Interview avec le ministre des Affaires étrangères au sujet de la réunion informelle entre les ministres des Affaires étrangères des Etats membres de l´UE et de l´OTAN

Caroline Mart: Lydie Polfer, gudden Owend.

Lydie Polfer: Gudden Owend.

Caroline Mart: Op der enger Säit stinn d’US-Truppe kuerz viru Bagdad iwwerdeems zu Bréissel diplomatesch Gespréicher gefouert ginn iwwert d’Nokrichszäit an och d’Roll vun den internationalen Institutiounen. Oder war den Haaptzweck zu Bréissel, datt iwwerhaapt mol rëm mateneen geschwat gouf?

Lydie Polfer: Ech mengen, dat war dee Punkt, dee virun allem och ganz positiv ervirgehuewe ginn ass. Et war déi éischte Kéier zanter laangem, datt mer nees zesumme mat eisem amerikanesche Kolleg zesummesouzen an dat huet ons Geleenheet eben ginn, jiddwereen een dem anerem säi Standpunkt nach eng Kéier méi däitlech duerzeleeën. Et ass net probéiert ginn een den aneren z’iwwwerzeegen, iwwert déi ënnerschiddlech Haltungen, déi mer hate par Rapport zum Krich. Et sinn déi eng déi en oflehnen, déi aner, déi en ënnerstëtzen. Et hat kee Wert do een den aneren versichen z’iwwerzegen, mä et ass virun allem no vir gekuckt ginn: Wéi eng Aufgabe kënnen op ons duerkommen? Brenge mir et fäerdeg, déi zesummen ze maachen?

Caroline Mart: Mä kann zu dësem Zäitpunkt, wou nach de Krich matzen am gaang ass, wou kee Mënsch weess, wéi d’Schluecht ëm Bagdad ausgeet, iwwerhaapt eppes Konkretes erauskommen?

Lydie Polfer: Et ass och haut net gaangen ëm konkret Décisiounen. Et ass ëm Diskussioune gaang a wéi gesot Erkläerungen, Analysen an ech mengen et ass kloer an dat huet de Colin Powell och gesot: "Ech kann net soen ob et Deeg, ob et Wochen oder nach Méint dauert. Ech ka just soen eis Déterminatioun ass grouss an duerno steet vill Aarbecht un." An en huet och d’Bereetschaft eben erkläert, datt een awer kënnt a multilateralen Institutiounen dat zesumme maachen.

Caroline Mart: Et huet een awer den Androck, datt et och drëm gaangen ass e bësse Wonnen ze pléischteren, de Gruef tëscht den Europäer an den Amerikaner méi kleng ze maachen, datt d’Europäer d’Hand reechen. Dir hat eng ganz positiv Haltung an Ärer aussepolitescher Deklaratioun vis-à-vis vun den USA. Souguer de franséische President Chirac huet verlaude gelooss d’Amerikaner sinn eis Frënn, sinn eis Alliéiert. Datselwecht kënnt vun den Däitschen. Ass et net och dat?

Lydie Polfer: Gewëss, ech mengen et ass jiddweree sech bewosst, wéi geféierlech et wier wann déi transatlantesch Bezéiungen zwëschen Europa an Amerika wierklech kee Bestand méi hätten, well et gëtt keng wierklech Alternativ dozou. An déi Kris huet awer gewisen, datt et wierklech déif Wonne gi sinn an et war haut, déi Impressioun hat ech op alle Fall, jiddwerengem bewosst, datt jiddweree misst hëllefen den do Gruef zouzemaachen, eben duerch Brécken oder ze versichen duerch Brécken nees méi no beieneen ze kommen a wéi gesot, den Opbau vun dem Irak nom Krich, dat kënnt ons d’Geleenheet ginn an ech hoffen, datt mer déi Geleenheet och zesumme kënne wahrhuelen.

Caroline Mart: An och d’Gefill vun engem Versteesdemech vun engem Colin Powell dem europäesche Standpunkt vis-à-vis?

Lydie Polfer: Ech mengen, de Colin Powell ass e Mënsch an ass bestëmmt dee Member vun der amerikanescher Regierung deen dat beschte Gefill fir d’europäesch Sensibilitéit huet, mä hien ass awer och nëmmen ee Member vun enger amerikanescher Administratioun a wat hien ons och gesot huet, dat ass, datt déi Messagen déi mir him matginn, datt heen déi mat Heem hëlt a versicht eben och do ze erkläeren, mä di kommend Deeg a Woche wäerten eis weise wéi no mer eis kënne kommen an der Wierklechkeet. 

Caroline Mart: Datt Der Iech net sou no sidd, dat ass jo awer haut schonn däitlech ginn. Et gëtt egal wéi e Spagat fir den Équiliber ze halen, well wann ee kuckt schonn alleng d’Fro wat d’Roll vun der UNO betrëfft, et ass gesot ginn se soll eng wichteg Roll hunn, ouni awer datt et weider définéiert gëtt an an engems huet de Colin Powell awer op Pressekonferenzen no der Réunioun schon gesot, mir, dat heescht d’Krichsparteien, wëllen de Contrôle awer halen, och no dem Krich. Wat heescht dat? Heescht dat, Dir hutt eis alleng gelooss an dem Krich, schwätzt eis och lo net dran, mir décidéiere weider wat geschitt?

Lydie Polfer: Nee, ech géing et mol net sou kucken. Ech mengen et ass engersäits logesch, vu datt eng ganz Rei Leit mat um Dësch souzen, déi dee Krich do net kënne bëllegen an net mat kënnen droen, kënnen also och net soulaang de Krich nach besteet an de Krich besteet soulaang d’Sécherheet an d’Rou am Land net hiergestalt ass, kënnen net mat agräifen. Bis dohinner hunn also déi, déi de Krich lo aktiv féieren hunn d’Responsabilitéit an ech mengen dat ass eben ausgedrock ginn. Mä duerno kënnt dee gréissten an dee wichtegsten Deel vun der Aarbecht an do muss an der UNO a mat der UNO a bilateral mat deene verschiddene Partner ausgeschafft ginn, wéi sollen déi verschidde Rollen da lo verdeelt ginn. Dat hu mir de Mëtten net décidéiert, mee mir hunn dat diskutéiert.

Caroline Mart: Mä wann do awer d’Meenungsënnerscheeder ganz grouss sinn. D’UNO wann d’UNO zum Beispill vun den Amerikaner hierer Siicht nëmme soll agesat ginn sou quasi als Alibi fir humanitär Aufgaben. Wéi reagéieren d’Europäer dann?

Lydie Polfer: Dat kann natierlech net akzeptabel sinn. Ech mengen, déi transatlantesch Partnerschaft déi mer hunn, muss och eng Partnerschaft sinn. Ech mengen deen Ee kann net nëmmen den Exécutant vun dem Anere sinn, dat ass als Message och de Mëtte kloer eriwwer komm. Mä de Mëtte souz zum Beispill d’UNO net mat um Dësch, de Kofi Annan souz net mat um Dësch an ech mengen dat ass e wichtege Partner an deenen Diskussiounen. De Colin Powell huet de Mëtten awer och ganz kloer gesot, datt direkt vun der éischter Phase wou de Krich eriwwer ass, soll e Koordinateur och vun der UNO dobei sinn, vum Kofi Annan genannt. De Wëllen also fir a multilaterale Gremien mat der UNO dat do unzegoen deen ass do, mä d’Modalitéiten an dat ass ganz sécher, den Däiwel och hei stëcht am Detail, mä dat wäert den Objet vun enger Rei vun Diskussioune ginn, mä ech hoffen, datt mer déi do Erausfuerderung wierklech kënnen zesummen ugoen, well soss hätte mer souguer och nach net den Opbau vun engem Land dat vill gelidden huet, net nëmmen ënnert dëm Krich ganz sécher vill, awer och an deenen 20 Joer virdrun, hätte mer dat verpasst an dat wier wierklech ganz schued.

Caroline Mart: Mat fatale Konsequenzen eventuell fir d’EU an et steet vill um Spill fir Europa?

Lydie Polfer: Dee Moment hätte mer e wichtege Schrëtt net kënnen zesumme maachen an dat wier wierklech ganz schued.

Caroline Mart: An d’Roll vun der NATO? Wat hällt Lëtzebuerg zum Beispill vun der US-Propose vun NATO-Fridenstruppen?

Lydie Polfer: Ech mengen dat ass de Moment nach ze fréi. Mir si jo de Moment an engem Krich, an engem Krich, dee mir net matdroen, an et kann nëmmen, ech mengen...

Caroline Mart: Et ass net driwwer geschwat ginn haut, well op den Dépêchen huet de Colin Powell zum Beispill gesot, datt keen dogéint war. Mä ass driwwer geschwat ginn oder net?

Lydie Polfer: Et ass net ausgeschloss ginn, mä et ass awer och ganz kloer eben zum Ausdrock komm, datt dee Moment net komm ass an datt sou eppes nëmmen, awer wierklech nëmme, méiglech wier wann eben e ganz kloeren a präzisen UNO Mandat do wier. Ob dat kënnt an a wéi engem Ausmooss, ech mengen dat wäerten déi nächst Wochen oder Méint eis nach soen.

Caroline Mart: Lydie Polfer, ech soe merci fir d’Explicatiounen.

Lydie Polfer: Merci och.

Dernière mise à jour