Interview avec la ministre des Travaux publics Erna Hennicot-Schoepges au sujet des chantiers et de l'établissement public Kirchberg

RTL: Erna Hennicot Schoepges, gudden Owend.

Erna Hennicot-Schoepges:  Gudden Owend.

RTL: Wen all Mueren am Stau sëtzt an ëmmer méi laang brauch fir op d’Schaff, dee riskéiert mol granzeg ze ginn an där granzeg Automobiliste ginn et der jo ëmmer méi uechter d’Land. Riskéieren all déi Chantercher net um Enn Stëmmen ze kaschten?

Erna Hennicot-Schoepges: Oh Caroline, ech mengen virun engem Joer hate mer een aneren Szenario oder nach ufanks dëses Joers. Do hunn d’Entrepreneure bei mir intervenéiert et géif net genuch ausgeschriwwe ginn a si misste Leit entloossen. Also ech géif soen, fir mäin Deel, ech hu léiwer elo méi Chantieren a keng Leit weider am Chômage. Dat ass mol dat eent. Fir dat anert sinn och déi Chantieren iergendwann zu Enn, an dann hu mer schéin a gutt Stroossen an dat ass eng Verbesserung fir jiddfereen. Et muss een e bësse Gedold hunn an da wäerte mer scho gesinn. Wa bis de Bau-Congé kënnt, da wäerten och munch Chantieren ofgeschloss sinn.

RTL: Mä eng Fro, déi d’Leit sech stellen an déi och am Reportage vum Charel Muller opgeworf gouf, dat ass déi vun dem Manktum u Koordinatioun. Muss et da sinn, dass souvill Chantercher beienee sinn, datt eenzel Plaze carrément zougesat ginn? Dat ass op d’mannst den Androck?

Erna Hennicot-Schoepges: Also dat ka passéieren, wann extra Evenementer kommen, wéi wann eng Waasserleitung op der Areler Strooss platzt. Dat kënne mer net viraus gesinn. Dann hu mir natierlech Chantieren, déi vun de Gemengen ofhänken. D’Gemengen hunn och hiren eegene Planing, sou datt do Munches zesumme spillt. An ech mengen, all Chantier huet op jiddferfall en Enn an do kann ee mat Koordinatioun villäicht net allzevill maachen. Et kann ee bësse kucken - an dat maache mir och, mir hu jo och versicht mat den Equipen iwwer d’Nuecht ze schaffen, wou mer am gaange sinn nach mat de Gewerkschaften ze diskutéieren, fir datt et méi séier virugeet.

RTL: Méi séier, dat ass deen anere Punkt, well et huet een och den Androck, datt eenzel Chantercher schleefen. Mir hu Biller gesi gehat, wou een den Androck huet, datt net vill geschitt. Ass dat elo exzeptionell? Hu mer elo eng Plaz geroden, wou wierklech net vill geschitt oder ass et einfach datt et ze lues virugeet?

Erna Hennicot-Schoepges: Wann iergendwou eppes steet, dann huet dat seng Ursaach. Dann heescht dat, datt mir iergendwou nach eng Genehmegung net hunn oder datt iergendee Problem entstan ass, sou datt een do net kann dovun ausgoen datt Ponts et Chaussées mutwëlles net d’Aarbechte giff virundreiwen.

RTL: Da schwätze mir iwwert een anere Sujet. Zweete Sujet ass d’ganz Diskussioun rondrëm den Här Pesch. Do gouf et elo zwou Pressekonferenze bannen e puer Deeg. Ass dat eng Affär oder ass dat ee Stuerm am Waasserglas?

Erna Hennicot-Schoepges: Dat ass d’Konsequenz vun neien Instrumenter déi mer hunn. Well vill Leit hu jo nach net gemierkt, datt mer eng nei Cour des Comptes hunn, déi aner Berichter mécht, wéi virdrun déi al Chambre des Comptes. Dat hei ass deen éischte Bericht vun där neier Cour des Comptes iwwert den Etablissement public Kierchbierg. Et ass och evident, datt mat där neier Budgetskontrollkommissioun eng aner Praxis drakënnt, wéi d’Parlament déi dote Saache behandelt an ech muss soen, meng Partei, dat war déi, déi als eenzeg an hirem Wahlprogramm déi Budgetskontrollkommissioun gefuerdert huet an déi suguer proposéiert hat am Walprogramm.

Déi Budgetskontrollkommissioun, déi soll presidéiert gi vum Chef vun der Oppositioun, well mir ganz bewosst wollten no där Debatt iwwer d’Disfonktionementer déi mer haten, e Punkt setzen, datt mer Transparenz kréien an datt mir déi richteg Leit am Staat an d’Finanzgebahre vum Staat abannen. Wa lo hei vill iwwert de Kierchbierg diskutéiert gëtt - muss ech soen et gëtt diskutéiert - wann Der de Fong kutt, da sinn et Prozeduren, da sinn et net, wéi vill Leit jo mengen, Skandaler wat d’Finanzen ugeet, mä da sinn et reng Prozedurproblemer, wou mer eis mussen dann entscheeden a wou mir musse soen "Ännere mer déi Prozeduren, maache mer dat elo wéi d’Chambre des Comptes dat gäeren hätt" a wahrscheinlech wärt dat dann och sou goen.

RTL: Ech wollt einfach elo eng Parti Froen iwwert d’Persoun vum Här Pesch stellen, well mir jo an deene Pressekonferenzen och jet Argumenter héieren hunn, dofir an dogéint. Huele mir emol Punkt fir Punkt. Den Här Pesch ass also ënnert anerem Administrateur général am Bauteministère, President vum Fonds du Kirchberg a President neierdengs och vum Fonds Belval. E schéngt effektiv e wichtege Mann, quasi onersätzlech. E krut jo och eng Derogatioun fir iwwer 65 Joer erauszeschaffen. Bis wéini? Belval dat wärt jo nach e Strapp daueren?

Erna Hennicot-Schoepges: Also déi Nominatiounen an déi Etablissements publics, déi sinn onofhängeg vum Här Pesch sengem Pensiounsalter, dat wëll ech soen. Dat sinn Nominatiounen déi op 5 Joer sinn, fir all déi Leit, déi an deene Comitéë sinn. Wann een elo e Mann huet, den eng gewëss Erfahrung huet, da mengen ech da wier et falsch wann ee Minister oder eng Regierung - en ass vun der Regierung genannt gi fir de Fonds Belval - wann een net géif vun der Erfahrung vun him profitéieren a wa mer do kucke wat um Kierchbierg geschitt ass an de leschte 15 Joer, da musse mir dach awer wahrhafteg soen, datt de Kierchbierg anescht ausgesäit an datt do och d’Aarbechte virugaange sinn. Mir wollten also de Fonds Belval emol ulafe loossen ënnert dem Här Pesch senger Presidentschaft fir vu senger Experienz ze profitéieren a mir hunn och gesinn, datt mir domadder Recht haten, well um Fonds Belval geet et och virun.

RTL: Dat Argument wat den CSV-Fraktiounschef Lucien Weiler genannt huet wat de Cumul betrëfft, dat asss dat fir ze soen, et gëtt eben net genuch gutt Leit hei am Land. Steet a fällt dann alles am Grand-Duché mat engem Grapp voll Leit?

Erna Hennicot-Schoepges: Mir hunn eng dënn Personaldecken beim Staat, dat kann een ëmmer nees soen an déi beweist jo, datt et net nëmmen den Här Pesch ass, dee méi wéi eng Fonktioun huet, datt et där Leit nach bei eis am Staat gëtt an dann ass wahrhafteg net de Virworf ze maachen, datt se vill Fonktiounen hunn, well et gëtt jo vu kengem behaapt, den Häer Pesch géif net genuch schaffen. Et gëtt éischter behaapt, e géif zevill schaffen, sou datt et net kann dru leien, datt en zevill Fonktiounen huet.

RTL: Jo, mä dat ass awer villäicht de Problem, wann ee sech selwer quasi kontrolléiert, well wann een déi verschidde Funktiounen kuckt?

Erna Hennicot-Schoepges: Dat ass jo net de Fall, wou kënnt Dir soen e géif sech selwer kontrolléieren. Dat ass jo eben just hei elo duerch d’Budgetskontrollkommissioun, ass dat jo net méi méiglech. Dat ass iwwerhaapt och virdrun net méiglech gewiescht, well de Fong mécht all Joers e Rapport. E Rapport, dee säi Bilan néierleet, dee vun der Regierung kontrolléiert gëtt an approuvéiert gëtt. Et ass also do net sou, datt hei ee Mann alleng de Bauteministère géif dirigéieren an alles géif décidéieren. Ech mengen, dat ass eng falsch Virstellung vun den Tatsaachen. Ausserdeem gëtt et Prozeduren, et gëtt Marché publicen. De Fong vum Kierchbierg huet all seng Aarbechten ofgewéckelt iwwer reglementaresch Prozeduren, iwwer vill Marchés publicen. Et sinn der vill méi gemaach ginn, wéi dat no baussen duergestallt gëtt. Ergo muss de Fong vum Kierchbierg sech un d’Prozeduren halen, wéi och de Ministère.

RTL: A fir e Minister ass et och net heiandsdo problematesch, fir sou eng Art Superfonctionneur ze hunn, dee souvill Kompetenzen an doduerch an engems och Muecht huet?

Erna Hennicot-Schoepges: Dat ass eng Fro, déi sech bei mir niemols gestallt huet, well all Minister ass frou, wann en dichteg Beamten huet. Well dat wou et mir drop ukënnt, dat ass datt d’Aarbechte viruginn.

RTL: De François Bausch iergert sech, datt d’Recommandatioune vun der Chamber net erduerch geholl goufen. Dat ass dat wat e seet no de faméisen Disfonktionnementer. Déi nei Cour des Comptes mécht hirersäits Recommandatiounen, seet ënner anerem, datt e Projet iwwer 7,5 Milliounen Euro soll duerch d’Chamber goen. Den Här Pesch, hien huet de Mëtteg um Radio bei eise Kollege gesot, dat wier just eng Fro vu juristeschen Interpretatiounen. Ass et just eng Fro vu juristeschen Interpretatiounen oder eng prinzipiell Fro?

Erna Hennicot-Schoepges: Selbstverständlech ass et eng Fro vu juristeschen Interpretatiounen. Well mir musse jo gesinn, den Etablissement public Fonds du Kirchberg, dat ass och eng Immobilière, well déi si jo net nëmmen do fir ze baue fir de Staat - anescht wéi beim Fong Belval - mä déi sinn och do fir d’Viabiliséierung vun deem ganze Quartier ze maachen, dat heescht fir Terrainen ze verkafen u Privatleit. An dohir ass dee Fong eben no engem eegene Gesetz gemaach ginn a mir wäerten dat och préiwen, wéi d’Cour des Comptes dat da gesäit an déi néideg Konklusiounen dorauser zéien, fir datt dat Gespréich do ophéiert. Ech menge, mir sollen dach ophalen hei Leit Procès d’Intentioun ze maachen, déi iwwer Joren elo hir Aarbecht gemaach hunn an deenen am Fong geholl ni eppes nogewise ginn ass, datt se Irregularitéit gemaach hunn.

RTL: Mä et kënne jo awer och Changementer sinn. Den Här Pesch huet gesot, Dir hut gesot et gëtt nei Instrumenter an den Här Pesch seet, mir maachen dat elo 22 Joer esou. Just well et 22 Joer sou gemaach gouf, heescht et net, datt et net ka geännert ginn.

Erna Hennicot-Schoepges: Mä et ass ganz sécher, datt et muss a Fro gestallt kënne ginn, dat ass richteg, mä dat wëllt awer net soen, datt dat wat gemaach ginn ass falsch war.

RTL: Allerleschte Fro dann, de Jacques Santer, Renée Wagner, Robert Garcia hunn ugekënnegt, net méi mat an d’Wahlen ze goen. Mir sinn a Virwahlzäiten. Do zirkuléieren jet Rumeuren dorëmmer, esouguer och Rumeuren iwwert Äer Persoun. Wéi ass dat? Gitt Dir mat an déi nächst Wahlen?

Erna Hennicot-Schoepges: Wat fir eng Rumeuren zirkuléieren da sou? Dat géif mech elo intresséieren.

RTL: Oh et héiert een allméiglech Rumeuren. D’Fro ass: Gitt Dir mat an d’Wahlen?

Erna Hennicot-Schoepges: Selbstverständlech, Caroline, ech hunn nach Aarbecht ze maachen an ech hunn och keng Angscht fir mech dem Wieler ze stellen. Ech mengen, ech hätt e Bilan dee Munches géif opweisen an ech freeë mech fir erëm eng Kéier eng Wahlkampagn matzemaachen, fir mat de Leit dobaussen an den enken, intime Kontakt ze trieden.

RTL: Bon, an ech soe Merci fir den Interview.

Dernière mise à jour