Interview avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet de la crise irakienne (RTL-Télé Letzebuerg)

Frank Goetz:  Am Studio begréissen ech elo de Statsminister Jean-Claude Juncker. Gudden Owend.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.

Frank Goetz: Mir hunn et elo just héieren, Här Juncker, 48 Stonnen Ultimatum. Den Ament sinn et der just nach 30. Rechent Dir nom Auslafe vun där Frist mat engem Krich?

Jean-Claude Juncker: Jo.

Frank Goetz: Direkt réageiert hunn Frankräich an Däitschland. Sie hu neen zu dem Krich gesoot, et géif keng Legitimatioun fir dee Krich. Den Här Bush gesäit et, mir hunn et héieren, aanescht. Wéi gesäit et de Lëtzebuerger Statsminister ?

Jean-Claude Juncker: Mir gesinn dat haut d’selwecht wéi mer dat déi lescht Wochen an déi lescht Méint gesinn hun. Mir sinn der Meenung, datt vum Irak eng echt Bedrohung kann ausgoen. Mir sinn der Meenung, datt - dat ass eng Meenung, déi vun jiddferengem gedeelt gëtt - den irakeschen Regime muss entwaffnet ginn. Mä mir waren a mir sinn a mir bleiwen der Meenung, datt dat mat friddleche Mëttelen ze geschéien huet an datt de Krich als allerlescht Mëttel nëmmen a Fro kënnt, net als nächsten Mëttelen, an datt de Krich, wann et dann dozou kënnt, misst vum Weltsëcherheetsrot decideiert ginn.

Mir sinn do an engem total aneren Szenario a mir fannen déi Decisioun vum amerikaneschen President a vun denen, déi seng Decisiounen deelen net richteg. Mir kënnen net erkennen, firwat datt een elo déi Inspektiounen soll ënnerbriechen. Mir hätten gäeren gehat, datt een op dem Wee virugefuer wier, den Irak friddlech ze entwaffnen. Wann dat net gaang wier, well den Irak sëch verwéigert hätt - dem Regime géifen mer jo keng Tréin nokräischen - dann hätt een nach ëmmer am gegebenen Moment kënnen zur Decisioun kommen, datt ee Gewalt als läschte Mëttel misst asetzen.

Frank Goetz: Mä a propos total aneren Szenario. Dir hutt am Virfeld ëmmer den amerikaneschen President als keen Krichsdreiwer bezeechent. Sidd Dir och haut nach däer dote Meenung?

Jean-Claude Juncker: Ech si nët an enger Situatioun als Lëtzebuerger Regierungschef, datt ech den President vun den Vereenegten Staten vun Amerika einfach esou als Krichsdreiwer géif bezeechnen. Dat ass net déi Opfaasung déi ech hunn. Mä ech halen déi Decisioun, déi e geholl huet, fir falsch an fir der Situatioun an där mir sinn nët ugemiess.

Frank Goetz: Mä, wéi gesot, den amerikanschen President ass der Meenung, datt wat hie mëcht an sengen Aan richteg ass. An dat huet och den Här Bush an senger Ried un d’amerikanescht Vollék hënnt um 2 Auer eiser Zäit versicht ze erklären. De Petz Bartz mat der erblécklecher Situatioun.

Frank Goetz: Här Statsminister, mir hunn den Här Schröder an den Här Chiraq héieren. Nach emol: Kënnt Dir dat mat ënnerschreiwen, wat déi Hären do gesot hunn?

Jean-Claude Juncker: Jo.

Frank Goetz: Steht hei d’Recht da lo net wierklech vum Stärkeren iwwert dem Völkerrecht?

Jean-Claude Juncker: Ech wëll keng juristesch Qualifikatioun vun dem Viirgang viirhuelen. Dat brengt eis net virun. Mir waren, wéi anerer och - och wéi déi zwee Kollegen, dei elo grad geschwat hunn - ëmmer der Meenung gewiescht, datt mir eng Decisioun an der UNO bräichten. Mir sinn elo net an dem Szenario. Insofern hëlleft et eis guer nët virun, wann een elo juristesch qualifizéiert, wat d’Amerikaner maachen. Mir halen et einfach fir falsch.

Frank Goetz: Mä a propos UNO. Wéi wichteg ass d’UNO muer, während dësem Krich an virun allem och no dem Krich?

Jean-Claude Juncker: Déi Gespreicher, déi ech déi lescht Deeg hat mat denen zwee déi elo geschwat hunn, mat villen aneren haut och, dat ass drop erausgelaf, datt mir als Europäer dofir suergen, datt d’UNO am Spill bleiwt, am noble Sënn vum Wuert. Mir hätten gäeren, datt d’UNO elo nët vum Dech eweggeholl gëtt, mä datt d’UNO e Gespréichspartner an eng Ulaafstell fir jiddfereen bleiwt. Während dem Konflikt a virun allem nom Konflikt. Well alles dat, wat no dem Konflikt muss geschéien, muss esou gemaach ginn, datt mir nët e Krich nom Krich kréien. An dofir däerf och d’Ëmgestaltung vun de politesche Verhältnisser, wann et dann dozou kënnt, den Neessopbau vum Irak, falls en dann noutwendeg gëtt, nët ënnert unilateral getätegten Viirzeechen stoen, mä muss dat och vun der Völkergemeinschaft gemeinsam organiséiert a gedroen ginn. An dofir behällt d’UNO eng wichteg Plaatz. A besonnesch e klengt Land wéi Lëtzebuerg ass existenziell drop ugewisen, datt déi Autoritéit an der Welt, déi fir dat internationalt Recht suecht, an hirer Integritéit sou wäit wéi meiglech erhale bleiwt.

Fränk Goetz: Här Statsminister, ech proposéieren Iech elo, datt mir elo d’Reaktiounen vun de politeschen Fraktiounen an der Chamber ulauschteren. De Mëtteg nämlech elo hunn nämlech sämtlech Fraktiounen op déi neisten Entwecklungen an der Irak-Kris reagéiert. D’Monique Kater résuméiert d’Sëtzung um Krautmaart:

Frank Goetz: Här Juncker, et géifen vill Chantieren ginn, gouf an der Chamber gesot. Huelen mir vläicht d’Europäesch Unioun. Et gouf och Kritik un den Hären Blair an Aznar. Wéi gesitt Dir elo déi Situatioun innerhalb vun der Europäescher Unioun?

Jean-Claude Juncker: D’Europäesch Unioun, déi war nët brillant an dëser Kris. Mir hunn eis auserneen dividéieren gelooss. Dat ass de Fehler vun denen engen a vun denen aneren. Méi vun denen engen, wéi vun denen aneren. Mä ëmmerhin hu mir et net fäerdeg bruecht, der europäescher Stëmm weltwäit Gewiicht ze ginn. An den Afloss vun der Europäescher Unioun op d’Gestaltung vun de politesche Verhältnisser an där Regioun, ëm déi et hei geet, ass nach méi kleng wéi e virdru war.

Mir mussen déi Kris, well dat ass eng, als eng spezifesch Kris erkennen, wou mir eis an enger bestëmmter Fro nët ze eenegen wossten. Mä mir däerfen dat nët zu enger permanenter Kris sëch auswuesse loossen an dofir - an dat weisen och déi Gespréicher mat den Hären Schröder, Chiraq a Simitis - musse mir déi Kris eigentleg notzen, fir doraus d’Léier ofzeleeden, datt een sech déi nächste Kéier an an Zukunft nët méi kann esou behuelen, datt mir eng zentral europäesch Institutioun brauchen, déi Viirschléi mecht, op déi dann d’Regierungen reagéieren an nët méi dat Schauspill, wou d’Regierungen fir d’éischt soen wat se denken, a wou se dann herno nët méi an Europa konsensfäheg sinn. Ech soen dat fir déi eng, an ech soen dat fir déi aner.

Ech hunn an denen 20 Joer, wou ech Europapolitik hëllefen gestalten schon oft Krisen erlieft, an ëmmer rëm d’Erfahrung gemaach, datt wa mir eis richteg selwer bewisen hunn, datt mir der Huddelfutz näischt wert sinn, well mer eis net eens ginn, datt mir doraus dann d’Léier zéien, datt mer méi eng grouss Unitéit brauchen fir an der Welt wirklech op den Cours vun den Evenementer kënnen Gewiicht auszeüben.

Frank Goetz: Ass et utopesch ze mengen, ass et Zukunftsmusik, datt Europa mat engem Sëtz an der UNO, am Weltsëcherheetsrot vertrueden ass?

Jean-Claude Juncker: Dat halen ech fir nët mar an iwwermar ze realiséiren. Dat huet jo och nëmmen dann e Sënn, wa mir et fäerdeg brengen, eis intern sou ze organiséieren, datt den, dee fir d’Europäesch Unioun do sëtzt, dann och wirklech am Numm vun der Europäescher Unioun a vun alle Memberstaten vun der Europäescher Unioun ka schwätzen. Et geht jo nët drëm, datt mir en op New York schecken fir Figuratioun ze maachen. Et geht drëm, datt den, dee fir d’Europäer do setzt, wann et dann zu sou enger Ariichtung géif kommen, wirklech och duerstellen kann, wat d’Meenung, wat d’Ambitioun, wat d’Hoffnungen, wat d’Dreem vun den Europäer sinn, a wat d’Europäer net wëllen.

Frank Goetz: Am Virfeld vun der Chambersëtzung war och de Moien d’Regierung beieneen - mir hunn et héieren. Déi neisten Entwecklungen an der Irak-Kris hunn d’Lëtzebuerger Regierung dozou beweegt, de Moien, wéi gesot, zu enger Drenglechkeetssëtzung zesummen ze kommen. Well och d’Gespréicher, déi de Lëtzebuerger Premier an d’Ausseministesch mat hiren Homologen an der Welt gefouert hunn, näischt méi un däer Situatioun kënnen änneren. Sascha Georges:

Frank Goetz: Här Statsminister, besteet net d’Gefoer, datt den 18. März 2003 als den Dag an d’Geschicht ageht, wou Europa an Amerika gëtrennte Weeër ginn?

Jean-Claude Juncker: Mir sinn hei an enger ganz konkreter Fro, nämlech där vun der beschtméiglecher Léisung vum Irak-Konflikt konträrer Opfaassung - eng Reih Länner an der Europäescher Unioun an d’Amerikaner. Doriwwer eraus muss een awer, wéi ëmmer wann et komplizéiert gëtt an der Welt, mat e puer einfache Referenzpunkten probéieren eens ze ginn. An ee vun denen Referenzpunkten, nët nëmmen mäin, och dee vum Här Chiraq, och dee vum Här Schröder ass, datt een nët däerf zouloossen, datt der transatlantescher Relatioun an der transatlantescher Solidaritéit hei een dauerhaften Schued zougefügt gëtt. Mir brauchen déi transatlantesch Solidaritéit mat den Amerikaner a mat de Kanadier an Europa aus vitalen Grënn, sief et och nëmmen, well mer fir eis eege Sëcherheet net selwer kënne suergen. An dofir muss een iwwert déi extrem Schwieregkeet vum Moment eraus probéieren, déi gewuesse Relatiounen - nët nëmmen tëscht Regierungen, mä och tëscht den amerikaneschen, kanadeschen an europäeschen Völker - esou sech openeen zoubewegen ze loossen, datt doraus erëm de neien Fong gëtt, fir nei a weiderféirend Ambitiounen.

De franséische Premier huet haut gesot, Frankräich géif séch net mat Amerika am Krich befannen an dat selwecht soen ech och fir eist Land. Mir mussen eis Frëndschaft mat den Amerikaner oprecht erhalten. Mir däerfen se nët opkënnegen. Zur Frëndschaft gehéiert och, datt een engem seet, wann een net him d’accord ass. Mä dat féiert d’Frëndschaft, wann et da wierklech eng ass, net op een Enn. Dofir mengen ech, datt den Dag vun haut, den net als e gudden Dag an d’Geschicht vun den internationalen Relatiounen ageht, sech enges Dags villäicht wäert erausstellen als den Dag, wou Europäer an Amerikaner sech frësch virgeholl hunn, d’Saachen gemeinsam ze betruechten, statt gëtrennt ze analyséieren a gëtrennt ze marschéiren.

Frank Goetz: Den Donneschdeg an e Freideg ass e Fréijoerssommet vun der Euopäescher Unioun zu Bréissel geplangt. Um Ordre du jour stoung den EU-Konvent, also d’Reform vun den europäeschen Institutiounen. Bleiwt et bei dem Rendez-vous zu Bréissel?

Jean-Claude Juncker: Et bleiwt selbstverständlech beim europäesche Rot zu Bréissel, mä iwwert de Konvent gëtt net geschwat a mam Här Giscard d’Estaing gëtt keng Sitzung ofgehal. Dat huet mech och dozou bruecht, déi Sitzung vun den dräi Benelux-Staten a vun véier anere Staten, déi mer als Virbereedung op déi Sitzung wollten ofhalen, ofzesoen.

Frank Goetz: Här Juncker, mir hu natirlech och haut d’Leit gefrot, wat si vun der Situatioun den Ament halen an do sinn et virun allem Ängscht déi dominéiren, wat jo och gudd ze verstoen ass. Den Dan Hardy war de Mëtteg ënnerwee an huet och eng ganz Parti Leit ëm hir Meenung gefrot.

Frank Goetz: Jo, Här Statsminister, d’Leit hunn natirlech Angscht, Angscht virun de Konsequenzen vun esou engem Krich. Awéiwäit kënnt Dir d’Populatioun den Owend wéinstens e wéineg berouegen?

Jean-Claude Juncker: Ech halen näischt dovun, fir sou ze maachen, wéi wann een d’Sëcherheet zu Lëtzebuerg kéint zu honnert Prozent garantéiren. Mä mir hunn de Moment keng Erkenntnisser virleien, déi eis géifen unhuelen loossen, datt op iergendengem Punkt an zu iergendengem Moment d’Sëcherheet zu Lëtzebuerg menacéiert wier. Mir hu kee Wëssen a keng Erkënntnisser driwwer, datt mir akut bedroht wieren duerch eng iergendwéi geaartet och méiglecherweis terroristesch Aktioun. Mir kënnen d’Secherheet nët honnertprozenteg garantéiren. Dat soll een nie verspriechen. Ech ka just verspriechen, an dorun hu mer geschafft, déi lescht Wochen an och haut, datt d’Lëtzebuerger Regierung honnertprozent dofir mecht, fir datt d’Sëcherheet garantéiert ass. Ech mengen nët, et wier gudd wa mer d’Gefill sech géifen entweckelen loossen, mir wieren akut bedroht. Mä mir maachen als Regierung dat, wat mir ze maachen hunn, fir d’Sëcherheet vun de Leit, déi hei zu Lëtzebuerg wunnen a fir d’Ariichtungen, déi hei zu Lëtzebuerg sinn, ze garantéiren.

Frank Goetz: Dat heescht, déi néideg Mesuren goufe geholl?

Jean-Claude Juncker: Déi si geholl.

Frank Goetz: Eng aner Saach nach vläicht zum Schluss. Et gouf ugeschwat, déi ökonomesch Reperkussiounen. Wéi dramatesch kéint de Petrolspräis dann an d’Luucht goen?

Jean-Claude Juncker: Vun alle Konseqenzen, déi de Krich kann hunn, ass dat doten eng, déi antriede kann. Et ass awer net déi Schlëmmst. Déi Leit, déi ënnert dem Krich leiden, déi hunn aner Suergen, wéi Bensinspräisser oder wéi Petrolspräisser déi klammen. Et hängt alles vun der Dauer vum dem Konflikt of. Wann dee Konflikt, sou wéi d’Amerikaner dat jo mengen, relatif séier op en Enn kann bruecht ginn, da wäerten déi ökonomesch Schied nët ganz grouss sinn.

Gëtt dat awer e Konflikt, den dauert, den sech iwwert eng länger Period hinzitt, jo dann brauchen mir eis keng Hoffnung méi ze maachen op eng wirtschaftlech Erhuelung an Europa. Da si mer an engem absoluten Katastrophenszenario drann. D’Finanzminister vun der Europäescher Unioun schwetzen och mar iwwer déi Moossnahmen, déi um wirtschaftlechen an um währungspolitesche Plang musse gëtraff ginn, fir zumindestens déi ökonomesch Folgen hei an Europa an och an aneren Deeler vun der Welt sou wäit wéi et nëmmen geht, ofzefiederen.

Frank Goetz: Här Statsminister, villmols merci fir de Besuch am Studio.

Dernière mise à jour