Discours du Premier ministre lors de la réception de nouvel an pour la presse

Allerdings huet ee besonnesch am läschte Joer konnte feststellen, dass de Journalismus hei am Land op engem ganz héijen Niveau fonctionnéiert. D’Presse huet 2013 gewisen, dass se emanzipéiert ass.  Déi investigativ Aarbecht, déi an de brisanten Dossieren, ewéi bei der Geheimdéngschtaffär, dem Bommeleeërprozess, dem Dossier Cargolux an anere geleescht gouf, kann sech weise loossen.

©2014 SIP / Nicolas Bouvy, tous droits réservés
Xavier Bettel et Fernand Weides

[Seul le discours prononcé fait foi]

Här President vum Conseil de Presse
Léif Journalisten, Redakteren,  Reporter a Fotografen
Dir Damen an Dir Hären,

Ech hu mech op déi Receptioun haut gefreet, wierklech gefreet. Dat net nëmmen, well dee spezielle Kader vum  Geschichtsmusée mir fir eng Neijooschreceptioun besonnesch gutt gefält, mä och well d’Pressewiesen an hier Vertrieder mir wichteg sinn.

Mat ville Leit vun Iech hunn ech schonn iwwer Joeren ewech beruffleche Kontakt; Et begéint ee sech regelméisseg op Pressekonferenzen, Kongresser, Briefinge – oder, wéi et zu Lëtzebuerg och net ongewéinlech ass: Am Supermarché, um Maart oder am Restaurant.

Et besteet eng Relatioun tëscht den Acteuren aus dem ëffentleche Liewen an de Journalisten. Dat ass iwwerall esou an zu Lëtzebuerg ëmsou méi, well déi geographesch an déi zwëschemënschlech Distanze méi kleng sinn. Et ass och evident a kee Geheimnis, dass Politiker an d’Medien an enger spezieller Relatioun zouenee stinn. Politiker wëllen dass hir Messagen d’Ëffentlechkeet areechen, Editeure verlaange Contenu a Journaliste wëllen, sollen a mussen d’Messagen iwwerpréiwen, hannerfroen an dem Public esou eng héichwäerteg Informatioun liwweren.

Déi allgemeng gutt Relatioun tëscht der Presse an der Politik gëtt dacks mat „Copinage“ verwiesselt. Dass et dat gouf an dass et dat gëtt, wëll ech net bestreiden. Wou Mënsche sinn, do mënschelt et.

Allerdings huet ee besonnesch am läschte Joer konnte feststellen, dass de Journalismus hei am Land op engem ganz héijen Niveau fonctionnéiert. D’Presse huet 2013 gewisen, dass se emanzipéiert ass.  Déi investigativ Aarbecht, déi an de brisanten Dossieren, ewéi bei der Geheimdéngschtaffär, dem Bommeleeërprozess, dem Dossier Cargolux an anere geleescht gouf, kann sech weise loossen. Wann et fir Membere vun enger parlamentarescher Enquêtekommissioun och frustrant war, dass een iwwer Zeitung, Televisioun, Radio an Internet méi gewuer gouf, ewéi duerch d’Zeien, déi virun engem souzen, da weist dat awer, dass mer Journalisten hunn, déi d’Sich no der Wourecht zu hirem Kärgeschäft gemaach hunn.

Net zulescht well d’Presse hir Aarbecht zejoert korrekt gemaach huet, ass dann och am Oktober gewielt ginn. No engem an der Haaptsaach faire Wahlkampf tëscht demokratesche Kräften, huet de Wieler am Hierscht déi politesch Kräfteverhältnisser verännert. Keng politesch "Combine" tëscht e puer Acteuren huet de Wee virginn, mä en demokratesche Prozess. Um Enn vun dësem demokratesche Prozess stoung eng nei Majoritéit déi d’Land regéiert an dobäi elo natierlech a selbstverständlech op d'Fangere gekuckt kritt. Och déi nei Koalitioun wäert net geschount ginn. Hier Aarbecht gëtt suivéiert, kommentéiert a kritiséiert. Och dat gehéiert zu de Piliere vun enger Demokratie a muss respektéiert ginn.

Léif Vertrieder vun der Presse, léif Invitéen,

D'Regierung huet sech der Moderniséierung vum Land verschriwwen. Et gëtt e Koalitiounsofkommes mat der klorer Annonce d’Staatsfinanzen ze sanéieren, d’Economie prett ze maache fir nei Défien, de sozialen Zesummenhalt am Land ze stäerken an awer och d’Decisioune méi transparent ze maachen. De Prinzip vun der Ouverture ass keen eidele Slogan  - et ass e blo-rout-grénge Fuedem  an der Aarbecht vun der Regierung.

 An deem Sënn si mer eis dann och eens, dass d’Gesetz iwwert den Zougang zu Informatiounen nach emol muss op dee Lescht geholl ginn. Lëtzebuerg huet Nohuelbedarf, wat den Accès op Informatioun betrëfft. Mer brauchen eng professionaliséiert Approche zu der Transparenz. Ob Informatiounen an engem Tirang bleiwen oder fir de Public bestëmmt sinn, kann deemno net dervun ofhänke wien grad deen Dag de Schlëssel fir den Tirang an der Täsch huet.

Dass also muss legiferéiert ginn, ass evident a net kontestéiert. Den entspriechende Projet de loi  läit an der zoustänneger Chamberkommissioun a wäert no Consultatioune – ënnert anerem mam Conseil de Presse an de Journalistenorganisatiounen dann och séier iwwerschafft a gestëmmt ginn. 

Nieft dësem gesetzleche Changement iwwert den Accès op d'Informatioun, huet d'Regierung awer och virun allem och decidéiert, dass d'Décisiounen déi d'Zukunft vum Land bestëmmen an aller Offenheet an am Dialog solle geholl ginn. An de Ministèrë gëtt matenee geschwat an tëscht de Ministèrë gëtt matenee geschwat. Verschidde Servicer, déi um selwechten Dossier schaffen, ginn optimal matenee vernetzt fir hier Aarbecht méi efficace ze maachen. D'Zivilgesellschaft an Interesseverbänn sollen hier Vuë kënne presentéieren, woubäi dem Bierger säi Recht op Informatioun respektéiert gëtt. Esou waren déi dräi Koalitiounsparteien sech dann och zum Beispill eens, dass de Courrier, dee vun deene verschiddensten Organisatiounen a Groupementer während de Koalitiounsverhandlungen era koum, och mam Accord vum Expediteur ëffentlech gemaach ginn.

D'Informatioun vu Bierger a Presse iwwer d'Aarbecht gëtt weider optimiséiert an moderniséiert. De Briefing fir d'Presse nom Regierungsrot soll d'Regel an net d'Ausnahm sinn. Dat an enger Art a Weis, wou inhaltlech Froen am Virdergrond stinn, woufir dann jee no Sujet och Regierungsvertrieder bei deem Briefing derbäi sinn. Et ass dernieft geplangt e Livestream ze offréieren, wat déi parallel Aarbecht an de Noriichteredaktioune sécherlech méi einfach an efficace wäert maachen. Gläichzäiteg kënne mer dem interesséierte Public eng Méiglechkeet gi fir de Briefing en direkt ze suivéieren. 

Eng optimal Relatioun mat der Presse ass der Regierung wichteg, wuelwëssend, dass ee gläichzäiteg permanent um Préifstand steet. Och d'Medie selwer allerdéngs fonctionnéieren net an engem Vakuum, mä si virun allem der Wourecht verflicht. Et ginn Institutiounen an Mechanismen, déi d'Aarbecht vun de Medien am Aa behalen. Dozou gehéiert virop de Conseil de Presse selwer an dann och déi nei geschafen ALIA.Déi onofhängeg Autoritéit zentraliséiert dräi Acteure vun der Surveillance am Secteur: De Service des Médias et des Communciations, de Conseil National des Programmes an d'CIR, d'Commission indépendante de la radiodiffusion. De Fernand Weides huet Recht, de Conseil de Presse huet kee Vertrieder am Verwaltungsrot vun der ALIA. Dës Autoritéit huet de Statut vun engem Etablissement public, de Conseil d'Administration setzt sech aus 5 Leit zesummen, déi dem Gesetz no all de Statut vum Fonctionnaire mussen hunn. Duerch dës Zesummesetzung soll eng gréisstméiglech Onofhängegkeet vis-à-vis vum Secteur garantéiert ginn. 

De Conseil de Presse huet als Institutioun eng wichteg Roll an der Autoregulatioun - d'ALIA hirersäits muss awer onofhängeg kënnen fonctionnéieren.

 Nieft dem Verwaltungsrot besteet d'ALIA awer och aus enger Assemblée consultative, déi bei wichtege Froe muss em hiren Avis gefrot ginn. An dësem Organ soll de Conseil de Presse dann och seng Plaz kënne fannen, wann dat säi Wonsch ass. 

Dir Dammen an dir Hären,

2013 war zu Lëtzebuerg e mouvementéiert Joer. Affairen, Neiwahlen an e Regierungswiessel – wat dir politesch Aktualitéit betrëfft, konnt ee sech als Pressevertrieder heiheem net bekloen. Och international war 2013 awer e Joer, wou et vill Momenter gouf, där déi eis vläicht gefreet an anerer, déi eis zu déifst schockéiert hunn.

Déi groussaarteg, d'selwecht  ewéi déi grujeleg Nouvellë gi bannent Sekonne ronderëm d’Welt. Hannert der Berichterstattung  sti Journalisten, Reporter a Fotografen. Si mussen dacks méi asetzen, ewéi, hire Mikro an hir Kamera. 75 Journaliste sinn zejoert bei hirer Aarbecht em d’Liewe komm. 75 Kollege vun Iech, déi dësst Joer net méi bei hirer Famill sinn, well se e Beruff gewielt hunn am Déngscht vun der Wourecht. Et si net onbedéngt Aventurieren, déi hiert Liewen tëscht Krichsfronte risquéieren . Zum groussen Deel sinn et Journalisten, ewéi dir hei bannen, Leit, déi iwwer Realitéite schreiwen an sech dobäi keng Frënn maachen. Un dës couragéiert Kollege vun Iech wëll ech och haut erënneren, wa mir hei beienee sinn an d’Chance hunn an engem Land ze liewen, wou de Präis fir d’Demokratie net muss mam Liewe bezuelt ginn.

Fir dat neit Joer kënne mer all zesummen hoffen, dass d'Mënscherechter gestäerkt, d'Pressefräiheet weltwäit ausgebaut an net limitéiert gëtt, dass Konflikter geléist a manner Wonnen opgerappt ginn.  A mengem perséinlechen Numm, als Kommunikatiouns a Medien- Medienminister an am Numm vun der Regierung wënschen ech Iech alleguerten e glécklecht neit Joer, vill schéi Momenter mat deene Leit, déi Iech wichteg sinn an bonne Chance bei ärer Aarbecht.

Dernière mise à jour