Jean-Claude Juncker et Lydie Polfer au sujet des événements à Bagdad

Umoderatioun: Wéi schätzt de Lëtzebuerger Premier d’Situatioun no den Evenementer vun haut an? De Jean-Claude Juncker um Mikro vum Francine Closener.

Jean-Claude Juncker: Datt d’Geschicht vum Saddam Hussein eriwwer ass, ass eng gudd Nouvelle, well et war eng traureg Geschicht. Mä d’Art a Weis wéi d’Geschicht op een Enn huet misse bruecht ginn, ass och eng traureg Geschicht. Ech war nie fir de Krich. Mir waren nie fir de Krich, mä mir si frou, datt de Krich eriwwer ass. Mä och wann een elo op engem Stadium ukomm ass, wou dee Krich bal eriwwer ass, muss een awer och drun denken, datt de Präis, den dofir bezuelt huet misse ginn, en héigen ass. An och wann een déi Perpektiven ukuckt, déi elo virun eis leien, dann sinn déi net an allen Hinsichten berouegend an et gesäit een nach net, wou déi Perspektiven do géifen endgülteg friddlech zesummelafen.

Francine Closener: Wat erwaart Dir Iech elo dann an direkter Zukunft vun den Amerikaner? Sollen sie dann awer elo mol d’Rudder iwwerhuelen?

Jean-Claude Juncker: Dat ass eng Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung, breed gedeelt vu villen Europäer, datt muss elo déi international multilatéral Approche eng Renaissance kennen, datt d’UNO Villes muss an d’Hand huelen. Ech ginn dovun aus, datt et fir d’éischt eng Préphase gëtt, wou déi Amerikaner an aner Länner déi elo dee Krich do op en Enn bruecht hunn, ee Moment laang selwer Verantwortung iwwerdroen, an datt dat dann lues a lues an eng international Bunn geleet gëtt. Dat ass jiddferfalls déi Erwaardung, déi och eng Hoffnung ass, déi mer hunn.

Francine Closener: Et ginn Szenen, wou ee mierkt, datt och elo mat de Vertrieder vum Regime ofgerechent gëtt vun der Irakescher Populatioun aus. Fäerd Dir, datt do e Biergerkrich kéint entstoen?

Jean-Claude Juncker: Et schéngt ganz schwiereg ze sinn, och fir déi amerikanesch a britesch Streitkräften déi am Land sinn op der Schnëttstell, déi Dir elo mentionnéiert, definitiv Kontroll ze kréien, an et huet een och den Androck, sie wëllten dat net mat läschter Determinatioun maachen, well se déi Situatioun net richteg ageschat kréien. De Krich ass jo nie eriwwer, wann e Krich eriwwer ass. E geht jo op iergend eng Façon ëmmer virun. An déi Biller, déi een elo gesäitm, wou Leit sech freen, dat si Biller, déi engem Zouversicht kënne ginn. Mä et muss een ëmmer probéiren d’Biller hannert de Biller ze gesinn. A wat sech hannert de Kulissen ofspillt, dat wësse mir net, mä et kann een sech firstellen, datt dat schrecklech ass.

Moderatioun: Esouwäit also de Lëtzebuerger Premier. Och d’Ausseministesch Lydie Polfer huet d’Evolutioun vum Krich de Metteg op der Telévisioun matsuivéiert. Natirlech wier et gudd, datt de Krich op en Enn géif goen. Trotz allem ass dat an den Aan vun der Ausseministesch nach net d’Garantie, datt elo och de Fridden gesëchert ass.

Lydie Polfer: Ech mengen, et gesäit een vill Biller de Moment. Biller vun der Verwüstung, Biller och vun Doudegen, Biller och vu Leit, déi sech freeën. An ech mengen, all déi Biller zesummen weisen, wat e Krich duerstellt: Vill Leed. Mir woussten, vun Ufank un war et ons kloer, datt e militäreschen Succès kéim. Et war just d’Fro wéi laang et dauert. Ech kann mech natiirlech nemmen freen, wann et esou schnell wéi méiglech eriwwer wier – dat hunn ech vun Ufank un gesot – an wann esou mann wéi méiglech Leit hiert Liewwen dobäi géinge loossen. Datt Leit, déi 20 Joer ënnert engem terriblen Regime gelidden hunn, sech freeën, ech mengen dat versteet ee ganz gudd. Mä wann och de Krich gewonnen wier, dat hoffen ech, da bleiwt de Fridden ze sëcheren, an dat wäerd eng laang a schwéier Aufgab ginn, un där mir allegueren gefuerdert sinn ze hëllefen.

Dernière mise à jour