Discours du Premier ministre à l'occasion de la cérémonie commémorative du 70e anniversaire de la fin de la Seconde Guerre mondiale

"Haut op dësem 8. Mee 2015, ass et un eis fir eis Vergaangenheet ze verstoen, Léieren aus hier ze zéien, a Responsabilitéit fir eis gemeinsam Zukunft ze huelen."

©SIP / Charles Caratini
Cérémonie commémorative du 70e anniversaire de la fin de la Seconde Guerre mondiale en Europe

"Altesses royales,

Excellenzen,

Léif Invitéen,

Haut viru 70 Joer, um 8. Mee 1945 huet Nazi-Däitschland ouni Bedingungen kapituléiert. De Waffestëllstand deen de 7. Mee zu Reims an de 9. Mee zu Berlin Karlshorst ënnerschriwwe gouf huet de Krich an Europa op en Enn bruecht. Domatt war d’Victoire vun den Alliéierten iwwer den Nazismus an de Faschismus definitiv.

Mais den Zweete Weltkrich wor awer nach laang net eriwwer. Op munneche Plazen hunn eenzel fanatesch Unitéite sëch nach ëmmer gewiert. Eréischt den 12. Mee gouf opgehal ze schéissen. Am Pazifik huet de Konflikt sech nach bis den 2. September higezunn. Am August haten déi zwou Atombommen op Hiroshima an Nagasaki en neit Zäitalter fir d’Mënschheet agelaut.

Jo, dëse Krich huet d’Gesiicht vun der Welt verännert. En huet och eis Land an eist Vollek haart getraff. De Wee bis an d’Liberatioun wor laang, vu brutale Schluechte gezeechent a mat Bludd an Tréinen iwwerzunn. Erënnere mer eis un déi dramatesch Evenementer, déi eis Heemecht vu September 1944 bis an den Abrëll 1945 markéiert hunn: un den 9. September wou déi éischt amerikanesch Befreier ukomm sinn an un den 10. September, wou de Prënz Félix an den Ierfgroussherzog Jean an der Haaptstad empfaange gi sinn. Wéi sëlleche Mënschen an Angscht gelieft hunn, well hir Familljen, de Papp, de Bouf oder d’Meedchen nach net doheem waren; wéi am Dezember d’Ardennenoffensiv eist Land nees uerg zerrappt huet, éier schliisslech de 14. Abrëll d’Grande-Duchesse Charlotte aus dem Exil erëmkoum an heiheem häerzlech a begeeschtert begréisst ginn ass.

Den 8. Mee 1945, war sécherlech d’Freed ënnert der Populatioun em sou méi grouss, well jidderee gehofft huet endlech nees richteg fräi ze sin. Mee, Europa war am Trauer. Lëtzebuerg wor am Trauer. De mënschleche Bilan war fuerchtbar! Den Zweete Weltkrich huet méi wéi 64 Millioune Mënschen d’Liewe kascht, dorënner 45 Milliounen Zivilisten! Lëtzebuerg huet ongeféier 2% vu sengen Awunner verluer an e groussen Deel vun senger jiddescher Populatioun. D’Hallschent vun eise Krichsdoudege ware jonk Männer a Fraen déi vun dem Okkupant an déi däitsch paramilitäresch Déngschter oder an d’Wehrmacht zwangsrekrutéiert goufen.

Nee, den 8. Mee 1945 war de Krich an d’Suite vum Krich nach laang net ausgestan. Matten an Europa ware Millioune vu Mënschen op der Flucht, op der Strooss. Onsécherheet an Angscht hu ville Leit deemools d’Häerzer opgefriess. De Fridde war wuel retabléiert, mee et war nach laang net all Wonn geheelt. Europa loung um Buedem. Zerstéiert. Materiell mee och moralesch.

D’Rekonstruktioun stoung an d’Haus an domatt verbonnen eng Leeschtung, déi nach haut eisen déifste Respekt  verdéngt.

Et huet e gespuert dat d’Erënnerung un déi däitsch Besatzung schwiereg géif ginn, well déi däischter Joere ware komplex. Do woren déi zivil a militäresch Affer. Do wor d’Shoah, d’Exterminatioun vun engem Drëttel vun der jiddescher Bevëlkerung, déi 1940 zu Lëtzebuerg wor. Do waren déi, déi resistéiert haten, déi déi sech an déi alliéiert Arméien engagéiert haten, déi vill Leit, déi an der Resistenz sech agesat haten an déi ongezielt anonym Lëtzebuerger, déi Solidaritéit bewisen haten. Do waren awer och déi, déi kollaboréiert haten. Déi sougenannt Gielemännercher koumen aus alle gesellschaftleche Milieuen. Nee, mir waren net all Helden! D’Historiker hun eist dëst jo an d’Gediechtnes geruff.

An der Nokrichszäit hunn d’Prozesser vu Nürnberg a Tokyo der ganzer Welt gewisen wat de Mënsch kapabel ass dem Mënsch un ze doen. D’Justiz huet d’Verbrieche géint Mënschheet definéiert an duerfir gesuergt dat dëst bestrooft sollt ginn, an der Hoffnung enger Récidive entgéint ze wierken. An dëser Zäit hunn och déi direkt Zeien ugefaang ze erzielen. Mee, haut 70 Joer duerno, verloossen eis d’Zäitzeien. Lo gëtt et ëmsou méi wichteg, dat wat si erlieft hunn an hire Friddensmessage de jonke Generatioune weider ze reechen. Leider konnten d’Krichsverbriechen a d’Verbrieche géint d’Mënschheet net aus eiser Mëtt eliminéiert ginn. Haut ginn extremistesch Stemme rëm méi haart. D’Zuel vun internationale Krise klëmmt. Hei ass eis Verflichtung géintiwwer eiser Geschicht méi wéi je gefrot. Mir sollen eis Vergaangenheet kennen a verstoen fir fundamental Léieren aus hir ze zéien. An dësem Sënn wëll ech hei der asbl Patrimoine Roses pour le Luxembourg an hire Memberen Merci soen dat si eis dëse wonnerschéine Rosier "Fräiheetsrous", "rosier de la Liberté", mat senger ganzer Symbolik geschenkt hunn. Vu Melarosa geschafen, vu Senger Altesse Royale, dem Grand-Duc Henri parrainéiert, ass dëst en Hommage  un all déi, déi duerch hiert Affer et onser Kommunautéit erlaabt hun rëm op ze stoen an sech fir eng besser Welt an engem versöhnten Europa anzesetzen.

Altesses Royales,

Excellenzen,

Léif Invitée,

Haut op dësem 8. Mee 2015,

Eise Merci geet un d’Liberateure vun deemools

Eis Unerkennung an eise Respekt gehéieren deene vun eis, déi fir d’Heemecht gestuerwe sinn an deenen, déi se erëm opgeriicht hunn.

Eis Hoffnung ankert an deene Wäerter: éiwege Fridden, Gerechtegkeet a Fräiheet

Dës Wäerter sinn universal awer och zerbriechlech. Si verlaange vun eis dat mer eis all Dag fir si asetzen.

Haut op dësem 8. Mee 2015, ass et un eis fir eis Vergaangenheet ze verstoen, Léieren aus hier ze zéien, a  Responsabilitéit fir eis gemeinsam Zukunft ze huelen."

Dernière mise à jour