Discours de François Bausch à l'occasion de la présentation de l' "Auto-Festival 2015"

François Bausch:"D'Sécherheet op eise Stroossen ass fir mech eng absolut Prioritéit"

©MDDI
François Bausch à la présentation de l'"Auto-Festival 2015"

"Dir Häre Presidenten, Vizepresidenten, léif Membere vun Adal a Fegarlux, léif Éieregäscht an Invitéen, léif Vertrieder vun der Press, dir Dammen an dir Hären,

Virun engem Joer stoung ech fir d’éischt a menger Fonctioun als Transportminister virun iech. Dir hutt Iech deemools bestëmmt gefrot, a wéi eng Richtung et hei am Land mat engem gréngen Transportminister géif goen, an ech hunn Iech deemools mat vill Freed éischt Pisten opgezeechent, déi, wéi ech mengen, net esou schlecht ausgesinn hunn wéi Dir gefaart hat. Zanterhier ass vill geschitt; et si vill Dossieren ass Bewegung komm, si sinn entretemps um Instanzewee an wäerte geschwënn ëmgesat ginn.

Zum Beispill d’Reform vum Contrôle technique, déi Dir, Här Pirsch, virdrun och ugeschwat hutt. Mir waarden den Ament nach op den Avis vum Staatsrot, mee ech sinn zouversiichtlech, datt mer den Text nach am Fréijoer kënne stëmmen, sou datt e spéitstens bis de Summer a Kraaft kann trieden. Dat bedeit eng wesentlech Vereinfachung fir är Clienten, well dann beispillsweis d’Umellung vun engem Neiwon komplett ewechfält an d’Kontroll vun engem Occasiounsauto eréischt no 4 amplaz 3,5 Joer an dann nëmmen all 2 amplaz vun all Joer usteet.

Dat bedeit alleng bei de Neiween eng Reduktioun vu 50 000 Autoen am Joer op de Kontrollpisten, wat d’Fluxen an d’Waardezäiten bedeitend wäert reduzéieren, nieft all den aneren Efforten, déi d’SNCT am de leschten 12 Méint gemaach huet an déi haut schonn hir Friichten droen.

Dat nämmlecht gëllt fir d’Radaren: och do ass de fäerdege Projet um Instanzewee a mir brauche just nach den Avis vum Staatsrot. Mir wëssen elo, wéivill Radaren et solle ginn a wou se mussen hikommen. Si sinn e wichtegt Standbeen an eisem Kampf géint d’Onsécherheet op der Strooss, eng vu menge grousse Prioritéiten. 2014 war erëm e Joer mat ze villen déidlechen Accidenter; si sinn zwar zréckgaang par rapport zu Joer virdrun, mee mir sinn nach ëmmer ganz wäit vun der "Vision Zero", also null Doudeger an null Schwéierblesséierter, ewech.

Ech hunn dofir ugangs 2014 eng table ronde sécurité routière an d’Liewe geruff, bestehend aus allen Acteuren, déi de près ou de loin mam Sujet ze dinn hunn, wéi der AVR, der ACA, dem CFC, der Police, der Sécurité Routière, der SNCA, dem Statec, dem Syvicol, dem Parquet, de concernéierte Ministèren an natierlech och Iech, léif Vertrieder vun Adal a Fegarlux.  An enger Rei Aarbechtssëtzungen hu mir zesummen e nationale Plang fir Verkéierssécherheet ausgeschafft, an ech wëll de Moien dovu profitéieren, alle Bedeelegten dofir villmools Merci ze soen.

De Plan d’action sécurité routière soll an de nächste Woche vum Regierungsrot approuvéiert an duerno an engem débat public an der Chamber diskutéiert ginn. All Regierungsmember soll ausserdem eng Nei-Oplag vun der "Charte nationale de la sécurité routière" ënnerschreiwen, an där en sech engagéiert, a sengem Domaine all néideg juristesch a finanziell Kaderen ze setzen fir der Onsécherheet op der Strooss entgéint ze wierken.

Eng weider Mesure am nationale Plang fir Verkéierssécherheet ass d’Ännerung vum Punkteführerschäin. Eng Rei Sanctioune gi jo verschäerft, wéi zum Beispill d'Fueren ënner Alkoholafloss, Excès de vitesse, d’Net-Uleeë vum Sécherheetsguert, an d'Telefonéieren am Auto ouni Fräispriechanlag, respektiv Oreillette.

Och dës Gesetzesännerung ass den Ament um Instanzewee. Mir waren déi läscht Woch mat e puer Amendementer, déi ech proposéiert hunn, an der Chamberkommissioun, sou soll zum Beispill d‘Benotze vum Handy ouni Kit mains libres respektiv Oreillette an Zukunft nieft enger Geldstrof vun 145 Euro och mat 2 Punkte bestrooft ginn. Ech hoffen, datt de neien Text ëm Ouschtere ka votéiert ginn fir datt en den 1. Juni kann a Kraaft trieden.

En aneren Text, mat deem ech de Regierungsrot geschwënn wäert befaassen, concernéiert d’Simplification administrative bei der Conduite accompagnée. Do waren d’Démarchen bis elo dach relativ schwéierfälleg, souwuel wat d’Formalitéite bei der Umellung wéi och d’Zouloossung zum Examen ubelaangt. Et gëtt also Zäit, datt mer do de Leit e Stéck entgéintkommen.

Wat déi Leit ubetrëfft, déi schonn e bësse méi laang de Führerschäin hunn: och fir si ass eng Reform virgesinn. Ons aktuell Gesetzgebung entsprécht net méi dem Fait, datt eis Liewenserwaardung klëmmt a mir haut méi laang jonk bleiwen wéi nach virun e puer Jorzéngten.  Deemno wëll ech d’Echéancë vun der Erneierung vum Führerschäin bei Leit iwwer 70 respektiv iwwer 80 vereinfachen, am Accord mat eise Partner am Dossier, Amiperas a Sécurité Routière.  Jiddereen, deen tëscht 70 an 80 Joer al ass, soll säi Führerschäin an Zukunft net méi all 3, mee nëmme nach all 5 Joer missen erneieren, a vum Alter vun 80 Joer un soll de Permis net méi all Joer mee all 2 Joer renouvelléiert ginn.

Dir Dammen an dir Hären,

Ech hunn et virdru scho gesot an ech soen et nach eng Kéier: D’Sécherheet op eise Stroossen ass fir mech eng absolut Prioritéit. An deem Sënn hat ech d’lescht Joer d’Chance bei engem groussen Autokonzern am Kader vun enger Minister-Ronn un engem Virtrag iwwer d’Strategie vun de nächsten Joren deelzehuelen. Do goufe 4 grouss Pisten opgewisen:

1) De selwerfuerenden Auto mam Zil Null Accidenter. Et ass jo erwisen, datt bei de meeschten Accidenter de Mënsch an net d’Technik den Ausléiser vun engem Accident ass; d’Zil ass also, d’mënschlecht Verhalen als "Feelerquell" wäitgehend auszeschalten.
2) Den 0-Emissiouns-Auto, dee kloer ugestrieft gëtt an deen an de nächste Joren kéint an Serie-Produktioun goen. Ech schwätzen net nëmmen vum Elektro-Auto mee och vum Waasserstoff- oder Brennstoffzellenauto, deen eng méi grouss Räichwäit huet an och als méi grousse Modell ka gebaut ginn.
3) De Car-sharing, eng nei Form vun der Notzung vum Auto, déi ëmmer méi eng grouss Roll wäert spillen. Fir datt de Verkéier am urbane Raum nach fléisse kann, musse mir eist Verhältnis zum Auto iwwerdenken a probéieren, e méi intelligent ze notzen. Och d’Zréckgräifen op Multimodalitéit, en intelligent Kombinéiere vun allen zur Verfügung stoende Verkéiersmëttel, ewéi Zuch, Bus oder an Zukunft den Tram gehéiert dozou.
4) D’Kommunikatiouns-Technologien an a ronderëm den Auto, déi engersäits eng aner Zäitnotzung am Auto selwer an anerersäits och eng Verbesserung vum Verkéiersfloss erlaben.

All dës Previsioune si méi wéi encourageant a wäerten et eis erlaben eis Ziler an der Stroossesécherheet an an der Mobilitéit méi séier a besser ze erreechen.  Ech freeë mech schonn haut op d’Ëmsetzung a virun allem d’Resultater dervun, zesumme mat Iech.

An deem Sënn wënschen ech Iech, léif Membere vun Adal a Fegarlux, vill Erfolleg am Festival an ech garantéieren Iech weiderhin meng Ënnerstëtzung an déi vun menger Équipe am Ministère.

Merci."

Dernière mise à jour