Discours du président de la Chambre des députés lors de la cérémonie officielle à l'occasion de la fête nationale 2016

Seul le discours prononcé fait foi

"Altesses Royales,

Exzellenzen,

Dir Dammen an Dir Hären,

Deslescht sinn ech engem Mann virun der Chamber begéint, dee mir zougeruff huet:"Hey! Här Di Bartolomeo, déi Réfugiéen, dat asse nete gutt!"

Ech hunn hien du gefrot:"Wou kommt Dir dann hier a firwat sidd Dir op Lëtzebuerg komm?".

"Italien", huet de Mann mär geäntwert an op meng zweet Fro:"Ech si komm, fir ze schaffen".

"Ma da sidd Dir jo och e Migrant", sot ech him.

"Ah sou…", sot dunn dee Mann, "Ok, ech hu verstan", huet frëndlech "Ciao" gesot an ass gaangen.

Wat wëll ech domat soen?

Vill vun eis – ech och – sinn Nokomme vu Migranten. Migratiounen an d’Land eran an aus dem Land eraus, sinn et nach ëmmer ginn, och wann d’Grënn net ëmmer déi nämmlecht waren.

D’Migratioun ass e wichtegen Deel vun eiser Vergaangenheet a vun eiser Géigewaart. Et ass dofir noutwendeg, och an dëser Fro, seng Geschicht ze kennen a se och weider ze vermëttelen.

Wie méi doriwwer wëllt wëssen, dierf roueg emol de "Centre de documentation sur les Migrations humaines" am Quartier Italien zu Diddeleng besiche goen. Do realiséiert een, datt och déi Migratiounsbewegungen, déi mär haut als gelongen ugesinn, an hiren Ufäng net ëmmer einfach waren.

D’Vergaangenheet huet awer gewisen, datt déi successiv Immigratiounswellen eisem Land a senge Leit ni geschuet hunn, am Contraire!

Dofir brauche mir och keng Angscht ze hunn, och net, wann déi Menschen, déi haut bei eis kommen, e Background hunn, deen eis am Ufank friem schéngt.

Eis Reaktioun dorop muss aus Empathie, Versteesdemech a Solidaritéit bestoen an ech sinn houfreg, datt eis ganz Communautéit esou verantwortungsvoll a solidaresch mat deene successive Migratiounswellen ëmgaangen ass a –geet.

Eisen Engagement muss och weider dem Fridden an der Entwécklung iwwerall do gëllen, wou Mënsche gezwonge si fortzelafen.

Altesses Royales,

Exzellenzen,

Dir Dammen an Dir Hären,

Ech gehéieren zu där éischter Generatioun, déi ni Krich, Terror, Diktatur an Nout kennegeléiert huet. Bei eis doheem awer waren den Éischte Weltkrich, mat ënner anerem dem Massegraf vu Verdun, an den Zweete Weltkrich, mat all senge Grujelechkeeten, vu Kand un en Thema.

Mir hu geléiert, datt Fridden, Fräiheet, Demokratie, Mënscherechter a Meenungsfräiheet wäertvoll a kengesweegs selbstverständlech sinn. An dee Projet - de Projet Europa - deem mär e gudden Deel dovu verdanken, ass en Deel vun eiser DNA ginn.

Mä vu Generatioun zu Generatioun sinn déi donkel a bluddeg Kapitelen vun der Mënschheet méi diffus an déi heiteg Acquisë méi selbstverständlech ginn.

Haut, wou mär eisen Nationalfeierdag feieren, stëmmen d’Leit a Groussbritannien iwwert den Austrëtt aus eisem Europa an en Zréck an dat fréiert Europa of, soi-disant fir erëm méi eege Souveränitéit ze kréien. Wéi wann de "stand alone" an enger globaliséierter Welt fir méi Souveränitéit kéint suergen. Gi mär eis grouss Problemer nämlech net zesummen un, da gi mär eenzel vun hinnen iwwerrullt.

Iwwerhaapt ass et haut zu engem regelrechte Vollekssport ginn, fir op eise gemeinsame Projet Europa ze klappen an nëmmen dat Negatiivt ze gesinn.

Jo, Kritiken un Iwwerreguléierung, un der Vernoléissegung vun der sozialer Dimensioun, un iwwerdriwwener Bürokratie an eesäiteger Comptablesmentalitéit si berechtegt, mä kommt mär vergiessen iwwert der Kritik net dat Positiivt, fir dat d’EU steet!

Vläicht hu mär jo vergiess, eis rezent gemeinsam Geschicht opzeschreiwen a weiderzeginn?

Ech fannen dofir all déi Efforte begréissenswäert, déi mir hei zu Lëtzebuerg maachen, fir eis Geschicht opzeschaffen. Et ass doniewent wichteg, datt den Institut fir politesch Bildung ronderëm eis Schoulen opgebaut gëtt.

Well an eiser schnelllieweger Zäit, mat enger ëmmer méi iwwerflächlecher Kommunikatioun a wuessenden Egoismen an Ofgrenzungen, ass déi richteg Äntwert, fir de Saachen erëm op de Fong ze goen. Sech mat berechtegten an onberechtegte Suergen mam Bierger auserneesetzen, schaaft Vertrauen. An dat géigesäitegt Vertrauen a Versteesdemech ass noutwenneg, fir déi heiteg Erausfuerderungen ze meeschteren a falschen einfache Versprieche vu Populisten ze konteren.

Altesses Royales,

Exzellenzen,

Dir Dammen an Dir Hären,

Ech si bei enger rezenter Konferenz vun engem jonke Papp gefrot ginn, wat hie senge Kanner soll äntweren, wa si hie froen, ob si nach sécher sinn.

Ech hunn him éierlech gesot, datt äänlech Terrorattacken wéi zu Paräis a Bréissel erëm kéinte geschéien, och wa mär all Efforte maachen, fir dat ze verhënneren.

Ech hunn hien awer gläichzäiteg drop opmierksam gemaach, datt mär nach ni an eiser Geschicht esou sécher ware wéi haut an datt eis dat Schlëmmt, wat eis Elteren a Grousselteren erlieft hunn, wäitgehend erspuert bliwwen ass a mär dofir kee Grond zur Panik hunn.

A well dat esou ass, däerfe mär bei aller Virsiicht a Preventioun net iwwerreagéieren an eis Grondrechter a Grondfräiheeten net zur Dispositioun stellen. Géife mär dat maachen, hätten d’Terroriste gewonn a mär hätten dat verluer, wat eis Virgänger eis hannerlooss hunn.

Altesses Royales,

Exzellenzen,

Dir Dammen an Dir Hären,

Ech hunn Iech elo vill vu Geschicht geschwaat. Misste mir elo haut e puer Zeilen iwwert d’Lëtzebuerg vun haut schreiwen, wat géife mär dann zréckhalen?

Et géife sécher Begrëffer wéi fräit Land, Fridden, Demokratie, friddlecht Zesummeliewen, Solidaritéit, oppe Gesellschaft a Vermeidung vun Extremismen an Haasstiraden dra virkommen. Dat ass dach eng schéin Identitéitskaart!

Kommt, mär versuerge se gutt a mär paken dat, wat eis Suerge mécht, no deene Prinzipien un

Vive de Grand-Duc an déi Groussherzoglech Famill,

Vive eist Land a

Vive Europa!"

Dernière mise à jour