Réactions de Jean-Claude Juncker concernant le début de la guerre en Irak

DNR: Här Staatsminister, fir d’éischt mol eng méi allgemeng Fro aus dem Bauch eraus: Wat géing Dir dem Bush soen, wann der en elo grad virun Iech stoen hätt?

Jean-Claude Juncker: Dat ass eng schwéier Fro. Ech géif him soen datt ech mat dem, wat am gaangen ass ze geschéien, net averstanen sinn, net well ech dat fir all Zäiten wellt ausschléissen, mee well ech an desem konkreten Fall der Meenung sinn, datt den Ament absolut net komm war fir zu sou engem radikalen militärischen Krichsmettel ze gräiffen. Ech géif him proposéieren - mee domatter géif ech mech wahrscheinlech lächerlech maachen - fir direkt mat dem Krich opzehalen a fir den Verhandlungen no dëser eeschter Warnung dann eng läschte Chance ze ginn – ech mengen awer net, datt hien sech dat géif laang ulauschteren.

DNR: Här Juncker, waren d’Europäer am Virfeld vu Washington informéiert ginn, datt de Krich géing ufänken?

Jean-Claude Juncker: Die meescht Europäer sinn net informéiert ginn, mir jiddfer Falls net. Well mir gehéiren jo och net zu dene Staaten, déi dee Krich do aktiv  politesch-militäresch ënnerstetzen. Bei fréieren Waffegäng si mir informéiert ginn, well mer – beim éischte Golf-Krich an am Fall vum Jugoslawien-Krich beispillsweis – an der Koalitioun vun denen waren, déi domatt d’Accord waren, dass dat Mëttel soll agesat ginn. Vu que datt mer des Kéier net an dem Grupp vu Länner sinn, sin mer och net doriwwer informéiert ginn.

DNR: Esou eng Situatioun, wéi mer se elo hunn, dat heescht e Präventivkrich ouni UNO-Mandat hate mir nach nie. Huet de Bush et elo fäerdegbruecht, an engem Zoch d’Europäesch Unioun, d’NATO an d’UNO ze démontéieren?

Jean-Claude Juncker: Et geet een Trennungsstrich durch d’Welt: déi die der Meenung sin datt den Ament elo komm war fir de Krich unzefänken, an déi déi der Meenung waren, et wieren nach friddlech an diplomatesch Mëttelen do, déi zum Asaatz kënnte kommen fir e Krich ze verhënneren a gläichzäiteg zur friddlecher Entwaffnung vum irakesche Regime ze kommen, den jo e schreckleche Regime ass, dem ee keng Tréin brauch nozekräischen. An d’Europäer hu gewisen, doduerch datt se net wéi ee Mann op enger Ligne stinn, mä sech ëmmer méi zerstridden hunn, an an ënnerschidlech Richtungen sech politesch a militäresch ofgesat hunn, datt mir iwwerhaapt keen Afloss haten op de Cours vun denen Evenementer. Doraus muss ee léieren, an d’Viraussetzungen elo schafen, am Hannergrond vun dëser Kris - déi eng spezifesch Kris ass, wou mer net enger Meenung waren - d’Virausetzung dofir schafen, datt mer Iwwerzeegungen an Instrumenter an enger Zuel kréien, déi grouss genuch ass, fir datt an Zukunft europäesch Aussepolitik kann esou organiséiert ginn, datt se och zielt, datt se zur Kenntnis geholl get. Europa hëllt keen zur Kenntnis, wann déi déi Europa zesummesetzen ënnerschiddlecher Meenung sinn. Dat selwecht gëllt fir d’NATO. Dat selwecht gëllt fir d’UNO. Well meng éischt Suerg ass  d’Europäesch Unioun, déi dat Ideal net däerf opginn, datt se an der Welt en afflossräichen Partner wellt an kann sinn, dee wirklech Affloss hëllt op dat, wat geschitt. Wa mir als Europäer an e puer Richtunge lafen, dann hëllt keen eis zur Kenntnis.

DNR: Wéi crédibel ass eng UNO elo nach?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, et däerf een elo net de Fehler maachen fir op Grond vun dem amerikanesch-briteschen Virgoen d’UNO an hirer Systematik a Fro ze stellen. D’UNO muss an der Welt ongedeelt an der Opfaassung vun denen, déi d’Welt féieren, déi Plaatz sinn, wou Konfliktregelung organiséiert gëtt a wou se bedriwwe gëtt. D’UNO muss och déi Organisatioun sinn - et gëtt keng aner bei allen Imperfektiounen déi se huet - déi elo während dem Konflikt d’Ulaafstell bleiwt fir nei Beméiungen fir aus der Situatioun do erauszekommen. D’UNO muss och déi Instanz sinn, déi d’Post-Krich-Situatioun am Irak an an der ganzer Regioun do fest an de Grapp hëllt. Wa mer elo, an der Hypothese wou dee Krich do – wat ech hoffen – elo séier op en Enn kennt, wann mer elo an eng Situatioun kommen, wou mer den Irak politesch, wirtschaftlech an anescht  mussen nei opriichten an och dofir suergen, datt Fridden an der Regioun do herrscht, da muss dat ënnert dem Leadership vun der UNO geschéien. Dat däerf net ënnert dem unilateralen Kommando vu nëmmen Engem geschéien.

DNR: Wann et zu engem Krich kennt, dann ass dat emmer den Echec fir eng Politik, daat ass e Saatz deen vun Iech kennt, kann et bei deem doten Krich – ärer Meenung no – iwwerhaapt nach e Gewenner gin, oder ginn et am Endeffekt just Perdanten?

Jean-Claude Juncker: Et get kee Krich wou et e Gewënner get. Et kann een e Krich iwwerhaapt net gewannen, well fier en ze „gewannen“ (tescht Gänseféissercher) muss een esou vill Misère maachen, get et esouvill Doudeger, get et esouvill Duergerneen an de Käpp, an den Häerzer an de Stroossen, datt een nie kann soen et hätt een e Krich gewonnen. Et kann een emmer nemmen de Fridden gewannen.

Dernière mise à jour