Interview avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker sur les signes précurseurs de la fin du régime de Saddam Hussein

Bagdad ass also haut gefall an de Krich geet domadder lues op en Enn. Wéi reagéiert nunn de Lëtzebuerger Premier op déi aktuell Entwécklungen? Ass dat hei effektiv den Ufank vum Enn vum Krich? De Jean-Claude Juncker am Interview mam Serge Kesseler.

Jean-Claude Juncker: Wéini datt ee Krich eriwwer ass wess een nie. An no engem Krich gëtt et meeschtens nach ee Krich, just datt een en net méi sou gutt gesäit. Mir ware géint dee Krich. Mir hu gemengt, datt d’Entwaffnung vum Irak an an der Verlängerung dovun och d’Beséitegung vun dem schreckleche Régime och mat anere Mëttele méiglech gewiescht wäer. Ech sinn awer frou, datt dee Krich eriwwer ass, well domat d’Leide vu ville Mënschen, déi näischt mat der Saach ze dinn haten ophällt an och wann ee géint ee Krich war, ass ee frou wann eriwwer ass.

Serge Kesseler: D’Schicksal vum irakesche President Saddam Hussein ass weider ongewëss. Muss hien gefaasst ginn, fir datt de Krich kann definitiv op en Enn goen?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, souwäit wéi een dat gesäit a souwäit wéi d’Noriichte bei engem zesummelafen, fällt dee Régime a sech selwer zesummen, ob den irakesche President liewt, net liewt, gefaange geholl gëtt, net gefaange geholl gëtt. Ech mengen, datt dee Régime um Enn ass.

Serge Kesseler: Wat wäert elo Ärer Meenung no déi völkerrechtlech Konsequenze vun deem heite Krich sinn, vu dat et keen UNO Mandat duerfir gouf?

Jean-Claude Juncker: Et ass d’Meenung vun der Lëtzebuerger Regierung, breet gedeelt jo och vun aneren europäeschen an net-europäesche Regierungen, datt elo déi irakesch Zukunft eigentlech sech an den Hänn vun de Vereenten Natiounen muss ofspillen, wahrscheinlech no enger gewëssener Ulafphase, wou déi di lo de Konflikt militäresch gewonnen hunn sech ëm déi éischt Schrëtt musse bekëmmeren, mä mir hoffen awer, datt d’UNO an all hire Rechter rétabéléiert gëtt wat d’Nokrichssituatioun am Irak ubelaangt.

Serge Kesseler: Wéi gesitt Dir déi Suite am Irak? Dat heescht muss dat vu bannen eraus geschéien? Mussen déi alliéiert Truppen sech ganz ganz séier zréckzéien?

Jean-Claude Juncker: Déi zwee Haaptprotagoniste vun der militärescher Aktioun, den amerikanesche President an de britesche Premier hu jo itérativ zum Ausdrock bruecht, datt hir Truppe keen Dag méi laang géifen am Irak bleiwen wéi se dat missten, sou datt ech eigentlech den Szenario vun enger dauerhafter Occupatioun vum Irak net gesinn. Souwisou si mer der Meenung, datt d’irakescht Vollek seng ege Geschécker muss selwer an d’Hand huelen, datt een net dat Land ka regéieren géint eng Wëllensexpressioun vum irakesche Vollek selwer an dat muss an d’Hand geholl ginn a précisément dee Punkt menge mer bei der UNO am beschte versuergt ze gesinn.

Serge Kesseler: Dann nach eng leschte Fro. Hat Dir domat gerechent, datt Bagdad sou séier géif falen?

Jean-Claude Juncker: Ech si kee Militärspezialist. Ech hu keng Meenung doriwwer gehat, déi sech gegrënnt hätt op iergend e Wëssen. Ech hunn ëmmer gehofft, datt dee Konflikt, dee militäresche, séier op en Enn géif kommen, well ech grad wéi vill aner Leit awer déi Biller schlecht erdroen hunn vun dene Leit, déi do ëm d’Liewe komm sinn. Dat ass eppes wat ech och elo, wou de Krich schéngt eriwwer ze goen, net bereet sinn ze vergiessen.

Serge Kesseler: Här Juncker, ech soen Iech merci fir d’Gespréich.

Dernière mise à jour