Interview avec le ministre des Transports Henri Grethen sur les accidents de la route et la compagnie Luxair

RTL: Am Studio begréissen ech lo den Transportminister Henri Grethen, gudden Owend.

Henri Grethen: Gudden Owend.

RTL: Déi leschte Kéier, wéi der bei eis am Journal wort, et ass nach guer net sou laang hier, do sot Dir: „Ech zécken an déi haart repressiv Phase ze goen, well wat geschitt duerno“? Op der Generalversammlung vun der Sécurité routière hutt Dir Iech fir eng Kamera-Iwwerwaachung op den Autobunne, fir eng permanent Vitessekontroll ausgeschwat oder op d’Mannst gesot, Dir wäert net dogéint. Gi lo Neel mat Käpp gemaach?

Henri Grethen:  Ech hoffen, datt mer net nëmmen do, mä an deem ganzen Dossier kënnen Neel mat Käpp maachen a leider ass et sou, datt et nëmmen iwwer verschäerfte Kontrolle geet. An deene leschte Wochen hu mer däer mat der Police duerchgefouert an Dir kennt d’Resultater. Dir publizéiert se an de Rescht vun der Press publizéiert se och.

RTL: Mä wat jo d’Fro ass, dat sinn déi permanent, déi Kamerakontrollen. Dir sot iwwert den CITA-System ass et net schwéier, fir dat op den Autobunnen ze maachen. Mä de Gros vun de schroen Akzidenter geschitt jo net op den Autobunnen, mä op deenen übleche geféierleche Strécken, zum Beispill Miersch-Schëndels oder sou. Wäer eng Méiglechkeet och do  eng Kameraiwwerwaachung ze maachen?

Henri Grethen: Selbstverständlech, mir gesinn am Ausland, datt op eenzelne geféierleche Strecken däer Kamera-Iwwerwaachunge sinn. Dat wat do méiglech ass, ass zu Lëtzebuerg net onméigelech.

RTL: A wéi séier kéint dat goen?

Henri Grethen: Dat hängt vum politesche Wëllen of a vun de Budgetskrediter. Wann et muss sinn, kënne mer dat schonn d’nächst Joer realiséieren.

RTL: Een anere Risikofakter ass den Alkohol. D’Sécurité routière plädéiert dofir fir op 0,5 Promille erofzegoen. Sitt Dir prett mat op dee Wee ze goen?

Henri Grethen: Dir wësst, datt de Gros vun den Infractiounen déi mer elo feststellen iwwer 0,8 Prozent leien. Ech hätt mol gäeren, datt an enger éischter Etapp mer mol déi 0,8 Prozent respektéieren. Et ass relativ einfach elo op 0,5 erofzegoen, sech da wéi Pontius Pilatus d’Hänn an Onschold ze wäschen. Mir musse fir d’éischt an de Käpp vun de Leit kloer maachen, datt Alkohol um Steier mat Auto fueren net vereinbar sinn.

RTL: Net ee Motoradfuerer huet d’Lescht Joer säi Liewen op eise Stroosse geloss an elo sinn et der schonn iwwer eng hallef Dosen. Wéi ass dat z’erkläeren? D’gutt Wierder spillt sécher eng Roll, well einfach méi Motoradfuerer ënnerwee sinn, well et iwwerhaapt ëmmer méi Leit ginn, déi zu Lëtzebuerg de Motosführerschäin maachen, ënnert hinnen och wuel eng Parti, déi hir Fuerkapazitéiten iwwer- an déi vun hirem Gefier ënnerschätzen an dat gëtt nun eemol séier fatal um Moto. Et ass kee Blech, den de Chauffer schützt ronderëm.

(...)

Ganz konkret, Henri Grethen, déi zousätzlech, déi verstäerkte Leitplank ass dat zevill opwenneg?

Henri Grethen: Absolut net. Mä dat wat ech awer muss ënnersträichen, meng Kollegin d’Madame Hennicot, mat hire Servicer huet scho ganz vill Efforte gemaach fir op kritesche Plazen d’Leitplanke méi sécher ze maachen. Mä op däer anerer Säit muss ee soen - an et ass elo dat traurecht Akzident vu Schëndels ugeschwat ginn - do huet dee Motoradfuerer op enger Plaz wou et net sécher war 6 Autoe beieneen iwwerholl. Wier hien normal gefuer, hätt net iwwerholl, wier et guer net zum Akzident komm.

RTL: Wéi kann een dann deem Problem bäikommen?

Henri Grethen: Andeem een ëmmer rëm d’Leit éducéiert, se ëmmer rëm op d’Geforen opmierksam mécht, ëmmer rëm seet, datt niewt dem Foussgänger, niewt dem Velocycliste de Motocycliste de gefährdsten am Stroosseverkéier ass.

RTL: Op däer anerer Säit sëtzt en op enger Maschinn, déi eng potentiell Bomm op der Strooss ass. Am Frankräich gi keng Maschinen iwwer 100 PS verkaaft. An Däitschland, do muss ee méi ferme an de Portemonnaie gräifen fir d’Assurance. Zu Lëtzebuerg gëtt et keng Limitatioun. Kéint een eventuell déi méi staark Maschinen, déi Bommen, déi potentiell, wéi gesot ginn ass, entschäerfen?

Henri Grethen: Also alles ass méiglech, mä ob dat d’Léisung vun de Problemer ass, woen ech ze bezweifelen. Ech mengen, ech bleiwen der Meenung, datt et iwwer eng besser Educatioun, iwwer eng Sensibiliséierung geet an och déi repressiv Phase wann et noutwendeg ass. Wann ech héieren, datt een do wou 50 steet, mat 150 op engem Motorad gefuer ass, da gehéiert déi Persoun einfach net méi op d’Strooss.

RTL: Keen Akzident op der Strooss huet esou ee Schock ausgeléist wéi d’Fligerongléck am November zejoert an do soll dann elo spéitstens den éischten Oktober den definitive Rapport iwwert d’Ursaache virleien. Engem Artikel vum Tageblatt no stenken d’Lompen nawell zugutts bei der nationaler Fluggesellschaft. Virun allem d’Klima tëscht der Generaldirektioun an de Piloten hätt a leschter Zäit ferm gelidden.

(...)

RTL: Här Minister, et ass schwéier vu baussen den Iwwerbléck do ze behalen, Dir wäert och soen dat Internt geet d’Ëffentlechkeet net onbedéngt eppes un. Da schéngt et jo awer kloer, datt et ferm rumouert an der Luxair. Mécht Iech dat Suergen?

Henri Grethen: Selbstverständlech mécht mir dat Suergen. Engersäits als Transportminister, mä awer och anerersäits als Vertrieder vun engem vun de wichtegen Aktionnäre vun der Luxair. Den Akzident, den de 6. November 2002 passéiert ass, huet Villes ausgeléist, ass nach ëmmer net definitiv opgekläert. Dir hutt elo selwer am Reportage gesot, Enn Oktober kommen déi definitiv Rapporten eraus an da muss de Parquet kucke, wat fir eng Responsabilitéiten ze huele sinn an et muss och intern gekuckt ginn, esouwuel bei der Luxair, mä och am Transportministère, ob et zu verschiddenen Initiative muss kommen.

RTL: Confirméiert Dir d’Informatioun aus dem Reportage, datt do eenzel Pilotelizenzen iwwerpréift ginn, datt Dossieren iwwerpréift ginn?

Henri Grethen:  Ech ka confirméieren, datt meng Servicer mat enger Demande saiséiert sinn, fir sämtlech Pilotelizenzen nozekucken, ob déi an der Rei sinn. Ech ginn och dovun aus, well dat war scho virun e puer Wochen ass dat gefrot ginn. Meng Servicer sinn am gaang, dat nach eng Kéier ze kontrolléieren. Mä ech war scho vu vir eran sécher praktesch, datt alles um Niveau vun de Lizenzen an der Rei wier. Däerf ech eppes soen zu deenen Tests psychologiques, déi sinn néirens bindend, zwëngend virgeschriwwen.

RTL: Henri Grethen, ech soe villmols merci fir d’Explicatiounen.

Henri Grethen:  Merci och.

Dernière mise à jour