Interview avec Luc Frieden à l'occasion du 10e anniversaire du Fonds de lutte contre le trafic des stupéfiants

RTL: Wéivill ass da bis ewell do erakomm?

LF: Do sin eng 40 Milliounen Euro iwwert déi 10 Joer erakomm, daat ass awer ganz ennerschidlech vun Joer zu Joer, dat ass den Total; well et hänkt jo dovun of wéivill Suen d’Geriicht an Drogenaffären beschlagnahmt, et si Joeren wou méi erakënnt, et si Joeren wou manner erankënnt. Mee d’lescht Joer sinn zum Beispill eng 2 Milliounen dobäikomm.

RTL: Dat heescht e groussen Deel vun der Somme bleiwt emol stoen, bis ganz genee geklärt ass, datt déi keen anere méi zegutt huet.

LF: Dat si Suen déi definitiv vum Geriicht konfiskéiert gi sin, well se op eng illegal Manéier aus dem Drogegeschäft komm sin.

RTL: 11 Milliounen dovunner sin bis ewell fir Projeten accordéiert, 7 Milliounen goufen bis ewell ausbezuelt, aner Regierunge géifen déi Suen huelen, an am Staatsbudget verschwanne loossen – grad an dësen Zäiten – géif dat Iech och an de Krom passen?

LF: Dat ass richteg, mee mier applizéieren am Fong als eenzegt Land eng UNO-Conventioun vun 1988, déi gesot huet – an ech fannen déi Zielsetzung ganz positiv – hei gi Suen gemaach aus dem Drogenhandel, komm mier gebrauchen déi Suen a wenden déi un, virun allem an den Ursprongslänner vun deenen Drogenproduzenten fir do ze kucken, déi Leit op aner Weeer wéi d’Uplanzen vun Coka-Planzen notamment hinzebrengen, an dofir maache mier déi. Et ass eng Sorte Entwecklungshëllef, mat engem ganz prézisen Projet, mat engem ganz prézisen Ziel, déi Leit zu Baueren, zu aneren Handwierker, zu aneren Beruffer hinzeféieren, wéi just eppes ze maachen wouvun Leit op der ganzer Welt extrem negativ gesondheetlech Schied erleiden, nämlech de Konsum vun Drogen, an dat ass eppes wou ech ganz dohannert stinn; et war de Minister Fischbach deen dat Gesetz virun 10 Joer op de Wee bruecht huet, mier hun dat zenterhier konsequent ugewandt, an ech sin stolz do drop, well et dierf een déi Länner net einfach an hierer Responsabilitéit loossen a soen, „bon planzt eppes anescht un!“, et muss een hinnen och hëllefen., an dat maache mer duerch eng ganz Reih vun Projeten.

RTL: 7 Milliounen gouffen ausbezuelt, 280 Milliounen der aaler letzëbuerger Frang, wat ass dann alles mat deene Suen do geschitt? A wéi eng Länner, a wéi eng Projeten ....

LF: Jo, also am Prinzip coopéréieren mier mat dem PNUCID dat ass den UNO-Organ wat elo heescht Office contre les Drogues et le Crime, déi eng Reih Projeten eis présentéiere, mier versichen, wann méiglech, Ziellänner ze hun, déi och Ziellänner vun der Entwecklungshellëf vu Lëtzebuerg sinn. Mir hun zum Beispill Projeten fir Baueren op aner Produkter ze brengen am Laos an am Vietnam gemaach. Mier maachen awer och an enger Reih Länner Centre de Soinen fir Leit déi drogenofhängeg sin, an Nicaragua, a Mexico, mee och do erem an Ziellänner wéi um Cap Vert. An dann hun mer Projeten – ech hun dat an deene läschte Joeren gefrot – dat och den Etablissement public, wat den Fonds de lutte ass, datt deen dat géif e beschen ausdehnen, och op d’Gebitter vun Co-opératioun an Kampf géint Drogen-Geldwäsch. Mier finanzéieren zum Beispill do de Computersystem deen déi eenzel Geldwäschbekämpfungsstellen an Europa matenee verbent, mir nennen dat FIU-net, Financial Intelligence Unit Network, mir co-opéréieren och bei Recherche-projeten, déi mat Hépatite oder HIV ze doen hun, all Kéiers emmer erem am Beräich Drogen, an dofir, et ass also schon e ganz breeden Uwendungsberäich.

RTL: Och Formatioun vu Riichter, Polizisten an Zollbeamten, fällt dat och drenner?

LF: Dat fällt zum Deel dorenner, well wann ee wellt de Kampf géint Drogen serieux huelen, dann muss een sech och Mëttele gin fir dat ze maachen, an do get et och ganz spezifesch Projeten déi heiansdo den Drogefong ennerstetzt. Ech muss am Fong soen, deen Fong gefällt mer gutt, Dir hutt mech als Budgetsminister begréisst, mee e gefällt mer och als Justizminister well mir soen de Kampf géint den Drogenhandel ass e ganz wichtege wann mer wellen laangfristeg gesondheetlech Schied vun de Leit hei empechéieren. Also musse mer am Pays d’origine hellefen, mir musse kucken an der ganzer Fillière bis bei eis, an dofir musse mer och dann deene – d’Douane, d’Police – hellefen, déi dat op eng efficace Art a Weis maachen.

RTL: E besche komesch ass et jo awer schon, eigentlech huelt der déi Suen déi do hierkommen vun eppes wat der net wëllt, fir eppes ze verhënneren, also et ass e beschen wéi mam Fëmmen, do sidd der frou wann d’Steieren erakommen, mee géint d’Fëmmen ass een …

LF: Neen, d’Logik ass méi grouss bei desem Projet, well mer soen komm mer kucken dass um Ursprong keng Drogen méi kommen, dat absolut Ziel wäerte mer zwar net erreechen, mee mir hun zum Beispiel d’Situatioun am Afghanistan. Den Afghanistan huet largement dovunn geliewt duerch d’Uplanzen – all déi eenzel Krichsparteien – duerch d’Uplanzen vun Drogen. Wann een hinnen haut hëlleft muss ee soen, mir bidden Iech alternativ Entwecklungsprojeten un. An dozweschen get et déi déi haut vun den Drogen gudd liewen, duerch den Drogenhandel dovunner Suen maachen, datt een déi bestrooft, et beweist och dest Gesetz, an déi Suen déi mer kritt hun, datt d’Blanchiments-Gesetz zu Letzëbuerg fonctionnéiert, well de Fait datt mer 40 Milliounen Euro beschlagnahmt hunn, dat heescht datt de System geklappt huet do wou eng Suspicioun komm ass, oder wou réellement Drogesuen am Spill waren, do huet d’Justiz saiséiert, well et ass jo d’Justiz déi do aktiv get. Dofir d’Police an Justiz hun hei bewissen datt se dat do serieux huelen, an och d’Bankplaz, well déi musse ganz oft déi Saachen do matdeelen, wann se mierken datt eppes do net an der Reih ass.

RTL: Déi Suen, kennt do een bei Iech an e freet Iech fir e Projet ze ennerstetzen, oder gidd Dir déi an den Internationalen Fong do, an dann ginn se weider, also wéi ass do d’Handhabung fir ze décidéieren wou se higinn?

LF: Also dee Fonds de lutte as en onofhängegen Etablissement public, deen enner menger Tutelle fonctionnéiert, an do ass en Verwaltungsrot vu Beamten aus den Finanzen-, der Justice-, der Santé- an dem Ausseministère dran sinn, an déi kucken op Grond vun deene Richtlinien déi se kritt hun déi Projeten déi virun allem – wéi gesot – vun der UNO présentéiert gin, mee heiansdo sin et och Projeten déi vun ONG-en présentéiert gin, déi an deene Länner aktiv sinn, agreéiert ONG-en, déi mer och kennen duerch den Ausseministère, an déi dann och esou eng Contributioun kréien, dat hu mer notamment an Latein-Amerika gemaach.

RTL: 1999 gouf zu Letzëbuerg a Projet lancéiert deen deemols op 6 Joer ausgeriicht war, mat engem Gesamtmontant vun 1,5 Milliounen Euro, domatter sollt Drogenkranken am Prisongsmilieu gehollef gin, wat ass do bis ewell konkret gemaach gin?

LF: 1999, dat war wéi ech 1 Joer als Justizminister am Amt war, sin ech mat der Situatioun konfrontéiert gewiescht datt am Prisong ganz vill Drogenofhängeger sin, déi eng déi waren et virdrun, déi aner déi gin et an der Zäit wou se do sin, duerch schlecht Influenzen zum Deel; an mir hu gesot mier mussen op eng medezinesch Art a Weis deen Drogeproblem am Prisong do ugoen, an mir hun dofir engem Spezialisten den Optrag gin fir ze kucken wat fir e Programm een do kennt fir déi Leit maachen. De Programm deen ass gelaaf zenterhier, mat enger Reih Ufangsschwieregkeeten geet en virun, en ass am Ufank ennert engem belschen Expert gemaach gin, do waren awer Problemer tescht deenen engen an deenen aneren déi do um Terrain hu missten schaffen. Ech haalen drop datt dee Projet virungeet, e geet och virun, a mier versichen dat elo ze maachen mat letzëbuerger Dokteren, notamment aus dem Hôpital neuropsychiatrique déi sech bereederklärt hun do matzeschaffen.

RTL: Daat heecht, deen eischten Responsable ass net méi do?

LF: De Projet fiirt virun, an dat ass dat wesentlecht fir d’Leit déi wäerten iwwert d’Joeren souwiesou öfters un esou engem Projet wiesselen, mee fir mech ass et wichteg datt mer dorunner konkret weiderschaffen, an dat get och gemaach.

RTL: Wat sin elo aner Projeten hei zu Lëtzebuerg déi aus deem Fong finanzéiert goufen?

LF: Mier hun mol heinsto fir d’Douane oder fir d’Police mol ganz spezifesch Aparate kaaf déi se brauchen fir Drogen ze detektéieren. Mier hun och an der Recherche Projet-en ennerstetzt, déi am Gesondheetsberäich Fuerschung maachen, an deem doten Gebitt fir gewesse Krankheeten besser zeerkennen. Mier hun och – wéi gesot – bei der Cellule Anti-Blachiment vum Parquet intervenéiert, wesst Der esou eng ganz breed Panopli vun Projeten, grousser a klenger, mee mier hun och an Entwecklungslänner zum Beispill Letzëbuerger ennerstetzt notamment Peru, well déi do fir e gewessene Projet schaffen, an dann vun dem Fonds de Lutte bezuelt gin.

RTL: An d’Suen déi net ausbezuelt sin, déi stinn um Spuerbuch vun der Regierung?

LF: Déi stinn op deem Spuerbuch vun deem Fong, deen och Zensrevenuen huet, mir welle net déi Suen alleguer mateneen ausgin, well mir wessen jo net weivill all Joers erankennt, dofir war et emmer d’Zielsetzung vun deem Fong fir all Joers nemmen e besche Suen auszeginn fir déi Projeten déi iwwer e Joer daueren, fir datt déi net mussen abrupt ennerbrach gin.

(...)

Dernière mise à jour