Interview avec le ministre du Travail et de l'Emploi François Biltgen

Caroline Mart (C.M.): François Biltgen, gudden Owend.

François Biltgen (F.B.): Gudden Owend.

C.M.: Et ass ëmmer gesot ginn, wen zu Lëtzebuerg hallefwegs eng Formatioun huet a wee schaffe wëll, dee fënnt och eng Aarbecht. Gëlt dat nach esou?

F.B.: Dat gëlt nach esou, allerdings hu mer festgestallt an der leschter Zäit, datt mer an eisem Chômage ëmmer méi Leit och hunn, déi Formatioun hunn an déi Experienz hunn. Dat ass nei, dat ass e konjonkturelle Chômage, dee mer lo bäikréien, an dat hu villäicht d’Betrieber nach ëmer net sou realiséiert. Dofir ass mäin Appell ëmmer un d’Betrieber fir ze soen et ass net méi sou, wéi et villäicht an der Vergaangenheet war, datt der hätt kënne soen, et ass nach net ëmmer richteg gewiecht, datt der hätt kënne soen, mir fanne keen um Arbeitsamt. Mir hunn der ganz vill, bal 18 Prozent déi Universitéitsstudien hunn, déi eng Aarbecht sichen an déi sinn och frou, fir eng ze fannen.

C.M.: Mä wéi kann een dann dene Leit hëllefen, zumols wann et och eeler Leit sinn, déi méi laang am Chômage bleiwen. Déi klassesch Methoden, wéi zum Beispill den Objectif Plein Emploi, Ëmschoulungsprozess souzesoen, déi gëlle jo awer net an dem selwechte Mooss, déi kann ee jo awer net tel quel do applizéieren. Muss een net nei Saachen iwwerleeën ?

F.B.: Also ech mengen et si verschidde Problemer déi mer hunn. Den éischten ass den, datt een ëmmer muss de richtege Mann op déi richteg Plaz fannen, dofir ass et wichteg, datt d’Betrieber hir Plazen all insgesamt beim Arbeitsamt mellen, datt d’Arbeitsamt mol kann den Tri maachen a Leit schécken. Dat ass dat Éischt.

Dat Zweet ass, fir déi Leit déi forméiert sinn, datt se eventuell sech ëmschoulen. Dat muss ee kucken, mä mir behalen an Zukunft och nach Leit, déi net forméiert sinn a fir déi musse mer eppes maachen an do fuere mer weider mat de Beschäftgegungsinitiativen, déi lo am Januar, waert ech en neie Projet virstellen, da kréien se en neie Cadre légal, an déi brauche mer an Zukunft nach méi. An natierlech musse mer kucken, fir intelligent Moossnahmen ze fannen, fir déi aner Leit, déi eng Aarbecht verluer hunn.

Déi Eeler hutt Dir ugesprach, dat ass wirklech eng Populatioun déi mer Suergen mëcht. Gott sei Dank, wiisst déi eeler Populatioun am Chômage manner séier wéi de Chômage, wesentlech manner séier wéi de Chômage, dat berouegt mech. Op der anerer Säit, wann ech déi huelen, déi méi wéi 50 Joer hunn, vun dene si 40 Prozent méi wéi 12 Méint am Chômage ageschriwwen an do ass e Problem.

C.M.: D’Betrieber wëllen déi net méi astellen ?

F.B.: Dat schéngt mer de Problem ze sinn. Et schéngt mer e Problem vun Zäitgeescht ze sinn, well mir hu ganz vill Moossnahmen. E Betriib den esou een astellt, dee kritt während 7 Joer d’Cotisations sociales vum Stat bezuelt. E kritt während e puer Joer 10 % Bonification d’impôt, mä ech mengen et ass en Zäitgeescht...

C.M.: Et ass also net fir d’Käschten ze drécken ? Dat Argument gëlt net ?

F.B.: Nee, dat mengen ech net. Well och den, dee muss eng nei Plaz unhuelen, dee verdingt jo normalerweis manner, dem gi mer nach eng Aide au réemploi während 4 Joer. Dat heescht mir hunn en Arsenal vu Moossnahmen, fir wierklech dem Eeleren ze hëllefen eng Aarbechtsplaz ze fannen. Ech fäerten, et ass e bëssen den Zäitgeescht. Et ass nach nëmmer am Kapp „mir musse Jonker astellen“ an do vergiesse mer, datt déi Eeler Experienz matbréngen. Och dat ass wichteg fir e Betriib.

C.M.: Et ass ganz séier gaange mat de Wuesstumsprognosen déi an de Keller gerëtscht sinn a grad sou séier ass et och mat den Entloossunge gaange. Deloitte, Couthéoux, Euromotor, Club Monnet an d’SES do si ganz vill Leit op ee Koup op d’Strooss gesat ginn. Vill fir lëtzebuerger Verhältnisser. Wor et dat oder geet et lo sou virun ?

F.B.: Dat ass eng Fro, déi mer eis all musse stellen. Ech ka nëmmen hoffen, datt et net sou virugeet. Ech hunn natierlech e bëssen eng Angscht, datt lo géif eng Anticipatioun vun enger Crise géif kommen, déi wahrscheinlech net kënnt, mä dat wat ech gesinn hunn am Joer 2000/2001 um Aarbechtsmaart, nämlech, datt anticipéiert gouf en Croissance, déi sollt ni ophalen, an datt do massiv Leit vun iwwerall agestallt ginn. Ech hat ëmmer nëmme Betrieber déi bei mech kräische komm sinn: „Mir fannen der net genuch“. Ech hunn Angscht, datt déi Anticipatioun déi dowéint positiv war lo géif an d’Negativt goen an dofir ass den Appell och un d’Betrieber fir dat net z’anticipéieren. Ech mengen dat ass jo och en Accord, dee mer an der Tripartite hunn, datt mer lo net sollen eng Crise erbäirieden. Wann een dann déi verschidde Fäll kuckt, déi Dir zitéiert hutt, do huet all Fall och seng eege Geschicht. Ech mengen net, datt een do ka vun enger grousser Well schwätzen, mä all Fall huet seng eege Geschicht an do misst een all Geschicht eenzel analyséieren fir erauszefannen wat geklappt huet oder net.

C.M.: Mä huele mer mol ee Fall eraus. D’SES ass nämlech e spezielle Fall. De Statsminister war méi wéi kloer leschte Freideg am Briefing. E sot, ech mësche mech net an wat mech näischt ugeet, et geet mech eppes un als Stat, als ee vun den Haaptaktionären an et gi keng 32 Leit entlooss. Punkt . Mä wat dann? Wat ass dann d’Schmerzensgrenz ? Wou si mer dru mat de Verhandlungen?

F.B.: Ech mengen, dat si Verhandlungen déi ginn am Betriib gefouert. Wat mol wichteg war bei der SES, dat ass - a mir hunn do selwer am Haus verschidde Verwaltungen do mat agewierkt - datt et do iwwerhaapt zu Negociatiounen zu engem Sozialplang komm ass, well ganz oft gëtt Sozialplang mat Entloossunge gläichgestalt. E Sozialplang huet a sengem Gesetz stoen, als éischten Artikel, et musse Moossnahme gesicht ginn fir Entloossungen ze verhënnern. Dat ass déi éischt Aufgab vun de Sozialpartner, fir durch intelligent Moossnahmen ze verhënneren, datt entlooss gëtt.

Ech maachen eng Klammer op: Fir Couthéoux, do waren d’Sozialpartner laang net eens, duerno bei der Conciliatioun hunn se intelligent Moossnahme fonnt, wou d’Leit op aner Plaze bruecht gi sinn an sou weider.

Bei der SES laafe lo d’Verhandlungen. Dat ass e Betriib, wou de Comité mixte an d’Delegatioun verhandelt. Déi hunn sech den LCGB mat do als Hëllef dobäigehol an déi hunn och gefrot mech demnächst ze gesinn. Ech ka lo nach net do agräifen, mä ech sinn am Stand-by fir ze hëllefen. Ech mengen déi Leit, déi dat do verhandlen déi maachen dat ganz gutt an ech sinn och iwwerzeecht, datt et do net zu 32 Entloossunge kënnt.

C.M.: D’SES ass eng spezifesch Situatioun. Bei denen anere Betrieber vun dene mer geschwat hunn, do ass, d’Décisioune ginn do quasi am Ausland geholl. Se sinn an auslännechen Hänn. Wat bleift dann do nach als Regierung? Just nach ze constatéieren, wéivill Entloossungen et ginn?

F.B.: Et ass mol fir d’éischt un der Regierung ze kucken fir Entloossungen ze verhënneren. Do muss een natierlech emmer e Gläichgewiicht fannen, tëschent Gesetzer maachen, Gesetzer verschärfen an och de Geescht vum Gesetz spillen ze loossen. Et kann een net d’Gesetzer zevill verschärfen, well soss ginn d’Plazen outgesourct an soss gi keng Plazen zu Lëtzebuerg geschaafft. An Zukunft si mer och drop ugewisen, datt nei Plaze geschaafft ginn.

Op der anerer Säit musse mer de Geescht spille loossen, an dat ass eben dat, wat ech scho virdru gesot hunn, d’Beispill et soll een net hannenerëm Leit entloossen fir laanscht d’Gesetz vun de Kollektiventloossungen ze kommen. Ech hu léiwer dat gëtt oppe gespillt an da gëtt mat de Sozialpartner verhandelt. A wann ee gudde Geescht oder wann de Patron och do eng gewësse Responsabilité sociale op den Daach leet, da fënnt ee Léisungen. Et ginn natierlech Fäll hei zu Lëtzebuerg, wou et net gutt gelaf ass. Mä et ginn awer och ganz vill Fäll wou dee Sozialdialog fonktionéiert an ech hunn och Vertrauen, datt de Sozialdialog och an Zukunft weider fonktionéiert, och bei Betrieber déi net vu Lëtzebuerg aus geréiert ginn.

C.M.: Jo, mä et huet een awer den Androck, datt et iergendwéi ëmmer méi sou e réagéieren éischter ass, wéi en agéieren, wann een héiert de FEDIL-Direkter Nicolas Soisson huet am Top Thema virun e puer Deech gesot, d’Internationalisatioun huet einfach eng nei Situatioun geschaf an de Betrieber. D’Betrieber mussen sech upassen, d’Salariéën mussen sech upassen, d’Gewerkschafte mussen sech upassen, dat kléngt awer dach ganz esou wéi, et ass en État de fait. Mir mussen einfach lo, wéi gesot, nëmmen nach réagéieren.

F.B.: Dat mengen ech net. Ech menge, mir hunn et zu Lëtzebuerg nach ëmmer fäerdeg bruecht, fir originell Moossnahmen an de Wee ze leeden a mir hu virun allem ëmmer de Sozialdialog gehat, den de Stat jo ëmmer begleet huet. Et ass jo net sou, datt de Stat do d’Sozialpartner alleng gelooss hätt. Mä wann d’Sozialpartner sech eens gi sinn, fir eng Restrukturatioun uerdentlech ze maachen, dann huet de Stat dat begleet.

An ech wëll nach eng Kéier drun erënneren, datt mir ganz vill Moossnahmen hunn, zum Beispill fir Formatiounen ze begleeden, zum Beispill fir eben déi Eeler ze begleeden, an ech mengen et ass och do mäin Appell un d’Sozialpartner ugefaangen mam Betrieb, awer och un d’Gewerkschaften, fir net nëmme blann ze kucken Leit ofzebauen an denen och nach eng Entschiedegung ze ginn. Mä ech mengen et wär besser - an do iwwerlee mer op mer net sollen d’Gesetz och doranner e bësselchen iwwerschaffen - fir déi Moosnahmen déi ech intelligent nennen ze verstärken.

Ech ginn Iech d’Beispill, dat ass dat vun der Formatioun. Et ass eng Méiglechkeet, datt een d’Leit am Plaz an de Chômage ze schécken, datt een se a Formatioun schéckt a wann et da rëm urappt, dann huet een déi Leit och, well wann et rëm eng Kéier urappt, dann ass den Aarbechtsminister, den dee Moment do ass, rëm an der selwechter Situatioun, wéi ech et lo war, nämlech, datt dann d’Betrieber kommen a mir fanne keng Leit. An ech mengen och dat ass wichteg, datt een sech iwwerleet, datt een net radikal alles ofbaut, ze séier. Herno brauch een rëm villäicht Leit.

C.M.: Wann et och net vu jidferengem gäer gehéiert gëtt, et ginn dacks Paralelle gemaach zwëschen der Stolcrise an der Crise elo, och wann der sot mir solle keng Schwarzmolerei maachen. Et ass awer en éischte grousse Schock an en trëfft de vitale Secteur. Deemols huet de Wee aus der Crise de berühmte Lëtzebuerger Modell geheescht. Ass den nach tel quel adaptéiert?

F.B.: De Lëtzebuerger Modell, den ass als Méthodik nach ëmmer adaptéiert, nämlech datt een sech zesummesetzt, zu dräi, an datt ee versicht dat Bescht draus ze maachen. Ech mengen et ass jo net vun Ongeféier, datt de Statsminister fréizäiteg d’Tripartite zesummegeruff huet, wou mer lo eben all och déi Etude maachen, wou mer och kucken, wéi si mer an der Compétitivitéit, wou mer och am Februar Mäerz wäerte mer eis intensiv mat dem Aarbechtsmaart beschäftegen, mir wäerten eis och mam PAN-Gesetz beschäftegen. Ech mengen och, dat ass de Lëtzebuerger Wee, datt een zesummeschafft an datt och déi Messagen erauskommen, datt et lo net drëm geet ze panikéieren, mä mir hunn eng ???? an eise Lagen a mir hunn och Zäit fir doriwwer wechzekommen. Wann een och lo kuckt de Wuesstum. Dir fannt ëmmer Joren, och Ufanks vun den 90er Joren war kee grousse Wirtschaftswuesstum. Et war just déi lescht Joren, praktesch déi lescht 5 Joer, ech géif soen déi lescht 3 Joer, wou et richteg geboomt huet. Dat war keng normal Situatioun, dat war eng Surchauffe. Mir komme lo rëm lues a lues op eng normal Situatioun a mir mussen eis op déi normal Situatioun astellen. Dat si mer am gaang ze maachen mat rouegem Kapp.

C.M.: Déi leschte Fro déi riicht sech net un den Aarbechtsminister, déi riicht sech un den CSV-Politiker. Ech leeë mech net all zevill wäit aus der Fënster fir ze soen, datt dat nächst Interview da wahrscheinlech „gudden Owend här President heescht“, un der Spëtzt vun der Partei. Et gi spannend Zäiten fir déi Partei ze féieren et huet een den Androck, datt de Wahlkampf scho bal ugaangen ass. Et huet een den Androck, et gëtt villäicht méi e rauhen Wahlkampf. Deelt der den Androck?

F.B.: Dat weess ech nach net. Déi déi lo schon e rauhe Wahlkampf maachen, dat sinn déi di lo scho fäerten, fir déi nächste Kéier net do ze si, wou se gaere wäeren. Ech gesinn dat méi roueg.

C.M.: Ass d’Situatioun fir d’CSV lo ze féieren, se huet jo awer eng aner Positioun haut wéi nach virun enger Parti Joren an der Parteielandschaft ? Dat ass jo awer och eng Erausfuerderung ?

F.B.: Et ass eng Erausfuerderung an et ass och dofir, well der wësst, datt ech alt ëmmer gäeren Erausfuerderungen unhuelen, datt ech och bereed war meng Kandidatur ze stellen, an der Hoffnung, datt ech och gewielt gi vum Kongress. Mä et ass eng Erausfuerderung. Et ass natierlech Villes geännert, mä d’CSV ass eng Partei, déi sech och am Wandel vun den Zäiten ëmmer erëm neien Erausfuerderunge gestalt huet, déi et ëmmer fäerdeg bruecht huet Verantwortung ze droen, déi et och ëmmer fäerdeg bruecht huet, nei Léisungen ze fannen an net nëmmen op ale Léisungen hänke bliwen ass. An ech mengen, dat ass dat, wat déi CSV staark gemaach huet, wat och déi CSV interessant mëcht. Et ass eng Partei wou debattéiert gëtt, wou Ideeën mateneen diskutéiert ginn an et mecht mer och ganz vill Spass dee Posten z’iwwerhuelen.

C.M.: Dat gesi mer dann e Samsden. Fir haut ass Schluss. Ech soe merci fir de Besuch am Studio.

F.B. : Merci och.

Dernière mise à jour