2 Affären ënnerriicht, dont notamment déi Affär SAM, déi ech jo och gestoppt hunn.

Datt dee mir innombrabel Zubringerdienste geleescht hätt, datt déi aner probéiert hätten deen unzestellen hir Affären am Geheimdéngscht an d’Rei ze maachen, kann och sinn, ass awer seltenst geschitt.

Zum Beispill dee Rapport vun deem gesot gëtt ech hätt dee misste grëndlech studéieren, ass vum Här Kemmer dem Här Mandé gi ginn. Den Här Mandé huet mir deen net ginn, also huet dee Rapport mech ni erreecht. Ech soen awer och elo net, datt anerer, déi op Recommandatioun vun aneren am Geheimdéngscht ugestallt sinn, datt déi U-Boot vun anere wieren. An dofir hätt ech och net gär, datt ee mir dann en U-Boot ënnerjubelt während aner U-Booter net als solches beschriwwe ginn, well se zurecht net als solch kënne beschriwwe ginn, well se keng sinn.

De Fichage politique. Grouss Affär. Den Här Mille seet zu mir an deem Telefonsgespréich, an deem Enregistrement wat en opgeholl huet: 300.000 Kaarten. Dat gëtt direkt gegleeft. Wochelaang. Den Här Bausch huet eis elo och gesot, wéi vill datt et der sinn, vun 1960 u bis elo.

Selbstverständlech, déi Archiven déi mat deene Fichen do leien déi dierfen net zerstéiert ginn. Déi musse vun enger Historikerkommissioun opgeschafft ginn, déi mussen, nodeem dann d’parlamentaresch Kontrollkommissioun, oder wien och ëmmer, se gekuckt huet, musse se sauvegardéiert ginn an zu Fuerschungszwecker reservéiert ginn.

Ech ka mech hei net ausschwätzen iwwer d’Responsabilité politique vum Här Werner, vum Här Thorn a vum Här Santer. Écoutez! Ech ka mir net zum Virworf maache loossen – dee Virworf gëtt awer gemaach – datt ech gewosst hätt, datt et innepolitesch Spionage gi wier, laang viru menger Zäit, an ech hätt näischt dogéint ënnerholl, ech wier där Saach net nogaang. Ech hat wierklech aner Suerge wéi ze kucken, wat fir Kaarten datt an de 60er an an de 70er Joeren ugeluecht gi sinn. Anerer waren an den Archive vum Geheimdéngscht. Ech war ni dran. D’parlamentaresch Kontrollkommissioun war jo am Joer 2008 do. Also wëssen déi méi wéi ech. Jiddwerfalls déi déi kucke gaang sinn. An et hat kee verbuede kritt kucken ze goen.

Mir waren am Kale Krich. Vill jonk Leit hei wëssen net méi wat dat war, de Kale Krich. Ech weess dat nach. Ech weess och nach wéi de Kale Krich lues a lues op en Enn gaang ass. Datt mir eis engagéiert hunn, zu puer hei bannen, an der lëtzebuerger Friddensbewegung. Ech war an der Friddensbewegung 1982 als Staatssekretär. Den Här Lux war, wéi üblech, och dobäi, wann eppes gebuede gëtt.

Déi Friddensbewegung ass scheinbar iwwerwaacht gi vum Geheimdéngscht, obschonn e Regierungsmember am Comité dovu war. Et ass keng Ursaach, fir datt déi iwwerwaacht ginn ass, esou wéi ech och gesot hunn a mengem Gespréich mam Här Mille, mä dat wësst Dir, et dierft keng innepolitesch Spionage gemaach ginn. An et ass och keng gemaach ginn. Weder op meng Demande ginn nach während menger Zäit, à moins datt ech do ugeschass gi sinn. Mä ech hunn innepolitesch Spionage strikt verbueden.

An ech hunn an deem Gespréich gesot, ech hätt och en Dossier fonnt vum Här Werner, wou dies Rieds geet. Ech sinn heiansdo gefrot ginn, wéi ass dat dann do. Ech hu mech do geiert. Ech hu mech elo wochelaang mat där Saach nach ofginn. Net intensiv. Ech hat de Staatsminister Werner mam Staatsminister Thorn verwiesselt. Sou eppes kënnt jo vir.

An de Staatsminister Thorn, virun deem ech dee gréissten Estime hunn, wéi Dir wësst, dee war d’accord, datt op engem Punkt zumindest just innepolitesch Spionage géif gemaach ginn. An zwar huet den Här Thorn – wat weist datt deen héich respektabel ass – den Direkter vum Geheimdéngscht, en huet och Hoffmann geheescht, mä et ass awer net deen Hoffmann dee mir elo haten, mä deen Hoffmann virun deem Hoffmann, gefrot, well en dogéint war, datt Écoutë géife gemaach ginn, ouni datt en et wéist, ob där Écoutë géife gemaach ginn. An dunn huet den Här Hoffmann, deen Hoffmann also virum Charel Hoffmann, him gesot, effektiv, do géifen nach 2 Écoutë gemaach ginn.

An déi eng Écoute huet d’Kommunistesch Partei betrëfft, nämlech d’Privatwunneng vum Dominique Urbany, Deputéierten, an déi aner d’Association Luxembourg-Chine.

Well Dir mech ëmmer no deem Rapport Werner gefrot hutt, a well ech dee verwiesselt hat, well mir net méi dorop ze schwätze komm sinn an de leschten Auditiounen, wollt ech dat hei noreechen, mat der Remarque, datt den Här Thorn alles gemaach huet fir esou Écouten ze ënnerbannen. An eréischt beim Versuch fir gewuer ze gi wat lass wier informéiert ginn ass, datt et déi ginn ass. An dunn huet e geschriwwen, féiert dat viru bis un d’Enn vum Joer an da ginn ech herno gär driwwer informéiert. An ech denken och, datt dat geschitt ass. De Gaston Thorn war keen deen aneren nospionéiert huet.

Stay Behind. Ech hunn d’parlamentaresch Kontrollkommissioun gefrot fir e Rapport ze maachen iwwer Stay Behind an alles dat wat domat ze dinn hat. 14 Sitzungen hat Dir doriwwer. Meeschtens a Präsenz vum Direkter vum Geheimdéngscht.

Ech hat Iech geschriwwen, Dir kënnt all Dokumenter vum Geheimdéngscht selbstverständlech gesinn. Dir kënnt mat all Agente vum Geheimdéngscht selbstverständlech dodriwwer schwätzen. Dir hutt all Dokumenter, all Piècë kritt. Et si bei mir am Büro iwweregens an deem Zesummenhang 2 Perquisitioune gemaach ginn, wou all Dokumenter déi am Ministère d’État iwwer de Stay Behind louche matgeholl gi sinn, bei Geleeënheet vun deene Perquisitiounen.

An da gëtt mir virgeworf, ech hätt Iech do net informéiert iwwer eng Theorie vum Geheimdéngscht, déi doranner bestanen huet, datt eng parallel Struktur zum Stay Behind, déi beim SREL ënnerbruecht war, eventuell kéint eppes domat ze dinn hunn. Dat schéngt eis den och, dem Här Frieden a mir, an engem Gespréich am Januar 2006 virgestallt ginn ze sinn.

Ech soen Iech nach eng Kéier, an där Affär si keng Nimm genannt ginn, ass drop higewise ginn, dat wier eng Theorie. Eng Hypothes. Ech kann net Affaires disciplinaires an Affaires pénales oder wat och ëmmer lass trieden, wann ee mir eng Theorie virdréit. D’Theorie net vum Geheimdéngscht, mä d’Theorie vum Agent Kemmer. Ech muss där Saach net nogoe wann ech där Theorie net gleewen. Ech hu se net gegleeft. Den Här Kemmer seet selwer, en hätt déi Theorie och bei der Justiz virbruecht. Do wär en net op vill Gehéier gestouss.

De Procureur d’État Biever seet Iech während Ären Aarbechten un Ärem Rapport Bommeleeër, d’Geriicht wär där Piste Stay Behind nogaang a si hätt déi Pist net weider verfollegt, well do wier näischt drun.

De Geheimdéngscht huet, laut den Aussoe vum Direkter Mille, och keng eegen Enquête, eng parallel Enquête, um Dossier Bommeleeër gemaach, mä huet iwwerpréift ob déi Theorie vun engem kéint e Schlëssel sinn zum Zougang vun engem Ensembel vu Planifikatiounen; dat ass d’Theorie vun engem, net d’Theorie vum Geheimdéngscht. D’Justiz hat dovun héieren an den Här Kemmer huet och elo am sougenannte Bommeleeër-Prozess op beharrlecht Nofroe vun der Presidentin vum Tribunal mussen zouginn, datt seng Theorie op kengerlei Preuve tangible, also op haarde Fakte berout.

Sandstone. Reproche: Den Här Schneider huet während der Zäit wou en nach am Geheimdéngscht geschafft huet, am Laf vum Joer 2008, ugefaang eng privat Sécherheetsfirma opzebauen déi elo den Numm Sandstone dréit, deen ech bis an den Dezember, oder an den November vum leschte Joer, dat net kannt hunn. Deen Numm Sandstone.

Do gëtt gesot, d’Regierung wär jo virgewarnt gewiescht. Duerch eng Note, nach eng Kéier vun deem Här Knebeler, aus der Économie, vum 4. Juli, wou deen drop opmierksam gemaach hätt, datt den Här Schneider, Agent vum SREL, amgaang wär esou eng Firma opzeriichten.

Do steet an Ärem Rapport, d’Administration gouvernementale hätt also Bescheed gewosst. Ech weess net ween dat ass, d’Administration gouvernementale. Ech ginn emol dovunner aus, datt ech eppes domadder ze dinn hunn. Just, dee Bréif vum 4. Juli vum Här Knebeler, dee war net u mech adresséiert. Dee war un de Wirtschaftsminister Jeannot Krecké adresséiert. An de Jeannot Krecké huet mir dee Bréif, déi Note, net viru ginn. Ech hat also keng Kenntnis vun där Note. Elo gëtt et een extraordinären Zoufall, deen ee bal net ka gleewen. Wéi ech gewuer gi sinn, datt een Agent vum SREL amgaange wär, andeem en nach am SREL geschafft huet, esou eng Sécherheetsfirma opzeriichten, wou sech also bei mir de Verdacht ageschlach huet, ma dee benotzt, esou laang wéi en nach am SREL ass, alles dat wat en do ka gewuer gi fir seng spéider Aktivitéit fertiliséieren ze kënnen, hunn ech de selwechte 4. Juli, mee ech hat déi Note awer net kritt, den Direkter vum Geheimdéngscht ugewisen, dem Här Schneider den Zougang zu de Gebailechkeete vum SREL ab sofort, mat sofortiger Wirkung ze verbidden. Säi Badge ass agezu ginn an en huet net méi däerfe sech am SREL ëmkucken.

Ob dat Verbot an alle Perioden déi komm sinn, millimetergenau agehale ginn ass, weess ech net. Mä ech hunn dofir gesuergt, datt den Agent Schneider keen Zougang méi dierf kréien zu den Archiven, zu den Dokumenter an zum Wësse vum Geheimdéngscht.

Ech hunn also erëm eng Kéier dofir gesuergt, datt eppes net géif geschéie wat ech gefaart hunn, datt kënnt geschéien a wat wierklech kënnt sinn oder wat privat Interessie kënnt op eng extraordinaire Aart a Weis pousséieren a favoriséieren.

Et gëtt gesot, eigentlech hätt d’Regierung gehollef déi Firma Sandstone ze grënnen. Ech wëll Iech emol soen, ech kann e Beamte vum Geheimdéngscht net dovun ofhalen, de Geheimdéngscht ze verloossen an eng privat Sécherheetsfirma ze grënnen. Et gëtt gesot, de Staatsminister huet net verhënnert datt déi Firma gegrënnt ginn ass. Ewéi soll ech dat maachen? Mä ech ka verhënneren, datt een deen amgaang ass als Geheimdéngscht esou eng Firma ze grënnen nach probéiert méiglechst vill Informatioune sech unzeeegnen déi e kënnt fir seng spéider Aktivitéit gebrauchen.

Et gëtt gesot, de Staat hätt gehollef. Déi Firma Sandstone huet vun der SNCI Kreditter kritt. Ech hunn dat gesot. An den Auditioune vun Ärer Kommissioun. Mä déi Firma huet genau déi Behandelung kritt ewéi all aner Firma déi sech nei grënnt zu Lëtzebuerg. Ech hat Iech proposéiert, am Här Bodry senger Enquêtekommissioun, den Här Gaston Reinesch ze convoquéieren, deen deemools President vun der SNCI war an deen elo Gouverneur vun der Zentralbank ass. Fir Iech “Dossier à l’appui�? ze weisen, datt deen Dossier genau esou instruéiert ginn ass, ewéi alleguer déi aner. Dir wësst jo ween déi Décisioune fir e Kredit ze ginn, ech drécke mech e bësse vereinfacht aus, déi gi vum Verwaltungsrot geholl vun der SNCI. Do sëtzen d’Lëtzebuerger Gewerkschafte mat Lëtzebuerger Patronats-organisatiounen dran. Den Här Reinesch kann Iech et erklären, déi kënnen et erklären, si si jo responsabel, esouguer virum Gesetz wa se do ee favoriséiert hätten. Et ass kee favoriséiert ginn. Dofir brauch een och keng laang Mutmaβungen doriwwer unzestellen. Datt dann den Här Schneider virun engem israelesche Geriicht, ech weess net wat e virun engem israelesche Geriicht gemaach huet, och nach erkläert, hie wär eigentlech am Optrag vun der Regierung ënnerwee an där Depositioun, an engem Prozess wou en Zeie war, eigentlech esou ausdréckt ewéi wann déi israelesch Riichter hätte misste mengen, hien hätt en direkt Aarbechtsverhältnis mat mir gehat, hie wier u sech mäin Agent gewiescht. Fir déi Aussoe virun engem israelesche Geriicht, Aussoen déi der Kommissioun zougeleet gi sinn, an Aussoen déi dem Parquet zougeleet gi sinn, vu mir, datt ech déi Pièce kritt hunn, fir déi Ausso loossen ech mech awer net responsabel maachen.

Da gëtt mir virgeworf, net verhënnert ze hunn, datt den Här Kemmer vum Geheimdéngscht an de ministère de l’Économie gewiesselt wär. Jo, wéi stellt Dir Iech dat eigentlech vir? Do wëll een eng aner Aarbecht maachen. Wat ass den Oflaf? Den Här Kemmer war Polizist. Den Här Kemmer geet zeréck an d’Polizei. Dann interesséiert den Här Kemmer sech well den Här Knebeler en ugeschwat huet, fir, loosse mir dat emol esou nennen, déi Surveillance am ekonomesche Beräich am ministère de l’Économie ze maachen. Den Här Krecké, Wirtschaftsminister, hätt dee Mann gär. Well säi Beamten, den Här Knebeler him gesot huet “ech kennen do een dee wär ganz gutt fir déi Aarbecht ze maachen.�? Da gëtt den Här Halsdorf an d’Spill bruecht. E kënnt ëmmer an d’Spill esou an de Méint Mee-Juni. An da seet den Här Halsdorf an ech och, mir géifen awer mengen dat wär keng gutt Idee. Mä den Här Krecké hätt de Mann awer gär. An da rifft den Här Krecké dem Polizeidirekter un a seet ech hätt gär den Här Kemmer. Deen ass gutt, dee kann déi Aarbecht maachen. Deen huet am Geheimdéngscht geschafft. Wat hätt ech do solle verhënneren? Ech war am Ufank iwwerhaapt net d’accord, datt dat géif geschéien an dunn ass et awer geschitt an ech hunn näischt domat ze dinn.

Wéi kommt Dir op d’Idee, datt ech ka verhënneren, datt deen een eng Firma grënnt an datt deen anere seng Aarbechtsplaz wiesselt? Déi zwou Saachen hätt ech solle verhënneren. Fir ween haalt Dir mech eigentlech? Fir ween halt Dir mech eigentlech, datt ech mech an esou Saachen do amësche ginn, surtout wann ech emol mat deenen zwou Saache strictement näischt ze dinn hunn.

Affär Cargolux. De Geheimdéngscht fänkt un op enger Affär Cargolux ze schaffen. Firwat mécht de Geheimdéngscht dat? De Geheimdéngscht mécht dat, well de Verdacht besteet, datt, ewéi de Geheimdéngscht schreift, une puissance étrangère, dat heescht eng auslännesch Regierung amgaange wier, d’Cargolux quasi ze ënnerhillegen, fir se kënnen ze kippen. Datt de Geheimdéngscht, am Kader vun der Ofwier, vun der Wirtschaftsspionage, soll Informatiounen noginn, ass total an der Rei. Total an der Rei. Doriwwer ass d’Kommissioun iwweregens och am Detail informéiert ginn, d’parlamentaresch Kontrollkommissioun. An den deemolegen Transportminister, den Här Lux, selbstverständlech och.

Wa sech dann awer erausstellt, datt un där Saach näischt drun ass, och nodeem ech a Präsenz vum Wirtschaftsminister eng Kéier d’Responsabel vun der Cargolux ferm an d’Gebiet geholl hunn, nodeem d’Operatioun eriwwer war. Wa sech dann erausstellt, datt dat am Ufank zwar, no enger ekonomesch geféierlecher Aktivitéit ausgesinn huet, mä datt herno dat awer net esou war, nodeem ech och Beamte vum Geheimdéngscht déi op där Affär geschafft hunn, bei de President vun der SNCI geschéckt hu fir sech do emol informéieren ze loossen, iwwer d’Aart a Weis ewéi d’Actionnariat vun där Gesellschaft géif fonctionnéieren, da muss ech Iech soen, da fält dat fir mech an den normale Beräich vun deem wat de Geheimdéngscht däerf maachen.

Datt dann dee Beamte vum Geheimdéngscht, de Chef vun den Operatiounen, den Här Schneider, eng Note schreift, wou e suggeréiert, deen an deen, dee misst kënnen neien Aktionär vun der Cargolux ginn, an deen an deen en do bezeechent, deen ass dann herno als Aktionär a senger Gesellschaft Sandstone gelant, ass wahrscheinlech richteg, dat huet en och geschriwwen, mä d’Regierung ass jo där Spur net nogaang. En hat dat eigentlech och net ze suggeréieren, well dat ass de Geheimdéngscht guer näischt ugaang. Mä ech gesinn awer net richteg firwat datt de Staatsminister sech do eppes muss reprochéiere loossen oder Unterlassungssünden do virwäerfe loossen. Well ech dann erëm keng Affaire pénale a keng Affaire disciplinaire gemaach hunn? Dat wat de Geheimdéngscht gemaach huet, net dat wat den Agent Schneider an der Suite dovun gemaach huet, fält ënner kengerlee Strofbestëmmungen an et kann och dofir engem net reprochéiert ginn.

D’Kommissioun, d’parlamentaresch Kontrollkommissioun, huet 3mol iwwer d’Affär Cargolux geschwat. Den 19. Mäerz, den 8. Abrëll an de 7. Oktober 2008. Ech hat zu deem Zäitpunkt iwwerhaapt keng Ahnung vun enger esougenannten Agenda caché déi den Agent Schneider an deem Zesummenhank gehat hätt. Déi 3 Reuniounen an der parlamentarescher Kontrollkommissioun hunn a Präsenz vum Här Mille a vum Här Rollinger, Sous-Direkter vum Geheimdéngscht, stattfonnt. Et huet kee Minister un deene Sëtzungen deelgeholl an d’Kommissioun huet festgestallt, jo, do war en Anfangsverdacht, wann ech mech däerf esou ausdrécken, mä d’Interpretatioun déi de Faiten déi stëmmen zoubruecht ginn, déi war falsch. “Les faits rapportés ont été exacts, l’interprétation n’en fut pas tout à fait adéquate�?, schreift d’Kontrollkommissioun. Dès lors, géing ech dorëm bieden ni méi ze soen, mir hätte probéiert d’parlamentaresch Kontrollkommissioun op dësem Punkt hannert d’Liicht ze féieren, well d’parlamentaresch Kontrollkommissioun jo och feststellt op anerer Plaz, wann net esou guer op dëser, datt wann ee Beamte vum Geheimdéngscht sech geiert hätt an enger Affär, datt dat net zu Mesures disciplinaires kënnt féiere wann den Anfangsverdacht begrënnt genuch gewiescht wär fir eppes an d’Wee ze leeden.

Operatioun Katana. D’parallel Polizei. Pädophilie-Verdacht, Rumeur verbreet, datt och de Procureur d’État domat eppes ze dinn hätt. Ech soen hei nach eng Kéier vun der Operatioun Katana, wann et se da ginn ass, wosst ech näischt. Ob eng Observatioun um Procureur d’État stattfonnt huet, weess ech net. Deen dee beschëllegt gëtt, vun engem Privatdetektiv, den Här Durand, déi Operatioun, Observatioun, um Här Biever ze maachen, nämlech den Här Knebeler, streit of, datt dat vun him lass getruede gi wier. Ech weess net wou d’Wourecht do läit, mä jiddefalls wosst ech näischt vun enger Observatioun an ech hunn och keng Observatioun ordonnéiert. An dofir kann ee mir net hei quasi e Skandal an d’Schong schëdden, datt do eng parallel Polizei sech gegrënnt hätt wann ech vu vir bis hannen näischt dovu weess a wann d’Saach och nach en Instruction judiciaire ass, an een net weess wat richteg do dru war. Dee Privatdetektiv Durand, dee vum Här Knebeler, wéi en bis beim Här Krecké geschafft huet, och erëm ugestallt ginn ass fir op anere potentiellen Investisseuren déi op Lëtzebuerg wollte kommen, ze schaffen.

Da wollt ech, Här President, eng Fro stellen iwwert eppes wat am Rapport steet wat ech net versti well ech dat och net kennen, da geet vun engem ‘Lapin rose’, enger Operatioun ‘Lapin rose’ Rieds. Rosa Kanéngchen! Ech weess net wat dat ass. Do gëtt an deem Zesummenhank, ginn ech och en cause gesat, an ech weess guer net wat dat ass, déi Operatioun ‘Lapin rose’. Ech hu beim Geheimdéngscht nofroe gelooss, beim Direkter, menge Leit, mir fannen an den Archiven an den Ënnerlagen vum Geheimdéngscht näischt iwwert eng Operatioun ‘Lapin rose’, mä ech gi mat dëser Operatioun an Zesummenhank bruecht an ech si mat där Operatioun wa se da bekannt wor, ni konfrontéiert ginn an den Auditiounen déi ech hei hat, dofir wier ech dankbar wann ee mir eng Kéier géif soen wat et dann mat der rosa Kanéngchen, mat där ech eppes soll ze di gehat hunn, op sech huet.

Bref, Här President, Léif Kollegen, ech hunn elo laang geschwat obschonn ech net konnt esou an den Detail agoen an iwwert all déi Affäre schwätzen déi hei opgeworf gi wéi ech dat eigentlech gäre gemaach hätt. Dofir verweisen ech gären do wou de Rapport vun der Enquêtëkommissioun beschreift wat mir alles ënnerholl hunn fir den interne Fonctionnement vum Geheimdéngscht ze verbesseren op dee Rapport. Ech verweisen op den integralen Text vu mengen Auditiounen an der Commission d’enquête, déi woren alleguer ëffentlech, anerer waren et net. Anerer déi och eppes hätte kënnen aussoen, wéi zum Beispill déi Memberen vun der Commission de contrôle parlementaire, déi jo awer och Member vun der Commission d’enquête parlementaire sinn, déi hunn net brauche auszesoen, dat kann een esou gesinn oder och anescht. Mä meng Aussoe sinn ëffentlech gemaach ginn an ech hätt och gär, dass déi géife mat publizéiert ginn, ech weess net wéi dat elo hei virgesinn ass, well ech net alles, fir dass d’Leit dat kënne liese wat ech hei ausgesot hunn. An da steet et fest, da stellen se fest, dass Villes behaapt gëtt wat net esou ass. A wat méi reng ass, a wat e bësse méi Informatioune verdéngt wéi déi déi heiansdo erëm gereecht hunn. Ech soen net dass ech keng Feeler gemaach hunn, ech kann den Här Bodry do berouegen. Hien jo haut an der Zeitung vum Bëschof, well et d’Zeitung vum Bëschof war vun enger Unfeelbarkeet quasi geschwat, déi Redaktiounsatmosphär muss hien ugestach gehat hunn, Här Bodry.

Alex Bodry: Et kënnt seele vir dass mir en Interview hunn, also.

Jean-Claude Juncker: Tjo. Mä wann Dir een hutt dann hu Dir awer och een.

Alex Bodry: Dat ass richteg, ...

Jean-Claude Juncker: Mä onofhängeg dovunner, Här Lux, Dir hutt vill Interviewen.

Lucien Lux: Awer net am Wort.

Jean-Claude Juncker: Enfin mee ech wëll mech elo net mat Iech zwee hei elo, mir hu jo keen Sträit mateneen.

Ech hu Feeler gemaach, ech wëll Iech soe wat ech mengen, wat meng Feeler waren.

Ech hunn ee Feeler gemaach wéi ech keng Action disciplinaire géint den Här Mille gemaach hunn. Aus der Siicht vun deemools hat ech absolut Recht wéinst deene Befierchtungen an den Ängschten déi ech hat. Wann ech mir dat haut ukucken, da soen ech mir, ech wier besser drun wann ech meng Bedenken op d’Säit gedréckt hätt, no mir selwer gekuckt hätt, déi Action disciplinaire gemaach hätt, ech hätt se eigentlech aus der Siicht vun haut, net aus der Siicht vun deemools misste maachen. Da wier ech roueg. Mä vill aneres wier geschitt wat net gutt gewiescht wier an Deeler dovun sinn am gaang ze geschéien an dofir kann ee keen responsabel maachen.

Ech hunn ee Feeler gemaach bei der Redactioun vum Gesetz vun 2004. De Kolleg Bodry huet deemools scho virgeschloe gehat, et misst een sech de ganzen Dispositiv, deen et en fait net gëtt, iwwert de Contrôle interne, virhuelen, dat kënnt jo och elo an d’Proposition de loi wann ech dat richteg verstinn. D’Chamber ass deem Wonsch net nokomm, ech och net well ech geduecht hu, “wat soll dat?�? Et kann een elo net eng Polizeiinspektiounsähnlech Trupp an de Geheimdéngscht implantéieren oder niewendrun implantéieren, et si 60 Leit am Geheimdéngscht, dat ass keen esou e grousse Corps wéi d’Polizei, dofir huet dat Instrument mir deemools iwwerdriwwe geschéngt. Mä et war awer ee Feeler fir kee Contrôle interne ze maachen.

Well den Här Bodry hat Recht, wéi hien erkläert huet an den Debatten, zum Gesetz vun 2004. Natierlech huet den zoustännege Minister d’Recht fir dat z’iwwerwaachen, also d’Aarbechte vum Geheimdéngscht, mä och hie kann net alles wësse wat sech bei enger Verwaltung deet. Rarement vous n’avez vu esou richteg.

Ech emfannen et als mäi Feeler elo, dass ech net gefrot hunn, ech misst all Procès verbal vun der Commission d’enquête kréien, net nëmmen déi 5 Sitzungen un deenen ech Deel geholl hunn. Ech hätt eigentlech misste mech wonneren, ‘Firwat kriss du déi Procès verbauxen net?’ Ech hu mech awer net doriwwer gewonnert, well déi si jo an de SREL gaang, mee ech hu se net kritt. Ech hätt missten insistéiere fir z’iwwerpréiwen ob wierklech och an der parlamentarescher Kontrollkommissioun alles géif gesot ginn vun deem ech gär gehat hätt dass et géif gesot ginn, hätt ech misste verlaangen, dass ech déi Procès verbaux kréien.

An dee gréisste Virworf deen ech mir maachen, an dat ass gläichzäiteg e Feeler. An deen ass mir schonn dacks am Liewe virkomm, dofir hätt e mir eigentlech déi leschten Joeren net méi dierfe virkommen. Ech hunn Instruktioune ginn, ech hunn Operatioune gestoppt, ech hunn Direktivë ginn an ech hunn de Suivi dovun net gemaach. Ech hunn net all Dag nogefrot ‘An, hu dir dat dann elo och gemaach wat ech Iech ugestallt hunn!?’. An ech muss soen, am Zesummenhang mat deem Déngscht, no all deem wat mir elo wëssen, ass dat ee Feeler. Ech hätt missten nofroen an nofroen an nofroen ‘Maacht dir dat och wierklech wat ech iech ustellen?’ Dat ass awer net mäi Genre fir esou ze schaffen. Et si jo Beamten, gutt bezuelten héichgestallte Beamten do, déi eigentlech zoustänneg si fir dass d’Instruktioune vum Minister ëmgesat ginn ouni dass een dauernd muss nofroe goen ‘Wou si dir dru mat där Affär? A geet dat virun a maacht dir dat och esou?’. Dat sinn déi Feeler déi ech gemaach hunn.

Mä wat ech net gemaach hunn, dat loossen ech mir och net an d’Schung schëdden, ech hu keng Observatiounen ugestallt. Okay, ech hu keng Illegalitéite gedeckt, keng eng. Ech hunn Affaires disciplinaires do gemaach wou ech eng konnt maachen an do wou et richteg war fir keng ze maachen oder wou net Grond genuch do wor fir eng ze maachen oder fir eng Affaire pénale ze maachen an eng Dénonciatioun ze maachen hunn ech keng gemaach. Ech hu mir Méi ginn eigentlech mat deem Geheimdéngscht, deen e geheimen Déngscht ass, an deen och zu Lëtzebuerg net méi schlecht fonctionnéiert wéi am Ausland, muss ech soen. Seet den Här Bodry och a sengem Interview haut. Wou hie seet, de Lëtzebuerger Noriichtendéngscht, dee wier net besser a net méi schlecht wéi déi am Ausland. An et géif praktesch keng europäesch Demokratie ginn déi net mat ähnleche Skandaler belästegt a beschäftegt wier mat parlamentareschen Enquêtekommissiounen lénks a rechts vun eisem Land. ‘Das Dilemma wie sich ein Dienst kontrollieren lässt, dessen eigentliche Aufgabe es ist im Geheimen zu arbeiten ohne dass diese Arbeit durch die Aufsicht von aussen behindert wird, hat noch kein Land gelöst.’ Ech konnt se och net léisen hei zu Lëtzebuerg. ‘Die politische Kontrolle durch das Parlament und den Staatsminister stösst an ihre Grenzen, weil sie auf Informationen aus dem SREL - also Geheimdéngscht - selbst angewiesen ist’. Dat ass richteg. Et gëtt een näischt gewuer wat een net gesot kritt.

An dofir wëll ech Iech soe wat d’Responsabilitéiten ubelaangt. Okay, iwwert déi objektiv Responsabilitéit do kënne mir laang diskutéieren. An ech hu mech mat där Fro beschäftegt, dat léisst mech och net kal wann hei geschriwwe gëtt, dass ee responsabel wier.

Déi objektiv Responsabilitéit, wouranner besteet déi? Besteet déi doran dass, obschonn ee sech beméit huet, obschonn een d’Changementer virgeholl huet, obschonn een den internen Fonctionnement vum Geheimdéngscht wesentlech verbessert huet, obschonn een all Viraussetzungen geholl hat fir dass déi parlamentaresch Kontrollkommissioun géif korrekt informéiert ginn, ass een dann politesch responsabel wéinst dem vermeintlechen oder richtegen - et gëtt déi zwee - Feelverhalen vun 2 oder 3 Agente vum Geheimdéngscht wann do 60 Agente schaffen? Kann ee wierklech vum Staatsminister verlaangen dass hie ronderëm d’Auer weess wat déi 60 Mataarbechter vum SREL maachen? Wierklech? Ass den Hiweis vum Gesetz, dass de Geheimdéngscht ënnert Autoritéit vum Staatsminister fonctionnéiert, Hiwäis genuch fir automatesch ze concluéiere, wann eppes schiif leeft vun deem een näischt wosst, dass een da muss d’politesch Responsabilitéit iwwerhuelen an Zerécktrieden?

Ech sinn där Meenung net. Well ech soen Iech, d’Chamber kann awer eng aner Meenung hunn, wa mir dat zum Prinzip maachen, da kënnen alleguer déi sech freeën déi am Liewen eng kéier wollte Minister gi, well da komme vill Ministeren an da mussen der och vill zerécktrieden. Wann all Minister zoustänneg ass fir all Feelverhale vun engem Beamten deen him direkt oder indirekt ënnerstallt ass, da soen ech Iech, da gi mir lëschtegen Zäiten entgéint. Et ass eng gutt Noriicht fir déi Beamten déi der wëllen stiichten. Et ass eng ganz gutt Noriicht fir déi, well hinne geschitt net vill, well hire Minister ass jo responsabel. An dofir muss een eng grëndlech Diskussioun doriwwer féieren, wat dat dann heescht, déi objektiv politesch Responsabilitéit. Et muss ee se am Liicht vun de Konsequenze vun de Weiterungen a vun den Erweiterungen vun dem Festschreiwen vun enger däraarteger Doctrine analyséieren.

Wat déi subjektiv Responsabilitéit ugeet, hunn ech Iech gesot wat meng Feeler waren, mä ech hunn Iech unhand vun all deenen Affären, déi ech hei behandelen hunn mussen an wou ech net konnt an den Detail goen, éischtens well ech ganz oft iwwert déi Operatiounen den Detail net kënnen, zweetens well ech och mech wëll hei un den Artikel 16 vum Gesetz iwwert de Geheimdéngscht halen deen et strofbar mécht, Geheimnisser ze verroden, dorunner halen ech mech, hunn ech Iech gewisen dass ech, wann Operatioune schiif gaange sinn, se gestoppt hunn, dass ech alles gemaach hunn wann eppes schiif gaangen ass, fir dat ofzestellen an Dispositiounen huelen ze loossen déi d’Widderhuelung vun däerartege Virgäng géifen évitéieren.

An dofir kann ech mam beschte Wëllen - mä ech sinn an der Hand vun der Chamber - och keng perséinlech Responsabilitéit subjektiver Natur no deenen Explikatiounen, déi ech hei ginn hunn, erkennen. Jiddwerfalls ass et net esou wéi de President vun der Grénger Partei viru kuerzem geschriwwen huet: ‘In welchen moralisch und politisch verwerflichen Morast uns die letzten 34 Jahre, 18 davon Juncker, geführt haben, lässt sich anhand der SREL-Affäre nur erahnen. Die bis jetzt ans Licht gekommenen Fakten sprechen dafür, dass Juncker den Geheimdienst missbräuchlich in den Dienst seiner eigenen Macht und der seiner Partei stellte�?. Esou ee sinn ech net! Wann Dir dat mengt, da votéiert.

Dernière mise à jour