Réactions de Jean-Claude Juncker face au début de la guerre en Irak

Guy Kayser : Här Juncker, merci, datt Dir fir eis Zäit hutt. Gudde Mueren op Bréissel.

Jean-Claude Juncker : Gudde Moien.

Guy Kayser : Här Staatsminister, dësen 20. Mäerz geet also an d’Geschicht an wéi dat ëmmer mat engem Krich ass.  Mir sinn eis eens: Krich kann ëmmer nëmmen déi allerleschte Léisung sinn. Elo ass de Krich do. Besonnech hei an Europa ass et e Krich géint déi ëffentlech Meenung. Et bleiwt eis eigentlech just haut ze hoffen, datt déi militäresch Aktioune séier eriwwer sinn.

Jean-Claude Juncker:  Ech sinn, nodeem dee Krich elo ugefaangen huet, ee Mënsch deen traureg ass, verdrësslech ass, enttäuscht ass, frustréiert och ass, datt dat trotz groussen Ustrengungen net ze verhënnere war. Ech hoffen, datt dat ee Krich ass, den net laang dauert, dat am Intérêt vun der irakescher Bevölkerung, besonnech hieem zivilen Deel. Dat ass och am Intérêt vun den amerikaneschen, briteschen an aneren Zaldoten, déi dat maache, wat se ugestalt ginn. Ech hoffen, datt dat, wat virun e puer Stonnen ugefaangen huet, séier eriwwer ass, si mir awer dobäi net sécher.

Guy Kayser : An engem Interview mat der  „Westdeutschen Zeitung“  hutt Dir virgëschter vun engem Europa geschwat, dat an dëser Fro gespléckt ass, een Europa, dat ee Bild vu sech gouf, dat een erféiert hätt. Doriwwer kann ee lamentéieren, mä  Dir als Realist ugeschwat, wier et net endlech un der Zäit sech neess zesummenzedoen an iwwert d’Zäit nom Krich ze schwätzen, aus dem Irak also eng Demokratie ze maachen?

Jean-Claude Juncker: Et gëtt een Trennungsstrich duerch d’Welt, déi déi der Meenung sinn, de Krich wier dat richtegt Mëttel wat lo misst zum Asaz kommen, an déi déi de Moment fannen, datt de Moment fir Krich ze féieren nach net komm war. D’Europäer hu gratis praktesch d’Chance aus hierer Hand ginn, fir op de Cours vun den Evenementer Afloss ze huelen, doduerch datt mir eis net richteg opzestelle wossten, doduerch datt d’Trennung an de Käpp, d’Trennung an der Aschätzung vun de Mëttelen, déi zum Asaz misste kommen grouss war. Et stellt sech eraus, datt Europa nëmmen da Gewiicht huet an der Welt, wa mer enger Meenung sinn a wa mer konzentréiert an déi selwecht Richtung eis beweegen.

Guy Kayser : Huet et dann nach ee Sënn, Här Staatsminister, wéi Däitscher a Fransousen dat maachen, sech iwwert de Krich ze iergeren? Wäer et net un der Zäit erëm op europäeschem Niveau zesummen ze schaffen ?

Jean-Claude Juncker:  Éischtens fannen ech et ee gesonde Reflex, datt een sech iwwert de Krich nach iergert, well et däerf een d’Banaliséiereung vum Krich, als Fortsetzung vun der Politik mat anere Mëttele, net einfach sou hinnhuelen, besonnech wann ee mengt, datt et nach aner Méiglechkeete ginn hätt, fir zum Ziel vun der Entwaffnung vum Irak ze kommen. Mir mussen dat Auserneendividéiere vun Europa elo als Chance, tëscht Gänseféisercher, notzen, fir nei opzestoen, fir un dem Ideal festzehalen, datt Europa och an der Welt muss seng Begrëffer vu Solidaritéit, vu Mateneen, vum Iwwerbrécken a vu Bréckebauen zu enger planetarer Bedeitung eruwuessen ze loossen.

Dat hei ass och eng europäecsch Kris. Et muss eng spezifesch, op de Moment limitéiert Kris sinn an et muss een elo d’Mëttele fannen an d’Kraaft an eis selwer degagéieren, fir zu där Unitéit ze fannen, déi d’Viraussetzung ass, fir datt et eng europäesch Stëmm an der Welt gëtt. Et gesäit ee jo elo, wann d’Europäer net richteg opgestalt sinn, dann déployéiere sech d’Unilateralisme vun aneren bis zur leschter Extremitéit hinn iwwert d’Welt.

Dat do däerf eis an där Form net méi virkommen. An dofir muss een elo d’Viraussetzunge schafen, fir datt een dauerhaft een Acteur vu Fridden an der Welt ka sinn. Dat si mer de Moment net. Mir hu versot. Mir waren net brillant an doriwwer solle mer net houfreg sinn.

Guy Kayser : Wäert Dir an dem Sënn och intervenéieren um Fréijoerssommet zu Bréissel, fir ze probéieren den zerbrachenen Porzelläin rëm zesummen ze pechen?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn an dene leschten Deeg mat alle relevanten Akteuren e puer Mol telefonéiere kënnen. Si wësse wat mäin état d’esprit ass an dat ass dee vun engem, well en aus engem klenge Land kënnt, sech seet, datt d’Europäer sech mussen anescht behuelen an dee verdrësslech driwwer ass, datt déi grouss Länner an der Europäescher Unioun, déi sou dacks Lektiounen erdeelen, wéi d’Saachen an der Welt musse goen, net fäheg waren, weder sech ennerteneen ze verstännegen, nach hir Gréisst an hir Kraaft an Europa anzesetzen, fir datt d’Europäesch Unioun als Ganzt eenheetlech reagéiert huet.

Guy Kayser : Wat ënnerhëlt elo déi Lëtzebuerger Regierung? Sinn do nach speziell Reunioune geplangt?

Jean-Claude Juncker: Mir haten an dene leschte Wochen X Reuniounen, besonnech fir sécherzestellen, datt déi intern Sécherheet vum Land, am Fall wou de Krich géif ausbriechen, géif garantéiert ginn. Mir haten de leschten Dënschdeg eng Sitzung, wou mir jo scho wossten, datt d’Friddenschance bei Null wieren an d’Krichschance bei 100 wieren. Mir hunn alleguer déi Virbereedunge getraff, déi ze treffe waren. Mir sinn haut an intensivem telefonesche Kontakt mat eisen Noperen an tëscht de Regierungsmembere selwer a mir gesinn eis jo am Laf vum Dag hei zu Bréissel, wou mer jo ee bal gespenstegen europäesche Rot ofhalen, wou jo sech soll mat de wirtschaftleche Reformen an Europa beschäftegt ginn. Ech mengen, mir hunn aner Suergen haut, wéi wirtschaftlech Reformen.

Guy Kayser : Dir schwätzt vun eisen Noperen, Här Statsminister. E Land wéi Däitschland fäert zum Beispill, datt de Krich neien Terrorismus wäert mat sech bréngen. Huet de Krich elo iergendwellech Konsequenzen op déi national Sécherheet zu Lëtzebuerg?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn de Moment keng Erkenntnisser virleien, déi eis géife gleewen dinn, datt et elo zu terroristeschen Attentater oder ähnlech gelagerte Virgäng zu Lëtzebuerg kënnt. Mir hunn déi Eventualitéit awer an eise Sécherheetsdispositiv mat agebaut, deen elo direkt deployéiert gëtt.

Guy Kayser : Här Juncker, ech soen Iech merci fir de Mueren. Dat war also de Lëtzebuerger Statsminister en direct vu Bréissel

Dernière mise à jour