Lydia Mutsch lors de la présentation de la brochure "Bien manger et bouger en vieillissant"

"Den Obesitéit‘s Taux huet sech zënter de leschten 80 Joer an der europäescher Regioun verdräifacht"

Et war emol….esou fänke vill Geschichten un

Abbé, 2006 gouf den interministerielle Programm: Gesond iessen, méi bewegen vun 4 Ministeren ënnerschriwwen an domat gedroen ; et waren dëst d’Ministèrë vun der Gesondheet, dem Sport, der Educatioun an der Famill. Si engagéiere séch domat kohärent Aktiounen ze plangen an duerchzeféiere fir eng gesond Ernährung an eng regelméisseg Bewegung an der gesamter Bevëlkerung ze förderen. Zënter hir sinn nobäi 300 Projeten duerch ganzt Land ëmgesat ginn, sief dat op nationalem oder lokalem Niveau, a Schoulen, Maisons Relais, Gemengen, Entreprisen oder Sport’  Associatiounen.

Dëse nationale Programm baséiert sich op Strategië vun der Weltgesondheetsorganisatioun an der europäescher Kommissioun, fir géint déi beängschtegend Steigerung vun der Obésitéit an deenen domat verbonnene chronesche Krankheete fir ze goen. Zum groussen Deel sinn effektiv eis onausgeglachen Ernährung an eise Manktem u Bewegung wichteg Grënn vun dësem alarmante Phenomen.

Den Obesitéit‘s Taux huet sech zënter de leschten 80 Joer an der europäescher Regioun verdräifacht.

Och hei zu Lëtzebuerg ass dat net anescht, well ongeféier d’Halschent vun der gesamter Bevëlkerung iwergewichgteg ass, an esouguer ongeféier 20 % vun eise Kanner. Bei deenen eelere Leit waren 1995 16 % ze déck an 2008 hat séch dëse Prozentsaz well verduebbelt. Donieft soen 20 % vun de Leit iwwer 64 Joer, dat si inaktiv sinn.

Déi langzäit Konsequenze vu schlechte Liewensgewunnechten sou z.B. héije Bluttdrock, Zockerkrankheet oder Ostéoporose, fir nëmmen déi ze nennen, maache sech haaptsächlech ab engem gewëssen Alter bemierkbar, awer och bei méi jonke Mënsche ginn se ëmmer méi heefeg festgestallt.

Fir desen Trend ze ënnerbriechen ass et esou wichteg fir fréi genug am Liewen eng gesond Liewens Aart a Weis unzehuelen, an zwar mat enger gesonder ofwiesselungsräicher Ernährung, mat vill Uebst a Geméis, an enger regelméisseger Bewegung (30 Minutte pro Dag). Dat dréit dozou bäi d’ Gesondheet ze schützen an eng gutt Liewensqualitéit bis zu engem héigen Alter ze erhalen.

Dat sinn iwweregens och eis national Rekommandatiounen, déi zënter 2006 ausgeschafft goufen a via verschidde Brochurë fir verschidden Zilgruppen (gesamt Bevëlkerung, schwanger Fraen, Puppelcher, Kanner vun 1-3 Joer, Kanner vun 3-12 Joer) publizéiert goufen.

Déi Brochure déi mir haut presentéieren adresséiert sich un eng aner wichteg Zilgrupp vun eiser Bevëlkerung: déi eeler Leit.

No lëschten demographesche Schätzunge sinn 70.000 Leit iwwer 65 an eisem Land gezielt ginn. D’Liewenserwaardung läit hei zu Lëtzebuerg bei 81 Joer. Wat awer wichteg ass, ass net nëmme Liewensdauer ma virun allem dat laangt Erhale vun enger gudder Liewensqualitéit.

Gesondheetspolitesch ass d’Promotioun vu gesonde Liiwens Aart a Weise fir d’Liewensqualitéit so laang wéi méigleg ze erhalen eng grouss Prioritéit. Duerfir ruffe mir jiddereen op, elo an seng Gesondheet ze investéieren, an dat duerch eng équilibréiert Ernährung an eng regelméisseg Bewegung. Des Investitioun bréngt e séchere Gewënn.

Effektiv , eng gesond Ernierung a regelméisseg Bewegung spillen eng wichteg Roll

  • · beim Verhënnere vu verschiddene Krankheeten (Zocker, oder Häerz- Kreeslaf Krankheeten…)
  • · si hëllefe Middegkeet an Osteoporos ze limitéieren (a Schach ze halen)
  • · si verklengeren de Risiko vu Falen a Bréch
  • · si droen dozou bei „gutt an autonom” aal ze ginn

Zenter 2012, dem europäesche Joer vum aktiven Aal ginn am Échange zwëschen de Generatiounen, huet de Gesondheetsministère a Kollaboratioun mat dem Familljeministère sech méi spezifesch an der Gesondheetsförderung fir déi eeler Leit investéiert. Ech erënneren un déi Sensibiliséierungscampagne vun 2012 op de Bussen an am Radio. Eng national Journée “Gesond iessen, méi bewegen- GIMB” wou der Ernährung a Bewegung bei den eeleren Leit gewidmet. Dës Journée huet dozou bäigedroen dat eist Partenariat mat der Famill, an dësem Dossier vill méi enk gouf, an notamment dës Brochure entstan ass.

Dës Brochure déi am Kader vum GIMB a Kollaboratioun mat der Famill erschafft ginn ass, richt séch un autonom Senioren déi Gester aus dem alldeeglechem Liewen autonom erleedege kënnen. Si ass op däitsch an op franséisch gedréckt ginn, mir hu jee 10.000 Exemplaren zur Verfügung.

D’Objektiv vun dëser Brochure ass déi eeler Persounen ze motivéieren elo a seng Gesondheet ze investéieren, well et ass eng Investitioun an d’Gesondheet vun haut an an d’Gesondheet vu muer. Mir motivéieren e puer “einfach” Reflexer unzehuelen: eng équilibréiert Ernierung an eng regelméisseg Bewegung d.h. 30 Minutte pro Dag kierperlech Aktivitéit. Dës 2 Saachen hunn eng grouss positiv Wierkung op d’Gesondheet. Natierlech brauch een e bësschen Ausdauer, natierlech muss een e bessen seng Iessgewunnechten änneren. Awer et ass ni ze spéit an et gewënnt een ëmmer!

Wann awer elo am Alter déi alldeeglech Aarbechten (wie akafe goen, kachen, den Haushalt a richt halen…) net méi so gutt vun Hand ginn, ze schwéier ginn oder souguer eng Plo ginn, da soll een net zecke fir Hëllef u Bord ze huelen, well mir hunn eng ganz Rëtsch vu Servicer a Reseauë am Land déi kompetent sinn an Hëllef ubidden an dene verschiddene Situatiounen. Dofir sinn ech och ganz frou iwwer déi gelonge Kollaboratioun, well et ass ënnert der Tutelle vum Familljeministère wou vill vun dëse Servicer koordinéiert ginn, sou dat eis Senioren esou laang wéi méiglech bei sech doheem kënne bleiwen.

Domat ginn ech d ‘Wuert virun un……

 

Dernière mise à jour