Discours de François Bausch lors du lancement de l'Autofestival

“De ganze Mobilitéitssecteur ass an engem gigantesche Wandel”

Seul le discours prononcé fait foi
Dir Häre Presidenten, Vizepresidenten, léif Membere vun Adal a Fegarlux, léif Éieregäscht an Invitéen, léif Vertrieder vun der Press, dir Dammen an dir Hären,Fir d’éischt emol wéilt ech dem Här Pirsch an dem Här Goedert e Merci ausspriechen fir déi gutt a richteg Erklärungen zum Réckgang vun den constatéierten 6,75% vun den Autosventen.
©MDDI
Ed Goedert, président ADAL, François Bausch, Ernest Pirsch, président Fegarlux

"Dir Häre Presidenten, Vizepresidenten, léif Membere vun Adal a Fegarlux, léif Éieregäscht an Invitéen, léif Vertrieder vun der Press, dir Dammen an dir Hären,

Fir d’éischt emol wéilt ech dem Här Pirsch an dem Här Goedert e Merci ausspriechen fir déi gutt a richteg Erklärungen zum Réckgang vun den constatéierten 6,75% vun den Autosventen. Natierlech muss een dës Zuelen an e richteg Kontext setzen: dee vun der TVA-Erhéijung, déi mat sech bruecht huet, datt vill Autoskeef sech nach virun Enn 2014 gemaach hunn, also en Deel vun der Vente vun 2015 anticipéiert ginn ass. Dat zweet ass, datt mer musse kucken, vu wou mer hei ausginn: wann ee proportional kuckt, wat zu Lëtzebuerg par rapport zu de Nopeschlänner verkaf gëtt, da leien d‘Venten hei zu Lëtzebuerg nach op engem extrem héije Niveau.

An da soen ech: et bleift awer, datt de ganze Mobilitéitssecteur an engem Wandel ass an dee Wandel sech an de nächste Joren nach wäert verstäerken. Dee Wandel huet och näischt ze dinn mat enger reng Lëtzebuerger politescher Decisioun, mee mat Entscheedungen, déi international geholl ginn. Ee Punkt ass, datt et am Dezember z.B. op der COP21 zu engem Ofschloss komm ass, an deem den Transportsecteur eng besonnesch Roll spillt, well den Transportsecteur weltwäit deen eenzegen ass, an deem an de leschten 20 Joer CO2 Emissioune net ofgeholl mee konstant zougeholl huet.

Deen zweete Punkt ass dee vun der Loftqualitéit respektiv der Pollutioun, an zwar net nëmmen a China an an Indien, mee och bei eis. Iwwerall musse Mesure getraff ginn an a grousse Ballungsgebitter esou guer drakonescher.

Den drëtte Punkt ass d’Congestionnement haaptsächlech an den urbanen Zentren, d.h. ëmmer méi Leit liewen a schaffen an de Stied. Wann een also do alles op den Individualverkéier opbaut, féiert dat onweigerlech zu grousse Problemer am Individualverkéier, besonnesch zu Lëtzebuerg, wou mer ëmmer nach eng rasant Entwécklung ze verzeechnen hunn.

De véierte Punkt ass, dat d’Leit, a virum allem déi jonk Generatioun, e ganz anert Verhältnis zur Mobilitéit hunn. Si wëllen haut Mobilitéit kafe goen.

Dowéinst mengen ech, wéi den Här Goedert dat och schonn a senger Ried betount huet, datt d’Garagisten hei zu Lëtzebuerg formidabel Points de Venten hunn, mee hire Verkafsmodell musse changéieren: si mussen an Zukunft méi Gesamtmobilitéit verkafen. Dat ass a mengen Aen den A an den O fir sech weider ze développéieren. Dat ass och eng Fro vu Marché: de Marché wäert dat an Zukunft esou diktéieren.

An de leschte Punkt, dee mat deene vu virdrun zesummenhänkt: mir gi méi séier wéi een dat hätt kënne virausgesinn, an d’ Richtung vum selbstfuerenden Auto. An de selbstfuerenden Auto wäert d’Mobilitéitsdenken definitiv komplett revolutionéieren. Natierlech dréckt d’IT-Branche mat an déi Richtung. Et gëtt vill investéiert, et gi vill nei Aarbechtsplaze geschaf an den ekonomesche Wuesstem hannendrun wäert enorm ginn. Duerch deen Drock wäert de selbstfuerenden Auto méi séier kommen, wéi een dat den Ament nach kéint mengen. D’Technologien sinn haut schonn do; et ass alles just nach eng Fro vu juristeschen Aspekter, et stellen sech besonnesch nach Froen zum Dateschutz, déi nach net gekläert sinn.

An deem Kontext soen ech och, datt den Individualverkéier an den Auto e ganz wichteg Facteur an der Mobilitéit bleiwen. Ech behaapten esou guer, dass den Individualverkéier duerch de selbstfuerenden Auto nach méi e grousse Stellewäert kritt. Awer e ganz anere wéi haut. Eng interessant Lektür zu deem Thema ass d’Buch: “Driverless car revolution: buy mobility, not metal” vum Rutt Bridges. Den Titel alleng seet schonn alles aus: an Zukunft geet et drëm, en Auto sur Demande ze hunn. Keng Parkplazproblemer méi ze hunn. Manner Käschten ze hunn. Den Auto och als Zoubrénger zum ëffentlechen Transport anzesetzen. Nei Perspektivë fir z.B. Leit, déi vläicht ab engem gewëssen Alter Angscht virum Fueren hunn, well si an Zukunft gefouert ginn. An duerfir muss een sech bewosst sinn, datt mer en engem gigantesche Wandlungsprozess sinn an datt d’Garagisten enorm Perspektivë kënnen hunn, wann si sech drop astellen an e ganze Pak vu Service-Leeschtunge ronderëm d’Mobilitéit opbauen. An deem Kontext gesinn ech besonnesch d’Leasingsfirmen als Virreider, well natierlech den Aspekt vum Carsharing eng grouss Roll wäert spillen.

Dir Dammen an dir Hären,

Leasingsfirmë kënnen awer och e wichteg Partner an der ganzer Diskussioun ronderëm d’Loftqualitéit sinn, ënner Conditioun datt mer de richtege finanziellen Ureiz schafen. Et geet drëm, datt e Maximum un Autoen, déi am Leasings-Beräich verkaf ginn, an dat sinn der vill, wéi den Här Pirsch a senger Ried scho betount huet, mat ëmweltfrëndlech Motoren, am Hybrid-oder Elektro-Beräich équipéiert sinn, an domat en ëmweltfrëndleche Fuerpark geschaf gëtt.

Dat bréngt mech dann zum Saz vu menger Kollegin Carole Dieschbourg, dee jo fir vill Opreegung gesuergt huet. Eigentlech huet si jo näischt anescht gesot wéi datt d’Besteierung vu Leasingsautoen natierlech och en Thema ass an der Steierreform. Do konnt ee villes dran deiten, och Negatives, mee et konnt een et och positiv gesinn: datt d’Regierung wëll e konstruktive Wee goen an driwwer wëll nodenken fir am positive Sënne Ënnerscheeder ze maachen tëschent méi a manner ëmweltfrëndlechen Autoen a wéi ee kann ëmweltfrëndlech Autoen a steierlecher Hisiicht bevirdeelegen, fir méi séier en ëmweltfrëndleche Fuerpark zu Lëtzebuerg ze kréien. Dat ass jo och dat, wat ech am Dezember bei de Feierlechkeeten vu link2fleet gesot hunn. Deemools hunn ech och gesot, datt ech am Januar eng Reunioun mam ganze Secteur zesumme géif aberuffen, an wann ech eppes soen, da stinn ech och dozou.

Komme elo nach zum d’Reform vum Contrôle technique. Ech hat versprach déi Reform am Laf vun 2015 ofzeschléissen. Dat ass geschitt, d’Gesetz ass Enn 2015 gestëmmt ginn, et hunn nach 4 Avisen vum Staatsrot zu den règlements grand-ducaux gefeelt. 3 Stéck hunn ech entretemps, dee 4. kënnt am Laf vum Januar. Soubal deen do ass, gëtt d’Gesetz am Memorial publizéiert an trëtt a Kraaft. Mir maachen alles dofir, datt d’Gesetz den 1. Februar kann a Kraaft trieden.

Déi Reform bedeit eng wesentlech Vereinfachung fir är Clienten, well dann beispillsweis d’Umellung vun engem Neiwon komplett ewechfält; d’Immatriculatioun mécht sech ech iwwer Courrier oder Mail bei der SNCA. Dat bedeit eng enorm Diminutioun vun de Vehicullen, déi zu Sandweiler passéieren.

D’ Kontroll vun engem Occasiounsauto steet dann eréischt no 4 amplaz 3,5 Joer an dann nëmmen all 2 amplaz vun all Joer un. Dat bedeit alleng bei de Neiween eng essentiell Reduktioun op de Kontrollpisten, wat d’Fluxen an d’Waardezäiten bedeitend wäert reduzéieren. Dës Weidere gëtt de Contrôle technique fir kleng Remorquen ënner 750 kg suppriméiert a bei Camionë souwéi Bussen geet den Délai vu 6 Méint op 1 Joer erop, ausser fir schwaarz Schof, déi hiren Délai erëm op 1 Joer eropgesat kënne kréien.

Da gëtt et nach en 2. Volet vun der Reform: d’Ouverture vum Contrôle technique à la Concurrence.

Dir Dammen an dir Hären,

Den Auto bleift e wichtegen Bestanddeel vun der Mobilitéitsketten. D’Mobilitéit ass am Wandel a wa mir alleguer dëse Wandel zesumme positiv uginn, kënn mir nach laang positiv Festivale feieren.

An deem Sënn wënschen ech Iech, léif Membere vun Adal a Fegarlux, vill Erfolleg am Festival an ech garantéieren Iech weiderhin meng Ënnerstëtzung an déi vun menger Équipe am Ministère.

Merci."

Dernière mise à jour