Interview avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet de la guerre en Irak

Radio 100,7: Wat sinn dann elo déi nächste Schrëtt vu Lëtzebuerg a speziell vun der Europäescher Union am Allgemengen? Ass dat do elo Resignatioun? Dir sot, Dir sidd traureg. Oder awer geet et elo drëm no vir ze kucken?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn traureg, mä net resigneiert. Well ech wëll virun dru gleewen, dat bewegt mech, dat Ideal wat doranner besteet fir ze mengen, datt d’Europäer e Message an d’Welt ze ginn hunn op Dauer, den e Message vu Fridden ass, vu Breckebauen, vun Openeenzougoen, vu friddlecher Konfliktléisung.

Ech sinn, wéi anerer och - dat ass jo och net komplizéiert gewiescht - zur Conclusioun komm, datt wann d’Europäer dividéiert sinn, wann se an ënnerschiddlech Richtungen sech opmaachen, datt se dann net zielen, datt se als eegen Gréisst net zur Kenntnis geholl ginn. An dofir, mengen ech, datt een déi Kris hei - well et ass eng - als eng spezifesch Kris muss delimitéieren, déi weder der Soliditéit vum transatlanteschen Lien däerf en dauerhaften Schued zoufügen, nach eng momentan Kris an eng permanent europäesch Kris sech däerf auswuesse loossen.

Mir hunn jo haut Sitzungen zu Bréissel vum Europäesche Rot. Doriwwer ass jo dann ze schwetzen iwwert déi Situatioun an däer mir elo sinn an et sinn d’Mëttelen an d’Weeër ze studéieren, wéi een dann aus där theoretescher Optioun vu gemeinsamer Aussen- a Sëcherheetspolitik eng geliewten, praktesch Wirklechkeet ka maachen. Dofir brauch een gemeinsam Iwwerzeegungen. Dofir brauch een Instrumenter, déi funktionnéieren. D’Iwwerzeegung war an dësem Konflikt net do, déi gemeinsam mengen ech, an d’Instrumenter, déi hu mer nët!

Radio 100,7: Mä Dir hutt gesot, haut op dem europäeschen Sommet, do setzen sech jo Leit géintiwwer, déi ganz ënnerschiddlech Vuën zu dem Irak-Krich hunn. D’Stëmmung wäert deemno dementspriechend schlecht sinn. Oder wéi muss een sech dat virstellen?

Jean-Claude Juncker: Jo, ier eng Sitzung ufänkt, weess een net wéi se leeft. Mir hunn zwee Lageren an der Europäescher Unioun, wann ech dat kann sou soen. Déi missten eigentlech den Owend a Muer weisen, datt se trotz der schlëmmer Meenungsverschiddenheet, déi mir hei hunn, fäheg sinn zu gemeinsamen Iwwerleeungen ze kommen. Aus der Irak-Kris wäert scho keng dauerhaft europäesch Kris ginn. Do muss jiddfereen sech beméihen, sech gemeinsam mat denen aneren a richteg Richtungen e Wee ze maachen.

Radio 100,7: Mä wäerten d’Europäer, oder soë mir besser verschidden Europäer, dann déi Attack vun den Amerikaner op den Irak nach eng Keier condamnéieren?

Jean-Claude Juncker: Jo, dovun ginn ech aus, datt déi Regierungen, déi wéi mir der Meenung waren, datt de Krich net hätt dierften dat nächste Mëttel sinn, wat zum Asaatz géif kommen, mä dat allerleschten Mëttel wat zum Asaatz géif kommen, an déi der Meenung waren, datt et e friddleche Wee zur Entwaffnung vum irakesche Regime, dem mir keng Tréin brauchen nozekräischen, géing kommen, datt déi nach eng Kéier hiren Désaccord zum Ausdrock brengen. Dat hu mir an dene leschten Deeg gemaach, wéi dat heiten, dat Schlëmmst sech ugebahnt huet. Et ass ganz evident, datt mir keng Ursaach kënnen erkennen, déi Positioun ze veränneren. Mir hunn elo just de Wonsch - dat klengt bal lächerlech, wann net zynesch - datt dee Krich do séier op en Enn kënnt, datt méi wéi wéineg Leit Liewen a Gesondheet dobäi verléieren. Och e kuerzen Krich ass nach ëmmer e schlëmme Krich. Mä et ass onendlech besser, wéi wann dat e laangen, quälenden Prozess mat villen Doudegen géif ginn.

Radio 100,7: Iwwert d’NATO si mir jo als Lëtzebuerger déi Alliéiert vun den USA a Groussbritannien. Virgëschter hat et vun der Regierung geheescht, mir géifen eisen Bündnispflichten nokommen. Wat heescht dat am Konkreten?

Jean-Claude Juncker:  Dat heescht am Konkreten, datt Lëtzebuerg sou wéi Däitschland, Frankräich, d’Belsch an déi aner NATO-Partner och, amerikanesch Demanden fir Ennerstetzung ze kréien, déi net hi bis zur direkter militärescher Interventioun ka goen, datt een déi eischter positiv préift. Dat ass déi Decisioun, déi déi aner Europäer, déi net direkt am Krich involvéiert sinn, geholl hunn. Iwwert d’Schwieregkeet vum Moment eweg an iwwert deen trageschen Dissens vum Moment eweg muss ee gesinn, datt et eng déif Frëndschaft gëtt tëscht den amerikaneschen, kanadeschen an den europäeschen Völker, an déi däerf een net op d’Spill setzen. Doduerch géif alles nach vill schlëmmer ginn. Mir sinn net am Krich. Mir ënnerstetzen de Krich net, mä mir mussen awer eis Pflichten als Alliéierten eescht huelen.

Radio 100,7: Eng lescht Fro nach, Här Juncker. Mir hu gesot, et ass Krich. Wat ass Äeren Message vläicht un d’Lëtzebuerger? Mussen se beonrouegt sinn?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn an dene leschte Wochen, wou dat onausweichlech an ëmmer méi wahrscheinlech presentéiert huet, an denen leschten Deeg an an dene leschte Stonne, all déi Dispositiounen geholl, déi ee kann huelen fir d’Sëcherheet vun de Lëtzebuerger a fir d’Sëcherheet och vun den Anlagen zu Lëtzebuerg maximal ze garantéieren.

Ech ka kengem eng honnertprozenteg Sëcherheet verspriechen. Ech ka just verspriechen, datt mir honnert Prozent maachen, fir datt d’Sëcherheet garantéiert ass. Ech wier frou, wann d’Leit géifen roueg bléiwen, wann se sech net géifen panikarteg vun alle méiglechen Gerüchter elo duercherneen rëselen loossen. D’Regierung mecht wat se kann. Si kann net alles, mä si ka Villes maachen, fir datt zu Lëtzebuerg d’Sëcherheet garantéiert ass. Fir de Rescht leien eis och keng gesechert Erkenntnisser doriwwer vir, datt Lëtzebuerg elo an engem besonnesche Mooss duerch terroristesch Aktivitéiten oder aner kollateral Virgäng vum Krich betraff kéint sinn.

Radio 100,7: Sou wäit de Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker. Merci, Här Juncker, fir dat Gespréich.

Dernière mise à jour