Interview avec la ministre de l'Education nationale au sujet des examens de fin d'études

RTL: A fir kuerz op déi Examen anzegoen begréissen ech lo um Telefon d’Educatiounsministerin Anne Brasseur. Gudde Moien Madame Brasseur.

Anne Brasseur: Gudde Moien, Här Kuffer.

RTL: Ass den Ufank vun de Premières-Examen och fir Iech eppes extraes? Sidd Der och nervös, gespannt wéi Äer Schüler dann dëst Joer ofschneiden?

Anne Brasseur: Also selbstverständlech ass et fir mech ganz wichteg, well dat stellt fir all Schüler, fir all Betraffen am Fong ee vun deene wichtegste Momenter a sengem Liewen duer an als responsabele Minister hoffen ech, datt dat sou gutt wéi méiglech ofleeft an dass jiddferee do sech sou gutt drugëtt wéi en dat wierklech kann an och soll maachen.

RTL: Ëmmer nees fällt jo d’Stëchwuert Bildungsoffensive. Wat hutt Dir dann an de leschte 4 Joer konkret gemaach fir en Taux d’échec bei den Examen ze reduzéieren? Besonnech am Technique waren déi Resultater jo net ëmmer déi allerbescht. Waren déi Efforten och e Succès?

Anne Brasseur: Also fir den Échec ze reduzéieren däerf een op kee Fall higoen an et méi liicht maachen, mä et muss een d’Schüler an d’Lag versetzen, datt se wësse wéi se solle léieren an et muss een hinnen och vermëttelen, datt ee muss en Effort maachen. An all déi Moossnahmen, déi mir an der Lescht getraff hunn, mengen ech droen dozou bäi. Iwwregens ass d’Lat fir duerchzekomme méi héich gesat ginn. Mir hate jo ëmmer eng Kompensatiounsnote bei 25. Dat ass fir d’éischt elo, datt déi op 27 erop gesat ginn ass, well et geet net drëm de Schüler eppes ze schenken, mä et geet eben drëm hinnen een Diplom an de Grapp ze ginn op deen ze duerno kënnen opbauen an ech mengen, dass d’Schüler dat och wierklech verstanen hunn an d’Preparatiounen sinn op jiddferfall ganz gutt gelaf.

RTL: Et goung déi lescht Woch jo vill riets iwwert d’Schoul, och an der Chamber. Do ass dann och méi Autonomie fir d’Schoule gefuerdert ginn. Heescht dat indirekt och ee Konkurrenzkampf zum Beispill bei den Ofschlossexamen, ween da lo besser ass, wéi eng Schoul?

Anne Brasseur: Et gesäit een lo schon ganz vill, dass d’Schoule probéiere sech ze positionnéieren a wann een duerch déi verschidde Gebeier geet vrun den Examen an et gesäit een wéi d’Direktiounen, wéi d’Enseignanten op d’Schüler agi fir ze soen, mir musse gutt ofschneiden, bei eis hätte mer gäer ganz vill gutt Mentiounen, dann ass dat en zousätzlechen Ureiz, well duerno ginn d’Schüler och enger Konkurrenz am Liewen ausgesat an dofir ass et och gutt, dass ee seet ma ech gehéieren zu engem Gebei wou wierklech gutt Resultater sinn, ech fannen dat ganz positiv.

RTL:  Villäicht nach eng Fro: Den Ofschloss ass eng Saach, mä wéi geet et duerno weider? Um Aarbechtsmaart gesäit et jo de Moment net zum Allerbeschten aus. Mécht och d’Educatiounsministerin sech Suergen a Gedanke wéi et mat de Schüler nom Ofschloss weidergeet?

Anne Brasseur: De Premières-Examen ass en Ofschloss, mä et ass awer och en Ufank fir iwwerhaapt duerno Studien kënnen ze entaméieren an do sinn zum Beispill eng Sparte wou et net genuch Leit ginn. Dat ass an d’Ingénieursberuffer, dofir géif ech jiddferengem recommandéieren an esou eng Spart ze goen, wann se natierlech och dofir Intérêt hunn an d’Viraussetzungen, mä eng Garantie fir duerno eng Aarbechtsplaz ze kréien kann een natierlech kengem ginn.

RTL: Madame Brasseur, merci fir dës Précisiounen a mir wënschen alle Schüler bonne Chance am Examen.

Dernière mise à jour