Lydia Mutsch lors de l’inauguration du nouveau Centre Dr. M-P. Molitor-Peffer, siège du Planning familial

Als Gesondheetsministesch ass et fir mech eng grouss Freed haut mat Iech beim Ulass vun der Inauguratioun vun de neie Lokalitéite vum Planning Familial Dr. M.-P. Molitor-Peffer kënnen ze feieren.

Dës Geleeënheet notzen ech fir Iech Merci ze soe fir Äert Engagement an Är vill Aarbecht am Beräich vun der sexueller Gesondheet hei zu Lëtzebuerg, zënter der Grënnung vum Planning am Joer 1985.

Dir hutt vill Défien opgeholl, vill Hürde gemeeschtert, vill Aufgaben op Iech geholl fir d’sexuell an d’reproduktiv Gesondheet fir Mann a Fra ze förderen an ze verteidegen, an hutt Iech zënter Ärer Grënnung ganz besonnesch fir d’Rechter vun de Fraen an dësem Kontext agesat.

Dir hutt den Zougang fir all zur sexueller Gesondheet verbessert, besonnesch eben och fir Persounen déi an sozio-ökonomescher oder psychologescher Nout sinn.

Dir waart vun Ufank un e wichtege Partner, Beroder an Expert an alle Froen déi sech de Gesondheetsministère am Beräich vun der sexueller a reproduktiver Gesondheet hei zu Lëtzebuerg gestallt huet a stellt.

Iwwert Joeren ass de Planning zu enger fester Institutioun hei zu Lëtzebuerg gewuess an et kann ee sech déi sexuell Gesondheet ouni de Planning net virstellen.

Hiren Aufgabeberäich huet sech geographesch iwwert Land verdeelt mat enger Antenn zu Esch an zu Ettelbréck.

Den Aufgabeberäich huet sech iwwert Joeren differenzéiert mat enger grousser Unzuel vu Servicer fir d’Populatioun.

1) Är villsäiteg psychologesch Hëllefen an alle Problemer déi d’Sexualitéit betreffen oder wou och dat sexuellt Liewe mat betraff ass: Trennungen, Problemer vu Stérilitéit, vun onerfëlltem Kannerwënsch, sexuell Identitéit, déi schwiereg Situatioune vu Gewalt a Sexualitéit, déi leider och zu Lëtzebuerg zum trauregen Alldag gehéiert, fir nëmmen déi ze nennen.

2) Medezinesch Konsultatioune mat Aktivitéite fir Dépistage vu sexuellen Krankheeten, Berodung an Ënnerstëtzung vun efficacer a sécherer Verhütung an zënter enger Rei vu Joeren elo am Beräich vun der medikamentöser Ofdreiwung, déi mir hoffen, ville Fraen deen oft beschwéierlechen a geféierleche Wee an d’Ausland fir Avortementer erspuert.

An dësem Beräich waarden, mat der Ëmsetzung vum neien IVG’s Gesetz, och nei Aufgaben op eis: Inhalt a Qualitéit vun de medezineschen a psychologesche Servicer fir d’Populatioun, ma och, an do musse mer eis all ustrengen, fir d’Erbrénge vu besseren Donnéeën déi eis et erméiglechen e richtegen Etat des lieux iwwert d’sexuell Gesondheet hei zu Lëtzebuerg ze maan.

Zur sexueller Gesondheet dréit de Projet: Prise en charge de la Contraception fir Fraen ënnert 25 Joer ee wichtege Beitrag, deen am 2. Joer vun sengem Bestoen engem immens groussen % vun dëser Populatioun ze Gutts kënnt.

3) E ganz wichtegen Aspekt vun der sexueller Gesondheet ass d’Präventioun, d’Gesondheetsförderung an déi sexuell Opklärung, d’Informatioun, d’Education sexuelle an d’ Formatioun vu Multiplicateuren.

Den 17.7.2013 ass den interministeriellen nationale Programm fir d’Förderung vun der Santé affective et sexuelle tëschent de Ministèren vun der Gesondheet, der Educatioun, Kandheet a Jugend an der Egalité des Chances an enker Kollaboratioun mat den Associatiounen vum Terrain, notamment dem Planning lancéiert ginn.

Eng vun den Haaptachsen ass an dësem Kontext notamment: d’Förderung vun der sexueller Gesondheet bei eise Kanner a Jugendlechen, an de Schoulen, de Maisons Relais, de Jugendhaiser.

Dir sidd Expert an dësem Beräich, an am neie Programm sinn nei Aufgabe virgesinn, esou:

- d’Formatioun vu Multiplicateure fir op nationalem Niveau d’Education sexuelle kënne flächendeckend ze assuréieren

- d’Créatioun vun engem Referenzzenter fir sexuell a reproduktiv Gesondheet.

Vill gemeinsam Aufgabe waarden also op eis, an eis Kollaboratioun wäert ouni Zweiwel an der Zukunft wuessen, vu que dat vun 2015 un de Planning mat dem Gesondheetsministère wäert konventionéiert sinn.

Déi nei Lokalitéiten, ech sinn iwwerzeegt, wäerte gutt gefëllt gi mat de neien Défien.

Ech wënsche vill Succès an eng erfollegräich Kollaboratioun.

Dernière mise à jour