Interview avec Luc Frieden au sujet de l'accord fiscal

Charel Muller: Luc Frieden, gudden Owend.

Luc Frieden (O-Toun): Gudden Owend.

Charel Muller: Déi ganz leschten Deeg, Woche Méint, Jore suguer kann ee soen, stoung Lëtzebuerg an der Kritik. Mir wäeren de schlechte Schüler vun der Klass. Huet dat den Drock, den do ausgeübt ginn ass, och vun auslänneche Finanzministeren, huet dat dozou bäigedroen datt gëschter abeemol eng Léisung koum ?

Luc Frieden (O-Toun): Ech mengen, datt den Drock negativ war fir d’Finanzplaz, virun allem den Image vun der Finanzplaz den doduerch entstanen ass. Mir haten e kloert Ziel. Mir wollten, datt mer en zolite Finanzsekteur och am Private Banking géingen hunn, dee konkurrenzfäheg wäer vis-à-vis vun anere Plazen. Dat Resultat hei, wat ënner Drock entstanen ass, mir hu mat engem klore Kapp a mat enger klorer Zielsetzung vum Statsminister a vun dene Ministeren déi zu Bréissel dobäi waren, dat hu mer errecht. Den Drock huet eis net zu egal watfirengem Resultat gedriwwe, mä zu engem Resultat wat am Intérêt vu Lëtzebuerg ass.

Charel Muller: Den Drock koum och e bësselche vun de Banquieren, déi natierlech hiere Fonds de Commerce wollten halen, déi waren de Moien, hat ech d’Gefill, éischter zefridden an dobei hutt der dach awer eng Regelung font wou lo lues a lues, d’nächst Joer et mat 15 Prozent Quellesteier ugeet an da bis op 35 Prozent am Joer 2010. Am Heemechtsland vun engem den op Lëtzebuerg kënnt, bezillt en oft keng 35 Prozent. Wat ass den Intérêt vun engem Client fir op Lëtzebuerg ze kommen, wann en hei méi Steire bezillt, wéi wann en a sengem eegene Land bleift ?

Luc Frieden (O-Toun): Dir sot, mat Recht, datt d’Vertrieder vun der Finanzplaz de Moien ganz zefridde waren, well mir hunn en Accord bruet, den hinnen an hiere Clienten Prévisibilitéit fir déi nächst Jore gëtt. D’Financial Times, déi schreift de Moien als Iwwerschrëft, Lëtzebuerg konnt säi Bankgeheimnis bäibehalen. Dat kënnen d’Banquieren hiere Clienten lo soen. Dobäi kënnt, datt ee vun de grousse Kritikpunkten ëmmer war, datt zu Lëtzebuerg jo net besteierbart Geld vun Non-Résidente géing leien. An Zukunft ass dat net méi de Fall. D’Leit kommen also op Lëtzebuerg, well se hei en niddregen Taux kréien. Se wësse wéi den iwwert déi Joren évoluéiert.

Mir fänken u mat 15 Prozent, dat ass wäitaus méi niddreg wéi an dene mäschte Länner an Europa. 2007 gëtt et 20 Prozent an d’Leit wëssen a watfirenger Stabilitéit déi Route an denen nächste Jore ka vun hinne gemaach ginn. D’Bankgeheimnis ass do. d’Quellesteier ass do a mir maachen näischt Aneschters wéi dat, wat d’Schwäiz mécht. Mir mengen, dat ass fir d’Cliente wichteg an duerfir mengen ech och waren d’Banquieren zefridden.

Dobäi kënnt, datt eng ganz Rei Produkter an dat hu mer verhandelt sou, déi net Zënserträg sinn, net ënnert d’Directive falen. Et ass also e Ganzt wat ee muss kucken. Di Fro vun 2010 a vun dem do applizéiernden Taux, déi muss een natierlech gesinn, wat 2010 an anere Länner fir Besteierung op den Zënserträg steet, dofir mengen ech ass déi, um Enn vum Lidd, relativ irrelevant, mä mir wëssen, datt näischt geschitt an der Schwäiz, wat d’Schwäiz kënnt méi attraktiv maache wéi Lëtzebuerg.

Charel Muller: Dir sot also par rapport zu anere Länner, zu Lëtzebuerg op d’mannst weess de Client wat en ze bezuelen huet. En ass villäicht manner enger Wilkür vun de Finanzautoritéiten ausgesat, wou a beemol d’Steiren an d’Lut ginn, ass dat en Argument ?

Luc Frieden (O-Toun): Ech mengen, datt dat e wichtegt Argument ass, ech hu mat villen däitsche Banquiere geschwat, déi soe mir, datt hier Cliente wéineg Vertrauen hätten an den Duercherneen den an de Steierpläng, och bei der Zënsbesteierung, an Däitschland fir de Moment zu Berlin diskutéiert gëtt. Wann déi Däitsch géingen eng Abgeltungssteuer aféiere vu 25 Prozent, da stellen ech fest, datt déi nächst 6 Joer op manst d’Tauxen déi zu Lëtzebuerg applizéiert sinn, méi niddreg sinn an d’Leit wëssen d’Stabilitéit vu Lëtzebuerg, do geschitt näischt Aneschters, wéi dat wat an der Directive virgesinn ass. Se wëssen net wann se mat hiere Suen an Däitschland ginn, wat herno do geschitt. 25 Prozent ass lo scho méi héich an herno kann et nach rëm eng Kéier ännre, well all méindes Mueres ännert et, op manst ënnert der Regierung déi Däitschland fir de Moment huet.

Charel Muller: Dir sot mir maachen näischt wat d’Schwäiz net mécht. Mä wéi ass et da met denen Aneren? Et gëtt och Monaco, et gëtt Liechtenstein, déi ginn och mat agebonnen. Wëssen déi schon eppes vun hierem Gléck ? Sinn déi au courant, datt se d’nächst Joer och mussen eng Quellesteier hunn ?

Luc Frieden (O-Toun): Et ass gutt dorop hinzeweisen, well mir schwätzen an enger Kurzfassung am Fong ëmmer vun der Schwäiz. Lëtzebuerg huet drop gehalen, datt den 1. Januar 2004 nëmmen dann eppes geschitt, also bei eis eng 15-prozenteg Quellesteier, wann och d’Accorde mat der Schwäiz, Liechtenstein, Monaco, San-Marino, Andorra a Kraaft sinn. A Kraaft sinn, dat heescht och ugewandt ginn, dat heescht, déi mussen och dee Moment 15 Prozent Quellesteier ophiewen. Geschitt dat net, geschitt dat an engem vun dene Länner net, dann trëtt och bei eis d’Quellesteier net a Kraaft. De Commissaire Bolkestein, dee muss also nach e bëssen duerch Europa reesen, fir mat dene Länner de finalen Accord ze maachen. Et ginn Elementer an dem Accord, den déi Länner nach net wëssen. Och mengen ech, weess d’Schwäiz nach net alles vun hierem Gléck, wat se erwart. Ech ginn net dovun aus, datt d’Schwäiz dat net unhëllt, mä sou einfach wäert dat och net goen an dat wäert och nach eng Zäitchen dauren. Mä och do hu mir d’Garantie ageschriwwen, mir stëmme réischt am Mäerz of iwwert d’Directive wa mer och den Accord mat der Schwäiz do leien hunn an och dee muss eestëmmeg am Ecofin Conseil ugehol ginn, och dat war eng wesentlech Revendikatioun vun der lëtzebuerger Delegatioun.

Charel Muller: Ass dann den 1. Januar d’nächst Joer iwwerhaapt realistesch, bis all déi Kontrakter da gemaach si, fir kënne lasszefueren ?

Luc Frieden (O-Toun): Dat ass den Datum, dee mer am politeschen Accord stoen hunn an un dee mir eis wäerten halen. Ech gesinn awer och, datt nach rieseg Problemer um Wee dohinner bestinn, notamment mussen all déi Parlamenter déi Directive ëmsetzen an d’Banke mussen hier Computeren ëmfonktionéieren, fir datt de System ka fonktionéieren. Ech géing et ausschléissen, datt den Datum an der Praxis net anzehale wäer, mä mir wäerten drop hischaffen, wat eis betrëfft, datt dat 2004 ka fonktionéieren. Mir maachen et a leschter Minutt nëmmen, wann déi aner och d’Garantie ginn, datt et 2004 Klappt.

Charel Muller: E puer Froen iwwert d’Lëtzebuerger. Et gëtt jo ëmmer gesot vun den Non-Résidenten. Wat geschitt da mat de Résidenten? Am Moment gëtt et zu Lëtzebuerg fir e Lëtzebuerger den op der Bank säi Kont huet keng Quellesteier. Ännert da fir heen och lo eppes?

Luc Frieden (O-Toun): Déi Directiv applizéiert sech nëmmen un d’Non-Résidenten. De Lëtzebuerger gëtt haut op sengem Zënsakommes, gemeinsam mat sengem Gesamtakommes besteiert, zu dem Taux den op sengem Akommes spillt. Et ass awer kloer, datt dat hei eng nei Donnée ass, an op Grond vun der wëllt de Finanzminister, wëllt d’Regierung kucken, wat ee ka maachen, fir datt d’Lëtzebuerger bleiwe mat hiere Suen zu Lëtzebuerg, respektiv déi di der am Ausland hunn, hei en attraktivt steierlecht Ëmfeld fannen, fir dat se hier Suen hei solle behalen. Doriwwer musse mer diskutéieren an da wäerte mer do mat Propositioune kommen. Lëtzebuerg bleift di beschten Adress och fir d’Lëtzebuerger Steierzueler an och fir d’Lëtzebuerger Déposanten, mä et muss an enger dem Kapital ugepasstene Mooss besteiert ginn, do wäerte mer Solutioune fannen.

Charel Muller: Dat heescht also datt och e Lëtzebuerger, dee villäicht Suen déi manner bekannt sinn am Ausland huet, villäicht eng Geleenheet gebuede kritt fir lo se zréck op Lëtzebuerg ze bréngen ?

Luc Frieden (O-Toun): Dat gesi mer wéi een dat muss maachen. Mä et ass kloer: wann de Lëtzebuerger Suen am Ausland huet, an engem aneren EU-Land, oder an der Schwäiz oder an denen aneren Drëttstaten, datt den och ënnert déi nei Regelunge fällt. Beispill: de Lëtzebuerger den e Kont an der Schwäiz hätt, dee géing och an Zukunft op dene Suen 15 Prozent Quellesteier bezuelen an dat ass rëm dee beschte Beweis, d’Konkurrenzfähegkeet tëscht Lëtzebuerg, der Schwäiz, Liechtenstein a sou weider gëtt duerch desen Text assuréiert. Desen Text ass en Avantage fir Lëtzebuerg par rapport zu dem wat mer lo haten och en Avantage fir d’Marketingstrategie vun de lLtzebuerger Banken. Lëtzebuerg gëtt net manner attraktiv. Et gëtt lo méi attraktiv a säin Image verbessert sech. Mir hu Prévisibilitéit a Konkurrenzfähegkeet an et ass och dofir wou mer mat dem Accord gëschter Owend spéit d’accord waren.

Charel Muller: Luc Frieden, villmols merci.

Luc Frieden (O-Toun): Et ass gäer geschitt.

Dernière mise à jour