Discours de S.A.R. le Grand-Duc lors de la cérémonie officielle à l'occasion de la fête nationale 2016

Seul le discours prononcé fait foi

"Här President vun der Chamber,

Här Staatsminister,

Dir Damen an Hären Deputéierten,

Dir Damen an Häre Ministeren,

Exzellenzen,

Léif Matbierger alleguer,

Déi Wäerter, déi eisen Nationalfeierdag ausmaachen ewéi d’Eenheet, d’Solidaritéit an d’Fähegkeet, zesummen novirzekucken, fanne mir och an eisem Alldag erëm. Et si keng abstrakt Wierder, ganz am Géigendeel. Am leschte Joer wor ech virun allem vum Solidaritéitsgefill vun eiser Populatioun vis-à-vis den dausende Migranten, déi mir heiheem opgeholl hunn, extrem beandrockt. Déi däitlech Verbesserung vun der wirtschaftlecher Entwécklung reflektéiert eis Fähegkeet, äis ëmmer erëm nei unzepassen. Dank dëse Stärkte si mir gutt opgestallt fir déi aktuell Défiën ze meeschteren.

Op eisem Nationaldaag kucke mir all gespaant iwwert eis Grenzen eraus. Haut dréckt dat britescht Vollek säi Wëllen iwwer seng Zougehéieregkeet zur Europäescher Unioun aus. Dëst ass eng Entscheedung, iwwer d’Schicksal vun enger eenzelner Natioun, mee Jidderee vun äis spiert, datt dëse Choix vill méi ass. Dëse Referendum wäerd d’Entwécklung vum Gesamteuropäische Projet beaflossen. D’Tatsaach, datt d’Entscheedung vun dem Engen sou vill Afloss op d’Liewen vun deem Aneren huet weist, wéi ofhängeg mir vunenee sinn. Si weist awer och, datt déi europäesch Integratioun wäit iwwer dat erausgeet, wat mir heiansdo mengen.

Et kéint ee vill soen iwwer den aktuellen Zoustand vun der europäescher Unioun. D’Stëmmung ass net iwwerall déi Bescht: Enthusiasmus huet heiansdo der Skepsis Plaz gemaach, e groussen Dram den haarde Fakten, déi visionär Ukënnegungen der Schwieregkeet, zesummen ze décidéieren an zesumme virunzekommen.

Et wäer geféierlech, d’Ae virun de Problemer zouzemaachen. Mir mussen äis bewosst sinn, datt sech e Gruef opgemaach huet tëscht den Erwaardungen vun de Mënschen an der Art a Weis wéi Europa funktionéiert.

Heescht dat dann, datt een de Fonctionnement a seng Schwächte gläichzesetzen hätt mam Projet selwer, dee jo awer fir d’Zukunft vun eis alleguer steet? Solle mir un den aktuelle Problemer hänke bleiwen an all déi grouss Réussiten vum leschten halwe Jorhonnert einfach ignoréieren? Sollt eist Land zu deene gehéieren, déi Zweiwel streeën?

Ech kann dat éierlech gesoot net gleewen.

Virun e puer Wochen hunn ech zu Prag iwwer dat enkt Band tëschent der tschechescher Geschicht an dem Haus Lëtzebuerg geschwat. Ech hunn do op eng Iwwerleeung vum Vaclav Havel verwisen, dee geschwat huet vum "inconscient collectif", dee sech vu Generatioun zu Generatioun an engem Vollek iwwerdréit.

Grad esou huet déi europäesch "Aventure", déi hei zu Lëtzebuerg enstanen ass – d’Gebuertshaus vum Robert Schumann steet nëmmen e puer Dose Meter vun hei ewech – eiser Geschicht an eiser Entwécklung hire Stempel opgedréckt.

Dës Prägung ass eng déi bleift. Mir däerfen dat besonnescht Gefill, dat eist Land mat Europa verbënnt net aus den Ae verléieren. Also dat wat mir haut sinn, ee Land mat Wuelstand, mat enger oppener, toleranter a multikultureller Gesellschaft, all dat verdanke mir enger Iddi, déi sech zanter dem Ufank vun de fofzeger Joere realiséiert, an dem Kontinent Fridden a ekonomëschen Opschwonk bruecht huet. Loost äis, souguer wann Onsécherheet sech breet mécht, dat Niewesächlecht vum Wesentlechen trennen. Fakt ass, datt eist Land dem europäesche Gedanken enorm vill ze verdanken huet, an dofir musse mir him trei bleiwen. Nëmmen an deem Geescht wäerte mir et fäerdeg bréngen, zesumme mat eise Partner nei Weeër ze goen.

Dir Dammen an Dir Hären,

Déi europäesch Konstruktioun ass méi wéi Institutiounen, Politik, Gesetzer an Normen. Si ass och: Konkret Projeten. Mentalitéiten déi sech änneren, Populatiounen, déi sech ëmmer méi no kommen. Jonk Leit, déi an d’Ausland studéieren oder schaffe ginn, ouni sech Gedanken ëm Grenzen mussen ze maachen. D’Universitéit vu Lëtzebuerg ass eng vun deene schéinsten Illustratioune vun dëse strukturelle Changementer, déi eisem Land nei Weeër opmaachen. Laang Zäit wor d‘Land der Opfaassung, datt et vill besser wäer, déi Jonk Lëtzebuerger an d’Ausland ze schécke mam Zil, selbststänneg ze ginn an d’Welt besser kennenzeléieren. Vun dësem Standpunkt si mir laang ausgaang bis mir gemierkt hunn, datt eist Ëmfeld am Wandel wäer, an datt den Enseignement supérieur sech mat grousser Vitesse demokratiséiert huet. Mir hunn der europäescher Entwécklung op dësem Gebitt Rechnung gedroen a sinn de grousse Chantier vun enger Universitéit mat Enthusiasmus ugaangen.

Haut sinn ech besonnesch houfreg, wa mir héighen auslännesche Gäscht de Site zu Esch-Belval weise kënne mat senge Fuerschungszentren, sénge Start-ups, sénger Universitéit a séngen dausenden lëtzebuergeschen an auslännesche Studenten. Si sinn ee vun de Pilieren op deene mir dat zukünftegt Lëtzebuerg opbauen.

An deene leschten zéng, fofzéng Joer huet d’Situatioun sech also geännert. An et ass eng remarkabel Entwécklung. Lëtzebuerg huet sech op engem neie Gebitt zu engem "pôle d’attraction" entwéckelt. Mam Beispill vun der Uni Lëtzebuerg beweise mir, datt mir innovativ sinn a kollektiv Initiativen ergräife kënnen, déi eist Land virubréngen. Dëst Beispill weist och "d’Force créatrice" vun eiser Gesellschaft, an däer Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger gläichop sinn. Et ass en Ausdrock vun Optimismus dee vun eisem Land ausgeet. An et ass un äis, dëst ze erkennen a weider ze vermëttelen.

Op dësem Dag vun der nationaler Eenheet sinn ech glécklech, datt mir weider fäheg sinn, Lëtzebuerg op d’Zukunft virzebereeden, ouni eis Wuerzelen ze vergiessen. Europa huet eisem Land ee Kader ginn. Dëse Kader erlaabt eiser Natioun net nëmmen, sech z’entwéckelen, mee och sech z’entfalen.

Ech wënsche mir datt dat esou bleift, an datt Lëtzebuerg mat sénger pluraler a gerechter Gesellschaft e Modell ka sinn. Well et ass eng grouss Chance fir mech, mat der d’Grande-Duchesse, déi ëmmer eng ganz grouss Stäip fir mech ass, eisem Land ze déngen.

Vive eist Land, vive Lëtzebuerg an engem vereenten Europa!" 

Dernière mise à jour